Datasets:
File size: 36,562 Bytes
d257453 |
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20 21 22 23 24 25 26 27 28 29 30 31 32 33 |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_0_1689948996.wav", "transcription": "Iwwert déi lescht 48 Stonnen hu mir hei zu Lëtzebuerg en Reen an en Nidderschlag erlieft, deen zu dramatesche Situatioune gefouert huet. Héichwaasser a Waasserstänn, déi een esou déi lescht 100 Joer net méi am Grand-Duché gesinn hat. Mir waren de Moie mat der Inneministesch a mat de Servicer och op den Terrain fir éischt Ablécker iwwert d’Situatioun och ze kréien. D'Inneministesch wäert dono och méi op den Detail agoen. Ech wëll hir och direkt Merci soen. Wéi ech gëschter d’Decisioun geholl hunn, dass eng Cellule de crise soll aberuff ginn, wou d’Situatioun nach net sou dramatesch war, mee et wichteg war, d’Koordinatioun och z’organiséieren an d’Inneministesch bereet war, direkt déi Présidence och z’iwwerhuelen. D’Situatioun um Terrain ass eng dramatesch Situatioun. Op der enger Säit, "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_1_1689948996.wav", "transcription": "an ech packen Holz un, hu mir keng Nouvellë kritt vu blesséierte Leit, keng Nouvellë kritt vu Leit, déi gestuerwe wieren. Ech héieren, dass dat hei an der Nopeschregioun eng Situatioun ass, déi awer d’Realitéit ass an eis Gedanke ginn och un d’Affer, egal wou si wunnen, vun enger Catastrophe naturelle. Déi Leit, déi mir de Moie begéint hunn, mir hunn am Gronn ugefaangen,\nmir waren dono an der Fiels, mir waren zu Rouspert, mir waren zu Iechternach. Huet ee festgestallt, dass d’Situatioun op der enger Plaz bal näischt war an op anere Plazen am Fong alles war. Alles. Keller, net eleng, Haiser, déi wierklech ënner Waasser stoungen. Leit, déi alles verluer hunn. Leit, déi hir Souvenire verluer hunn. Leit, déi grousse materielle Schued erlieft hunn. An iwwerall huet een awer eng Solidaritéit gespiert. Eng Solidaritéit tëschent den Noperen. D'Leit"}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_2_1689948996.wav", "transcription": "déi eis zu Iechternach gesot hunn, ech gi bei Frënn schlofen, ech gi bei Famill schlofen, ech gi bei meng Kanner schlofen. D’Gemengen, déi sech och organiséiert hunn an ech wëll och de Gemenge-Responsabelen, déi mir gesinn hunn, e grousse Merci soe fir déi direkt Reaktivitéit, déi se och haten, wéi zum Beispill zu Rouspert, wou se am Bongert Installatiounen hunn fir dass d’Leit och kënnen do schlofen, wann si et net doheem kënne maachen. Zu Iechternach, wou si sech mat Hoteller organiséiert hunn, mat der Jugendherberg, dass och Lokalitéiten zur Verfügung sinn, fir dass d’Leit och et iwwert Nuechte kënne packen. Et ass grousse Schued do. Ech denke wierklech un all déi Leit, déi sou vill verluer hunn. Materielles, Souveniren, Saachen, déi een net ersat kritt. Et gëtt dat Materiellt, wat ee kafe kann an et gëtt dat, wat een net ersetze kann. An ech muss Iech soen, dass déi Leit, déi mir gesinn hunn, awer de Kapp net hänke gelooss hunn, d’Leit au contraire gesot hunn, et ass mir näischt geschitt, dat dote geet"}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_3_1689948996.wav", "transcription": "weider.\n\nEt gesäit een um Terrain am Moment, wéi wann d’Situatioun sech géif stabiliséieren. Ech sinn och ganz frou, dass den Héiche Commissaire, an och den Direkter vum CGDIS, den Här Schroeder hei sinn an den Här Feller, fir dono eis den Topo ze maache iwwert wéi et och weider geet déi nächst Stonnen an déi nächst Deeg, nodeems wéi gesot d’Inneministesch eis och den Topo gemaach... säit gëschter an och bis elo dann och wäert kënnen hei relatéieren. Wéinst der Gravitéit vun der Situatioun hunn ech och de Moien decidéiert, e Regierungsrot haut den Owend anzeberuffe fir ze kucken, wéi een d’Urgence och kéint op dëser exzeptioneller Situatioun och exzeptionell Mesurë fannen. Mir hunn als Regierungsrot an enger extraordinärer Sëtzung decidéiert, dass d’Evenementer vun de leschte Stonnen an Deeg als Catastrophe naturelle, also als Naturkatastroph z’erklären.\n\nEt ass en Declenchement, dee wichteg ass, fir aner verschidde Konditiounen och "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_4_1689948996.wav", "transcription": "kënnen z’erfëllen. D’Regierung huet och lo just decidéiert, nodeems mir mat de verschiddene Ministeren, an och mam Finanzminister gekuckt hunn, wéi mir kënnen och eng Enveloppe direkt deblockéiere fir déi Schied opzekomme fir eben de Leit och eng sou direkt wéi méiglech Hëllef kënnen och unzebidden. An et ass eng Enveloppe vu 50 Milliounen Euro, déi deblockéiert ginn ass fir elo och rapidement kënnen de Leit entgéint ze kommen. Spezifesch justement fir op déi Aiden zréck ze kommen, et gëtt eng Aide fir Privatpersounen, ënnert der Leedung vum Familljeministère, do wäert d’Regierung och fir d’Dépense de première nécessité opkomme kënnen.\n\nDa ginn et d’Aidë fir d’Betriber. D’Regierung, via de Mëttelstandsminister, wäert den Entreprisen, de Commercen an och d'Handwierksbetriber kënnen Hëllefen ubidde fir d’Käschten ze droen, och wat Materiell an och wat d’Stocken "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_5_1689948996.wav", "transcription": "ugeet. An dann d’Aiden och fir d’Landwirtschaft. Mir wëssen och, dass d’Landwirtschaft concernéiert ass an de Landwirtschaftsministère huet och eben déi selwecht Hëllef zur Verfügung fir d’Käschten kënnen opzekommen. An dann iwwert den Intérieur och fir d’Gemengen. Mir hu gesinn, dass eng Rëtsch vu Gemenge Käschte lo hunn, dat geet vum Offall, hu mir lo nach just am Regierungsrot diskutéiert, iwwer d’Infrastrukturen, och iwwert den Interieur, e Budget ze deblockéieren, fir de Gemengen hei och entgéint ze kommen. All Detailer, u wien een sech muss wenden, an d’Modalitéiten, ginn dono och an engem Communiqué resuméiert no dëser Pressekonferenz. Mir hunn och, an dat ass eben och eng Léier vu viregte Situatiounen, déi mir haten. Dir wësst jo, dass och de Pierre Gramegna 2017 mat Assurancen och Diskussiounen och haten. Dat heescht, do sinn eng Rëtsch vu Leit, déi lo och besser assuréiert si vis-à-vis vum Waasserschued, "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_6_1689948996.wav", "transcription": "wéi dat virdrun och de Fall war an ech hoffen och, dass d’Assurancen och déi nächst Stonnen an Deeg, ech weess, dass si ganz vill ze dinn hunn, mee och wierklech déi Détresse och verstinn, déi d’Leit hunn. An ech weess awer, duerch den dote Schratt, deen eben och deemools negociéiert ginn ass tëschent Finanzministère an Assurance, dass ganz vill Leit eng besser Protektioun och haut hunn vis-à-vis vun der Situatioun, déi se virun e puer Joer kannt hunn.\n\nEch erlabe mir hei, den Ekippe Merci ze soen, den Ekippen um Terrain. Mir hu ganz vill Leit begéint, ganz vill Leit vu Servicer, vun Administratiounen, dat geet vun der Policeschoul, iwwert d'Police, iwwert de CGDIS, iwwer d’Arméi, iwwert den Haut-Commissaire, och de Waasserwirtschaftsamt, déi verschidde Servicer, d’Arméi, déi alleguerte mir gesinn hunn, ob dat zu Iechternach op den anere Plazen och direkt gehollef hunn an all déi Fräiwëlleg. All déi Fräiwëlleg. "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_7_1689948996.wav", "transcription": "Gudden Owend. Ech wëll fir direkt drop hiweisen, dass mir am enken an direkten a permanente Kontakt mat de Gemenge stinn, dat ass och wichteg, dass mir dat esou maachen. Dat huet gëschter ugefaangen, wou de CGDIS SMS un déi 102 Buergermeeschteschen a Buergermeeschter verschéckt huet, fir se eben direkt a Kenntnis ze setzen. Ech selwer hunn och mat de concernéierte Gemengen, also Buergermeeschteren, déi lo méi concernéiert waren, hunn ech och telefonéiert. Och scho gëschter Owend och an der Nuecht fir eben och direkt vun hinnen en éischte Feedback ze kréien, fir ze wëssen, wéi sech bei hinnen an der Gemeng eben d‘Situatioun stellt. An fir och ze wëssen, wou si gezillt och lo um Lokalen Ënnerstëtzung brauche fir direkt hei kënnen hinnen den néidegen Appui ze ginn. Vu gëschter Owend 7 Auer un koumen d’Demanden un "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_8_1689948996.wav", "transcription": "Sandsäck, u Pompelen haaptsächlech fir eben d’Waasser aus de Kelleren eraus ze kréien. Géint 8 Auer gëschter Owend war d’Majoritéit vun den CISen, also vun den Zentre waren aktivéiert an no 2 Stonne méi spéit, géint 10 Auer war souzesoe praktesch jiddereen, dee konnt mobiliséiert ginn, vum CGDIS war dee Moment a Missioun a genau an dem dote Rhythmus ass dat och déi nächst Stonne bis elo weider gaangen, wou ganz vill Leit sech engagéieren, a wéi och scho grad gesot ginn ass, och ganz vill Fräiwëlleger, wou mir wierklech kënne frou sinn, dass si eng Hand mat upaken. Wat ass dat wichtegst, wou sech lo direkt drop konzentréiert ginn ass?\n\nDo kann ee soen, do sinn u sech sou 3 Prioritéiten. Dat éischt ass d’Populatioun, d’Bevëlkerung ze schützen. Zweetens \n"}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_9_1689948996.wav", "transcription": "Blesséiert ze verhënneren an drëttens präventiv Aktiounen ze huele fir eben sou nach méigleche Schued kënnen ze limitéieren, eben och ze kucken, dass d’Grondversuergung garantéiert ass, eben och mam Stroum an och weider Initiativë fir ebe kënnen déi Grondversuergung hei ze ginn. Vläicht... d’Situatioun eng kéier am Globalen, éiert mir herno nach op aner Detailer aginn. D’Lag schéngt sech allgemeng mat enger gewëssener Virsiicht ze stabiliséieren. Erliichtert ze berouegen an de leschte Stonnen. D’Peegel wäert, et ass am gaangen op ville Plazen zréck ze goen, mee net iwwerall. An zënter gëschter Mëtten 12 Auer fir sech och hei e bëssen awer d’Envergure erëm ze ginn, sinn "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_10_1689948996.wav", "transcription": "insgesamt eng iwwer 6.300 Telefonater beim 112 agaangen. An iwwer 1.200 Interventioune goufen et gëschter... goufe gemellt eben an de verschiddene Gemengen, wou se alleguerte gefuerdert si fir eben hei kënnen da lokal ze reagéieren an eben och kënnen do virzegoen. Eise leschten Informatioune sinn ongeféier eng 400 Leit relogéiert ginn, och an den ënnerschiddleche Gemengen. Hei si jo virun allem lo mol d’Gemengen en charge. Dee Moment wann d’Leit aus den Haiser eraus mussen, wann si net méi do kënne bleiwen oder och fir eben hei d’Virkéierungen ze treffen, sinn d'Gemengen en charge ebe fir d’Leit kënnen ze relogéieren an do sinn och eng ganz Rëtsch Gemengen, déi am Virfeld och lo Initiativë geholl hunn. Wann "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_11_1689948996.wav", "transcription": " d’Situatioun sech de Moment nach sollt zouspëtzen oder déi Leit, déi net bei Famill, bei Kolleegen ënner Daach kommen, dass si dee Moment vun der Gemeng d’Méiglechkeet kréien, op enger anerer Plaz z’iwwernuechten.\n\nEch hunn et virdru gesot, d’Situatioun ass sou wäit stabiliséiert mat enger gewëssener Virsiicht an do gëllt et weiderhi vigilant ze bleiwen, nach si mir net doduerch. An domat ass och d’nächst Stéchwuert vun der Cellule de crise. Dir wësst, dass mir do gëschter fir déi éischt Kéier an der Nuecht zesumme komm sinn, nodeems eben de Plan d’intervention d'urgence en cas d’intempéries declenchéiert gouf.\n\nDat ass jo de Katastropheplang vun der Regierung an dofir kënnt jo och d’Cellule de crise zesumme mat de verschiddenen Acteuren, staatlechen Entitéite fir dass mir eis kënnen eben en Iwwerbléck vun der Situatioun "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_12_1689948996.wav", "transcription": "Virdrunner ass scho vun den Aidë geschwat ginn, ech wëll dann hei spezifesch déi Aiden nach erwäne vun de Gemengen, well do och zu Recht sech lo eng Rëtsch Buergermeeschteschen a Buergermeeschter lo Gedanke maachen eben duerch de grousse Schued, deen se haaptsächlech u Gebaier hunn a wann d’Assurancen net opkommen, wéi dat soll weider goen.\n\nHei wëll ech och nach eng kéier garantéieren, sou wéi och d’Gemengen dat vum Intérieur kennen, dass mir natierlech och hei wäerten déi Subsiden ausbezuelen, sou wéi dat fir d’lescht lo nach beim Tornado 2019 gemaach ginn ass, dann awer och 2016 bei den Iwwerschwemmungen, wou och ganz vill Suen ausbezuelt gi sinn an et ass och evident an dëser Situatioun hei, de Gemenge kënnen dee Moment ënnert d’Äerm ze gräifen, wéi gesot alles wat lo d’Gebailechkeete betrëfft, déi de Gemenge gehéieren an och weider Infrastrukturen, déi ebe fir d’Allgemengheet sinn.\n\nErwäne "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_13_1689948996.wav", "transcription": "wëll ech och nach hei dann eng Remark vum Aarbechtsminister, wat nämlech och d’Gemenge betrëfft. Hien huet déi... den Aarbechtsminister Kersch huet déi bal 40 Initiatives sociales, also Cigl an och anerer, huet en opgefuerdert, och hei lo Léisungen ze fanne fir d’Gemengen. Dat heescht, wann déi interesséiert sinn, dass dee Moment déi Initiativen och kënnen de Gemengen hëllefen herno bei den Opraumaarbechten, well dat wäert lo déi nächsten Etapp sinn, déi usteet, wann d’Situatioun sech hei berouegt. Da geet et weider ebe mat den Opraumaarbechten, woumat ganz vill Gemenge wäerte beschäftegt sinn an dofir ass et och gutt, dass den Aarbechtsminister dëst Initiativ geholl huet an dëst wäert selbstverständlech och nach de Gemengen iwwer Circulaire matgedeelt ginn.\n\nA wann ech schonn dobäi sinn, huet e mir nach en zweete Message matginn, an zwar dass en och bereet ass, de Regime "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_14_1689948996.wav", "transcription": "vum Chômage technique intempéries z’applizéieren, dat heescht, dass Betriber ab der 17. Stonn, wou d’Leit net méi kënne schaffen, 80% vum Salaire indemniséiert kréien. An d’Leit an dem Fall Urecht op 80% ebe vum Salaire hunn, mee dass de Patron och däerf selbstverständlech méi bezuelen. Hee wäert och heizou nach eng kéier déi néideg Explikatioune ginn, mee fir och direkt hei nach eng kéier ze soen, dass mir déi ganz Ënnerstëtzung ginn an eben als Regierung wichteg ass elo op den Niveauen, wou mir direkt och kënnen hëllefen, direkt déi Hëllef kënnen ze ginn. Ech wëll och nach lo ofschléissen, profitéieren fir alleguerten deene Leit Merci ze soen, déi am Asaz sinn an och déi gutt Zesummenaarbecht, déi mir an der Cellule de crise hunn. Genau esou soll et funktionéieren, dass mir do kënne séier a pragmatesch reagéieren. Dat eben am Interêt vum Land an dofir e grousse Merci fir déi vill Fraen a Männer, déi säit "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_15_1689948996.wav", "transcription": "Bon, gudden Owend. Am Laf vum Dag vu gëschter, wéi d’Nouvelle lues a lues era komm sinn, haaptsächlech vu Meteolux, hu mir eis am Nomëtte concertéiert, konstant mam Service d’évaluation vum Waasserwirtschaftsamt mam Direkter vum CGDIS a mam Staatsminister an et huet sech do eraus gestallt, dass de Staatsminister gesot huet, an der doter Situatioun ass et wichteg, eng Krisenzell z’aktivéieren, déi lo zënter gëschter Owend zwee mol ënnert der Présidence vun der Madamm Inneminister zesumme komm ass, déi och haut den Owend nach eemol wäert zesumme komme, ganz einfach, well et wichteg war, sech scho vu gëschter Owend un en iwwerbléck iwwert d’Situatioun ze maachen, sou wéi se sech gestëllt huet, a well et wichteg war, fir d’Acteuren sou séier wéi méiglech op en Dësch ze kréien, déi Acteure wou mir natierlech wëssen, dass si an éischter Linn gefuerdert sinn an sou engem Zenario, awer och déi Acteuren, déi sech eventuell en cours de route "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_16_1689948996.wav", "transcription": "a sou engem Zenario mussen un der Krisegestioun bedeelegen. Et huet sech ganz séier eraus gestëllt, \ndass mir duerch déi Reenmassen, déi gëschter erof komm sinn, dass mir en duebele Probleem gesinn hunn. Dat eent ass de Probleem vun den Iwwerschwemmungen, Iwwerschwemmunge laanscht verschidde Flëss, besonnescht d’Uelzecht, d’Sauer, an do d’Ënnersauer, d’Our an awer och d’Mamer.\n\nWou mir gesinn hunn, dass mir iwwer d’Nuecht wäerte ganz vill Probleemer mat Iwwerschwemmunge kréien an doriwwer raus méi lokal Probleemer duerch d'Reenmassen, net do, wou mir onbedéngt Flëss hätten, mee eben do, wou d’Kanalisatioun de Reen net méi gepackt huet oder wou de Buedem schonn duerch de Reen vun den Deeg virdrun esou gesättegt war, dass d’Waasser einfach e Wee iwwert d’Iwwerfläch gesicht huet oder an d’Kellere vun de Leit oder op aner Plazen. D’Situatioun ass lo esou, an et ass och schonn ugedeit vum Här Staatsminister an der Madamm Inneminister, dass et sech berouegt, wa mir et vun der Reenfront aus kucken, da hu mir dat Gröbst "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_17_1689948996.wav", "transcription": "iwwerstanen. Mat der Situatioun, wéi se sech lo stellt, mir hunn an de leschte 24 Stonne 60 bis 80 Liter Waasser pro Meter Cube op verschidde Plazen am Land gehat, op verschidde Plaze souguer 100 Meter Cube Waasser, wat onheemlech vill ass. Et sinn nach Schaueren an der Nuecht méiglech, huet Meteolux eis gesot.\n\nWann déi Schaueren eriwwer sinn, da misste mir fir eng gréisser Zäit vum Reen op alle Fall verschount bleiwen. Mir hunn och mam Waasserwirtschaftsamt geschwat, wat dat da fir d’Flëss heescht an den nächste Stonnen. Op verschidde Flëss, dat si lo éischter déi méi kléng Flëss, do sinn d’Peegelen, mir hunn Zouleef vu verschiddene Flëss, do sinn d’Peegelen am gaangen ze falen, op anere Plaze sinn d’Peegele stabil, se sinn op engem héijen Niveau stabil, mee si wäerte am Laf vum Dag muer falen an och wann an der Nuecht nach déi eng oder aner Schauer wäert erofkommen, da wäert dat net zu enger neier Héichwaassersituatioun féieren. Et ka vläicht dozou féieren"}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_18_1689948996.wav", "transcription": "dass de Peegel e puer Stonne méi spéit fält, mee mir sinn an dem Sënn an enger stabiller Situatioun, ech soen et awer nach ee mol, mir sinn an enger stabiller Situatioun mee natierlech op engem ganz héije Peegelstand, mir hunn op 7 – 8 Plazen am Land si mir op de Peegelstänn iwwert déi 100-järeg Peegelstänn eraus komm an dat ass mengen ech eppes du jamais vu an dat ënnersträicht eigentlech och d’Envergure vun der Situatioun, wéi se sech an de lëschte Stonnen duergestallt huet. Um Niveau vun dem elektresche Reseau war d’CREOS natierlech mat an der Krisenzell. Et ware keng gréisser Probleemer, allerdéngs ass et och do esou, dass mir eng Rei Mëttelspannungsposten hunn, déi am Moment net kënnen alimentéiert ginn einfach fir dem Risiko, fir der Gefor vun enger Elektrokutioun virzebeugen. Dat betrëfft besonnescht d’Regioun Iechternach, Born an d’Stad Lëtzebuerg. Dat sinn awer lokal Probleemer, déi sech stellen, déi sech a verschiddene Stroosse kënne stellen, dat ass net flächendeckend, mee fir der Gefor virzebeuge "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_19_1689948996.wav", "transcription": "kann déi Situatioun nach e puer Stonnen duerhalen, mee d’Creos ass och mat hiren Ekippen um Terrain an huet hir Ekippe verstäerkt, fir esou schnell wéi méiglech do kënne virun ze kommen. Ponts et chaussées sinn an der Krisenzell vertrueden, hu gekuckt fir iwwert d’Nuecht d’Autobunne fräi ze kréien, fir dass déi Axen nees haut ginn. Et sinn natierlech ganz vill Spärunge gewiescht, d’Chifferen hutt Dir haut héieren. Den nächste gréissere Souci, oder déi nächst gréisser Aarbechten, déi natierlech... Ponts et chaussées huet ofgesinn, dass d’Stroossen nees musse fräi gemaach ginn ass fir d’Brécken ze kontrolléieren, déi eventuell kënnen iwwerschwemmt gewiescht sinn, dat gesäit een elo, ënnerschwemmt gewiescht sinn, dat gesäit e lo no an no, wann d’Waasser zréck geet.\n\nMee dat ass e Probleem, dee mir schonn a viregte Situatiounen haten, dat dierf een net ënnerschätzen. D’Arméi ass am Stand-by, och e Member vun der Krisenzell zesumme mat der Polizei, si sinn... si hunn Sandsäck preparéiert, wann si gebraucht ginn, si hunn sech opgestallt, dass si, wann et néideg ass, do wou Leit relogéiert gi sinn, wann Iesse muss preparéiert gi fir dat ze maachen, si hunn eng "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_20_1689948996.wav", "transcription": "Jo, villmools Merci. Jo, vun eiser Säit aus komme mir lo och an eng nei Phas. Ech mengen, bis elo war et eben esou, dass mir jo an der Urgence ware gëschter Owend natierlech virun allem mat eben och wéi mir virdru jo och scho gesot haten, dass mir eis limitéiert hunn op d’Mises à l’abrisen, Sauvetagen an d’Verdeedege vu kriteschen an strategeschen Infrastrukturen. Mir wäerte lo sécherlech an den nächste Stonnen an Deeg an eng nei Phas kommen, wou mir dann an d’propper Opraum- a Botzphas iwwerginn... do wäerte mir eis nach eng kéier nei strukturéieren. Mir haten eigentlech gëschter Owend eng regional Féierung mat den Asazabschnitter an de verschiddene Flëssleef a wäerte lo iwwergoen ab muer an eng lokal Gestioun, dat heescht, dass déi lokal "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_21_1689948996.wav", "transcription": "Asazzentren hirer Gemeng eben zur Verfügung stinn, fir ebe lokal dat ze maache wat do vun Aarbechten ufält a mir hunn natierlech och elo Gemengen an domadder och Zentren, déi lo schonn net méi sou impaktéiert sinn a mir sinn am Gaange lo dat ze rezenséieren, sou dass mir lo da kucken, wou mir Reserven hunn fir dass mir da kënnen déi lokal Unitéiten, déi ebe lo nach méi staark am Asaz si fir d’Situatioun erëm hierzestellen, da kënnen ënnerstëtzen. Et wäert natierlech och duerch déi vill Plazen, déi lo betraff sinn, dat ass lo en Ënnerscheed wa mir lo vergläiche mam Mëllerdall als Beispill. Deemools konnte mir wierklech aus anere Regioune vum Land ganz Unitéiten an dem Mëllerdall verleeë fir do eng Hand unzepaken. Dat wäert dëst kéier net sou méiglech sinn, dat heescht wéi gesot déi lokal CISe wäerte lo virun allem gefuerdert "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_22_1689948996.wav", "transcription": "sinn a wann si eben Ënnerstëtzung brauchen, respektiv d’Gemengen Ënnerstëtzung brauchen, da kënnen si dat bei eis um Nationalplang um 112 CGO ufroen an da kucke mir, dass mir hinnen déi Hëllef kënne bréngen, déi si brauchen an do wéi gesot natierlech och de Moment och eng Arméi an aner Servicer och kënne matschaffen. Do derniewent ass natierlech och ze soen, dass mir weiderhin natierlech och eis normal Missioune musse kënnen erfëllen. Och do an der Nuecht mengen... ware mir op Limitten, dass mir eigentlech keng Reserve méi haten. Wann do nach aner Noutfäll bäi komm wieren, gréisser, ech denke lo un e Groussbrand oder sou, da wiere mir do effektiv hätte mir misse kucken, fir do Unitéiten dann zesummenzeruffen, dat wier sécherlech schonn enk ginn, well mir wéi gesot alles um Terrain haten, sou dass mir och do wëllen erëm Reserve bilden, ech mengen, just als Erënnerung, am Schnëtt hu mir 160 "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_23_1689948996.wav", "transcription": "Déi 50 Milliounen Euro, wou Dir lo ugeschwat hutt, ass dat lo eng éischt Tranche vun enger méi héijer Zomm, déi bei Bedarf och kann ausbezuelt ginn, respektiv deblockéiert ginn?\nAlso, déi lescht Kris, déi mir haten, war eng Enveloppe vun 30 Milliounen, déi deblockéiert gi war an hei ass op Initiativ vum Finanzministère, dee selwer proposéiert huet, fir eng méi héich Enveloppe virzegesinn. Mir wëssen, dass d’Situatioun och eng aner ass. Dat heescht, duerch 2017 eng Rëtsch vu Leit mat den Assurancen duerch déi Verhandlunge komm si, vläicht de Montant iwwerhaapt net gebraucht gëtt, mee fir eis ass et wichteg, dass den dote Montant lo mol mobiliséiert ass als Direkthëllef fir op eng onkomplizéiert Aart a Weis de Leit direkt entgéint ze kommen.\nDat heescht, ass awer nach Loft no uewen eventuell?\nD’Situatioun ass déi, dass mir eis engagéiere ze kucken, wéi mir esou séier wéi méiglech de Leit och kënnen hëllefen. Dat hei ass eng Enveloppe, déi normalerweis misst duergoen, d’Evaluatioun vum Schued ass onméiglech am Moment ze maachen. Ech kann Iech just soen, dass de materielle \n"}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_24_1689948996.wav", "transcription": "Schued am Moment héich ass, héich ass, héich ass an dass dofir den Appell, den ech virdru gemaach hunn, d’Assurancë wëssen dat och, dass am Moment déi sinn, déi erwaart ginn doheem, well d’Leit net kënne Saachen änneren, d’Leit net d’Saache kënnen alles doheem nees ewech huelen, well awer... oder d’Fotoe musse gemaach ginn, et war en Appell, deen ech och de Moie gemaach hunn, et war net vu Muttwëll, well ech weess, dass dat dono soss kënnen Diskussioune ginn, mee dass déi nächst Deeg déi sinn, wou d’Leit sech erwaarden, eng Äntwert ze kréien. Mir sinn der Meenung, dass déi doten Enveloppe misst duer goen, mee hei geet et net ëm Fetischist ze sinn, wann ee bei 50 ass fir ze soen, nee, et ass elo fäerdeg. Mee mir sinn der Iwwerzeegung, dass et... an op Initiativ vum Finanzminister vun 30 op 50 Milliounen erop ze goe mengen ech ass net näischt, och fir d’Symbolik, dass d’Regierung wierklech wëll de Leit hei hëllefen.\nD’Ursula von der Leyen an de Boris Johnson hunn allen zwee och ugekënnegt, dass si gewëllt sinn, Suen ze deblockéieren. Wéilt Dir do eppes unhuelen "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_25_1689948996.wav", "transcription": "vun deenen Hëllefen?\nAlso do muss een seng Servicer an Diskussioun... ech weess jo net, wat d’Propositiounen och sinn, mir wëssen, dass d’europäesch Unioun Extrafongen huet en cas de catastrophe. Mir mussen ebe kucken, wat d’Konditiounen och sinn an ech weess, dass den Ausseministère den éischten ass, deen och d‘Kontakter hëlt mat den europäeschen Instanze fir ze kucken. Wa Méiglechkeeten do sinn, an déi de Leit och kënnen ze gutt kommen, soll een se net stoe loossen. Mee et muss een och kucken, wéi eng Konditiounen et sinn. Et ass elo verfréit fir ze soen, ob mir se zéien, net zéien, a wéi vill et ass, an wéini mir se kënne kréien. Meng Suerg am Moment ass, dass mir déi nächst Stonne wierklech de Leit, sou wéi lo just d'Servicer gesot hunn, sou séier wéi méiglech entgéint kommen. Et ass keen a Liewensgefor, et ass kee Blesséierten, och bleift déi materiell... ob een eppes ka kréien... Pardon, wann ech dat lo soen, éischter secondaire.\nKann eppes gemaach ginn, fir dass d’Leit dobaussen éischter gewarnt ginn oder éischter kënne reagéiere bei esou Fäll "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_26_1689948996.wav", "transcription": "Mir hu jo gëschter relativ fréi an dem Sënn reagéiert, wou mir wossten, wéi d’Situatioun ass an da hu mir iwwert déi verschidde Kanäl, déi mir hunn, versicht, d’Leit ze erreechen. Dofir ëmmer erëm den Appell, dass d’Leit sech sollen informéieren, a virun allem och wat lo déi lokal Mesurë betrëfft, ëmmer bei der jeeweileger Gemeng sech dee Moment informéieren, wat dee Moment en place gesat ginn ass, wéi och elo d'Diskussioun mat de Schoulen, wou mir och den Appell gemaach hunn, dass d’Leit sech sollen de Moment bei der Gemeng informéieren, ob haut Schoul ass oder net.\nEt gëtt jo de System GouvAlert, deen awer, wann ech an der Press richteg gelies hunn, net richteg funktionéiert hätt, dowéinst d’Fro.\nJo, dofir si mir dee jo am Gaangen ze reforméieren, well mir eis do gäre wëllen aner Standarde ginn, wëllen eis do un europäesche Reegelen orientéieren, fir dat nach kënnen anescht ze gestalten, fir dat nach kënnen auszebauen a virun allem, dass och méi Leit herno déi "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_27_1689948996.wav", "transcription": "Jo. Mir mussen dat doten eng kéier nokucken, et gesäit awer esou aus, wéi wann am Eifer des Gefechts effektiv déi Warnung oder den Dénge fir de GouvAlert eraus ze ginn, méi spéit eréischt komm ass, voilà, an dem Moment waren och schonn iwwer aner Kanäl d’Informatiounen eraus gaangen. Mee mir mussen dat sécherlech och an enger Opbereedung vun dem ganzen Asaz sécherlech nach eng kéier kucken, wou dat lo genau gehaangen huet.\nDofir eben och déi Reform, fir dass mir eng performant App kréien, wou d’Leit sech dee Moment umellen. Ech weess net méi genau, wéi vill Abonnenten et sinn, mee et sinn der net esou vill, fir wierklech déi grouss Mass dobaussen z’informéieren. An dat musse mir jo awer mat sou enger App. \nDéi Aiden, déi lo fir d‘Privatleit ausgestallt sollte ginn, sinn déi un iergendwellech Konditioune gebonnen am Sënn vun, hutt Dir missen eng Héichwaasserversécherung hunn, déi an Héichwaassergebitter jo bis 20.000€ "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_28_1689948996.wav", "transcription": "grondsätzlech just schützt. D’Leit hu vläicht méi héich Schied, wat ass mat Leit, déi keng Versécherung haten, kéint Dir do d’Modalitéiten nach eng kéier méi genau erklären?\nAlso Dir wësst, dass eng Aide am Moment de première nécessité, déi jo do ass, déi iwwert de Familljeministère och leeft. Dat heescht, et sinn eng Rëtsch vu Saachen, déi och ausgeschloss sinn aus der doter Aide. Et ass ebe lo fir de Leit direkt kënnen och ze hëllefen. De Staat ass net den Assureur fir jiddereen. Mee de Staat ass hei fir lo konkret do, wou dono eng Assurance vläicht Probleemer mécht a Besoinen do si fir verschidde Saache wou ee ka kucken, wéi de Staat och kann hëllefen. Mee de But lo ass première nécessité do entgéint ze kommen an op eng onkomplizéiert Aart a Weis, sou wéi mir et och schonn iwwert de Familljeministère bei der leschter Catastrophe naturelle lafe gelooss hunn.\nOk. Da gouf et nach d’Fro zu de Suen aus der EU. Dass Dir déi lo net direkt wësst, ass ganz kloer, mee et gëtt jo och de EU Civil Protection Mechanism, wou mir och kënnen Asazkraaft aus dem Ausland ufuerderen. Do si jo ganz vill anerer mat dran. Dir hutt grad "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_29_1689948996.wav", "transcription": "wéini, wat, a wéi enge Konditioune lo konnt gestallt gi fir eng Hëllef vu baussen ze kréien, finanzieller. Et geet mir drëms elo...\nEt geet net ëm d‘Finanziellt, et geet...\nNee, ech schwätzen elo fir d’éischt, well Dir hutt virdru vun den EU-Hëllefgelder och geschwat. Mir geet et drëms, wa mir kënnen deier... mee de But ass, lo rapidement de Leit ze hëllefen, a mir wäerten net eis Hëllefen hei Tributaire maache vu Hëllefen, déi mir vu bausse géife kréien. D'Leit kënnen net waarde bis mir vun iergendenger internationaler oder europäescher Institutioun gesot kréien, jo Dir kritt oder Dir kritt net. D'Regierung huet haut déi Verantwortung iwwerholl, déi 50 Milliounen deblockéiert an et ass, pardon nach eng kéier, Wurscht elo wéi laang et dauert, dass mir vun der EU iergendeppes zréck ze kréien. Dat ass wierklech zweetrangeg, et geet drëms hei de Leit elo rapidement ze hëllefen. Dann iwwert den EU-Alerte-System, Här Schroeder.\nJo, wat een do ka soen, dat ass éischtens emol, dass gëschter, wann ech lo d’Belsch an Däitschland kucken, déi waren net en mesure eis nach ze hëllefen, well déi ware selwer, "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_30_1689948996.wav", "transcription": "soen ech, an der nämlecher Situatioun wéi mir, respektiv souguer nach zum Deel an enger méi schlëmmer Situatioun. Lo Frankräich, Département Moselle a Meurthe et Moselle waren net grad sou staark betraff, mee waren awer och betraff. Dat heescht am schlëmmste Moment vun den Nidderschléi, wou wierklech d’Waasser komm ass, waren eis direkt Noperen och lo net direkt en mesure, eis wierklech grouss Hëllef ze leeschten. Ech mengen, wat mir an der Nuecht eben och gesot hunn, dat ass, dass mir eben, soen ech déi Pompelaktiounen an sou Saachen, déi si lo sënnlos, dat muss een einfach sou soen. ech mengen, wann esou Waassermasse kommen, do hätte mir och all eis Noperlänner kënne ruffen, mir hätten déi Waassermassen net ewech gepompelt kritt. Lo an enger Opraumphas mengen ech ass et och lo, musse mir kucken, wa mir Hëllef brauchen, mir hunn och do de Mëtten nach eng kéier an eisen Nopeschlänner nogefrot, wéi gesot Rheinland-Pfalz a Wallonie, do ass sécherlech lo "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15072021).wav_chunk_31_1689948996.wav", "transcription": "näischt dran, mee awer Saarland an och Meurthe et Moselle, Moselle, déi sinn disponibel, wa mir si brauchen, mee bei den Opraumaarbechten wéi gesot, denken ech, dass mir dat awer lo och hikréien. Ëmgedréint kann ech awer soen, an ech mengen, dat war fir eis och als Rettungsdéngschter wichteg, an dat ass och vun der Regierung esou ënnerstëtzt ginn, war eben och eng Ufro koum vun de belsche Kolleegen fir ebe Stréimungsretter, also Sauveteurs aquatiques ze kréien a jo, mir hunn d’Situatioun evaluéiert, mir waren an der glécklecher Situatioun, dass mir eise Grupp de sauvetage aquatique eigentlech en grand complet haten, do hate mir all eis Leit, déi aktiv am Grupp sinn, déi ware mobiliséiert, waren disponibel fir anzegräifen. A mir konnten d’Situatioun esou aschätzen, dass mir et konnte fäerdeg bréngen, fir eng Sektioun, dat si 6 Leit mat zwee Booter an d’Belsch ze schécken an d’Géigend vu Léck fir do eng Hand mat unzepaken an déi hunn do 12 Leit gerett "}
|