Datasets:
Luxemburgish_Press_Conferences_Gov
/
pressbriefing14
/audio_chunks_1689940232
/transcriptions_1689940232.jsonl
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_0_1689940231.wav", "transcription": "Schéine gudde Mëtteg!\nMir gesinn dass d'Situatioun substantiell besser ginn ass an och d'Tendenz an déi richteg Richtung gaangen ass an och nach weider geet, dat heescht en Trend wierklech no ënnen.\nWann ech z. B. Woche vergläichen iwwert d'Moyenne journalière vu Neiinfektiounen, hate mir den 12. Abrëll nach 203, a mir leie bei der Woch vum 24. Mee op 70.\nA wann ech de Large Scale Testing vun der leschter Woch kucken: bei ronn 30.000 Tester bei Residenten, sinn nach 18 positiver fonnt ginn.\nDëse Méindeg war bei 7.200 Tester am Large Scale Testing guer kee positiven dobäi.\nDat heescht, dass et een awer kann d'Conclusioun zéien, dass mir eng kontrolléiert Situatioun hunn.\nDen Dag vu gëschter - déi Zuelen déi haut kommunizéiert ginn - do hu mir "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_1_1689940231.wav", "transcription": " 6.665 Tester déi gemaach gi sinn.\nDo si 44 Positiver déi eraus komm sinn, dat ass en Taux de positivité vun 0,66%.\nA wann ech d'Situatioun och an de Spideeler analyséieren, gesi mir dass mir am Moment nach 16 Patienten op de Soins normaux hunn, a 5 Patienten op de Soins intensifs, dat heescht nach eng Baisse och am Verglach zu den aneren Deeg.\nD'Analyse vun de Kläranlage ginn och weider an déi richteg Richtung, also bleiwen och gréng.\nDen Taux de positivité, wann ech deen z. B. och vergläiche mat där Woch déi ech virdrun och geholl hunn, vum 12. Abrëll, do louch den Taux de positivité général bei 2,09%. Dee läit fir de 24. Mee op 0,81%.\nWann ech d'Analys och maache vun den Alterskategorien"} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_2_1689940231.wav", "transcription": ", gesäit een och, dass do, z. B. déi Woch vum 15. Februar elo, déi ech géif huelen, den Taux de positivité z. B. an der Tranche d'âge iwwer 80 Joer bei 1,2% louch, a läit an der Woch vum 24. Mee bei 0,1%.\nVu 70-79 Joer, louch en bei 1,3%, läit elo bei 0,1%.\nTëscht 60 a 69, louch en bei 1,2% a läit elo bei 0,3%.\nAn tëschent 50 a 59 Joer, louch en bei 1,6% a läit elo bei 0,6%.\nDat heescht et ass eng Diminutioun, déi mir gesinn, an den Alterskategorië vun... wann ech 1,2% am Februar, 1,4% am Mäerz, 2% den 22. Mäerz, 1,1% de 5. Abrëll, 0,6% den 19. Abrëll, 0,2% den 3. Mee, den 10. Mee 0,2%, de 17. Mee 0,1%, an elo déi lescht Woch och 0,1% fir déi Leit iwwert 80 "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_3_1689940231.wav", "transcription": "gesäit een, dass wierklech d'Impfung och wierklech wierkt an och wierklech hëlleft, dass den Taux wierklech esou niddereg wéi méiglech bleift.\nWa mir bei d'Vaccinatiounen, justement, kommen, an dofir och nach en Appell...\nBei de Vaccinatiounen an zur Informatioun, sinn haut d'Invitatiounen erausgaangen, wou schonn een Deel vun de Leit bei 39,5 Joer invitéiert gi sinn.\nDat heescht, mir komme wierklech erof, mir si bei ënner 40, am Moment, déi invitéiert ginn.\nMir hunn ugefaangen, hein, mir hunn ugefaangen a mir si bei 39,5 Joer, déi wäerten och an deenen nächsten Deeg nach weider verschéckt gi fir weider erofzegoen.\nBis den 1.Juni sinn zu Lëtzebuerg 413.000 [sic: 413.320] Dosen Impfstoff geliwwert ginn.\nDëst si Vaccine fir am Ganzen 210.560 Leit, déi sech zesummesetzen aus: Pfizer 283.520, AstraZeneca 79.200"} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_4_1689940231.wav", "transcription": ", Moderna 32.400 a Johnson & Johsnon 13.000.\nMir hu bis gëschter Owend ronn eng 357.000 Impfunge kënnen hei am Land maachen.\n232.400 Leit hunn eng 1. Dosis kritt an 124.000 Impfungen als 2. Dosis sinn och gemaach ginn.\nEt ass... Haut - wann d'Zuelen, déi mat den Invitatiounen déi komm sinn, och den Owend, wäerte stëmmen -wäerte mir och déi 1. Kéier haut de Chiffer vun iwwert 8.000 Impfungen den Dag knacken.\nDir wësst, dass mir jo nach méi Capacitéiten och hätten, mat deenen Zenteren, déi mir opgemaach hunn.\nDéi Zuel hu mir Iech jo virun e puer Woche scho bekannt gemaach.\nMee mir hunn de Vaccin, deen och eng Denrée rare ass, nach ëmmer eng Realitéit ass, dass en rare ass.\nMir hunn am Moment 37,12% vun de Residenten, oder 46,2% vun de Leit iwwer "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_5_1689940231.wav", "transcription": " 18 Joer, déi bis elo eng 1. Kéier konnte geimpft ginn.\nMir hunn am Moment en Usage vun de Vaccinen, dat heescht vun all deem wat ukomm ass, vu 87%, déi och versprëtzt gi sinn, d. h. déi geliwwert gi sinn.\nA mir hunn nach am Stock 56.000 Dosen, déi am Stock sinn.\nAn dës Dosisse brauche mir fir ronn 53.000 Impfungen - déi 1. an 2. Administratioun -, déi bis de 9. Juni och gemaach ginn.\nDat heescht, mir benotzen also an den nächste 7 Deeg all de Vaccin, dee mir am Stock och hunn.\nDe Ratio vun de verimpften Dosisse variéiert. Dir wësst jo, dass mir 75% jo och als Basis geholl haten. Am Ufank 50, dunn 75%.\nDo louche mir elo an deene leschte Wochen tëschent 82% an 92%,\nfir nach eng Kéier déi Legend, dass den Impfstoff stockéiert gëtt an net benotzt gëtt, wierklech net der Realitéit entsprécht.\nMee et ass eis ëmmer wichteg virsiichteg ze sinn. Mir kënnen eis net erlaben, dass eng 2. Dosis net garantéiert kéint ginn"} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_6_1689940231.wav", "transcription": "well mir d'Dosissen alleguerte versprëtzt haten.\nDen Duerchschnëttsalter vun de geimpfte Leit läit am Moment bei 58,35 Joer.\nD'Zuel vun de Liwwerungen, déi nach wäerte kommen....\nEch muss leider nees eng Kéier confirméiere wat ech och schonn déi lescht Wochen a Méint gesot hunn, dass et nach ëmmer grouss Incertitudë ginn, och bei de Liwwerunge vun Impfmaterial.\nEsou huet Pfizer eis gëschter matgedeelt, dass d'Liwwerung vun der nächster Woch och gekierzt wäert ginn.\nJohnson huet eis matgedeelt, dass d'Europäesch Unioun net déi versprache 55 Milliounen Dosisse fir dat 2. Trimester geliwwert kritt.\nD'Liwwerungen an der EU leien elo an enger Fourchette tëschent 18 a 34 Milliounen, aplaz déi 55 Milliounen, déi do versprach gi waren.\nFir den Ament gesäit d'Situatioun bei de previsionelle Liwwerunge fir d'Period vun haut bis Enn Juni folgendermoossen aus:\nMir missten normalerweis nach 132.210 Dosisse "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_7_1689940231.wav", "transcription": " vu Pfizer kréien.\nMir misste bis den 20. Juni 30.200 Dosisse vun AstraZeneca kréien.\nA mir misste bis de 15. Juli nach 36.000 Dosissen och vu Moderna kréien.\nVun Johnson, wësse mir net wat kënnt.\nAn dës Liwwerungen, déi elo nach misste kommen, wäerten eis erlaben eng 99.000 Leit kënnen ze impfen.\nAn... do feelen awer nach bis Juli och d'Dosissen, oder bis Enn Juni, d'Dosissen nach vun AstraZeneca an Johnson.\nDat heescht, mir kéinte bis Ufank Juli ronn 310.000 Leit geimpft hunn.\nWat Schued ass, ass dass, mat deene Moins-Value fir Lëtzebuerg, esou am Juni eng Moins-Value tëschent 29.000 an 53.000 Dosissen hunn.\nDat heescht, dass mir konkret bal tëschent 50.000 - 55.000 Leit manner kënnen impfen, wéi dat wat virgesinn och war"} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_8_1689940231.wav", "transcription": ", an dass déi manner an deene 4 Woche kënne geimpft ginn.\nBis elo, dir wësst jo och dass mir déi Doses résiduelles jo gemaach hunn, wou mir jo och wossten, dass wa méi geimpft géif ginn, och méi Doses résiduelles kéinten iwwereg bleiwen.\nMir sinn am Moment vun haut op en Total vun 145 Leit, déi och konnten invitéiert gi bei den Doses résiduelles.\nVun der AstraZeneca fräiwëlleger Lëscht hate mir jo eng ronn 34.000 Leit, déi sech gemellt hunn.\nEt bleiwen am Moment nach ongeféier 4.500 Leit z'invitéieren.\nDat heescht, mir sinn do och gutt weiderkomm.\nMir sinn also, a mir kënnen dee Constat maachen, dass mir allgemeng gutt stinn an dass mir och...dat wéinst den Impfungen, dat wéinst dem Behuelen, mee awer och saisonal bedéngt...\nEch kann Iech net soen, wéi et am Hierscht oder am Wanter wäert lafen, mee am Moment gesi mir op jiddwer Fall, "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_9_1689940231.wav", "transcription": " dass mir positiv Entwécklungen hunn.\nMee dee falschste Message, dee mir haut kéinte ginn, ass: d'Kris ass fäerdeg, et gëtt kee Corona méi a mir sinn aus der Situatioun eraus.\nDat wier dee falschste Message, deen een haut kéint soen.\nDir gesitt dass, wann een de Globus vun der Welt kuckt, op verschidde Plazen op der Welt nees esou guer Couvre-feuë kommen, also net nëmme Couvre-feuen, mee Lockdowne kommen, op der anerer Säit vum Globus.\nDir gesitt dass a Groussbritannien sech ee Suerge mécht, och iwwert d'Zukunft, wéi et mat de Varianten och weidergeet.\nDofir sinn am Fong nach vill Inconnuen haut vu verschidde Varianten.\nAn awer och nach verschidde Leit nach net vaccinéiert gi sinn an awer och e komplizéierte Verlaf gëtt vun der Krankheet, net nëmme bei eelere Leit, mee och bei méi jonke Leit, och bei Leit ouni Virerkrankungen.\nDe Message: d'Kris ass net fäerdeg, a wa mir wëllen aus der Kris erauskommen, ass d'Impfung am Moment de Wee fir erauszekommen.\nEt ass awer"} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_10_1689940231.wav", "transcription": "an ech menge legitim, et ass normal an et ass méiglech mat där Situatioun, déi mir hunn, mat deenen Zuelen, déi mir hunn,...\nDir wësst jo dass déi 1. Prioritéit, déi d'Regierung sech ginn hat, keng Iwwerlaaschtunge vun de Capacitéiten an de Spideeler.\nFir eis wor et ëmmer wichteg, dass d'Soine kënne prodiguéiert ginn.\nMir hunn dat fäerdeg bruecht - also ech paken Holz un an ech hoffen dass dat och esou weidergeet -, dass ee wierklech keng Iwwerlaaschtung hat, mir hunn esouguer Leit aus dem Ausland matbruecht.\nAn ech wor jo gëschter zu Paräis, wou ech och rappelléiert kritt hunn, dass mir 11 Patienten am Ganzen aus Frankräich och geholl hunn, wat och Solidaritéit beweist.\nMir hunn dofir de Moien am Regierungsrot och eng Rëtsch vu Prinzippie festgehalen, déi och e Freideg an engem Text ugeholl ginn, wou den nächste Regierungsrot ass.\nMir hunn elo just d'Chamber och informéiert iwwert déi verschidden Dispositiounen, déi mir géifen huelen.\nEt geet dorëms wierklech a ganz ganz ville Beräicher méi Normalitéit ze fannen am Alldag, am Liewen, an Interaktiounen, an et gi verschidden Haaptpunkten.\nAn erlaabt mir déi ganz kuerz ze resuméieren."} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_11_1689940231.wav", "transcription": "Fir d'éischt gëtt de Couvre-feu ganz opgehuewen. Deen ass dann nom 12. Juni net méi Realitéit hei zu Lëtzebuerg.\nAn elo, fir ganz ze resuméieren, wéi d'Madamm Gesondheetsministesch mir eng Kéier gesot huet: 10 gëtt déi nei 4.\nDat heescht, dass do wou och virdru 4 war, ass elo 10. Dat heescht am Privaten, geet d'Zuel, déi am Moment jo op 4 limitéiert war och op 10 erop.\nAn ausser et wier nees en Haushalt, dee méi wéi 10 Leit huet, dat heescht dass deen och dann do zesumme géif zielen.\nAm Horeca, wa mir scho vun den Zäite schwätzen, an ech hunn elo just vum Couvre-feu geschwat, sinn och keng Spärstonnen no 22:00 Auer.\nDir wësst jo, dass déi och bis elo Realitéit war, dass um 22:00 Auer d'Restauranten zougemaach hunn.\nDat heescht, déi maachen normalerweis um 01:00, da wéi déi normal Zäit ass, och dann zou.\nAn dann, déi aner Etablissementer, dann, et hänkt eben of wéi eng Autorisatiounen se hunn.\nDéi nei 10"} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_12_1689940231.wav", "transcription": "Geimpft oder Getest\".\nTatsächlech, ass de CovidCheck.... huet ee QR-Code.\nDee QR-Code gëtt vun deem Contrôleur dann ebe verifiéiert, deen dann eng gréng Luucht kritt, wann en an der Rei ass, oder eng rout Luucht kritt, wann en net an der Rei ass.\nAn dee QR-Code gëtt da gescannt.\nWéi eng Certificate gëlle fir de CovidCheck?\nD'Madamm Gesondheetsministesch wäert méi an den Detail och goen, wéi do genau d'Reegelung ass.\nMee et ass eng Kéier, getest, dat ass de PCR, deen et jo elo schonn am Moment gëtt, dee jo 72 Stonnen och gülteg ass.\nMee Nouveautéit, wat mir och de Moien decidéiert hunn, dat ass eben och déi Schnelltester, oder déi Autotester, déi och gemaach ginn.\nA bei de Schnelltester, Autotester, déi certifiéiert sinn, certifiéiert sinn, wou am Moment den Delai jo op 24 Stonne war, gëtt verlängert op 48 Stonnen, wat och eng Nouveautéit och ass, op jiddwer Fall hei "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_13_1689940231.wav", "transcription": "fir zu Lëtzebuerg.\nBei \"Geimpft\", do ass et, wann een déi 2. Impfung kritt huet, oder bei Johnson, no engem Delai de carence, mee d'Madamm Gesondheetsministesch wäert dono och méi Erklärungen dozou ginn.\nMee dat heescht, déi Leit déi geimpft sinn, kréien och déi Méiglechkeet am CovidCheck dee grénge QR-Code ze hunn, wat och, mengen ech wichteg ass.\nMee dee grénge Certificat gëtt et net, ausser beim Johnson, no enger Impfung. Et mussen 2 Impfungen och gemaach ginn.\nDa gëtt et bei \"Genesen\" och de QR-Code, dee gréng ass, an do wäert d'Gesondheetsministesch och erklären, wéi dat um europäeschen Niveau an och hei zu Lëtzebuerg dann a Kraaft wäert trieden.\nDe CovidCheck-System trëfft awer net nëmmen - nom 12. Juni fänkt en un - mee trëfft net nëmmen den Horeca-Secteur.\nEt ass wichteg nämlech z'ënnerscheeden: fir deen Eenzelen gëtt et, dat ass déi éischt Saach, keng App.\nEt ass net dass een eng App "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_14_1689940231.wav", "transcription": " huet; et huet een ee QR-Code.\nDe QR-Code kritt Dir jo och an der 2. Impfung vum Dokter, vum Infirmier, kritt Dir jo och ee Pabeier, wou de QR schonn drop ass.\nBei \"Genesen\" a bei den Tester, wäert d'Madamm Gesondheetsministesch erkläre wéi dat och geet.\nAn dat heescht, dee QR-Code ass oder digital um Handy, well dee kritt ee jo och iwwert den MyGuichet.lu, oder iwwert Pabeierversioun, déi een dann och huet.\nEch hunn Iech just vun deenen 10 geschwat. Bei de Rassemblementer ginn et och keng Restriktioune bis 10 Leit.\nTëschent 10 a 50 Leit bei Rassemblementer, zielt déi 2-Meter-Distanz, an d'Mask.\nAusser de CovidCheck-Certificat.\nDe CovidCheck ass nees eng Kéier... erlaabt Dispensen ze hunn vun deene Mesurë vun 2 Meter oder vun de Masken.\nBei 51 bis 300 Leit, dat heescht do gëtt och nees eng Ouverture gemaach, dass ee ka bis 300 Leit eppes zelebréieren.\nEch denken un Hochzäiten. Ech denken u "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_15_1689940231.wav", "transcription": "déi eng vun deenen 3 Konditiounen erfëllen, brauch een net déi 2 Meter, et brauch een net Mask an et brauch een och net ze sëtzen.\nDat heescht och, wann ech Iech dat elo soen, dass ab dem 13. Juni zu Lëtzebuerg och een neien - net eppes Neies opgeet, mee eppes wat elo zou ass, nees opgeet -, dat ass och d'Nuetsliewen, wou et dann d'Méiglechkeet gëtt duerch de CovidCheck och nees en Depart am Nuetsliewen ze hunn, mat där Limitt vun deenen 300 Leit an net driwwer.\nDa gëtt et nach eng Méiglechkeet fir iwwert 300 Leit Evenementer kënnen z'organiséieren, mee dat si Konzepter, déi dann och musse validéiert ginn duerch d'Santé.\nAm Sport: bis 10, och keng Restriktioun.\nIwwert 10 Leit, ass et entweder 2 Meter, oder Mask, oder de CovidCheck.\nAn dat muss dann och der Santé notifiéiert ginn. De Prinzip vum CovidCheck: do gëtt d'Santé och informéiert, well et gi Kontrolle gemaach.\nEt geet net duer dass mir ee CovidCheck maachen. Et ginn och Kontrolle gemaach.\nDat heescht, deen dee wëll mam CovidCheck "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_16_1689940231.wav", "transcription": " kënnen derogéieren, zum generelle Prinzip, muss dat dann och der Santé notifiéieren.\nSportveranstaltunge bis 300, ass wéi bei de Rassemblementer, also 2 Meter, plus Distanz, plus am Sëtzen, ausser och de CovidCheck gëtt hei gemaach.\nWat och mat engem Concept sanitaire erlaabt ass, ass dass ee bis op 2.000 kann och bei Manifestatiounen, do, Spectateuren och empfänken.\nOch an der Kultur, déi selwecht Reegelen, déi och zielen. Dat heescht, mam CovidCheck, dass een do och nei Ouverturë ka kréien.\nBeim Commerce, do sinn... déi Reegel vun 1 Persoun pro 10 Meterkaree gëtt ofgeschaaft.\nBannen am Commerce bleift d'Mask och obligatoresch. Och an de Grande-surfacen, awer de Verbuet fir z'iessen...\nWa mir d'Restauranten och bannen ophunn, an do ësst och net jiddweree mateneen, mee do ass och d'Erlabnis da nees fir kënnen dobannen och z'iessen.\nMee, wann een op Plazen ass, déi zou sinn, dat ass am Commerce, dat ass och am ëffentlechen "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_17_1689940231.wav", "transcription": "Transport, ass d'Mask nach ëmmer obligatoresch.\nMir sinn eis och bewosst, dass et am Moment eng Kategorie vu Leit gëtt, déi nach keng Méiglechkeet haten, fir geimpft ze ginn.\nMir hunn... Fakultativ kann een ab 30 Joer geimpft ginn a bis 55, z. B. mam AstraZeneca.\nEch hunn Iech virdru gesot, dass ee bis 39... 39,5, et ass, ech mengen tëschent 42-43 an 39,5 deen elo erausgeet, oder déi nächst Deeg erausgeet, dat heescht dass mir weider erofginn.\nMir wëllen och fir déi Leit, déi tëschent 6 Joer, an dat ass eben och ganz oft international eng Obligatioun, fir kënnen... dass een da muss en Test hunn.\nDass et och d'Méiglechkeet gëtt, dass all Persoun tëschent 6 an 30 Joer e Bong kritt, fir am Large Scale Testing och kënne gratis getest ze ginn.\nMir wëssen, dass déi nächst Wochen a Méint, déi sinn, wou och vill Leit wäerten sech deplacéieren, wou vill Leit kënne profitéieren, am Fong, vun der Impfung,\net awer eng Kategorie vu Leit gëtt, déi nach net konnte geimpft ginn.\nA mir mengen, dass et och wichteg ass, un déi "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_18_1689940231.wav", "transcription": "ze denken, an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, net nach mussen de Surcoût vun engem Covid-Test kënne ze maachen,\nvis-à-vis vun anere Leit, déi en dann eben duerch d'Impfung gratis hunn.\nMir hunn nach niewent all deene Punkten zum Covid, well et indirekt och mam Covid liéiert ass, d'Verlängerung vun den Aide vun de Classes moyennes decidéiert.\nDe Regierungsrot huet och decidéiert, dass 2 Aideregimmer an de Classes moyennes ëm 4 Méint, dat heescht bis Oktober 2021, verlängert ginn.\nDat ass d'Aide Coûts non couverts an d'Aide de relance.\nMir sinn hei an enger klorer Logik vun engem Phasing out, d. h., et sinn nëmmen nach déi weiderhi staark vun der Pandemie touchéiert Secteuren, déi och eligibel sinn,\ndat ass virun allem de Secteur an der Horeca an och de Secteur vum Evenementiel, well déi fänken elo un, awer nach mat Limitatiounen, déi och festgehale gi sinn.\nAn och d'Intensitéit vun den Aiden gëtt no ënnen ugepasst, dat wéi gesot an enger Logik vu Phasing Out, fir dass deene betraffene Betriber de Wee an eng Normalitéit "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_19_1689940231.wav", "transcription": "De Choix, och vun engem Etablissement, dass en, wann en der Meenung ass \"Ech wëll léiwer mat 4 ouni Test\", dass dat säi Choix ass.\nWann e wëll aner... dass en do de CovidCheck-System selbstverständlech kann och féieren. Et ass wichteg, dass de Client och Vertrauen huet op där Plaz, wou e geet.\nEch hunn Iech virdrun och gesot, well dat eng grouss Ännerung ass, och dass de Minister Delles mat der Horesca schonn do eng Diskussioun hat,\nan eben och elo déi nächst Deeg gebrauch ginn, fir ebe mat hinnen ze kucken, wéi d'Visibilitéit vun där Saach och an enger Vitrinn...\nWell et ka jo och méiglech sinn, dass e Restaurant z. B. Mëttes, wou een nëmmen eng Stonn Paus huet, fir kënne ee Menu du jour ze hunn, z. B. decidéiert 4 Leit ze maachen, well ee mam Test soss eng Véierelsstonn verléiert, mee dass een dann z. B. Owes seet, Owes kann ee méi grouss Dëscher maachen, an dann awer mam CovidCheck dat da muss maachen.\nEt ass fir eis wichteg, dass de Message och duerchkënnt, dass getest, genesen a geimpft net kumulativ sinn.\nEt ass dat "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_20_1689940231.wav", "transcription": "eent oder et ass dat anert.\nEt ass kee verflicht an deem Land, et gëtt keng Obligation de vaccination an dësem Land.\nEt ass awer deen einfachste System, am Fong, fir dee grénge QR-Code kënnen ze kréien, mee et ginn Alternativen.\nDéi Alternativen hu mir och elo virdru vum Antigene-Test op 48 Stonnen, dat heescht, facilitéiert fir d'Alternativen.\nMir sinn och weider an den Diskussiounen, an d'Gesondheetsministesch hat gëschter nach och ee Rendez-vous mat hiren europäeschen Kolleegen, fir dass wierklech och d'Summervakanz reiwungslos sollt verlafen, fir dass eise CovidCheck och dat gëtt, wat mat de Nopeschlänner an och mat den aneren europäesche Länner, am Fong, pardon, mee déi nächst Normalitéit fir déi nächst Méint wäert och sinn, fir eben déi Ouverturen och kënnen ze garantéieren.\nWell déi Garantië sinn och Garantië fir déi aner.\nEt ass eng Garantie fir Iech, mee et ass och eng Garantie fir déi Aner....\nAn dës Schrëtter, "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_21_1689940231.wav", "transcription": "Madamm Gesondheetsministesch \nMerci!\nGudde Mëtteg alleguerten!\nMir sinn natierlech frou haut kënnen déi dote Matdeelungen ze maachen.\nDen Defi, dee mir eis ginn haten, war ofzewaarden ob d'Situatioun wierklech an deem Trend bleift, dee sech ugezeechent huet iwwert déi lescht Wochen.\nDat ass kloer de Fall. Ech mengen d'Zuele schwätze fir sech. Mir hu wierklech réckleefeg Infektiounszuelen.\nMir hunn... dat bestätegt sech duerch en \"R\"-Wäert, deen ënner 0 ass, schonn iwwert e puer Wochen; dat weist wierklech, dass mir zerécklafen.\nMir hunn en Taux de positivité, dee ganz niddereg ass mëttlerweil.\nA virun allem, an dat ass dat Wichtegst, mir gesinn och eng Réckleefegkeet um Niveau vun de Spideeler.\nDat huet e bësselche gebraucht, éier een et erkannt huet, mee et ass awer entre-temps kloer: mir hu manner Admissiounen.\nEt gesäit een, d'Zuele gi wierklech erof, och op den Intensivbetter, an dat ass am Fong geholl déi Situatioun, déi mir gären hätten fir wierklech kënnen dann nei Schrëtt ze goen.\nMir sinn, wéi ëmmer, beméit am Fong geholl e Maximum u Fräiheet ze ginn, och wierklech all Moyennen anzesetzen, déi nei zur Verfügung stinn.\nDat wäerten déi nei "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_22_1689940231.wav", "transcription": "CovidCheck sinn, déi mir kënne maachen, an och breet an den Asaz bréngen.\nSou wäit wéi méiglech Fräiheeten, an trotzdeem awer kucken, dass mir e minimum u Garantien hunn.\nDo si mir nach wie vor op Jiddwereen ugewisen, et gëtt kee System, dee sech selwer dréit.\nDat Ganzt steet a fält domadder dass d'Leit matmaachen, dass si déi puer Restriktiounen déi bleiwen, déi Obligatiounen, déi se hunn, wierklech och respektéieren.\nMir wäerten net kënnen niewent all Restaurant, niewent all Stull ee Polizist setzen, dat heescht, et baut ganz vill och op Vertrauen op.\nMir hunn hei eng Rei Mechanismen, déi mir spille doen an dëser dach nach kritescher Zäit, et däerf een et net vergiessen.\nD'Pandemie ass net eriwwer. Si ass nach ëmmer do. Wa mir international Nouvellë kucken, gëtt een och ganz uerg domat konfrontéiert.\nMir hunn d'Chance, dass et hei stabel ass, réckleefeg ass och, mee d'Pandemie ass nach net eriwwer an dee grousse \"Fragezeichen\", et ass nach ëmmer ee Bémol an dëser Situatioun, an dat ass zu dësem Zäitpunkt wierklech déi indesch Variant.\nDir wësst, dass déi ufänkt méi zouzehuelen a verschiddene Länner, och bei eis.\nDat wat kloer ass, ass dass se "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_23_1689940231.wav", "transcription": "méi schnell ass, alt erëm eng Kéier; et ass méi eng schnell Variant.\nOb se elo méi pathogene ass, méi schlëmm am Krankheetsverlaf, dat weess een haut nach net.\nAn dat ass eben dat Fragezeichen, wat mir hunn. Dat muss een nach observéieren iwwert déi nächst Wochen.\nDo gëtt een ebe wéi ëmmer vu Woch zu Woch e bësselche méi do ronderëm gewuer.\nMee et ass eppes, wann ech elo misst resuméieren, wou läit eis grouss Suerg, dann ass et dat: wat reservéiert eis déi indesch Variant?\nSe ass méi schnell, an aller Logik misst se dann och lues a lues dominant ginn, a mir wëssen nach net zu 100% wat se eis reservéiert.\nDofir eben nach Virsiichtsmoossnamen zu dësem Zäitpunkt, an dach awer ganz vill nei Fräiheeten.\nMir hunn d'Ambitioun elo wierklech e Modell ze lancéieren, deen erëm eng Kéier seng Eegenaart huet, an d'Hoffnung ass, dass sech no engem Mount erausstellt, dass dat alles esou klappt, wéi mir eis et erwaarden.\nDat wier dann de Go fir iwwert de Summer och wierklech rassuréiert ze sinn.\nGanz villes huet mat deem neie CovidCheck eben ze dinn, deen och op europäeschem Plang ugestrieft ass.\nDat Reglement wat dat virgesäit, dass een do eng gewëssen Unerkennung huet tëschent de Länner, "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_24_1689940231.wav", "transcription": "wäert mam 1. Juli a Kraaft trieden.\nDono ass en Delai nach, deen d'Länner hu fir et ëmzesetzen.\nMir hunn d'Ambitioun éischter prett ze sinn...\nWéi et ausgesäit, misste mir dat hikréien fir d'Akraafttriede vun deem nächste Gesetz.\nAn ech géif villäicht eng Kéier just vun der Geleeënheet profitéieren, well ganz vill Diskussiounen am Detail ronderëm déi Certificate sinn.\nDo sinn och nach bis gëschter Moien nach Gespréicher gelaf fir sech sou wäit wéi méiglech wierklech z'alignéieren op europäeschem Plang.\nD'Grondiddi ass déi, dass een en Certificat kritt a verschiddene Fäll, eben dee fälschungssécher ass; dat ass ganz wichteg!\nMir schwätzen hei mat Schrëftstécker, déi eng gewësse Sécherheet solle ginn an dann ass eent vun den éischten Ziler, dass een e standardiséiert Dokument huet, wat eng gewësse Sécherheet huet, wat ee QR-Code huet, dee net kann einfach gefälscht ka ginn.\nDat ass eng grouss Suerg am Moment. Dat Ganzt steet a fält och mat der Éierlechkeet vun de Leit, dass se sech wierklech un d'Reegelen halen an net fuddelen.\nDat misst méi einfach ginn, wa mir wierklech mat deenen neie Certificate schaffen, déi ee gesécherte "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_25_1689940231.wav", "transcription": "QR-Code hunn.\nDann huet dee Certificat eng Rei standardiséiert Informatiounen, déi een huet, déi liesbar sinn an den eenzele Länner.\nA minimal Standarde musse garantéiert ginn, wa mir déi Interoperabilitéit, dat heescht, dass wann ech iwwert d'Grenz ginn,\nwann ech mäi Certificat och do wëll benotzen an unerkannt kréien, da musse mir eng Rei minimal Garantie setzen.\nAn déi hu mir elo wäitgoend hei, proposéiere mir déi elo schonn hei bei eis afléissen ze loossen.\nMir hunn... wa mir ufänken: wat versteet een drënner, wann ech geimpft sinn?\nEe Certificat dass ech geimpft sinn, brauch ech éischtens net unzefroen, dee wäert Dir automatesch kréien iwwert d'Direction de la Santé.\nMir hunn déi Donnéeë jo, an d'Leit wäerten dat dann och kréien.\nDat ass ee Certificat, deen een entweder op Pabeier huet oder digital. Op MyGuichet a sengem Espace personnel, wäert deen ofgeluecht ginn.\nDo ass, wéi schonn erkläert ginn ass, ee QR-Code drop, deen da kann vun deem dee kontrolléiert, do wou ech higinn, ofgelies ginn an deementspriechend agestuuft "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_26_1689940231.wav", "transcription": "ginn.\nWéi eng Vaccine kommen do a Fro?\nDo ass de minimale Standard, dee virgesinn ass am Reglement, ass dass mir déi Vaccine consideréieren, déi vun der EMA zougelooss sinn, vun der europäescher Medikamentenagence.\nDonieft kann een och nach aner Vaccinen unerkennen, dat ass eng Lëscht, déi vun der WHO provisoresch festgehale ginn ass.\nEt kann een eventuell och Vaccinen unerkennen, déi vun anere Memberstaate bei sech reng national zougelooss gi sinn.\nAn et kann een och bilateral Accorde fanne mat anere, mat Drëttstaaten, zum Beispill.\nDo wor Stand gëschter nach keng gemeinsam Linn wierklech erkenntlech op europäeschem Plang, sou dass mir, à ce stade, proposéieren,\nde Certificat, den Impf-Certificat ze beschränken op déi Vaccinen, déi vun der europäescher Medikamentenagence zougelooss sinn.\nDat sinn och déi, déi mir hei am Ëmgang hunn, an am Asaz hunn.\nDann... kënnt d'Fro: wéini gëllt een als geimpft?\nDo ass e grousse Konsens, dee sech weist, dass ee seet, et ass ee "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_27_1689940231.wav", "transcription": "geimpft...\nMir ënnerscheeden 2 Situatiounen:\nDat eent ass: wann et en Impfstoff ass, deen 2 Mol verofreecht gëtt, dann ass et am Prinzip um Datum vun der 2. Impfung. Ab deem Dag selwer gëllt een als geimpft.\nAss et awer elo een Impfstoff wou ee just eng Dosis kritt, wéi den Johnson am Moment, da kënnt nach en Delai de carence drop.\nDat heescht, do rechent een nach eng Kéier 14 Deeg dobäi, well de Kierper eng Zäit brauch, éier en ufänkt op deen Impfstoff ze reagéieren.\nDat heescht, bei 1 Dosis, wann ech den Impfstoff kréien, wou just 1 Dosis ass, da gëllen ech als geimpft 14 Deeg no där Impfung.\nWann et een ass, deen 2 Dosisse verlaangt, dann ass et ab dem Dag wou ech déi 2. kritt hunn, direkt gëllen ech als geimpft.\nAn da kënnt nei dobäi, dat ass eng nei Kategorie, wou een och als geimpft gëllt.\nDéi hate mir bis dato nach net hei am Land. Eng Rei Memberstaaten hunn dat schonn a mir wäerten eis do och drop alignéieren.\nDat ass an deem Fall, wou ech schonn eng Kéier Covid hat bannent deene leschte 6 Méint, also ee positive PCR-Test hat, da sinn ech no 1 Impfung scho fäerdeg geimpft.\nDat heescht, "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_28_1689940231.wav", "transcription": "et ass een neie Cas de figure vu kompletter Impfung, fir Leit, déi, zeréckgekuckt, an deene leschte 6 Méint positiv waren iwwert ee PCR-Test,\nnet e Schnelltest, iwwert ee PCR-Test! Déi sinn ab der 1. Impfung... gëllen se als geimpft,\nplus awer erëm eng Kéier deen Delai vu 14 Deeg, vu que dass et jo da just 1 Impfung ass, déi gi gëtt.\n't ass keng 2. Impfung, dat heescht mir sinn an der Hypothees vun 1 Sprëtz, an do kënnt da nach eng Kéier déi 14 Deeg dobäi.\nDat ass eppes wat mir elo och wäerte selwer ausstellen. Mir hunn déi Donnéeën alleguerten.\nEt ass elo eis Erausfuerderung dat beieneen ze brénge fir deene Leit déi concernéiert sinn um Moment vun der Entrée en vigueur vum Gesetz, fir hinnen och wierklech de Certificat dann zoukommen ze loossen.\nDann deen 3. Certificat, dat ass: wéini sinn ech geheelt?\nDat ass deen \"Geheelt\". Dat heescht, ech hat eng Kéier schonn de Covid, an ech ginn dovunner aus, dass ech eng Immunitéit opgebaut hunn.\nDo gëtt et iwwert de Reglement ee relativ klore "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_29_1689940231.wav", "transcription": "Mindeststandard, an 't ass och deen, dee mir proposéieren hei unzehuelen.\nDo si mir u sech dann och direkt konform mat deem wat gefuerdert ass.\nEch gëllen als geheelt, do ass och erëm eng Kéier: de Point de départ ass ee positive PCR-Test.\nDann ass een 11 Deeg dono, ab 11 Deeg dono ass ee consideréiert dass ee geheelt ass. An dat gëllt da fir 6 Méint à partir vum PCR-Test.\nDat heescht, de Point de départ ass de positive PCR-Test. Ab dem 11. Dag gëllen ech als geheelt.\nAn dat Ganzt gëllt 180 Deeg, also am Fong geholl 6 Méint ab dem PCR-Test.\nDat ass de Maximum, deen ee kann huelen, à ce stade, um Niveau vum Reglement, fir eben herno déi Unerkennung ze hunn, an 't ass och dat, wat wäert gëllen.\nDo ass et esou, dass een och dat wäert automatesch kréien. Et ass jo gekoppelt un de PCR-Test, kënne mir also och automatesch ausstellen.\nDeemno dierft dat keng gréisser Suerg sinn.\nDa kënnt den Test. Den Test-Certificat. Do sinn nach ganz vill Diskussiounen."} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_30_1689940231.wav", "transcription": "Länner erkennen e Schnelltest nach net un. Mir hunn déi Optioun, mir hunn dat jo och elo schonn.\nWat d'Duree ugeet, also als \"getest\" gëllt een an 2 Cas de figuren:\nDat éischt ass, wann ech ee PCR-Test hunn. Deen ass dann 72 Stonne gülteg. Dat hu mir och haut schonn.\nFir de Schnelltest, dee certifiéierte Schnelltest, sinn et neierdéngs dann 48 Stonnen.\nDo si vill Diskussioune gewiescht, dat war och ee vun deene Punkten, wou vill Diskussiounen tëscht dem Europaparlament an der Kommissioun waren, wou vum Parlament ënnert anerem ebe 24 Stonnen ugestrieft war. Dat ass dat wat mir och bis elo haten.\nEt ass awer gëschter dunn eng Recommandatioun komm vu Säite vun der Kommissioun, dass een sech soll an Europa op déi 48 alignéieren.\nWéi gesot, vill Diskussiounen.\nMir hunn d'Decisioun och elo geholl, dass mir eis da wäerten alignéieren op 48, dass mir do op alle Fall deem Opruff gerecht ginn, dee gëscht gemaach ginn ass.\nD'Länner sinn awer fräi fir dat bei sech anzestufen, wéi si dat fir richteg fannen.\nDat heescht, de Certificat, "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_31_1689940231.wav", "transcription": "dass ech getest sinn, deen drëtten \"G\":\nPCR, deen dann 72 Stonne gülteg ass, oder e certifiéierte Schnelltest, deen 48 Stonne wäert gülteg sinn.\nDat ass dat wat mir haut scho kennen, dee certifiéierte Schnelltest, deen eben am Moment just nach 24 Stonne gülteg ass.\nEt kënnt eng Nuance dobäi, dat ass nach eng kleng Couche u Komplikatioun, déi bäi kënnt...\nMir si jo... op nationalem Plang hu mir eis ganz breet opgestallt fir déi Certificatioune vun de Schnelltester, well mir dat wierklech wëlle favoriséieren.\nEt kënnen och Beamte certifiéieren, déi agreéiert sinn vum Direkter vun der Santé.\nDat wäert awer net goe fir d'Interoperabilitéit. Dat heescht, do kënnt eng Zousaz-Prozedur dobäi.\nWann een sech elo spezifesch wéilt sengem Schnelltest-Certificat bedénge fir an d'Ausland, dann ass et méi en enke Krees u Persounen, déi dat kënne certifiéieren.\nMir wäerten awer do am Detail natierlech driwwer kommunizéieren.\nDat mussen opgrond vum Reglement da Professionnels de santé sinn.\n't ass e bësselche méi restriktiv, deen europäesche Kader, sou dass mir do mussen eng extra Demarche en place "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_32_1689940231.wav", "transcription": "setzen, fir dann och do dann esou ee Certificat ze kréien.\nA mir mussen da vun eiser Säit aus sécher stellen, dass dat vun deene Leit certifiéiert ass,\ndéi och unerkannt sinn um Niveau vun deem Reglement, deen da viraussiichtlech fir den 1. Juli wäert a Kraaft trieden.\nWéi kritt een dee Certificat dass ee getest ass?\nBeim PCR och automatesch, beim Schnelltest ass et déi national Prozedur.\nA wéi gesot, du muss een dann eben déi extra Prozedur maache fir en certifiéiert ze kréie mat deem QR-Code drop.\nMee alles dat wäert viraussiichtlech och en place si mat der Entrée en vigueur vun deem nächste Gesetz.\nDonieft – an dofir schwätze mir vun engem \"3G+\" eigentlech, wa mir vun deem CovidCheck schwätzen –, behale mir d'Méiglechkeet bäi, 't ass schonn erwäänt ginn, fir awer nach op der Plaz en Autotest ze maachen.\nSënn an Zweck vum Autotest op der Plaz, ass dass d'Persoun e selwer mécht, mee dass se n e wierklech dann op der Plaz mécht, dass am Fong geholl deen, deen een eraléisst an de Restaurant, sech ka vergewësseren, "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_33_1689940231.wav", "transcription": " dass déi Persoun déi do erakënnt dat och selwer gemaach huet, an dass dat och wierklech negativ ass, éiert se era geet. Et ass eng Méiglechkeet, déi mir wëlle bäibehalen.\nDéi fält awer elo net an de \"Scope\" vun deem europäesche Reglement, dat heescht, dat ass eppes wat mir reng hei op nationalem Terrain kënne weider benotzen, wëssend natierlech dass ëmmer méi Leit wäerten där aner Certificaten hunn, wa se bis geimpft sinn, wa se ee PCR hunn, wa se geheelt sinn...\nDat wäert et méi einfach maachen, mee subsidiaresch bleift ëmmer nach déi Méiglechkeet vun deem Autotest sur place, deen d'Persoun selwer muss maachen, dee Moment wou se do ass, an dee se dann net kann...\n... deen huet keng Durée de validité an deem Sënn, dee kann een net dann Owes nach eng Kéier benotzen fir en anere Restaurant.\nFir elo d'Mechanismen... Et ass scho gesot ginn:\nDoheem, wéi gesot, ass 10 déi nei 4, dat heescht bis zu 10 Gäscht eben ënnert deenen selwechte Rahmebedingunge wéi mir bis elo haten.\nOch do géif ech gär nach eng Kéier rappelléieren: maacht déi Autotester, grad wann Dir doheem op Besuch gitt.\nEt ass "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_34_1689940231.wav", "transcription": "nach wie vor esou, Dir wäert dat erëm am Rapport hebdomadaire gesinn, d'Leit stieche sech an der Reegel doheem un, am Familljekrees, bei de Frënn...\nEt ass also extrem wichteg, dass Dir déi Schnelltester, déi Dir elo wierklech gutt à disposition hutt, iwwert Är Aarbecht, an der Apdikt ze kafen kritt.\nBenotzt se, grad wann Dir privat ënnerwee sidd, wann Dir iesse gitt bei Frënn.\nDo wou keng obligatoresch Reegele sinn, kënne mir nëmmen empfeelen, dass Dir trotzdeem déi Schnelltester maacht, dat kann net schueden.\nEt ass eng Zousazsécherheet an et geet eis letztendlech alleguerten drëm hei schnellstméiglech eraus ze kommen aus där ganzer Pandemie.\nDa fir de ganzen Horeca. Ech mengen et ass gesot ginn: op den Terrassen ass et am Prinzip Dëscher vun 10, ouni speziell Test-Obligatioun.\nAn dann eben de Banne-Regimm: déi nei Alternativ déi mir hunn, wou et entweder ebe bannen Dëscher vu 4 sinn, wéi mir et schonn eng Kéier kannt hunn, zu engem méi fréien Zäitpunkt wärend der Pandemie, mat Dëscher déi eng gewëssen Distanz hunn.\nDat wäert net änneren, dat sinn déi selwecht Bestëmmungen, wéi mir se hei scho kannt hunn, eben Dëscher vu 4 mat 1,5 Meter Distanz, mat Sëtzflicht, "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_35_1689940231.wav", "transcription": "asw.\nOder awer, an dat ass dann de Choix vum Restaurateur, e ka säin Etablissement CovidCheck-Etablissement maachen.\nDa kënnt ee just eran an d'Etablissement, wann een ee vun deenen 3 Certificaten ka virweisen,\noder à l'Entrée dann den Autotest mécht, dee Moment natierlech, en direct, wann een era kënnt.\nDee Moment gëlle bannen da keng Restriktioune méi.\nMee dat ass ee Choix.\nDat bedeit awer natierlech, dass een effektiv ab der Entrée en vigueur vun deem heite Gesetz ee ganz anert Stadbild wäert hunn.\nWann déi doten Optioun geholl gëtt, dann hu mir am Fong geholl erëm ee Fonctionnement bannent dem Restaurant, wéi mir en a ganz normalen Zäiten hunn.\nD'Konditioun ass, dass eben à l'Entrée deen Check ass, dass dat och muss kontrolléiert ginn.\nDofir ass et wichteg, ech weess net ob et erwäänt war, dat ass net genehmegungsflichteg, an deem Sënn, bis zu 300 Leit, well mir et wierklech och wëlle fërderen, mee et muss matgedeelt ginn. Mir kënnen net kontrolléieren, well mir net wësse wou déi Optioune geholl gi sinn.\nDat gëllt souwuel fir "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_36_1689940231.wav", "transcription": "d'Restauranten, wéi och fir Evenementer, wou den Organisateur, och wann en déi doten Optioun hëlt fir säin Evenement, dat natierlech muss iergendwou matdeelen.\nDat wäerte mir am Detail am Gesetz nach festschreiwen.\nMir brauchen eng Basis fir och kënne kontrolléieren ze goen. Essentiel ass dass d'Leit sech dorunner halen.\nWéi gesot, mir kënnen net alles kontrolléieren, mir si kee Polizeistaat an deem Sënn, wou mir iwwerall op all Eck géifen een histellen, deen alles kontrolléiert.\nMee et si Kontrollen, et sinn och Strofen drop. Et ass strofbar wann een eppes fälscht, wann een eppes virtäuscht.\nDat fält an de Beräich vum Strofrecht, an dat muss och kënne kontrolléiert ginn.\nDofir ass effektiv wichteg, dass wann déi Optioun geholl gëtt, dass mir eng Vue hunn, wou se geholl ass, dass een och kann ebe ggf. kontrolléiere goen.\nDa villäicht nach e puer Detailer zu de Rassemblementer. D'generell Reegele si gesot ginn:\nAlso mir hunn eng nei Staffelung: bis zu 10 keng spezifesch Reegelen, ausser d'Empfeelungen natierlech vu Säite vun der Santé am Zweiwelsfall ëmmer sou en Autotest ze maachen; dat kann "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_37_1689940231.wav", "transcription": "ni schueden.\nVun 11 bis 50 dann ass d'Reegel 2 Meter a Mask. Also keng Sëtzflicht. Dat erlaabt bis zu 50 Leit eben am Stoe kënnen zesummenzebréngen.\nVu 50 bis 300 ass et déi klassesch Reegel, wéi mir se haut kennen: bis zu 150, dat heescht do ass de Plaffong verduebelt, ass dann op 2 Meter Distanz sëtze mat Mask.\nDat sinn déi normal Reegelen.\nAls Alternativ huet een do, wéi scho gesot, eben d'Méiglechkeet de CovidCheck ze maachen, dat och da matzedeele fir dass ka kontrolléiert ginn.\nAn dee Moment ass dann d'Evenement wierklech fräi vu Restriktiounen, erëm wéi a ganz normalen Zäiten.\nAm Commerce ass et och scho gesot ginn. Déi eng Restriktiounen, déi ewech falen, dat ass déi Meterkareesbeschränkung an de Grandes-surfacen, déi mir geholl hunn zu engem Zäitpunkt wou d'Situatioun wierklech vill méi alarmant war.\nAn och d'Verbuet vum Iessen an de Garen, bannent vun den Akafszenteren, dat war zu engem Zäitpunkt, wou mir vill méi alertéiert waren wéi dat elo ass.\nDat mécht elo "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_38_1689940231.wav", "transcription": "an deem Sënn net méi... do ass d'Proportionalitéit an eisen Aen net méi gewahrt.\nDann elo villäicht méi spezifesch fir d'Activités musicales. Do hate mir jo e spezifesche Regimm, oder hu mir ee spezifesche Regimm haut.\nOch do bleift e spezifesche Regimm. Haut ass et esou dass bis zu 10 Leit kënnen zesumme Musek maachen, mat enger Distanz vun 2 Meter an am Sëtzen.\nDéi Limitt wäert op 50 geholl ginn. Dat heescht bis zu 50 Leit kënne mat där Distanz vun 2 Meter zesumme Musek maachen.\nAb do gëllt natierlech och dann nees deen normale Prinzip wéi bei all de Rassemblementer.\nWann een dat wëll, da kann een dat Zesummekommen esou organiséieren, dass et mat engem CovidCheck verbonnen ass.\nDat muss da notifiéiert sinn, fir dass ka kontrolléiert ginn.\nAn dee Moment kann ee bis zu 300 Leit eropgoen, an da spille keng Restriktioune méi. Also et ass...\nMat dem CovidCheck ass eng ganz Rei u Fräiheeten natierlech verbonnen, am Géigenzuch musse mir Kenntnis hunn, wou déi Evenementer sinn.\nEt muss ee kënne sécher stellen, virun allem dass d'Entrée kloer ofgedeelt ass"} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_39_1689940231.wav", "transcription": "dass dat propper ofleeft, dass net ka gefuddelt ginn, well dat wier fatal, deemno wéi.\nDann an de Sportsaktivitéiten. An der selwechter Logik och: bis zu 10 Leit kann ee Sport zesumme maachen, ouni weider Restriktiounen.\nOch hei erëm eng Kéier d'Empfeelung: wann dir zu 10 Sport maacht, ass esou een Autotest ni vu Muttwëll.\nDat wat bis elo 4 Leit. Da wann et iwwert 10 Leit erausgeet, kënnt och eng kleng Neierung, déi mir proposéieren.\nAn zwar war dat bis elo... also do war dat 2 Meter Distanz, déi huet missten observéiert ginn, an et war bei den Infrastrukturen eng Meterkarrees-Reegel, 1 op 10 m2.\nOp der Infrastruktur bleift déi Reegel wéi se ass, och an de Piscinnen.\nPar contre gi mir eng Optioun zousätzlech: iwwert 10 Leit, déi Sport zesumme maachen, wär et 2 Meter oder Mask.\nElo kënnt Dir froen, firwat? Mir haten am Fong geholl d'Mask do net méi envisagéiert,\net ass awer esou dass bei den Activités de culture physique, do falen ënnert anerem "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_40_1689940231.wav", "transcription": "Bannespillplazen drënner, sou Hoppszenteren, a sou Saachen, an do ass et ganz schwiereg déi Distanz vun 2 Meter ze respektéieren, an dofir ass do d'Méiglechkeet da vun der Mask als Alternativ zu den 2 Meter.\nAn dann och hei erëm eng Kéier ganz wichteg: och am Sportberäich ass d'Méiglechkeet dat Zesummekommen, deen Evenement, ënnert de CovidCheck ze setzen, wann een dat matdeelt an esou organiséiert, dass wierklech all déi Leit déi deelhuelen, entweder geimpft oder getest oder geheelt sinn, oder sur Place en Autotest gemaach hunn, deen dann negativ ass, da kann dat ouni weider Restriktioune fonktionéieren.\nBei den Duschen, par analogie d'selwecht. Duschen a Vestiairen géifen och op 10 Persounen eropgoen, déi do kënnen am Normalfall zesumme sinn.\nWann et awer elo e CovidCheck-Evenement ass, da géif och déi Restriktioun an aller Logik falen.\nAn dann, 't ass mengen ech vergiess ginn z'erwänen, awer ganz wichteg. Ech weess dass dat d'Leit ganz vill interesséiert:\nWa mir an engem CovidCheck"} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_41_1689940231.wav", "transcription": "Setting sinn, da beweege mir eis jo ouni Restriktiounen, dat heescht mir hu keng Mask méi un, mir kënnen normal danzen a matenee schwätzen,\nda kënne mir selbstverständlech och nees iessen an drénken. Well de Problem beim Iessen an Drénken, bei den Activités de restauration accessoires, war jo dass een eben d'Mask ausgedoen huet an de Geste barrière gebrach huet.\nWa mir op de Geste barrière verzichten, da kann ee selbstverständlech och an esou engem Kontext nees Iessen a Gedrénks hunn, awer just an deem Kontext.\nDat heescht, déi Activités de restauration accessoires, Buvetten am Kloertext, voilà, déi gi just wa mir am CovidCheck-Modus sinn.\nWa mir e normalen Event hunn, ech soen elo, bis 300 Leit, wou een da kann op 2 Meter sëtze mat Mask, do ass dat nach net de Fall, well do ass de Geste barrière jo justement eben deen deen zielt, deen deen d'Sécherheet gëtt, an do wëlle mir net dass d'Leit dann ufänken de Mask auszedoen.\nDann... hat ech mir nach opgeschriwwen...eppes wat mir vergiess haten....\nDu hues et och opgeschriwwen..."} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_42_1689940231.wav", "transcription": "Voilà, jo...! Mir maachen engersäits eng Rei Fräiheeten op. Dir gesitt, dass mir op deem heite Wee wierklech villes méiglech maachen ënnert normalen Ëmstänn.\nDat ass awer zu dësem Zäitpunkt mat engem Risiko verbonnen, well mir dat Fragezeichen hunn op deem indeschen Variant.\nEt ass ee Mount, wou mir wëssen, dass mir ee Risiko hunn.\nAn dofir wëlle mir parallel do verschäerfte Schutzmoossnamen asetzen, wou déi besonnesch vulnerabel Leit sinn.\nDat ass an den Alters- a Fleegeheemer an dat ass an de Spideeler.\nEt ass eng Diskussioun, déi dir kennt, déi ass och an der Chamber scho gefouert ginn, wou mir wäerte wärend deem Mount hei, wou mir wierklech méi Fräiheete ginn, wou mir vill wäerten ausprobéieren, wäerte mir verstäerkt parallel, do wou déi Leit sinn, déi villäicht vun der Immunitéit hir net sou staark sinn, och souguer wa se geimpft sinn, eeler Leit hu villäicht ee manner staarken, oder an der Reegel, ee manner staarken Impfschutz wéi méi jonk Leit, do géife mir dat wat mir am Moment iwwert Ordonnance hunn, nämlech "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_43_1689940231.wav", "transcription": "eng Verflichtung fir sech ze teste wann een erageet, dat wäerte mir an d'Gesetz proposéieren anzeschreiwen.\nDat heescht, d'Visiteuren oder Leit déi punktuell an en Alters- oder Fleegeheem eraginn, déi musse sech testen.\nDat selwecht wäert och fir d'Spideeler gëllen. Villäicht eng Kéier fir et der Rei no ze huelen...\nDe Scope wier engersäits Alters- a Fleegeheemer an och d'Reseaux de soins à domicile, dat heescht, do wou déi eeler a fleegebedierfteg Leit sinn, och Leit aus dem Handicapsecteur, an anersäits, mir sinn an der Logik am Fong, dir wäert et erkennen, vum Cordon sanitaire, an den Etablissements hospitaliers, dat sinn all déi Strukturen, déi ënnert d'Spidolsgesetz falen; an den Etablissements hospitaliers hu mir och, par Definitioun, Leit, déi villäicht vun der Immunitéit hir wierklech geschwächt sinn, déi méi ufälleg sinn,...\nOp deene béide Plazen, wäerte mir hei nei Reegele virgesinn, an zwar eben deen obligatoresche Schnelltest, oder e CovidCheck.\nEt ass am Fong geholl dat selwecht nees eng Kéier.\nEt ass de CovidCheck mat deem 3G+, entweder ee vun deenen 3 Certificate kann "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_44_1689940231.wav", "transcription": "ee virweisen, oder et mécht een de Schnelltest sur place wann een erageet.\nDat ass fir déi Leit, déi op Visitt kommen, déi op Besuch kommen, oder déi punktuell erakommen; dat ka fir Sous-traiten sinn, asw., mir wäerten dat nach detailléieren am Text. Do ass et dee Prinzip.\nAn dann ass et beim Personal, wat do schafft, egal wéi ee Statut, déi am Fong fest zu deem Etablissement gehéieren, och CovidCheck, dat heescht, ee vun deenen 3 Certificaten kënne virweisen oder wéinstens 2 Mol d'Woch den Autotest maachen, awer verflichtend.\nDat ass am Fong geholl eng Verschäerfung vu Reegelen, well mir iergendwou ëmmer en Ausgläich mussen hunn.\nMir akzeptéieren hei e gewëssene Risiko mat där Normalitéit déi mir ginn. De Risiko ass ganz staark tributär vum Seriö vun de Leit.\nEt ass et mat Oplage verbonnen. Et ass extrem wichteg, wa mir dat heite wëllen zu engem Succès maachen, dass mir déi Reegelen eescht huelen.\nHei ass wierklech all Eenzelen Deel vun der Léisung. Et ka nëmme funktionéieren wa jidderee sech drun hält.\nAn dat wat mir eis erwaarden, ass dass dat doten klappt, dass mir gesinn dass et d'Leit motivéiert, dass mir immens vill Normalitéit dofir iwwert de Summer kënne sécheren"} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_45_1689940231.wav", "transcription": "Dat ass am Fong eis Ambitioun, dass mir do mat ganz grousse Schrëtt a Richtung Normalitéit wäerte kënne goen.\nAn dann eise Seeldanz op Zäit... well dat ass et. Mir gesinn, d'Impfung wierkt, an et ass e Seeldanz op Zäit.\nMat all Woch déi vergeet, hu mir méi Leit geimpft, gëtt eis Situatioun méi stabil,\nA mat e bësselche Chance ass deen indesche Variant – deen huet elo een neien Numm kritt, wéi heescht en, den Delta?\nAss et Delta? Oder Gamma? Nee... iergendeen anere Numm huet e kritt... Op alle Fall, deen indesche Variant, wéi en am Moment nach bekannt ass...\nMir wënschen eis, dass deen einfach nëmme méi schnell ass, an d'Leit net och nach méi krank mécht.\nDat wier ee neie Moment, wou mir erëm eng Kéier vläicht missten alles iwwerdenken.\nNach hu mir keng esou Informatioun, déi bestätegt ass, an dat ass dat wat eis elo am Fong geholl ze wënsche bleift, dass dat doten esou klappt, dass mir eis all drun halen, an dass et eis Courage gëtt fir dann dee leschten Deel vun der Streck zesummen ze packen.\nJust nach e puer Prezisiounen.\nDéi éischt ass: bis wéini? Dat heescht, bis de 15. Juli géifen déi Mesuren, déi mir elo hunn, zielen.\nDann "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_46_1689940231.wav", "transcription": "eng 2. Saach ass: mir hunn Iech jo gesot de QR-Code... deen dee kee QR-Code hei zu Lëtzebuerg ka presentéieren:\nBei den Etablissementer besteet nach ëmmer d'Méiglechkeet jo vum Autotest sur place, well et huet net jiddereen eng vun deenen anere Konditounen, dat heescht den Autotest sur place.\nDat selwecht zielt elo fir de CovidCheck.\nMir kréie jo d'Fro gestallt, ganz vill, vu Leit déi reese wëllen.\nDir wësst jo dass national Dispositioune kënne geholl gi vu verschidde Länner.\nVerschidde Länner kënne zum Beispill froen...,\nWann dir fortfuert vu Lëtzebuerg aus, si jo keng Konditiounen, an de CovidCheck, dat gëtt deen, wou Dir dann och ouni Problem kënnt hei op Lëtzebuerg era reesen.\nOuni Problem.\nDe Fait ass awer, et ass méiglech, dass Dir, wou Dir am Land sidd, dass deen awer Konditoune setzt, oder d'Fluchcompagnie, fir dierfen iwwerhaapt am Fliger ze setzen.\nDat heescht, et ass... Wann Dir Luxair flitt, da wësst Dir dass de CovidCheck eng Méiglechkeet ass fir kënnen ze fléien.\nMee wann Dir eng aner Gesellschaft huelt, déi Reegele fir an de Fliger ze klamme kënne vun deene fixéiert ginn.\nAn och "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_47_1689940231.wav", "transcription": "Länner, just fir ze präziséieren, net dass een elo mengt \"wann ech de CovidCheck hu brauch ech iwwerhaapt näischt méi\"...\nEt ass méiglech dass verschidde Länner verschidde Restriktioune ginn, fir iwwerhaapt an de Flughafe oder an de Fliger dierfen ze klammen.\nJust fir dat och ze soen!\nDann, ech hunn Iech virdrun och gesot, dass mir eis bewosst sinn, dass déi 6- bis 30-Järeg jo nach iwwerhaapt keng Chance hate fir geimpft ze ginn an total exclu sinn.\nDat heescht, déi kréien ee Bong, a mat deem Bong, kënne si an d'Laboratoirë goen. Dat heescht, et gëtt ee Bong, deen...\nSi kréien ee Bong, ee Bong kréien se, wou se dann kënnen och dee PCR maachen, deen se, wann si dee brauche fir iergendwou kënnen ze reesen, deen dann och gratis ass an dann am Laboratoire de leur choix deen och kënne maachen.\nDann nach just eng Prezisioun, well mir dat och de Moie diskutéiert hunn.\nAn de Schoulklassen, wäert de Mask weider bleiwen, an der Schoulklass.\nMee am Schoulhaff, wou och am Moment dee Moment ass, wou d'Schüler villäicht dobausse sinn, an och an der frëscher Loft och sinn, wäert keng \"obligation de masque\" méi sinn am Schoulhaff."} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_48_1689940231.wav", "transcription": "Gudde Moien, Tom Haas vum Tageblatt. Déi éischt Fro wier a Bezuch op dee Bong fir Leit tëschent 6 an 30 Joer:\nDat heescht et ass fir eng Kéier an där Zäit bis se geimpft sinn, oder ass dee Bong méifach verwendbar fir ze soen:\nEch gouf elo eng Kéier getest, ech gi mech d'nächst Woch nach eng Kéier teste loossen, fir dat och dauerhaft oprecht ze halen?\n[Xavier Bettel] De But ass... Also am Large Scale Testing sinn och d'Leit jo schonn elo geruff ginn, déi och manner wéi 30 Joer haten. Dat ass schonn deen éischte Facteur.\nDe Fait ass, dass mir awer wëssen, dass déi Leit nach keng Chancen haten sech iwwerhaapt net, och op eng fräiwëlleg Lëscht ze setzen.\nDofir ass geduecht, dass mir an deene nächsten Wochen hinnen d'Méiglechkeet ginn, well mir awer och eis bewosst sinn, dass eng Rëtsch vu Leit an d'Vakanz wëlle fueren,\ndass se e Bong kréien, an, aux dates de leur choix, dass net dass dee bannent 2 Woche muss gemaach ginn, dat heescht dee Bong huet och eng laang Durée de validité, wou se da kënnen och an de Laboratoire goen de leur choix, fir dann och eben e PCR-Test kënnen ze maachen, fir dass se net 50, 60, 80 oder 90 Euro, dat hänkt jo dann ëmmer "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_49_1689940231.wav", "transcription": "of wéi een Test Dir da wëllt maachen, scho musse bezuelen, wou aner Leit d'Méiglechkeet kritt hunn, am Fong, gratis geimpft ze ginn.\nOK. Also eng Kéier, ass et.\nJo.\nOK. Dann d'Fro:\nWann elo déi Lëscht mam AstraZeneca ofgeschafft ass, vun deene Fräiwëllegen, ass dann eng Iwwerleeung do fir se vläicht no ënnen opzemaachen, fir bis 20-Järeger?\nDat sinn Diskussiounen, déi mir d'nächst Woch wäerten och féieren. Ech hunn Iech just virdrun och matgedeelt, dass mir esou vill Incertitudë bei de Liwwerungen hunn, dass ech och Confirmatioun waarden, dës Woch, ob Liwwerunge vun AstraZeneca. Ech hunn do... a bei Johnson, grouss Inconnuen.\nDat si jo déi wou Limitatioun ab 30 och jo festgehale gi sinn. Dat sinn Diskussiounen, déi ech gär d'nächst Woch hunn.\nAn ech brauch Iech jo och net ze verstoppen, dass mir och gären den Avis vun der Commission nationale d'éthique an all deene Saachen och wëllen do an där Diskussioun mat englobéieren.\nAn d'Diskussioun hu mir op d'nächst Woch geluecht, fir do wierklech déi eng an déi aner Etappen, déi an enger Impfstrategie dann och Konsequenzen hunn, kënnen ze tranchéieren.\nOk. Dann eng Fro zum dem CovidCheck. Wann ech...\nEch kennen elo ee "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_50_1689940231.wav", "transcription": "Jo... Ech menge schonn, dat ass normal, dee liest ee mam Fotoapparat an dann huet een eben eng Applikatioun, also deen deen et kontrolléiere muss, huet da seng Applikatioun, déi och normal, also déi gratis ofluedbar ass fir dat dann z'erkennen.\n OK. Dee Cordon sanitaire, wou Dir gesot huet, do ginn d'Reegelen elo nach eng Kéier e bësse méi streng. Geet dat och fir d'häuslech Fleegedéngschter?\njo\nAn dann nach eng Fro elo: mir ginn... Dat hei si jo alles elo Ëffnungen, déi mir e bëssen an d'Weeër leeden. Mir hoffen dass et besser gëtt.\nDoduerch dass mir elo déi Harmoniséierung maachen, déi op engem EU-Level duerch dee CovidCheck geet, si mir dann net och op gewësse Weis op engem Point of no return, falls et erëm méi schlëmm geet, a musse eng europäesch Léisung fannen? Net dass déi eng soen \"Bei eis gëllt de CovidCheck nach\" a mir soen \"Ah nee, dat do dat funktionéiert net méi\".\nDat ass national Kompetenz, et steet schonn am Text dran.\nJo, et sinn 2 Saachen. Dat eent ass... hei ass et wierklech d'Dokument, wat interoperabel ass.\n't ass am Fong geholl een Dokument, wat no enger harmoniséierter Aart a Weis erstallt ass a liesbar ass, wat och Sécherheet gëtt puncto Fälschungen."} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_51_1689940231.wav", "transcription": ""} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_52_1689940231.wav", "transcription": "Also wann alles gutt geet, ass se fir d'Entrée en vigueur do..\nEch paken Holz un.\nDat ass esou wéi et geplangt ass. An d'Dokument braucht Dir net unzefroen, dat kritt Dir automatesch, entweder am Pabeier, wann Dir et gären am Pabeier hätt, oder et gëtt deposéiert op Ärem Espace personnel um Guichet.lu, wou Dir et da kënnt eroflueden wéi aner Dokumenter och, déi Dir do schonn haut drop hutt.\nA wann ech da richteg verstanen hunn: vum 13. un, brauch een och keen Test méi ze maachen, wann een am Ausland war, méi wéi 72 Stonnen, an et kënnt een zeréck an et huet een ee vun deenen 3...\nDat ass richteg, jo. Et sinn déi selwecht Krittären.\nOK. A vu dass d'Tester elo manner ginn, also net d'Tester, pardon, d'Impfunge manner ginn, wéi erhofft, gëtt et eventuell Prioritiséierung, oder bleift dat nach ewech?\nDéi Diskussioun hu mir d'nächst Woch.\n Merci!\nWell et hänkt och of wat mir geliwwert kréien. Et huet kee wäert de Leit eppes ze verspriechen, wa mir näischt geliwwert kréien, dat heescht mir musse ganz genau "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_53_1689940231.wav", "transcription": "Centre informatique generéiert.\nDat heescht, mir hunn déi Date jo zentral bei eis, vun de Leit déi geimpft sinn, och vun den Tester, déi positiv Testresultater gi matgedeelt un d'Santé.\nAlso, wann Dir wëllt, d'Direction de la santé ass d'Autorité sanitaire, déi responsabel ass, a mir maachen dat am Partenariat mam Centre informatique, wéi elo och schonn.\nWéi elo och schonn: den Impf-Certificat, deen Dir kritt, dee gëtt vun hinne generéiert.\nDat heescht, an der Apdikt, wann ech do ee certifiéierten Test maachen...?\nDat leeft iwwert d'Prozedur. Si mussen dat iwwert déi Prozedure maachen, déi bei eis zentraliséiert sinn.\nDa wollt ech nach froen firwat de CovidCheck-System net einfach generaliséiert gëtt, firwat et nach aner Optioune gëtt, ouni de CovidCheck, z. B. an der Gastronomie?\nDat verkomplizéiert jo awer déi ganz Affär e bësselchen. Wier do net méi Harmonie, een eenzege System méi einfach?\nDat heescht?\n Et kënne jo Leit och mat Schnelltester elo, ouni CovidCheck an e Restaurant, wann ech dat richteg verstinn?\nDat ass den 3G+, dee "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_54_1689940231.wav", "transcription": "An et wier Schued, wa mir eis am Fong e Selbstgol géife schéissen, an dono verschidde Fermeturen nees misste maachen.\nDat ass wierklech dat wat mir net wëllen. Mir sinn an enger Phas, an engem Phasing-out vu Mesuren.\nMee... ech... wéi ech virdru gesot hunn, et ginn nach Inconnuen, an et ass penal. Ech wëll just dorun erënneren.\nE \"faux\" ass, wann een ee falscht Dokument presentéiert, et ass e \"faux\", wann ech eppes Aneschtes benotzen, am Numm vun engem Aneren... Ech wëll just dorun erënneren.\nAn do sti streng Sanktiounen drop, an do soll een domadder och oppassen a sech bewosst sinn, wat dat vu Konsequenze ka mat sech bréngen.\nEch hunn eng Fro: beim CovidCheck, wann do de Status vun deem Betraffene sech ännert, also, loosse mir soen, viru 6 Méint erkrankt, an da méi spéit geimpft. Gëtt dat dann all Kéiers adaptéiert?\nEt ass am Fong esou berechent an der Zäit, ab deem Test, huet et eben eng gewësse Gültegkeet, an da verfält dat och.\nJo, da muss een... Bon, do si mir esou vill Méint méi wäit. Wat bis "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_55_1689940231.wav", "transcription": "dohinner ass, musse mir gesinn, da muss ee ggf dann ee neie Release dovunner maachen.\nAm Moment sinn dat do déi Krittären, déi eben och am Reglement festgehale sinn.\nMir wëssen... Ech kann Iech nach haut net soen wat dat elo bedeit iwwert déi 6 Méint eraus. Dat ass elo mol déi kuerz Vue, déi mir drop hunn.\nEng lescht Fro zum Impfstoff AstraZeneca. Gëtt deen nach ëmmer just u Leit iwwert 55 Joer verofreecht, oder gëtt deen och elo normal agesat fir...?\nMir hunn zu Lëtzebuerg... Nee. Mir hunn zu Lëtzebuerg ënner 55 Joer, ass d'Recommandatioun fir net ze benotzen.\nAlso... wor den Text, dee vum CSMI zeréckbehale ginn ass, déi Propose, a mir hu jo zu Lëtzebuerg op fräiwëlleger Basis, tëschent 30 a 55 déi Méiglechkeet ginn.\nA vir d'Zuelen nach eng Kéier just ze soulignéieren, hate mir am Ganzen eng, ech mengen, 34.000 Leit, déi sech gemellt hunn, fir mat AstraZeneca...\n34.000 Leit, déi sech gemellt hunn, an do sinn "} | |
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_56_1689940231.wav", "transcription": "Muss een am Eenzelen kucken.\nMerci!\nDavid Marques fir de Quotidien.\nHutt Dir och de Moien elo schonn driwwer geschwat, wat de Vaccin vun de Kanner ubelaangt, oder ass dat och elo op d'nächst Woch verluecht ginn, wéi Dir et gesot hutt?\n Jo, d'nächst Woch.\nNächst Woch dann, ok. An Dir hutt d'Altersmoyenne vun den Impfunge genannt, mee hutt Dir och den Taux d'adhésion, déi lescht Zuel?\n Also ech ginn Iech souguer den Taux d'adhésion pro Alter, well deen hunn ech och hei matgeholl:\nDen Taux d'adhésion läit am Moment, deen héchsten Taux d'adhésion, dee mir hunn, wor bei de Leit iwwert 80 Joer.\nDo louch e bei 83,7%. Tëschent 75 a 79, bei 82,6%, tëschent 70 a 74 bei 78,9%, bei 65-69 bei 79,1%, bei 60-64 bei 76,5%, bei 55-59 bei 74,5%, a bei 50-54, bei 71,7%.\nDat heescht, e geet erof. E geet erof."} | |