Datasets:
Luxemburgish_Press_Conferences_Gov
/
pressbriefing6
/audio_chunks_1689595027
/transcriptions_1689595027.json
[{"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_0_1689595027.wav", "transcription": "E sch\u00e9inen, gudde M\u00ebtteg, Dir Dammen an Dir H\u00e4ren. D'Paulette Lenert an ech, mir begr\u00e9issen Iech ganz h\u00e4erzlech zu d\u00ebser Pressekonferenz. Eng Pressekonferenz, d\u00e9i och mol er\u00ebm eng K\u00e9ier nees mat Spannung erwaart ginn ass, well eng Schoulrentr\u00e9e virun der Dier steet.\nEng Schoulrentr\u00e9e, wou mer nach e Mol eis mussen op e Neits prepar\u00e9ieren op d\u00e9i sanit\u00e4r Situatioun, op d'Covid-Situatioun a kucken, w\u00e9i mer d'Schoul s\u00e9cher maachen, datt mer gutt gel\u00e9iert kr\u00e9ien, w\u00e9i mer d'Sch\u00fcler proteg\u00e9ieren, d'Enseignant\u00eb proteg\u00e9ieren a kucken, datt iwwer Schoulen de Virus net verbreet g\u00ebtt.\nNatierlech hu mer nach e Mol e R\u00e9ckbl\u00e9ck geholl. E R\u00e9ckbl\u00e9ck op dat leschte Schouljoer, wou mer eis de Motto verschriwwen hunn \"Minimal Chanc\u00eb fir de Virus, Maximal Chanc\u00eb fir d'Bildung\". Mir hunn prob\u00e9iert e Maximum vu Presenzunterrecht ze erm\u00e9iglechen a mir sinn eigentlech houfreg drop, datt mer entg\u00e9int anere L\u00e4nner hei just eng, resp. 2 "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_1_1689595027.wav", "transcription": "Woche wierklech kompletten Homeschooling hu missen decid\u00e9ieren.\nMir hunn och ganz fr\u00e9i e Modell entw\u00e9ckelt fir d'Quarantainen op e Minimum ze reduz\u00e9ieren fir och do er\u00ebm eng K\u00e9ier d'Sch\u00fclerinnen an d'Sch\u00fcler sou laang w\u00e9i m\u00e9iglech an der Schoul k\u00ebnnen ze halen.\nMir haten h\u00e9ich sanit\u00e4r Standarden, d\u00e9i mer defin\u00e9iert hunn an engem Stufeplang, dee mer \u00ebmmer nees adapt\u00e9iert hunn an deen eis d'Piste ginn huet fir nei Decisiounen, noutwenneg Decisiounen ze huelen.\nMir hunn eng minuti\u00e9is alldeeglech Gestioun gemaach vun deene positive F\u00e4ll an a ronder\u00ebm d'Schoulen.\nJo, mir hunn eis mat Sujete befaasst, intensiv befaasst, d\u00e9i eigentlech a kengem aneren Domaine um \"Ordre du jour\" stoungen, w\u00e9i z.B. dat reegelm\u00e9issegt L\u00ebften.\nMir haten awer och vun Ufank un \u00ebmmer gesot, datt mer flexibel w\u00eblle bleiwen, datt mer eis dem Virus w\u00ebllen upassen.\nE Virus, dee mer kennegel\u00e9iert hunn, dee mer haut nach net komplett kennen a wou mer net w\u00ebssen, w\u00e9i et w\u00e4ert \n"}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_2_1689595027.wav", "transcription": "Mir hunn eis och Z\u00e4it geholl iwwert de Summer elo bis Enn August an elo Ufank September fir wierklech nach e Mol d'Situatioun iwwert de Summer z'analys\u00e9iere fir m\u00e9iglechst no un d'Rentr\u00e9e ze komme fir och wierklech der sanit\u00e4rer Situatioun vun der Rentr\u00e9e vum 15. September esou no w\u00e9i m\u00e9iglech ze kommen an ech mengen Dir w\u00ebsst et alleguerten, datt an deene leschte Wochen nach e Mol dat eent an dat anert sech ge\u00e4nnert huet wat d\u00e9i sanit\u00e4r Situatioun ubelaangt an dat war natierlech wichteg, dat mer dat och g\u00e9ifen consider\u00e9ieren. D'Paulette Lenert huet, zesumme mam Premier, g\u00ebschter schonn a kann et och haut op der Pressekonferenz nach eng K\u00e9ier maachen, d\u00e9i Situatioun beschriwwen an d\u00e4r mer momentan sinn.\nD\u00e9i ass awer och gezeechent duerch d'Impfungen. Duerch d'Impfungen vun de Sch\u00fcler, vun den Enseignanten, vun den Elteren, vun de Geschw\u00ebster.\nEch war frou d'lescht Woch konnten och Iech matzedeelen, datt de 15. September 90% vun de Sch\u00fclerinnen a Sch\u00fcler t\u00ebschent 12 \n"}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_3_1689595027.wav", "transcription": "an 18 Joer e kompletten Impfschutz w\u00e4erten hunn.\nPardon, vun den Enseignanten e kompletten Impfschutz w\u00e4erten hunn an iwwer 50%, 55% op de 15. September e kompletten Impfschutz w\u00e4erte vun de Sch\u00fclerinnen an de Sch\u00fcler am Secondaire, also an der Alterskategorie 12-18 Joer.\nAn dat huet s\u00e9cherlech en Impakt och an dat w\u00e4ert s\u00e9cherlech d'Verbreedung vum Virus an der Schoulcommunaut\u00e9it och h\u00ebllefen ofbremsen.\nAn awer op d\u00e4r anerer S\u00e4it, musse mer och w\u00ebssen, dat d\u00e9i Kanner \u00ebnner 12 Joer nach net k\u00ebnne geimpft ginn.\nDatt et Fuerscher g\u00ebtt, d\u00e9i och viraussoen, datt de Covid risk\u00e9iert eng Krankheet vun de Kanner an deene Jonken ze ginn, well d\u00e9i eben keng Immunit\u00e9it nach hunn, sief et duerch Impfung oder well se eng K\u00e9ier positiv waren an och elo gesi mer jo an der Realit\u00e9it, datt d'Inzidenz bei deene jonken Alterskategorien dach awer d\u00e4itlech geklommen ass.\nTrotzdeem g\u00ebtt et "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_4_1689595027.wav", "transcription": "och Grond fir e gew\u00ebssenen, jo e virsiichtegen Optimismus. Mir hunn n\u00e4mlech 2 nei M\u00e9iglechkeeten par Rapport zu der leschter Schoulrentr\u00e9e am September 2020, n\u00e4mlech d\u00e9i nei Instrumenter, d\u00e9i m\u00e9iglech maachen, de Covid nach op eng aner Man\u00e9ier ze bek\u00e4mpfen.\nDat eent, dat si Schnelltester, d\u00e9i mer schonn am Laf vun de leschte M\u00e9int am leschte Schouljoer ganz massiv agesat hunn an dat anert ass awer och d'Impfung.\nDat g\u00ebtt eis nach e Mol eng ganz nei Form vu S\u00e9cherheet an et ass e grousse Schratt och a Richtung vun enger Normalit\u00e9it an de Schoulen, an de Betreiungsstrukturen, bei alle Kanner- a Jugendaktivit\u00e9iten an dofir ass de Message vun d\u00ebser Rentr\u00e9e och ganz kloer: wa mer eis impfen an teste loossen, da k\u00ebnne mer och gr\u00e9isstendeels normal funktion\u00e9ieren an eise Schoulen an an eise Betreiungsstrukturen. Dat g\u00ebllt fir eis alleguerten. Fir d\u00e9i ganz Schoul\n"}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_5_1689595027.wav", "transcription": "3 Ziler hat ech mer eigentlech virgeholl, wat dat sanit\u00e4ert Konzept vun d\u00ebser Rentr\u00e9e ubelaangt.\nAn dat 1., dat ass dee Message, deen ech \u00ebmmer nees kritt hunn, wann ech gefrot hunn wat st\u00e9iert dann am meeschten oder wat sollte mer da wierklech a Fro stellen an de President vun der nationaler Elterevertriedung huet et de Moien och nach e Mol ganz kloer widderholl an eis de selwechten Temoignage gemaach, datt dat op der Agenda bei jidderengem, bei de Sch\u00fcler, bei den Elteren a bei den Enseignanten dach ganz uewe stoung: N\u00e4mlech datt mer Wee\u00ebr solle sichen, datt mer de Mask och nees k\u00e9inten ausdoen.\nEn anere Punkt, datt ass deen, deen eis d'lescht Joer och scho guid\u00e9iert huet, n\u00e4mlech datt mer sou mann w\u00e9i m\u00e9iglech Kuere sollen ausfale loossen, sou vill w\u00e9i m\u00e9iglech Kueren am Presenzunterrecht solle stattfanne loossen a selbstverst\u00e4ndlech dat 3. Zil, dat ass de Schutz vun der ganzer Schoulcommunaut\u00e9it fir och datt mer de Virus aus de Schoulen, aus de Betreiungsstrukturen eraushalen, sou gutt et dach "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_6_1689595027.wav", "transcription": "Ech hunn an deene leschten Deeg, w\u00e9i ech dat \u00ebmmer maache virun \u00c4nnerungen, wat dat sanit\u00e4ert Konzept an de Schoulen ubelaangt, virun enger Rentr\u00e9e och nach e Mol en intensiven Echange gehat mat allen Schoulpartner, mat den Direktiounen, mat de Gewerkschaften, mat den Elteren, an de Sch\u00fclervetrieder an natierlech ginn d'Virstellungen an eenzele Punkten do auserneen an natierlech ass \u00ebmmer fir ze kucken datt d\u00e9i Mesuren, d\u00e9i mer defin\u00e9ieren, datt d\u00e9i och gr\u00e9isstendeels gedroe ginn, verstane ginn, och wann se net \u00ebmmer vu jidderengem dach sou matpropos\u00e9iert goufen an dofir hu mer och d\u00ebs K\u00e9ier nees misse kucken, Br\u00e9cken ze bauen t\u00ebschent ganz \u00ebnnerschiddleche Virstellungen an ech denken datt dat eis awer hei och nach eng K\u00e9ier gelongen ass.\nMir haten an deene leschten Deeg a Wochen, w\u00e9i eigentlech souwisou \u00ebmmer, och en permanenten Austausch mat de Gesondheetsinstanzen, souwuel um politeschen Niveau, um Minist\u00e8re"}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_7_1689595027.wav", "transcription": "hunn natierlech hir sanit\u00e4r Roll erf\u00ebllt, hunn d\u00e9i pedagogesch Aarbecht awer ganz besonnesch och entrav\u00e9iert a beh\u00ebnnert an dofir si mer frou, datt mer elo k\u00ebnne generell dorobber verzichten.\nMee mir w\u00ebssen awer datt se weiderhin och e Mol noutwenneg w\u00e4erte sinn, n\u00e4mlech dann, wann een e Kontakt mam Virus hat. Dann wann een e positive Fall an enger Klass hat, ass et ganz kloer, datt d'Maskeflicht er\u00ebm do ass fir d\u00e9i Klass bis dann och 6 Deeg duerno jidderee getest ginn ass an hoffentlech negativ getest ginn ass.\nSou laang muss een en dann er\u00e9ischt ... nees unhalen an dat heescht et g\u00ebtt keng generell Maskeflicht m\u00e9i, w\u00e4erte mer manner Maske gesinn an de Schoulen, mee awer dann dee Moment, wann e positive Fall ass, da w\u00e4ert awer jiddereen er\u00ebm seng Mask undinn an ech mengen, datt dat, wa mer d'Maske cibl\u00e9iert asetzen, datt dat S\u00ebnn m\u00e9cht, datt dat verstane "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_8_1689595027.wav", "transcription": "D\u00ebse Schr\u00ebtt a Richtung vun der Normalit\u00e9it, dee gi mer an deems mer gl\u00e4ichz\u00e4iteg awer d'Unzuel vun de Schnelltester, d\u00e9i mer an der Schoul maachen upassen, jo, och no uewen upassen.\nAn der Grondschoul ass et esou, do hate mer bis elo 1 Schnelltest, deen an der Woch an der Schoul gemaach ginn ass an ee weideren hu mer nach mat Heem ginn.\nMir maachen der an Zukunft 2 systematesch an der Schoul pro Woch.\nAn am Enseignement secondaire, \ndo ass et esou, datt 1 Mol d'Woch an der Schoul w\u00e4ert getest ginn an och 1 Schnelltest w\u00e4ert mat Heem gi ginn.\nD\u00e9i Tester si fr\u00e4iw\u00eblleg an dat w\u00eblle mer och se fr\u00e4iw\u00eblleg b\u00e4ibehalen.\nOch well mer domadder gutt Erfarungen haten. Iwwer 90% vun den Elteren hunn eis iwwert s\u00e4mtlech Ordre d'enseignement ewech d'Autorisatioun ginn fir hir Kanner ze testen an der Schoul.\nD'Kanner am Fondamental, d\u00e9i Jonk am Lyc\u00e9e"}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_9_1689595027.wav", "transcription": "d'Kanner am Kompetenzzentrum - iwwer 90% sinn domadder och all Woch an der Schoul getest ginn. Dat ass eng grouss Akzeptanz an ech denken datt mer dorobber sollten opbauen.\nD\u00e9i fr\u00e4iw\u00eblleg Akzeptanz vun den Tester nach vill\u00e4icht weider ze st\u00e4erken an net onbed\u00e9ngt op eng Obligatioun mussen iwwer ze goen.\nSou w\u00e9i bei de Masken, wou et jo sou ass, datt wann de Virus present ass, dann ass d'Mask och er\u00ebm m\u00e9i present, ass et awer och beim testen. Do wou de Virus present ass, sinn d'Tester nach e Mol m\u00e9i present, w\u00e9i am alldeegleche Schoulbetrib.\nN\u00e4mlech sou bal de Virus present ass, dann hu mer schonn e klenge Paradigmewiessel hei agebaut fir d\u00e9i n\u00e4chst Rentr\u00e9e an dat ass eigentlech d\u00e9i gr\u00e9issten \u00c4nnerung, d\u00e9i mer vum System hier propos\u00e9ieren, n\u00e4mlech dann, wann de Virus present ass an der Klass, w\u00e4ert den Unterrecht \u00ebnnert de Bedingunge vum 3G stattfannen, esou ... e b\u00ebssen esou, w\u00e9i mer et "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_10_1689595027.wav", "transcription": "fir een Dag oder vill\u00e4icht w\u00e9i an enger Quarant\u00e4n fir eng Woch g\u00e9if Heem gesch\u00e9ckt ginn, nee, e g\u00e9if Woch fir Woch Heem gesch\u00e9ckt ginn, bis en dann entweder sech awer impfen oder teste gelooss h\u00e4tt oder soulaang, d'Situatioun d\u00e9i selwecht nach \u00ebmmer w\u00e4r an do f\u00e4erten ech datt de Sch\u00fclerinnen a Sch\u00fcler hirer \"Obligation scolaire\" net m\u00e9i k\u00ebnnen nokommen, net m\u00e9i duerfen nokommen an dat mir deem Recht op Bildung, dat d'Kanner an d\u00e9i Jonk hei zu L\u00ebtzebuerg awer Verfassungsm\u00e9isseg och, wat hinnen zousteet, datt mer deem net k\u00ebnnen nokommen an et g\u00e9if jo och n\u00ebmme S\u00ebnn maachen, wann de selwechte System och fir all aner Kanner- a Jugendaktivit\u00e9ite g\u00e9ife g\u00ebllen.\nEt g\u00e9if jo kee S\u00ebnn maachen, e Kand, e Sch\u00fcler Moies virun der Schoul \u00ebmzedr\u00e9inen, well en de Best\u00ebmmunge vum CovidCheck net g\u00e9if entspriechen an dat dann awer M\u00ebttes an aneren Aktivit\u00e9ite guer net m\u00e9i ze kucken an do k\u00e9int en dann awer higoen. Dat denken ech g\u00e9if och kee verstoen an doriwwer eraus hu mer "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_11_1689595027.wav", "transcription": "ierklech contraignant Moossnamen zu L\u00ebtzebuerg awer prob\u00e9iert sou w\u00e4it w\u00e9i et geet z'evit\u00e9ieren. Et g\u00ebtt e puer Plazen, wou dann och eng Testflicht m\u00ebttlerweil besteet, wann ech als Visiteur an en Altersheim ginn oder och an d'Spidol ginn, muss ech dat maache mat guddem Grond, well do jo awer eng Usammlung vu wierklech vulnerabele Leit ... vu vulnerabele M\u00ebnschen ass.\nAn der Schoul ass dat awer net de Fall. Dofir hu mer eis eben net fir e generellen CovidCheck-Modell fir d'Schoul decid\u00e9iert, mee d'Iddi vum CovidCheck k\u00ebnnt dann zur Applikatioun, wann de Virus present ass an an deene Klassen ass et dann entweder datt ech muss geimpft sinn oder mech all 48 Stonne muss teste loossen oder geheelt sinn fir dann och k\u00ebnnen normal weider ze funktion\u00e9ieren. Normalit\u00e9it heescht eben hei, datt d'Schoul, an der Grondschoul, am Lyc\u00e9e, och an de Maison-relaise ka weider funktion\u00e9ieren, grad ew\u00e9i an den Kompetenzzenteren. Normalit\u00e9it heescht, datt d'Beruffsliewe "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_12_1689595027.wav", "transcription": "Ee Wuert ... zur Man\u00e9ier, w\u00e9i mer wieder d'Gestioun w\u00ebllen ugoen vun de Schoulen a vum Covid. D\u00e9i gemeinsam Strukturen, d\u00e9i mer am Laf vum leschte Joer geschaf hunn, Sant\u00e9 an \u00c9ducatioun, w\u00e4erte voll bestoe bleiwen.\nAn och do ass d'Zeechen op Kontinuit\u00e9it gestallt. De \"Groupe de pilotage Covid-19 an \u00c9ducatioun\" w\u00e4ert w\u00ebchentlech a wann et muss sinn, wann d'Situatioun et erfuerdert, deeglech d'Verbreedung vum Virus analys\u00e9ieren an der Politik Recommandatiounen \u00ebnnerbreeden dorobber ze reag\u00e9ieren. Ech denken dat eis Reaktivit\u00e9it, datt eis Flexibilit\u00e9it, e wichtegen Trumpf am \u00c4rmel am Kampf g\u00e9int de Virus an de Schoulen an an de Betreiungsstrukture war an d\u00e9i musse mer onbed\u00e9ngt b\u00e4ibehalen an dofir brauche mer e permanenten Austausch, eng permanent Analys an och eng Reaktivit\u00e9it do hannendrun.\nMir k\u00ebnnen zu all Z\u00e4itpunkt och nees punktuell oder generell zer\u00e9ck op Moossname kommen, w\u00e9i ech virdru gesot hunn, d\u00e9i mer aus dem leschte Schouljoer kannt hunn. Mir w\u00ebnschen "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_13_1689595027.wav", "transcription": " eis se net alleguer zer\u00e9ck, mee wann noutwenneg w\u00e4r, g\u00e9ife mer och d\u00e9i Decisiounen do huelen an zesummen och mat der Sant\u00e9 w\u00e4erte mer kucken, d'Sch\u00fcler, d'Enseignanten, d'Elteren, och iwwert d'Impfungen opzekl\u00e4ren an eben och punktuell dann d'M\u00e9iglechkeet ze ginn an der Schoul sech impfen ze loossen, wuelverstanen, dann n\u00ebmmen, wann d'Elteren D'Accord sinn, k\u00ebnnen och Kanner an der Schoul geimpft ginn.\nE weidere Schr\u00ebtt Richtung Normalit\u00e9it g\u00ebtt et och an aneren Aktivit\u00e9iten an an ausserschouleschen Aktivit\u00e9iten. Kolonie w\u00e4erte mer nees erlaben.\nDo \u00ebnnert dem CovidCheck-Regimm hu mer gutt Erfarungen iwwert de Summer gemaach a w\u00eblle mer och de Schoulklassen nees erlaben.\nDo wou Pausen nach versat waren, wou Pausen net ... wou d'ganz Schoul net konnt mateneen an d'Paus goen, wou d'M\u00ebttegstonne versat waren, och dat muss net onbed\u00e9ngt esou bleiwen, kann also och er\u00ebm normalis\u00e9iert ginn.\nAn de Maison-relaisen hunn ech gesot, w\u00e4ert de Mask er\u00e9ischt ab enger Gruppegr\u00e9isst vun "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_14_1689595027.wav", "transcription": "Weiderhin ass et datt mer eben d'Schoulen an d'Kanner an d\u00e9i Jonk musse kucken, datt si net d\u00e9i sinn, d\u00e9i d'Verbreedung vum Covid-19 besonnesch staark weiderdreiwen, datt mer eben do d\u00e9i Verbreedung iwwert d'Schoulen, bei de Kanner a bei deene Jonke limit\u00e9iert kr\u00e9ien.\nManner fir d\u00e9i Jonk selwer ze sch\u00fctzen, m\u00e9i nach \u00ebmmer fir aner M\u00ebnschen ze sch\u00fctzen, sou datt deen Effort, weiderhi vun deene Jonken an och vun de Schoulen an deenen aneren Institutioune gemaach g\u00ebtt, e grousse Geste vu Solidarit\u00e9it och ass.\nWeiderhi w\u00e4erte mer awer och kucken, d'Schoule virun allem sou laang w\u00e9i m\u00e9iglech op ze halen, well mer Normalit\u00e9it w\u00eblle fir d'Schoulen, Normalit\u00e9it fir d'Kanner, Normalit\u00e9it fir d\u00e9i Jonk.\nDob\u00e4i hu mer eben nei Instrumenter, d\u00e9i mer par Rapport zur leschter Rentr\u00e9e am September 2020 eben nach net haten. Impfunge sch\u00fctzen net n\u00ebmmen virun enger Infektioun an enger schw\u00e9ierer "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_15_1689595027.wav", "transcription": "Jo, Merci. Gudde M\u00ebtteg.\nE b\u00ebsselche m\u00e9i kuerz vu menger S\u00e4it. Ech g\u00e9if g\u00e4ren \u00ebnnerstr\u00e4ichen, dass mer de ganze Summer hei aktiv zesummegeschafft hunn fir der neier Situatioun d\u00e9i den Hierscht op eis waart Rechnung ze droen.\nKanner sinn Deel vun eiser Gesellschaft an och wann mer eis g\u00e9ife w\u00ebnschen, dass mer eng Klammer k\u00e9inte ronder\u00ebm se setzen an d\u00ebser Pandemie an hinnen d'Liewen sou normal gestalte w\u00e9i et n\u00ebmmen iergendw\u00e9i m\u00e9iglech ass ausserhalb vun enger Pandemie, sou ass dat net m\u00e9iglech. Dat ass eng Situatioun, wat e Wonschdenken ass. Mir mussen un eis Kanner denken. Et ass eng ganz grouss Erausfuerderung, hiert Recht op Bildung, hiert Grondrecht op Bildung z'assur\u00e9ieren, hir Normalit\u00e9it oprecht ze halen an trotzdeem souwuel si selwer ze sch\u00fctzen am Kontext vun der Pandemie an awer och si als Vecteur vum Virus sou ze surveill\u00e9ieren, dass mer dat Ganzt global am Gr\u00ebff behalen.\nD'Situatioun fir d\u00ebs Rentr\u00e9e ass eng ganz aner, w\u00e9i se d'lescht Joer war.\nDat fuerdert vun eis alleguerten net n\u00ebmmen Ausdauer. Mir hunn eng laang Pandemie mat d\u00e4r mer ze dinn hunn, mee virun allem eng granz grouss "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_16_1689595027.wav", "transcription": "Flexibilit\u00e9it.\nEt ass net einfach gewiescht virauszegesinn, w\u00e9i een sech opstellt fir d\u00ebs Rentr\u00e9e, well mer vill Parameteren haten, d\u00e9i wichteg sinn, d\u00e9i ausschlaggebend sinn. D\u00e9i einfach nach net bekannt ware virun e puer M\u00e9int. Dee wichtegsten dovunner war de Progr\u00e8s vun der Vaccinatioun.\nMir hunn eng Vaccinatiounscampagne lanc\u00e9iert an d\u00e9i determin\u00e9iert ganz staark w\u00e9i de Virus sech w\u00e4ert r\u00ebmspigelen um Niveau vun eisem Gesondheetssystem \u00ebnner anerem an do si mer ganz frou fir k\u00ebnne festzestellen, dass dat gutt gegraff huet zu L\u00ebtzebuerg, wa mer grad elo am Enseignement kucken, gesi mer dass d\u00e9i ... d\u00e9i Leit, d\u00e9i sech k\u00ebnnen, d\u00e9i d'M\u00e9iglechkeet hunn sech impfen ze loossen, och wierklech dovunner Gebrauch gemaach hunn.\nDat konnt een am Ufank net esou w\u00ebssen. Ech wollt och op alle Fall hei och vum Mikro profit\u00e9iere fir jiddwerengem Merci ze soen. E ganz h\u00e9ijen Taux dee mer hunn am Enseignement, dat ass e ganz wichtegen, determinante Schr\u00ebtt fir d'Schoule s\u00e9cher ze kr\u00e9ien.\nEt ass eng Plaz wou vill Aktivit\u00e9it ass, wou ... et ass d'H\u00e4erz vum soziale Liewe fir eis jonk Leit an do "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_17_1689595027.wav", "transcription": "w\u00e4ert dee Virus dr\u00e9inen an do ass et natierlech extrem wichteg, dass sou vill w\u00e9i m\u00e9iglech Leit geimpft sinn. Dat ass dee beschte Schutz, dee mer k\u00ebnnen en Place hunn an donieft fir d\u00e9i d\u00e9i M\u00e9iglechkeet eben nach net hunn an dat sinn nun eben e Mol d\u00e9i Jonk, och virun allem \u00ebnner 12 Joer, d\u00e9i einfach d'M\u00e9iglechkeet nach guer net hunn, fir do da mat all m\u00e9igleche Mesur\u00eb present ze sinn.\nMir w\u00e4erten eis Moyenen nach verst\u00e4erken elo fir d'Rentr\u00e9e, mir hunn dat zesummen ausgeschafft fir wierklech par Rapport zu enger Variant, wou mer entretemps w\u00ebssen, dass e m\u00e9i aggressiv ass an deem S\u00ebnn, dass en sech nach m\u00e9i schnell weiderg\u00ebtt, also och d'Kanner se weiderginn, fir do nach m\u00e9i present ze sinn ebe ronder\u00ebm d\u00e9i Leit, d\u00e9i nach net geimpft sinn, mat enger verst\u00e4erktener Teststrategie.\nEt muss ee w\u00ebssen, dass Testen vill\u00e4icht am grousse S\u00ebnn, w\u00e9i mer de Large Scale Testing kannt hunn bis elo net m\u00e9i onbed\u00e9ngt S\u00ebnn m\u00e9cht well mer generell zu ganz vill geimpft sinn. Datt ass eng ganz aner Ausgangspositioun, mee et m\u00e9cht awer \u00ebm sou m\u00e9i S\u00ebnn, do present ze sinn, wou d'Leit net geimpft sinn an dofir wierklech d\u00ebs Optioun fir wierklech och an der Schoul bei "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_18_1689595027.wav", "transcription": "deene Jonken 2 Mol d'Woch ze testen, dass mer s\u00e9cher sinn, dass et gemaach ass. Dat ass ganz wichteg an et huet och deen agreabelen \"Side-effect\", dass d'Kanner dann och en zertifi\u00e9ierten Test hunn, deen hinnen am normale Liewen, ausserhalb vun der Schoul dann och erlaabt do wou CovidCheck-Regimme si mat deem Certificat k\u00ebnnen eran ze goen.\nDat ass eng gutt Saach. Dat evit\u00e9iert, dass nach mussen zous\u00e4tzlech Tester op der Plaz gemaach ginn. D\u00e9i Tester si jo g\u00fclteg fir 48 Stonnen a wann mer dat schonn e Mol 2 Mol d'Woch en Place hunn, dann ass do schonn en groussen Deel vun der Woch mat ofgedeckt.\nDoriwwer eraus si mer natierlech och mat eiser Teststrategie, Dir hutt et h\u00e9ieren, grad ew\u00e9i dat bis elo de Fall war, direkt present mat de PCR-Tester.\nDat w\u00e4ert weider bestoen. Mir w\u00e4erten eis ganz Efforten do oprecht hale fir de 6. Dag fir wann dat de Fall ass, fir den 6. Dag dann an d'Schoul PCR-Tester maachen ze goen a selbstverst\u00e4ndlech och wann Clustere sinn, genau w\u00e9i och ausserhalb vun der Schoul, dat ass vill\u00e4icht g\u00ebschter net richteg zum Ausdrock komm, w\u00e4erte mer nach \u00ebmmer "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_19_1689595027.wav", "transcription": " mat gratis PCR-Tester och op der Plaz sinn. Mir hunn 7 mobil Ekippen iwwert de Laboratoire national de la sant\u00e9, d\u00e9i ganz aktiv \u00ebnnerwee sinn: engers\u00e4its an der Schoul, wou mer schonn eng laang Zesummenaarbecht op d\u00e9i mer scho k\u00ebnnen zer\u00e9ckkucken. D\u00e9i w\u00e4ert Oprecht erhale ginn.\nMee och ausserhalb vun der Schoul, wann iergendwou en Usaz ass wou mer an der Inspection sanitaire gesinn, dass de Virus weidergeet, da gi mir op d'Plaz an da g\u00ebtt och natierlech do preventiv fir Clusterpreventioun ze maachen nach \u00ebmmer PCR-Tester gratis weider gemaach.\nDat si Standbeener vun eiser ... eiser ganz normaler Teststrategie, d\u00e9i absolut guer net a Fro gestallt sinn zu d\u00ebsem Z\u00e4itpunkt. D'selwecht och wann e Kand Symptomer h\u00e4tt, wann et krank w\u00e4r, och nach \u00ebmmer hei an den Opruff, dat ass Eppes dat g\u00ebllt vun 1. Dag un an dat g\u00ebllt hei zu L\u00ebtzebuerg och haut nach.\nMir hunn dat nach ni opgehalen. Wgl gitt bei den Dokter.\nDir k\u00ebnnt Teleconsultatioun maachen, Dir k\u00ebnnt och normal bei den Dokter goen, da g\u00ebtt et eng Ordonnance an da g\u00ebtt et och selbstverst\u00e4ndlech e PCR-Test, deen vun de Krankekeess iwwerholl g\u00ebtt. Dat ass m\u00ebssverst\u00e4ndlech gewiescht g\u00ebschter. Ech "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_20_1689595027.wav", "transcription": "Gefill huet e w\u00e4r krank, deen sech krank spiert, dee soll bei den Dokter goen, dat ass d\u00e9i beschte Preventioun, d\u00e9i mer k\u00ebnne maachen.\nMir k\u00ebnnen nieft dem Impfen, wat mer kucke weiderzebr\u00e9ngen och an der Schoul. Ech k\u00e9int dat och \u00ebnnerstr\u00e4ichen: Mir w\u00e4erten elo am Hierscht och nach m\u00e9i enk zesummeschaffe fir ze kucke w\u00e9i mer d'Impfung och m\u00e9i no bei d'Schoul k\u00ebnne br\u00e9ngen.\nMir si w\u00e4rend der Vakanz op de Vakanzeplazen \u00ebnnerwee gewiescht. Mat der Rentr\u00e9e w\u00e4ert mer verst\u00e4erkt och kucken, w\u00e9i mer bei d'Betriber k\u00ebnne goen, w\u00e9i mer bei d'Schoule k\u00ebnne goen fir och do souwuel d'Informatioun, w\u00e9i d'Impfung selwer dann de Leit nozebr\u00e9ngen.\nMee donieft ass natierlech d'Testen \u00ebmmer nach dat wat g\u00ebllt, dass mer k\u00ebnnen d\u00e9i d\u00e9i Infiz\u00e9iert si schnell identifiz\u00e9ieren.\nSchnell raus aus dem Verk\u00e9ier huelen iwwer Quarant\u00e4nen, isol\u00e9ieren, fir dass et eben net weider geet. Et ass eng Course och weiderhin.\nSe ass nach net gewonnen, mee mir hunn alles an der Hand fir d.h. weider Impfen an opmierksam bleiwen, wierklech vigilant bleiwen, wann Eppes sech deet.\nMir w\u00e4erten eist maachen, och zesumme mat der Educatioun, fir wierklech "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_21_1689595027.wav", "transcription": "D'Lynn Cruchten fir RTL Tel\u00e9. Ech wollt froen, w\u00e9i et mam Cycle 1 ass? Deen hutt der elo guer net ugeschwat. W\u00e9i ass et do mat den Tester?\nJo, Merci fir deen Hiweis. Effektiv, e wichtegen Detail. Am Cycle 1 ass et esou, datt den ... d'Sch\u00fclerinnen an d'Sch\u00fcler jo net sech selwer k\u00ebnnen testen an och d'Personal s\u00e9cherlech och net iwwerall utili\u00e9iert ass fir dat ze maachen. Dofir bleiwe mer do bei deem Regimm, am Cycle 1, et ass eng Ausnam, w\u00e9i mer et bis elo haten. D.h. an deem Zenario 1: wann een 1 positive Fall an der Klass hat, g\u00ebtt et eng \"Mise \u00e0 l'\u00e9cart\".\nD'Kanner k\u00ebnne weider an d'Schoul kommen, ausser dee Positive selbstverst\u00e4ndlech, a w\u00e4erten ebe m\u00e9i isol\u00e9iert an der Schoul funktion\u00e9ieren an dann ab dem 2. Fall ass et eng Quarant\u00e4n, w\u00e9i bis elo.\nK\u00ebnnen sech net teste loossen an der Schoul, mee mir brauchen awer och d'Resultat vun deenen Tester. Et geet net duer eben se just mat Heem ze ginn, wat elo de Fall ass, dat d\u00e9i 2 Tester mat Heem gi ginn am Cycle 1, mee dorobber k\u00ebnne mer eis net bas\u00e9ieren fir eng Ausnam "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_22_1689595027.wav", "transcription": "Bis elo ass et sou, datt mer nach weider d\u00e9i Tester hunn, d\u00e9i och virum Summer agesat goufen. Et ass awer och esou, datt eng Ausschreiwung gemaach ginn ass vun der Sant\u00e9 fir nei Tester ze bestellen. Laut mengen Informatiounen, ass dat een Typ, deen elo liicht aneschters ass, mee et sinn nach \u00ebmmer Tester, d\u00e9i duerch d'Nues ginn. Et ass net m\u00e9i genau de selwechten Produit.\nMir w\u00e4erte prob\u00e9ieren dat esou opzedeelen, datt virun allem d\u00e9i m\u00e9i kleng Kanner bei deem Produit w\u00e4erte bleiwen, deen se ... deen se haten, well se dat k\u00ebnnen an d\u00e9i m\u00e9i grouss an d\u00e9i Jonk, dann op deen neie w\u00e4erten eriwwer wiesselen an ech denken, dat kenne mer alleguerten an d\u00e9i Jonk, d\u00e9i kennen et och m\u00ebttlerweil, well ee jo net n\u00ebmmen an der Schoul Schnelltester oder Selbsttester m\u00e9cht, mee dat ass e gew\u00ebssen Automatismus ginn an et geh\u00e9iert zu eisem Liewen dozou, datt dat keng gr\u00e9isser \u00cbmst\u00e4nn w\u00e4erte sinn.\nDann d\u00e9i lescht Fro: Dir hat gesot, d'peri- a parascolaire Aktivit\u00e9ite k\u00ebnnen nees stattfannen.\nDo war mer net ganz kloer, ass dat och dann reng \u00ebnnert CovidCheck oder ass dat w\u00e9i an der Maison relais, dass ab 10, eng Grupp vun 10 dann er\u00ebm "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_23_1689595027.wav", "transcription": "Wat d\u2019sanit\u00e4r Konzepter ubelaangt, ass et s\u00e9cherlech net sou, datt do de Prinzip vun Autonomie ubelaangt, mee et f\u00e4lt net \u00ebnnert d'Schoulen, mee natierlech hunn se sech hir sanit\u00e4r Reegelen och ginn, d\u00e9i mat der Sant\u00e9 ofgeschwat sinn, d\u00e9i awer och \u00e4nlech sinn, w\u00e9i dat wat mer soss doruechter kennen.\nAn d\u00e9i Informatiounen, d\u00e9i ech d'lescht Woch annonc\u00e9iert hunn, wat den \"Taux de vaccination\" bei Sch\u00fcler an bei Enseignanten ubelaangt, hunn ech vun de Servicer vun der Sant\u00e9 kritt an dofir ...\nJo, ech kann do e puer Wuert dozou soen. Effektiv, ganz pr\u00e4zis, contrairement zu anere Kategorien, wou et net m\u00e9iglech ass sou pr\u00e4zis ze hunn, well mer eng kloer Datebank hunn. Mir k\u00ebnnen d'Enseignant\u00eb relativ kloer uerdnen an der Datebank an da g\u00ebtt dat pseudonymis\u00e9iert an da kr\u00e4ize mer et mat der Datebank vun de Vaccinatiounen.\nFirwat k\u00ebnne mer dee Chiffer sou kloer affirm\u00e9ieren? Well mer wierklech eng ganz verl\u00e4sslech Datebank hunn. Wann ech elo d'Beispill huelen am Gesondheets- a Fleegesecteur, do ass dat vill, vill m\u00e9i delikat, well an deem Secteur z.B. ganz vill Frontaliere jo sinn. E ganz grousse Prozentsaz, "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_24_1689595027.wav", "transcription": "wierklech e signifikative Prozentsaz och.\nMee mir hunn awer n\u00ebmmen Donn\u00e9e\u00ebn 1. e Mol vun eisen Residanten hei an eisen Datebanken an doriwwer eraus sinn d\u00e9i net onbed\u00e9ngt esou ... Do hutt der honnerten Acteuren, d\u00e9i dat aginn an dat ass net esou propper repertori\u00e9iert. Dat hu gemierkt un sech och bei den Invitatiounen am Large Scale Testing. Dir hutt \"Cat\u00e9gories socio-professionnels\", d\u00e9i einfach net esou r\u00e9ng si vun der Datebank hier, w\u00e9i z.B. d\u00e9i vun den Enseignanten, well dat eng Source ass an d\u00e9i sinn extrem propper an do w\u00ebsse mer, dat ass komplett.\nA bei anere w\u00ebsse mer pertinemment grad an deem grousse Secteur social ass dat ... oft si Saachen, d\u00e9i \u00ebnnert engem falschen \"Mot cl\u00e9\" repertori\u00e9iert waren. Mir hunn dat gemierkt an deems mer z.B. vill Invitatiounen zer\u00e9ckkritt hunn am Ufank.\nDo hu mer ganz vill missten drop schaffen. Do hu mer net d\u00e9i Qualit\u00e9it un Datebank.\nBis dass do d'Fro gestallt ginn ass, ob een dat dann och esou fir all Kategorie ka kr\u00e9ien an dat ass leider net de Fall.\nD\u00e9i dote Professiounen si m\u00e9i kloer dozou och dann.\nMee et bleift awer anonym, d.h. den ...\nAbsolut! Jo, dat ass "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_25_1689595027.wav", "transcription": " pseudonymis\u00e9iert. Dat ass konform natierlech zu den Dateschutzreglementer an ... Dat ass net dass een do d'Leit g\u00e9if individuell mam Numm iergendw\u00e9i kr\u00e4izen. Dat ass pseudonymis\u00e9iert, sou w\u00e9i dat \"selon les r\u00e8gles de l'art\" soll sinn.\n[Claude Meisch]\nEch w\u00ebll och do nach eng K\u00e9ier \u00ebnnerstr\u00e4ichen, well ech d\u00e9i Fro dacks gestallt kritt hunn an de leschten Deeg, ech weess net w\u00e9i een Enseignant geimpft ass a wien net geimpft ass an dat ass och gutt esou an dat intress\u00e9iert mech och net.\nWell d\u00e9i Erkl\u00e4rung do ass awer och d'\u00c4ntwert op d'Fro vun de Maison-relaisen. Do ass et m\u00e9i komplex w\u00e9i eben bei den Enseignanten. D'Enseignanten, d\u00e9i an der Reegel 1 Patron hunn, ass d'Education nationale Dat ass ganz \u00ebnnerschiddlech an de Maison-Relaisen an dofir ass et och do m\u00e9i schwiereg e pr\u00e4zise Prozentsaz k\u00ebnnen z'affich\u00e9ieren.\nAn do w\u00ebllt der awer dob\u00e4i bleiwen, vu dat dat awer och eng Populatioun ass, d\u00e9i net vaccin\u00e9iert ass, d\u00e9i Kanner \u00ebnner 12 Joer. Well der do am Fong geholl net elo d'Personal awer dozou br\u00e9ngen ze mellen, ob se vaccin\u00e9iert sinn oder net?\nEch mengen net, datt ... ech scho guer net, mee och hir Patronen, net d'M\u00e9iglechkeet hunn, dat ze froen."}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_26_1689595027.wav", "transcription": "Mee dat k\u00e9int der awer \u00e4nneren?\nEch denken, datt dat net denkbar ass, datt e Patron freet ob seng Besch\u00e4ftegter vaccin\u00e9iert sinn oder net.\nEch mengen datt dat eng medezinesch Informatioun ass, wou net jiddereen Recht drop huet.\nAn do si mer am Ber\u00e4ich vun der Protektioun vu medezineschen Informatiounen oder vum Dateschutz am Allgemengen.\nAlso einfach ass dat net an dat sollte mer och hei respekt\u00e9ieren. Ech mengen och dat fir mech et wichteg war ze w\u00ebssen, datt d'Enseignanten sech an enger ganz grousser Majorit\u00e9it impfe gelooss an ech ginn dovunner aus, datt d'Verhale vun den Educatricen an Educateuren an de Maison-Relaisen net gronds\u00e4tzlech aneschters ass.\nDat war fir mech eng wichteg Informatioun, d\u00e9i ze hunn, wa mer d'Rentr\u00e9e prepar\u00e9ieren a plangen.\nWell doduercher w\u00e4erte mer och Infektioune verh\u00ebnneren, well einfach d'Infektioun net esou schnell w\u00e4ert och iwwert d\u00e9i Professionell weidergoen.\nAn datt mer weiderhin zesumme mat der Sant\u00e9 och kucken "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_27_1689595027.wav", "transcription": "z'inform\u00e9ieren, ze sensibilis\u00e9ieren an et vill\u00e4icht och heiansdo och z'erm\u00e9iglechen sech an oder ronder\u00ebm d'Schoulen impfen ze loossen. Dat hu mer och fir den Hierscht um Programm.\nMee ech g\u00e9ing wierklech do warnen Informatioune beieneenzedroe wien geimpft ass a wien net geimpft ass, dat g\u00e9if en Klima och ginn, dat der Saach guer net dinglech w\u00e4r.\nEng Fro un d'Madamm Lenert: Am Secondaire g\u00ebtt et een Test an der Schoul an een an der Test, deen ee kann Doheem maachen. W\u00e9i ass et do mat der Zertifiz\u00e9ierung? Deen vun Doheem kann ee jo net zertifi\u00e9ieren.\nNee, ausser d'Leit ginn en anzwousch maach op eng Plaz, wou se en zertifi\u00e9iert kr\u00e9ien. Dann hunn se dat natierlech, mee am Prinzip ass dat net de Fall. Dat ass wann eng Populatioun, d\u00e9i un sech och schonn eng M\u00e9iglechkeet huet fir sech impfen ze loossen.\nMir hunn un sech insist\u00e9iert och, elo am Moment mat deem Variant, dee zirkul\u00e9iert, fir d\u00e9i 2 Mol d'Woch s\u00e9cher ze stellen, do wou d\u00e9i Kategorie u Leit sinn, d\u00e9i einfach iwwerhaapt keen Zougang zu der Impfung hunn.\nDen Taux de Vaccination op der Uni, dat k\u00ebnnt der net esou rausfannen, oder? Bei den Enseignanten op mannst."}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_28_1689595027.wav", "transcription": "Ech kann Iech dat net esou ... Mir mussen dat eng K\u00e9ier kucken.\nJo, okay. Ech hunn awer nach eng aner Fro iwwert een anere Sujet. Eisen Informatiounen no, versicht de CHEM aus de Kontrakter vum S\u00fcdspidol eraus ze kommen. Hutt der Kenntnis dovunner? An w\u00e9i ass d'Positioun eventuell vum Vetrieder am Conseil d'administration vum CHEM dozou?\nEch hu Kenntnis dovunner. Ech hunn och Muer Entrevuen dozou an ech huelen och duerno er\u00e9ischt Stellung. Ech w\u00e4ert Muer en detaill\u00e9ierte Briefing dozou kr\u00e9ien.\nAn mir sinn och an der Chamberkommissioun Muer de Moie fir eis doriwwer auszetauschen, sou dass dat haut net den Z\u00e4itpunkt ass fir Stellung ze huelen.\nMee dat bedeit awer, datt et zu Retarde k\u00ebnnt an der Planificatioun, vu datt dat eben den Architekteb\u00fcro och concern\u00e9iert? Misst do alles er\u00ebm fr\u00ebsch gemaach ginn oder ...?\nEch kann Iech den Detail net soen. Dat steet bei mir elo am Fong anschliessend un fir mech do am Detail anzeschaffen"}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_29_1689595027.wav", "transcription": "Also et ass ... Et ass kloer, datt kee Mannerj\u00e4rege w\u00e4ert geimpft ginn ouni den Accord vu sengen Elteren a w\u00e9i ech virdru gesot hunn, ass et fir mech ... an 2 Schr\u00ebtt muss dat gesch\u00e9ien. Fir d'Aller\u00e9ischt nach eng K\u00e9ier inform\u00e9ieren, opkl\u00e4ren, d'M\u00e9iglechkeet gi Froen ze stellen iwwert d'Impfung, och e Jonken huet Froen, oder seng Elteren hu Froen. Dat ass eng 1. Etapp an dann duerno g\u00e9ife mer och s\u00e4mtlech Elteren uschreiwen, ob se D'Accord w\u00e4ren, souw\u00e4it hir Kanner net scho geimpft sinn, datt dat an der Schoul g\u00e9if gemaach ginn an da g\u00e9ife mer kucke logistesch, vun eiser S\u00e4it aus, dat z'\u00ebnnerst\u00ebtzen.\nEt ass net d'Schoul d\u00e9i impft. Do kommen awer er\u00ebm d'Gesondheetsinstanzen, d\u00e9i da mat der Spr\u00ebtz kommen an d'Impfung virhuelen.\nDir hutt Recht. Et w\u00e4ert s\u00e9cherlech net esou si mam Bus w\u00e9i mer et am Moment kennen iwwert de Summer.\nMir schaffen dodrunner. Mir hunn een Aarbechtsgrupp lafe fir ze kucke w\u00e9i mer dat och an d'Schoul k\u00ebnnen op eng praktesch Aart a Weis erabr\u00e9ngen. Mir w\u00e4erten dat \"le moment venu\" matdeelen. D'Etappe sinn elo fir d'\u00c9ischt effektiv inform\u00e9ieren, iwwerzeegen.\nEt ass eis grouss "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_30_1689595027.wav", "transcription": "David Marques fir de Quotidien.\nNach eng kleng Prezisiounsfro. Dir hutt jo erkl\u00e4ert, w\u00e9i der konnt erfaasse bei den Impfungen, wat d'Enseignanten ubelaangt. Bei de Sch\u00fcler - w\u00e9i ass et do ofgelaf? Ass dat einfach mat den Alterskategori\u00eb gekuckt ginn? K\u00ebnnt der do vill\u00e4icht nach eng K\u00e9ier Detailer ginn?\nJo, d'Sch\u00fcler, d\u00e9i erfaasse mer iwwert d'Alterskategorien.\nD\u00e9i 55% dat ass d'Alterskategorie 12 bis 18. A mir ginn dovunner aus, datt dat sech gr\u00e9isstendeels natierlech mat der Sch\u00fclerschaft am Secondaire iwwerschneit.\nOkay. Gutt an dann de Minister Meisch nach eng K\u00e9ier d'Fro: wat sinn elo spezifesch Reegele wat d'Cr\u00e8chen ubelaangt? Ass dat d'selwecht w\u00e9i an de Maison-Relaisen? K\u00ebnnt der do nach eng K\u00e9ier Explikatiounen zou ginn?\nWatgelift?\nAn de Cr\u00e8chen, wat do d'Spillreegele sinn.\nAn de Cr\u00e8chen ass et d'selwecht w\u00e9i de Maison-relaisen, d.h. dass de ganze Ber\u00e4ich \"Service \u00e9ducation et accueil\", wou mer de Prinzip vum Mask hunn ab ... ab 10. Woub\u00e4i dat awer n\u00ebmmen dann d\u00e9i Foyeren och betr\u00ebfft, d\u00e9i natierlech Kanner iwwer 6 Joer hunn.\nAlso Cr\u00e8chen, fir kleng Kanner, dat g\u00ebllt ... Do ass souwisou d'Office kee Mask.\nAn do w\u00e4erte mer virun allem och "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_31_1689595027.wav", "transcription": "Sinevic fir d'Tageblatt. Un den H\u00e4r Meisch: Eng vun de grousse Kriticke vum leschte Joer war, war dass d'Schoulpersonal relativ kuerzfristeg misst op \u00c4nnerunge reag\u00e9ieren, och mam Homeschooling. Wiesselunterrecht - g\u00ebtt et do scho prepar\u00e9iert Zenarie fir d\u00ebs Rentr\u00e9e, wou un d'Schoulpersonal weiderginn ass, wat a w\u00e9i engem Fall geschitt? Ab w\u00e9i engem Undeel u Klassen aus der Schoul vill\u00e4icht betraff sinn. Ginn et do konkret Pl\u00e4ng d\u00e9i schonn ausgeschafft goufen?\nAlles dat wat ech Iech elo matgedeelt hunn ass och an d\u00ebse Minutten iwwert den Instanzewee vun de Schouldirektiounen un d'Enseignant\u00eb weidergaangen.\nWoub\u00e4i dat aller-, allermeescht an der Kontinuit\u00e9it och weiderleeft. Et kommen elo eng Rei vun Oplockerungen dob\u00e4i. Et kommen d\u00e9i ... en anere Rhythmus vun den Tester dob\u00e4i.\nOch de Prinzip datt ebe bei engem Kontakt mat engem oder mat 2 Positiven, da k\u00ebnnen 3 Tester an der Woch gemaach gi fir awer k\u00ebnne weider mat deene Sch\u00fcler an der Schoul ze ... ze funktion\u00e9ieren. Dat ass nei. Dat w\u00e4erte mer an deenen n\u00e4chsten Deeg nach e Mol erkl\u00e4ren. Mee et ass awer "}, {"chunk_name": "chunks\\Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (02092021).wav_chunk_32_1689595027.wav", "transcription": "elo n\u00e4ischt grondlee\u00ebnd aneschters.\nMir haten d'Selbsttester och scho bis elo an der Schoul. D\u00e9i sinn zertifi\u00e9iert ginn. De ganzen informatesche System, dee leeft elo. Ech w\u00ebll awer och nach eng K\u00e9ier soen datt d'St\u00e4erkt eigentlech vun deem leschte Joer war eis Upassungsf\u00e4egkeet an dat war Erausfuerderung fir ganz vill Enseignanten, grad ew\u00e9i fir d'Sch\u00fcler, w\u00e9i fir d'Elteren, fir jiddereen, deen eigentlech domadder concern\u00e9iert war. Dat ass wouer. A mir k\u00ebnnen net ausschl\u00e9issen elo, dat och an de n\u00e4chste Wochen an an de n\u00e4chste M\u00e9int nach eng K\u00e9ier nei Momenter komme wou mer dann och mussen Decisiounen huelen an dofir war et wichteg, datt mer an deem adapt\u00e9ierte Stufeplang och nach eng K\u00e9ier drop hiweisen op d\u00e9i M\u00e9iglechkeeten, d\u00e9i mer hunn an dat geet vun enger genereller Maskeflicht, d\u00e9i mer awer vill\u00e4icht nach eng K\u00e9ier mussen af\u00e9ieren oder punktuell op gew\u00ebssene Plazen, well do d'Prevalenz einfach m\u00e9i h\u00e9ich ass.\nBis hin zu deelweisen Homeschooling, den \"Apprentissage en alternance\", w\u00e9i mer en op den ieweschte Klassen haten.\nMir haten Eppes wou mer am Detail prepar\u00e9iert haten, wou och elo nach \u00ebmmer am Tirang l\u00e4it, dat ass "}] |