medhi-corneille's picture
updated metadata
d257453
raw
history blame
15.8 kB
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_0_1689673006.wav", "transcription": "aus enger Chamber-Reunioun, wou mir hinnen och matgedeelt hunn, wéi eng Propositiounen d'Regierung der Chamber wäert ënnerbreeden.\nD'Infektiounszuele sinn am Moment stabel zu Lëtzebuerg, mat enger liichter Tendenz awer, déi ee constatéiert huet, no uewen.\nGëschter ware 77 Tester op 3.715 positiv hei am Land. Dat ass en \"Taux de positivité\" vun 2,67%.\nBesonnesch an de Klinicke gesi mir eng däitlech besser Situatioun, wann een déi vergläicht mat der Situatioun déi mir d'läscht Joer kannt hunn em des Zäit.\nUm Dag vun haut leie just nach 5 Patienten op der Intensivstatioun.\nMir gesinn nach ëmmer ganz däitlech, an dat ass e Constat dee net nëmmen hei gemaach gëtt, dass d'Impfung wierkt.\nDéi grouss Majoritéit vun de Leit di hospitaliséiert ginn, sinn net geimpft.\nDe Gros vun de Leit di op der Intensivstatioun "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_1_1689673006.wav", "transcription": "Wat mir zwar nach méi Suerge mécht, ass datt ronn 17% vun de Leit iwwer 60 Joer net geimpft sinn.\nDat sinn déi Leit, déi de gréisste Risk hunn fir e méi grave Krankheetsverlaf och kënnen ze hunn, oder esou guer mat Komplikatiounen oder den Dout wann se sech mam Virus infizéieren - ganz dramatesch Folgen also kënnen hunn.\nMir hunn et an de leschte Woche schonn e puer Mol widderholl, wéi wichteg et fir all Eenzelen ass, awer och fir onst Land, en héijen Impftaux och hei am Land kënnen ze erreechen.\nMir hunn et de Leit esou einfach ewéi méiglech gemaach. Mir hu séier an onkomplizéiert Impfunge proposéiert.\nEgal op oder mat Rendez-vous an der Hal Victor Hugo, am Impfbus oder och beim Dokter.\nLeider huet deen Appell nëmmen ee ganzt limitéiert "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_2_1689673006.wav", "transcription": "Liewen ouni ze vill sanitär Moossnamen och kënnen ze hunn. Jo, d'Impfung!\nMir sinn dofir haut op e Punkt ukomm wou d'Regierung net weider nokucke kann, a mir hu mussen nei Mesuren decidéiere fir d'Wuel a Gesondheet vun eiser Bevëlkerung och ze schützen.\nDëst betrëfft virun allem d'Zesummekommen dobannen, wou ee jo och weess, an dat ass jo och bewisen, sech de Virus vill méi séier verbreet.\nDofir huet d'Regierung decidéiert de CovidCheck-Regimm z'erweideren.\nDe CovidCheck gëtt obligatoresch fir de ganze Banneberäich am Horeca, also an de Restauranten, an de Caféen an an den Diskoen.\nMir ginn och den Employeuren d'Méiglechkeet de CovidCheck op der Aarbechtsplaz anzeféieren.\nAll Betrib ass ënnerschiddlech, dofir soll all Employeur kënnen decidéieren, ob a wou hien de CovidCheck aféiert.\nEt kann een de ganzen Accès op d'Aarbechtsplaz z.B. kontrolléieren, oder just "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_3_1689673006.wav", "transcription": "Do wou de CovidCheck net agefouert gëtt, gëllen déi aktuell sanitär Mesure dann weider, also d'Droe vun enger Mask an och d'Anhale vun engem Sécherheetsofstand.\nFir ganz vill Leit wäert d'Aféierung vum CovidCheck op der Aarbechtsplaz also méi Fräiheete bedeiten.\nEch kann Iech soen, datt mir och ganz, ganz vill Demande kritt hunn, fir de CovidCheck anzeféieren.\nA vun 2 Kategorië vu Leit: vun de Patronen, sou wéi vun de Salariéeën, vu Beamten, sou wéi vu \"Responsables de service\", déi gesot hunn, dass et hinne wichteg ass, datt et déi Méiglechkeet an Zukunft sollt ginn.\nJo, d'Leit wënschen sech méi Fräiheeten. Dat ass eng Realitéit. si sinn es midd, besonnesch wann se geimpft gi sinn.\nA si verstinn net firwat si sech nach ëmmer u sanitär Mesure mussen halen, a Restriktiounen am Alldag hunn, obwuel si am Fong hiren Deel zur Léisung bäigedroen a sech impfe gelooss hunn.\nMatt deem neie Gesetz gi mir hinnen d'Méiglechkeet eben op e méi normaalt Liewen, "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_4_1689673006.wav", "transcription": " méi Normalitéit, och am Alldag, ob dat elo privat ass - do geet och d'Gesondheetsministesch méi wäit duerno an - sou wéi awer och op der Aarbechtsplaz, mat deem heite Regimm.\nGläichzäiteg musse mir déi néideg Precautiounen huelen, fir datt de CovidCheck sech net och als falsch Sécherheet erausstellt.\nLeit, déi net geimpft oder geheelt sinn, musse wéi bis elo e negativen Test virweise kënnen.\nMir wëssen awer datt et och Abuse gi sinn, bei Auto-Tester, bei Selbsttester, déi op der Plaz och gemaach gi sinn.\nDofir wäerte mir dës Selbsttester net méi beim CovidCheck akzeptéieren.\nDat gëllt esouwuel fir de Fräizäitberäich, wéi och op der Aarbecht.\nMat Ausnam vun de Klinicken, Alters- a Fleegeheemer, a Schoulen, ginn ab dem 1. November just nach zertifiéiert Schnelltester akzeptéiert, déi vu qualifizéiertem, mdezineschem Personal duerchgefouert goufen.\nMir schafe soumat d'Méiglechkeet of, datt agreéiert "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_5_1689673006.wav", "transcription": "Mir vergiessen awer dobäi net déi, déi sech net kënnen impfe loossen, dofir setze mir och d'Alterslimitt vum CovidCheck vu 6 op 12 Joer erop.\nA Leit, déi sech aus gesondheetleche Grënn net kënnen oder däerfen impfe loossen, kréie Bonge fir sech weiderhi gratis kënnen testen ze loossen.\nMir sinn ons bewosst, datt mir mat dëse Mesuren d'Liewe vun net-geimpfte Leit manner agreabel wäerte maachen. Mee mir hu kee Choix.\nMir kënnen eis keng Iwwerlaaschtung vun onse Gesondheetssystemer leeschten.\nD'Alternativ zum CovidCheck ass näischt maachen a riskéieren e Lockdown an e puer Wochen oder Méint mussen ze hunn.\nMir kënnen och net d'Fräiheete vun enger Majoritéit vun de Leit aschränken, well eng Minoritéit sech weigert vun der Léisung och Gebrauch ze maachen, déi et ons erlaabt de Virus hannert eis ze loossen.\nD'Pandemie kéint "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_6_1689673006.wav", "transcription": " zu Lëtzebuerg eriwwer sinn, wa genuch Leit sech impfe loossen.\nMir wëllen de Leit d'Méiglechkeet ginn sech op dee neie CovidCheck-Regimm ze preparéieren, dofir wäerten och déi méi streng CovidCheck-Mesure eréischt ab dem 1.November sinn, d.h. an dräi Wochen.\nMir wäerten och exzeptionell Moossnamen nach e Mol fir eng kuerz Zäit huelen an dat sinn 2 Impfzentren, déi mir wäerten opmaachen.\nDat ass mat relativ groussem Opwand verbonnen, mee et ass ons wichteg et deene Leit déi nach net geimpft sinn, et esou einfach wéi méiglech och ze maachen. An déi, déi an der Tëschenzäit sech och anescht iwwerluecht hunn, hinnen och d'Méiglechkeet ze ginn, sech esou einfach wéi méiglech an sou onkomplizéiert wéi méiglech an ouni vill Formalitéiten, dat och kënnen ze maachen.\nNieft dem Victor Hugo, deen um Lampertsbierg jo nach ëmmer funktionéiert, wäerten d'Impfzentren zu Ettelbréck an zu Esch-Belval nach e Mol fir 2 Méint, d.h. vum 16. Oktober "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_7_1689673006.wav", "transcription": " bis de 16. Dezember och nees opgoen.\nWat erlaabt déi éischt an déi zweet Dosis och an där doter Phase kënnen ze maachen.\nWéi schonn an der Hal Victor Hugo, kënnen d'Bierger op eng onkomplizéiert Aart a Weis sech dohinner presentéiere kommen, ouni Rendez-vous fir kënnen - wann et hinne passt - geimpft ze ginn.\nFir déi, déi wëllen awer e Rendez-vous huelen, well se keng Waardezäiten och wëllen hunn an ebe méi séier wëllen duerchkommen, kënnen d'Bierger sech ab dem nächsten Dënschdeg, d.h. den 12.Oktober iwwert de Site impfen.lu och aschreiwen an dann eben och de Rendez-vous kënnen dann huelen.\nFir e Rendez-vous ze kréien, muss e Resident just seng Matricule aginn an dann eben sech déi fräi Plage an deem Impfzenter, deen dann do och proposéiert gëtt, sech dann och eraussichen.\nMir wäerten och zousätzlech Impfméiglechkeeten an deene Gemengen,wou bis elo am mannste Leit geimpft sinn, och offréieren, Do si mer och amgaangen"}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_8_1689673006.wav", "transcription": "Dofir och haut nach eng Kéier den Opruff: un der Offer feelt et net, mir hunn immens vill en Place.\nEt huet een de Choix vum Impfstoff, mir wäerte weider aktiv bleiwe mat de Busser op Plazen, och elo am Hierscht, déi ënner Daach wäerte sinn, an de \"centres commerciaux\", a \"zones commerciales\", bei de Betriber, an de Gemengen. Et ass wierklech nach eng Kéier den Opruff: Jiddereen, fir sech selwer: loosst Iech impfen. Wann Dir nach Bedenken oder Froen hutt, zéckt net bei eis Leit ze goen. D'Ekippe sinn och do fir Är Froen ze beäntwerten.\nEt ass net well Dir bei de Bus gitt, datt Dir zwangsgeimpft gitt. Dir kënnt Iech et ëmmer nach anescht iwwerleeën.\nMee d'Leit sinn och do fir Är Froen entgéint ze huelen, Är Suergen ze héieren, Iech vläicht nach déi Erklärungen ze ginn, déi iech feelen.\nAn och an Ärem Ëmfeld.\nEch géif och een Opruff maachen u jiddwereen a sengem Ëmfeld eng Kéier ze kucken, wien ass dann do villäicht nach net geimpft.\nMir hu gesinn, datt vill eeler Leit déi doheem wunnen, déi eleng sinn, hu vläicht net déi néideg Berodung.\nOch do wier et gutt, wa jiddweree kéint eng Kéier bësse ronderëm kucken,et si bestëmmt nach Leit, déi villäicht aus verschidde Grënn, de Wee net fonnt hunn, an "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_9_1689673006.wav", "transcription": "Ech géif dofir och nach eng Kéier déi nei Mesuren nach eng Kéier rappelléieren.\nEt si verschidde Saachen, déi wäerten eréischt mat Effet op den 1. November a Kraaft trieden.\nFirwat? Fir de Leit eben och nach eng Kéier eng Chance ze ginn sech impfen ze loossen.\nDee neie CovidCheck-Regimm ...wat mécht deen aus?\nDat ass am Fong de Regimm wéi mir en haut kennen, awer ouni déi Schnelltester sur place.\nMir hunn dat an enger Zäit en Place gesat fir de Leit entgéint ze kommen, wou mir och nach villäicht net grad esou vill Offer en Place haten, wou een de Leit nach Bedenkzäit ginn huet.\nMee déi Facilitéit fir och einfach e Schnelltest ze maachen, déi soll generell ewech falen.\nD.h. iwwerall do am Gesetz wou de CovidCheck-Regimm virgesinn ass, wäert et ab dem 1.November dee bëssi méi strenge CovidCheck-Regimm sinn, deen u sech just nach mat deem QR-Code funktionéiert. D.h. dat si Leit déi entweder geimpft sinn, déi geheelt sinn oder getest sinn iwwert e PCR-Test oder awer en zertifiéierte Schnelltest hunn.\nOch dat geet nach ëmmer, mee déi zertifiéiert "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_10_1689673006.wav", "transcription": "Dann bei de Rassemblementer proposéiere mir e klengen \"Allègement\" an dem Sënn, wou eise CovidCheck-Regimm sech prinzipiell ganz gutt hei zu Lëtzebuerg bewäert huet.\nMir géifen do proposéieren deen Tëschepallier dee mer hate vun 300 ze suppriméieren, dat heescht, konkret kënne bis zu 2.000 Leit un engem Event funktionéieren iwwert de CovidCheck-Regimm. \nBis zum 1.November den aktuelle CovidCheck-Regimm, an ab dem 1.November dee bëssi méi strenge CovidCheck-Regimm, deen da muss gemellt ginn, einfach deklaréiert ginn.\nAn ab 2.000, an dann ouni iewescht Limitt soll et ab der Entrée en Vigueur vum Gesetz méiglech sinn mat engem \"Concept sanitaire\" Eventer ze maachen.\nDat hate mir elo eben ab 300, wou e speziellen \"concept sanitaire\" gefrot war.\nAn dat wäert elo mam Auslafe vum ale Gesetz an der \"Entrée en vigueur\" vun deenen neie Bestëmmungen, esou wéi se proposéiert sinn, méiglech sinn doriwwer eraus ze goen, ouni Limitt no uewen, d.h. ab 2.000 muss e "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_11_1689673006.wav", "transcription": "vum Radio 100,7.\nDe Rappell fir Impfungen ab 65 Joer.\nWéi leeft dat? Hutt Dir do Echoen?\nAn a Frankräich, och an Däitschland, hunn se elo gesot datt - a Frankräich do maachen se dat schonn - fir Leit déi mat Janssen geimpft gi sinn, déi sollen dann och ee Rappell kréien. Déi krute jo just eng.\nDo wier d'Delta-Variant jo net esou effizient.\nWéi ... Hutt Dir do eventuell eng Decisioun getraff oder ... ?\nVoilà.\nJo, fir déi éischt Fro: do si jo Bréiwer erausgaangen nach eng Kéier un déi ganz Populatioun iwwer 60 Joer, well dat déi sinn déi mir ganz besonnesch eben am A hunn.\nDo ass et ons besonnesch wichteg datt den Impftaux héich gëtt.\nDo hu mir nach keng Auswäertung. Dat dauert ëmmer bëssi ewéi d'Leit Rendez-vous huelen.\nMir wëssen och net ob si bei den Dokter ginn oder an en Impfzentrum.\nEt ass elo nach ze fréi fir ze soen ob dat gefruchtet huet.\nMir erwaarden eis natierlech iwwert dee personaliséierte Courrier deen nach eng Kéier erausgaangen ass, datt déi Leit an där Alterskategorie déi nach net geimpft sinn, dach elo de Wee wäerte fannen.\nAn dofir och "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_12_1689673006.wav", "transcription": "fir déi éischt Fro: natierlech si mir am Austausch.\nGrondsätzlech maachen si net vill aneres wéi mir och.\nSi kommunizéieren, si setzen eng Offer en Place, et ass vill ... jo, kulturell warscheinlech bedéngt. Wéi ass d'Attitüd an engem Land par rapport zu enger Impfung?\nEt muss een och soen et si verschidde Länner déi extrem uerg getraff ware vun der Kris - Dir erwäänt Portugal oder Italien. Ech mengen dat sinn natierlech Länner wou Zoustänn ware wärend der Kris - an dat net nëmmen ee Mol - déi wierklech dramatesch waren, déi do iwwer d'Telé gaange sinn an dat ass ëmmer nach eppes anescht wann dat am eegene Land ass, wéi wann dat an engem anere Land ass.\nMir kennen déi Biller och vun Triagen, déi gemaach gi sinn, vu Läichen déi sech gestapelt hunn, mee et war net bei eis an ech denke perséinlech datt dat bei verschiddene Länner sécherlech matgespillt huet, well einfach d'Dramatik eng aner awer nach war, wéi bei eis.\nObwuel ech dat och guer net wëll erofspillen, mir haten och elle Momenter hei am Land awer net an deem Ausmooss wéi anerer et kannt hunn.\nAn einfach villäicht och, jo, generell d'Kultur? \nAss d'Kommunikatioun anescht? Ech kann Iech net soen.\nSi hunn op alle Fall kee Wonnermëttel, wou mir elo gesot hätten \"ah, dat do ass eppes wat mir nach net "}
{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_13_1689673006.wav", "transcription": "D'Stad Esch huet ons gesot, datt si een extraen Impfzenter wéilten installéieren.\nDir hutt elo vu Belval geschwat, wéi et schéngt wosst de Buergermeeschter do net Bescheed.\nOch aner Stied wéilten esou een Impfzenter asetzen.\nWësst Dir do Bescheed a wéi gitt Dir domadder ëm?\nMir hunn eng ganz Campagne geplangt mat enger Rei Gemengen.\nMir fuere prioritär elo bei déi Gemengen, oder huele mer de Kontakt op, déi ënnert der Moyenne leie vum \"Taux national de vaccination\" fir mat hinnen ze kucken, lokal Aktiounen ze maachen.\nDo wäerte lues a lues Aktioune kommen. Si kënnen awer och gären ... Et sinn awer och Gemengen déi eis spontan kontaktéieren.\nMee déi op déi mir elo zou ginn ass am Fong no enger gewësser Reiefolleg. Dat ass bedéngt duerch hiren \"Taux de vaccination\", deen se hunn.\nDat sinn Aarbechten déi elo lafen. Déi Leit wäerte schonn informéiert ginn.\nAlso ech weess datt dat leeft, datt dat d'nächst Woch lues a lues uleeft. Iwwert déi nächst Woche wäerte mir effektiv lokal méi present si mat dëse Gemengen"}