diff --git "a/metadata.jsonl" "b/metadata.jsonl" --- "a/metadata.jsonl" +++ "b/metadata.jsonl" @@ -1,152 +1,470 @@ -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_0_1689588701.mp3", "transcription": "Jo, schéine gudden Owend zu enger bësse méi ongewéinlecher Zäit fir eng Pressekonferenz. \nMir komme grad aus der Chamber. \nMir wollten am Fong d'Pressekonferenz éischter am Dag maachen, mee do koum den Avis vum Staatsrot iwwert d'Covid-Gesetz an sou wéi dat och presséiert, ass dunn d'Santéskommissioun mat der Gesondheetsministesch zesumme komm an do hu mer d'Pressekonferenz op elo nom Chamber no der Chamber-Debatt nach eng Kéier higeluecht. \nBon, mir hunn haut an der Chamber, souwuel d'Paulette Lenert, wéi och ech selwer, eng Kéier gesot wat mer als 1. Léieren zéien aus dem Waringo-Rapport a Waringo plus all déi Leit, déi Experten, déi do dra waren.\nMir hunn dee Rapport ganz seriö gelies an do sinn och ganz vill oder fir ze soen, ganz, ganz konstruktiv Kriticken dran.\nEt si Punkten, déi natierlech hätte kënnen aneschters gemaach ginn.\nEch erënneren do un den Entête-Pabeier, dee kee war, z.B., mee et sinn awer keng fundamental Kriticken dran, mee awer Saachen, \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_10_1689588701.mp3", "transcription": " erwäänt hutt.\nEch muss dat awer iwwerpréiwen, mee ech hunn se relativ kloer virun Aen an do ass eben och den de Gebrauch vun der FFP2-Mask méi dran thematiséiert, wou mer wierklech soen a wéi enge Fäll, dass deen indiquéiert ass, wann een z.B. bei ganz vulnerabel Leit geet asw., an sou Situatiounen.\nD.h. mir hunn effektiv vum Ufank vun der Pandemie, mir hunn eng Evolutioun gehat an eiser Politik ronderëm d'Masken.\nDéi hu mer och ëmmer adaptéiert un déi Virgaben, déi mer op europäeschem Plang kritt hunn. Déi hunn och evoluéiert.\nEch mengen dat ass gewosst.\nDo ass eng Evolutioun gewiescht.\nAn effektiv hu mer déi adaptéiert awer um Wee vu Recommandatioune mat wierklech och Beispiller vu spezifesche Situatiounen, wou een déi wou dat eben de besser Schutz ass.\nMir hu keng verflichtend, dat ass richteg.\nMee et ass a verschiddene Servicer ass dat de mise an ech denken, datt déi Recommandatiounen och an deem Sënn grad bei deene Professionellen an den Alters- a Fleegeheemer an an de Spideeler absolut verständlech sinn.\nSi waren \"à destination de tous\", also och fir de \"Grand Public\".\nEt ass och e \"Composant\" dran, wou \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_11_1689588701.mp3", "transcription": " mer de Leit selwer Recommandatioune mat op de Wee ginn hunn fir eben déi Masken do ze benotzen.\nEch mengen et ass ee vun de Kritikpunkten, et si ganz vill Saachen, déi en Place ware vu Recommandatiounen.\nDat ass eng eng enorm Mass un Texter a sécherlech muss een sech réckbléckend d'Fro stellen: Hätt een dat net nach méi ëmmer erëm missten opwiermen.\nMir hunn Campagnen ëmmer aktualiséiert ronderëm dat wat grad aktuell war.\nDe Rappell vun de Geste-barrièrë probéiert ze maachen, sou gutt et geet, mee effektiv réckbléckend mengen ech ass et e bëssen eng Illusioun, datt jiddwereen ëmmer iwwerall um leschte Stand war vun allem wat bei eis um Site ass.\nPar contre ginn ech awer dovunner aus, dat grad an dee professionelle Kontexter, dat awer wierklech suivéiert ginn ass, well jo och Medezinner an deenen Haiser sinn, Hygiènisten.\nAn da fir op d'Schnelltester ze kommen, wanns de erlaabs, just eng Kéier den Historique, wéi ass dat ugaangen?\nMa mir sinn ab Oktober, den 28. Oktober, krute mer vun der ECDC, vun der europäescher Agence, 1. Angabe \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_12_1689588701.mp3", "transcription": "mat Krittären, wéini e Schnelltest, wat dee muss vun Charakteristiken hunn fir fiabel ze sinn um Niveau vu senger Sensibilitéit, vu senger Sensitivitéit, dat sinn technesch Maßgaben.\nMee déi sinn am Fong eréischt Enn Oktober komm vu Bréissel.\nEt ass och ongeféier zu deem Zäitpunkt, wou d'Produktioun ugelaf ass mat Schnelltester, déi och de C1-Marquage, d.h. dat wat se mussen hunn fir kënnen um europäesche Maart verkaf ze ginn.\nWou dat bis gi war, hu mer der och kaf.\nRelativ vill - ech mengen eng hallef Millioun hate mer direkt kaf.\nDir erënnert Iech villäicht, dass och dat a Fro gestallt ginn ass, well mer do relativ schnell waren a wierklech bëssen och spekuléiert hunn, dass déi géifen zougelooss ginn, mee et huet awer dozou geféiert, dass mir der haten, éischter wéi anerer.\nDéi hu mer dann \"à disposition\" ginn, och un Alters- a Fleegeheemer, \"au fur et à mesure\" am Dezember an dat Ganzt, begleet vun enger Recommandatioun erëm eng Kéier vum Direkter vun der Santé vum 10. November.\nEt ass eng Recommandatioun vum 10. November, wou mer ganz kloer zu deenen Schnell"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_13_1689588701.mp3", "transcription": "déi deemools op de Maart komm sinn.\nDat sinn déi 1., déi wierklech konnten och benotzt ginn.\nWéi déi sollten agesat ginn an do waren ënner anerem och Recommandatiounen am Alters- a Fleegeberäich och ausgeliwwert ginn.\nFrot mech awer elo net déi ganz Comptabilitéit auswenneg.\nMir hunn dat alles, déi Donnéeën. Mir sinn \"au fur et à mesure\", wann nogefrot ginn ass komm.\nEch mengen et ass ënnerschiddlech agesat ginn.\nD'Madamm Cahen ka villäicht dorobber agoen.\nEch mengen do war am Ufank och nach eng gewësse Méfiance mat deenen Tester.\nEt huet een e Mol misste sensibiliséieren, datt se gebraucht ginn.\nEt brauch ee speziellt Personal.\nEch kann elo vun mir aus net soen, wéi se ëmgesat ... ech ka just soen, dass mer Liwwerungen eraus ginn hunn, ëmmer erëm. Verschiddener méi, verschiddener anerer.\nAn dann eben, fir just nach ofzeschléissen, duerno elo, déi grouss Demarchë mat deenen neie Modeller och vu Schnelltester, déi Quantitéite kennt der. \nEch mengen dat brauch ech net ze widderhuelen.\nDéi sinn am grousse Stil jo eraus gaangen an d'Education nationale, an d'Betriber, an d'Alters- a Fleegeheemer, an d'Klinicken, bref, iwwerall \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_14_1689588701.mp3", "transcription": "Villäicht just komplementär: also et gëtt schonn een Ënnerscheed tëschent deenen 1. an deenen 2. déi der genannt hutt, well déi 1. waren Schnelltester, déi hunn awer vun engem \"Professionnel de santé\" musse gemaach ginn an do waren och a verschiddenen Haiser éischter organisatoresch Problemer, resp.si haten och alleguerte vun der Regierung PCR-Code kritt fir d'Visiteuren, dass déi och mat engem PCR-Code ëmmer konnten an den LST fueren an dat ass dee Moment awer och nach deelweis als vill méi sécher ugesi ginn. Dat ass jo am Fong och e bësselche méi sécher.\nD.h. dass ganz vill där, där Coden och verdeelt gi sinn. Net nëmmen un d'Personal, mee och un d'Visiteuren, d.h. wann een ee wollt besichen, am Alters- oder Fleegeheem, da konnt een sech sou e Code froen.\nEt konnt een an den LST goen an dann mat méi grousser Sécherheet negativ getest an d'Alters- oder Fleegeheem goen. Déi aner Etapp, dat ass natierlech déi vun de Selbsttester, d.h. dat sinn déi, déi ech eleng ka maachen.\nDat war natierlech dunn awer e Stéck méi einfach och.\nDat hat och e bëssen evoluéiert nach dat Ganzt an an ech mengen dat ass massiv agesat ginn elo bis \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_15_1689588701.mp3", "transcription": "Jo, also mir hunn ... ech hunn haut e ganz groussen Ëmschlag gemaach an der Chamber.\nNatierlech huele mir ons immens zu Häerz, wat den Här Waringo a seng Experten gesot hunn a mir wäerten natierlech kucken och an der Kommunikatioun einfach besser ze ginn, well dat schéngt jo awer e groussen \"Point faible\" vun eis ze sinn, notamment vun der Famille, mee och am Allgemengen, wéi mer kommunizéieren oder dass mer méi Rappeller och musse schécken.\nEt muss een awer soen, dass all déi Recommandatiounen an Ordonnancen, déi eraus gaange sinn, sief dat vun der Direction de la santé oder vum Familljeministère oder dem Santésministère, déi sinn awer zu all Moment ëmmer applizéiert ginn.\nEt war ni keng Recommandatioun do, mee mir sollten awer schonn aus deem Rapport och Léieren zéien a kucken, dass mer besser ginn an der Kommunikatioun.\nDann hunn ech Iech gesot, hu mer e Gesetzprojet, dee souwisou schonn deposéiert ass.\nEch ginn Iech do dann e bësse méi Detailer nach, well ech mengen dass dat awer och eng vun de Léieren aus der Pandemie an och vum Rapport ass, déi mer zéien.\nEch hunn elo virdru scho vum Ethikkommitee geschwat, dee mer en place setzen eben, wou mer eben déi Missiounen\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_16_1689588701.mp3", "transcription": " an de Fonctionnement wëlle preziséiere fir dass déi ethesch Froe kënnen gekläert ginn zu all Moment.\nDann hu mer am \"Projet de loi\" och d'Evaluatioun vun der Qualitéit virgesinn.\nDat ass och e Punkt am Rapport vum Här Waringo.\nD'Haiser ... Mir wollte schonn Ugangs, am \"Projet de loi\" e Qualitéitsmanagementsystem.\nMee mir haten awer gesot d'Haiser kéinten sech e selwer eraussichen, well se schaffen net all mat deem selwechten.\nElo ass d'Fro opgeworf ginn awer am Rapport, ob se net all dee nämmlechte missten hu fir dass ee besser vergläichen och kéint tëschent den Haiser.\nDat ass z.B. eng Fro, déi mer mussen diskutéieren. Et ass och eng Fro, déi ech de Mëtteg an der Chamber gestallt hunn, awer keng Äntwert bis elo nach krut.\nDann referéieren ech op eng \"Proposition de loi\", déi mer erakruten iwwert d'Aféiere vu Referenten am Beräich vun de \"Règles d'hygiène et sanitaires\".\nDat steet am Moment an der Ordonnance vum Direkter vun der Santé, wëlle mer domat an d'Gesetz huelen.\nDann och d'Integratioun an de \"Projet d'établissement\" vum Gestionnaire vun de Reegele fir Hygiène \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_17_1689588701.mp3", "transcription": "an de Reegele fir d'Preventioun an d'Lutte géint d'Infektiounen.\nEch mengen do hu mer jo lo wierklech grouss Léiere gezunn aus der Pandemie, dass mer do wierklech musse vill méi professionell ons an den Haiser opsetzen.\nDann e Mediateur, dee mer wëllen aféiere fir dass d'Reklamatioune vum Terrain och kënnen traitéiert ginn.\nMee och e Mediateur deen eben néideg Informatioune ka ginn an eventuell Litigen tëschent den Acteure ka klären.\nDann hunn ech proposéiert, an dat ass och an enger Motioun gefrot ginn elo grad, fir eng \"Commission permanente\" anzesetzen.\nDen Här Waringo a seng Kommissioun hu jo den Denkustouss gehat fir ze soen, wie soll d'Tutelle hunn?\nBon, dat ass natierlech eng Regierungsdecisioun, ass ëmmer wann d'Regierung gebilt gëtt, gëtt natierlech iwwert d'Tutelle och geschwat, resp. wat wéi ee Beräich bei wéi ee Ministère kennt.\nEch mengen do ass bei all Regierungsbildung ginn do Saache geännert an ech mengen dat ass eng Diskussioun, déi een breet muss féieren\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_18_1689588701.mp3", "transcription": " well effektiv ass d'Famille, huet am Moment d'Tutelle, wann et natierlech ëm d'Santé geet, ass de Santésministère resp. d'\"Direction de la santé\", extrem gefuerdert an een deen awer ganz vergiess gëtt, och am Rapport, dat ass d'\"Assurance dépendance\", d.h. d'\"Sécurité sociale\", well d'Haiser, déi finanzéieren sech just iwwert de Pensiounspräis an iwwert d'\"Assurance dépendance\" an do ass d'\"Assurance dépendance\" natierlech och e groussen Acteur an dofir wëlle mer sou eng \"Commission permanente\" sou séier wéi méiglech schafen.\nMir wollten dat am Fong iwwert d'Gesetz maachen, mee mir si gefrot fir dat elo méi séier ze maachen eventuell am, net nächsten, well deen ass elo dës Woch, mee iwwernächste Covid-Text fir dat dann ze maachen, wou och Leit aus dem Secteur sollen dra sinn fir eben do méi zesummen ze schaffen.\nVoilà. D.h. dat ass z.B. ... dat sinn z.B. elo net nëmme Léieren, mee ganz konkret Äntwerten, déi mer elo am Fong geholl 36 Stonnen no der Präsentatioun vum Rapport schonn direkt wëlle liwweren an da wäerte mer de Rapport natierlech och nach eng Kéier e bësse méi an der Déift studéiere fir do och déi richteg Konklusioune kënnen ze zéien.\nDir hutt \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_19_1689588701.mp3", "transcription": "Ugangs déi Probleemer an der Kommunikatioun ugeschwat.\nSinn do Saachen, déi Iech virdru scho bewosst waren oder war d'Publikatioun vun der Etüd vum Här Waringo néideg, datt dat Iech bewosst ginn ass?\nAlso d'Etüd war néideg, datt dat bewosst ginn ass, well d'Recommandatiounen, dat huet den Här Waringo och gëschter gesot, an et steet och am Rapport, déi sinn zu all Moment ëmmer ëmgesat ginn um Terrain.\nSou dass déi Leit natierlech och Bescheed wossten.\nSi wossten ëmmer wat en Vigueur war.\nD.h. och z.B. de Stufeplang, dee nach ëmmer en Vigueur ass: wéi grouss d'Haus op ass fir d'Visitten, jee no deem, ob Covid-Fäll am Haus sinn oder net.\nD.h. dat alles ass am Fong am Secteur gewosst, mee et schéngt esou ze sinn, dass mer villäicht awer och méi groussraimeg kommunizéiere musse wat ëmmer och an den Haiser en Vigueur ass, mee an den Haiser ass dat awer zu all Moment gewosst gewiescht, well dat steet och esou am Rapport, dass d'Recommandatiounen an d'Ordonnancen och zu all Moment respektéiert an ëmgesat gi sinn.\nDir hutt zum Schluss vun der Debatt net méi selwer Stellung geholl.\nFirwat net?\nA wat "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_1_1689588701.mp3", "transcription": "Ureegungen, wéi mer Saache besser kënne maachen trotzdeem an Zukunft an do hunn ech de Mëtteg an der Deklaratioun bei den Deputéierten, hunn ech hinnen erkläert, wat ech wéi an Zukunft wéilt besser maachen, dass mer am Moment amgaange sinn um Projet de loi iwwert d'ASFT-Gesetz ze schaffen. \nDat ass schonn deposéiert, dat ass scho beim Staatsrot.\nMir sinn nach amgaangen Amendementer ze maachen, wou mer ënnert anerem z.B.en Ethik-Kommitee wëllen aféiere fir dass eben och ëmmer gekuckt gëtt par Rapport zu deem wat d'CCDH am Fong gesot huet, no där 1. resp. 2. Well, dass mer awer och mussen no de Fräiheete vun de Leit kucken.\nMir wëllen eng Kommissioun, wou mer déi Kritik och wierklech ophuelen aus dem Rapport vum Här Waringo, dass d'Santé, d'Sécurité sociale an d'Famille méi no zesumme schaffen, wann et ëm de Beräich vun den eelere Leit geet.\nEt ass esou, dass am Rapport natierlech ganz vill vun der Santé a vun der Famille geschwat gëtt.\nEt duerf een awer net vergiessen, dass d'Sécurité sociale och \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_20_1689588701.mp3", "transcription": "behaalt Dir vun där Debatt de Mëtteg zeréck?\nEch hunn net méi Stellung geholl, well 1. e Mol hunn ech lauter Proposë gemaach an et ass keen dorop agaangen, 2. huet en Deputéierte vun der Oppositioun eis gesot, dass gëschter Mëtteg, wou se de Rapport jo dann nach net gelies haten, sech schonn zesummegesat hunn fir meng Demissioun ze froen.\nEch mengen da brauch een iwwer näischt méi ze diskutéieren, well da geet et iwwerhaapt net ëm de Rapport.\nDa gefält deen hinne warscheinlech och net esou, wéi en ausgefall ass.\nDa geet et net méi ëm de Rapport, da geet et just ëm d'\"Politique politicienne\" an ech géing hei gär profitéiere fir Eppes ze soen: Ech sinn net ganz jonk an d'Politik gaangen.\nEch sinn elo net zanter éiweg dobäi, mee meng Motivatioun fir an d'Politik ze goen, dat war fir Saachen gutt a besser ze maachen, fir Saachen unzepaken, fir mech z'engagéieren a fir mech anzesetzen.\nDat war net fir en anere schlecht ze maachen an et war einfach well aus eegenem Engagement dat wollt maachen a wat am Moment hei geschitt, dat ass \"Politique politicienne\" an ech muss soen, dass dat mech \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_21_1689588701.mp3", "transcription": "an do dinn ech ganz kuerz eng aner Kap un als Parteipresidentin, wierklech erschreckt, well ech froe mech: wann op deem doten Toun matenee geschwat gëtt an op déi doten Aart a Weis Politik gemaach gëtt, da froen ech mech wierklech, wien an Zukunft nach, egal bei wéi enger Partei, Loscht huet Kandidat op enger Lëscht ze sinn an aktiv Politik ze maachen.\nDat ass awer schonn hefteg, wat do geschitt ass, virun allem, wou gesot ginn ass: mir hunn de Rapport mol net gelies, mir hunn ... den Här Waringo huet gëschter Moie ganz kloer gesot, et kann ee keng Scholdzouweisung maachen.\nVoilà. Dat ass awer d'Conclusioun, dass jiddwereen sou gutt e konnt an sou gutt wéi méiglech geschafft huet an dann huet en ebe verschidde Saachen ze bemängelen, déi mer jo och elo grad opgegraff hunn.\nMee voilà, d.h. et war iwwerhaapt keng dat war iwwerhaapt net de Sënn an den Zweck vun der Oppositioun fir ze waarden op dee Rapport.\nDat war hinnen egal.\nSi wollte just \"Politique politicienne\" maachen an ech muss soen, dass dat mir immens Leed deet, well ech fannen, dass d'Land Politiker verdéngt huet, déi sech \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_22_1689588701.mp3", "transcription": "Näischt.\nEch mengen, souwäit ech mech elo erënnere ka vu virun enger hallwer Stonn, huet d'Majoritéit vun den Deputéierte géint déi Motioun gestëmmt an wat dat bedeit fir déi nächst 2 Joer weess ech net.\nDat wat ech weess, dat ass, dass ech all Dag zesumme mat menge Regierungskolleegen, zesumme mat de Mataarbechter am Familljeministère, am Integratiounsministère an am Groussregiounsministère, meng Aarbecht mat beschtem Wëssen a Gewësse maachen.\nDo sinn immens vill engagéiert Leit, doduerch, dass Leit mäi Kapp froen, froen se jo och ... kritiséieren se och d'Aarbecht vun immens ville Leit um Terrain, vun immens ville Leit an de Ministèren an an den Administratiounen, déi extrem vill geschafft hunn an ech mengen d'Madamm Lenert huet et grad an der Chamber gesot, do si Leit, déi si wierklech am \"Burnout\", déi sinn do si Leit, déi ware 7/7 Deeg ëmmer disponibel.\nMir iwwregens och, wëll ech eng Kéier soen, ne.\nEch brauch jo kengem ze soen, wéi vill d'Gesondheetsministesch dat lescht 1 1/2 Joer geschafft huet.\nDat gëllt fir d'ganz Regierung.\nD'Disponibilitéit, kucken z'aviséieren, well dacks d'Informatioune vun haut eng aner \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_23_1689588701.mp3", "transcription": "ass, wéi déi vu gëschter.\nMir hu mat engem Virus ze dinn, dee mer net kannt hunn.\nD.h. wat heescht dat doten?\nMa d.h., dass ech elo nach méi motivéiert si fir meng Aarbecht gutt ze maachen a fir d'Land do ze sinn a fir d'Leit ze schaffen.\nDann eng Fro nach fir d'Madamm Lenert.\nA Frankräich gouf elo eng Vaccinatiounsflicht fir d'Gesondheetspersonal ugekënnegt.\nWéi gesäit et hei am Land aus? Dir hutt de Mëtteg an der Chamber Diskussiounen doriwwer ugekënnegt.\nWéini ass do mat Entscheedungen ze rechnen?\nEt ass eng Diskussioun, déi an Europa ugefaange gëtt.\nDéi wéinegste Länner hunn dat \"en place\" nach an Europa. Italien ass déi dat bis elo duerchgesat hunn iwwert een \"Décret-loi\".\nBei deenen aneren, déi et annoncéiert hunn, steet déi parlamentaresch Debatt nach un an déi wäert villschichteg ginn.\nAn och hei musse mer eis dat doten ... et ass ee Sujet, dee mer suivéieren, scho säit Méint effektiv. En ass villschichteg.\nNach sinn ech perséinlech op allefall der Iwwerzeegung, dass ee mat enger Flicht net Angscht entgéinthëlt.\nDéi Leit, déi sech an enger 1. Phas net impfe gelooss hunn, haten Ängschten.\nA wa Leit Ängschten "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_24_1689588701.mp3", "transcription": "hunn, mengen ech, déi niert ee just, wann ee mat enger Flicht hannendru kënnt.\nAlso ech verstinn awer absolut den Enjeu.\nMir sinn iwwerzeegt, dass mer mat der Campagne, déi mer lafen hunn, dach nach Eppes wäerten erreechen.\nMir hu gesinn, dass ganz vill Leit ech nodréiglech agedroen hunn am Ufank.\nEffektiv war net de grousse Rush an de Gesondheets- a Fleegeberuffer. Et muss een awer e wëssen, dass mer och do mat jonke Leit ze dinn hunn, mat ganz ville Fraen.\nSi haten Angscht.\nSi waren déi éischt déi dru komm sinn.\nA mir gesinn, dass awer elo op deene Lëschten, déi op sinn, wou d'Leit och de Choix vum Vaccin hunn, dass dach awer nach vill Leit nodréiglech kommen.\nEch mengen och ...\nElo mam Ustieg vun de Neiinfektioune verstinn d'Leit ëm wat et hei geet an ech sinn, perséinlech, - et ass meng perséinlech Meenungnet iwwerzeegt, dass ee mat Drock Angscht hëlt, \"au contraire\".\nDir hutt Länner, wou dat doten ... z.B. an England ass eigentlech schonn eng ganz grouss Adhesioun op allefall an de Klinicken an am National Health Service, fir sech impfen ze loossen.\nEt ass awer och keng Flicht, et ass eng Kultur, déi ee lues a lues muss fërderen.\nEch huelen op allefall mat op de Wee aus dëser Kris \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_25_1689588701.mp3", "transcription": "eraus als Gesondheetsministesch, dass een d'Thema \"Impfen\" wierklech muss méi breet ënnert d'Leit bréngen, dass een do wierklech Leit opkläert, deenen hir Ängschten hëlt.\nMir hu gesinn, dass dat seng Friichten dréit.\nMir sinn nach net ganz derduerch, am Summer leeft nach vill Campagne.\nEch géif soen, gi mer der Saach och e Mol eng Chance.\nAn dat anert Thema soll ee sécherlech wierklech ganz enk suivéieren, kucken, wéi een do den Equiliber fënnt.\nMir sinn där Saach absolut net verschloss, \"au contraire\", et ass eng Diskussioun, déi mer och iwwert de Summer wäerten op allefall um Niveau vun der Regierung feieren an ech sinn och selwer ganz gespaant och déi 1. déi 1. Avisen do ze liese vun de franséischen Autoritéiten, wann déi bis kommen, Staatsrot asw. parlamentaresch Debatte fir ze gesinn, wéi do d'Evolutioun an Europa wäert sinn.\nAlso et ass eng Diskussioun, déi ee muss feieren, wou d'Leit sech vill Froen dozou stellen.\nMee wou een och opkläre muss.\nRonderëm déi Debatt huet een immens séier ze vill Kuerzschlëss gezunn an och stigmatiséiert.\nEch wëll och dorun erënneren: Mir hunn am Ufank vun der Pandemie huet kee Mënsch gefrot ob ee geimpft war oder net.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_26_1689588701.mp3", "transcription": "Do sinn honnerte Leit ... si krank ginn.Bei eis manner, well mer ganz vill Schutzmaterial Gottseidank schnell konnten hunn.\nMee do si Leit, déi hunn geschafft och ouni Impfung.\nDéi stoungen hire Mann an hir Fra wärend dëser Kris an et gefält mir net, dass elo am Moment e bëssen esou eng Atmosphär kennt, wéi wann een do déi eenzeg Ursaach sicht.\nDéi 1. Ursaach hei zu Lëtzebuerg an iwwerall, datt ass am private Kontext, wou een sech ustécht.\nDat gëtt ze vill vergiess.\nEt ass wouer, dass och an engem Altersheem, wou jo Leit nun eben och e Mol wunnen, do hu mer sou e Kontext, sécherlech och eng Schwaachstell iwwert d'Personal ass.\nEch well dat absolut net kleng rieden, mee och aner Visiteure kënnen et erabréngen a mir sollen alleguerten zesummen net vergiessen, dass wa mer eis alleguerten un d'Reegelen halen, da kréie mer de Probleem agedämmt.\nDee gréisste Probleem geschitt am klengen, oft, leider ass dat esou, am Privaten, mat Ausnam elo vun deem bësse méi wëllen Nuetsliewen, wat mer rezent haten, ass a bleift dat déi 1. Cause an et soll een net drop net ze vill liicht sech fänke loossen an elo hei e Schëllege sichen a mam Fanger weisen.\nEt ass eng Debatt, déi een an aller Rou soll feieren.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_27_1689588701.mp3", "transcription": "Mir wär et léiwer, et géif een se ausserhalb vun der Pandemie feieren, well mer alleguerten vun Emotioune biaiséiert sinn an dat ass ni gutt fir eng sachlech Diskussioun ze feieren.\nEch haken direkt bei der Impfflicht nach eng Kéier an.\nEt ass jo awer elo sou, dass an den Altersheemer am Endeffekt bal 20% vun den Infektiounen, déi stattfonnt hunn, och zu engem Doudesfall gefouert hunn, contrairement zu dem ganze Recht vun der Bevëlkerung.\nEt ass gläichzäiteg och esou, dass grad bei den eelere Leit d'Impfunge manner gutt uschloen.\nD.h. dat ass awer an deem Moment awer eng vun deene sécherste Méiglechkeete fir déi Leit ze schützen.\nA wa mer am Hierscht eng weider Infektiounswell kréien, kéint dat doten erëm zu engem Probleem ginn, wa mer déi Impfungen net hunn.\nHaalt der et da wierklech fir richteg fir dat no der Pandemie ze diskutéieren?\nDat ass meng perséinlech Meenung. Ech sinn ... mir hunn ee CovidCheck-Regimm, deen obligatoresch ass, wou mer oppe Flanken ausgläichen.\nDee beschte Schutz ass déi Leit selwer z'impfen.\nWann der d'Etüd elo liest, déi gemaach ginn ass, an d'Annexe kuckt, da gesitt der dass den Impfschutz bei deene Leit, déi déi duebel Impfung kritt hunn extrem héich ass.\nEch mengen "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_28_1689588701.mp3", "transcription": "et ass net meng Iwwerzeegung, dass dat doten de Wee ass.\nEch mengen dass mer nach méi polariséieren, nach méi Angscht maachen an dass mer \"au contraire\" am Moment op engem gudde Wee si fir d'Leit mat a Richtung Impfung ze kommen.\nMir sollen deem eng Chance ginn.\nJust... Ech kann Iech eng Kéier weisen, hei den Tableau aus dem Rapport vu gëschter, deen den Här Mossong, Epidemiolog, presentéiert huet.\nDo gesäit een effektiv, dass déi Leit, déi krank waren, de Virus haten a geimpft sinn, dat sinn natierlech, déi, déi déi meeschten Anti-Corpsen hunn.\nDann déi, déi geimpft sinn, awer net krank waren, an dann déi, déi krank waren an net geimpft sinn.\nD.h. mir wäerten natierlech doriwwer schwätzen a mir hunn schonn ugefaangen driwwer ze schwätzen, wann eng 3. Impfung kënnt,dass mer natierlech da prioritär mat deenen Haiser ufänken, wou déi wéinegst Infektioune waren, well do och dann dee Moment déi niddregst Anti-Corpsen am Fong sinn.\nEt kënnt dobäi an eiser Strategie, déi mer eben hunn ronderëm d'Altersheemer, déi sech, ech soen et nach eng Kéier, aus eenzelen Bausteng besteet, mee och am Kader vum Large Scale Testing wësst der, dass mer e grousse Schwéierpunkt hunn, grad an deenen do "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_29_1689588701.mp3", "transcription": "Strukturen de Suivi ze maachen wat d'Immunitéit betrëfft.\nDat gëtt flächendeckend gekuckt.\nDo maache mer vill méi en enke Suivi z.B. wéi an der normaler Bevëlkerung.\nAlles dat sinn un sech Elementer vun där Strategie, déi mer do fueren.\nOkay. Meng nächst Fro fir d'Madamme Cahen: Dir hutt... also wat am Waringo-Rapport jo erauskomm ass, dass et verschidde Clusteren am Hierscht eben och scho gouf an aneren Haiser.\nDir hutt grad vun de Kommunikatioune geschwat.\nFirwat gouf déi net ëffentlech kommunizéiert?\nAlso mir hunn ni mam Fanger op d'Haiser gewisen. \nD.h. all Dag si jo d'Chifferen erauskomm: wéi vill positiver, och Doudesfäll - ech sinn iwwregens all Dag frou, wann do eng grouss 0 steet - mee mir hunn awer ni op d'Haiser gewisen an dat ass richteg. \nEch hat dat och gesot, well Dir musst Iech virstellen: Ech erklären et just, ech soen net, dass et richteg ass, mee ech et erklären et awer gären eng Kéier, wann ech d'Fro scho gestallt kréien.\nSou e Cluster an engem Altersheem, dat ass eng Ausnamesituatioun, well een net nëmmen Bewunner huet, déi krank sinn, mee ganz dacks och Soignanten, Personal, wat krank ass oder wat \"Cas "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_2_1689588701.mp3", "transcription": "e ganz wichtegen Acteur ass an e ganz wichtege Partner fir ons alleguerten, well d'Haiser finanzéieren sech nun e Mol iwwert d'Assurance dépendance an iwwert de Pensiounspräis.\nVoilà, ech kann do gären nach méi Prezisiounen dozou ginn, mee ech huelen, dass der d'Debatten haut an der Chamber all gelauschtert hutt. \nEch wëll elo net nach eng Kéier déi hallef Stonn do widderhuelen.\nEch mengen et wier besser, mir géingen ons disponibel hale fir op Är Froen z'äntweren, well ech mengen dat war elo e laange Mëtteg a mir hunn am Fong alles gesot an dofir mengen ech wär et besser, mir kéinten elo op Froen äntweren.\nWat ... Paulette?\nJo, ech ka mech deem uschléissen. \nMir hunn dee Rapport gëschter kritt, sou wéi d'Chamber en och kritt huet, wéi d'Press en och kritt huet an d'Iwwerleeung haut ass natierlech fir Iech och Ried an Äntwert ze stoen.\nEch sinn iwwerzeegt, dass Dir genau sou wéi och d'Deputéierten eng Rei Froen hutt, zousätzlech zu deem Rapport, un eis.\nMir hunn ons Deklaratioun de Mëtteg dozou gemaach.\nEt ass eng ganz wäertvoll Grondlag, dëse Rapport, fir wierklech d'Kris opzeschaffen, awer ganz spezifesch Fokus op dat wat et ausgeléist hat, eng Situatioun \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_30_1689588701.mp3", "transcription": "contact\" war, esou, dass se a Quarantän musse goen, d.h. et ass een an enger totaler Ausnamesituatioun, well et muss ee kucken, dass een d'Personal anstänneg opgedeelt kritt fir dass ëmmer genuch Leit do si fir d'Bewunner ze versuergen.\nEt muss ee kucken, dass een d'Bewunner versuergt kritt.\nDéi eng si krank, mat Symptomer.\nDa muss een déi natierlech nach speziell versuergen.\nAnerer hu keng Symptomersinn awer agespaart an hirer Kummer an dat sinn awer nun e Mol Kummeren ouni \"Salle à manger\" an ouni Kichen, d.h. sou een Altersheim, wat normalerweis esou funktionéiert, dass d'Leit awer an en \"Lieu commun\" an eng \"Salle à manger\" iesse kommen, wann déi op eemol mussen dann och nach d'Iessen op d'Stäck zerwéieren, dat ass en extrem groussen Opwand.\nDann ass natierlech de Problem wann een dann mat de Fanger op d'Haus weist a seet, dat ass dat Haus wou elo am Moment vill Infektioune sinn, da kënnt nach en zousätzlech Stress dobäi.\nWell wann dat da bis an der Press ass da ruffen och nach aner Leit un, déi wëlle wëssen \"ech kennen awer ee bei iech, wéi geet et dem?\" a sou weider.\nDat heescht et war am Fong fir net mam Fanger op d'Leit ze weisen.\nA gëschter \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_31_1689588701.mp3", "transcription": "huet den Här Marcel Bausch, den an der Kommissioun Waringo war, dat och nach eng Kéier gesot am Plenum vun der Chamber, wou se an den \"Toutes commissions\" waren, dass dat am Fong, dass si dat am Fong ënnerstëtzen, dass mir dat net kommunizéiert hunn.\nWéi gesot, ech sinn och éischter eent , ech kommen aus der Press, ech si fir total Transparenz, mä et ass hei, well mir awer an enger Kris sinn, drëm s gaang, dass d'Leit hier Aarbecht esou gutt ewéi méiglech konnte maachen.\nAn hien huet gesot als fréiere Buergermeeschter, e muss Buergermeeschter gewiescht sinn, hätt hien et och net gäre gesinn, wann dann d'Buergermeeschteren do verglach hätten \"Ah, kuck mol bei dir a bei mir a sou weider\".\nDat ass de Grond.\nSi hunn iwwregens d'un och, d'Kommissioun Waringo, optéiert dofir fir anonymiséiert dat an de Rapport ze maachen.\nDat heescht si hunn och net d'Nimm vun den Haiser genannt.\nWéi gesot dat keen ee condamnéieren an ech sinn och net ganz mat mir averstanen, mä d'Explikatioun firwat mir dat esou decidéiert hunn.\nMir hunn awer ëmmer kommunizéiert wéi vill Infektiounen et sinn.\nMir hunn ëmmer kommunizéiert all Dag wéi vill Leit positiv wären a sou weider. Mä mir hunn awer net gesot, dass am XY-Altersheem\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_32_1689588701.mp3", "transcription": "wou elo e Cluster ass.\nDat hu mir am Fong net aktiv gemaach effektiv.\nDir hutt vis-à-vis vum Wort eben, dat gouf jo och haut de Mëtten an der Chamber eng Kéier zitéiert, gesot et wäre 5 Leit gestuerwen.\nEt waren der zu dem Zäitpunkt scho 15.\nAn... Am Lauterbann selwer.\nWar Dir do nach net iwwer déi nei Doudesfäll informéiert?\nWéi koum déi Disparitéit tëschen den Zuelen zustanen?\nAlso ech... Esou wäit ech mech erënneren, ech hunn dat elo hei net dobäi, ech kucken dat awer gären no, mä ech mengen dat ass eng falsch Informatioun déi de Buergermeeschter vun do onbedéngt wëll streeën.\nDe Buergermeeschter den iwwregens ni am Haus nogefrot huet als Buergermeeschter, et si jo d'Bewunner a senger Gemeng, en huet ni nogefrot wéi et de Leit geet, ob d'Gemeng iergendeppes ka maachen.\nDat hunn awer quasi all déi aner Buergermeeschteren ëmmer gemaach, wa se en Alters- oder Fleegeheem bei sech an der Gemeng hunn.\nDat ass einfach.\nDo si mir nees bei der Politique politicienne.\nMir hunn d'Chifferen och ëmmer gehat.\nËmmer moies hunn d'Gestionnairen hier Chifferen eraginn a standardiséierter Form an dann ass dat opbereet ginn ebe vun der Cellule an der Santé."} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_33_1689588701.mp3", "transcription": "Dat heescht, ech hunn do ni wëllen iergendeppes verstoppen.\nEch muss dat genau nach eng kéier historesch nokucken, mä ech hunn dat och net immens wichteg fonnt.\nMä et ass eben, well hien doe grousse Cas draus gemaach huet.\nMä ech mengen net, also, ganz bewosst hunn ech ganz sécher net eng Informatioun virenthalen, ganz au contraire.\nEch mengen och, dass dat do net esou richteg ass, mä ech kucken dat awer gären nach eng Kéier no\nGenau, Dir hutt, Madamm Lenert, Dir hutt elo gesot de genauen Detail léisst sech mat de verschiddene Souchen nëmme bis zu engem gewëssene Grad retracéieren.\nMä, et war zum Beispill elo d'Fro mat dem Impfdatum als Multiplikator.\nLéisst sech dat dann iergendwéi noweisen, ob der Basis vum Datum vun den Tester déi gemaach goufen mat de Leit?\nNet 100%.\nAlso wéi ech, de Rapport ass fir mech och rezent.\nEch hunn och eréischt gëschter gelies an ech hat en, mat allem wat mir um Ordre du jour haten, ...\nDo war och, dass et net d'Ursaach wär. Dat war kloer erauszeliesen.\nEt ass net d'Ursaach, dat kënne se ausschléissen.\nDat ass kloer.\nDass dat et gedriwwen "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_34_1689588701.mp3", "transcription": "huet, mengen ech, dat kënne se och net ausschléissen.\nDat schéngt mir logesch, wa se soen \"et ass net novollzéibar wéi et duerno weidergaangen ass\".\nDann ass dat do sécherlech och...\nDo ware vill Leit dee Moment do.\nDat ka beim iesse sinn, dat kann do sinn, et ka soss sinn.\nEt schéngt mir an ech hunn et esou verstanen an ech muss soen, ech hunn oft genuch a reegelméisseg Echangë mat menge Leit fir déi dote Saachen och zum Deel selwer z'interpretéieren.\nEch ginn dovunner aus, dass et effektiv eng ...\nEt ass eng Méiglechkeet, mä et kann een et net méi 100% soen.\nEt ass am Haus dobannen an dann ass u sech all Situatioun wou d'Leit zesumme kommen an déi do ass an deenen Deeg, dat ass jo déi Coïncidence.\nEch mengen hei sinn och effektiv vill Saachen zesummegefall.\nEch mengen et ass gëschter ganz kloer artikuléiert ginn.\nEt ass och einfach vill Pech dobäi.\nDee Virus ass do erakomm.\nDen ass jo zu engem ganz bestëmmten Zäitpunkt wou een en da weidergëtt, dat ass gefall op déi Impfdeeg.\nForcement sinn do Leit an der Zirkulatioun, nach méi wéi soss an dann och nach an dësem Haus, méi wéi soss, well dat Haus einfach wierklech net hier gëtt, dass ee sech breet opstellt.\nEt ass sécherlech net "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_35_1689588701.mp3", "transcription": "auszeschléissen, ech ginn dovunner aus, dass dat d'Erklärung ass, mä ech wäert dat och nach ...\nEch hat nach leider keng Geleeënheet, mech wierklech a Rou mat menge Leit zesummen ze setzen, well mir jo och matten am COVID-Gesetz jo och sinn am Moment.\nDir wësst jo den Avis vum Staatsrot ass och komm.\nD'Situatioun mat Neiinfektiounen déi mir hunn, musse mir och drop schaffen.\nEt ware ganz schwiereger Deeg elo.\nMä ech ginn dovunner aus, dass dat doten de Fazit wäert sinn, dass eppes wat ee weder zu 100% kann affirméieren, dass et just doduerch gaangen ass, et kann een awer mat grousser Warscheinlechkeet och net ausschléissen.\nEt wär schonn net ganz logesch, wann et net och do weider gaange wär.\nWell wann et bis do ass, sicht et sech säi Wee do wou Leit sinn,na sécher waren do och Leit.\nMä wat ...\nOch wann dat op 3 Deeg opgedeelt wär, hätt ee sech nawell do kënnen ustiechen, well déi 3 Deeg wären a Fro komm.\nEch mengen et hätt an der Hisiicht, an dat ass och e bëssen de Fin Mot, letztendlech war et iergendwéi dobannen an et ass einfach onglécklech gaangen, et ass iwwer verschidden Entréeën zu engem selwechten Zäitpunkt komm a vun do aus ass et weidergaangen.\nAn dat wäerte mir warscheinlech ni mat absoluter Genauegkeet \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_36_1689588701.mp3", "transcription": "Nach méi generell Appreciatiounsfroen ... Wat jo am ... Wat den Här Waringo jo gëschter gesot huet, dass een am Hierscht 2020 eben déi Infektiounen exponentiell gewuess sinn an do jo och de klore politesche Choix war fir keen, net esou drastesch Mesuren ze huele wéi zum Beispill an der Belsch.\nWat war do dee Moment Är Decisioun oder Méiglechkeete fir dann awer d'Bewunner vun Altersheimer ze schützen.\nWell dat war jo eng logesch Konsequenz dovunner, wann d'Infektiounen an dem Mooss eropginn, da komme se och iergendwann eng Kéier an d'Altersheemer.\nDat war jo schonn aus der éischter Well bekannt, dass dat ganz gutt esou kënnt geschéien.\nDat heescht\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_37_1689588701.mp3", "transcription": "wéi war do d'Risikoaschätzung a wat fir eng Mesurë goufe geholl fir dat dann eben ze vermeiden?\nA letzlech och villäicht wat fir eng Léier dass en doraus zitt, dass dat esou an dem Rahmen och zu Doudesfäll gefouert huet schlussendlech?\nAn en zweeten Aspekt, méi generell, den Här Wolter huet de Mëtten, déi Impfcampagne an den Altersheemer als dee gréisste politesche Feeler genannt, well eben do eben d'Personal ausserhalb vum Kader vun den Altersheemer, zum Beispill Botzpersonal, net prioritär geimpft ginn ass.\nA wann een do deemools den Avis vun der Ethikkommissioun liest, dann ass ganz kloer, dass do drasteet all Persoun, déi a Kontakt mat vulnerabele Persounen ass, egal wéi ee Statutt, soll prioritär geimpft ginn.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_38_1689588701.mp3", "transcription": "wéi war do d'Risikoaschätzung a wat fir eng Mesurë goufe geholl fir dat dann eben ze vermeiden?\nA letzlech och villäicht wat fir eng Léier dass en doraus zitt, dass dat esou an dem Rahmen och zu Doudesfäll gefouert huet schlussendlech?\nAn en zweeten Aspekt, méi generell, den Här Wolter huet de Mëtten, déi Impfcampagne an den Altersheemer als dee gréisste politesche Feeler genannt, well eben do eben d'Personal ausserhalb vum Kader vun den Altersheemer, zum Beispill Botzpersonal, net prioritär geimpft ginn ass.\nA wann een do deemools den Avis vun der Ethikkommissioun liest, dann ass ganz kloer, dass do drasteet all Persoun, déi a Kontakt mat vulnerabele Persounen ass, egal wéi ee Statutt, soll prioritär geimpft ginn."} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_39_1689588701.mp3", "transcription": "déi an der Belsch geholl gi sinn, do sinn ech net sécher, dass mir déi zu dem Zäitpunkt duerchkritt hätten.\nDo hätte mir, mengen ech, keng, net den Appui fonnt, fir déi esou schnell an esou radikal duerchzesetzen, mä dat sief nach dohinner gestallt.\nDat ass e Fakt. Wann een zeréckkuckt, da gesäit een déi éischt sinn net wierklech duergaangen.\nMir hate gehofft et géing duergoen, mä mir hu missten norëschten. Gutt. Lo ass d'Fro, wat hu dir gemaach?\nNatierlech wann Infektiounen eropginn, hu mir jo eis Modellen, déi soen eis jo relativ genau mat wat mir musse rechnen um Niveau vun den Hospitalisatiounen.\nMir haten zu dem Zäitpunkt, situéiere mir eis elo am Oktober, Ufank Oktober, hate mir nach keng Méiglechkeet elo dee COVID-Check mat de Schnelltester ze maachen.\nEch hunn Iech d'Datume virdru ginn.\nDat gëtt ganz gäre verzerrt duergestallt.\nMä wéi gesot, déi Richtlinne vun ACDC sinn den 28. Oktober komm.\nWéi eng Schnelltester ee soll kafen.\nWéi een déi soll abréngen.\nDo ware mir dephaséiert.\nDéi Méiglechkeet hätte mir guer net gehat.\nHätt een déi gehat, hätt een déi schonn an den Asaz kéinte bréngen.\nWat mir awer haten, war eise Baustee vun eiser Teststrategie, vum Large Scale Testing\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_3_1689588701.mp3", "transcription": "an engem Altersheem.\nMir hunn fir eisen Deel dorausser eng ganz Rei Léiere mat op de Wee geholl.\nOch Erklärunge ginn.\nEt ass Villes villäicht net ëmmer esou verstane ginn, wéi et geduecht war.\nEt gëtt vill geschwat vun engem engem Plang, ënner anerem fir d'Alters- a Fleegeheemer. \nMir hunn elo net e spezifeschen dediéierte Plang gehat awer eng ganz Rei Strategien, déi alleguerten och een Deel haten, deen dës Haiser concernéiert an dat vun der vun der Teststrategie, déi mer haten, iwwert d'Präventioun, déi mer lafend haten, mat enger Kontaktstell bei eisem Ministère, déi assuréiert war vu Leit aus der Inspection sanitaire, mee och vum Familljeministère.\nDat duerch déi ganz Kris bis eriwwer an d'Impfstrategie an och d'Testobligatioun mat dem CovidCheck.\nD.h. dat sinn alles un sech strategesch Bausteng vun der Regierung, déi déi sech um Terrain erëmfannen an den Alters- a Fleegeheemer.\nDat hu mer nach eng Kéier och däitlech gemaach\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_40_1689588701.mp3", "transcription": "wou zu dem Zäitpunkt, dat ass iwwer de Summer ganz kloer gewiescht, wou mir dee presentéiert hunn, dass mir do e ganz staarke Fokus haten, fir ebe wa Clustere kommen, eben direkt aktiv ze ginn.\nDir erënnert Iech, dat war den Achs mat den Equipe mobillen.\nAm Ufank vum Large Scale Testing si mir einfach generell an d'Bevëlkerung eragaangen, méi een Echantillon, duerno ass dat méi differenzéiert ginn.\nMir waren zu dem Zäitpunkt opgestallt.\nAn dat ass och gemaach ginn.\nDo wou déi fragil Leit sinn, eben, eben flächendeckend duerchgetest, mat enger gewësser Reegelméissegkeet.\nA mir sinn och direkt an den Asaz gaangen, wa Clustere waren.\nDa konnte mir op d'Plaz goen.\nDa konnte mir do wierklech duerchtesten, sou dass dat eigentlech eis Strategie war.\nD'Hygiènesmesuren, den Ëmgang mam COVID-Patient, dat war bis dohinner bekannt.\nDat ass den Sockel, den ech virdrun erwäänt hunn.\nMir hunn am Ufank vun der Pandemie bei Null ugefaangen.\nDa si mir duerch d'Haiser gaangen, mir hu Maassstäb gesat, wéi geet een ëm an der Pandemie, wéi isoléiert en, wéi verhält ee sech wa Positiver do sinn?\nDat heescht, dat sou am Fong geholl, den Ëmgang domadder \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_41_1689588701.mp3", "transcription": "a strategesch war et effektiv d'Teststrategie déi do ugewannt ginn ass mat enger ganz grousser Flexibilitéit fir anzegräifen wann et huet misse sinn.\nA méi Moyenen hate mir zu dem Zäitpunkt net.\nMir hate keng Impfung an och net déi Schnelltester, wéi mir se haut kennen.\nJust fir d'Fro ze äntweren.\nAlso mir hunn d'Altersheemer, ëmmer par Rapport mat de Regierungsdecisiounen, déi mir am Allgemenge geholl hunn, behandelt.\nAn dat war awer déi Zäit, wou och ganz grouss Diskussioune waren, iwwer Fräiheeten.\nDäerf ee Leit aspären oder net?\nA mir hate jo och schonn d'Léiere gezunn aus der éischter Well, wou mir jo nach guer näischt wossten, wou mir e generelle Lockdown gemaach hunn.\nAn dofir ass et esou, dass mir natierlech d'Haiser net méi zougemaach hunn.\nEt ass awer esou, dass mir dee Stufeplang haten an den Haiser vun de Visitten.\nDat heescht wann d' éischt Stuf war, wa guer keng Infektioun am Haus war, keng COVID19-Infektioun, da konnten d'Visitten normal sinn.\nWann awer e puer Infektioune villäicht waren, da waren d'Visitten a Lieu dédiéen.\nAm beschte ganz no bei der Entrée, villäicht an engem Festsall, "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_42_1689588701.mp3", "transcription": "an enger Cafeteria oder esou...\nWann dann nach méi Infektioune waren, da war een op der Stuf 3.\nDat huet geheescht, dass et a Lieu dédiéë war, mä mat nach aner Contrainten.\nZum Beispill dass een e Rendezvous huet missen huelen.\nAn d'Stuf 4 dat war, wann ee guer net huet dierfen op Besuch goen, ausser fir d'Fin de vie.\nAn ech muss soen, dass vun Oktober bis Dezember waren déi meeschten Haiser, also 35 vun 52 Haiser, waren op de Stufen 3 a 4.\nBon, dat huet heiansdo e bësselche gewiesselt.\nDat war de Beweis, dass dat wierklech ugewannt ginn ass an dass een op mannst mol sécher konnt sinn, dass iwwer d'Visiteuren dee Moment de Virus net konnt an d'Haus erakommen, dee Moment wou d'Courbe an der Gesamtbevëlkerung eben sou héich war.\nMä et ass am Allgemengen an dat ass och gëschter gesot ginn, vum Här Waringo oder vun engem vun den Experten, dat ass awer net nëmmen zu Lëtzebuerg esou, wann d'Zuel vun den Infektiounen héich sinn, da si se och an den Altersheimer héich.\nDat heescht, dat si jo keng Buergen a keng Prisongen.\nDat heescht, dat geet ëmmer parallel mat de generellen Infektiounen.\nAlso och wa generell d'Infektiounen méi héich sinn, si se och \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_43_1689588701.mp3", "transcription": "Dir hat eng 2. Fro.\nGenau, voilà, zu der Impfstrategie ...\nJo, déi ass haut ganz uerg an d'Kritik geholl ginn.\nEch géif et wierklech nach gären eng Kéier widderhuelen.\nMir hunn eng Prioriséierung gemaach zu engem Zäitpunkt wou net vill Impfstoff do war.\nAn do war bei deenen Eeleren... Also mir haten... Den Haaptfokus war op deene vulnerabele Leit.\nDat heescht op deenen eelere Leit selwer a prioritär déi an deene Strukture wou se zesumme wunnen, dat heescht déi Leit selwer.\nAn de Spideeler kann een déi Leit déi am Spidol sinn net impfen.\nDo war et et just de Cordon an effektiv e bësse méi breet gefaasstene Cordon, direkt vun Ufank un, well mir do eben net déi Méiglechkeet haten, déi Leit déi am Spidol sinn an déi och besonnesch ebe fragil sinn an ufälleg sinn, fir si selwer ze schützen, dofir ass de Cordon ganz stramm gezu ginn.\nAn den Alters- a Fleegeheemer war et ëmgedréit.\nDo hu mir gesot, éischt Prioritéit wierklech op d'Leit selwer, fir déi esou schnell ewéi méiglech duebel geimpft ze kréien.\nDa géif ech awer gäre berichtegen, well ech mengen dat huet zu Verwirrung geféiert, mir hate leider bei der heiten Analyse vum Här Waringo net den normale Prinzip vum Contradictoire, et ass direkt ëffentlech ginn\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_44_1689588701.mp3", "transcription": "de Rapport, ech mengen et ass falsch verstane ginn.\nEis Richtlinn war ëmmer, och bei der statutarescher Approche, dass et déi Leit sinn, déi am Kontakt sinn.\nDat si jo vill Diskussioune ginn.\nEt waren net viséiert. Mir hu Lëschte gefrot vun de Leit.\nMir kënne jo net selwer... Mir hu jo net déi Donnéeë vun deene Leit déi mir do wëllen impfen.\nDo war ëmmer d'Maassgab fir ze soen, dat sinn déi Gesondheetsberuffler, fir et kuerz ze faassen, déi am Kontakt sinn.\nDat war net geduecht fir den den administrativ reng geschafft huet.\nDat war et net.\nEt ass awer elo zitéiert ginn, ewéi wann Impfstoffer bei déi gaange sinn.\nWann dat dohinner gaangen ass, an der Fäll waren, an Dir wësst et, dat hu mir och oft thematiséiert, mat der Press, mat der Chamber, da sinn dat och Saachen déi mol schif gelaf sinn.\nDat war och net ëmmer sou kloer verstane ginn, wéi mir eis et virgestallt haten, mä justement, vum Ethikrot an och vun der Decisioun vum Regierungsrot war ëmmer d'Approche, déi Leit déi am Kontakt sinn, bësse méi enk gezunn effektiv an den Alters- a Fleegeheemer, wou mir ugefaangen hu mat de Gesondheetsberuffer.\nMir hunn awer ganz fréi, ech hat et nach virdrun elo geschéckt kritt, ech hat elo, de 16. Abrëll zum Beispill hu mir an der Regierung decidéiert auszeweiden \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_45_1689588701.mp3", "transcription": "op anerer, ewéi elo d'Gesondheetsberuffer déi am Kontakt sinn.\nDat sinn d'Coiffeuren, d'Botzpersonal a sou weider ... Déi hu ganz fréi schonn, direkt no der éischter Prioritéit, wou mir e bësse méi Impfstoff haten, hu mir déi Decisioun geholl um Niveau vun der Regierung an déi ass och esou ëmgesat ginn.\nEt ass awer richteg, dass mir och ëmmer erëm vu Fäll gesot kritt hunn, wou Leit elo domat Invitatioune kritt hunn, déi eben villäicht net un der Front oder um Patient geschafft hunn.\nDat huet Erklärungen, Erklärungen och op den Daten déi mir haten.\nMir hunn am Ufank mat den NACE-Codë geschafft fir d'Beruffer ze hunn.\nDo war net esou eng granular Differenz ze maachen.\nDat hu mir da lues a lues probéiert, wa mir esou Informatioune kritt hunn, méi a Concertatioun mat den Haiser ze maachen.\nMir hu mol probéiert déi Lëschten esou pertinent wéi méiglech ze kréien, mä et war net perfekt am Ufank.\nMir haten och keen anere Moyen.\nMir hunn ugefaange mat deene NACE-Coden, wou mir bis gesinn hunn, dass mir do awer vill administrativer erwëscht hunn, well dat net ëmmer esou genau repertoriéiert war, hu mir et nogerüst a wéi gesot, d'Intentioun war ëmmer déi Leit ronderëm de \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_46_1689588701.mp3", "transcription": "Patient.\nDat war de Sënn vum Cordon sanitär.\nEt war ni éischt Prioritéit administratiivt Personal ze impfen.\nGanz kloer net!\nA mir hunn, esou bal mir och méi Impfstoff haten, dat och ausgebaut.\nAn déi éischt Prioritéit, an zu der stinn ech och nach ëmmer, louch fir eis bei deene Leit déi an deenen Haiser wunnen.\nDat sinn déi vulnerabel an déi hu mir och direkt erreecht an, ech sinn och haut ganz frou driwwer, a grad nodeem s ech de Rapport gesinn hu wou ee jo wierklech gesäit, dass den Impfschutz bei deene Leit, dass hir Protektioun awer notablement méi héich ass dee Moment wou se zweemol geimpft sinn.\nDofir sinn ech frou fir all Impfung déi dohinner gaangen ass, an der éischter Prioritéit.\nEch sinn iwwer déi Kritik muss ech soen, jo, enttäuscht, Dir hutt et virdrun héieren.\nEt ass villäicht kommunikativ, et ass ganz vill ronderëm eenzel Fäll mengen ech, déi villäicht net an d'Muster gepasst hunn, sou ewéi et ugeduecht ass, wou dat verzerrt ginn ass.\nEt ass absolut net esou gewiescht, dass mir do masseg Quantitéiten, bewosst an enger Strategie, an eng Richtung administratiivt Personal gereegt hätten.\nÉischtens sinn dat Eenzelfäll an zweetens war et net esou geduecht a sou bal mir dat wossten, hu mir probéiert dat ze redresséieren.\nA fir de Rescht \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_4_1689588701.mp3", "transcription": "Dir hutt et gesot, Dir wëllt Léieren aus där Etüd zéien.\nWann een se elo genau liest, da sinn awer nach vill Punkten ongekläert oder Froen oppen, zemools déi Fro, ech mengen \"Um Lauterbann\" gouf méi an der Déift behandelt, mee, Dir hutt et selwer gesot, dass verschidde Clustere méi grouss waren.\nGëtt et do ... wäert et do weider Etüde ginn, dass dat opgeschafft gëtt wat do d'Grënn waren, wat d'Problemer waren?\nAn den 2. Deel vun der Fro war: bei deenen anere Cluster, grousse Clusteren, gëtt et do iergendwéi eng gemeinsam e gemeinsame Grond, eng gemeinsam Léier, déi een do raus gezunn huet?\nWat do villäicht Problemer waren.\nEch mengen \"Um Lauterbann\" war e jo ganz spezifeschen Fall an ech huelen un, dass déi aner e bëssen aneschters gelagert waren?\nAlso jo an nee. Mir hunn reegelméisseg Clusteren.\nEch mengen Dir gesitt d'Zuele vun de Neiinfektioune säit 15 Méint, 16 Méint mëttlerweil, reegelméisseg\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_5_1689588701.mp3", "transcription": "an Dir kritt och am Pressebriefing ëmmer Detailer, wou mer eben erausschielen aus eisen Aarbechten, wou d'Leit sech ustiechen, wat déi Haaptcause sinn.\nDir musst Iech dat esou virstellen: hei war elo natierlech de Fokus op engem Altersheem, mee déi Aarbecht, déi eis Leit maachen an der Inspection sanitaire, déi besteet doranner iwwert de Wee vun eisem Tracing, dee mer jo nach ëmmer wierklech ganz perséinlech och maachen, wou gekuckt gëtt e Maximum un Informatiounen eraus ze zéie fir ze verstoen, wou huet d'Persoun sech ugestach, wéi ass de Virus weidergaangen.\nDat ass am Fong geholl eis dagdeeglech Aarbecht fir iwwerall do, wou Neiinfektioune sinn, e Maximum un Informatiounen ze kréie fir ze verstoe wou et gaangen ass.\nDorausser komme mer da mat deene Konklusiounen, déi mer wëchentlech zéien, wou mer an ech mengen Dir wësst dat ganz gutt, Dir sidd oft dobäi, et ass nun eben e Mol sou, dass an engem groussen Deel vun de Fäll net bis an de leschten Detail kënnt.\nElo hu mer de Séquençage natierlech dobäi.\nMir sequenzéiere vill hei zu Lëtzebuerg an dat ass een Zousazoutil, dee mer hunn fir der Souche vum Virus e bësselche méi no ze goen.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_6_1689588701.mp3", "transcription": "Dat huet z.B. hei elo bei \"Lauterbann\" eis erlaabt, ... et ass hei och veranschaulecht ginn, well eben de Scheinwerfer drop gesat ginn ass, dass een erkenne kann, dass verschidde Souchen ënnerwee sinn asw.\nDat ass un sech eis technesch normal Aarbecht, déi mir maache ronderëm d'Clusteren an hu mer dann och d'Erklärunge ginn.\nMir haten elo rezent e ganz gutt Beispill: iwwer Nationalfeierdag ass et z.B. relativ offensichtlech gehat.\nDo hate mer en aneren Hit parat mat den Causen, déi mer konnten ausmaachen.\nDo ass et relativ offensichtlech vun deem wat d'Leit eis gezielt hunn, dass se eben ënnerwee waren, deels op Iessen eben, bei grousse Rassemblementer, wou d'Reegelen net wierklech observéiert gi sinn.\nMee och do kënnt ee Punkt, wou een an der Onméiglechkeet ass, well ebe vill Méiglechkeete sinn. \nWann Leit eng 20 Kontakter hunn iwwer 1-2 Deeg gestreet, ass et net méiglech aus epidemiologescher Siicht genau auszemaache wéi een dann elo dee war, deen et weiderginn huet.\nMir kënnen gewësse Weeër nozeechnen iwwert de Séquençage: wann een elo eng seele Variant huet, da kann een effektiv dorausser leeden, dass et déi ass, déi weidergaangen ass. Dofir \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_7_1689588701.mp3", "transcription": "war och hei Lauterbann eng dominant.\nMee dat sinn d'Limitten, d'Méiglechkeeten an och d'Limitte vun eiser Aarbecht.\nEch hunn do d'Vertrauen, dass eis Experte ganz vill maachen.\nMir hunn vill Moyene. Mir sequenzéiere bspw. vill, vill méi, wéi aner Länner.\nD.h. mir hunn do eng relativ gutt Vue an och vill Leit drop schaffen.\nEch mengen net, dass mer eis et ass wuel kritiséiert ginn, dass haut och gesot ginn, do kéint een nach vill méi eraus zéien.\nDat ass net dat wat mir vun eisen Epidemiologe gesot kréien.\nMir kommen do op natierlech Limitten an dat ass net eng Saach vun Moyenen.\nMir kombinéieren et mam Séquençage an da komme mer do, wou mer hikommen, an sou wäit ech dat verstinn, op allefall vu menge Leit aus, sinn dat déi Limitten, déi och an deenen anere Länner sinn.\nDo fënnt een net vill méi Detailléiertes an elo vun eiser Säit aus och elo net geplangt nach weider dorobber ze schaffen.\nEch hunn awer déi Demande héieren.\nEch wäert dat och nach eng Kéier mat menge Leit duerchschwätze fir mech do nach eng Kéier ze vergewësseren.\nEch hunn gëschter an der Presentatioun an och an deem wat ech aus dem Rapport eraus gelies hunn net \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_8_1689588701.mp3", "transcription": "Dann villäicht nach zousätzlech dozou zu de Weeër, wéi de Virus sech da verbreet huet.\nWann ee kuckt, déi Recommandatioun wat d'Masken ugeet an den Altersheemer, ech mengen do war eng 1. Abrëll/Mee 2020 an do steet am Fong dran, dass keng generell Flicht besteet fir eng FFP2-Mask am deeglechen Ëmgang, wann net ee Verdacht oder eng Covid-Infektioun virläit.\nBon, do war nach e gewësse Probleem fir Multi-Masken ze kréien.\nMee bis haut gëllt dat am Fong an do kéint een sech jo d'Fro stellen, ob dat net ee Punkt wier, well et ass jo och kloer ginn an der Hierschtwell, dass do d'Personal vum Personal oft Clusteren ausgaange sinn, also an enger ganzer Rei Fäll.\nAss dat Eppes wat e kann envisagéieren?\nAn dann nach eng Fro dozou, also an deem Kontext\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer.wav_chunk_9_1689588701.mp3", "transcription": " mat de Schnelltester.\nDo war déi Recommandatioun am Dezember 2020, Ufank Dezember, déi verdeelt goufen.\nDann am Abrëll gouf nach eng Kéier dann dat nach méi schaarf formuléiert.\nWat ass där Tëschenzäit geschitt?\nHunn all d'Altersheemer do Visiteure getest?\nWar dat eng Empfeelung?\nWar dat méi staark?\nWat ass do geschitt?\nWell dat geet weder aus dem Rapport, nach, menger Erkenntnis no, aus anere Quellen ervir, wat do tatsächlech geschitt ass.\nMeng Informatioune sinn, dass déi Tester do louchen an net net oft zum Asaz koumen.\nAlso dat Eent ass dat an der Praxis geschitt ass.\nEch kann Iech vum Kader, déi 2 Froe beäntwerten.\nDir schwätzt d'Masken un - do gëtt et méi eng rezent Recommandatioun, wéi déi déi Dir elo erwäänt.\nEch kann Iech elo den Datum net auswenneg soen.\nMir hunn eng generell Recommandatioun fir de \"Port de masque\" aktualiséiert gehat, op allefall no deem Datum, wou Dir elo \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_0_1689249771.mp3", "transcription": "Bon, ech soen Iech gudde Moien an ech si frou, dass esou e groussen Interêt un deem ass, wat mir elo ausgeschafft hunn.\nDen Avis.\nWou jo och scho méi laang drop gewaart gëtt.\nMir si 6 Méint no deem 1. Avis. Dat hei ass een \"Avis complémentaire\" an deen huet d'Regierung an Optrag ginn, well se der Meenung war, dass sech an deene 6 Méint zimmlech vill verännert huet an dat ass och effektiv de Fall.\nDee leschte Rapport ass nach ënnert dem Androck vum Delta geschriwwe ginn an an der Tëschenzäit hu mer jo d'Auswierkungen a mir kennen den Omicron.\nWat wierklech e Paradigmewiessel war, kéint ee salopp soen, et war souguer och villäicht eng \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_10_1689249771.mp3", "transcription": "Ech mengen dat ass e ganz wichtege Message: géint Omicron brauch een op mannst 3 Dosen.\nAm lénken Deel vun der Dia, do hutt der den Omicron net, well net genuch Omicron-Fäll an der Intensivstatioun waren. Dee Virus ass manner virulent.\nDéi selwecht Dia mat den \"Hospitalisations totales\", mat de \"Soins normaux\", do hate mir dee selwechten Impakt vun der 3. Dosis an och den Effekt géint Omicron, wat d'\"Hospitalisations globales\" betrëfft. Do wiere mer och erëm op iwwer 90% Effikassitéit mat 3 Dosen.\nVoilà, ech mengen dat ass eng wichteg Donnée fir ze soen: den aktuelle Vaccin, dee jo géint den Alpha-Typ entwéckelt gi war, ass däitlech manner effikass géint Omicron wat d'Infektioune betrëfft, am grousse Ganzen, mee bleift effikass wat d'Reduktioun vun\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_11_1689249771.mp3", "transcription": "der \"Forme sévère\" vun den Hospitalisatiounen a vun de Stierffäll betrëfft.\nDéi nächst Dia ass elo d'\"Effectivité vaccinale\" géint d'Transmissiounen.\nDat betrëfft dann elo éischter d'\"Obligation vaccinale\" vun de Soignanten a vun den Leit déi am Secteur Santé schaffen.\nWell do geet et eis jo net nëmmen dorëm, dass déi Leit sech net infizéieren, mee och dass se de Virus net kënnen iwwerdroen.\nD'\"Effectivité vaccinale\" géint d'Transmissioun ass amfong geholl d'Kombinatioun vun der \"Effectivité vaccinale\" géint d'Ustiechen, well een deen net ugestach ass, iwwerdréit och net. an d'Diminutioun vun der Ustiechungsgefor bei engem deen sech trotz Impfung ugestach huet. \nDat heescht, deen eng Duerchbrochinfektioun gemaach huet trotz Impfung.\nDéi Persoun ass manner laang ustiechend, huet manner Virus a stécht \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_12_1689249771.mp3", "transcription": "dofir och manner un.\nWann een déi 2 da kombinéiert ... Ech hunn hei en Tableau vun enger Meta-Analys vun der Weltliteratur gemaach.\nWann der bei Alpha kuckt: 2 Dosisse ginn duer fir d'Effikassitéit vun der Transmissioun ëm 94% erof ze setzen. Wat natierlech extrem gutt ass.\nBon, mam \"Échappement immunitaire\" ass deen aktuelle Vaccin net gutt adaptéiert fir Omicron.\nAn dofir gesitt der bei Delta wat d'Effikassitéit bei geboostete Leit no 2 Dosen nach zimmlech gutt an no 3 Dosen, wann een dat ... \nDo ginn et keng Donnéeën, wat d'\"Efficacité globale\" géint d'Transmissioun ugeet, mee et kann een deen awer op warscheinlech nach 80% schätzen. Géint Omicron allerdéngs, mat 2 Dosen, fir déi \"Efficacité \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_13_1689249771.mp3", "transcription": "vaccinale\" géint d'Transmissioun nëmme bei ongeféier 35% ...\nBei geboosterte Leit geet se temporairement zwar iwwer 50% an dat war amfong geholl e bësselchen de Minimum, dee mir eis gesat hate fir eng \"Obligation vaccinale\" beim Fleegepersonal, dass e géing iwwer 50% Transmissioun kënnen erofsetzen, Dat erreecht een kuerz no der 3. Dosis, mee leider 3-4 Méint méi spéit kënnt een da warscheinlech nees bei 35% oder knapp 40%. \nD.h. mer erreeche mat deem aktuelle Vaccin net déi 50%, déi mir eis als Zil gesat hate fir ... d'Obligation vaccinale vu Soignanten. Wann een elo den Omicron-adaptéierten-Vaccin huet, da kéint déi Attitüd changéiere villäicht. Dat ass de Moment nach net de Fall.\nVoilà. Ech ginn da weider un de Paul.\nJo, gudde Moien och vu menger \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_14_1689249771.mp3", "transcription": "Säit.\nEch ginn Iech elo e puer Informatioune fir d'Éischt e Mol zu de Varianten an da kucke mer eis un, wéi eenzel Zenarien ebe kéinten ausgesi fir den Hierscht a Wanter.\nEt ass elo scho virdru gesot ginn, mir sinn an enger Situatioun, wou de Virus natierlech evoluéiert an sech adaptéiert. Dat féiert dozou, datt een eben nei Varianten huet.\nAn de Punkt ass do, datt eben déi Varianten sech aneschters manifestéiere bezüglech hirer Virulenz, hirer Transmissibilitéit an natierlech och inwiefern d'Vaccinen nach eng Protektioun no der Immuniséierung bidden.\nDat heescht wéi d'\"Effectivité vaccinale\" deementspriechend am Bezuch op déi eenzel Varianten evoluéiert.\nDo gesitt der elo an der 1. Grafik ënne lénks d'Evolutioun vun den eenzele Varianten am Bezuch op hir Prevalenz hei zu Lëtzebuerg. Do gesitt der an dat ass elo scho virdrun och ugeschwat ginn: mir ware bis Enn lescht Joer an der Well Delta. Dat ass och déi Informatioun, déi agefloss ass an den éischten Avis haaptsächlech a säit Enn leschtem Joer si mer eben elo mat Omicron konfrontéiert.\nWoubäi een natierlech och muss soen, datt Omicron elo schonn eng ganz Rei vu Sous-Varianten opgewisen huet, woubäi B.A. 5 de Moment déi dominant Sous-Variant hei zu Lëtzebuerg ass.\nDat heescht et gesäit een\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_15_1689249771.mp3", "transcription": "mir ware bis Enn lescht Joer an der Well Delta. Dat ass och déi Informatioun, déi agefloss ass an den éischten Avis haaptsächlech a säit Enn leschtem Joer si mer eben elo mat Omicron konfrontéiert.\nWoubäi een natierlech och muss soen, datt Omicron elo schonn eng ganz Rei vu Sous-Varianten opgewisen huet, woubäi B.A. 5 de Moment déi dominant Sous-Variant hei zu Lëtzebuerg ass.\nDat heescht et gesäit een, datt iwwer Zäit mat enger Frequenz, déi ëm déi 6 Méint läit, datt een ëmmer erëm nei Varianten huet, déi opkommen an déi Variante selwer hunn dann erëm eng Kéier aner Proprietéite bezüglech eben der Virulenz, Transmissibilitéit an eben och wéi effektiv d'Vaccinen da sinn.\nSou, op der rietser Säit vun der Folie gesitt der elo eng Grafik, déi weist dann wéi d'Situatioun evoluéiert par Rapport zu eben deenen eenzele Varianten, wat elo z.B. de \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_16_1689249771.mp3", "transcription": "Risk ugeet fir ebe wann een infizéiert ass, fir an de \"Soins intensifs\" villäicht misse soignéiert ze ginn.\nA wat een do ganz kloer gesäit, ass datt säit der Impfcampagne - Dir wësst, datt déi d'lescht Joer am Ufank vum Joer richteg lassgaangen ass - do gesitt der datt d'Impfung ganz kloer och iwwer d'Period Delta een Effekt weist, wat elo d'\"Soins intensifs\" ugeet. D.h. et gesäit een do eng ganz kloer Tendenz no ënnen an déi huet nach e \"Coup d'accélération\" elo Ufanks des Joers kritt, wéi mer an d'Well vun Omicron erakomm sinn, well Omicron selwer manner virulent ass. Dat heescht Omicron mécht manner krank, deementspriechend ass de Risk fir no enger Infektioun hospitaliséiert ze ginn an dann eventuell missen an de \"Soins intensifs\" soignéiert ze ginn ass dann och reduzéiert. Dat heescht Dir gesitt Ufank vum Joer, datt do nach eng Kéier, wéi gesot, een nach eng "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_17_1689249771.mp3", "transcription": "méi manifestéiert Tendenz huet, datt et erof geet. Dat heescht am Kontext Omicron ass et d'Kombinatioun vun der Vaccinatioun, sou wéi dann och der manner héijer Virulenz vun deem Variant.\nDat ass eben elo wichteg sech virun Aen ze halen, d'Proprietéite vun de Varianten am Bezuch eben och op d'Impfung, well mer jo wëlle wëssen, verstoen, wat eventuell am Hierscht an am Wanter op eis duerkënnt.\nDann um nächste Slide ass eben d'Method déi mer hei ugewannt hunn. Mir hunn eis hei baséiert op eng Modelisatioun.\nDat ass de Modell, dee mer amfong geholl bannent der COVID-19-Task Force vu Research Luxembourg säit Ufanks der Pandemie entwéckelt hunn an dee mer iwwer déi Zäit natierlech verbessert hunn, besser parametriséiert, well mer och ëmmer besser Donnéeë kréien.\nAn wat de Modell eis erlaabt, an dat ass och keng Kristallkugel, dee gëtt engem och keng absolut Sécherheet, mee wat en awer \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_18_1689249771.mp3", "transcription": "erlaabt, ass fir eng ganz Rei vun Zenarien duerchzespillen. An am Kontext elo vun der Impfflicht, hu mer spezifesch et ugekuckt, am Bezuch eben op de Modell, well mer eben 2 \"Groupes à risque\" hunn. Eng \"à haut risque\" an eng \"à faible risque\" ebe fir manner oder méi krank ze ginn.\nAn do ass et eben sou, datt de Risk fir méi oder manner krank ze ginn, d.h. och dann spezifesch herno villäicht an de \"Soins intensifs\" musse behandelt ze ginn, datt deen natierlech ganz kloer mam Alter zesummenhänkt an den Dr. Schockmel huet dat jo och ganz kloer elo virdru gewisen.\nSou, wa mer awer och elo hei mat erabruecht hunn an den Dr. Muller huet dat virdrun ugeschwat, dat ass datt mer och konfrontéiert sinn mat enger Situatioun, datt no och der Booster-Impfung d'Immunitéit ofhëlt an dat ass och Eppes wat mer hei am Modell integréiert hunn, och parametriséiert hunn.\nSpezifesch baséierend op de Publikatioune gesäit een, datt een awer no 5 Méint eng relativ kloer Reduzéierung huet am Bezuch op d'\"\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_19_1689249771.mp3", "transcription": "Effectivité vaccinale\" an dat ass dann och mat dran.\nAn dann hu mer ebe verschidden am Modell erëm parametréiert, wat elo d'Transmissibilitéit oder d'Virulenz vu spezifeschen, hypotheteschen Varianten ugeet an da gekuckt, wat jeeweils dann een Impakt vun enger Impfflicht wier.\nDe leschte Punkt ass eben och do wat mer erëm eng Kéier dran hunn, ass eben datt d'\"Effectivité vaccinale\" géint de Variant, datt déi och kann eben änneren. Dat hu mer ganz kloer gesinn.\nVum Wëll-Typ, also dat ass dee Virus, dee fir d'éischt zu Wuhan opgetrueden ass, et ass jo dogéint datt d'Vaccinen eben amfong geholl entwéckelt goufen. Datt deen aneschters ass wéi den Omicron an deem kënne mer dann och Rechnung droen.\nSou, an da géif ech Iech just 2 Beispiller weisen. Dat sinn amfong geholl Beispiller, déi situéieren ob den Extremer, wat dann den Impakt vun enger Impfflicht kéint sinn\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_1_1689249771.mp3", "transcription": "aner Pandemie. \nSalopp gesot.\nMir hunn an der Tëschenzäit och antiviral Substanze fir Fäll, schwéier Fäll, ze behandelen.\nMir hunn aner Vaccinen.\nMir wëssen och vill besser wéi d'\"effectivité vaccinale\" ass.\nDo hu mer ganz vill besser Daten an der Tëschenzäit an d'Immunitéit vun der Bevëlkerung huet sech jo och doduercher verännert, dass méi Leit geimpft sinn, awer och gläichzäiteg Leit och erëm en Deel vun hirer Immunitéit, vun hirer Protektioun verluer hunn.\nAn all déi Saachen zesummegeholl, kënnt Dir Iech virstellen, dass dat schonn en Afloss huet an ech mengen dofir war et eng gutt Iddi vun der Regierung fir sech dat nach eng Kéier \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_20_1689249771.mp3", "transcription": "Hei ass elo fir d'Éischt en Zenario Typ Omicorn. Do hu mer dann eng héich Transmissibilitéit, d.h. eng héich Iwwerdrobarkeet, awer eng manner héich Virulenz.\nD.h. et gëtt ee manner krank dovun. Mir hunn do och net méi déi héich \"Effectivité vaccinale\", wéi mer se virdrun haten an hei an deem Zenario gi mer aus vun datt e \"Schéma vaccinal complet\", datt dat 3 Dose wieren. D.h. eng Boosterimpfung eben am Kontext vun enger villäicht allgemenger Impfflicht, also 18+, oder da 50+.\nA wann een sech dat dann ukuckt, wat dann den Impakt dovunner wier bei 50+, do gesäit een datt an sou engem Szenario eng Impfflicht zu enger Reduzéierung an de \"Soins intensifs\" vun ëm déi 9% allgemeng géif féieren. Do kann een elo diskutéieren, ob dat vill oder wéineg ass.\nAn deem nächsten Zenario hu mer dann deen aneren Extrem. Dat ass en Zenario Typ Delta. Dat wier dann ee Variant, deen änlech wier \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_21_1689249771.mp3", "transcription": "wier wéi Delta.\nDo hu mer dann eng moderat Transmissibilitéit awer eng héich Virulenz. D.h. et gëtt een dovunner méi krank, wéi z.B. vis-à-vis vun Omicron.\nAn hei ass de Vaccin dann awer nach ëmmer effektiv.\nDat ass och elo hisiichtlech z.B. engem Rappell zousätzlech ebe vun adaptéierten Impfstoffer. Dir wësst, datt déi eenzel Impfstoffhiersteller do un adaptéierte Bi- oder multivalenten Vaccinen um schaffe sinn. An an deem heiten Zenario hu mer 3 Dosissen plus eng 4. Dosis, also een zousätzleche Booster no 5 Méint an dat ass ebe fir d'Immunitéit erëm eng Kéier op den Niveau ze brénge wéi se z.B. no der 1. Booster-Impfung wier.\nEch hunn elo virdrun erkläert, datt mer eben trotzdeem iwwer Zäit eng Reduzéierung vun der Immunitéit hunn an et ass ebe fir déi Immunitéit erëm hierzestellen.\nBon, an da gesitt der ganz kloer, e markanten Effekt. Do huet een dann awer am Bezuch op d\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_22_1689249771.mp3", "transcription": "d'Impfflicht 50+, do hätt een dann eng Reduzéierung an de \"Soins intensifs\" vu 97%, wat natierlech schonn e relativ groussen Impakt ass.\nEch wëll awer nach eng Kéier hei och drop hiweisen, datt ass eben eng Modelléierung, et ass esou, datt warscheinlech d'Wierklechkeet sech iergendwéi bannent deenen 2 Extremer elo wäert erëmspigelen an dat anert wat och ganz kloer aus deene Simulatiounen erauskënnt, ass datt den Effekt vun enger \"Obligation vaccinale\", datt dat natierlech direkt un dem Variant an der kombinéierter \"Effectivité vaccinale\" dovunner ofhänkt.\nHei ass elo eng Zesummefaassung op der nächster Folie vun alleguer deenen eenzelen Zenarien, déi mer duerchgespillt hunn an déi sinn och am Detail dann an dem Avis mat dran. \nDir kënnt Iech dat do am Detail ukucken. Am rouden sinn nach eng Kéier déi 2 Zenarien, déi ech elo ervirgehuewen hunn. Mee Dir gesitt datt een eben ganz kloer gesäit, datt sech dat \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_23_1689249771.mp3", "transcription": "opdeelt an 2 Kategorië souzesoen, wou et eben e groussen Impakt eben am Kontext vun engem Rappell.\nEngem Rappell, d.h. wann een eben eng Impfflicht och dann un eng zousätzlech 4. Dosis géif koppelen an Dir wësst och do, datt dat natierlech Eppes ass, wat de Moment vill diskutéiert gëtt.\nAn an der nächster Folie gesitt der e bëssen déi eenzel Etüden, déi bis dato do och gemaach goufen, déi mer och an dem Avis diskutéieren an déi eenzel Etüde sinn och natierlech vun alleguer den internationale Gremien, sou wéi och natierlech hei zu Lëtzebuerg, ginn déi a Consideratioun gezunn.\nMir wéilten do awer dann och op deen allerleschten Avis, op internationalem Niveau, hiweisen. Dat ass vun der WHO, Weltgesondheetsorganisatioun.\nHire SAGE-Grupp, deen sech eben d'Immunisatioun spezifesch am Bezuch op Vaccinen elo fir COVID ukuckt.\nAn déi hunn "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_24_1689249771.mp3", "transcription": "elo an hirem leschten Avis ganz kloer den Avantage vun enger 4. Dosis eben ervir... gehuewen ebe bei Persoune 60+, also dat wier jo dann och deckungsgläich, méi oder manner, mat der initialer Propos vun eis, also 50+.\nDann ebe beim Personal, wat am Gesondheetssecteur schafft, a bei de Persounen, déi immunodepriméiert sinn.\nDat heescht, déi 4. Dosis ... Wat aus de Simulatiounen nach eng Kéier ervirgeet an den Professer Müller wäert nach eng Kéier dorobber zeréckkommen, wat dorausser ervirkënnt, ass eben datt eng Impfflicht wierklech eben een Impakt weist, wann een et un sou eng Opfrëschimpfung koppelt.\nDa géif ech weider ginn un de Professer Müller.\nOk, Merci.\nBon, ech kommen dann zu deem nächsten Dia, wou mer eng gewësse Synthees an eng Conclusioun maache fir dee Beräich iwwer 50 Joer.\nAlso nach eng "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_25_1689249771.mp3", "transcription": "Kéier fir ze widderhuelen: wourëm geet et? Et geet wierklech dorëms fir déi Fäll, déi potentiell op der Intensivstatioun géinge landen, fir déi ze verhënneren.\nWien ass dat? Dat si virun allem Persounen iwwer 50 Joer.\nWéi kënne mer dat maachen? An do hu mer wierklech nëmmen eng Méiglechkeet. Dat ass d'Impfung.\nDat ass déi eenzeg Moossnam, déi nohalteg ass.\nWéi ass et mat der Protektioun, déi nohalteg Protektioun?\nDéi hänkt dovun of, vun der \"Couverture vaccinale\", vun der Effektivitéit vum Vaccin a vum Virus a senger Empfindlechkeet op de Vaccin.\nA vun deenen 3 Méiglechkeeten oder déi 3 Facteuren, déi letztendlech Protektioun bedéngen, gëtt et nëmmen eng Méiglechkeet wierklech z'intervenéieren an dat ass d\"Couverture vaccinale\" méiglechst héich ze setzen.\nWa mer elo kucken, wat fir eng Lacunne mer hunn bei deenen iwwer 50-järegen, da gesi mer, dass 30.000 Persounen \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_26_1689249771.mp3", "transcription": "A wann een dat vergläicht mat 3 Dosissen, vergläicht mat 0 Dosissen, also ouni, keng Impfung, da stellt e fest, dass 19,5 Mol méi Leit op d'Intensivstatioun kommen, déi net geimpft sinn, wéi déi, déi geimpft sinn.\nAn da kann een och nach dobäi soen an dat ass jo och e bëssen eng grouss Angscht, déi besteet, wéi vill Long Covid-Fäll gëtt et an do gesi mer, dass och d'Vaccinatioun zumindest eng partiell Protektioun géint de Long Covid gëtt.\nDat sinn déi Saachen, déi mir wëssen.\nMéi schwiereg ass et bei deenen, déi mir net wëssen.\nMir wëssen net, wat op ons zoukënnt.\nMir wëssen net: gëtt et eng nei \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_27_1689249771.mp3", "transcription": "Well am Hierscht?\nWéini géing se kommen?\nWat fir eng Envergure huet se?\nA virun allem: wat fir eng Variante wäerten zu där Well féieren?\nMir wëssen awer, aus der Vergaangenheet, aus de Joren 2020, 21, dass am Hierscht ëmmer eng Well komm ass.\nDéi ass bedéngt duerch d'Rentréeë vun de Klassen, d'Leit kommen aus der Vakanz erëm, et gëtt méi kal, si halen sech méi dobannen op, et gëtt manner gelëft an sou weider.\nDir fannt déi Facteuren alleguerten och am Rapport.\nMee dat ass de Grond firwat een eigentlech dovun aus geet, datt am Hierscht eng nei Well wäert kommen.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_28_1689249771.mp3", "transcription": "Anescht ass et ebe bei deem aneren Zenario, bei der Optioun 2.\nDo kënnt der, wann eng schlëmm, eng ongënschteg Variant do ass, kënnt der mat enger Impfung, wou kuerz virun der Well nach e Rappell ass, kënnt der wierklech e ganz groussen Effekt hunn.\nDorausser kann ee schléissen, wann ech dat elo alles hei op deem Tableau zesummefaassen, dann ass eng \"Obligation vaccinale\" justifiéiert, just nëmmen géint eng Delta-like Variant, wann een e Rappell kuerz virun der Well mécht.\nSou.\nElo gëtt et nach eng aner Méiglechkeet \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_29_1689249771.mp3", "transcription": "dat ze kucken. Déi ass da komplett ... Also dat wat ech elo gewisen hunn, dat hänkt jo staark vun de Modelisatiounen of, a wann een dat elo onofhängeg vun e Modelisatioune kuckt an et berifft een sech op dat wat mer bis elo beobacht hunn bei de Geimpften an Ongeimpften, da kann een ausrechnen, dass bei enger Delta-Well eng Reduktioun gesi kéint vun 89 Fäll op de \"Soins normaux\", 29 op de \"Soins intensifs\" an 22 \"Décès\". Dat sinn also déi Fäll, déi verhënnert géinge ginn.\nOp der Basis vu reellen Zuelen, wéi se an der Vergaangenheet waren.\nAn op der Basis vun 3 Impfdosissen\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_2_1689249771.mp3", "transcription": "unzekucken.\nDe Grupp vun den Experte kennt Dir schonn. Dat ass dee selwechten, wéi déi leschte Kéier gewiescht.\nEch wëll och elo net d'Recommandatiounen am Detail widderhuelen, wat mir deemools gesot hunn.\nMir hate gesot eng \"vaccination obligatoire\" fir déi Persounen iwwer 50 a mir hate gesot eng \"vaccination obligatoire\" fir d'Personal an de \"Structures de soins\" an sou weider. Bon, dat anert, dat widderhuelen ech elo net.\nE wichtege Punkt, deen ech awer wëll ervirsträichen, ass, dass mer ganz kloer eng \"Exigence juridique\" hunn.\nEt ass ganz wichteg, dass den Objektiv kloer definéiert ass an ech menge mir hunn dat och schonn déi lescht Kéier gemaach.\nAn dass déi Mesuren, déi mir proposéieren, \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_30_1689249771.mp3", "transcription": "An op der Basis vun 3 Impfdosissen. Jo.\nNach eng Kéier zeréck wgl.\nSou. Wa mer elo eng Omicron-like Variant hunn, hätte mer eng Reduktioun vun 139 op de \"Soins normaux\", 15 op de \"Soins intensifs\" an 23 \"Décès\", déi géinge verhënnert ginn. Elo wonnert Dir Iech villäicht e bëssen, dass beim Delta a beim Omicron déi Zuelen net esou wesentlech anescht sinn an dat läit dorunner, well och déi aner Ëmstänn wärend där Zäit vum Delta a vun dem Omicron differenzéiert hunn, déi epidemiologesch Situatioun war anescht, déi \"Mesures non-pharmacologiques\" waren anescht an natierlech déi \"Proprieté intrinsèque\" vun de Variante sinn ënnerschiddlech.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_31_1689249771.mp3", "transcription": "Ech wëll hei nach eng Kéier fir déi Zuelen a Relatioun ze setzen och nach eng Kéier rappelléieren, dass de \"Niveau critique\" an de Spideeler, dat sinn 38 ... Also wann et méi wéi 38 Fäll gëtt, déi op der Intensivfleeg behandelt musse ginn, oder méi wéi 138 op den \"Soins normaux\", dann trëtt den \"Niveau critique\" an, den Niveau 3 an de Spideeler.\nDat heescht, datt geplangten Operatiounen ofgesot ginn an datt insgesamt d'Servicer vum Spidol fir Patienten zu Lëtzebuerg ob Covid oder net Covid reduzéiert ass.\nDat ass de Niveau 3.\nGenau an Dir fannt dat och am Detail an onsem Rapport. Hei ass den Text, wéi et och do steet.\nBon, déi nächst Fro ass: d'\"Recommandations sectorielles\".\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_32_1689249771.mp3", "transcription": "Also do hu mer wierklech festgestallt, dass d'\"Couverture vaccinale\" exzessiv niddereg ass an deem \"Secteur de soins\" an dat mécht ons wierklech Kappzerbrieches.\nDir hutt gesinn, dass an de CIPA oder och ausserhalb vun de CIPAen kann d'\"Couverture vaccinale\" ëm 30% zum Deel nëmme sinn an och wa mer wëssen, dass déi Zuele villäicht net déi definitiv Zuele sinn, trotzdeem mécht dat e Kappzerbrieches an zwar aus 2 Grënn: engersäits well d'Zuelen sou niddereg sinn, an anerersäits well et ëmmer nach net méiglech offenbar ass fir do méi realistesch Zuelen ze kréien an dat mécht wierklech \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_33_1689249771.mp3", "transcription": "Dofir hu mer ons villäicht och e bësse mat schwéierem Häerz gesot, dass mer net recommandéieren eng \"Vaccination obligatoire\" ze maachen, ebe well den Impakt op d'Infektiositéit an d'Transmissibilitéit besonnesch no am Intervall eben ënner 50% läit.\nTrotzdeem mengen ech hu mer hei ganz staark ... Ech mengen ech wëll hei wierklech betounen, dass mer awer aner Mesurë recommandéieren an déi och mengen ech missten Eescht geholl ginn, sou Eescht geholl ginn, wéi Recommandatiounen zu der Impfflicht.\nMir hunn ... Also fir d'Éischt muss een e Mol maachen, dass déi \"Mesures sanitaires\" adaptéiert sinn an et un d'\"Situation\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_34_1689249771.mp3", "transcription": "Situation épidémiologique\" ... \nEch schwätzen elo also vun dem Secteur \"Soins et Santé\".\nDann si mer der Meenung, dass een d'Responsabilitéit vun deenen Leit, déi professionell an deem Secteur schaffen, duerch en \"Entretien d'Information\", dee wierklech dokumentéiert an och ënnerschriwwen ass, fir dass kloer ass, dass déi Leit bewosst sech géint d'Impfung riichten a bewosst a Kaf huelen, dass se mat zumindest enger bestëmmter Warscheinlechkeet och hir vulnerabel, déi Leit, déi hinnen uvertraut ginn, a Kaf huelen dass se déi kënnen infizéieren.\nDa menge mer, dass mer och géinge vill méi Transparenz an deem Secteur erreechen\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_35_1689249771.mp3", "transcription": "wann et géing eng Obligatioun gi fir säin Impfstatus offen ze leen.\nEch mengen dat ass néideg fir dass Déngschtpläng kënnen organiséiert ginn.\nDat kënnt Dir Iech gutt virstellen.\nWann ee weess, ech mengen dat ass amfong dat alleréischt, wann een net weess, mat wiem een ze dinn huet, wat fir een Impfstatus deen huet, dann ass et schwiereg fir dat wierklech ze geréieren.\nAn dann si mer der Meenung an dat ass villäicht méi Eppes, villäicht kuerz-, awer zumindest Mëttelfristeges, dass et muss wierklech eng Reglementatioun oder eng Legislatioun ginn zum Impfstatus an deem Secteur iwwer den \"Droit du travail\", \"Droit sanitaire\", ... Ech mengen dat ass net onst Thema.\nMee dat ass wierklech Eppes wat onbedéngt néideg ass an dat steet jo zum Deel nach net e Mol an den \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_36_1689249771.mp3", "transcription": "den verschiddenen Texter, déi Personalvertriedungen vun deene Secteuren hunn.\nHei ass net nëmme Covid-19 gemengt. Mir mengen den Impfstatus bei iwwerdrobare Krankheeten ze kennen fir e Spidol, fir en Altersheem, e Fleegeheem, ... Bei allen Infektiounskrankheeten, déi iwwerdroe gi vu Mënsch zu Mënsch a problematesch sinn.\nSief et an sou Institutiounen oder am Spidol - misst reglementéiert a verlaangt ginn.\n\nJo an ech hunn elo hei dee Saz erausgeholl, dee mer am Text hunn: \"Il est inacceptable que le droit au secret médical d'une minorité du personnel du secteur soit placé au-dessus du droit à l'intégrité physique des personnes vulnérables qui leur sont confiées.\nEch mengen dat seet eigentlech alles wat dermadder gemengt ass.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_37_1689249771.mp3", "transcription": "Deen \"eigentlech\" ass ganz wichteg. Ech mengen an enger idealer Situatioun sinn all Risikopatiente geimpft well hiren Dokter dofir gesuergt huet.\nD'Realitéit ass natierlech datt bei den iwwer 50-järegen 30.000 iwwerhaapt net geimpft sinn.\nAn 20.000 net 3x Mol geimpft sinn.\nAn Dir kënnt Iech jo virstellen, dass bei deenen 30.000 déi iwwer 50 sinn, dass der do e ganz gudden Deel sinn, déi souwisou bei engem Dokter am Traitement sinn.\nSief et wéinst enger chronescher Krankheet oder soss iergendeppes.\nBon, deen 2. Facteur sinn d'\"Antiviraux\".\nDo gëtt et an der Tëschenzäit \"antiviraux oraux\", als déi een als Tablettë kann anhuelen, déi ...\nMir mussen do nach e bësse léieren, well do gewëssen Interferenze mat anere Medikamenter \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_38_1689249771.mp3", "transcription": "D.h. dat muss een och mat sengem Dokter besprieche wéi een déi géing huelen.\nDa gëtt et \"Anticorps monoclonaux\", also monoklonal Antikierper, déi een als Infusioun géing kréien am Spidol.\nAn allen 2, also souwuel déi oral wéi och déi z'infuséirend Medikamenter, déi musse ganz fréi applizéiert gi fir dass se wierksam sinn.\nHei ass eng wichteg Differenz zur Impfung déi hei: d'Impfung ass präventiv. Eng besser Preventivmoossnam gëtt et net.\nWa mir elo op antiviral Mëttelen an Traitementer ginn, loosse mer et drop ukommen.\nMir loossen et drop ukommen, datt eng Persoun, déi villäicht héich vulnerabel ass, sech infizéiert.\nAn da probéiere mer iergendwéi, wann alles gutt geet a mer rechtzäiteg sinn an alles klappt, se ze behandelen.\nDo si mir net, wéi soll ech \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_39_1689249771.mp3", "transcription": "soen, an der nämmlechter Liga wéi bei de Vaccinen.\nSou, dann hu mer nach e puer aner Remark, wou mer gesinn, dass aner Mesuren och méiglech sinn, déi villäicht nach net ganz ausgeschöpft sinn.\nAn dat ass - ech hunn et virdru scho gesot - dat ass déi Necessitéit fir säin Impfstatus offen ze leen.\nDe \"Secteur de soins\".\nDann mengen ech och kéint een op e Wee goen, wou een eng \"Responsabilité élargie\" mécht an de \"Maisons de soins\", wou ganz kloer gesot gëtt, dass d'\"Maisons de soins\" net d'Méiglechkeet hunn fir een ze schützen, deen net geimpft ass.\nEt ass einfach net méiglech fir een op Dauer ze schützen, deen net geimpft ass an dat misst een wierklech kommunizéieren.\nEt muss een dat och schrëftlech dokumentéieren \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_3_1689249771.mp3", "transcription": "kucken, wat sinn déi méiglech Objektiver: et geet net dorëm fir deen Eenzelen ze schützen. Dee muss ëmmer méi Eege-Responsabilitéit iwwerhuelen.\nEt geet och net dorëms, aus onser Siicht, fir d'Inzidenzen zwangsleefeg ze reduzéieren oder fir allgemeng ze soen \"Mir mussen d'Pandemie zum Enn bréngen\" oder \"de Virus eliminéieren oder eradikéieren\".\nNee. Dat wat fir ons wichteg ass a wat jo och fir de Gesondheetssystem wichteg ass, dat ass, dass mer keng Surcharge vum Gesondheetssystem hunn an do denke mer virun allem un d'\"Soins intensifs\".\nNatierlech betrëfft et insgesamt d'Spideeler an d'Beleeung an de Spideeler. Mee\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_40_1689249771.mp3", "transcription": "an da muss och dee Residant, dee \"par force\" net wëll geimpft ginn an deem seng Famill missten dat da gemeinsam och och ënnerschreiwen, dass se doriwwer informéiert sinn an dann ass et net nëmme méi d'Responsabilitéit vun de \"Maisons de soins\", mee dann ass et d'Responsabilitéit vun de \"Maisons de soins\", dem Residant an der Famill.\nDann mengen ech ass et och wichteg an dat ass genau dat wat ech virdru gesot hunn: d'Sensibilisatioun vun de Medezinner, vun den Dokteren, déi jo hir Patiente kennen.\nDéi wëssen dass wann e Patient Diabetes huet oder Héichdrock oder eng \"Insuffisance cardiaque\" huet oder iwwergewiichteg ass, dass dee Patient een héije Risiko huet an dann ass et d'Aufgab vum Dokter fir esou e Patient z'impfen.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_41_1689249771.mp3", "transcription": "An dofir mengen ech a vu dass dat awer - mir hunn et schonn e puer Mol gesot - bei 30.000 Leit sinn der ganz sécher ganz vill dobäi mat deenen heite chronesche Krankheeten an trotzdeem sinn se net geimpft an ech mengen dat läit einfach dorun, oder mir kënnen dat verbesseren an deem mer d'Dokteren do weider driwwer opklären.\nBon, da musse mer allerdéngs och soen, dass mam fortschreite vun der vun der Pandemie, wat ëmmer méi an eng endemesch Phas iwwergeet, dass natierlech jiddwereen Eenzelen och ëmmer méi eng individuell Responsabilitéit huet.\nAn dann, dat lescht villäicht, an méiglecherweis oder zumindest net manner wichteg, dat ass: mir brauchen e legale Kader \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_42_1689249771.mp3", "transcription": "deen ons erlaabt fir déi \"Mesures nonpharmacologiques\" wierklech vun engem Dag op deen aneren z'aktivéieren, ouni dass mer mussen all Kéiers duerch e ganze Prozess goen, dee wochelaang an Usproch hëlt.\nMir brauchen also e Kader wou ee ka soen: \"ok, Muer ginn erëm am ëffentlechen Transport Maske gedroen.\"\nMee da kënne mer vill méi séier reagéieren a mir kënnen eventuell reagéiere wa mer gesinn, dass op den Intensivstatioune méi Patienten ageliwwert ginn. Dat heescht mir hunn vill méi laang Zäit.\nOk, ech mengen dat ass alles dat wat mir wollte soen.\nA mir sinn natierlech frou fir Är Froe kënnen ze beäntwerten a Merci fir Ären Interessi.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_43_1689249771.mp3", "transcription": "Sot wannechgelift och ëmmer wien et ass deen d'Fro stellt.\nMoien, Christophe Bumb vu Reporter.lu.\nEng Fro - villäicht eng banal Fro - wat recommandéiert Dir eigentlech elo genau? Wann een dat vergläicht mat Ärem leschten Avis, do stoung ganz kloer dran, fir wéi eng Form vun Impfflicht Dir Iech ausschwätzt.\nWann een d'Formulatioun an Ärem Avis vun haut liest, ass dat fir mech net ganz kloer. Villäicht kënnt Dir dat erklären, wat Dir genau recommandéiert, z.B. schreift Dir hei um Schluss bei de Recommandatiounen, dass Dir amfong den Decideuren de Choix gitt eng Impfflicht anzeféieren oder och keng méi anzeféieren. Dat ass fir mech vun der Formuléierung awer Eppes ganz Aneschters wéi Äre leschten Avis a villäicht nach eng 2. Fro dozou: D'Aarbechten um Avis goufen opmannst ... eng Kéier gouf d'Publikatioun vum Avis verréckelt. Villäicht "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_44_1689249771.mp3", "transcription": "kënnt Dir nach eng Kéier erklären wourunner dat louch, firwat dat lo awer méi laang gedauert huet?\nMerci.\nEch ka villäicht kuerz schonn e Mol op déi éischt äntweren. Bon, effektiv et ware vill Simulatiounen, vill Hypotheesen an ... Mee bon, global gesinn, si mer jo awer och dofir preparéiert ze si fir de \"Worst-Case-Scenario\" am Hierscht an ech mengen eisen Avis ass weider, dass mir fir eng \"Obligation vaccinale\" iwwert 50 sinn mat enger 4. Booster-Dosis, déi jo scho souwisou vum \"Conseil supérieur des maladies infectieuses\" aktuell recommandéiert ass fir Leit iwwer 70 a Leit mat Co-Morbiditéiten.\nEinfach fir prett ze si fir den Hierscht, well mir wëssen jo net ob mir elo e méi virulenten Variant kréien oder net.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_45_1689249771.mp3", "transcription": "Voilà.\nAlso ech mengen, mir hunn onsen Avis eigentlech esou verstanen, dass mer der Regierung dee \"Landscape\" an deem se sech beweegt, erkläert hunn. Déi verschidde Facteuren, déi fir eng Impfflicht oder géint eng Impfflicht, alles dat wat eng Impfflicht beaflosse kann, wat den Effekt ass, dee mer hunn an dann doriwwer eraus ass natierlech d'Fro wéi hëlt d'Regierung selwer d'Responsabilitéit fir déi Impfflicht anzeféieren, hëlt also d'Responsabilitéit oder d'Decisioun a geet dovun aus, dass mer ee vun deene 7, also dee schlëmmste vun deenen Zenarien, op dee\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_46_1689249771.mp3", "transcription": "dee virbereet sinn oder iwwerléisst se dat dem individuelle Choix.\nAn ech menge wat fir ons wichteg ass an ech mengen mir als Wëssenschaftler kucken natierlech genau wat sinn déi Facteuren, déi an déi eng oder an déi aner Richtung ginn an doriwwer eraus gëtt et natierlech och politesch Iwwerleeungen an ech mengen déi politesch Iwwerleeungen, déi am Enn vun der Regierung gedroe gëtt, déi jo och d'Konsequenz dovunner droen, déi muss d'Regierung decidéieren.\nFir och nach vu menger Säit Eppes ze soen, also: déi Berechnungen, déi mir gemaach hunn, do huelen natierlech déi Modellisatiounen, Simulatiounen e groussen Deel an.\nMee dat ass jo nëmmen ee Standbeen.\nDat 2. Standbeen ass datt mer gekuckt hunn: majo, wéi war et bei Delta, wéi war et bei Omicron.\nWa mir elo eng Variant kréien, déi erëm eng Kéier wéi Delta, erëm eng Kéier wéi Omicron ass, da kommen mer am Prinzip \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_47_1689249771.mp3", "transcription": "ganz séier bei dee \"Niveau critique\" an dat nëmme mat deenen iwwer 50.\nMat de Persounen déi iwwer 50 Joer al sinn.\nMee vun der Verantwortung hier ass et jo sou: ech perséinlech denken, mir hunn eis kloer fir eng Impfflicht bei deenen iwwer 50-Järegen ausgesprach an ech denken d'Regierung ass an der Flicht fir Preparatiounen ze treffe wann eng Well kënnt bei där erëm méi Leit krank ginn, méi Leit hospitaliséiert ginn, méi Leit stierwen. Alles aneschters wier fahrlässeg.\nJo, ech mengen och nach villäicht do just nach eppes dozou ze ginn an amfong geholl dat z'erweidere wat de Professer Müller scho gesot huet: mir hunn eben duergeluecht wat sinn déi kritesch Facteuren, déi ze consideréiere si fir den Hierscht a Wanter, a wéi engem Ëmfeld wäerte mir eis da Plus-Minus befannen a wéi een Impakt kann dann eng Impfflicht hunn an ech mengen dat hu mer "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_48_1689249771.mp3", "transcription": "awer kloer beschriwwen a mir hunn awer och empiresch eben duergeluecht datt et een Impakt ënnert verschiddenen Konditiounen natierlech huet.\nJust nach dozou: den Timing ass jo kruzial an deene ganzen Iwwerleeungen. An Ärem éischten Avis hutt Dir geschriwwen, \"sans délai\" oder \"dans les meilleurs délais\" soll eng Impfflicht kommen. Si mir nach an deem Zenario? Ass dat nach e \"meilleur délai\" oder si mer do schonn ze spéit? Villäicht déi Fro.\nA wéi misst een elo virgoen, vu dass et politesch, legislativ Contraintë gëtt? Mee op der anerersäits och wann eng Impfflicht e Mol agefouert ass, heescht dat jo net, dat ass jo keen Impfzwang, dat heescht dat ganzt muss jo virbereet ginn an d'Leit missten sech dann effektiv och nach impfe loossen, déi verschidden Dosissen.\nSi mer do schonn ze spéit oder wéi géif Dir dat aschätzen, wann am Hierscht géif sou eng Well kommen?\nJo, also et ass eng gutt Fro.\nEch mengen, d'Fro ass wéi dat konkret iwwert d'Bün geet.\nPrioritär, wann eis Propositioun Ënnerstëtzung fënnt bei der Regierung,\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_49_1689249771.mp3", "transcription": "dann ass et d'Prioritéit, datt déi geimpft ginn, déi net geimpft sinn, vun deenen iwwer 50.\nDat ass Nummer 1. Dat ass dat wat am séiersten ze passéieren huet. \nDat sinn déi, déi als 1. z'invitéiere sinn, zesummen nach mat deenen, déi keng 3. Dosis kritt hunn. Mee déi Vulnerabel, déi den héchste Risiko hunn, si wierklech déi, déi guer keng Dosis kritt hunn, an déi, déi eben iwwer 50 Joer al sinn. \nDat ass dat Eent. \nDat anert ass, bei der Impfung ass et jo esou, datt déi Immunitéit net esou zäitgebonnen ass, wéi dat villäicht heiansdo och duergestallt gëtt.\nVirun allem wann et dorëm geet, datt eng Impfung soll verhënneren, datt een sech infizéiert. Do ass d'Impfung net besonnesch gutt dran, grad bei Omicron an dat ass och de Grond, firwat mir se net zeréckbehalen hunn oder net kënnen zeréckbehalen, derzeit mat den aktuellen Impfstoffer an den aktuellen Omicron-Variante beim \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_4_1689249771.mp3", "transcription": "kucken, ... \nElo gi mer déi verschidde Facteuren duerch, an dat stellen ons Kolleegen duer a mir fänken un mat dem Impakt vum Alter op d'Hospitalisatiounen.\nGérard, wëlls du dat ...\nJo, also, d'Fro war natierlech ... Mir woussten datt déi iwwer 50-Järeg déi schwéierste Komplikatioune maachen als Altersgrupp gesinn.\nD'Fro war natierlech: ass dat bei Omicron och nach esou?\nAn elo hu mer d'Donnéeë vum Omicron zur Verfügung a mir hu festgestallt, datt 100% vun de Stierffäll bei Omicron ebe bei deenen iwwer 50-Järege sinn.\nAn dat nämmlecht ass och bei Delta. Wann een zeréck geet op den Ufank vun der Impfcampagne, da \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_50_1689249771.mp3", "transcription": "Gesondheetssecteur.\nAwer: e klasseschen Impfschema - dat sinn 3 Dosissen - do ass een Deel vun der Immunitéit, deen ass jorelaang an natierlech wësse mir net - ech soen et ass eng Flicht preparéiert ze sinn vum \"Aspect social, sanitaire\" fir eng Well, déi méi uerg gëtt.\nNatierlech wësse mir net ob dat elo am September ass. Ech hoffen net.\nDat kann duerchaus sinn, datt do nach, wéi bis elo, Omicron-Varianten zouleeën. Omcron-Varianten an Omicron-Subvarianten - am Moment hu mer BA5, déi si jo net besonnesch geféierlech.\nOp der anerer Säit kënne mer jo net dovun ausgoen, datt dat d'Enn vun der Pandemie ass. Dat mer nëmmen nach Omicron -Varianten hunn.\nDat heescht fir eng Basis-Immunitéit z'erreechen, déi erreeche mir mat 3 Impfdosissen, bei deenen déi net"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_51_1689249771.mp3", "transcription": "geimpft sinn an zu där vulnerabeler Altersgrupp gehéieren, dat ass d'Prioritéit an dat mécht elo Sënn. Dat mécht an 2 Méint Sënn. Dat mécht souwisou Sënn.\nJust nach d'Nofro, well ech virdru gefrot hat firwat et déi Verzögerung gouf am Avis ... \nJo, also am Prinzip Här Bumb, wat Dir uspriecht, dat sinn eis Aarbechtsbedingungen an natierlech gëtt et do och eng Relatiounen tëschent de Bedingungen ënnert deene mir un dësem Rapport geschafft hunn an engem gewëssen Delai, deen entstanen ass. Ech géing villäicht 2 Punkten ervirruffen. \nE Mol fir d'Éischt: Ech kann natierlech do e Mol fir mech schwätzen: Ech sinn Dokter am Spidol, ech hu Patienten.\nDir wësst den Dokter huet net eng 40-Stonnen-Woch.\nEch hu perséinlech warscheinlech - an ech weess et ganz sécher - 9 Weekender sacrifiéiert fir un dësem Rapport ze schaffen, vun Owender net ze \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_52_1689249771.mp3", "transcription": "schwätzen, déi ech mir fräigehalen hunn heiansdo prophylaktesch, heiansdo datt ech se gebraucht hunn. \nDat heescht deen 1. Punkt ass: mir sinn net fräigestallt, ech schwätzen objiddefall fir eis 3, déi Doktere sinn, déi Experte sinn, wann et ëm d'Behandlung vun Infektiounskrankheeten geet. Dat ass deen 1. Punkt.\nDeen 2. Punkt, wann et ëm eis Aarbechtsbedingunge geet, ass datt kengerlee Remuneratioun virgesinn ass, d.h. mir hunn elo méintlaang geschafft.\nEt ass net virgesinn, datt mir och nëmmen een Cent kréien an ech denken dat ass wichteg als Informatioun.\nWell dat weist op 2 Saachen hin: Éischtens weist et drop hin, mat wéi wéineg Respekt Wëssenschaftler behandelt ginn, vun där hirem Avis eng ganz Natioun eigentlech ofhänkt.\nZweetens weist et dorop hin, wéi niddereg de Stellewäert vun akademescher Aarbecht an de Wäert \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_53_1689249771.mp3", "transcription": "vun der akademescher Aarbecht ëmmer nach ass.\nDat ass fir mech vollkommen inakzeptabel.\nEch hunn dat Spill matgemaach well et am \"Intérêt général\" ass. Alles wat ech zanter 2 Joer maachen ass am \"Intérêt général\", ass bénévol.\nMee wann et elo ëm dëse Rapport geet a wann een dat an d'Verhältnis setzt, wéi Rapporte vun änlecher Tragweite, vun änlecher Gréisst unerkannt ginn a wéi déi Aarbecht unerkannt gëtt vun der Regierung, da muss een sech awer deck Froe stellen. Merci fir déi Fro.\nDat huet laang gedauert, well mir hunn op Donnéeë gewaart. Also wéi mir ugefaangen hunn, hate mir net vill Donnéeën iwwert den Omicron.\nEt waren nach net vill Studie publizéiert an duerno sinn se reegelméisseg erauskomm.\nEt war Israel fir d'Éischt an duerno vu Qatar an dunn hate mir vill méi Donnéeën, wéi laang déi Protektioun vun der Impfung hält, an dorop hu mir och gewaart. Op déi "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_54_1689249771.mp3", "transcription": " Modeliséierungen hu mir och gewaart fir dee Rapport ze schreiwen.\nEch wëll spezifesch nach dorobber opbauend soen: et war esou, datt mir eng ganz Rëtsch vun Donnéeën natierlech gebraucht hunn, well mir musse jo awer hei en objektiven Avis ofleeën a mir hunn eis jo och déi Donnéeë missen detailléiert ukucken a fir un d'Donnéeën allgemeng am Bezuch op Lëtzebuerg elo och spezifesch ze kommen, dat huet natierlech seng Zäit gedauert, well et ass jo och kloer, datt all Land am Kontext vun der Pandemie e bëssen ënnerschiddlech ass. An all Land waren aner Mesuren. An all Land sinn deels aner Sous-Varianten ënnerwee, asw., asw.\nDat heescht et gëtt eng ganz Rei vu lännerspezifesche Facteuren, déi mer hu misse consideréieren a fir déi ze consideréieren, hu mir d'Donnéeë gebraucht an dat huet nun e Mol och eng Zäit gebraucht.\nDann zousätzlech dozou hu mir missten déi Modeller eben zum Beispill misse parametréieren an all Kéiers nei lafe loossen. Déi Modeller, déi elo \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_55_1689249771.mp3", "transcription": "am Avis sinn, sinn net déi eenzeg déi mir natierlech gemaach hunn. Dat heescht et ass awer trotzdeem eng grouss Aarbecht, déi dohannert stoung.\nDéi Zäit gebraucht huet.\nAn den Dr. Schockmel huet dat ugeschwat: natierlech, mir hu jo aner Beruffer nach zousätzlech.\nJo, also ech menge wat Dir Iech kënnt virstellen, dat ass: wann elo eng nei Etüd erauskomm ass, déi mer da berécksiichtegt hunn, dat huet dann och erëm e bëssen Zäit gebraucht an da stelle mir op eemol fest, dass dat wat mer virun 3 Méint geschriwwen hunn, dass dat guer net méi aktuell ass.\nMir si wierklech hei an engem, wann Dir esou wëllt, an engem Séi vu Wellen, déi erop an erof ginn, wou ëmmer erëm nei Informatioune komm sinn a wa mir ons net dann just op dat beruffen, wat mer virun 3 Méint als Kenntnisstand haten, mee wa mer dat dann erëm updaten, dann hëlt dat och erëm Zäit an ech mengen do si mer an enger ... wann een da berécksiichtegt datt mer eben "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_56_1689249771.mp3", "transcription": "eben dat och niewelaanscht maachen, da kënnt Dir Iech virstellen, dass dat méi laang dauert wéi villäicht jiddweree gehofft huet.\nEch wëll nach just op de Punkt vun den Etüden iwwert d'Transmissioun zeréckkommen, well dat ass wichteg, well dat betrëfft d'\"Obligation vaccinale\" vum Fleegepersonal.\nDo gëtt et keng Lëtzebuergesch Donnéeën. Déi Donnéeën, déi kann een nëmme just kréien am \"Contact tracing\" innerhalb vu Famillen.\nOk? Do gëtt et keng lëtzebuergesch Donnéeën. Do kënne mir eis just op Donnéeë vun der internationaler Literatur beruffen an do sinn Donnéeën vu 5 Länner mëttlerweil: Dänemark, Norwegen, eng amerikanesch Etüd, eng spuenesch an nach eng ... Ech weess et net méi. Dat ass déi Meta-Analys déi ech presentéiert hunn an déi ass eréischt Enn Abrëll, wann ech mech richteg erënneren, erauskomm.\nEt muss een och villäicht nach soen am Bezuch op den Timing. Deen heiten Avis war just "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_57_1689249771.mp3", "transcription": "virun Nationalfeierdag souzesoe fäerdeg.\nMir hunn e puer Korrekture gemaach. Mee Stand vun haut ass amfong geholl d'Versioun vu just virun Nationalfeierdag.\nOk, hu mir nach aner Froen?\nPeter Feist vum Lëtzebuerger Land. Et ass scho vill beäntwert gi vun deem wat ech eigentlech nach am Kapp hat. Merci.\nWat mir nach opgefall ass - et ass een Detail: Dir hutt gesot am Ufank vun der Presentatioun, datt déi Referenzperiod fir den Omicron bis einschliesslech den 31. Mäerz gedauert huet. Firwat ass déi sou kuerz?\nDat wär eng Fro. An déi aner Fro déi ech hätt: ech hunn elo nach net d'Geleeënheet gehat de kompletten Rapport ze liesen, mee wann ech mech den Ament an d'Schong vun engem Politiker stellen, do géing ech mir awer gäre wënschen "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_58_1689249771.mp3", "transcription": " een Ausbléck ze kréien wéi, wann een sou wëll, warscheinlech et dann ass, datt e Fall optrëtt deen Dir Delta nennt an Ärem Zenario, well mer jo iergendwéi an der Evolutiounsbiologie sinn an sech jo d'Fro ka stellen, wéi een Selektiounsvirdeel e Virus dann hätt, wann en d'Leit nees méi krank géif maachen, wéi Omicron.\nAlso wéi warscheinlech schlussendlech et ass, dass dann esou e schlëmme Fall antrëtt. Quitt datt een natierlech och ... \nAlso ech mengen deen 1. Punkt, deen Dir ugeschwat hutt, ass natierlech genau deen, dee mir virdrun diskutéiert hunn, nämlech: wa mir elo dat Eent fäerdeg hunn bis zum Enn Mäerz a mir hätten dat elo erëm eng Kéier geupdated, dann hätte mer erëm eng Kéier esou vill Zäit gebraucht fir dat ze maachen.\nMee dat wat do gesot ass, do ass et jo ëm eppes Grondsätzleches gaangen, wat an der Zäit vun Omicron passéiert ass: Wat \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_59_1689249771.mp3", "transcription": "war déi Verännerung vun Omicron par rapport zu Delta?\nAn ech mengen do ass et da letztendlech net esou wichteg ob mer elo e Mount méi oder 2 Méint méi hunn, oder ob mer genuch hunn fir ze gesinn, wat zu deem Zäitpunkt passéier ass.\nElo hutt Dir Recht, zu deem Zäitpunkt waren net genuch Leit, gottseidank muss ee soen, op der Intensivstatioun fir eng ganz gutt Statistik ze maachen. Datt gesitt der och dann am Rapport.\nMee dat si genau déi Contrainten, déi mir haten a wa mir ëmmer erëm versicht hätten ze updaten, da séize mer haut ëmmer nach net hei.\nNe? A wat war déi 2. Fro nach eng Kéier?\nAlso ech mengen déi 2. Fro ... Merci, Här Feist.\nWann ech se dierf widderhuelen - Dir korrigéiert mech, wann se net ganz korrekt war - wéi grouss ass d'Warscheinlechkeet, datt mer nach eng Kéier eng Well wéi Delta kréien.\nEch mengen dat ass jo \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_5_1689249771.mp3", "transcription": "maachen déi iwwer 50-Järeg 97,7% vun de Stierffäll aus.\nÄnlech Chiffere fanne mer, wa mer d'Intensivstatioun ginn.\nOch do ass eng ganz staark Iwwerrepresentatioun vun deenen iwwer 50-Järegen, och bei Omicron.\nAn dat ass natierlech eng wichteg Informatioun. Well dat heescht datt déi iwwer 50-Järeg, déi hunn de gréisste Risiko fir schwéier krank ze ginn, wann se sech infizéieren an dat war nach bei all Variant esou, och bei Omicron, an dat zanter Ufank vun der Pandemie.\nDir hutt - ech weess net, Dir gesitt jo och d'Schema - dat ass dee nächste Schema.\nVoilà. Do gesitt Dir e bëssen, wéi den Impfstatus ass.\nInsgesamt ass e besser bei deene méi eelere Persounen. Gottseidank, kann ech nëmme soen.\nDir gesitt och, datt vum Alter 25"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_60_1689249771.mp3", "transcription": "eigentlech eng Grondsazdebatt. Et gëtt déi, déi soen: elo gëtt de Coronavirus ëmmer nëmme méi sympathesch, dat bleift elo wéi et ass mat den Omicron-Varianten an de Subvarianten a Subvarianten a mir kënnen elo getrouscht eise Kapp a Rou leen a brauchen dann och keng Mesuren ze treffe fir eng schlëmm Well virzebereeden.\nDozou géing ech Folgendes soen: Wa mir kucke wat nei Varianten ubelaangt, wa mir mam Grippevirus vergläichen - beim Grippevirus hu mir eigentlech déi Mutatiounen sou an engem Rhythmus vu Joer zu Joer.\nWa mir elo de Coronovirus kucken, si mir bei all Dag.\nAll Dag kommen ëmmer nach nei Varianten, déi optrieden. Wann der kuckt, an Afrika do si maximal 20% vun der Bevëlkerung geimpft.\nWat ass elo d'Warscheinlechkeet \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_61_1689249771.mp3", "transcription": "erëm op Är Fro zeréck - datt mir nach eng Kéier eng Well wéi Delta kréien?\nAlso eng Saach ass richteg: dat heescht, wa verschidde Varianten zirkuléieren, ass ëmmer déi Variant am Virdeel, déi am iwwerdrobarsten ass. Well éier déi aner Varianten accrochéiere kommen, huet déi dote Variant sech schonn ausgebreet an all Persoun, déi sech infizéiert, infizéiert dann och eng aner Persoun.\nDat heescht dat ass tatsächlech en Drock, dee besteet fir dat eng Variant erfollegräich ass.\nEn aneren Drock, dee besteet, ass: mëttlerweil si mir net méi am Joer 2020. Mëttlerweil ass an eiser Populatioun eng gewëssen Immunitéit duerch d'Impfung an och duerch d'Infektioun.\nA wann also eng nei Variant wëll erfollegräich sinn, da muss se der Immunitéit bis zu engem gewëssene Grad kënnen entgoen, zumindest wat d'Infektioun ubelaangt. Mir wësse jo, datt wann et ëm schwéiere Verlaf\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_62_1689249771.mp3", "transcription": "geet, d'Impfstoffer nach ëmmer ganz effikass sinn.\nDat heescht, wa mir elo kucke fir méi iwwerdrobar ze sinn, an dem Drock z'entgoen, bzw. der Noutwendegkeet fir genetesch enger gewëssener Immunitéit z'entgoen, da si mer bei enger Protein. Dat ass de Spike-Protein.\nDat ass haaptsächlech um Niveau vum Spike-Protein, op der Surface vum Virus. Mir hu jo ëmmer gesot, wéi e Bigoudi, deen e bëssen erausstécht.\nDee brauch de Virus fir eng Zäit z'infizéieren.\nDo sinn déi Contrainten an déi Contraintë sinn eben d'Variant muss iwwerdrobar sinn an se muss och der Immunitéit, déi existéiert, kënnen entwutschen, souzesoen.\nWat awer elo d'Virulenz ubelaangt, datt eng Variant geféierlech ass, datt Leit méi krank, méi schwéier krank erëm ginn, do sinn nach ganz aner Proteinnen am Spill. Dat ass net nëmmen d'Spike-Proteinnen. Ech mengen \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_63_1689249771.mp3", "transcription": "de Virus huet e ganze Set vun Proteinnen an do sinn der ganz vill dobäi, déi e groussen Afloss op d'Virulenz hunn.\nDat heescht, fir sou eng Delta-Well ze produzéieren, muss de Virus eigentlech 2 Konditiounen erfëllen. Éischtens, wat säi Spike-Protein ubelaangt, muss en ganz liicht iwwerdrobar sinn a gewëssen Mutatiounen hunn, sou datt en der Immunitéit, déi besteet, entgeet an 2. muss en aner Eegenschaften hunn an déi sinn oft reflektéiert bei anere Proteinnen, net onbedéngt bei am Spike-Protein, déi e méi geféierlech maachen.\nAn dat ass Eppes, wat zumindest wat de Repertoire vum Virus ubelaangt duerchaus méiglech ass, jidderzäit ka passéieren. Hu mir eng Garantie datt et passéiert? Nee.\nKënnen mir elo soen: \"mir leen d'Hänn an de Schouss. Loossen et drop ukommen\"? \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_64_1689249771.mp3", "transcription": "Nee.\nEch denken ... Ech si jo gläich fäerdeg. Ech denken, et ass awer eng extrem wichteg Fro. Et ass eng prinzipiell Fro.\nEch soen och mäi Saz nach fäerdeg, iwwregens.\nWoubäi ech elo Schwieregkeeten hunn. Ech wier scho fäerdeg, wann ech elo net ënnerbrach gi wier.\nMee et ass natierlech esou, datt een et net drop ukomme ka loossen, wann een déi politesch Verantwortung huet, sondern datt een an der Flicht ass, eng Well virzebereeden, déi erëm méi uerg ass.\nOb déi da kënnt oder net kënnt, wéini se kënnt, ass niewesächlech.\nAlso ech wëll just nach ganz schnell, Här Feist, dorobber ... och Merci fir déi Fro.\nMir hunn natierlech mat de féierenden Evolutiounsbiologen an der Welt och heiriwwer geschwat.\nMir hunn mat hinnen eng ganz Rëtsch vun Entretienen gehat fir ze wëssen, effektiv, wéi et ausgesäit a wéi räsonabel et wier fir vun engem Delta-Zenario kënnen auszegoen an den Haaptpunkt \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_65_1689249771.mp3", "transcription": "hei ass, zousätzlech zu deem wat den Dokter Schockmel do schonn erkläert huet, ass eben, datt de Virus säit Ufank datt mer wëssen, datt en amfong geholl deen \"Trade off\", deen existéiert tëschent Virulenz an Transmissibilitéit, datt en deen amfong geholl aushiewelt zu engem gewëssene Sënn. Mir hunn eng immens laang Inkubatiounszäit, vill Transmissioun geet iwwer asymptomatesch Fäll, etc. an dat féiert dozou, datt mir net kënnen déi Kopplung maachen, datt en zousätzlechen Avantage, Fitness-Avantage am Bezuch op d'Transmissibilitéit, datt dat dozou féiert, datt e manner virulent gëtt. Dat ass einfach elo hei net dovunner auszegoen an deementspriechend dass et eben effektiv méiglech datt den Virus u Virulenz erëm eng Kéier géif zouhuelen.\nAn dat wier dann an dem Kontext vun engem Delta-like-Zenario, wou et awer och sou ass, z.B. mat Delta, datt d'\"Effectivité vaccinale\" méi héich ass, wou et awer och erëm eng Kéier mat den adaptéierte Vaccinen am Bezuch z.B. op eng Omicron-like-Variant, datt dat och natierlech e "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_66_1689249771.mp3", "transcription": "Facteur ass, deen een a Consideratioun muss zéien. \nDat heescht wann elo am Hierscht en adaptéierte Vaccin do wier, deen erëm eng Kéier vill méi effektiv am Bezuch och op Omicron ass, dann ass et esou, dat een awer trotzdeem en Delta-like-Zenario ganz sécher kéint hunn.\nEch mengen et ass opjiddefalls wichteg fir et an engem Saz ze soen, dass den Omicron méi transmissibel ass an dass en manner gutt erkannt gëtt vum Vaccin, d.h. deen huet ganz eendeiteg en \"Fitness-Virdeel\".\nAlso ech hat guer net wëlles een akademeschen Discours auszeléisen. Ech hat mech gefrot ob an deem komplette Rapport Eppes steet an déi Richtung, wat villäicht d'Politik Entscheedungshëllef kéint ginn an dëser Richtung fir z'evitéieren, dass dës Fro ze vill politesch gëtt.\nNee, ech mengen, dass en do eng ganz Rei Hiweis gi wat fir d'Entscheedungsfannung wichteg ass\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_67_1689249771.mp3", "transcription": "Mir musse kucken: et ass e neie Virus. Mir hunn no an no bäigeléiert.\nVirdrun hu mir geléiert, et kritt een dat nëmmen eng Kéier an duerno ass een immun. Dat ass net wouer. Et kann een e puer Mol kréien.\nAn dann hu mer gekuckt, déi Leit, déi geimpft sinn, déi kënnen de Virus och nach e Mol kréien. Dat hu mir alles mat der Zäit geléiert.\nAlso dat wousste mir net am Ufank. Datt een awer de Virus kréie kann, och wann ee geimpft ass an dat sinn alles nei Saachen, déi ëmmer kommen.\nOk, hu mir nach weider Froen?\nMoien, Annette Welsch vum Wort.\nDir hutt den Omicron-Impfstoff ugeschwat. Deen ass jo an der Entwécklung. Wéini rechent Dir domat, dass dee kënnt?\nAn soll deen da mat der 4. Impfung eventuell do drop waarden?\nAlso fir de Moment ass den Impfstoff vu Pfizer amgaang, awer den Impfstoff vu Pfizer ass nach mam B1 a B2 gemaach.\nAlso mir wëssen nach net ob dat\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_68_1689249771.mp3", "transcription": "wierklech e Schutz géint de B4 an de B5 ass.\nAwer déi sinn amgaang dat ze produzéieren a mir hunn geschwënn een Treffen iwwert de neie Vaccin.\nAwer dee kréie mir net viru September, denken ech.\nD'Informatioun oder den Impfstoff?\nDen Impfstoff.\nDat wier scho gutt, wann ...\nWéi vill mir kréien, datt wësse mir och nach net.\nEch mengen mir hätte besser unzefänken an dann soubal wéi en do ass op deen iwwer ze sprangen, wéi eis ze soen \"mir waarden bis e kënnt\" an herno ass et November an en ass nach net do.\nJo. \nJo, dat ass och meng Meenung.\nEch wollt nach ee Punkt maachen.\nA verschiddene Slides kënnt et eriwwer, wéi wann d'Frontalieren sech net géingen impfen loossen, dat ass awer ze nuancéieren, well mir d'Informatiounen net hunn, wéi gutt d'Frontaliere geimpft sinn "} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_69_1689249771.mp3", "transcription": "an et gëtt un sech kee Grond, dass se manner gutt geimpft wieren, wéi déi aner Leit an deene Länner aus deenen se kommen an da si mir net esou wäit ewech vun deem wat mir hei hunn.\nWa mir bei eisen Infirmièrë gekuckt hunn, déi Grenzgänger sinn, an probéieren een \"Taux de vaccination\" erauszefannen, da sinn déi ongeféier d'selwecht wéi eisen Infirmièren hiren.\nDo wou warscheinlech e relativ groussen Ënnerscheed ka sinn, dat ass méi d'Sous-traitanten an Logistikspersonal. Dat heescht, déi déi Maintenance-Aarbechte maachen, déi an der Kiche schaffen, asw. well déi kënnen sech net zu Lëtzebuerg impfe loossen a mir wëssen net, wéi gutt dass déi am Ausland geimpft gi sinn.\nMee bon, wéi gesot, mir sollen d'Frontalieren elo net stigmatiséieren.\nD'Remark elo vum Dr. Arendt huet sech dann elo op d'Spideeler bezunn.\nWat mir virdrun och matdiskutéiert hunn, dat sinn natierlech d'Fleegeheimer, d'Altersheimer, wou mir jo och wëssen \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_6_1689249771.mp3", "transcription": "-29 Joer un, geet eigentlech et an d'Luucht, mat dem Prozentsaz vun deenen, déi geimpft sinn.\nAn da si mer bei ongeféier 80% am Schnëtt bei deenen iwwer 50, woubäi ab 75-Joer, geet et nach eng Kéier e bëssen an d'Luucht.\nDat heescht 80% - do feelen am Schnëtt 20% a wat mer unhand vun deene Chifferen, déi mer kritt hunn konnten erausfannen, ass: do sinn 30.000 Leit iwwer 50, déi nach guer net geimpft sinn.\nAlso sinn dat ca. 20.000, déi net vollstänneg geimpft sinn.\nAn dat ass natierlech schonn eppes wat eng wichteg Informatioun ass.\nVoilà. Mir sinn elo um nächste Slide.\nMir hunn e bësse gekuckt wat d'Impfquoten elo ubelaangt bei deenen déi a verschiddene Secteure schaffen. Also hei hu mer CIPA\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_70_1689249771.mp3", "transcription": "wat passéiert ass schonn am leschte Wanter.\nWat mir elo net spezifesch presentéiert hunn, dat sinn déi, déi am Secteur ausserhalb vun den Residenzen, Altersheemer, Fleegeheemer - ech denken z.B. un d'ambulant Fleeg Doheem, dat hu mir net ausgeféiert.\nDat do war eng Bemierkung bezunn op d'Erfarung am CHL. Dat heescht an enger spezifescher Klinick.\nAlso ech menge wat ganz kloer ass, dass mer ...\nDat war eng Bemierkung, déi déi ganz Populatioun betrëfft.\n... eng Flicht hunn fir dass een den Impfstatus reveléiert. Ech mengen dat brauche mer, egal wéi.\nEntschëllegt. Meng Bemierkung, déi betrëfft net nëmmen d'Fleegepersonal. Och wann an den Diaen nëmmen vum Fleegepersonal geschwat ginn ass. \nDéi betrëfft all Domainer, wou mir net wëssen, wéi gutt dass d'Frontaliere geimpft sinn. \nMee wéi de Claude Müller jo gesot huet, net ze wëssen ass e Risiko.\nDat heescht wéi kann ee korrekt de Risiko geréieren, wann ee guer net wierklech weess \"wien ass geimpft a wien ass net geimpft\" an dat ass\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_7_1689249771.mp3", "transcription": " Altersheimer an esou.\nInteressant fir Iech ass do déi lescht Kolonn - 3 Dosen.\nDo gesitt der d'Pensionnairen. Wat do den Taux ass. 94,4% an da gesitt der d'Personal, déi do schaffen.\nA wat natierlech hei opfälleg ass, dat ass e ganz groussen Ënnerscheed tëschent de Residanten, déi an deenen Haiser schaffen, an de Frontalieren.\nDéi Donnéeë sinn déi, déi mir kritt hunn vun der Sécurité sociale.\nBon, villäicht sinn se och net 100%, mee wann een awer gesäit, datt bei de Frontalieren an deene Secteuren, wou déi héchst-vulnerabelst Patiente betagt a fleegebedierfteg sinn nëmmen 31,5% geimpft sinn. Da gëtt dat engem trotzdeem ze denken.\nSinn ech beim richtege Slide? Ah do waren e Mol eng Kéier 2 Slides. Mir hunn eis elo beschränkt op CIPA. Ass dat korrekt?\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_8_1689249771.mp3", "transcription": "dat ass richteg."} -{"file_name": "mp3/mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (05072022).wav_chunk_9_1689249771.mp3", "transcription": "en soins intensifs\", mee dat ass d'\"Décès\". Et deet mer Leed, deen ass ganz zum Schluss nach do eragerutscht. Dat heescht dee lénken Deel vun der Dia betrëfft d'\"Efficacité vaccinale\" géint d'Hospitalisatiounen op Intensivstatioun an dee rietsen Deel, dee betrëfft d'\"Efficacité vaccinale\" géint Stierffäll bei iwwer 50-järegen an de Faarwecode \"Rout\" ass all Patienten, déi ganz Period. \"Gréng\" ass d'Delta-Period an \"Blo\" ass d'Omicron-Period.\nA wann der Iech elo e Mol op dee rietsen Deel konzentréiert, op d'Essaien, da gesitt der mat 2 Dosen ass d'\"Efficacité vaccinale\" géint Omicron net méi ganz gutt. Par contre mam Booster, mat der 3. Dosis, geet d'Efficacité vaccinale géint Stierffäll bei iwwer 50-Järegen nees erop op iwwer 90%.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_0_1689254201.mp3", "transcription": ""} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_10_1689254201.mp3", "transcription": "Zurzäit ass nach alles op gréng, ech hunn et gesot: souwuel an de Spideeler, si mir niddereg am Verglach mat eisen Nopeschlänner, am Taux de positivité och nach, bei den Neiinfektiounen och, och keng gréisser Clusteren. Mee et geet lues a lues erop. \nMir hunn och gesinn, dass em déi 40% vun den Neiinfektiounen, elo op déi lescht Woch gekuckt, wierklech aus der Vakanz mat heembruecht gi sinn. \nDat läit awer elo eiser Ansicht no vläicht manner un der Vakanzendestinatioun, mee einfach um Fait, dass d'Leit an der Famill a mat Frënn ënnerwee sinn, do wou se sech och hei heem vläicht, wa se Vakanz doheem gemaach hätten, och ugestach hätten. \nDee Schema bleift och nach ëmmer dee selwechten. Ech mengen, et ass eng Widderhuelung, déi mir hei maachen. \nEt ass awer ëmmer gutt se ze maachen, ech mengen, et ass do, wou een no zesummen ass, wou de Risiko am Gréissten ass. \nDat ass entretemps eng Evidenz. \nDen Hierscht wäert also net entspaant ginn, och net fir eis. \nEt bleiwe vill Inconnuen. \nMir kënne just hoffen, dass dat wat mir en place hunn, wat sech elo bewäert huet, sech och weider wäert bewäerten. \nDat Ganzt ass eng Course, eng Course géint d'Zäit, déi mir hei lafen. \nMir hunn engersäits\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_11_1689254201.mp3", "transcription": "e Variant, dee vill méi schnell dréit, déi méi ustiechend ass, anersäits komme mir mat der Impfung weider, dat hält deem entgéint. \nAn dat wou mir drop spekuléieren, eis Hoffnung ass dass mir eben trotz steigenden Neiinfektiounen, doduerch dass ëmmer méi Leit lues a lues geimpft ginn, dee ganzen... déi Retombée an de Spideeler wierklech gedrosselt halen, dass een den Impakt op d'Gesondheetswiese wierklech niddereg hält. \nDat ass Zilsetzung, an dat musse mir och nach ëmmer ganz no an zäitno analyséieren, wéi dat sech huet, wéi dat sech an deenen nächste Wochen wäert hunn. \nD'Ausgangspositioun ass net déi selwecht wéi d'lescht Joer; mir kënnen eis Modelisatiounen net 1:1 benotzen. \nEt ass eng ganz aner Ausgangspositioun, mat enger Variant, déi anescht ass, déi sech anescht verhält. \nEt ass eng aner Populatioun, mir hunn e groussen Deel vun de Leit, déi geimpft sinn; alles dat muss nei berechent ginn. \nDo si mir och am Gaangen drop ze schaffen, och zesumme mat der Task Force Covid-19, déi jo och ëmmer fir eis do \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_12_1689254201.mp3", "transcription": "Et ass schonn erwäänt ginn: et däerf net erstaunen, och wann ee geimpft ass, kann ee sech ustiechen. \nJo, dat ass esou! Dat ass näischt Anormales bei enger Impfung. \nE gewëssene Prozentsaz ass ëmmer ginn, deen sech nach eng Kéier kann nei infizéieren. \nDat ass hei net anescht. Dee läit, wéi virdru gesot, bei 21% am Moment. \nAn och wann ee geimpft ass, an et huet een de Virus, an och wann een net krank ass, kann een en nawell weiderginn. \nDat heescht, dat tückescht un deem Virus hei ass, dass een e scho ka weiderginn, éiert ee krank ass, éiert ee et mierkt, éier een iwwerhaapt krank gëtt. \nDat ass a bleift nach ëmmer d'selwecht. \nMir hu rezent Etuden och vum Conseil scientifique a Frankräich virleien aus dem August, wou draus ervir geet, dass de Risiko, deen een huet, fir eng Neiinfektioun, wann ee geimpft ass, also e ganzen Impfschutz huet, duebel geimpft ass, em 80% méi niddereg ass, wéi wann een net geimpft ass. \nDat ass wierklech signifikativ. \nA wa mir dann zu deene gehéieren, déi sech trotzdeem nei infizéieren, dat ass jo schonn eng Minoritéit au départ, dann ass do erëm eng Kéier de Risiko \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_13_1689254201.mp3", "transcription": "fir e schwéiere Verlaf ëm 90% ongeféier méi niddereg, fir dass et e schwéiere Verlaf gëtt, wéi dat de Fall ass bei engem deen eben net geimpft ass. \nDat heescht, och déi, déi nach Zweifelen hunn, sinn ech zouversiichtlech, dass mat deenen Zuelen, déi mir hunn, mat den Erkenntnisser, déi lues a lues erakommen, dass d'Leit dach nach wierklech och verstinn, dass de Risiko, deen een huet fir eng Niewewierkung bei enger Impfung einfach nach wesentlech méi niddereg ass, wéi de Risiko fir z'erkranken u Covid. \nWann ee Covid kritt, kann een et och net oft genuch soen: dat mag nach ëmmer abstrakt schéngen, fir déi Leit, déi net domadder konfrontéiert waren, mee dat ass keng Partie de plaisir. \nEch invitéiere jiddwereen, dee wierklech do nach Zweifelen huet, en Echange ze siche mat Leit, déi krank waren, déi am Spidol waren, Temoignagen ze lauschteren. \nEt ass keng liicht Krankheet, déi ee kann einfach esou op déi liicht Schëller huelen. \nDat Ganzt ass fir dee Concernéierten net einfach, an et ass och fir eist Personal an de Spideeler net einfach. \nEt si ganz fleegeintensiv Patienten, an dat soll een net vergiessen. \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_14_1689254201.mp3", "transcription": "De Motto vun der nächster Well, wa se da kënnt, a si wäert kommen, ech mengen, et wier e bësschen naiv ze mengen, dass mir hei ofgeschott géife bleiwen zu Lëtzebuerg, \ndeen wäerten déi Net-Vaccinéiert sinn. Dat ass eng Evidenz entretemps. \nEt sinn déi Net-Vaccinéiert, déi zueleméisseg dat Ganzt wäerten dreiwen. An domadder besteet ee Risiko fir vulnerabel Leit. \nSi sinn déi, déi am meeschten exposéiert sinn, an et besteet och e Risiko vu Mutatiounen weider. \nWat et méi dréint, wat sämtlech Risiken méi héich sinn. \nMir hunn alleguerten wierklech do e kollektiven Interêt drun ze schaffen, dass mir sou vill wéi méiglech geimpft sinn; et ass just esou wéi mir erauskommen. \nEch géif och gären drop verweisen, dass den Directeur régional vun der Weltgesondheetsorganisatioun fir Europa, den Dr Kluge, déi selwecht Mise en garde gemaach huet, wéi mir se hei elo gemaach hunn: \nEt ass e Risiko do vun Neiinfektiounen, an et geet wierklech drëms eng Acceleratioun ze kréien, sou schnell wéi méiglech virun ze kommen mat der Impfung. \nOch hien huet am Fong geholl eis Strategie bestätegt, ech wor frou \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_15_1689254201.mp3", "transcription": "dat ze héieren an ze liesen, \ndass ee sech soll drop konzentréieren, ze verstoen, firwat d'Leit sech nach net impfe loossen. \nEch mengen, dat ass dat, wat zielt, dass mir kucke ginn, dass mir verstinn: wat sinn d'Froen, déi d'Leit nach hunn? \nWat sinn déi Zweifelen, déi do sinn? Wéi eng falsch Informatiounen zirkuléiere vläicht nach? \nAn dass ee wierklech op d'Informatioun setzt, op d'Iwwerzeegung setzt fir d'Leit mat u Bord ze kréien. \nEch bleiwen iwwerzeegt, an ech mengen 't ass och d'Positioun vun der Regierung, dass dat dee beschte Wee ass: informéieren a verstoen firwat et net klappt. \nAn da wierklech geziilt mat der Impfcampagne weiderfueren, dat ass op alle Fall eis Ambitioun, fir dat esou ze pushen, dass mir dohinner kommen, wou d'Leit d'Impfung siche ginn an dass mir och hoffentlech déi Erklärunge prett hunn, déi d'Leit nach brauchen. \nEt interesséiert eis firwat d'Leit sech net impfe loossen, dat ass eis net egal. Wat mir et besser verstinn, wat mir besser kënnen doropper awierken, an d'Informatiounen och esou opbereeden, dass mir wierklech déi Froe kënnen adresséieren, déi do nach am Raum stinn. \nEch géif och jiddwereen, dee sech fir Zuelen \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_16_1689254201.mp3", "transcription": "interesséiert, invitéieren eng Kéier Frankräich ze kucken, wann Dir Zuele gesitt, an den Territoires d'outre-mer, wou eng ganz niddereg Quote ass vun de Leit, déi sech impfe gelooss hunn. \nEt läit bei 25-30%. Do ass d'Situatioun komplett aus dem Rudder am Moment. Do si mir an der Situatioun, wou Triage muss gemaach ginn, wou Leit erëm erausgeflu ginn, well d'Spideeler et net méi packen. Et ass en immens krassen Ënnerscheed zu Frankräich selwer. \nAlles dat weist, dass déi Impfung awer en Impakt huet. \nAlso et sollt am Fong geholl vu Woch zu Woch ëmmer aliichtend ginn, mat den Zuelen, déi virleien, dass ee sech souwuel individuell, fir sech selwer en Interessi huet, sech impfen ze loossen, wéi och als Gesellschaft. \nEt ass System-relevant. \nEt huet en Impakt. Et stierwe Leit, et spigelt sech direkt an de Spideeler rëm. Wann et do erop geet, dat ka ganz séier goen, dann ass dat zu eiser aller Desavantage. \nWann d'Spideeler iwwerfuerdert sinn, ech géif gären drun erënneren, dat ass net nëmme fir de Covid-Patient relevant, mee och fir all déi aner Patienten. \nD'Personal ass \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_17_1689254201.mp3", "transcription": "Eis Campagne huet als Zil natierlech esou héich wéi méiglech ze kommen. \nMir wäerte probéieren, iwwert déi nächst Wochen, an dofir och déi kuerz Dauer elo, ech mengen 't ass Rentrée, vill Leit wore fort, et komme vill nei Informatiounen, mir hu wierklech d'Hoffnung, dass mir nach vill Leit erreechen. \nMir gesinn och, dass déi Offeren, déi mir en place gesat hunn fir ouni Rendez-vous sech impfen ze loossen, zéien. \nD'Leit kommen dohinner, stinn oft laang Schlaang bei eisen Impf-Busser. Ech hunn dat selwer gesinn, an der Sonn, .... Bon... Mir gesinn, dass dat effektiv wierkt, a mir ginn ons Méi fir do nach méi geziilt wierklech op d'Plazen ze goen, wou d'Leit sinn, wou mir se kënnen erreechen. \nMir sinn och mat de Betriber, mat der Union des entreprises, am Gespréich, wéi mir kënnen och an de Betriber d'Impfung weiderbréngen, wéi mir an de Schoulen dat kënnen am Hierscht organiséieren. \nEt geet wierklech drëms, ëmmer méi no bei d'Leit ze kommen, also och wierklech se z'iwwerzeegen, dass et esou ass wéi een et ka packen. \nMir brauchen en attendant selbstverständlech nach e bësschen Ausdauer. Ech wier frou eppes anescht kënnen ze soen, mee nach si mir net doduerch. \nMir mussen nach iergendwou d'Moral halen. \nMir kënnen et awer packen. Mir gesinn wat funktionéiert. \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_18_1689254201.mp3", "transcription": "Den neien Text. Voilà! Ech hat deen elo ganz vergiess. \nWell s Du deen normalerweis sees...Den neien Text: 't ass en gros de Status quo. Et ergëtt sech e bësschen aus dem wat ech gesot hunn, wat mir en place hunn. \nEt funktionéiert gutt. Mir kënne keng aner Conclusioun zu dësem Zäitpunkt zéien. \nMir hunn eng kleng oppe Flank vläicht nach gesinn, dat ass ronderëm d'Spideeler, an et ass och do, wou mir elo proposéieren nozerëschten. \nMir hunn dee Cordon sanitaire, dee mir, wann een esou wëll, gesat iwwert de CovidCheck-Regimm an den Alters- a Fleegeheemer an och an de Spideeler. \nDeen hat am Fong geholl als Visée, de CovidCheck do anzesetzen, wou een an d'Haus erakënnt an a Kontakt mat enger vulnerabeler Persoun kënnt. \nDat heescht mat engem Resident an engem Alters- a Fleegeheem, oder eben engem Patient deen hospitaliséiert ass. \nEt ass awer esou, dass an de Spideeler och aner Leit an an aus ginn, déi elo net onbedéngt bei e Patient op Visitt ginn, \nmee déi bei hiren Dokter ginn, déi op eng Visite médicale ginn. \nAn do huet u sech den Text net gespillt. \nMir sinn zur Conclusioun komm, dass et besser wier, dës Sitten, also d'Spidol-Sitten wierklech \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_19_1689254201.mp3", "transcription": "komplett ze sécheren iwwert de CovidCheck-Regimm, \ndass een am Fong geholl, à quelque titre que ce soit, wann een do era geet, sief et op Besuch bei eng Persoun, sief et op eng Visite médicale bei säin Dokter, \ndass een de CovidCheck-Regimm muss respektéieren, dat heescht, et muss ee virweisen, dass een entweder getest ass, oder geimpft ass, \noder eben e Schnelltest da sur place maachen, dat fir e Maximum u Sécherheet wierklech an de Spideeler ze hunn. \nFir de Rescht, kënne mir nëmme feststellen, dass de CovidCheck-Regimm gutt funktionéiert huet hei zu Lëtzebuerg. \nA mir wäerten en wëlle bäihalen. Also dat ass u sech déi eenzeg Ännerung, déi virgesinn ass. \nNach e puer kleng minim Textännerungen, mee ech mengen, dat sprengt hei de Kader fir drop anzegoen. \nA voilà... Jo fir d'Educatioun, dat wäerte mir muer am Detail presentéieren. \nAn dann eng Lafzäit, déi beschränkt ass, firwat? \nWell ganz vill Inconnuen am Raum sinn, well mir wierklech op Daten waarden, vun der Rentrée, fir ze gesinn, wéi dat sech rëmspigele wäert um sanitäre Plang. \nAn do wëlle mir net riskéieren, ze vill laang ze goen. Mir wëlle wierklech e kuerze Rendez-vous hunn\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_1_1689254201.mp3", "transcription": "wéi déi lescht Méint mat enger Presenz awer vum Virus, déi ongeféier d'selwecht war. \nDat heiten ass e positiven Effekt vun der Impfung. \nDat weist och, dass dat wat mir dès le départ gesot hunn, dass een net eleng kann d'Infektiounszuelen analyséieren, an als Haaptelement huele fir Mesuren ze huelen, an d'Spideeler weider deen Haaptfacteur musse sinn, well Dir wësst jo, dass mir eis och engagéiert hunn; de But vun deene ganze Restriktiounen war fir dass och keng Iwwerlaaschtunge vum Secteur hospitalier sollt kommen, fir dass een och normal Soinen kann hunn, an dass mir ni an där ethescher Fro hu musse kommen hei zu Lëtzebuerg, iwwert Choixen vu Patienten, déi ee kann traitéieren oder net. \nDat war dat, wat mir dès le départ gemaach hunn. Mir gesinn och Nopeschlänner, déi och an déi Richtung elo ginn. \nAn dat beweist och wierklech, dass d'Infektiounszuelen..., déi schwanke kënnen vun haut op muer – an ech kann Iech elo \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_20_1689254201.mp3", "transcription": "Dani Schumacher vum Wort. Ech hätt nach eng Fro. \nDir hutt gesot, an Aussiicht gestallt, wa wierklech d'Situatioun erëm sech verschlechtert, kann de CovidCheck ausgeweit ginn. \nAner Fro: wéi ass et, bleift Dir beim 3G, oder wier den 2G eng Optioun? \nZ. B. den Hamburger Modell, wou dann elo déi Geteste ganz ewech falen, mee dann dierfen déi Aner, déi Geimpft an déi Gesond, dann dierfen déi méi. \nAss dat eng Optioun, dass Dir op dee Wee géift goen? \nAn dann an Enchainé eng 2. Fro, dat ass eng reng praktesch Fro. \nDe brittesche Pendant zu eisem CovidCheck, mam Ziedel, mam QR-Code, gëtt hei zu Lëtzebuerg net unerkannt. \nAss do iergend eppes.... kënnt do... ? Well komescherweis a Frankräich oder a Polen, gëtt en unerkannt. \nA wann Dir dann do eng Kéier de Stempel hutt, dann dierft Dir dann awer erakommen. \nAlso mir haten déi Diskussioun iwwerhaapt mat Groussbritannien, well Dir wësst jo och, dass d'Konditioune fir eranzefléien an zeréckzefléien, mir zu Lëtzebuerg méi streng sinn z. B. am Moment och mat Groussbritannien, fir d'Areesen, \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_21_1689254201.mp3", "transcription": "virun deene Plazen, wéi d'Plazen zouzemaachen. \nDat heescht, dass ech duerch de CovidCheck evitéiere kann, alles zouzemaachen, wéi.... \nDass d'Alternativ vum CovidCheck mengen ech eng ass, wou ee kann am Fong mat der Schrauf an déi eng oder an déi aner Richtung och goen. \nDir hutt deen däitsche Modell och ugeschwat vun deem 2G. \nAm Moment si mir der Meenung, dass d'Testen och nach zu deem Ensembel gehéiert. \nMir wëssen, dass eng Rëtsch vu Leit net kënne geimpft ginn, d. h., da wieren eng Rëtsch vu Leit och exclu vu verschidde Fräiheeten, an dowéinst si mir op deem 3G nach ëmmer do. \nDe Gro vun de Leit huelen awer d'Impfungen, dat gesi mir jo och; vun deem Ganzen, vun deene Leit, déi haut e gréngen CovidCheck hunn, ass de Gro jo duerch d'Impfung och komm, an dann duerch Genesen, an dann eben och duerch d'Testen, wat déi 3. Fakultéit och ass. \nEch fannen am Moment, wou een net jiddwerengem konnt d'Méiglechkeet ginn geimpft ze ginn, oder op jiddwer Fall, net Reegelen huet, wou ee seet, ënner 12 \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_22_1689254201.mp3", "transcription": "An dowéinst ass dat, mee dat MUSS op europäeschem Niveau diskutéiert ginn, dass eng Zuel vun Anticorpsen eng vun de Méiglechkeete kéinte sinn, fir op jiddwer Fall an engem G-System, fir kënnen ze reesen, kéint erakommen. \nFait ass awer: on est loin de là. \nWann d'Leit elo mengen, dat géif elo d'nächst Woch kommen, ... \nMir hunn nach gëschter mat eise belsche Kolleegen driwwer geschwat, wou si sech selwer och iwwert déi dote Fro de Kapp zerbriechen, well eleng an der Belsch et eng Abberzuel vu Systemer ginn, fir d'Berechnung vun den Anticorps-Tester ze maachen. \nDat heescht, déi eng hunn een wou een iwwert 10 muss hunn, deen aneren huet een, wou ee muss iwwert 100 hunn, an d. h. da gëtt et schwéier, fir en europäeschen Niveau ze kréien, fir ze soen: et ass ab deem do, wann et souwisou zeg verschidde Systemer gëtt. \nDe Virdeel vum Test ass, et ass ee positiv oder et ass een negativ. \nAlso dat heescht, \"il y a du boulot sur la planche\", mee d'Fro déi ee gestallt kritt huet: ass en Anticorps eng Méiglechkeet? \nEt soll net ausgeschloss ginn, mee mir sollen do evitéieren, als Lëtzebuerger Land Cavalier seul ze maachen, well dono\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_23_1689254201.mp3", "transcription": "Wien huet nach Froen? \nJo, Fanny Kinsch vun RTL Radio. \nSouwäit mir dat gesinn hunn, geet aus de Statistiken net ervir, wéi vill Leit an den Dokteschpraxisse geimpft goufen. \nGinn déi Zuelen net erfaasst? Wéi gesäit dat aus? \nDach, mir wäerten déi och erfaassen, et ass jo lues a lues elo ugelaf iwwert d'Wochen, wou all Woch nach Dokteren dobäi komm sinn. \nMir hunn 1.600 Rendez-vousen bis elo, déi geholl gi sinn, mee mir wäerten déi och elo reegelméisseg opbereeden. \nEt ass eng Ulaf-Phas gewiescht, an ... \n1.600.... 1.646, voilà. \n1.646 Persounen, déi bis elo an den Dokteschpraxisse geimpft gi sinn, an am Moment kann ee sech bei 210 Generalisten, 23 Pediateren, 5 Internisten an 3 Médecins du monde impfe loossen. \nOk. Merci. An dann nach eng 2. Fro: et war elo an der däitscher Press, dass an Däitschland, wann ee sech z. B. an der Schoul oder op der Uni infizéiert, kann dat als Aarbechtsaccident \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_2_1689254201.mp3", "transcription": "schonn awer bal mat Garantie soen, dass och déi nächst Deeg a Wochen, d'Zuelen net wäerten drastesch erofgoen, well d'Leit aus der Vakanz erëmkommen, a mir och an den Analyse gesinn, dass vill Leit aus der Vakanz mam Virus zeréckkommen – d'première cause d'infection am Moment. \nAn och d'Schoulen, déi uginn, dat heescht, dass d'Zuele vun den Infektiounen nach wäerten kënnen an d'Luucht goen. \nNet direkt panikéieren! D'Zuel vun de Spideeler muss am Fokus bleiwen a wierklech déi wichtegst Zuel och bleiwen. \nMir gesinn awer, dass mat den Impfungen ëmmer e bësschen méi Normalitéit kënnt. \nDe CovidCheck – an d'Madamm Gesondheetsministesch wäert och e Bilan maachen, iwwert déi ganz Evenementer, déi mam CovidCheck-System och déi lescht Wochen a Méint konnten organiséiert ginn – hu mir et fäerdeg bruecht, awer méi Normalitéit am Alldag ze kréien, \na mir dierfen net elo op deenen Erfolleger, oder mengen dass d'Normalitéit d'Reegel fir ëmmer ass, mee au contraire, mir dierfen och mat deene Succèsen, mat deenen Zuelen, déi mir am Moment hunn, mat deem... eng Situatioun, déi awer... – an d'Gesondheetsministesch\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_3_1689254201.mp3", "transcription": "nach eng Kéier, wäert drop agoen – komparéiert zu anere Länner, éischter zu Lëtzebuerg niddereg ass, point de vue Zuelen, net mengen dass dofir elo de Match gewonnen ass fir déi nächst Wochen a Méint. \nDat heescht, mir sinn an enger Situatioun, wou mir Zuelen hunn vun Infektiounen, déi wäerten an d'Luucht goen, d'Zuel vun den Hospitalisatiounen, déi éischter stabel och sinn, \nan dofir wäerte mir och der Chamber proposéieren, am Fong, d'Gesetzgebung mat liichten Ännerungen, wou d'Mme Lenert och wäert drop agoen, bis den 18. Oktober ze verlängeren. \nDir wësst jo, dass och eng Rëtsch vu Punkten am Schoulberäich och sinn. \nDen Här Meisch huet eng Pressekonferenz fir muer och ugekënnegt. \nEch hunn och schonn de Moien a gëschter jo och an der Press gelies, dass ganz vill Informatiounen och schonn dobausse sinn, mee mir hunn eis engagéiert, dass den Här Meisch muer och dann op all déi Froen, déi d'Educatioun concernéieren, wäert och kënnen Iech Ried an Äntwert stoen. \nAn dofir wäerte mir haut net op deen dote Punkt agoen. \nStand haut hu mir 74,2% vun der Populatioun, déi op d'mannst \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_4_1689254201.mp3", "transcription": "d'Offer vun enger éischter Impfung ugeholl hunn. \nDat ass e gudde Tëschebilan. Gëschter huet d'Mme Von der Leyen gesot, dass een an der Moyenne an Europa am Moment bei 70% läit. \nMat 74%, si mir iwwert der EU-Moyenne, mee mir sollen net mengen, dass domadder alles gewonne wier, an dass een sech dorops zefridde sollt ginn a soen: hei, t'ass alles an der Rei zu Lëtzebuerg. \nMir wëssen dat Alleguerten, dass d'Impfung de beschte Schutz, am Fong, géint de Virus ass, a mir kruten elo just... – an dofir hu mir déi puer Minutte Verspéidung, mir waren elo just nach connectéiert mat der Chamber, fir eben, sou wéi mir dat depuis le départ gemaach hunn hei zu Lëtzebuerg, dass d'Regierung d'Chamber duerch Gesetzer, Reglementer, also Dispositioune geholl huet, an net duerch extra oder duerch Urgencen, de Gros vun der Zäit, ausser ganz am Ufank wou mir den État d'urgence och haten, mee, an d'Chamber och informéiert eben doriwwer hunn, an du krute mir d'Fro gestallt: \"Jo, mee et kann ee geimpft sinn, mee et kann een awer nees krank ginn?\" \nJo! Et kann een \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_5_1689254201.mp3", "transcription": "Jo, gudde Mëtteg. Ech ka mech deem nëmmen uschléissen. \nMir hunn de Summer hannert eis. Eis Indicateuren stinn nach ëmmer gréng, mee et kann een net verheemlechen, dass et och hei am Land ufänkt lues a lues unzezéien. \nEch menge, wann Dir d'Aktualitéit suivéiert an de Länner ronderëm eis, ass et kee Geheimnis, dass mir eis wierklech mussen op eng 4. Well gefaasst maachen. \nDass déi anescht wäert sinn, wéi déi, déi mir bis elo kannt hunn, steet och ausser Fro; awer wéi se genau wäert sinn, dat wësse mir net mat honnert-prozenteger Sécherheet. \nMir hunn och, wa mir de Woche-Rapport kucke vun der leschter Woch, en Ustieg um Niveau vun den Neiinfektiounen ëm 23%. \nDomadder leie mir nach ëmmer relativ niddereg, wann ech elo direkt mat eisen Nopeschlänner vergläichen, mee trotzdeem gesäit een, dass d'Leit aus der Vakanz zeréckkommen, an dass et ufänkt hei ze dréinen. \nWéi deelt dat sech op? Dat interesséiert jo am Moment ganz vill an ass och wierklech relevant fir d'Gestioun vun der Kris. \nA Leit, déi schonn e ganze Schéma vaccinal hunn, also déi ganz duerchgeimpft sinn, an déi déi net geimpft sinn: \nMajo vun deene 542,\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_6_1689254201.mp3", "transcription": "sinn der op der leschter Woch 428 gewiescht, déi sech nei infizéiert hunn, déi net geimpft waren, géint 114, déi e ganze Schema haten. \nDat sinn 21% vun de Leit, déi sech nei infizéiert hunn, déi schonn eng Kéier geimpft waren. \nDat mag erschrecken, ass awer an a fir sech net vill. \nEng Impfung ass ni zu 100% sécher. Dat muss ee wëssen, keng Impfung, och déi heiten net. \nA mat 80% Sécherheet, ass dat relativ héich, dat ass méi héich wéi z. B. eng klassesch Grippenimpfung, sou dass dat näischt ass wat eis Experten erstaunt. \n't ass éischter d'Normalitéit, déi hei confirméiert gëtt, dass déi Vaccinen, déi am Ëmlaf sinn, gutt Vaccinen sinn, déi dach ee ganz groussen Impakt op de Risiko vun Neiinfektiounen hunn. \nUm Niveau vun den Hospitalisatiounen, ech mengen et ass scho gesot ginn: och do ass et relativ roueg. \nEt ass net näischt, wat sech deet; mir gesinn dass et liicht eropgeet. Mir waren elo am Woche-Rapport bei 21 Leit, déi op de Soins normaux sinn, géint 6\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_7_1689254201.mp3", "transcription": "Leit am Wocherapport – bon, haut sinn et der 8, hu mir héieren –, déi op Intensiv sinn. \nOch do, nach eng Kéier, wéi gesot, wéineg Leit, déi ganz duerchgeimpft sinn. \nAll déi, déi op der Intensiv leien, sinn net geimpfte Leit, déi dee ganz schwéiere Verlaf hunn. \nD'Altersmoyenne, vläicht och nach eng Kéier: bei den neiinfizéierte Leit, bei 31 Joer; d'selwecht wéi fir déi Woch virdrun. \nUm Niveau vun den Hospitalisatiounen ass se liicht erofgaangen. Do war se déi viregt Woch nach bei 51, an do ass d'Moyenne elo bei 47. \nDat weist, dass och jonk Leit, virun allem effektiv wa se net geimpft sinn, hei wierklech net ausgespuert sinn. \nMir gesinn also dass de Virus do ass, dass de Virus dréit. En dréit definitiv. \nD'Neiinfektiounen ginn erop, d'Kontakter ginn och erop, a mir stellen och fest, dat ass eng Erkenntnis, dass och Leit, déi geimpft sinn, de Virus nach weiderdroen. \nA wéi engem Mooss genau, ass nach net wierklech wëssenschaftlech zu 100% ënnermauert, mee et ass eng Tatsaach, dass et esou ass. \nMir gesinn dat och an eisem Woche-Rapport. Wann Dir kuckt, den\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_8_1689254201.mp3", "transcription": "Wat de CovidCheck-Regimm ugeet, do si mir u sech ganz zefridden. \nDat war eng grouss Inconnue wou mir et lancéiert hunn am Juni. \nDir kënnt Iech erënneren, mir hu gesinn \"Mir mussen et probéieren, fir ze gesinn wat et bréngt\". \nMa d'Resultat ass gutt. Mir hunn insgesamt eng ronn 7.000 Eventer gehat. \n6.700, déi notifizéiert gi sinn, wat Evenementer ënner 300 Leit waren, an dann och nach eng Kéier eng 233 Demande fir Evenementer, déi iwwer 300 Leit erausginn, déi quasi all akzeptéiert goufen. Dir wësst, o huet missen e Concept sanitaire bei eis hannerluecht ginn an akzeptéiert ginn. \nMir hu ganz wéineg Refuse gemaach, also et gesäit een, dass dee Regimm hei zu Lëtzebuerg verstane ginn ass, dass en applizéiert ginn ass. \nA virun allem sinn ech ganz frou kënnen ze soen, dass mir um Niveau vun der Inspection sanitaire näischt ze vermellen hunn, wou ee géif soen dass do Saache schif gelaf sinn. \nMir hunn iwwert de ganze Summer duerch een oder deen anere klenge Cluster gehat, awer guer net spezifesch elo mat CovidCheck-Eventer. \nDat ass \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_9_1689254201.mp3", "transcription": "wierklech näischt Signifikatives gewiescht, dat heescht, also mat der Ausnam vun deem Ausrutscher, dee mir direkt am Ufank hate ronderëm Nationalfeierdag, ass et u sech... kann een zur Konklusioun kommen, dass dëse Regimm, dee mir en place hunn op alle Fall gutt funktionéiert, e gudde Sécherheetsgurt ass, zumindest op alle Fall mat enger Zuel un Neiinfektiounen, wéi mir se elo haten. \nEt weess een net wat dat elo bréngt. \nNatierlech wat mir méi Neiinfektiounen hunn, wat och de Rescht-Risiko ëmmer nach do ass, an dat zueleméisseg sech natierlech wäert erëm spigelen. \nMee am Moment, op alle Fall, ass et zu eiser Zefriddenheet. \nDat hätt och kënnen anescht sinn; mir sinn op alle Fall frou dass dee Regimm sech bewäert huet a mir kënnen och weider dorop setzen. \nWie sinn elo déi Leit, déi net geimpft sinn? \nDat ass och eng Fro, déi vill gestallt gëtt. Mir gesi virun Allem, ass dat an der Alterskategorie eben 18-50-Järeger. \nDéi sinn eréischt zu 50-65% geimpft zu dësem Zäitpunkt. \nNatierlech och déi Jugendlech an d'Kanner, déi nach net kënne geimpft sinn. \nMir maachen do e Suivi. Dat sinn Analysen, déi mir maache fir besser ze verstoen: \nWie sinn \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_0_1689243333.mp3", "transcription": "choc inflationniste - mer géifen nees zesummekommen oder wann eng drëtt Indextranche och Enn dës Joers géif erfalen, dass mer och géifen zesummekommen. Déi Konditioune waren erfëllt an dowéinst ass och dës Reunioun organiséier ginn.\nMir haten 2 Bipartitten op Demandë vun de Sozialpartner. Vun där enger, vun där anerer Säit.\nEch muss Iech awer och soen, dass bei de Conclusioune vun de Bipartite komm ass, dass et besser ass, dass mer an Tripartitten zesummen diskutéieren, well d'Experienze vun de Bipartitten hunn awer och eng Vertrauensbasis erschüttert, déi net onbedéngt gutt ass wann ee wëll zesummen och een Accord fannen.\nDofir sinn ech och ganz frou, dass mer et fäerdegbruecht hunn déi Tripartite och sou z'organiséieren.\nEch weess, dass Dir Iech direkt d'Fro stellt \"Wat war dann elo alles um Ordre du jour nieft deenen 2 Punkten, déi jo waren?\"\nEch hunn och de Sozialpartner de Moien erkläert, dass fir d'Éischt \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_1_1689243333.mp3", "transcription": "wou eng Situatioun ass an ech hunn Iech de Logement genannt, ech hunn Iech awer och d'Kafkraaft vun de Leit och erwäänt, wou et awer och wichteg ass, dass mer kënnen drop reagéieren.\nDowéinst hu mer ugefaangen awer, wann ech chronologesch aginn, mat deem 1. Punkt, dat war déi Kompensatioun vun där Indextranche, déi jo laut dem Statec géif am Oktober an engem \"Scénario central\" och falen.\nDo wäerte mer iwwer d'Mutualitéit och fueren. Den Här Haagen huet do och dee Modell ausgeschafft an do ass och d'Approbatioun vu Patronssäit, déi wäerten sech och elo nach gesi fir dat eben och nach ganz festzemaachen, dass e Montant vun ongeféier 120 Milliounen, mee dee war schonn am Accord och virgesinn. Et ass elo net, dass dat nei ass. Dat doten ass am Fong d'Applikatioun vun deem Accord, dee mer och d'leschte Kéier ënnerschriwwen hunn.\nBeim Phasing out vum elektreschen a vum Gas-Deckel, also Präis: Mir hunn \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_2_1689243333.mp3", "transcription": "d'Analys gemaach. Et ginn eng Rëtsch vu Modeller bei engem Phasing out.\nEt kéint ee jo dann z.B. soen, dass mer ab Januar géifen 10% erof goen, dann 20% erof goen an dann 30% erof goen.\nDen Energieminister, de Claude Turmes, huet eis ganz genau erkläert, dass wa mer den 1. Januar just déi 10%, wa mer deen Deckel jo dann net méi hunn, an da geet et erof, de Risk besteet, dass den Elektreschpräis sech verduebelt. Fir jiddweree verduebelt.\nDat ass eng Realitéit um Terrain, sou wéi d'Situatioun am Moment um Marché ass, dass wann déi Mesure den 1. Januar net integral weider geet, dass dann den 1. Januar d'Präisser vum Elektresch riskéieren ze verduebelen. Dee Risk wëll keen.\nDee Risk wëll keen a mir hunn och als Regierung, wa mer decidéiert hunn, no deene laange Gespréicher mat de Sozialpartner, dass mer dowéinst déi Mesuren am Fong, déi mer dëst Joer geholl hunn, d'nächst Joer verlängeren. Fir d'ganzt Joer.\nWat mat sech bréngt, dass mer vun 2,"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_3_1689243333.mp3", "transcription": "Mir mussen drop reagéieren. Dofir ass deen Accord zesumme fonnt ginn, deen am Interêt ass vun enger niddreger Inflatioun, mee virun allem och am Interêt vum Contribuabel, deen dann den 1. Januar op eng Kéier mat sou Rechnunge konfrontéiert wär.\nBei deem ganze Kader wëll ech awer och erënneren, dass der jo wësst, dass mer verschidde Prämissen hunn.\nDéi 1. Prämiss ass - ech mengen d'Finanzministesch huet dat och an deene leschte Woche schonn ugekënnegt - dass de Sputt net onendlech ass, dass mer och eis een Zil gesat hunn am Koalitiounsaccord fir net iwwer 30% Schold och wëllen ze maachen. Dat sinn déi Prämissen, déi och wichteg sinn an et ass och am Accord mat deem wat Dir déi lescht Wochen och gesot hutt, wou déi verschidde Pisten hei konnten och zeréckbehale ginn.\nD'Upassung vum Barème ass eng Realitéit, wou vill diskutéiert ginn ass a wou mer zur Conclusioun och komm sinn, zesumme mat de Sozialpartner, dass mer géifen eng Adaptatioun vun der Steiertabell ab dem 1. Januar 2024 \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_4_1689243334.mp3", "transcription": "2006 ass den Text mengen ech. Wann een dee géif applizéieren, wier 2,5 Mol och eng Indextranche gefall.\nDat ass déi eenzeg Kompensatioun, déi am Fong legal, wann een deen Text kuckt, deen et am Moment net gëtt.\nDeen et am Moment net gëtt! Mee awer op Drock vun de Gewerkschaften, déi och déi Adaptatioun och gefrot hunn, an nodeems mer eis wierklech och consultéiert hunn, dass den Text, wann een dee géif applizéieren, dat och 2,5 Indextranchë wieren.\nDowéinst... Ech weess dass aner Zuelen zitéiert gi sinn, mee hei ass den Text, deen dee leschten Text war, deen hei zu Lëtzebuerg och gegollt huet, deen hätt dann 2,5. Dat ass och d'Demande, déi komm ass vun de Gewerkschafte fir déi dann och an der Steiertabell och z'adaptéieren.\nFir dëst Joer kënne mer net. Dat wësst der jo. Mee dëst Joer ass och mat deem Sputt, dee mer hunn op 2 Mol eng Indextranche, wou d'Adaptatioun dann och stattfënnt.\nWou se ongeféier plus ou moins gekuckt an \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_5_1689243334.mp3", "transcription": "där Richtung och ass wat awer eng Adaptatioun vum Steierbarème och mat sech bruecht huet.\nAn dat wier dann och de Steierkredit, deen ass fir 2023, géif deen dann och réckwierkend ab dem 1. Januar och schonn zielen.\nWat fir eis och wichteg war an och wichteg war fir d'Gewerkschaften an awer och fir d'Patronat an engem gewëssenen Deel, ass wa mer deen doten Accord maachen, an ech hunn nach aner Punkten, wou ech drop wäert agoen, ass et awer wichteg dass d'Leit wëssen, dass 2024 den Index nees normal funktionéiert.\n2024 si keng Manipulatiounen etc. an etc.\nDen Index leeft nees normal. Et gëtt keng Manipulatioun vum Index gemaach.\nD'Clause de Rendez-vous ass, an dat ass ebe well am Moment mat deene Mesuren, déi mir geholl hunn, eng Indextranche jo... \nDat ass jo déi vun Oktober vun dësem Joer, déi jo op den ... Well dat ass och am Accord elo dran, dann ausbezuelt gëtt ... \nAm Oktober, déi gëtt net manipuléiert, mee déi gëtt kompenséiert bis an de Januar och vu Regierungssäit.\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_6_1689243334.mp3", "transcription": "D.h. och nees iwwer d'Mutualitéit, mee da gëtt déi ausbezuelt, och am Oktober, wéi geplangt, an dass d'Patronat sech awer och engagéiert, dass déi nächst Indextranche 2024 net nees an d'Diskussioun kënnt.\nMir mussen eis awer engagéieren - dat verstinn ech och - vis-à-vis vum Patronat, dass wann awer d'Situatioun, well mir hunn och e \"Scénario catastrophe\".\nEt gëtt jo e \"Scénario bas\", et gëtt e \"Scénario central\", mir baséieren eis ëmmer op de \"Scénario central\", an et gëtt och de \"Scénario haut\", dee mer kengem wënschen, mee wou dann eng Situatioun eng ganz aner wär, dass da selbstverständlech eng nei \"Clause de rendez-vous\" muss och garantéiert ginn.\nMir sinn der Iwwerzeegung, dass d'Kafkraaft stäerken am Interêt vun ons alleguerten ass.\nNet vun hei, net vun do, mee vun ons alleguerten. Et ass am Interêt vun ons alleguerten, wann et dem Bierger och besser geet.\nBei de Mesuren, déi nach komm sinn, war ... an ech hunn Iech virdru gesot: de Logement, ee vun deene Punkten, déi awer net onwichteg sinn, an d'Madamm Ministesch wäert méi an den Detail drop agoen, mee Dir hutt dee Punkt vum\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_7_1689243334.mp3", "transcription": "bëllegen Akt, wou et och fir eis wichteg ass, dass eng Upassung gemaach gëtt, déi scho ganz laang net méi war, mee d'Madamm Ministesch wäert méi an den Detail goen.\nMir wäerten och bei den Zënsen, déi ee kann ofsetzen, agéieren. Do wäert ech elo och net méi an den Detail goen, Madamm Backes, da kënnt Dir dat och erklären, an och an der \"Location sociale\". Am Moment hutt Dir jo och eng Exoneratioun vu 50%.\nDee géife mir och eropsetzen. Firwat? Fir d'Leit z'encouragéieren och bei der \"Location sociale\" méi aktiv ze ginn.\nMir sinn eis bewosst, dass d'\"Location sociale\" gebraucht gëtt an dowéinst, wa mir d'\"Attraits\" vun der \"Location sociale\" méi grouss maache kënnen, virun allem well et Leit sinn, déi och da privat eng ...\nEt sinn net vill grouss Promoteuren déi dat maachen, mee awer Privatleit, déi dat doten och gäre maachen.\nDofir mengen ech, datt dat doten och wichteg ass a wa villäicht deen een oder deen aneren awer och domadder den Incentive fënnt fir méi, och als méi grousse Proprietär et ze maachen, dann tant mieux.\nNonobstant dat Ganzt, si mer och der Meenung\n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_8_1689243334.mp3", "transcription": "klimafrëndlech Strukturen investéieren an dofir d'Fotovoltaik um Daach, kënnt der am Moment 10 Kilowatt sinn och steierfräi. Dat wäert verdräifacht ginn op 30 Kilowatt, d.h. dass och Leit méi incitéiert gi fir d'Saachen anzespeisen, well dorëms geet et jo, och an de Reseau, wat eis och alleguerten hëlleft.\nAn deem Ganze solle mer och net vergiessen, dass mer gekuckt hunn, beim REVIS och den RPGH an och bei den Altersheemer, mir mussen evitéieren, dass bei den Altersheemer, dat hu mer jo scho fir dëst Joer decidéiert, dass och d'Präisser vun den Altersheemer net explodéieren, dofir ass och déi selwecht Hëllef, déi dëst Joer virgesi war och fir d'nächst Joer virgesinn. D'\"Prime énergie\" gëtt och weidergefouert bis Enn 2024 an och dass e \"Crédit d'impôt\" CO2-Steier fir déi nidderegst Akommes - do wäert den Här Bausch dann och méi an den Detail goen.\nAn dann ass och nach eng Mesure, déi gewiescht war, déi am Moment am europäesche Kader ass, dat ass bei den Energiehëllefen, wou mir och déi selwecht \n"} -{"file_name": "mp3/mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite_(03032023).wav_chunk_9_1689243334.mp3", "transcription": "Dispositioune wäerten huelen, déi um europäeschen Niveau och decidéiert gi sinn.\nDir gesitt, et ass mat deene Moyenen, déi mer hunn, mat deene Mesuren, déi mir hunn, Eppes, wou mir wierklech gekuckt hunn, och dass d'Sozialpartneren sech zesummefannen an ech wëll wierklech net d'Equatioun maachen, wat deen een oder deen anere kritt huet, well de But ass, dass mer onst Land, eis Wirtschaft, an déi Leit, déi hei schaffen, weider stäerken.\nEt ass am Interêt vun ons alleguerten, mee mir kënnen et net maachen och an deem mer géife soe mir maachen et op Kredit fir déi nächst Generatiounen.\nEch mengen et gëtt ëmmer eng \"Contrainte budgetaire\", déi do ass a mir hunn et fäerdegbruecht zesummen an engem Accord an dofir wëll ech d'Sozialpartner Merci soen.\nEch wëll net soen, dass dat dee schéinste Kaddo ass, deen ech bis elo kritt hunn haut, mee et ass awer dass mer et fäerdegbruecht hunn, dass mer zesummen een Accord ze fannen, et ass fir mech een Zeechen, dass wann et wierklech dorëms geet zesumme Léisungen ze sichen, a Situatioune wou et awer kritesch ass a ganz vill Bierger sech d'Fro stellen, wéi geet et Muer weider?\nMer gemeinsam Léisunge fannen\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (1).mp3", "transcription": " well effektiv ass d'Famille, huet am Moment d'Tutelle, wann et natierlech ëm d'Santé geet, ass de Santésministère resp. d'\"Direction de la santé\", extrem gefuerdert an een deen awer ganz vergiess gëtt, och am Rapport, dat ass d'\"Assurance dépendance\", d.h. d'\"Sécurité sociale\", well d'Haiser, déi finanzéieren sech just iwwert de Pensiounspräis an iwwert d'\"Assurance dépendance\" an do ass d'\"Assurance dépendance\" natierlech och e groussen Acteur an dofir wëlle mer sou eng \"Commission permanente\" sou séier wéi méiglech schafen.\nMir wollten dat am Fong iwwert d'Gesetz maachen, mee mir si gefrot fir dat elo méi séier ze maachen eventuell am, net nächsten, well deen ass elo dës Woch, mee iwwernächste Covid-Text fir dat dann ze maachen, wou och Leit aus dem Secteur sollen dra sinn fir eben do méi zesummen ze schaffen.\nVoilà. D.h. dat ass z.B. ... dat sinn z.B. elo net nëmme Léieren, mee ganz konkret Äntwerten, déi mer elo am Fong geholl 36 Stonnen no der Präsentatioun vum Rapport schonn direkt wëlle liwweren an da wäerte mer de Rapport natierlech och nach eng Kéier e bësse méi an der Déift studéiere fir do och déi richteg Konklusioune kënnen ze zéien.\nDir hutt \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (10).mp3", "transcription": "et ass net meng Iwwerzeegung, dass dat doten de Wee ass.\nEch mengen dass mer nach méi polariséieren, nach méi Angscht maachen an dass mer \"au contraire\" am Moment op engem gudde Wee si fir d'Leit mat a Richtung Impfung ze kommen.\nMir sollen deem eng Chance ginn.\nJust... Ech kann Iech eng Kéier weisen, hei den Tableau aus dem Rapport vu gëschter, deen den Här Mossong, Epidemiolog, presentéiert huet.\nDo gesäit een effektiv, dass déi Leit, déi krank waren, de Virus haten a geimpft sinn, dat sinn natierlech, déi, déi déi meeschten Anti-Corpsen hunn.\nDann déi, déi geimpft sinn, awer net krank waren, an dann déi, déi krank waren an net geimpft sinn.\nD.h. mir wäerten natierlech doriwwer schwätzen a mir hunn schonn ugefaangen driwwer ze schwätzen, wann eng 3. Impfung kënnt,dass mer natierlech da prioritär mat deenen Haiser ufänken, wou déi wéinegst Infektioune waren, well do och dann dee Moment déi niddregst Anti-Corpsen am Fong sinn.\nEt kënnt dobäi an eiser Strategie, déi mer eben hunn ronderëm d'Altersheemer, déi sech, ech soen et nach eng Kéier, aus eenzelen Bausteng besteet, mee och am Kader vum Large Scale Testing wësst der, dass mer e grousse Schwéierpunkt hunn, grad an deenen do "} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (11).mp3", "transcription": "Strukturen de Suivi ze maachen wat d'Immunitéit betrëfft.\nDat gëtt flächendeckend gekuckt.\nDo maache mer vill méi en enke Suivi z.B. wéi an der normaler Bevëlkerung.\nAlles dat sinn un sech Elementer vun där Strategie, déi mer do fueren.\nOkay. Meng nächst Fro fir d'Madamme Cahen: Dir hutt... also wat am Waringo-Rapport jo erauskomm ass, dass et verschidde Clusteren am Hierscht eben och scho gouf an aneren Haiser.\nDir hutt grad vun de Kommunikatioune geschwat.\nFirwat gouf déi net ëffentlech kommunizéiert?\nAlso mir hunn ni mam Fanger op d'Haiser gewisen. \nD.h. all Dag si jo d'Chifferen erauskomm: wéi vill positiver, och Doudesfäll - ech sinn iwwregens all Dag frou, wann do eng grouss 0 steet - mee mir hunn awer ni op d'Haiser gewisen an dat ass richteg. \nEch hat dat och gesot, well Dir musst Iech virstellen: Ech erklären et just, ech soen net, dass et richteg ass, mee ech et erklären et awer gären eng Kéier, wann ech d'Fro scho gestallt kréien.\nSou e Cluster an engem Altersheem, dat ass eng Ausnamesituatioun, well een net nëmmen Bewunner huet, déi krank sinn, mee ganz dacks och Soignanten, Personal, wat krank ass oder wat \"Cas "} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (12).mp3", "transcription": "Strukturen de Suivi ze maachen wat d'Immunitéit betrëfft.\nDat gëtt flächendeckend gekuckt.\nDo maache mer vill méi en enke Suivi z.B. wéi an der normaler Bevëlkerung.\nAlles dat sinn un sech Elementer vun där Strategie, déi mer do fueren.\nOkay. Meng nächst Fro fir d'Madamme Cahen: Dir hutt... also wat am Waringo-Rapport jo erauskomm ass, dass et verschidde Clusteren am Hierscht eben och scho gouf an aneren Haiser.\nDir hutt grad vun de Kommunikatioune geschwat.\nFirwat gouf déi net ëffentlech kommunizéiert?\nAlso mir hunn ni mam Fanger op d'Haiser gewisen. \nD.h. all Dag si jo d'Chifferen erauskomm: wéi vill positiver, och Doudesfäll - ech sinn iwwregens all Dag frou, wann do eng grouss 0 steet - mee mir hunn awer ni op d'Haiser gewisen an dat ass richteg. \nEch hat dat och gesot, well Dir musst Iech virstellen: Ech erklären et just, ech soen net, dass et richteg ass, mee ech et erklären et awer gären eng Kéier, wann ech d'Fro scho gestallt kréien.\nSou e Cluster an engem Altersheem, dat ass eng Ausnamesituatioun, well een net nëmmen Bewunner huet, déi krank sinn, mee ganz dacks och Soignanten, Personal, wat krank ass oder wat \"Cas "} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (13).mp3", "transcription": "contact\" war, esou, dass se a Quarantän musse goen, d.h. et ass een an enger totaler Ausnamesituatioun, well et muss ee kucken, dass een d'Personal anstänneg opgedeelt kritt fir dass ëmmer genuch Leit do si fir d'Bewunner ze versuergen.\nEt muss ee kucken, dass een d'Bewunner versuergt kritt.\nDéi eng si krank, mat Symptomer.\nDa muss een déi natierlech nach speziell versuergen.\nAnerer hu keng Symptomersinn awer agespaart an hirer Kummer an dat sinn awer nun e Mol Kummeren ouni \"Salle à manger\" an ouni Kichen, d.h. sou een Altersheim, wat normalerweis esou funktionéiert, dass d'Leit awer an en \"Lieu commun\" an eng \"Salle à manger\" iesse kommen, wann déi op eemol mussen dann och nach d'Iessen op d'Stäck zerwéieren, dat ass en extrem groussen Opwand.\nDann ass natierlech de Problem wann een dann mat de Fanger op d'Haus weist a seet, dat ass dat Haus wou elo am Moment vill Infektioune sinn, da kënnt nach en zousätzlech Stress dobäi.\nWell wann dat da bis an der Press ass da ruffen och nach aner Leit un, déi wëlle wëssen \"ech kennen awer ee bei iech, wéi geet et dem?\" a sou weider.\nDat heescht et war am Fong fir net mam Fanger op d'Leit ze weisen.\nA gëschter \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (14).mp3", "transcription": "huet den Här Marcel Bausch, den an der Kommissioun Waringo war, dat och nach eng Kéier gesot am Plenum vun der Chamber, wou se an den \"Toutes commissions\" waren, dass dat am Fong, dass si dat am Fong ënnerstëtzen, dass mir dat net kommunizéiert hunn.\nWéi gesot, ech sinn och éischter eent , ech kommen aus der Press, ech si fir total Transparenz, mä et ass hei, well mir awer an enger Kris sinn, drëm s gaang, dass d'Leit hier Aarbecht esou gutt ewéi méiglech konnte maachen.\nAn hien huet gesot als fréiere Buergermeeschter, e muss Buergermeeschter gewiescht sinn, hätt hien et och net gäre gesinn, wann dann d'Buergermeeschteren do verglach hätten \"Ah, kuck mol bei dir a bei mir a sou weider\".\nDat ass de Grond.\nSi hunn iwwregens d'un och, d'Kommissioun Waringo, optéiert dofir fir anonymiséiert dat an de Rapport ze maachen.\nDat heescht si hunn och net d'Nimm vun den Haiser genannt.\nWéi gesot dat keen ee condamnéieren an ech sinn och net ganz mat mir averstanen, mä d'Explikatioun firwat mir dat esou decidéiert hunn.\nMir hunn awer ëmmer kommunizéiert wéi vill Infektiounen et sinn.\nMir hunn ëmmer kommunizéiert all Dag wéi vill Leit positiv wären a sou weider. Mä mir hunn awer net gesot, dass am XY-Altersheem\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (15).mp3", "transcription": "wou elo e Cluster ass.\nDat hu mir am Fong net aktiv gemaach effektiv.\nDir hutt vis-à-vis vum Wort eben, dat gouf jo och haut de Mëtten an der Chamber eng Kéier zitéiert, gesot et wäre 5 Leit gestuerwen.\nEt waren der zu dem Zäitpunkt scho 15.\nAn... Am Lauterbann selwer.\nWar Dir do nach net iwwer déi nei Doudesfäll informéiert?\nWéi koum déi Disparitéit tëschen den Zuelen zustanen?\nAlso ech... Esou wäit ech mech erënneren, ech hunn dat elo hei net dobäi, ech kucken dat awer gären no, mä ech mengen dat ass eng falsch Informatioun déi de Buergermeeschter vun do onbedéngt wëll streeën.\nDe Buergermeeschter den iwwregens ni am Haus nogefrot huet als Buergermeeschter, et si jo d'Bewunner a senger Gemeng, en huet ni nogefrot wéi et de Leit geet, ob d'Gemeng iergendeppes ka maachen.\nDat hunn awer quasi all déi aner Buergermeeschteren ëmmer gemaach, wa se en Alters- oder Fleegeheem bei sech an der Gemeng hunn.\nDat ass einfach.\nDo si mir nees bei der Politique politicienne.\nMir hunn d'Chifferen och ëmmer gehat.\nËmmer moies hunn d'Gestionnairen hier Chifferen eraginn a standardiséierter Form an dann ass dat opbereet ginn ebe vun der Cellule an der Santé."} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (16).mp3", "transcription": "Dat heescht, ech hunn do ni wëllen iergendeppes verstoppen.\nEch muss dat genau nach eng kéier historesch nokucken, mä ech hunn dat och net immens wichteg fonnt.\nMä et ass eben, well hien doe grousse Cas draus gemaach huet.\nMä ech mengen net, also, ganz bewosst hunn ech ganz sécher net eng Informatioun virenthalen, ganz au contraire.\nEch mengen och, dass dat do net esou richteg ass, mä ech kucken dat awer gären nach eng Kéier no\nGenau, Dir hutt, Madamm Lenert, Dir hutt elo gesot de genauen Detail léisst sech mat de verschiddene Souchen nëmme bis zu engem gewëssene Grad retracéieren.\nMä, et war zum Beispill elo d'Fro mat dem Impfdatum als Multiplikator.\nLéisst sech dat dann iergendwéi noweisen, ob der Basis vum Datum vun den Tester déi gemaach goufen mat de Leit?\nNet 100%.\nAlso wéi ech, de Rapport ass fir mech och rezent.\nEch hunn och eréischt gëschter gelies an ech hat en, mat allem wat mir um Ordre du jour haten, ...\nDo war och, dass et net d'Ursaach wär. Dat war kloer erauszeliesen.\nEt ass net d'Ursaach, dat kënne se ausschléissen.\nDat ass kloer.\nDass dat et gedriwwen "} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (17).mp3", "transcription": "huet, mengen ech, dat kënne se och net ausschléissen.\nDat schéngt mir logesch, wa se soen \"et ass net novollzéibar wéi et duerno weidergaangen ass\".\nDann ass dat do sécherlech och...\nDo ware vill Leit dee Moment do.\nDat ka beim iesse sinn, dat kann do sinn, et ka soss sinn.\nEt schéngt mir an ech hunn et esou verstanen an ech muss soen, ech hunn oft genuch a reegelméisseg Echangë mat menge Leit fir déi dote Saachen och zum Deel selwer z'interpretéieren.\nEch ginn dovunner aus, dass et effektiv eng ...\nEt ass eng Méiglechkeet, mä et kann een et net méi 100% soen.\nEt ass am Haus dobannen an dann ass u sech all Situatioun wou d'Leit zesumme kommen an déi do ass an deenen Deeg, dat ass jo déi Coïncidence.\nEch mengen hei sinn och effektiv vill Saachen zesummegefall.\nEch mengen et ass gëschter ganz kloer artikuléiert ginn.\nEt ass och einfach vill Pech dobäi.\nDee Virus ass do erakomm.\nDen ass jo zu engem ganz bestëmmten Zäitpunkt wou een en da weidergëtt, dat ass gefall op déi Impfdeeg.\nForcement sinn do Leit an der Zirkulatioun, nach méi wéi soss an dann och nach an dësem Haus, méi wéi soss, well dat Haus einfach wierklech net hier gëtt, dass ee sech breet opstellt.\nEt ass sécherlech net "} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (18).mp3", "transcription": "auszeschléissen, ech ginn dovunner aus, dass dat d'Erklärung ass, mä ech wäert dat och nach ...\nEch hat nach leider keng Geleeënheet, mech wierklech a Rou mat menge Leit zesummen ze setzen, well mir jo och matten am COVID-Gesetz jo och sinn am Moment.\nDir wësst jo den Avis vum Staatsrot ass och komm.\nD'Situatioun mat Neiinfektiounen déi mir hunn, musse mir och drop schaffen.\nEt ware ganz schwiereger Deeg elo.\nMä ech ginn dovunner aus, dass dat doten de Fazit wäert sinn, dass eppes wat ee weder zu 100% kann affirméieren, dass et just doduerch gaangen ass, et kann een awer mat grousser Warscheinlechkeet och net ausschléissen.\nEt wär schonn net ganz logesch, wann et net och do weider gaange wär.\nWell wann et bis do ass, sicht et sech säi Wee do wou Leit sinn,na sécher waren do och Leit.\nMä wat ...\nOch wann dat op 3 Deeg opgedeelt wär, hätt ee sech nawell do kënnen ustiechen, well déi 3 Deeg wären a Fro komm.\nEch mengen et hätt an der Hisiicht, an dat ass och e bëssen de Fin Mot, letztendlech war et iergendwéi dobannen an et ass einfach onglécklech gaangen, et ass iwwer verschidden Entréeën zu engem selwechten Zäitpunkt komm a vun do aus ass et weidergaangen.\nAn dat wäerte mir warscheinlech ni mat absoluter Genauegkeet \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (19).mp3", "transcription": "wéi war do d'Risikoaschätzung a wat fir eng Mesurë goufe geholl fir dat dann eben ze vermeiden?\nA letzlech och villäicht wat fir eng Léier dass en doraus zitt, dass dat esou an dem Rahmen och zu Doudesfäll gefouert huet schlussendlech?\nAn en zweeten Aspekt, méi generell, den Här Wolter huet de Mëtten, déi Impfcampagne an den Altersheemer als dee gréisste politesche Feeler genannt, well eben do eben d'Personal ausserhalb vum Kader vun den Altersheemer, zum Beispill Botzpersonal, net prioritär geimpft ginn ass.\nA wann een do deemools den Avis vun der Ethikkommissioun liest, dann ass ganz kloer, dass do drasteet all Persoun, déi a Kontakt mat vulnerabele Persounen ass, egal wéi ee Statutt, soll prioritär geimpft ginn.\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (2).mp3", "transcription": "behaalt Dir vun där Debatt de Mëtteg zeréck?\nEch hunn net méi Stellung geholl, well 1. e Mol hunn ech lauter Proposë gemaach an et ass keen dorop agaangen, 2. huet en Deputéierte vun der Oppositioun eis gesot, dass gëschter Mëtteg, wou se de Rapport jo dann nach net gelies haten, sech schonn zesummegesat hunn fir meng Demissioun ze froen.\nEch mengen da brauch een iwwer näischt méi ze diskutéieren, well da geet et iwwerhaapt net ëm de Rapport.\nDa gefält deen hinne warscheinlech och net esou, wéi en ausgefall ass.\nDa geet et net méi ëm de Rapport, da geet et just ëm d'\"Politique politicienne\" an ech géing hei gär profitéiere fir Eppes ze soen: Ech sinn net ganz jonk an d'Politik gaangen.\nEch sinn elo net zanter éiweg dobäi, mee meng Motivatioun fir an d'Politik ze goen, dat war fir Saachen gutt a besser ze maachen, fir Saachen unzepaken, fir mech z'engagéieren a fir mech anzesetzen.\nDat war net fir en anere schlecht ze maachen an et war einfach well aus eegenem Engagement dat wollt maachen a wat am Moment hei geschitt, dat ass \"Politique politicienne\" an ech muss soen, dass dat mech \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (20).mp3", "transcription": "wéi war do d'Risikoaschätzung a wat fir eng Mesurë goufe geholl fir dat dann eben ze vermeiden?\nA letzlech och villäicht wat fir eng Léier dass en doraus zitt, dass dat esou an dem Rahmen och zu Doudesfäll gefouert huet schlussendlech?\nAn en zweeten Aspekt, méi generell, den Här Wolter huet de Mëtten, déi Impfcampagne an den Altersheemer als dee gréisste politesche Feeler genannt, well eben do eben d'Personal ausserhalb vum Kader vun den Altersheemer, zum Beispill Botzpersonal, net prioritär geimpft ginn ass.\nA wann een do deemools den Avis vun der Ethikkommissioun liest, dann ass ganz kloer, dass do drasteet all Persoun, déi a Kontakt mat vulnerabele Persounen ass, egal wéi ee Statutt, soll prioritär geimpft ginn."} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (21).mp3", "transcription": "déi an der Belsch geholl gi sinn, do sinn ech net sécher, dass mir déi zu dem Zäitpunkt duerchkritt hätten.\nDo hätte mir, mengen ech, keng, net den Appui fonnt, fir déi esou schnell an esou radikal duerchzesetzen, mä dat sief nach dohinner gestallt.\nDat ass e Fakt. Wann een zeréckkuckt, da gesäit een déi éischt sinn net wierklech duergaangen.\nMir hate gehofft et géing duergoen, mä mir hu missten norëschten. Gutt. Lo ass d'Fro, wat hu dir gemaach?\nNatierlech wann Infektiounen eropginn, hu mir jo eis Modellen, déi soen eis jo relativ genau mat wat mir musse rechnen um Niveau vun den Hospitalisatiounen.\nMir haten zu dem Zäitpunkt, situéiere mir eis elo am Oktober, Ufank Oktober, hate mir nach keng Méiglechkeet elo dee COVID-Check mat de Schnelltester ze maachen.\nEch hunn Iech d'Datume virdru ginn.\nDat gëtt ganz gäre verzerrt duergestallt.\nMä wéi gesot, déi Richtlinne vun ACDC sinn den 28. Oktober komm.\nWéi eng Schnelltester ee soll kafen.\nWéi een déi soll abréngen.\nDo ware mir dephaséiert.\nDéi Méiglechkeet hätte mir guer net gehat.\nHätt een déi gehat, hätt een déi schonn an den Asaz kéinte bréngen.\nWat mir awer haten, war eise Baustee vun eiser Teststrategie, vum Large Scale Testing\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (22).mp3", "transcription": "wou zu dem Zäitpunkt, dat ass iwwer de Summer ganz kloer gewiescht, wou mir dee presentéiert hunn, dass mir do e ganz staarke Fokus haten, fir ebe wa Clustere kommen, eben direkt aktiv ze ginn.\nDir erënnert Iech, dat war den Achs mat den Equipe mobillen.\nAm Ufank vum Large Scale Testing si mir einfach generell an d'Bevëlkerung eragaangen, méi een Echantillon, duerno ass dat méi differenzéiert ginn.\nMir waren zu dem Zäitpunkt opgestallt.\nAn dat ass och gemaach ginn.\nDo wou déi fragil Leit sinn, eben, eben flächendeckend duerchgetest, mat enger gewësser Reegelméissegkeet.\nA mir sinn och direkt an den Asaz gaangen, wa Clustere waren.\nDa konnte mir op d'Plaz goen.\nDa konnte mir do wierklech duerchtesten, sou dass dat eigentlech eis Strategie war.\nD'Hygiènesmesuren, den Ëmgang mam COVID-Patient, dat war bis dohinner bekannt.\nDat ass den Sockel, den ech virdrun erwäänt hunn.\nMir hunn am Ufank vun der Pandemie bei Null ugefaangen.\nDa si mir duerch d'Haiser gaangen, mir hu Maassstäb gesat, wéi geet een ëm an der Pandemie, wéi isoléiert en, wéi verhält ee sech wa Positiver do sinn?\nDat heescht, dat sou am Fong geholl, den Ëmgang domadder \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (23).mp3", "transcription": "a strategesch war et effektiv d'Teststrategie déi do ugewannt ginn ass mat enger ganz grousser Flexibilitéit fir anzegräifen wann et huet misse sinn.\nA méi Moyenen hate mir zu dem Zäitpunkt net.\nMir hate keng Impfung an och net déi Schnelltester, wéi mir se haut kennen.\nJust fir d'Fro ze äntweren.\nAlso mir hunn d'Altersheemer, ëmmer par Rapport mat de Regierungsdecisiounen, déi mir am Allgemenge geholl hunn, behandelt.\nAn dat war awer déi Zäit, wou och ganz grouss Diskussioune waren, iwwer Fräiheeten.\nDäerf ee Leit aspären oder net?\nA mir hate jo och schonn d'Léiere gezunn aus der éischter Well, wou mir jo nach guer näischt wossten, wou mir e generelle Lockdown gemaach hunn.\nAn dofir ass et esou, dass mir natierlech d'Haiser net méi zougemaach hunn.\nEt ass awer esou, dass mir dee Stufeplang haten an den Haiser vun de Visitten.\nDat heescht wann d' éischt Stuf war, wa guer keng Infektioun am Haus war, keng COVID19-Infektioun, da konnten d'Visitten normal sinn.\nWann awer e puer Infektioune villäicht waren, da waren d'Visitten a Lieu dédiéen.\nAm beschte ganz no bei der Entrée, villäicht an engem Festsall, "} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (24).mp3", "transcription": "an enger Cafeteria oder esou...\nWann dann nach méi Infektioune waren, da war een op der Stuf 3.\nDat huet geheescht, dass et a Lieu dédiéë war, mä mat nach aner Contrainten.\nZum Beispill dass een e Rendezvous huet missen huelen.\nAn d'Stuf 4 dat war, wann ee guer net huet dierfen op Besuch goen, ausser fir d'Fin de vie.\nAn ech muss soen, dass vun Oktober bis Dezember waren déi meeschten Haiser, also 35 vun 52 Haiser, waren op de Stufen 3 a 4.\nBon, dat huet heiansdo e bësselche gewiesselt.\nDat war de Beweis, dass dat wierklech ugewannt ginn ass an dass een op mannst mol sécher konnt sinn, dass iwwer d'Visiteuren dee Moment de Virus net konnt an d'Haus erakommen, dee Moment wou d'Courbe an der Gesamtbevëlkerung eben sou héich war.\nMä et ass am Allgemengen an dat ass och gëschter gesot ginn, vum Här Waringo oder vun engem vun den Experten, dat ass awer net nëmmen zu Lëtzebuerg esou, wann d'Zuel vun den Infektiounen héich sinn, da si se och an den Altersheimer héich.\nDat heescht, dat si jo keng Buergen a keng Prisongen.\nDat heescht, dat geet ëmmer parallel mat de generellen Infektiounen.\nAlso och wa generell d'Infektiounen méi héich sinn, si se och \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (25).mp3", "transcription": "Dir hat eng 2. Fro.\nGenau, voilà, zu der Impfstrategie ...\nJo, déi ass haut ganz uerg an d'Kritik geholl ginn.\nEch géif et wierklech nach gären eng Kéier widderhuelen.\nMir hunn eng Prioriséierung gemaach zu engem Zäitpunkt wou net vill Impfstoff do war.\nAn do war bei deenen Eeleren... Also mir haten... Den Haaptfokus war op deene vulnerabele Leit.\nDat heescht op deenen eelere Leit selwer a prioritär déi an deene Strukture wou se zesumme wunnen, dat heescht déi Leit selwer.\nAn de Spideeler kann een déi Leit déi am Spidol sinn net impfen.\nDo war et et just de Cordon an effektiv e bësse méi breet gefaasstene Cordon, direkt vun Ufank un, well mir do eben net déi Méiglechkeet haten, déi Leit déi am Spidol sinn an déi och besonnesch ebe fragil sinn an ufälleg sinn, fir si selwer ze schützen, dofir ass de Cordon ganz stramm gezu ginn.\nAn den Alters- a Fleegeheemer war et ëmgedréit.\nDo hu mir gesot, éischt Prioritéit wierklech op d'Leit selwer, fir déi esou schnell ewéi méiglech duebel geimpft ze kréien.\nDa géif ech awer gäre berichtegen, well ech mengen dat huet zu Verwirrung geféiert, mir hate leider bei der heiten Analyse vum Här Waringo net den normale Prinzip vum Contradictoire, et ass direkt ëffentlech ginn\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (26).mp3", "transcription": "de Rapport, ech mengen et ass falsch verstane ginn.\nEis Richtlinn war ëmmer, och bei der statutarescher Approche, dass et déi Leit sinn, déi am Kontakt sinn.\nDat si jo vill Diskussioune ginn.\nEt waren net viséiert. Mir hu Lëschte gefrot vun de Leit.\nMir kënne jo net selwer... Mir hu jo net déi Donnéeë vun deene Leit déi mir do wëllen impfen.\nDo war ëmmer d'Maassgab fir ze soen, dat sinn déi Gesondheetsberuffler, fir et kuerz ze faassen, déi am Kontakt sinn.\nDat war net geduecht fir den den administrativ reng geschafft huet.\nDat war et net.\nEt ass awer elo zitéiert ginn, ewéi wann Impfstoffer bei déi gaange sinn.\nWann dat dohinner gaangen ass, an der Fäll waren, an Dir wësst et, dat hu mir och oft thematiséiert, mat der Press, mat der Chamber, da sinn dat och Saachen déi mol schif gelaf sinn.\nDat war och net ëmmer sou kloer verstane ginn, wéi mir eis et virgestallt haten, mä justement, vum Ethikrot an och vun der Decisioun vum Regierungsrot war ëmmer d'Approche, déi Leit déi am Kontakt sinn, bësse méi enk gezunn effektiv an den Alters- a Fleegeheemer, wou mir ugefaangen hu mat de Gesondheetsberuffer.\nMir hunn awer ganz fréi, ech hat et nach virdrun elo geschéckt kritt, ech hat elo, de 16. Abrëll zum Beispill hu mir an der Regierung decidéiert auszeweiden \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (27).mp3", "transcription": "op anerer, ewéi elo d'Gesondheetsberuffer déi am Kontakt sinn.\nDat sinn d'Coiffeuren, d'Botzpersonal a sou weider ... Déi hu ganz fréi schonn, direkt no der éischter Prioritéit, wou mir e bësse méi Impfstoff haten, hu mir déi Decisioun geholl um Niveau vun der Regierung an déi ass och esou ëmgesat ginn.\nEt ass awer richteg, dass mir och ëmmer erëm vu Fäll gesot kritt hunn, wou Leit elo domat Invitatioune kritt hunn, déi eben villäicht net un der Front oder um Patient geschafft hunn.\nDat huet Erklärungen, Erklärungen och op den Daten déi mir haten.\nMir hunn am Ufank mat den NACE-Codë geschafft fir d'Beruffer ze hunn.\nDo war net esou eng granular Differenz ze maachen.\nDat hu mir da lues a lues probéiert, wa mir esou Informatioune kritt hunn, méi a Concertatioun mat den Haiser ze maachen.\nMir hu mol probéiert déi Lëschten esou pertinent wéi méiglech ze kréien, mä et war net perfekt am Ufank.\nMir haten och keen anere Moyen.\nMir hunn ugefaange mat deene NACE-Coden, wou mir bis gesinn hunn, dass mir do awer vill administrativer erwëscht hunn, well dat net ëmmer esou genau repertoriéiert war, hu mir et nogerüst a wéi gesot, d'Intentioun war ëmmer déi Leit ronderëm de \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (28).mp3", "transcription": "Patient.\nDat war de Sënn vum Cordon sanitär.\nEt war ni éischt Prioritéit administratiivt Personal ze impfen.\nGanz kloer net!\nA mir hunn, esou bal mir och méi Impfstoff haten, dat och ausgebaut.\nAn déi éischt Prioritéit, an zu der stinn ech och nach ëmmer, louch fir eis bei deene Leit déi an deenen Haiser wunnen.\nDat sinn déi vulnerabel an déi hu mir och direkt erreecht an, ech sinn och haut ganz frou driwwer, a grad nodeem s ech de Rapport gesinn hu wou ee jo wierklech gesäit, dass den Impfschutz bei deene Leit, dass hir Protektioun awer notablement méi héich ass dee Moment wou se zweemol geimpft sinn.\nDofir sinn ech frou fir all Impfung déi dohinner gaangen ass, an der éischter Prioritéit.\nEch sinn iwwer déi Kritik muss ech soen, jo, enttäuscht, Dir hutt et virdrun héieren.\nEt ass villäicht kommunikativ, et ass ganz vill ronderëm eenzel Fäll mengen ech, déi villäicht net an d'Muster gepasst hunn, sou ewéi et ugeduecht ass, wou dat verzerrt ginn ass.\nEt ass absolut net esou gewiescht, dass mir do masseg Quantitéiten, bewosst an enger Strategie, an eng Richtung administratiivt Personal gereegt hätten.\nÉischtens sinn dat Eenzelfäll an zweetens war et net esou geduecht a sou bal mir dat wossten, hu mir probéiert dat ze redresséieren.\nA fir de Rescht \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (29).mp3", "transcription": "an de Reegele fir d'Preventioun an d'Lutte géint d'Infektiounen.\nEch mengen do hu mer jo lo wierklech grouss Léiere gezunn aus der Pandemie, dass mer do wierklech musse vill méi professionell ons an den Haiser opsetzen.\nDann e Mediateur, dee mer wëllen aféiere fir dass d'Reklamatioune vum Terrain och kënnen traitéiert ginn.\nMee och e Mediateur deen eben néideg Informatioune ka ginn an eventuell Litigen tëschent den Acteure ka klären.\nDann hunn ech proposéiert, an dat ass och an enger Motioun gefrot ginn elo grad, fir eng \"Commission permanente\" anzesetzen.\nDen Här Waringo a seng Kommissioun hu jo den Denkustouss gehat fir ze soen, wie soll d'Tutelle hunn?\nBon, dat ass natierlech eng Regierungsdecisioun, ass ëmmer wann d'Regierung gebilt gëtt, gëtt natierlech iwwert d'Tutelle och geschwat, resp. wat wéi ee Beräich bei wéi ee Ministère kennt.\nEch mengen do ass bei all Regierungsbildung ginn do Saache geännert an ech mengen dat ass eng Diskussioun, déi een breet muss féieren\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (3).mp3", "transcription": "an do dinn ech ganz kuerz eng aner Kap un als Parteipresidentin, wierklech erschreckt, well ech froe mech: wann op deem doten Toun matenee geschwat gëtt an op déi doten Aart a Weis Politik gemaach gëtt, da froen ech mech wierklech, wien an Zukunft nach, egal bei wéi enger Partei, Loscht huet Kandidat op enger Lëscht ze sinn an aktiv Politik ze maachen.\nDat ass awer schonn hefteg, wat do geschitt ass, virun allem, wou gesot ginn ass: mir hunn de Rapport mol net gelies, mir hunn ... den Här Waringo huet gëschter Moie ganz kloer gesot, et kann ee keng Scholdzouweisung maachen.\nVoilà. Dat ass awer d'Conclusioun, dass jiddwereen sou gutt e konnt an sou gutt wéi méiglech geschafft huet an dann huet en ebe verschidde Saachen ze bemängelen, déi mer jo och elo grad opgegraff hunn.\nMee voilà, d.h. et war iwwerhaapt keng dat war iwwerhaapt net de Sënn an den Zweck vun der Oppositioun fir ze waarden op dee Rapport.\nDat war hinnen egal.\nSi wollte just \"Politique politicienne\" maachen an ech muss soen, dass dat mir immens Leed deet, well ech fannen, dass d'Land Politiker verdéngt huet, déi sech \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (30).mp3", "transcription": " an de Fonctionnement wëlle preziséiere fir dass déi ethesch Froe kënnen gekläert ginn zu all Moment.\nDann hu mer am \"Projet de loi\" och d'Evaluatioun vun der Qualitéit virgesinn.\nDat ass och e Punkt am Rapport vum Här Waringo.\nD'Haiser ... Mir wollte schonn Ugangs, am \"Projet de loi\" e Qualitéitsmanagementsystem.\nMee mir haten awer gesot d'Haiser kéinten sech e selwer eraussichen, well se schaffen net all mat deem selwechten.\nElo ass d'Fro opgeworf ginn awer am Rapport, ob se net all dee nämmlechte missten hu fir dass ee besser vergläichen och kéint tëschent den Haiser.\nDat ass z.B. eng Fro, déi mer mussen diskutéieren. Et ass och eng Fro, déi ech de Mëtteg an der Chamber gestallt hunn, awer keng Äntwert bis elo nach krut.\nDann referéieren ech op eng \"Proposition de loi\", déi mer erakruten iwwert d'Aféiere vu Referenten am Beräich vun de \"Règles d'hygiène et sanitaires\".\nDat steet am Moment an der Ordonnance vum Direkter vun der Santé, wëlle mer domat an d'Gesetz huelen.\nDann och d'Integratioun an de \"Projet d'établissement\" vum Gestionnaire vun de Reegele fir Hygiène \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (31).mp3", "transcription": "Jo, schéine gudden Owend zu enger bësse méi ongewéinlecher Zäit fir eng Pressekonferenz. \nMir komme grad aus der Chamber. \nMir wollten am Fong d'Pressekonferenz éischter am Dag maachen, mee do koum den Avis vum Staatsrot iwwert d'Covid-Gesetz an sou wéi dat och presséiert, ass dunn d'Santéskommissioun mat der Gesondheetsministesch zesumme komm an do hu mer d'Pressekonferenz op elo nom Chamber no der Chamber-Debatt nach eng Kéier higeluecht. \nBon, mir hunn haut an der Chamber, souwuel d'Paulette Lenert, wéi och ech selwer, eng Kéier gesot wat mer als 1. Léieren zéien aus dem Waringo-Rapport a Waringo plus all déi Leit, déi Experten, déi do dra waren.\nMir hunn dee Rapport ganz seriö gelies an do sinn och ganz vill oder fir ze soen, ganz, ganz konstruktiv Kriticken dran.\nEt si Punkten, déi natierlech hätte kënnen aneschters gemaach ginn.\nEch erënneren do un den Entête-Pabeier, dee kee war, z.B., mee et sinn awer keng fundamental Kriticken dran, mee awer Saachen, \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (32).mp3", "transcription": "e ganz wichtegen Acteur ass an e ganz wichtege Partner fir ons alleguerten, well d'Haiser finanzéieren sech nun e Mol iwwert d'Assurance dépendance an iwwert de Pensiounspräis.\nVoilà, ech kann do gären nach méi Prezisiounen dozou ginn, mee ech huelen, dass der d'Debatten haut an der Chamber all gelauschtert hutt. \nEch wëll elo net nach eng Kéier déi hallef Stonn do widderhuelen.\nEch mengen et wier besser, mir géingen ons disponibel hale fir op Är Froen z'äntweren, well ech mengen dat war elo e laange Mëtteg a mir hunn am Fong alles gesot an dofir mengen ech wär et besser, mir kéinten elo op Froen äntweren.\nWat ... Paulette?\nJo, ech ka mech deem uschléissen. \nMir hunn dee Rapport gëschter kritt, sou wéi d'Chamber en och kritt huet, wéi d'Press en och kritt huet an d'Iwwerleeung haut ass natierlech fir Iech och Ried an Äntwert ze stoen.\nEch sinn iwwerzeegt, dass Dir genau sou wéi och d'Deputéierten eng Rei Froen hutt, zousätzlech zu deem Rapport, un eis.\nMir hunn ons Deklaratioun de Mëtteg dozou gemaach.\nEt ass eng ganz wäertvoll Grondlag, dëse Rapport, fir wierklech d'Kris opzeschaffen, awer ganz spezifesch Fokus op dat wat et ausgeléist hat, eng Situatioun \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (33).mp3", "transcription": "an engem Altersheem.\nMir hunn fir eisen Deel dorausser eng ganz Rei Léiere mat op de Wee geholl.\nOch Erklärunge ginn.\nEt ass Villes villäicht net ëmmer esou verstane ginn, wéi et geduecht war.\nEt gëtt vill geschwat vun engem engem Plang, ënner anerem fir d'Alters- a Fleegeheemer. \nMir hunn elo net e spezifeschen dediéierte Plang gehat awer eng ganz Rei Strategien, déi alleguerten och een Deel haten, deen dës Haiser concernéiert an dat vun der vun der Teststrategie, déi mer haten, iwwert d'Präventioun, déi mer lafend haten, mat enger Kontaktstell bei eisem Ministère, déi assuréiert war vu Leit aus der Inspection sanitaire, mee och vum Familljeministère.\nDat duerch déi ganz Kris bis eriwwer an d'Impfstrategie an och d'Testobligatioun mat dem CovidCheck.\nD.h. dat sinn alles un sech strategesch Bausteng vun der Regierung, déi déi sech um Terrain erëmfannen an den Alters- a Fleegeheemer.\nDat hu mer nach eng Kéier och däitlech gemaach\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (34).mp3", "transcription": "Dir hutt et gesot, Dir wëllt Léieren aus där Etüd zéien.\nWann een se elo genau liest, da sinn awer nach vill Punkten ongekläert oder Froen oppen, zemools déi Fro, ech mengen \"Um Lauterbann\" gouf méi an der Déift behandelt, mee, Dir hutt et selwer gesot, dass verschidde Clustere méi grouss waren.\nGëtt et do ... wäert et do weider Etüde ginn, dass dat opgeschafft gëtt wat do d'Grënn waren, wat d'Problemer waren?\nAn den 2. Deel vun der Fro war: bei deenen anere Cluster, grousse Clusteren, gëtt et do iergendwéi eng gemeinsam e gemeinsame Grond, eng gemeinsam Léier, déi een do raus gezunn huet?\nWat do villäicht Problemer waren.\nEch mengen \"Um Lauterbann\" war e jo ganz spezifeschen Fall an ech huelen un, dass déi aner e bëssen aneschters gelagert waren?\nAlso jo an nee. Mir hunn reegelméisseg Clusteren.\nEch mengen Dir gesitt d'Zuele vun de Neiinfektioune säit 15 Méint, 16 Méint mëttlerweil, reegelméisseg\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (35).mp3", "transcription": "an Dir kritt och am Pressebriefing ëmmer Detailer, wou mer eben erausschielen aus eisen Aarbechten, wou d'Leit sech ustiechen, wat déi Haaptcause sinn.\nDir musst Iech dat esou virstellen: hei war elo natierlech de Fokus op engem Altersheem, mee déi Aarbecht, déi eis Leit maachen an der Inspection sanitaire, déi besteet doranner iwwert de Wee vun eisem Tracing, dee mer jo nach ëmmer wierklech ganz perséinlech och maachen, wou gekuckt gëtt e Maximum un Informatiounen eraus ze zéie fir ze verstoen, wou huet d'Persoun sech ugestach, wéi ass de Virus weidergaangen.\nDat ass am Fong geholl eis dagdeeglech Aarbecht fir iwwerall do, wou Neiinfektioune sinn, e Maximum un Informatiounen ze kréie fir ze verstoe wou et gaangen ass.\nDorausser komme mer da mat deene Konklusiounen, déi mer wëchentlech zéien, wou mer an ech mengen Dir wësst dat ganz gutt, Dir sidd oft dobäi, et ass nun eben e Mol sou, dass an engem groussen Deel vun de Fäll net bis an de leschten Detail kënnt.\nElo hu mer de Séquençage natierlech dobäi.\nMir sequenzéiere vill hei zu Lëtzebuerg an dat ass een Zousazoutil, dee mer hunn fir der Souche vum Virus e bësselche méi no ze goen.\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (36).mp3", "transcription": "Dat huet z.B. hei elo bei \"Lauterbann\" eis erlaabt, ... et ass hei och veranschaulecht ginn, well eben de Scheinwerfer drop gesat ginn ass, dass een erkenne kann, dass verschidde Souchen ënnerwee sinn asw.\nDat ass un sech eis technesch normal Aarbecht, déi mir maache ronderëm d'Clusteren an hu mer dann och d'Erklärunge ginn.\nMir haten elo rezent e ganz gutt Beispill: iwwer Nationalfeierdag ass et z.B. relativ offensichtlech gehat.\nDo hate mer en aneren Hit parat mat den Causen, déi mer konnten ausmaachen.\nDo ass et relativ offensichtlech vun deem wat d'Leit eis gezielt hunn, dass se eben ënnerwee waren, deels op Iessen eben, bei grousse Rassemblementer, wou d'Reegelen net wierklech observéiert gi sinn.\nMee och do kënnt ee Punkt, wou een an der Onméiglechkeet ass, well ebe vill Méiglechkeete sinn. \nWann Leit eng 20 Kontakter hunn iwwer 1-2 Deeg gestreet, ass et net méiglech aus epidemiologescher Siicht genau auszemaache wéi een dann elo dee war, deen et weiderginn huet.\nMir kënnen gewësse Weeër nozeechnen iwwert de Séquençage: wann een elo eng seele Variant huet, da kann een effektiv dorausser leeden, dass et déi ass, déi weidergaangen ass. Dofir \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (37).mp3", "transcription": "war och hei Lauterbann eng dominant.\nMee dat sinn d'Limitten, d'Méiglechkeeten an och d'Limitte vun eiser Aarbecht.\nEch hunn do d'Vertrauen, dass eis Experte ganz vill maachen.\nMir hunn vill Moyene. Mir sequenzéiere bspw. vill, vill méi, wéi aner Länner.\nD.h. mir hunn do eng relativ gutt Vue an och vill Leit drop schaffen.\nEch mengen net, dass mer eis et ass wuel kritiséiert ginn, dass haut och gesot ginn, do kéint een nach vill méi eraus zéien.\nDat ass net dat wat mir vun eisen Epidemiologe gesot kréien.\nMir kommen do op natierlech Limitten an dat ass net eng Saach vun Moyenen.\nMir kombinéieren et mam Séquençage an da komme mer do, wou mer hikommen, an sou wäit ech dat verstinn, op allefall vu menge Leit aus, sinn dat déi Limitten, déi och an deenen anere Länner sinn.\nDo f��nnt een net vill méi Detailléiertes an elo vun eiser Säit aus och elo net geplangt nach weider dorobber ze schaffen.\nEch hunn awer déi Demande héieren.\nEch wäert dat och nach eng Kéier mat menge Leit duerchschwätze fir mech do nach eng Kéier ze vergewësseren.\nEch hunn gëschter an der Presentatioun an och an deem wat ech aus dem Rapport eraus gelies hunn net \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (38).mp3", "transcription": "Dann villäicht nach zousätzlech dozou zu de Weeër, wéi de Virus sech da verbreet huet.\nWann ee kuckt, déi Recommandatioun wat d'Masken ugeet an den Altersheemer, ech mengen do war eng 1. Abrëll/Mee 2020 an do steet am Fong dran, dass keng generell Flicht besteet fir eng FFP2-Mask am deeglechen Ëmgang, wann net ee Verdacht oder eng Covid-Infektioun virläit.\nBon, do war nach e gewësse Probleem fir Multi-Masken ze kréien.\nMee bis haut gëllt dat am Fong an do kéint een sech jo d'Fro stellen, ob dat net ee Punkt wier, well et ass jo och kloer ginn an der Hierschtwell, dass do d'Personal vum Personal oft Clusteren ausgaange sinn, also an enger ganzer Rei Fäll.\nAss dat Eppes wat e kann envisagéieren?\nAn dann nach eng Fro dozou, also an deem Kontext\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (39).mp3", "transcription": " mat de Schnelltester.\nDo war déi Recommandatioun am Dezember 2020, Ufank Dezember, déi verdeelt goufen.\nDann am Abrëll gouf nach eng Kéier dann dat nach méi schaarf formuléiert.\nWat ass där Tëschenzäit geschitt?\nHunn all d'Altersheemer do Visiteure getest?\nWar dat eng Empfeelung?\nWar dat méi staark?\nWat ass do geschitt?\nWell dat geet weder aus dem Rapport, nach, menger Erkenntnis no, aus anere Quellen ervir, wat do tatsächlech geschitt ass.\nMeng Informatioune sinn, dass déi Tester do louchen an net net oft zum Asaz koumen.\nAlso dat Eent ass dat an der Praxis geschitt ass.\nEch kann Iech vum Kader, déi 2 Froe beäntwerten.\nDir schwätzt d'Masken un - do gëtt et méi eng rezent Recommandatioun, wéi déi déi Dir elo erwäänt.\nEch kann Iech elo den Datum net auswenneg soen.\nMir hunn eng generell Recommandatioun fir de \"Port de masque\" aktualiséiert gehat, op allefall no deem Datum, wou Dir elo \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (4).mp3", "transcription": "Näischt.\nEch mengen, souwäit ech mech elo erënnere ka vu virun enger hallwer Stonn, huet d'Majoritéit vun den Deputéierte géint déi Motioun gestëmmt an wat dat bedeit fir déi nächst 2 Joer weess ech net.\nDat wat ech weess, dat ass, dass ech all Dag zesumme mat menge Regierungskolleegen, zesumme mat de Mataarbechter am Familljeministère, am Integratiounsministère an am Groussregiounsministère, meng Aarbecht mat beschtem Wëssen a Gewësse maachen.\nDo sinn immens vill engagéiert Leit, doduerch, dass Leit mäi Kapp froen, froen se jo och ... kritiséieren se och d'Aarbecht vun immens ville Leit um Terrain, vun immens ville Leit an de Ministèren an an den Administratiounen, déi extrem vill geschafft hunn an ech mengen d'Madamm Lenert huet et grad an der Chamber gesot, do si Leit, déi si wierklech am \"Burnout\", déi sinn do si Leit, déi ware 7/7 Deeg ëmmer disponibel.\nMir iwwregens och, wëll ech eng Kéier soen, ne.\nEch brauch jo kengem ze soen, wéi vill d'Gesondheetsministesch dat lescht 1 1/2 Joer geschafft huet.\nDat gëllt fir d'ganz Regierung.\nD'Disponibilitéit, kucken z'aviséieren, well dacks d'Informatioune vun haut eng aner \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (40).mp3", "transcription": " erwäänt hutt.\nEch muss dat awer iwwerpréiwen, mee ech hunn se relativ kloer virun Aen an do ass eben och den de Gebrauch vun der FFP2-Mask méi dran thematiséiert, wou mer wierklech soen a wéi enge Fäll, dass deen indiquéiert ass, wann een z.B. bei ganz vulnerabel Leit geet asw., an sou Situatiounen.\nD.h. mir hunn effektiv vum Ufank vun der Pandemie, mir hunn eng Evolutioun gehat an eiser Politik ronderëm d'Masken.\nDéi hu mer och ëmmer adaptéiert un déi Virgaben, déi mer op europäeschem Plang kritt hunn. Déi hunn och evoluéiert.\nEch mengen dat ass gewosst.\nDo ass eng Evolutioun gewiescht.\nAn effektiv hu mer déi adaptéiert awer um Wee vu Recommandatioune mat wierklech och Beispiller vu spezifesche Situatiounen, wou een déi wou dat eben de besser Schutz ass.\nMir hu keng verflichtend, dat ass richteg.\nMee et ass a verschiddene Servicer ass dat de mise an ech denken, datt déi Recommandatiounen och an deem Sënn grad bei deene Professionellen an den Alters- a Fleegeheemer an an de Spideeler absolut verständlech sinn.\nSi waren \"à destination de tous\", also och fir de \"Grand Public\".\nEt ass och e \"Composant\" dran, wou \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (41).mp3", "transcription": " mer de Leit selwer Recommandatioune mat op de Wee ginn hunn fir eben déi Masken do ze benotzen.\nEch mengen et ass ee vun de Kritikpunkten, et si ganz vill Saachen, déi en Place ware vu Recommandatiounen.\nDat ass eng eng enorm Mass un Texter a sécherlech muss een sech réckbléckend d'Fro stellen: Hätt een dat net nach méi ëmmer erëm missten opwiermen.\nMir hunn Campagnen ëmmer aktualiséiert ronderëm dat wat grad aktuell war.\nDe Rappell vun de Geste-barrièrë probéiert ze maachen, sou gutt et geet, mee effektiv réckbléckend mengen ech ass et e bëssen eng Illusioun, datt jiddwereen ëmmer iwwerall um leschte Stand war vun allem wat bei eis um Site ass.\nPar contre ginn ech awer dovunner aus, dat grad an dee professionelle Kontexter, dat awer wierklech suivéiert ginn ass, well jo och Medezinner an deenen Haiser sinn, Hygiènisten.\nAn da fir op d'Schnelltester ze kommen, wanns de erlaabs, just eng Kéier den Historique, wéi ass dat ugaangen?\nMa mir sinn ab Oktober, den 28. Oktober, krute mer vun der ECDC, vun der europäescher Agence, 1. Angabe \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (42).mp3", "transcription": "mat Krittären, wéini e Schnelltest, wat dee muss vun Charakteristiken hunn fir fiabel ze sinn um Niveau vu senger Sensibilitéit, vu senger Sensitivitéit, dat sinn technesch Maßgaben.\nMee déi sinn am Fong eréischt Enn Oktober komm vu Bréissel.\nEt ass och ongeféier zu deem Zäitpunkt, wou d'Produktioun ugelaf ass mat Schnelltester, déi och de C1-Marquage, d.h. dat wat se mussen hunn fir kënnen um europäesche Maart verkaf ze ginn.\nWou dat bis gi war, hu mer der och kaf.\nRelativ vill - ech mengen eng hallef Millioun hate mer direkt kaf.\nDir erënnert Iech villäicht, dass och dat a Fro gestallt ginn ass, well mer do relativ schnell waren a wierklech bëssen och spekuléiert hunn, dass déi géifen zougelooss ginn, mee et huet awer dozou geféiert, dass mir der haten, éischter wéi anerer.\nDéi hu mer dann \"à disposition\" ginn, och un Alters- a Fleegeheemer, \"au fur et à mesure\" am Dezember an dat Ganzt, begleet vun enger Recommandatioun erëm eng Kéier vum Direkter vun der Santé vum 10. November.\nEt ass eng Recommandatioun vum 10. November, wou mer ganz kloer zu deenen Schnell"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (43).mp3", "transcription": "Villäicht just komplementär: also et gëtt schonn een Ënnerscheed tëschent deenen 1. an deenen 2. déi der genannt hutt, well déi 1. waren Schnelltester, déi hunn awer vun engem \"Professionnel de santé\" musse gemaach ginn an do waren och a verschiddenen Haiser éischter organisatoresch Problemer, resp.si haten och alleguerte vun der Regierung PCR-Code kritt fir d'Visiteuren, dass déi och mat engem PCR-Code ëmmer konnten an den LST fueren an dat ass dee Moment awer och nach deelweis als vill méi sécher ugesi ginn. Dat ass jo am Fong och e bësselche méi sécher.\nD.h. dass ganz vill där, där Coden och verdeelt gi sinn. Net nëmmen un d'Personal, mee och un d'Visiteuren, d.h. wann een ee wollt besichen, am Alters- oder Fleegeheem, da konnt een sech sou e Code froen.\nEt konnt een an den LST goen an dann mat méi grousser Sécherheet negativ getest an d'Alters- oder Fleegeheem goen. Déi aner Etapp, dat ass natierlech déi vun de Selbsttester, d.h. dat sinn déi, déi ech eleng ka maachen.\nDat war natierlech dunn awer e Stéck méi einfach och.\nDat hat och e bëssen evoluéiert nach dat Ganzt an an ech mengen dat ass massiv agesat ginn elo bis \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (44).mp3", "transcription": "Jo, also mir hunn ... ech hunn haut e ganz groussen Ëmschlag gemaach an der Chamber.\nNatierlech huele mir ons immens zu Häerz, wat den Här Waringo a seng Experten gesot hunn a mir wäerten natierlech kucken och an der Kommunikatioun einfach besser ze ginn, well dat schéngt jo awer e groussen \"Point faible\" vun eis ze sinn, notamment vun der Famille, mee och am Allgemengen, wéi mer kommunizéieren oder dass mer méi Rappeller och musse schécken.\nEt muss een awer soen, dass all déi Recommandatiounen an Ordonnancen, déi eraus gaange sinn, sief dat vun der Direction de la santé oder vum Familljeministère oder dem Santésministère, déi sinn awer zu all Moment ëmmer applizéiert ginn.\nEt war ni keng Recommandatioun do, mee mir sollten awer schonn aus deem Rapport och Léieren zéien a kucken, dass mer besser ginn an der Kommunikatioun.\nDann hunn ech Iech gesot, hu mer e Gesetzprojet, dee souwisou schonn deposéiert ass.\nEch ginn Iech do dann e bësse méi Detailer nach, well ech mengen dass dat awer och eng vun de Léieren aus der Pandemie an och vum Rapport ass, déi mer zéien.\nEch hunn elo virdru scho vum Ethikkommitee geschwat, dee mer en place setzen eben, wou mer eben déi Missiounen\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (5).mp3", "transcription": "ass, wéi déi vu gëschter.\nMir hu mat engem Virus ze dinn, dee mer net kannt hunn.\nD.h. wat heescht dat doten?\nMa d.h., dass ech elo nach méi motivéiert si fir meng Aarbecht gutt ze maachen a fir d'Land do ze sinn a fir d'Leit ze schaffen.\nDann eng Fro nach fir d'Madamm Lenert.\nA Frankräich gouf elo eng Vaccinatiounsflicht fir d'Gesondheetspersonal ugekënnegt.\nWéi gesäit et hei am Land aus? Dir hutt de Mëtteg an der Chamber Diskussiounen doriwwer ugekënnegt.\nWéini ass do mat Entscheedungen ze rechnen?\nEt ass eng Diskussioun, déi an Europa ugefaange gëtt.\nDéi wéinegste Länner hunn dat \"en place\" nach an Europa. Italien ass déi dat bis elo duerchgesat hunn iwwert een \"Décret-loi\".\nBei deenen aneren, déi et annoncéiert hunn, steet déi parlamentaresch Debatt nach un an déi wäert villschichteg ginn.\nAn och hei musse mer eis dat doten ... et ass ee Sujet, dee mer suivéieren, scho säit Méint effektiv. En ass villschichteg.\nNach sinn ech perséinlech op allefall der Iwwerzeegung, dass ee mat enger Flicht net Angscht entgéinthëlt.\nDéi Leit, déi sech an enger 1. Phas net impfe gelooss hunn, haten Ängschten.\nA wa Leit Ängschten "} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (6).mp3", "transcription": "hunn, mengen ech, déi niert ee just, wann ee mat enger Flicht hannendru kënnt.\nAlso ech verstinn awer absolut den Enjeu.\nMir sinn iwwerzeegt, dass mer mat der Campagne, déi mer lafen hunn, dach nach Eppes wäerten erreechen.\nMir hu gesinn, dass ganz vill Leit ech nodréiglech agedroen hunn am Ufank.\nEffektiv war net de grousse Rush an de Gesondheets- a Fleegeberuffer. Et muss een awer e wëssen, dass mer och do mat jonke Leit ze dinn hunn, mat ganz ville Fraen.\nSi haten Angscht.\nSi waren déi éischt déi dru komm sinn.\nA mir gesinn, dass awer elo op deene Lëschten, déi op sinn, wou d'Leit och de Choix vum Vaccin hunn, dass dach awer nach vill Leit nodréiglech kommen.\nEch mengen och ...\nElo mam Ustieg vun de Neiinfektioune verstinn d'Leit ëm wat et hei geet an ech sinn, perséinlech, - et ass meng perséinlech Meenungnet iwwerzeegt, dass ee mat Drock Angscht hëlt, \"au contraire\".\nDir hutt Länner, wou dat doten ... z.B. an England ass eigentlech schonn eng ganz grouss Adhesioun op allefall an de Klinicken an am National Health Service, fir sech impfen ze loossen.\nEt ass awer och keng Flicht, et ass eng Kultur, déi ee lues a lues muss fërderen.\nEch huelen op allefall mat op de Wee aus dëser Kris \n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (7).mp3", "transcription": "eraus als Gesondheetsministesch, dass een d'Thema \"Impfen\" wierklech muss méi breet ënnert d'Leit bréngen, dass een do wierklech Leit opkläert, deenen hir Ängschten hëlt.\nMir hu gesinn, dass dat seng Friichten dréit.\nMir sinn nach net ganz derduerch, am Summer leeft nach vill Campagne.\nEch géif soen, gi mer der Saach och e Mol eng Chance.\nAn dat anert Thema soll ee sécherlech wierklech ganz enk suivéieren, kucken, wéi een do den Equiliber fënnt.\nMir sinn där Saach absolut net verschloss, \"au contraire\", et ass eng Diskussioun, déi mer och iwwert de Summer wäerten op allefall um Niveau vun der Regierung feieren an ech sinn och selwer ganz gespaant och déi 1. déi 1. Avisen do ze liese vun de franséischen Autoritéiten, wann déi bis kommen, Staatsrot asw. parlamentaresch Debatte fir ze gesinn, wéi do d'Evolutioun an Europa wäert sinn.\nAlso et ass eng Diskussioun, déi ee muss feieren, wou d'Leit sech vill Froen dozou stellen.\nMee wou een och opkläre muss.\nRonderëm déi Debatt huet een immens séier ze vill Kuerzschlëss gezunn an och stigmatiséiert.\nEch wëll och dorun erënneren: Mir hunn am Ufank vun der Pandemie huet kee Mënsch gefrot ob ee geimpft war oder net.\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (8).mp3", "transcription": "Do sinn honnerte Leit ... si krank ginn.Bei eis manner, well mer ganz vill Schutzmaterial Gottseidank schnell konnten hunn.\nMee do si Leit, déi hunn geschafft och ouni Impfung.\nDéi stoungen hire Mann an hir Fra wärend dëser Kris an et gefält mir net, dass elo am Moment e bëssen esou eng Atmosphär kennt, wéi wann een do déi eenzeg Ursaach sicht.\nDéi 1. Ursaach hei zu Lëtzebuerg an iwwerall, datt ass am private Kontext, wou een sech ustécht.\nDat gëtt ze vill vergiess.\nEt ass wouer, dass och an engem Altersheem, wou jo Leit nun eben och e Mol wunnen, do hu mer sou e Kontext, sécherlech och eng Schwaachstell iwwert d'Personal ass.\nEch well dat absolut net kleng rieden, mee och aner Visiteure kënnen et erabréngen a mir sollen alleguerten zesummen net vergiessen, dass wa mer eis alleguerten un d'Reegelen halen, da kréie mer de Probleem agedämmt.\nDee gréisste Probleem geschitt am klengen, oft, leider ass dat esou, am Privaten, mat Ausnam elo vun deem bësse méi wëllen Nuetsliewen, wat mer rezent haten, ass a bleift dat déi 1. Cause an et soll een net drop net ze vill liicht sech fänke loossen an elo hei e Schëllege sichen a mam Fanger weisen.\nEt ass eng Debatt, déi een an aller Rou soll feieren.\n"} +{"file_name": "mp3_files/Conclusioune vun der onofhängeger Etüd zu de Clusteren an den Altersheemer (9).mp3", "transcription": "Mir wär et léiwer, et géif een se ausserhalb vun der Pandemie feieren, well mer alleguerten vun Emotioune biaiséiert sinn an dat ass ni gutt fir eng sachlech Diskussioun ze feieren.\nEch haken direkt bei der Impfflicht nach eng Kéier an.\nEt ass jo awer elo sou, dass an den Altersheemer am Endeffekt bal 20% vun den Infektiounen, déi stattfonnt hunn, och zu engem Doudesfall gefouert hunn, contrairement zu dem ganze Recht vun der Bevëlkerung.\nEt ass gläichzäiteg och esou, dass grad bei den eelere Leit d'Impfunge manner gutt uschloen.\nD.h. dat ass awer an deem Moment awer eng vun deene sécherste Méiglechkeete fir déi Leit ze schützen.\nA wa mer am Hierscht eng weider Infektiounswell kréien, kéint dat doten erëm zu engem Probleem ginn, wa mer déi Impfungen net hunn.\nHaalt der et da wierklech fir richteg fir dat no der Pandemie ze diskutéieren?\nDat ass meng perséinlech Meenung. Ech sinn ... mir hunn ee CovidCheck-Regimm, deen obligatoresch ass, wou mer oppe Flanken ausgläichen.\nDee beschte Schutz ass déi Leit selwer z'impfen.\nWann der d'Etüd elo liest, déi gemaach ginn ass, an d'Annexe kuckt, da gesitt der dass den Impfschutz bei deene Leit, déi déi duebel Impfung kritt hunn extrem héich ass.\nEch mengen "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (1).mp3", "transcription": "aner Pandemie. \nSalopp gesot.\nMir hunn an der Tëschenzäit och antiviral Substanze fir Fäll, schwéier Fäll, ze behandelen.\nMir hunn aner Vaccinen.\nMir wëssen och vill besser wéi d'\"effectivité vaccinale\" ass.\nDo hu mer ganz vill besser Daten an der Tëschenzäit an d'Immunitéit vun der Bevëlkerung huet sech jo och doduercher verännert, dass méi Leit geimpft sinn, awer och gläichzäiteg Leit och erëm en Deel vun hirer Immunitéit, vun hirer Protektioun verluer hunn.\nAn all déi Saachen zesummegeholl, kënnt Dir Iech virstellen, dass dat schonn en Afloss huet an ech mengen dofir war et eng gutt Iddi vun der Regierung fir sech dat nach eng Kéier \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (10).mp3", "transcription": "Ech mengen dat ass e ganz wichtege Message: géint Omicron brauch een op mannst 3 Dosen.\nAm lénken Deel vun der Dia, do hutt der den Omicron net, well net genuch Omicron-Fäll an der Intensivstatioun waren. Dee Virus ass manner virulent.\nDéi selwecht Dia mat den \"Hospitalisations totales\", mat de \"Soins normaux\", do hate mir dee selwechten Impakt vun der 3. Dosis an och den Effekt géint Omicron, wat d'\"Hospitalisations globales\" betrëfft. Do wiere mer och erëm op iwwer 90% Effikassitéit mat 3 Dosen.\nVoilà, ech mengen dat ass eng wichteg Donnée fir ze soen: den aktuelle Vaccin, dee jo géint den Alpha-Typ entwéckelt gi war, ass däitlech manner effikass géint Omicron wat d'Infektioune betrëfft, am grousse Ganzen, mee bleift effikass wat d'Reduktioun vun\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (11).mp3", "transcription": "Ech mengen dat ass e ganz wichtege Message: géint Omicron brauch een op mannst 3 Dosen.\nAm lénken Deel vun der Dia, do hutt der den Omicron net, well net genuch Omicron-Fäll an der Intensivstatioun waren. Dee Virus ass manner virulent.\nDéi selwecht Dia mat den \"Hospitalisations totales\", mat de \"Soins normaux\", do hate mir dee selwechten Impakt vun der 3. Dosis an och den Effekt géint Omicron, wat d'\"Hospitalisations globales\" betrëfft. Do wiere mer och erëm op iwwer 90% Effikassitéit mat 3 Dosen.\nVoilà, ech mengen dat ass eng wichteg Donnée fir ze soen: den aktuelle Vaccin, dee jo géint den Alpha-Typ entwéckelt gi war, ass däitlech manner effikass géint Omicron wat d'Infektioune betrëfft, am grousse Ganzen, mee bleift effikass wat d'Reduktioun vun\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (12).mp3", "transcription": "der \"Forme sévère\" vun den Hospitalisatiounen a vun de Stierffäll betrëfft.\nDéi nächst Dia ass elo d'\"Effectivité vaccinale\" géint d'Transmissiounen.\nDat betrëfft dann elo éischter d'\"Obligation vaccinale\" vun de Soignanten a vun den Leit déi am Secteur Santé schaffen.\nWell do geet et eis jo net nëmmen dorëm, dass déi Leit sech net infizéieren, mee och dass se de Virus net kënnen iwwerdroen.\nD'\"Effectivité vaccinale\" géint d'Transmissioun ass amfong geholl d'Kombinatioun vun der \"Effectivité vaccinale\" géint d'Ustiechen, well een deen net ugestach ass, iwwerdréit och net. an d'Diminutioun vun der Ustiechungsgefor bei engem deen sech trotz Impfung ugestach huet. \nDat heescht, deen eng Duerchbrochinfektioun gemaach huet trotz Impfung.\nDéi Persoun ass manner laang ustiechend, huet manner Virus a stécht \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (13).mp3", "transcription": "dofir och manner un.\nWann een déi 2 da kombinéiert ... Ech hunn hei en Tableau vun enger Meta-Analys vun der Weltliteratur gemaach.\nWann der bei Alpha kuckt: 2 Dosisse ginn duer fir d'Effikassitéit vun der Transmissioun ëm 94% erof ze setzen. Wat natierlech extrem gutt ass.\nBon, mam \"Échappement immunitaire\" ass deen aktuelle Vaccin net gutt adaptéiert fir Omicron.\nAn dofir gesitt der bei Delta wat d'Effikassitéit bei geboostete Leit no 2 Dosen nach zimmlech gutt an no 3 Dosen, wann een dat ... \nDo ginn et keng Donnéeën, wat d'\"Efficacité globale\" géint d'Transmissioun ugeet, mee et kann een deen awer op warscheinlech nach 80% schätzen. Géint Omicron allerdéngs, mat 2 Dosen, fir déi \"Efficacité \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (14).mp3", "transcription": "vaccinale\" géint d'Transmissioun nëmme bei ongeféier 35% ...\nBei geboosterte Leit geet se temporairement zwar iwwer 50% an dat war amfong geholl e bësselchen de Minimum, dee mir eis gesat hate fir eng \"Obligation vaccinale\" beim Fleegepersonal, dass e géing iwwer 50% Transmissioun kënnen erofsetzen, Dat erreecht een kuerz no der 3. Dosis, mee leider 3-4 Méint méi spéit kënnt een da warscheinlech nees bei 35% oder knapp 40%. \nD.h. mer erreeche mat deem aktuelle Vaccin net déi 50%, déi mir eis als Zil gesat hate fir ... d'Obligation vaccinale vu Soignanten. Wann een elo den Omicron-adaptéierten-Vaccin huet, da kéint déi Attitüd changéiere villäicht. Dat ass de Moment nach net de Fall.\nVoilà. Ech ginn da weider un de Paul.\nJo, gudde Moien och vu menger \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (15).mp3", "transcription": "Säit.\nEch ginn Iech elo e puer Informatioune fir d'Éischt e Mol zu de Varianten an da kucke mer eis un, wéi eenzel Zenarien ebe kéinten ausgesi fir den Hierscht a Wanter.\nEt ass elo scho virdru gesot ginn, mir sinn an enger Situatioun, wou de Virus natierlech evoluéiert an sech adaptéiert. Dat féiert dozou, datt een eben nei Varianten huet.\nAn de Punkt ass do, datt eben déi Varianten sech aneschters manifestéiere bezüglech hirer Virulenz, hirer Transmissibilitéit an natierlech och inwiefern d'Vaccinen nach eng Protektioun no der Immuniséierung bidden.\nDat heescht wéi d'\"Effectivité vaccinale\" deementspriechend am Bezuch op déi eenzel Varianten evoluéiert.\nDo gesitt der elo an der 1. Grafik ënne lénks d'Evolutioun vun den eenzele Varianten am Bezuch op hir Prevalenz hei zu Lëtzebuerg. Do gesitt der an dat ass elo scho virdrun och ugeschwat ginn: mir ware bis Enn lescht Joer an der Well Delta. Dat ass och déi Informatioun, déi agefloss ass an den éischten Avis haaptsächlech a säit Enn leschtem Joer si mer eben elo mat Omicron konfrontéiert.\nWoubäi een natierlech och muss soen, datt Omicron elo schonn eng ganz Rei vu Sous-Varianten opgewisen huet, woubäi B.A. 5 de Moment déi dominant Sous-Variant hei zu Lëtzebuerg ass.\nDat heescht et gesäit een\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (16).mp3", "transcription": "mir ware bis Enn lescht Joer an der Well Delta. Dat ass och déi Informatioun, déi agefloss ass an den éischten Avis haaptsächlech a säit Enn leschtem Joer si mer eben elo mat Omicron konfrontéiert.\nWoubäi een natierlech och muss soen, datt Omicron elo schonn eng ganz Rei vu Sous-Varianten opgewisen huet, woubäi B.A. 5 de Moment déi dominant Sous-Variant hei zu Lëtzebuerg ass.\nDat heescht et gesäit een, datt iwwer Zäit mat enger Frequenz, déi ëm déi 6 Méint läit, datt een ëmmer erëm nei Varianten huet, déi opkommen an déi Variante selwer hunn dann erëm eng Kéier aner Proprietéite bezüglech eben der Virulenz, Transmissibilitéit an eben och wéi effektiv d'Vaccinen da sinn.\nSou, op der rietser Säit vun der Folie gesitt der elo eng Grafik, déi weist dann wéi d'Situatioun evoluéiert par Rapport zu eben deenen eenzele Varianten, wat elo z.B. de \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (17).mp3", "transcription": "Risk ugeet fir ebe wann een infizéiert ass, fir an de \"Soins intensifs\" villäicht misse soignéiert ze ginn.\nA wat een do ganz kloer gesäit, ass datt säit der Impfcampagne - Dir wësst, datt déi d'lescht Joer am Ufank vum Joer richteg lassgaangen ass - do gesitt der datt d'Impfung ganz kloer och iwwer d'Period Delta een Effekt weist, wat elo d'\"Soins intensifs\" ugeet. D.h. et gesäit een do eng ganz kloer Tendenz no ënnen an déi huet nach e \"Coup d'accélération\" elo Ufanks des Joers kritt, wéi mer an d'Well vun Omicron erakomm sinn, well Omicron selwer manner virulent ass. Dat heescht Omicron mécht manner krank, deementspriechend ass de Risk fir no enger Infektioun hospitaliséiert ze ginn an dann eventuell missen an de \"Soins intensifs\" soignéiert ze ginn ass dann och reduzéiert. Dat heescht Dir gesitt Ufank vum Joer, datt do nach eng Kéier, wéi gesot, een nach eng "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (18).mp3", "transcription": "méi manifestéiert Tendenz huet, datt et erof geet. Dat heescht am Kontext Omicron ass et d'Kombinatioun vun der Vaccinatioun, sou wéi dann och der manner héijer Virulenz vun deem Variant.\nDat ass eben elo wichteg sech virun Aen ze halen, d'Proprietéite vun de Varianten am Bezuch eben och op d'Impfung, well mer jo wëlle wëssen, verstoen, wat eventuell am Hierscht an am Wanter op eis duerkënnt.\nDann um nächste Slide ass eben d'Method déi mer hei ugewannt hunn. Mir hunn eis hei baséiert op eng Modelisatioun.\nDat ass de Modell, dee mer amfong geholl bannent der COVID-19-Task Force vu Research Luxembourg säit Ufanks der Pandemie entwéckelt hunn an dee mer iwwer déi Zäit natierlech verbessert hunn, besser parametriséiert, well mer och ëmmer besser Donnéeë kréien.\nAn wat de Modell eis erlaabt, an dat ass och keng Kristallkugel, dee gëtt engem och keng absolut Sécherheet, mee wat en awer \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (19).mp3", "transcription": "erlaabt, ass fir eng ganz Rei vun Zenarien duerchzespillen. An am Kontext elo vun der Impfflicht, hu mer spezifesch et ugekuckt, am Bezuch eben op de Modell, well mer eben 2 \"Groupes à risque\" hunn. Eng \"à haut risque\" an eng \"à faible risque\" ebe fir manner oder méi krank ze ginn.\nAn do ass et eben sou, datt de Risk fir méi oder manner krank ze ginn, d.h. och dann spezifesch herno villäicht an de \"Soins intensifs\" musse behandelt ze ginn, datt deen natierlech ganz kloer mam Alter zesummenhänkt an den Dr. Schockmel huet dat jo och ganz kloer elo virdru gewisen.\nSou, wa mer awer och elo hei mat erabruecht hunn an den Dr. Muller huet dat virdrun ugeschwat, dat ass datt mer och konfrontéiert sinn mat enger Situatioun, datt no och der Booster-Impfung d'Immunitéit ofhëlt an dat ass och Eppes wat mer hei am Modell integréiert hunn, och parametriséiert hunn.\nSpezifesch baséierend op de Publikatioune gesäit een, datt een awer no 5 Méint eng relativ kloer Reduzéierung huet am Bezuch op d'\"\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (2).mp3", "transcription": "unzekucken.\nDe Grupp vun den Experte kennt Dir schonn. Dat ass dee selwechten, wéi déi leschte Kéier gewiescht.\nEch wëll och elo net d'Recommandatiounen am Detail widderhuelen, wat mir deemools gesot hunn.\nMir hate gesot eng \"vaccination obligatoire\" fir déi Persounen iwwer 50 a mir hate gesot eng \"vaccination obligatoire\" fir d'Personal an de \"Structures de soins\" an sou weider. Bon, dat anert, dat widderhuelen ech elo net.\nE wichtege Punkt, deen ech awer wëll ervirsträichen, ass, dass mer ganz kloer eng \"Exigence juridique\" hunn.\nEt ass ganz wichteg, dass den Objektiv kloer definéiert ass an ech menge mir hunn dat och schonn déi lescht Kéier gemaach.\nAn dass déi Mesuren, déi mir proposéieren, \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (20).mp3", "transcription": "Effectivité vaccinale\" an dat ass dann och mat dran.\nAn dann hu mer ebe verschidden am Modell erëm parametréiert, wat elo d'Transmissibilitéit oder d'Virulenz vu spezifeschen, hypotheteschen Varianten ugeet an da gekuckt, wat jeeweils dann een Impakt vun enger Impfflicht wier.\nDe leschte Punkt ass eben och do wat mer erëm eng Kéier dran hunn, ass eben datt d'\"Effectivité vaccinale\" géint de Variant, datt déi och kann eben änneren. Dat hu mer ganz kloer gesinn.\nVum Wëll-Typ, also dat ass dee Virus, dee fir d'éischt zu Wuhan opgetrueden ass, et ass jo dogéint datt d'Vaccinen eben amfong geholl entwéckelt goufen. Datt deen aneschters ass wéi den Omicron an deem kënne mer dann och Rechnung droen.\nSou, an da géif ech Iech just 2 Beispiller weisen. Dat sinn amfong geholl Beispiller, déi situéieren ob den Extremer, wat dann den Impakt vun enger Impfflicht kéint sinn\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (21).mp3", "transcription": "Hei ass elo fir d'Éischt en Zenario Typ Omicorn. Do hu mer dann eng héich Transmissibilitéit, d.h. eng héich Iwwerdrobarkeet, awer eng manner héich Virulenz.\nD.h. et gëtt ee manner krank dovun. Mir hunn do och net méi déi héich \"Effectivité vaccinale\", wéi mer se virdrun haten an hei an deem Zenario gi mer aus vun datt e \"Schéma vaccinal complet\", datt dat 3 Dose wieren. D.h. eng Boosterimpfung eben am Kontext vun enger villäicht allgemenger Impfflicht, also 18+, oder da 50+.\nA wann een sech dat dann ukuckt, wat dann den Impakt dovunner wier bei 50+, do gesäit een datt an sou engem Szenario eng Impfflicht zu enger Reduzéierung an de \"Soins intensifs\" vun ëm déi 9% allgemeng géif féieren. Do kann een elo diskutéieren, ob dat vill oder wéineg ass.\nAn deem nächsten Zenario hu mer dann deen aneren Extrem. Dat ass en Zenario Typ Delta. Dat wier dann ee Variant, deen änlech wier \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (22).mp3", "transcription": "wier wéi Delta.\nDo hu mer dann eng moderat Transmissibilitéit awer eng héich Virulenz. D.h. et gëtt een dovunner méi krank, wéi z.B. vis-à-vis vun Omicron.\nAn hei ass de Vaccin dann awer nach ëmmer effektiv.\nDat ass och elo hisiichtlech z.B. engem Rappell zousätzlech ebe vun adaptéierten Impfstoffer. Dir wësst, datt déi eenzel Impfstoffhiersteller do un adaptéierte Bi- oder multivalenten Vaccinen um schaffe sinn. An an deem heiten Zenario hu mer 3 Dosissen plus eng 4. Dosis, also een zousätzleche Booster no 5 Méint an dat ass ebe fir d'Immunitéit erëm eng Kéier op den Niveau ze brénge wéi se z.B. no der 1. Booster-Impfung wier.\nEch hunn elo virdrun erkläert, datt mer eben trotzdeem iwwer Zäit eng Reduzéierung vun der Immunitéit hunn an et ass ebe fir déi Immunitéit erëm hierzestellen.\nBon, an da gesitt der ganz kloer, e markanten Effekt. Do huet een dann awer am Bezuch op d\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (23).mp3", "transcription": "d'Impfflicht 50+, do hätt een dann eng Reduzéierung an de \"Soins intensifs\" vu 97%, wat natierlech schonn e relativ groussen Impakt ass.\nEch wëll awer nach eng Kéier hei och drop hiweisen, datt ass eben eng Modelléierung, et ass esou, datt warscheinlech d'Wierklechkeet sech iergendwéi bannent deenen 2 Extremer elo wäert erëmspigelen an dat anert wat och ganz kloer aus deene Simulatiounen erauskënnt, ass datt den Effekt vun enger \"Obligation vaccinale\", datt dat natierlech direkt un dem Variant an der kombinéierter \"Effectivité vaccinale\" dovunner ofhänkt.\nHei ass elo eng Zesummefaassung op der nächster Folie vun alleguer deenen eenzelen Zenarien, déi mer duerchgespillt hunn an déi sinn och am Detail dann an dem Avis mat dran. \nDir kënnt Iech dat do am Detail ukucken. Am rouden sinn nach eng Kéier déi 2 Zenarien, déi ech elo ervirgehuewen hunn. Mee Dir gesitt datt een eben ganz kloer gesäit, datt sech dat \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (24).mp3", "transcription": "opdeelt an 2 Kategorië souzesoen, wou et eben e groussen Impakt eben am Kontext vun engem Rappell.\nEngem Rappell, d.h. wann een eben eng Impfflicht och dann un eng zousätzlech 4. Dosis géif koppelen an Dir wësst och do, datt dat natierlech Eppes ass, wat de Moment vill diskutéiert gëtt.\nAn an der nächster Folie gesitt der e bëssen déi eenzel Etüden, déi bis dato do och gemaach goufen, déi mer och an dem Avis diskutéieren an déi eenzel Etüde sinn och natierlech vun alleguer den internationale Gremien, sou wéi och natierlech hei zu Lëtzebuerg, ginn déi a Consideratioun gezunn.\nMir wéilten do awer dann och op deen allerleschten Avis, op internationalem Niveau, hiweisen. Dat ass vun der WHO, Weltgesondheetsorganisatioun.\nHire SAGE-Grupp, deen sech eben d'Immunisatioun spezifesch am Bezuch op Vaccinen elo fir COVID ukuckt.\nAn déi hunn "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (25).mp3", "transcription": "elo an hirem leschten Avis ganz kloer den Avantage vun enger 4. Dosis eben ervir... gehuewen ebe bei Persoune 60+, also dat wier jo dann och deckungsgläich, méi oder manner, mat der initialer Propos vun eis, also 50+.\nDann ebe beim Personal, wat am Gesondheetssecteur schafft, a bei de Persounen, déi immunodepriméiert sinn.\nDat heescht, déi 4. Dosis ... Wat aus de Simulatiounen nach eng Kéier ervirgeet an den Professer Müller wäert nach eng Kéier dorobber zeréckkommen, wat dorausser ervirkënnt, ass eben datt eng Impfflicht wierklech eben een Impakt weist, wann een et un sou eng Opfrëschimpfung koppelt.\nDa géif ech weider ginn un de Professer Müller.\nOk, Merci.\nBon, ech kommen dann zu deem nächsten Dia, wou mer eng gewësse Synthees an eng Conclusioun maache fir dee Beräich iwwer 50 Joer.\nAlso nach eng "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (26).mp3", "transcription": "Kéier fir ze widderhuelen: wourëm geet et? Et geet wierklech dorëms fir déi Fäll, déi potentiell op der Intensivstatioun géinge landen, fir déi ze verhënneren.\nWien ass dat? Dat si virun allem Persounen iwwer 50 Joer.\nWéi kënne mer dat maachen? An do hu mer wierklech nëmmen eng Méiglechkeet. Dat ass d'Impfung.\nDat ass déi eenzeg Moossnam, déi nohalteg ass.\nWéi ass et mat der Protektioun, déi nohalteg Protektioun?\nDéi hänkt dovun of, vun der \"Couverture vaccinale\", vun der Effektivitéit vum Vaccin a vum Virus a senger Empfindlechkeet op de Vaccin.\nA vun deenen 3 Méiglechkeeten oder déi 3 Facteuren, déi letztendlech Protektioun bedéngen, gëtt et nëmmen eng Méiglechkeet wierklech z'intervenéieren an dat ass d\"Couverture vaccinale\" méiglechst héich ze setzen.\nWa mer elo kucken, wat fir eng Lacunne mer hunn bei deenen iwwer 50-järegen, da gesi mer, dass 30.000 Persounen \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (27).mp3", "transcription": "A wann een dat vergläicht mat 3 Dosissen, vergläicht mat 0 Dosissen, also ouni, keng Impfung, da stellt e fest, dass 19,5 Mol méi Leit op d'Intensivstatioun kommen, déi net geimpft sinn, wéi déi, déi geimpft sinn.\nAn da kann een och nach dobäi soen an dat ass jo och e bëssen eng grouss Angscht, déi besteet, wéi vill Long Covid-Fäll gëtt et an do gesi mer, dass och d'Vaccinatioun zumindest eng partiell Protektioun géint de Long Covid gëtt.\nDat sinn déi Saachen, déi mir wëssen.\nMéi schwiereg ass et bei deenen, déi mir net wëssen.\nMir wëssen net, wat op ons zoukënnt.\nMir wëssen net: gëtt et eng nei \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (28).mp3", "transcription": "Well am Hierscht?\nWéini géing se kommen?\nWat fir eng Envergure huet se?\nA virun allem: wat fir eng Variante wäerten zu där Well féieren?\nMir wëssen awer, aus der Vergaangenheet, aus de Joren 2020, 21, dass am Hierscht ëmmer eng Well komm ass.\nDéi ass bedéngt duerch d'Rentréeë vun de Klassen, d'Leit kommen aus der Vakanz erëm, et gëtt méi kal, si halen sech méi dobannen op, et gëtt manner gelëft an sou weider.\nDir fannt déi Facteuren alleguerten och am Rapport.\nMee dat ass de Grond firwat een eigentlech dovun aus geet, datt am Hierscht eng nei Well wäert kommen.\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (29).mp3", "transcription": "Anescht ass et ebe bei deem aneren Zenario, bei der Optioun 2.\nDo kënnt der, wann eng schlëmm, eng ongënschteg Variant do ass, kënnt der mat enger Impfung, wou kuerz virun der Well nach e Rappell ass, kënnt der wierklech e ganz groussen Effekt hunn.\nDorausser kann ee schléissen, wann ech dat elo alles hei op deem Tableau zesummefaassen, dann ass eng \"Obligation vaccinale\" justifiéiert, just nëmmen géint eng Delta-like Variant, wann een e Rappell kuerz virun der Well mécht.\nSou.\nElo gëtt et nach eng aner Méiglechkeet \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (3).mp3", "transcription": "kucken, wat sinn déi méiglech Objektiver: et geet net dorëm fir deen Eenzelen ze schützen. Dee muss ëmmer méi Eege-Responsabilitéit iwwerhuelen.\nEt geet och net dorëms, aus onser Siicht, fir d'Inzidenzen zwangsleefeg ze reduzéieren oder fir allgemeng ze soen \"Mir mussen d'Pandemie zum Enn bréngen\" oder \"de Virus eliminéieren oder eradikéieren\".\nNee. Dat wat fir ons wichteg ass a wat jo och fir de Gesondheetssystem wichteg ass, dat ass, dass mer keng Surcharge vum Gesondheetssystem hunn an do denke mer virun allem un d'\"Soins intensifs\".\nNatierlech betrëfft et insgesamt d'Spideeler an d'Beleeung an de Spideeler. Mee\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (30).mp3", "transcription": "dat ze kucken. Déi ass da komplett ... Also dat wat ech elo gewisen hunn, dat hänkt jo staark vun de Modelisatiounen of, a wann een dat elo onofhängeg vun e Modelisatioune kuckt an et berifft een sech op dat wat mer bis elo beobacht hunn bei de Geimpften an Ongeimpften, da kann een ausrechnen, dass bei enger Delta-Well eng Reduktioun gesi kéint vun 89 Fäll op de \"Soins normaux\", 29 op de \"Soins intensifs\" an 22 \"Décès\". Dat sinn also déi Fäll, déi verhënnert géinge ginn.\nOp der Basis vu reellen Zuelen, wéi se an der Vergaangenheet waren.\nAn op der Basis vun 3 Impfdosissen\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (31).mp3", "transcription": "An op der Basis vun 3 Impfdosissen. Jo.\nNach eng Kéier zeréck wgl.\nSou. Wa mer elo eng Omicron-like Variant hunn, hätte mer eng Reduktioun vun 139 op de \"Soins normaux\", 15 op de \"Soins intensifs\" an 23 \"Décès\", déi géinge verhënnert ginn. Elo wonnert Dir Iech villäicht e bëssen, dass beim Delta a beim Omicron déi Zuelen net esou wesentlech anescht sinn an dat läit dorunner, well och déi aner Ëmstänn wärend där Zäit vum Delta a vun dem Omicron differenzéiert hunn, déi epidemiologesch Situatioun war anescht, déi \"Mesures non-pharmacologiques\" waren anescht an natierlech déi \"Proprieté intrinsèque\" vun de Variante sinn ënnerschiddlech.\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (32).mp3", "transcription": "Ech wëll hei nach eng Kéier fir déi Zuelen a Relatioun ze setzen och nach eng Kéier rappelléieren, dass de \"Niveau critique\" an de Spideeler, dat sinn 38 ... Also wann et méi wéi 38 Fäll gëtt, déi op der Intensivfleeg behandelt musse ginn, oder méi wéi 138 op den \"Soins normaux\", dann trëtt den \"Niveau critique\" an, den Niveau 3 an de Spideeler.\nDat heescht, datt geplangten Operatiounen ofgesot ginn an datt insgesamt d'Servicer vum Spidol fir Patienten zu Lëtzebuerg ob Covid oder net Covid reduzéiert ass.\nDat ass de Niveau 3.\nGenau an Dir fannt dat och am Detail an onsem Rapport. Hei ass den Text, wéi et och do steet.\nBon, déi nächst Fro ass: d'\"Recommandations sectorielles\".\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (33).mp3", "transcription": "Also do hu mer wierklech festgestallt, dass d'\"Couverture vaccinale\" exzessiv niddereg ass an deem \"Secteur de soins\" an dat mécht ons wierklech Kappzerbrieches.\nDir hutt gesinn, dass an de CIPA oder och ausserhalb vun de CIPAen kann d'\"Couverture vaccinale\" ëm 30% zum Deel nëmme sinn an och wa mer wëssen, dass déi Zuele villäicht net déi definitiv Zuele sinn, trotzdeem mécht dat e Kappzerbrieches an zwar aus 2 Grënn: engersäits well d'Zuelen sou niddereg sinn, an anerersäits well et ëmmer nach net méiglech offenbar ass fir do méi realistesch Zuelen ze kréien an dat mécht wierklech \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (34).mp3", "transcription": "Dofir hu mer ons villäicht och e bësse mat schwéierem Häerz gesot, dass mer net recommandéieren eng \"Vaccination obligatoire\" ze maachen, ebe well den Impakt op d'Infektiositéit an d'Transmissibilitéit besonnesch no am Intervall eben ënner 50% läit.\nTrotzdeem mengen ech hu mer hei ganz staark ... Ech mengen ech wëll hei wierklech betounen, dass mer awer aner Mesurë recommandéieren an déi och mengen ech missten Eescht geholl ginn, sou Eescht geholl ginn, wéi Recommandatiounen zu der Impfflicht.\nMir hunn ... Also fir d'Éischt muss een e Mol maachen, dass déi \"Mesures sanitaires\" adaptéiert sinn an et un d'\"Situation\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (35).mp3", "transcription": "Situation épidémiologique\" ... \nEch schwätzen elo also vun dem Secteur \"Soins et Santé\".\nDann si mer der Meenung, dass een d'Responsabilitéit vun deenen Leit, déi professionell an deem Secteur schaffen, duerch en \"Entretien d'Information\", dee wierklech dokumentéiert an och ënnerschriwwen ass, fir dass kloer ass, dass déi Leit bewosst sech géint d'Impfung riichten a bewosst a Kaf huelen, dass se mat zumindest enger bestëmmter Warscheinlechkeet och hir vulnerabel, déi Leit, déi hinnen uvertraut ginn, a Kaf huelen dass se déi kënnen infizéieren.\nDa menge mer, dass mer och géinge vill méi Transparenz an deem Secteur erreechen\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (36).mp3", "transcription": "wann et géing eng Obligatioun gi fir säin Impfstatus offen ze leen.\nEch mengen dat ass néideg fir dass Déngschtpläng kënnen organiséiert ginn.\nDat kënnt Dir Iech gutt virstellen.\nWann ee weess, ech mengen dat ass amfong dat alleréischt, wann een net weess, mat wiem een ze dinn huet, wat fir een Impfstatus deen huet, dann ass et schwiereg fir dat wierklech ze geréieren.\nAn dann si mer der Meenung an dat ass villäicht méi Eppes, villäicht kuerz-, awer zumindest Mëttelfristeges, dass et muss wierklech eng Reglementatioun oder eng Legislatioun ginn zum Impfstatus an deem Secteur iwwer den \"Droit du travail\", \"Droit sanitaire\", ... Ech mengen dat ass net onst Thema.\nMee dat ass wierklech Eppes wat onbedéngt néideg ass an dat steet jo zum Deel nach net e Mol an den \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (37).mp3", "transcription": "den verschiddenen Texter, déi Personalvertriedungen vun deene Secteuren hunn.\nHei ass net nëmme Covid-19 gemengt. Mir mengen den Impfstatus bei iwwerdrobare Krankheeten ze kennen fir e Spidol, fir en Altersheem, e Fleegeheem, ... Bei allen Infektiounskrankheeten, déi iwwerdroe gi vu Mënsch zu Mënsch a problematesch sinn.\nSief et an sou Institutiounen oder am Spidol - misst reglementéiert a verlaangt ginn.\n\nJo an ech hunn elo hei dee Saz erausgeholl, dee mer am Text hunn: \"Il est inacceptable que le droit au secret médical d'une minorité du personnel du secteur soit placé au-dessus du droit à l'intégrité physique des personnes vulnérables qui leur sont confiées.\nEch mengen dat seet eigentlech alles wat dermadder gemengt ass.\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (38).mp3", "transcription": "Deen \"eigentlech\" ass ganz wichteg. Ech mengen an enger idealer Situatioun sinn all Risikopatiente geimpft well hiren Dokter dofir gesuergt huet.\nD'Realitéit ass natierlech datt bei den iwwer 50-järegen 30.000 iwwerhaapt net geimpft sinn.\nAn 20.000 net 3x Mol geimpft sinn.\nAn Dir kënnt Iech jo virstellen, dass bei deenen 30.000 déi iwwer 50 sinn, dass der do e ganz gudden Deel sinn, déi souwisou bei engem Dokter am Traitement sinn.\nSief et wéinst enger chronescher Krankheet oder soss iergendeppes.\nBon, deen 2. Facteur sinn d'\"Antiviraux\".\nDo gëtt et an der Tëschenzäit \"antiviraux oraux\", als déi een als Tablettë kann anhuelen, déi ...\nMir mussen do nach e bësse léieren, well do gewëssen Interferenze mat anere Medikamenter \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (39).mp3", "transcription": "D.h. dat muss een och mat sengem Dokter besprieche wéi een déi géing huelen.\nDa gëtt et \"Anticorps monoclonaux\", also monoklonal Antikierper, déi een als Infusioun géing kréien am Spidol.\nAn allen 2, also souwuel déi oral wéi och déi z'infuséirend Medikamenter, déi musse ganz fréi applizéiert gi fir dass se wierksam sinn.\nHei ass eng wichteg Differenz zur Impfung déi hei: d'Impfung ass präventiv. Eng besser Preventivmoossnam gëtt et net.\nWa mir elo op antiviral Mëttelen an Traitementer ginn, loosse mer et drop ukommen.\nMir loossen et drop ukommen, datt eng Persoun, déi villäicht héich vulnerabel ass, sech infizéiert.\nAn da probéiere mer iergendwéi, wann alles gutt geet a mer rechtzäiteg sinn an alles klappt, se ze behandelen.\nDo si mir net, wéi soll ech \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (4).mp3", "transcription": "kucken, ... \nElo gi mer déi verschidde Facteuren duerch, an dat stellen ons Kolleegen duer a mir fänken un mat dem Impakt vum Alter op d'Hospitalisatiounen.\nGérard, wëlls du dat ...\nJo, also, d'Fro war natierlech ... Mir woussten datt déi iwwer 50-Järeg déi schwéierste Komplikatioune maachen als Altersgrupp gesinn.\nD'Fro war natierlech: ass dat bei Omicron och nach esou?\nAn elo hu mer d'Donnéeë vum Omicron zur Verfügung a mir hu festgestallt, datt 100% vun de Stierffäll bei Omicron ebe bei deenen iwwer 50-Järege sinn.\nAn dat nämmlecht ass och bei Delta. Wann een zeréck geet op den Ufank vun der Impfcampagne, da \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (40).mp3", "transcription": "soen, an der nämmlechter Liga wéi bei de Vaccinen.\nSou, dann hu mer nach e puer aner Remark, wou mer gesinn, dass aner Mesuren och méiglech sinn, déi villäicht nach net ganz ausgeschöpft sinn.\nAn dat ass - ech hunn et virdru scho gesot - dat ass déi Necessitéit fir säin Impfstatus offen ze leen.\nDe \"Secteur de soins\".\nDann mengen ech och kéint een op e Wee goen, wou een eng \"Responsabilité élargie\" mécht an de \"Maisons de soins\", wou ganz kloer gesot gëtt, dass d'\"Maisons de soins\" net d'Méiglechkeet hunn fir een ze schützen, deen net geimpft ass.\nEt ass einfach net méiglech fir een op Dauer ze schützen, deen net geimpft ass an dat misst een wierklech kommunizéieren.\nEt muss een dat och schrëftlech dokumentéieren \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (41).mp3", "transcription": "an da muss och dee Residant, dee \"par force\" net wëll geimpft ginn an deem seng Famill missten dat da gemeinsam och och ënnerschreiwen, dass se doriwwer informéiert sinn an dann ass et net nëmme méi d'Responsabilitéit vun de \"Maisons de soins\", mee dann ass et d'Responsabilitéit vun de \"Maisons de soins\", dem Residant an der Famill.\nDann mengen ech ass et och wichteg an dat ass genau dat wat ech virdru gesot hunn: d'Sensibilisatioun vun de Medezinner, vun den Dokteren, déi jo hir Patiente kennen.\nDéi wëssen dass wann e Patient Diabetes huet oder Héichdrock oder eng \"Insuffisance cardiaque\" huet oder iwwergewiichteg ass, dass dee Patient een héije Risiko huet an dann ass et d'Aufgab vum Dokter fir esou e Patient z'impfen.\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (42).mp3", "transcription": "An dofir mengen ech a vu dass dat awer - mir hunn et schonn e puer Mol gesot - bei 30.000 Leit sinn der ganz sécher ganz vill dobäi mat deenen heite chronesche Krankheeten an trotzdeem sinn se net geimpft an ech mengen dat läit einfach dorun, oder mir kënnen dat verbesseren an deem mer d'Dokteren do weider driwwer opklären.\nBon, da musse mer allerdéngs och soen, dass mam fortschreite vun der vun der Pandemie, wat ëmmer méi an eng endemesch Phas iwwergeet, dass natierlech jiddwereen Eenzelen och ëmmer méi eng individuell Responsabilitéit huet.\nAn dann, dat lescht villäicht, an méiglecherweis oder zumindest net manner wichteg, dat ass: mir brauchen e legale Kader \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (43).mp3", "transcription": "deen ons erlaabt fir déi \"Mesures nonpharmacologiques\" wierklech vun engem Dag op deen aneren z'aktivéieren, ouni dass mer mussen all Kéiers duerch e ganze Prozess goen, dee wochelaang an Usproch hëlt.\nMir brauchen also e Kader wou ee ka soen: \"ok, Muer ginn erëm am ëffentlechen Transport Maske gedroen.\"\nMee da kënne mer vill méi séier reagéieren a mir kënnen eventuell reagéiere wa mer gesinn, dass op den Intensivstatioune méi Patienten ageliwwert ginn. Dat heescht mir hunn vill méi laang Zäit.\nOk, ech mengen dat ass alles dat wat mir wollte soen.\nA mir sinn natierlech frou fir Är Froe kënnen ze beäntwerten a Merci fir Ären Interessi.\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (44).mp3", "transcription": "Sot wannechgelift och ëmmer wien et ass deen d'Fro stellt.\nMoien, Christophe Bumb vu Reporter.lu.\nEng Fro - villäicht eng banal Fro - wat recommandéiert Dir eigentlech elo genau? Wann een dat vergläicht mat Ärem leschten Avis, do stoung ganz kloer dran, fir wéi eng Form vun Impfflicht Dir Iech ausschwätzt.\nWann een d'Formulatioun an Ärem Avis vun haut liest, ass dat fir mech net ganz kloer. Villäicht kënnt Dir dat erklären, wat Dir genau recommandéiert, z.B. schreift Dir hei um Schluss bei de Recommandatiounen, dass Dir amfong den Decideuren de Choix gitt eng Impfflicht anzeféieren oder och keng méi anzeféieren. Dat ass fir mech vun der Formuléierung awer Eppes ganz Aneschters wéi Äre leschten Avis a villäicht nach eng 2. Fro dozou: D'Aarbechten um Avis goufen opmannst ... eng Kéier gouf d'Publikatioun vum Avis verréckelt. Villäicht "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (45).mp3", "transcription": "kënnt Dir nach eng Kéier erklären wourunner dat louch, firwat dat lo awer méi laang gedauert huet?\nMerci.\nEch ka villäicht kuerz schonn e Mol op déi éischt äntweren. Bon, effektiv et ware vill Simulatiounen, vill Hypotheesen an ... Mee bon, global gesinn, si mer jo awer och dofir preparéiert ze si fir de \"Worst-Case-Scenario\" am Hierscht an ech mengen eisen Avis ass weider, dass mir fir eng \"Obligation vaccinale\" iwwert 50 sinn mat enger 4. Booster-Dosis, déi jo scho souwisou vum \"Conseil supérieur des maladies infectieuses\" aktuell recommandéiert ass fir Leit iwwer 70 a Leit mat Co-Morbiditéiten.\nEinfach fir prett ze si fir den Hierscht, well mir wëssen jo net ob mir elo e méi virulenten Variant kréien oder net.\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (46).mp3", "transcription": "Voilà.\nAlso ech mengen, mir hunn onsen Avis eigentlech esou verstanen, dass mer der Regierung dee \"Landscape\" an deem se sech beweegt, erkläert hunn. Déi verschidde Facteuren, déi fir eng Impfflicht oder géint eng Impfflicht, alles dat wat eng Impfflicht beaflosse kann, wat den Effekt ass, dee mer hunn an dann doriwwer eraus ass natierlech d'Fro wéi hëlt d'Regierung selwer d'Responsabilitéit fir déi Impfflicht anzeféieren, hëlt also d'Responsabilitéit oder d'Decisioun a geet dovun aus, dass mer ee vun deene 7, also dee schlëmmste vun deenen Zenarien, op dee\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (47).mp3", "transcription": "dee virbereet sinn oder iwwerléisst se dat dem individuelle Choix.\nAn ech menge wat fir ons wichteg ass an ech mengen mir als Wëssenschaftler kucken natierlech genau wat sinn déi Facteuren, déi an déi eng oder an déi aner Richtung ginn an doriwwer eraus gëtt et natierlech och politesch Iwwerleeungen an ech mengen déi politesch Iwwerleeungen, déi am Enn vun der Regierung gedroe gëtt, déi jo och d'Konsequenz dovunner droen, déi muss d'Regierung decidéieren.\nFir och nach vu menger Säit Eppes ze soen, also: déi Berechnungen, déi mir gemaach hunn, do huelen natierlech déi Modellisatiounen, Simulatiounen e groussen Deel an.\nMee dat ass jo nëmmen ee Standbeen.\nDat 2. Standbeen ass datt mer gekuckt hunn: majo, wéi war et bei Delta, wéi war et bei Omicron.\nWa mir elo eng Variant kréien, déi erëm eng Kéier wéi Delta, erëm eng Kéier wéi Omicron ass, da kommen mer am Prinzip \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (48).mp3", "transcription": "awer kloer beschriwwen a mir hunn awer och empiresch eben duergeluecht datt et een Impakt ënnert verschiddenen Konditiounen natierlech huet.\nJust nach dozou: den Timing ass jo kruzial an deene ganzen Iwwerleeungen. An Ärem éischten Avis hutt Dir geschriwwen, \"sans délai\" oder \"dans les meilleurs délais\" soll eng Impfflicht kommen. Si mir nach an deem Zenario? Ass dat nach e \"meilleur délai\" oder si mer do schonn ze spéit? Villäicht déi Fro.\nA wéi misst een elo virgoen, vu dass et politesch, legislativ Contraintë gëtt? Mee op der anerersäits och wann eng Impfflicht e Mol agefouert ass, heescht dat jo net, dat ass jo keen Impfzwang, dat heescht dat ganzt muss jo virbereet ginn an d'Leit missten sech dann effektiv och nach impfe loossen, déi verschidden Dosissen.\nSi mer do schonn ze spéit oder wéi géif Dir dat aschätzen, wann am Hierscht géif sou eng Well kommen?\nJo, also et ass eng gutt Fro.\nEch mengen, d'Fro ass wéi dat konkret iwwert d'Bün geet.\nPrioritär, wann eis Propositioun Ënnerstëtzung fënnt bei der Regierung,\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (49).mp3", "transcription": "dann ass et d'Prioritéit, datt déi geimpft ginn, déi net geimpft sinn, vun deenen iwwer 50.\nDat ass Nummer 1. Dat ass dat wat am séiersten ze passéieren huet. \nDat sinn déi, déi als 1. z'invitéiere sinn, zesummen nach mat deenen, déi keng 3. Dosis kritt hunn. Mee déi Vulnerabel, déi den héchste Risiko hunn, si wierklech déi, déi guer keng Dosis kritt hunn, an déi, déi eben iwwer 50 Joer al sinn. \nDat ass dat Eent. \nDat anert ass, bei der Impfung ass et jo esou, datt déi Immunitéit net esou zäitgebonnen ass, wéi dat villäicht heiansdo och duergestallt gëtt.\nVirun allem wann et dorëm geet, datt eng Impfung soll verhënneren, datt een sech infizéiert. Do ass d'Impfung net besonnesch gutt dran, grad bei Omicron an dat ass och de Grond, firwat mir se net zeréckbehalen hunn oder net kënnen zeréckbehalen, derzeit mat den aktuellen Impfstoffer an den aktuellen Omicron-Variante beim \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (5).mp3", "transcription": "maachen déi iwwer 50-Järeg 97,7% vun de Stierffäll aus.\nÄnlech Chiffere fanne mer, wa mer d'Intensivstatioun ginn.\nOch do ass eng ganz staark Iwwerrepresentatioun vun deenen iwwer 50-Järegen, och bei Omicron.\nAn dat ass natierlech eng wichteg Informatioun. Well dat heescht datt déi iwwer 50-Järeg, déi hunn de gréisste Risiko fir schwéier krank ze ginn, wann se sech infizéieren an dat war nach bei all Variant esou, och bei Omicron, an dat zanter Ufank vun der Pandemie.\nDir hutt - ech weess net, Dir gesitt jo och d'Schema - dat ass dee nächste Schema.\nVoilà. Do gesitt Dir e bëssen, wéi den Impfstatus ass.\nInsgesamt ass e besser bei deene méi eelere Persounen. Gottseidank, kann ech nëmme soen.\nDir gesitt och, datt vum Alter 25"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (50).mp3", "transcription": "Gesondheetssecteur.\nAwer: e klasseschen Impfschema - dat sinn 3 Dosissen - do ass een Deel vun der Immunitéit, deen ass jorelaang an natierlech wësse mir net - ech soen et ass eng Flicht preparéiert ze sinn vum \"Aspect social, sanitaire\" fir eng Well, déi méi uerg gëtt.\nNatierlech wësse mir net ob dat elo am September ass. Ech hoffen net.\nDat kann duerchaus sinn, datt do nach, wéi bis elo, Omicron-Varianten zouleeën. Omcron-Varianten an Omicron-Subvarianten - am Moment hu mer BA5, déi si jo net besonnesch geféierlech.\nOp der anerer Säit kënne mer jo net dovun ausgoen, datt dat d'Enn vun der Pandemie ass. Dat mer nëmmen nach Omicron -Varianten hunn.\nDat heescht fir eng Basis-Immunitéit z'erreechen, déi erreeche mir mat 3 Impfdosissen, bei deenen déi net"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (51).mp3", "transcription": "geimpft sinn an zu där vulnerabeler Altersgrupp gehéieren, dat ass d'Prioritéit an dat mécht elo Sënn. Dat mécht an 2 Méint Sënn. Dat mécht souwisou Sënn.\nJust nach d'Nofro, well ech virdru gefrot hat firwat et déi Verzögerung gouf am Avis ... \nJo, also am Prinzip Här Bumb, wat Dir uspriecht, dat sinn eis Aarbechtsbedingungen an natierlech gëtt et do och eng Relatiounen tëschent de Bedingungen ënnert deene mir un dësem Rapport geschafft hunn an engem gewëssen Delai, deen entstanen ass. Ech géing villäicht 2 Punkten ervirruffen. \nE Mol fir d'Éischt: Ech kann natierlech do e Mol fir mech schwätzen: Ech sinn Dokter am Spidol, ech hu Patienten.\nDir wësst den Dokter huet net eng 40-Stonnen-Woch.\nEch hu perséinlech warscheinlech - an ech weess et ganz sécher - 9 Weekender sacrifiéiert fir un dësem Rapport ze schaffen, vun Owender net ze \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (52).mp3", "transcription": "schwätzen, déi ech mir fräigehalen hunn heiansdo prophylaktesch, heiansdo datt ech se gebraucht hunn. \nDat heescht deen 1. Punkt ass: mir sinn net fräigestallt, ech schwätzen objiddefall fir eis 3, déi Doktere sinn, déi Experte sinn, wann et ëm d'Behandlung vun Infektiounskrankheeten geet. Dat ass deen 1. Punkt.\nDeen 2. Punkt, wann et ëm eis Aarbechtsbedingunge geet, ass datt kengerlee Remuneratioun virgesinn ass, d.h. mir hunn elo méintlaang geschafft.\nEt ass net virgesinn, datt mir och nëmmen een Cent kréien an ech denken dat ass wichteg als Informatioun.\nWell dat weist op 2 Saachen hin: Éischtens weist et drop hin, mat wéi wéineg Respekt Wëssenschaftler behandelt ginn, vun där hirem Avis eng ganz Natioun eigentlech ofhänkt.\nZweetens weist et dorop hin, wéi niddereg de Stellewäert vun akademescher Aarbecht an de Wäert \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (53).mp3", "transcription": "vun der akademescher Aarbecht ëmmer nach ass.\nDat ass fir mech vollkommen inakzeptabel.\nEch hunn dat Spill matgemaach well et am \"Intérêt général\" ass. Alles wat ech zanter 2 Joer maachen ass am \"Intérêt général\", ass bénévol.\nMee wann et elo ëm dëse Rapport geet a wann een dat an d'Verhältnis setzt, wéi Rapporte vun änlecher Tragweite, vun änlecher Gréisst unerkannt ginn a wéi déi Aarbecht unerkannt gëtt vun der Regierung, da muss een sech awer deck Froe stellen. Merci fir déi Fro.\nDat huet laang gedauert, well mir hunn op Donnéeë gewaart. Also wéi mir ugefaangen hunn, hate mir net vill Donnéeën iwwert den Omicron.\nEt waren nach net vill Studie publizéiert an duerno sinn se reegelméisseg erauskomm.\nEt war Israel fir d'Éischt an duerno vu Qatar an dunn hate mir vill méi Donnéeën, wéi laang déi Protektioun vun der Impfung hält, an dorop hu mir och gewaart. Op déi "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (54).mp3", "transcription": " Modeliséierungen hu mir och gewaart fir dee Rapport ze schreiwen.\nEch wëll spezifesch nach dorobber opbauend soen: et war esou, datt mir eng ganz Rëtsch vun Donnéeën natierlech gebraucht hunn, well mir musse jo awer hei en objektiven Avis ofleeën a mir hunn eis jo och déi Donnéeë missen detailléiert ukucken a fir un d'Donnéeën allgemeng am Bezuch op Lëtzebuerg elo och spezifesch ze kommen, dat huet natierlech seng Zäit gedauert, well et ass jo och kloer, datt all Land am Kontext vun der Pandemie e bëssen ënnerschiddlech ass. An all Land waren aner Mesuren. An all Land sinn deels aner Sous-Varianten ënnerwee, asw., asw.\nDat heescht et gëtt eng ganz Rei vu lännerspezifesche Facteuren, déi mer hu misse consideréieren a fir déi ze consideréieren, hu mir d'Donnéeë gebraucht an dat huet nun e Mol och eng Zäit gebraucht.\nDann zousätzlech dozou hu mir missten déi Modeller eben zum Beispill misse parametréieren an all Kéiers nei lafe loossen. Déi Modeller, déi elo \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (55).mp3", "transcription": "am Avis sinn, sinn net déi eenzeg déi mir natierlech gemaach hunn. Dat heescht et ass awer trotzdeem eng grouss Aarbecht, déi dohannert stoung.\nDéi Zäit gebraucht huet.\nAn den Dr. Schockmel huet dat ugeschwat: natierlech, mir hu jo aner Beruffer nach zousätzlech.\nJo, also ech menge wat Dir Iech kënnt virstellen, dat ass: wann elo eng nei Etüd erauskomm ass, déi mer da berécksiichtegt hunn, dat huet dann och erëm e bëssen Zäit gebraucht an da stelle mir op eemol fest, dass dat wat mer virun 3 Méint geschriwwen hunn, dass dat guer net méi aktuell ass.\nMir si wierklech hei an engem, wann Dir esou wëllt, an engem Séi vu Wellen, déi erop an erof ginn, wou ëmmer erëm nei Informatioune komm sinn a wa mir ons net dann just op dat beruffen, wat mer virun 3 Méint als Kenntnisstand haten, mee wa mer dat dann erëm updaten, dann hëlt dat och erëm Zäit an ech mengen do si mer an enger ... wann een da berécksiichtegt datt mer eben "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (56).mp3", "transcription": "eben dat och niewelaanscht maachen, da kënnt Dir Iech virstellen, dass dat méi laang dauert wéi villäicht jiddweree gehofft huet.\nEch wëll nach just op de Punkt vun den Etüden iwwert d'Transmissioun zeréckkommen, well dat ass wichteg, well dat betrëfft d'\"Obligation vaccinale\" vum Fleegepersonal.\nDo gëtt et keng Lëtzebuergesch Donnéeën. Déi Donnéeën, déi kann een nëmme just kréien am \"Contact tracing\" innerhalb vu Famillen.\nOk? Do gëtt et keng lëtzebuergesch Donnéeën. Do kënne mir eis just op Donnéeë vun der internationaler Literatur beruffen an do sinn Donnéeën vu 5 Länner mëttlerweil: Dänemark, Norwegen, eng amerikanesch Etüd, eng spuenesch an nach eng ... Ech weess et net méi. Dat ass déi Meta-Analys déi ech presentéiert hunn an déi ass eréischt Enn Abrëll, wann ech mech richteg erënneren, erauskomm.\nEt muss een och villäicht nach soen am Bezuch op den Timing. Deen heiten Avis war just "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (57).mp3", "transcription": "virun Nationalfeierdag souzesoe fäerdeg.\nMir hunn e puer Korrekture gemaach. Mee Stand vun haut ass amfong geholl d'Versioun vu just virun Nationalfeierdag.\nOk, hu mir nach aner Froen?\nPeter Feist vum Lëtzebuerger Land. Et ass scho vill beäntwert gi vun deem wat ech eigentlech nach am Kapp hat. Merci.\nWat mir nach opgefall ass - et ass een Detail: Dir hutt gesot am Ufank vun der Presentatioun, datt déi Referenzperiod fir den Omicron bis einschliesslech den 31. Mäerz gedauert huet. Firwat ass déi sou kuerz?\nDat wär eng Fro. An déi aner Fro déi ech hätt: ech hunn elo nach net d'Geleeënheet gehat de kompletten Rapport ze liesen, mee wann ech mech den Ament an d'Schong vun engem Politiker stellen, do géing ech mir awer gäre wënschen "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (58).mp3", "transcription": " een Ausbléck ze kréien wéi, wann een sou wëll, warscheinlech et dann ass, datt e Fall optrëtt deen Dir Delta nennt an Ärem Zenario, well mer jo iergendwéi an der Evolutiounsbiologie sinn an sech jo d'Fro ka stellen, wéi een Selektiounsvirdeel e Virus dann hätt, wann en d'Leit nees méi krank géif maachen, wéi Omicron.\nAlso wéi warscheinlech schlussendlech et ass, dass dann esou e schlëmme Fall antrëtt. Quitt datt een natierlech och ... \nAlso ech mengen deen 1. Punkt, deen Dir ugeschwat hutt, ass natierlech genau deen, dee mir virdrun diskutéiert hunn, nämlech: wa mir elo dat Eent fäerdeg hunn bis zum Enn Mäerz a mir hätten dat elo erëm eng Kéier geupdated, dann hätte mer erëm eng Kéier esou vill Zäit gebraucht fir dat ze maachen.\nMee dat wat do gesot ass, do ass et jo ëm eppes Grondsätzleches gaangen, wat an der Zäit vun Omicron passéiert ass: Wat \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (59).mp3", "transcription": "eigentlech eng Grondsazdebatt. Et gëtt déi, déi soen: elo gëtt de Coronavirus ëmmer nëmme méi sympathesch, dat bleift elo wéi et ass mat den Omicron-Varianten an de Subvarianten a Subvarianten a mir kënnen elo getrouscht eise Kapp a Rou leen a brauchen dann och keng Mesuren ze treffe fir eng schlëmm Well virzebereeden.\nDozou géing ech Folgendes soen: Wa mir kucke wat nei Varianten ubelaangt, wa mir mam Grippevirus vergläichen - beim Grippevirus hu mir eigentlech déi Mutatiounen sou an engem Rhythmus vu Joer zu Joer.\nWa mir elo de Coronovirus kucken, si mir bei all Dag.\nAll Dag kommen ëmmer nach nei Varianten, déi optrieden. Wann der kuckt, an Afrika do si maximal 20% vun der Bevëlkerung geimpft.\nWat ass elo d'Warscheinlechkeet \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (6).mp3", "transcription": "-29 Joer un, geet eigentlech et an d'Luucht, mat dem Prozentsaz vun deenen, déi geimpft sinn.\nAn da si mer bei ongeféier 80% am Schnëtt bei deenen iwwer 50, woubäi ab 75-Joer, geet et nach eng Kéier e bëssen an d'Luucht.\nDat heescht 80% - do feelen am Schnëtt 20% a wat mer unhand vun deene Chifferen, déi mer kritt hunn konnten erausfannen, ass: do sinn 30.000 Leit iwwer 50, déi nach guer net geimpft sinn.\nAlso sinn dat ca. 20.000, déi net vollstänneg geimpft sinn.\nAn dat ass natierlech schonn eppes wat eng wichteg Informatioun ass.\nVoilà. Mir sinn elo um nächste Slide.\nMir hunn e bësse gekuckt wat d'Impfquoten elo ubelaangt bei deenen déi a verschiddene Secteure schaffen. Also hei hu mer CIPA\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (60).mp3", "transcription": "erëm op Är Fro zeréck - datt mir nach eng Kéier eng Well wéi Delta kréien?\nAlso eng Saach ass richteg: dat heescht, wa verschidde Varianten zirkuléieren, ass ëmmer déi Variant am Virdeel, déi am iwwerdrobarsten ass. Well éier déi aner Varianten accrochéiere kommen, huet déi dote Variant sech schonn ausgebreet an all Persoun, déi sech infizéiert, infizéiert dann och eng aner Persoun.\nDat heescht dat ass tatsächlech en Drock, dee besteet fir dat eng Variant erfollegräich ass.\nEn aneren Drock, dee besteet, ass: mëttlerweil si mir net méi am Joer 2020. Mëttlerweil ass an eiser Populatioun eng gewëssen Immunitéit duerch d'Impfung an och duerch d'Infektioun.\nA wann also eng nei Variant wëll erfollegräich sinn, da muss se der Immunitéit bis zu engem gewëssene Grad kënnen entgoen, zumindest wat d'Infektioun ubelaangt. Mir wësse jo, datt wann et ëm schwéiere Verlaf\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (61).mp3", "transcription": "geet, d'Impfstoffer nach ëmmer ganz effikass sinn.\nDat heescht, wa mir elo kucke fir méi iwwerdrobar ze sinn, an dem Drock z'entgoen, bzw. der Noutwendegkeet fir genetesch enger gewëssener Immunitéit z'entgoen, da si mer bei enger Protein. Dat ass de Spike-Protein.\nDat ass haaptsächlech um Niveau vum Spike-Protein, op der Surface vum Virus. Mir hu jo ëmmer gesot, wéi e Bigoudi, deen e bëssen erausstécht.\nDee brauch de Virus fir eng Zäit z'infizéieren.\nDo sinn déi Contrainten an déi Contraintë sinn eben d'Variant muss iwwerdrobar sinn an se muss och der Immunitéit, déi existéiert, kënnen entwutschen, souzesoen.\nWat awer elo d'Virulenz ubelaangt, datt eng Variant geféierlech ass, datt Leit méi krank, méi schwéier krank erëm ginn, do sinn nach ganz aner Proteinnen am Spill. Dat ass net nëmmen d'Spike-Proteinnen. Ech mengen \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (62).mp3", "transcription": "de Virus huet e ganze Set vun Proteinnen an do sinn der ganz vill dobäi, déi e groussen Afloss op d'Virulenz hunn.\nDat heescht, fir sou eng Delta-Well ze produzéieren, muss de Virus eigentlech 2 Konditiounen erfëllen. Éischtens, wat säi Spike-Protein ubelaangt, muss en ganz liicht iwwerdrobar sinn a gewëssen Mutatiounen hunn, sou datt en der Immunitéit, déi besteet, entgeet an 2. muss en aner Eegenschaften hunn an déi sinn oft reflektéiert bei anere Proteinnen, net onbedéngt bei am Spike-Protein, déi e méi geféierlech maachen.\nAn dat ass Eppes, wat zumindest wat de Repertoire vum Virus ubelaangt duerchaus méiglech ass, jidderzäit ka passéieren. Hu mir eng Garantie datt et passéiert? Nee.\nKënnen mir elo soen: \"mir leen d'Hänn an de Schouss. Loossen et drop ukommen\"? \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (63).mp3", "transcription": "Nee.\nEch denken ... Ech si jo gläich fäerdeg. Ech denken, et ass awer eng extrem wichteg Fro. Et ass eng prinzipiell Fro.\nEch soen och mäi Saz nach fäerdeg, iwwregens.\nWoubäi ech elo Schwieregkeeten hunn. Ech wier scho fäerdeg, wann ech elo net ënnerbrach gi wier.\nMee et ass natierlech esou, datt een et net drop ukomme ka loossen, wann een déi politesch Verantwortung huet, sondern datt een an der Flicht ass, eng Well virzebereeden, déi erëm méi uerg ass.\nOb déi da kënnt oder net kënnt, wéini se kënnt, ass niewesächlech.\nAlso ech wëll just nach ganz schnell, Här Feist, dorobber ... och Merci fir déi Fro.\nMir hunn natierlech mat de féierenden Evolutiounsbiologen an der Welt och heiriwwer geschwat.\nMir hunn mat hinnen eng ganz Rëtsch vun Entretienen gehat fir ze wëssen, effektiv, wéi et ausgesäit a wéi räsonabel et wier fir vun engem Delta-Zenario kënnen auszegoen an den Haaptpunkt \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (64).mp3", "transcription": "hei ass, zousätzlech zu deem wat den Dokter Schockmel do schonn erkläert huet, ass eben, datt de Virus säit Ufank datt mer wëssen, datt en amfong geholl deen \"Trade off\", deen existéiert tëschent Virulenz an Transmissibilitéit, datt en deen amfong geholl aushiewelt zu engem gewëssene Sënn. Mir hunn eng immens laang Inkubatiounszäit, vill Transmissioun geet iwwer asymptomatesch Fäll, etc. an dat féiert dozou, datt mir net kënnen déi Kopplung maachen, datt en zousätzlechen Avantage, Fitness-Avantage am Bezuch op d'Transmissibilitéit, datt dat dozou féiert, datt e manner virulent gëtt. Dat ass einfach elo hei net dovunner auszegoen an deementspriechend dass et eben effektiv méiglech datt den Virus u Virulenz erëm eng Kéier géif zouhuelen.\nAn dat wier dann an dem Kontext vun engem Delta-like-Zenario, wou et awer och sou ass, z.B. mat Delta, datt d'\"Effectivité vaccinale\" méi héich ass, wou et awer och erëm eng Kéier mat den adaptéierte Vaccinen am Bezuch z.B. op eng Omicron-like-Variant, datt dat och natierlech e "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (65).mp3", "transcription": "Facteur ass, deen een a Consideratioun muss zéien. \nDat heescht wann elo am Hierscht en adaptéierte Vaccin do wier, deen erëm eng Kéier vill méi effektiv am Bezuch och op Omicron ass, dann ass et esou, dat een awer trotzdeem en Delta-like-Zenario ganz sécher kéint hunn.\nEch mengen et ass opjiddefalls wichteg fir et an engem Saz ze soen, dass den Omicron méi transmissibel ass an dass en manner gutt erkannt gëtt vum Vaccin, d.h. deen huet ganz eendeiteg en \"Fitness-Virdeel\".\nAlso ech hat guer net wëlles een akademeschen Discours auszeléisen. Ech hat mech gefrot ob an deem komplette Rapport Eppes steet an déi Richtung, wat villäicht d'Politik Entscheedungshëllef kéint ginn an dëser Richtung fir z'evitéieren, dass dës Fro ze vill politesch gëtt.\nNee, ech mengen, dass en do eng ganz Rei Hiweis gi wat fir d'Entscheedungsfannung wichteg ass\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (66).mp3", "transcription": "Mir musse kucken: et ass e neie Virus. Mir hunn no an no bäigeléiert.\nVirdrun hu mir geléiert, et kritt een dat nëmmen eng Kéier an duerno ass een immun. Dat ass net wouer. Et kann een e puer Mol kréien.\nAn dann hu mer gekuckt, déi Leit, déi geimpft sinn, déi kënnen de Virus och nach e Mol kréien. Dat hu mir alles mat der Zäit geléiert.\nAlso dat wousste mir net am Ufank. Datt een awer de Virus kréie kann, och wann ee geimpft ass an dat sinn alles nei Saachen, déi ëmmer kommen.\nOk, hu mir nach weider Froen?\nMoien, Annette Welsch vum Wort.\nDir hutt den Omicron-Impfstoff ugeschwat. Deen ass jo an der Entwécklung. Wéini rechent Dir domat, dass dee kënnt?\nAn soll deen da mat der 4. Impfung eventuell do drop waarden?\nAlso fir de Moment ass den Impfstoff vu Pfizer amgaang, awer den Impfstoff vu Pfizer ass nach mam B1 a B2 gemaach.\nAlso mir wëssen nach net ob dat\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (67).mp3", "transcription": "wierklech e Schutz géint de B4 an de B5 ass.\nAwer déi sinn amgaang dat ze produzéieren a mir hunn geschwënn een Treffen iwwert de neie Vaccin.\nAwer dee kréie mir net viru September, denken ech.\nD'Informatioun oder den Impfstoff?\nDen Impfstoff.\nDat wier scho gutt, wann ...\nWéi vill mir kréien, datt wësse mir och nach net.\nEch mengen mir hätte besser unzefänken an dann soubal wéi en do ass op deen iwwer ze sprangen, wéi eis ze soen \"mir waarden bis e kënnt\" an herno ass et November an en ass nach net do.\nJo. \nJo, dat ass och meng Meenung.\nEch wollt nach ee Punkt maachen.\nA verschiddene Slides kënnt et eriwwer, wéi wann d'Frontalieren sech net géingen impfen loossen, dat ass awer ze nuancéieren, well mir d'Informatiounen net hunn, wéi gutt d'Frontaliere geimpft sinn "} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (68).mp3", "transcription": "an et gëtt un sech kee Grond, dass se manner gutt geimpft wieren, wéi déi aner Leit an deene Länner aus deenen se kommen an da si mir net esou wäit ewech vun deem wat mir hei hunn.\nWa mir bei eisen Infirmièrë gekuckt hunn, déi Grenzgänger sinn, an probéieren een \"Taux de vaccination\" erauszefannen, da sinn déi ongeféier d'selwecht wéi eisen Infirmièren hiren.\nDo wou warscheinlech e relativ groussen Ënnerscheed ka sinn, dat ass méi d'Sous-traitanten an Logistikspersonal. Dat heescht, déi déi Maintenance-Aarbechte maachen, déi an der Kiche schaffen, asw. well déi kënnen sech net zu Lëtzebuerg impfe loossen a mir wëssen net, wéi gutt dass déi am Ausland geimpft gi sinn.\nMee bon, wéi gesot, mir sollen d'Frontalieren elo net stigmatiséieren.\nD'Remark elo vum Dr. Arendt huet sech dann elo op d'Spideeler bezunn.\nWat mir virdrun och matdiskutéiert hunn, dat sinn natierlech d'Fleegeheimer, d'Altersheimer, wou mir jo och wëssen \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (69).mp3", "transcription": "wat passéiert ass schonn am leschte Wanter.\nWat mir elo net spezifesch presentéiert hunn, dat sinn déi, déi am Secteur ausserhalb vun den Residenzen, Altersheemer, Fleegeheemer - ech denken z.B. un d'ambulant Fleeg Doheem, dat hu mir net ausgeféiert.\nDat do war eng Bemierkung bezunn op d'Erfarung am CHL. Dat heescht an enger spezifescher Klinick.\nAlso ech menge wat ganz kloer ass, dass mer ...\nDat war eng Bemierkung, déi déi ganz Populatioun betrëfft.\n... eng Flicht hunn fir dass een den Impfstatus reveléiert. Ech mengen dat brauche mer, egal wéi.\nEntschëllegt. Meng Bemierkung, déi betrëfft net nëmmen d'Fleegepersonal. Och wann an den Diaen nëmmen vum Fleegepersonal geschwat ginn ass. \nDéi betrëfft all Domainer, wou mir net wëssen, wéi gutt dass d'Frontaliere geimpft sinn. \nMee wéi de Claude Müller jo gesot huet, net ze wëssen ass e Risiko.\nDat heescht wéi kann ee korrekt de Risiko geréieren, wann ee guer net wierklech weess \"wien ass geimpft a wien ass net geimpft\" an dat ass\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (7).mp3", "transcription": " Altersheimer an esou.\nInteressant fir Iech ass do déi lescht Kolonn - 3 Dosen.\nDo gesitt der d'Pensionnairen. Wat do den Taux ass. 94,4% an da gesitt der d'Personal, déi do schaffen.\nA wat natierlech hei opfälleg ass, dat ass e ganz groussen Ënnerscheed tëschent de Residanten, déi an deenen Haiser schaffen, an de Frontalieren.\nDéi Donnéeë sinn déi, déi mir kritt hunn vun der Sécurité sociale.\nBon, villäicht sinn se och net 100%, mee wann een awer gesäit, datt bei de Frontalieren an deene Secteuren, wou déi héchst-vulnerabelst Patiente betagt a fleegebedierfteg sinn nëmmen 31,5% geimpft sinn. Da gëtt dat engem trotzdeem ze denken.\nSinn ech beim richtege Slide? Ah do waren e Mol eng Kéier 2 Slides. Mir hunn eis elo beschränkt op CIPA. Ass dat korrekt?\n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (70).mp3", "transcription": "Bon, ech soen Iech gudde Moien an ech si frou, dass esou e groussen Interêt un deem ass, wat mir elo ausgeschafft hunn.\nDen Avis.\nWou jo och scho méi laang drop gewaart gëtt.\nMir si 6 Méint no deem 1. Avis. Dat hei ass een \"Avis complémentaire\" an deen huet d'Regierung an Optrag ginn, well se der Meenung war, dass sech an deene 6 Méint zimmlech vill verännert huet an dat ass och effektiv de Fall.\nDee leschte Rapport ass nach ënnert dem Androck vum Delta geschriwwe ginn an an der Tëschenzäit hu mer jo d'Auswierkungen a mir kennen den Omicron.\nWat wierklech e Paradigmewiessel war, kéint ee salopp soen, et war souguer och villäicht eng \n"} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (8).mp3", "transcription": "dat ass richteg."} +{"file_name": "mp3_files/COVID-19 Presentatioun vum zousätzlechen Avis iwwert dImpfflicht (9).mp3", "transcription": "en soins intensifs\", mee dat ass d'\"Décès\". Et deet mer Leed, deen ass ganz zum Schluss nach do eragerutscht. Dat heescht dee lénken Deel vun der Dia betrëfft d'\"Efficacité vaccinale\" géint d'Hospitalisatiounen op Intensivstatioun an dee rietsen Deel, dee betrëfft d'\"Efficacité vaccinale\" géint Stierffäll bei iwwer 50-järegen an de Faarwecode \"Rout\" ass all Patienten, déi ganz Period. \"Gréng\" ass d'Delta-Period an \"Blo\" ass d'Omicron-Period.\nA wann der Iech elo e Mol op dee rietsen Deel konzentréiert, op d'Essaien, da gesitt der mat 2 Dosen ass d'\"Efficacité vaccinale\" géint Omicron net méi ganz gutt. Par contre mam Booster, mat der 3. Dosis, geet d'Efficacité vaccinale géint Stierffäll bei iwwer 50-Järegen nees erop op iwwer 90%.\n"} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (1).mp3", "transcription": "elo näischt grondleeënd aneschters.\nMir haten d'Selbsttester och scho bis elo an der Schoul. Déi sinn zertifiéiert ginn. De ganzen informatesche System, dee leeft elo. Ech wëll awer och nach eng Kéier soen datt d'Stäerkt eigentlech vun deem leschte Joer war eis Upassungsfäegkeet an dat war Erausfuerderung fir ganz vill Enseignanten, grad ewéi fir d'Schüler, wéi fir d'Elteren, fir jiddereen, deen eigentlech domadder concernéiert war. Dat ass wouer. A mir kënnen net ausschléissen elo, dat och an de nächste Wochen an an de nächste Méint nach eng Kéier nei Momenter komme wou mer dann och mussen Decisiounen huelen an dofir war et wichteg, datt mer an deem adaptéierte Stufeplang och nach eng Kéier drop hiweisen op déi Méiglechkeeten, déi mer hunn an dat geet vun enger genereller Maskeflicht, déi mer awer villäicht nach eng Kéier mussen aféieren oder punktuell op gewëssene Plazen, well do d'Prevalenz einfach méi héich ass.\nBis hin zu deelweisen Homeschooling, den \"Apprentissage en alternance\", wéi mer en op den ieweschte Klassen haten.\nMir haten Eppes wou mer am Detail preparéiert haten, wou och elo nach ëmmer am Tirang läit, dat ass "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (10).mp3", "transcription": "Dëse Schrëtt a Richtung vun der Normalitéit, dee gi mer an deems mer gläichzäiteg awer d'Unzuel vun de Schnelltester, déi mer an der Schoul maachen upassen, jo, och no uewen upassen.\nAn der Grondschoul ass et esou, do hate mer bis elo 1 Schnelltest, deen an der Woch an der Schoul gemaach ginn ass an ee weideren hu mer nach mat Heem ginn.\nMir maachen der an Zukunft 2 systematesch an der Schoul pro Woch.\nAn am Enseignement secondaire, \ndo ass et esou, datt 1 Mol d'Woch an der Schoul wäert getest ginn an och 1 Schnelltest wäert mat Heem gi ginn.\nDéi Tester si fräiwëlleg an dat wëlle mer och se fräiwëlleg bäibehalen.\nOch well mer domadder gutt Erfarungen haten. Iwwer 90% vun den Elteren hunn eis iwwert sämtlech Ordre d'enseignement ewech d'Autorisatioun ginn fir hir Kanner ze testen an der Schoul.\nD'Kanner am Fondamental, déi Jonk am Lycée"} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (11).mp3", "transcription": "d'Kanner am Kompetenzzentrum - iwwer 90% sinn domadder och all Woch an der Schoul getest ginn. Dat ass eng grouss Akzeptanz an ech denken datt mer dorobber sollten opbauen.\nDéi fräiwëlleg Akzeptanz vun den Tester nach villäicht weider ze stäerken an net onbedéngt op eng Obligatioun mussen iwwer ze goen.\nSou wéi bei de Masken, wou et jo sou ass, datt wann de Virus present ass, dann ass d'Mask och erëm méi present, ass et awer och beim testen. Do wou de Virus present ass, sinn d'Tester nach e Mol méi present, wéi am alldeegleche Schoulbetrib.\nNämlech sou bal de Virus present ass, dann hu mer schonn e klenge Paradigmewiessel hei agebaut fir déi nächst Rentrée an dat ass eigentlech déi gréissten Ännerung, déi mer vum System hier proposéieren, nämlech dann, wann de Virus present ass an der Klass, wäert den Unterrecht ënnert de Bedingunge vum 3G stattfannen, esou ... e bëssen esou, wéi mer et "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (12).mp3", "transcription": "fir een Dag oder villäicht wéi an enger Quarantän fir eng Woch géif Heem geschéckt ginn, nee, e géif Woch fir Woch Heem geschéckt ginn, bis en dann entweder sech awer impfen oder teste gelooss hätt oder soulaang, d'Situatioun déi selwecht nach ëmmer wär an do fäerten ech datt de Schülerinnen a Schüler hirer \"Obligation scolaire\" net méi kënnen nokommen, net méi duerfen nokommen an dat mir deem Recht op Bildung, dat d'Kanner an déi Jonk hei zu Lëtzebuerg awer Verfassungsméisseg och, wat hinnen zousteet, datt mer deem net kënnen nokommen an et géif jo och nëmme Sënn maachen, wann de selwechte System och fir all aner Kanner- a Jugendaktivitéite géife gëllen.\nEt géif jo kee Sënn maachen, e Kand, e Schüler Moies virun der Schoul ëmzedréinen, well en de Bestëmmunge vum CovidCheck net géif entspriechen an dat dann awer Mëttes an aneren Aktivitéite guer net méi ze kucken an do kéint en dann awer higoen. Dat denken ech géif och kee verstoen an doriwwer eraus hu mer "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (13).mp3", "transcription": "ierklech contraignant Moossnamen zu Lëtzebuerg awer probéiert sou wäit wéi et geet z'evitéieren. Et gëtt e puer Plazen, wou dann och eng Testflicht mëttlerweil besteet, wann ech als Visiteur an en Altersheim ginn oder och an d'Spidol ginn, muss ech dat maache mat guddem Grond, well do jo awer eng Usammlung vu wierklech vulnerabele Leit ... vu vulnerabele Mënschen ass.\nAn der Schoul ass dat awer net de Fall. Dofir hu mer eis eben net fir e generellen CovidCheck-Modell fir d'Schoul decidéiert, mee d'Iddi vum CovidCheck kënnt dann zur Applikatioun, wann de Virus present ass an an deene Klassen ass et dann entweder datt ech muss geimpft sinn oder mech all 48 Stonne muss teste loossen oder geheelt sinn fir dann och kënnen normal weider ze funktionéieren. Normalitéit heescht eben hei, datt d'Schoul, an der Grondschoul, am Lycée, och an de Maison-relaise ka weider funktionéieren, grad ewéi an den Kompetenzzenteren. Normalitéit heescht, datt d'Beruffsliewe "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (14).mp3", "transcription": "Ee Wuert ... zur Manéier, wéi mer wieder d'Gestioun wëllen ugoen vun de Schoulen a vum Covid. Déi gemeinsam Strukturen, déi mer am Laf vum leschte Joer geschaf hunn, Santé an Éducatioun, wäerte voll bestoe bleiwen.\nAn och do ass d'Zeechen op Kontinuitéit gestallt. De \"Groupe de pilotage Covid-19 an Éducatioun\" wäert wëchentlech a wann et muss sinn, wann d'Situatioun et erfuerdert, deeglech d'Verbreedung vum Virus analyséieren an der Politik Recommandatiounen ënnerbreeden dorobber ze reagéieren. Ech denken dat eis Reaktivitéit, datt eis Flexibilitéit, e wichtegen Trumpf am Ärmel am Kampf géint de Virus an de Schoulen an an de Betreiungsstrukture war an déi musse mer onbedéngt bäibehalen an dofir brauche mer e permanenten Austausch, eng permanent Analys an och eng Reaktivitéit do hannendrun.\nMir kënnen zu all Zäitpunkt och nees punktuell oder generell zeréck op Moossname kommen, wéi ech virdru gesot hunn, déi mer aus dem leschte Schouljoer kannt hunn. Mir wënschen "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (15).mp3", "transcription": " eis se net alleguer zeréck, mee wann noutwenneg wär, géife mer och déi Decisiounen do huelen an zesummen och mat der Santé wäerte mer kucken, d'Schüler, d'Enseignanten, d'Elteren, och iwwert d'Impfungen opzeklären an eben och punktuell dann d'Méiglechkeet ze ginn an der Schoul sech impfen ze loossen, wuelverstanen, dann nëmmen, wann d'Elteren D'Accord sinn, kënnen och Kanner an der Schoul geimpft ginn.\nE weidere Schrëtt Richtung Normalitéit gëtt et och an aneren Aktivitéiten an an ausserschouleschen Aktivitéiten. Kolonie wäerte mer nees erlaben.\nDo ënnert dem CovidCheck-Regimm hu mer gutt Erfarungen iwwert de Summer gemaach a wëlle mer och de Schoulklassen nees erlaben.\nDo wou Pausen nach versat waren, wou Pausen net ... wou d'ganz Schoul net konnt mateneen an d'Paus goen, wou d'Mëttegstonne versat waren, och dat muss net onbedéngt esou bleiwen, kann also och erëm normaliséiert ginn.\nAn de Maison-relaisen hunn ech gesot, wäert de Mask eréischt ab enger Gruppegréisst vun "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (16).mp3", "transcription": "Weiderhin ass et datt mer eben d'Schoulen an d'Kanner an déi Jonk musse kucken, datt si net déi sinn, déi d'Verbreedung vum Covid-19 besonnesch staark weiderdreiwen, datt mer eben do déi Verbreedung iwwert d'Schoulen, bei de Kanner a bei deene Jonke limitéiert kréien.\nManner fir déi Jonk selwer ze schützen, méi nach ëmmer fir aner Mënschen ze schützen, sou datt deen Effort, weiderhi vun deene Jonken an och vun de Schoulen an deenen aneren Institutioune gemaach gëtt, e grousse Geste vu Solidaritéit och ass.\nWeiderhi wäerte mer awer och kucken, d'Schoule virun allem sou laang wéi méiglech op ze halen, well mer Normalitéit wëlle fir d'Schoulen, Normalitéit fir d'Kanner, Normalitéit fir déi Jonk.\nDobäi hu mer eben nei Instrumenter, déi mer par Rapport zur leschter Rentrée am September 2020 eben nach net haten. Impfunge schützen net nëmmen virun enger Infektioun an enger schwéierer "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (17).mp3", "transcription": "Jo, Merci. Gudde Mëtteg.\nE bësselche méi kuerz vu menger Säit. Ech géif gären ënnersträichen, dass mer de ganze Summer hei aktiv zesummegeschafft hunn fir der neier Situatioun déi den Hierscht op eis waart Rechnung ze droen.\nKanner sinn Deel vun eiser Gesellschaft an och wann mer eis géife wënschen, dass mer eng Klammer kéinte ronderëm se setzen an dëser Pandemie an hinnen d'Liewen sou normal gestalte wéi et nëmmen iergendwéi méiglech ass ausserhalb vun enger Pandemie, sou ass dat net méiglech. Dat ass eng Situatioun, wat e Wonschdenken ass. Mir mussen un eis Kanner denken. Et ass eng ganz grouss Erausfuerderung, hiert Recht op Bildung, hiert Grondrecht op Bildung z'assuréieren, hir Normalitéit oprecht ze halen an trotzdeem souwuel si selwer ze schützen am Kontext vun der Pandemie an awer och si als Vecteur vum Virus sou ze surveilléieren, dass mer dat Ganzt global am Grëff behalen.\nD'Situatioun fir dës Rentrée ass eng ganz aner, wéi se d'lescht Joer war.\nDat fuerdert vun eis alleguerten net nëmmen Ausdauer. Mir hunn eng laang Pandemie mat där mer ze dinn hunn, mee virun allem eng granz grouss "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (18).mp3", "transcription": "Flexibilitéit.\nEt ass net einfach gewiescht virauszegesinn, wéi een sech opstellt fir dës Rentrée, well mer vill Parameteren haten, déi wichteg sinn, déi ausschlaggebend sinn. Déi einfach nach net bekannt ware virun e puer Méint. Dee wichtegsten dovunner war de Progrès vun der Vaccinatioun.\nMir hunn eng Vaccinatiounscampagne lancéiert an déi determinéiert ganz staark wéi de Virus sech wäert rëmspigelen um Niveau vun eisem Gesondheetssystem ënner anerem an do si mer ganz frou fir kënne festzestellen, dass dat gutt gegraff huet zu Lëtzebuerg, wa mer grad elo am Enseignement kucken, gesi mer dass déi ... déi Leit, déi sech kënnen, déi d'Méiglechkeet hunn sech impfen ze loossen, och wierklech dovunner Gebrauch gemaach hunn.\nDat konnt een am Ufank net esou wëssen. Ech wollt och op alle Fall hei och vum Mikro profitéiere fir jiddwerengem Merci ze soen. E ganz héijen Taux dee mer hunn am Enseignement, dat ass e ganz wichtegen, determinante Schrëtt fir d'Schoule sécher ze kréien.\nEt ass eng Plaz wou vill Aktivitéit ass, wou ... et ass d'Häerz vum soziale Liewe fir eis jonk Leit an do "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (19).mp3", "transcription": "wäert dee Virus dréinen an do ass et natierlech extrem wichteg, dass sou vill wéi méiglech Leit geimpft sinn. Dat ass dee beschte Schutz, dee mer kënnen en Place hunn an donieft fir déi déi Méiglechkeet eben nach net hunn an dat sinn nun eben e Mol déi Jonk, och virun allem ënner 12 Joer, déi einfach d'Méiglechkeet nach guer net hunn, fir do da mat all méigleche Mesurë present ze sinn.\nMir wäerten eis Moyenen nach verstäerken elo fir d'Rentrée, mir hunn dat zesummen ausgeschafft fir wierklech par Rapport zu enger Variant, wou mer entretemps wëssen, dass e méi aggressiv ass an deem Sënn, dass en sech nach méi schnell weidergëtt, also och d'Kanner se weiderginn, fir do nach méi present ze sinn ebe ronderëm déi Leit, déi nach net geimpft sinn, mat enger verstäerktener Teststrategie.\nEt muss ee wëssen, dass Testen villäicht am grousse Sënn, wéi mer de Large Scale Testing kannt hunn bis elo net méi onbedéngt Sënn mécht well mer generell zu ganz vill geimpft sinn. Datt ass eng ganz aner Ausgangspositioun, mee et mécht awer ëm sou méi Sënn, do present ze sinn, wou d'Leit net geimpft sinn an dofir wierklech dës Optioun fir wierklech och an der Schoul bei "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (2).mp3", "transcription": "E schéinen, gudde Mëtteg, Dir Dammen an Dir Hären. D'Paulette Lenert an ech, mir begréissen Iech ganz häerzlech zu dëser Pressekonferenz. Eng Pressekonferenz, déi och mol erëm eng Kéier nees mat Spannung erwaart ginn ass, well eng Schoulrentrée virun der Dier steet.\nEng Schoulrentrée, wou mer nach e Mol eis mussen op e Neits preparéieren op déi sanitär Situatioun, op d'Covid-Situatioun a kucken, wéi mer d'Schoul sécher maachen, datt mer gutt geléiert kréien, wéi mer d'Schüler protegéieren, d'Enseignantë protegéieren a kucken, datt iwwer Schoulen de Virus net verbreet gëtt.\nNatierlech hu mer nach e Mol e Réckbléck geholl. E Réckbléck op dat leschte Schouljoer, wou mer eis de Motto verschriwwen hunn \"Minimal Chancë fir de Virus, Maximal Chancë fir d'Bildung\". Mir hunn probéiert e Maximum vu Presenzunterrecht ze erméiglechen a mir sinn eigentlech houfreg drop, datt mer entgéint anere Länner hei just eng, resp. 2 "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (20).mp3", "transcription": "deene Jonken 2 Mol d'Woch ze testen, dass mer sécher sinn, dass et gemaach ass. Dat ass ganz wichteg an et huet och deen agreabelen \"Side-effect\", dass d'Kanner dann och en zertifiéierten Test hunn, deen hinnen am normale Liewen, ausserhalb vun der Schoul dann och erlaabt do wou CovidCheck-Regimme si mat deem Certificat kënnen eran ze goen.\nDat ass eng gutt Saach. Dat evitéiert, dass nach mussen zousätzlech Tester op der Plaz gemaach ginn. Déi Tester si jo gülteg fir 48 Stonnen a wann mer dat schonn e Mol 2 Mol d'Woch en Place hunn, dann ass do schonn en groussen Deel vun der Woch mat ofgedeckt.\nDoriwwer eraus si mer natierlech och mat eiser Teststrategie, Dir hutt et héieren, grad ewéi dat bis elo de Fall war, direkt present mat de PCR-Tester.\nDat wäert weider bestoen. Mir wäerten eis ganz Efforten do oprecht hale fir de 6. Dag fir wann dat de Fall ass, fir den 6. Dag dann an d'Schoul PCR-Tester maachen ze goen a selbstverständlech och wann Clustere sinn, genau wéi och ausserhalb vun der Schoul, dat ass villäicht gëschter net richteg zum Ausdrock komm, wäerte mer nach ëmmer "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (21).mp3", "transcription": " mat gratis PCR-Tester och op der Plaz sinn. Mir hunn 7 mobil Ekippen iwwert de Laboratoire national de la santé, déi ganz aktiv ënnerwee sinn: engersäits an der Schoul, wou mer schonn eng laang Zesummenaarbecht op déi mer scho kënnen zeréckkucken. Déi wäert Oprecht erhale ginn.\nMee och ausserhalb vun der Schoul, wann iergendwou en Usaz ass wou mer an der Inspection sanitaire gesinn, dass de Virus weidergeet, da gi mir op d'Plaz an da gëtt och natierlech do preventiv fir Clusterpreventioun ze maachen nach ëmmer PCR-Tester gratis weider gemaach.\nDat si Standbeener vun eiser ... eiser ganz normaler Teststrategie, déi absolut guer net a Fro gestallt sinn zu dësem Zäitpunkt. D'selwecht och wann e Kand Symptomer hätt, wann et krank wär, och nach ëmmer hei an den Opruff, dat ass Eppes dat gëllt vun 1. Dag un an dat gëllt hei zu Lëtzebuerg och haut nach.\nMir hunn dat nach ni opgehalen. Wgl gitt bei den Dokter.\nDir kënnt Teleconsultatioun maachen, Dir kënnt och normal bei den Dokter goen, da gëtt et eng Ordonnance an da gëtt et och selbstverständlech e PCR-Test, deen vun de Krankekeess iwwerholl gëtt. Dat ass mëssverständlech gewiescht gëschter. Ech "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (22).mp3", "transcription": "Gefill huet e wär krank, deen sech krank spiert, dee soll bei den Dokter goen, dat ass déi beschte Preventioun, déi mer kënne maachen.\nMir kënnen nieft dem Impfen, wat mer kucke weiderzebréngen och an der Schoul. Ech kéint dat och ënnersträichen: Mir wäerten elo am Hierscht och nach méi enk zesummeschaffe fir ze kucke wéi mer d'Impfung och méi no bei d'Schoul kënne bréngen.\nMir si wärend der Vakanz op de Vakanzeplazen ënnerwee gewiescht. Mat der Rentrée wäert mer verstäerkt och kucken, wéi mer bei d'Betriber kënne goen, wéi mer bei d'Schoule kënne goen fir och do souwuel d'Informatioun, wéi d'Impfung selwer dann de Leit nozebréngen.\nMee donieft ass natierlech d'Testen ëmmer nach dat wat gëllt, dass mer kënnen déi déi Infizéiert si schnell identifizéieren.\nSchnell raus aus dem Verkéier huelen iwwer Quarantänen, isoléieren, fir dass et eben net weider geet. Et ass eng Course och weiderhin.\nSe ass nach net gewonnen, mee mir hunn alles an der Hand fir d.h. weider Impfen an opmierksam bleiwen, wierklech vigilant bleiwen, wann Eppes sech deet.\nMir wäerten eist maachen, och zesumme mat der Educatioun, fir wierklech "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (23).mp3", "transcription": "D'Lynn Cruchten fir RTL Telé. Ech wollt froen, wéi et mam Cycle 1 ass? Deen hutt der elo guer net ugeschwat. Wéi ass et do mat den Tester?\nJo, Merci fir deen Hiweis. Effektiv, e wichtegen Detail. Am Cycle 1 ass et esou, datt den ... d'Schülerinnen an d'Schüler jo net sech selwer kënnen testen an och d'Personal sécherlech och net iwwerall utiliéiert ass fir dat ze maachen. Dofir bleiwe mer do bei deem Regimm, am Cycle 1, et ass eng Ausnam, wéi mer et bis elo haten. D.h. an deem Zenario 1: wann een 1 positive Fall an der Klass hat, gëtt et eng \"Mise à l'écart\".\nD'Kanner kënne weider an d'Schoul kommen, ausser dee Positive selbstverständlech, a wäerten ebe méi isoléiert an der Schoul funktionéieren an dann ab dem 2. Fall ass et eng Quarantän, wéi bis elo.\nKënnen sech net teste loossen an der Schoul, mee mir brauchen awer och d'Resultat vun deenen Tester. Et geet net duer eben se just mat Heem ze ginn, wat elo de Fall ass, dat déi 2 Tester mat Heem gi ginn am Cycle 1, mee dorobber kënne mer eis net baséieren fir eng Ausnam "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (24).mp3", "transcription": "Bis elo ass et sou, datt mer nach weider déi Tester hunn, déi och virum Summer agesat goufen. Et ass awer och esou, datt eng Ausschreiwung gemaach ginn ass vun der Santé fir nei Tester ze bestellen. Laut mengen Informatiounen, ass dat een Typ, deen elo liicht aneschters ass, mee et sinn nach ëmmer Tester, déi duerch d'Nues ginn. Et ass net méi genau de selwechten Produit.\nMir wäerte probéieren dat esou opzedeelen, datt virun allem déi méi kleng Kanner bei deem Produit wäerte bleiwen, deen se ... deen se haten, well se dat kënnen an déi méi grouss an déi Jonk, dann op deen neie wäerten eriwwer wiesselen an ech denken, dat kenne mer alleguerten an déi Jonk, déi kennen et och mëttlerweil, well ee jo net nëmmen an der Schoul Schnelltester oder Selbsttester mécht, mee dat ass e gewëssen Automatismus ginn an et gehéiert zu eisem Liewen dozou, datt dat keng gréisser Ëmstänn wäerte sinn.\nDann déi lescht Fro: Dir hat gesot, d'peri- a parascolaire Aktivitéite kënnen nees stattfannen.\nDo war mer net ganz kloer, ass dat och dann reng ënnert CovidCheck oder ass dat wéi an der Maison relais, dass ab 10, eng Grupp vun 10 dann erëm "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (25).mp3", "transcription": "Wat d’sanitär Konzepter ubelaangt, ass et sécherlech net sou, datt do de Prinzip vun Autonomie ubelaangt, mee et fält net ënnert d'Schoulen, mee natierlech hunn se sech hir sanitär Reegelen och ginn, déi mat der Santé ofgeschwat sinn, déi awer och änlech sinn, wéi dat wat mer soss doruechter kennen.\nAn déi Informatiounen, déi ech d'lescht Woch annoncéiert hunn, wat den \"Taux de vaccination\" bei Schüler an bei Enseignanten ubelaangt, hunn ech vun de Servicer vun der Santé kritt an dofir ...\nJo, ech kann do e puer Wuert dozou soen. Effektiv, ganz präzis, contrairement zu anere Kategorien, wou et net méiglech ass sou präzis ze hunn, well mer eng kloer Datebank hunn. Mir kënnen d'Enseignantë relativ kloer uerdnen an der Datebank an da gëtt dat pseudonymiséiert an da kräize mer et mat der Datebank vun de Vaccinatiounen.\nFirwat kënne mer dee Chiffer sou kloer affirméieren? Well mer wierklech eng ganz verlässlech Datebank hunn. Wann ech elo d'Beispill huelen am Gesondheets- a Fleegesecteur, do ass dat vill, vill méi delikat, well an deem Secteur z.B. ganz vill Frontaliere jo sinn. E ganz grousse Prozentsaz, "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (26).mp3", "transcription": "wierklech e signifikative Prozentsaz och.\nMee mir hunn awer nëmmen Donnéeën 1. e Mol vun eisen Residanten hei an eisen Datebanken an doriwwer eraus sinn déi net onbedéngt esou ... Do hutt der honnerten Acteuren, déi dat aginn an dat ass net esou propper repertoriéiert. Dat hu gemierkt un sech och bei den Invitatiounen am Large Scale Testing. Dir hutt \"Catégories socio-professionnels\", déi einfach net esou réng si vun der Datebank hier, wéi z.B. déi vun den Enseignanten, well dat eng Source ass an déi sinn extrem propper an do wësse mer, dat ass komplett.\nA bei anere wësse mer pertinemment grad an deem grousse Secteur social ass dat ... oft si Saachen, déi ënnert engem falschen \"Mot clé\" repertoriéiert waren. Mir hunn dat gemierkt an deems mer z.B. vill Invitatiounen zeréckkritt hunn am Ufank.\nDo hu mer ganz vill missten drop schaffen. Do hu mer net déi Qualitéit un Datebank.\nBis dass do d'Fro gestallt ginn ass, ob een dat dann och esou fir all Kategorie ka kréien an dat ass leider net de Fall.\nDéi dote Professiounen si méi kloer dozou och dann.\nMee et bleift awer anonym, d.h. den ...\nAbsolut! Jo, dat ass "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (27).mp3", "transcription": " pseudonymiséiert. Dat ass konform natierlech zu den Dateschutzreglementer an ... Dat ass net dass een do d'Leit géif individuell mam Numm iergendwéi kräizen. Dat ass pseudonymiséiert, sou wéi dat \"selon les règles de l'art\" soll sinn.\n[Claude Meisch]\nEch wëll och do nach eng Kéier ënnersträichen, well ech déi Fro dacks gestallt kritt hunn an de leschten Deeg, ech weess net wéi een Enseignant geimpft ass a wien net geimpft ass an dat ass och gutt esou an dat intresséiert mech och net.\nWell déi Erklärung do ass awer och d'Äntwert op d'Fro vun de Maison-relaisen. Do ass et méi komplex wéi eben bei den Enseignanten. D'Enseignanten, déi an der Reegel 1 Patron hunn, ass d'Education nationale Dat ass ganz ënnerschiddlech an de Maison-Relaisen an dofir ass et och do méi schwiereg e präzise Prozentsaz kënnen z'affichéieren.\nAn do wëllt der awer dobäi bleiwen, vu dat dat awer och eng Populatioun ass, déi net vaccinéiert ass, déi Kanner ënner 12 Joer. Well der do am Fong geholl net elo d'Personal awer dozou bréngen ze mellen, ob se vaccinéiert sinn oder net?\nEch mengen net, datt ... ech scho guer net, mee och hir Patronen, net d'Méiglechkeet hunn, dat ze froen."} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (28).mp3", "transcription": "Mee dat kéint der awer änneren?\nEch denken, datt dat net denkbar ass, datt e Patron freet ob seng Beschäftegter vaccinéiert sinn oder net.\nEch mengen datt dat eng medezinesch Informatioun ass, wou net jiddereen Recht drop huet.\nAn do si mer am Beräich vun der Protektioun vu medezineschen Informatiounen oder vum Dateschutz am Allgemengen.\nAlso einfach ass dat net an dat sollte mer och hei respektéieren. Ech mengen och dat fir mech et wichteg war ze wëssen, datt d'Enseignanten sech an enger ganz grousser Majoritéit impfe gelooss an ech ginn dovunner aus, datt d'Verhale vun den Educatricen an Educateuren an de Maison-Relaisen net grondsätzlech aneschters ass.\nDat war fir mech eng wichteg Informatioun, déi ze hunn, wa mer d'Rentrée preparéieren a plangen.\nWell doduercher wäerte mer och Infektioune verhënneren, well einfach d'Infektioun net esou schnell wäert och iwwert déi Professionell weidergoen.\nAn datt mer weiderhin zesumme mat der Santé och kucken "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (29).mp3", "transcription": "z'informéieren, ze sensibiliséieren an et villäicht och heiansdo och z'erméiglechen sech an oder ronderëm d'Schoulen impfen ze loossen. Dat hu mer och fir den Hierscht um Programm.\nMee ech géing wierklech do warnen Informatioune beieneenzedroe wien geimpft ass a wien net geimpft ass, dat géif en Klima och ginn, dat der Saach guer net dinglech wär.\nEng Fro un d'Madamm Lenert: Am Secondaire gëtt et een Test an der Schoul an een an der Test, deen ee kann Doheem maachen. Wéi ass et do mat der Zertifizéierung? Deen vun Doheem kann ee jo net zertifiéieren.\nNee, ausser d'Leit ginn en anzwousch maach op eng Plaz, wou se en zertifiéiert kréien. Dann hunn se dat natierlech, mee am Prinzip ass dat net de Fall. Dat ass wann eng Populatioun, déi un sech och schonn eng Méiglechkeet huet fir sech impfen ze loossen.\nMir hunn un sech insistéiert och, elo am Moment mat deem Variant, dee zirkuléiert, fir déi 2 Mol d'Woch sécher ze stellen, do wou déi Kategorie u Leit sinn, déi einfach iwwerhaapt keen Zougang zu der Impfung hunn.\nDen Taux de Vaccination op der Uni, dat kënnt der net esou rausfannen, oder? Bei den Enseignanten op mannst."} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (3).mp3", "transcription": "Woche wierklech kompletten Homeschooling hu missen decidéieren.\nMir hunn och ganz fréi e Modell entwéckelt fir d'Quarantainen op e Minimum ze reduzéieren fir och do erëm eng Kéier d'Schülerinnen an d'Schüler sou laang wéi méiglech an der Schoul kënnen ze halen.\nMir haten héich sanitär Standarden, déi mer definéiert hunn an engem Stufeplang, dee mer ëmmer nees adaptéiert hunn an deen eis d'Piste ginn huet fir nei Decisiounen, noutwenneg Decisiounen ze huelen.\nMir hunn eng minutiéis alldeeglech Gestioun gemaach vun deene positive Fäll an a ronderëm d'Schoulen.\nJo, mir hunn eis mat Sujete befaasst, intensiv befaasst, déi eigentlech a kengem aneren Domaine um \"Ordre du jour\" stoungen, wéi z.B. dat reegelméissegt Lëften.\nMir haten awer och vun Ufank un ëmmer gesot, datt mer flexibel wëlle bleiwen, datt mer eis dem Virus wëllen upassen.\nE Virus, dee mer kennegeléiert hunn, dee mer haut nach net komplett kennen a wou mer net wëssen, wéi et wäert \n"} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (30).mp3", "transcription": "Ech kann Iech dat net esou ... Mir mussen dat eng Kéier kucken.\nJo, okay. Ech hunn awer nach eng aner Fro iwwert een anere Sujet. Eisen Informatiounen no, versicht de CHEM aus de Kontrakter vum Südspidol eraus ze kommen. Hutt der Kenntnis dovunner? An wéi ass d'Positioun eventuell vum Vetrieder am Conseil d'administration vum CHEM dozou?\nEch hu Kenntnis dovunner. Ech hunn och Muer Entrevuen dozou an ech huelen och duerno eréischt Stellung. Ech wäert Muer en detailléierte Briefing dozou kréien.\nAn mir sinn och an der Chamberkommissioun Muer de Moie fir eis doriwwer auszetauschen, sou dass dat haut net den Zäitpunkt ass fir Stellung ze huelen.\nMee dat bedeit awer, datt et zu Retarde kënnt an der Planificatioun, vu datt dat eben den Architektebüro och concernéiert? Misst do alles erëm frësch gemaach ginn oder ...?\nEch kann Iech den Detail net soen. Dat steet bei mir elo am Fong anschliessend un fir mech do am Detail anzeschaffen"} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (31).mp3", "transcription": "Also et ass ... Et ass kloer, datt kee Mannerjärege wäert geimpft ginn ouni den Accord vu sengen Elteren a wéi ech virdru gesot hunn, ass et fir mech ... an 2 Schrëtt muss dat geschéien. Fir d'Alleréischt nach eng Kéier informéieren, opklären, d'Méiglechkeet gi Froen ze stellen iwwert d'Impfung, och e Jonken huet Froen, oder seng Elteren hu Froen. Dat ass eng 1. Etapp an dann duerno géife mer och sämtlech Elteren uschreiwen, ob se D'Accord wären, souwäit hir Kanner net scho geimpft sinn, datt dat an der Schoul géif gemaach ginn an da géife mer kucke logistesch, vun eiser Säit aus, dat z'ënnerstëtzen.\nEt ass net d'Schoul déi impft. Do kommen awer erëm d'Gesondheetsinstanzen, déi da mat der Sprëtz kommen an d'Impfung virhuelen.\nDir hutt Recht. Et wäert sécherlech net esou si mam Bus wéi mer et am Moment kennen iwwert de Summer.\nMir schaffen dodrunner. Mir hunn een Aarbechtsgrupp lafe fir ze kucke wéi mer dat och an d'Schoul kënnen op eng praktesch Aart a Weis erabréngen. Mir wäerten dat \"le moment venu\" matdeelen. D'Etappe sinn elo fir d'Éischt effektiv informéieren, iwwerzeegen.\nEt ass eis grouss "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (32).mp3", "transcription": "David Marques fir de Quotidien.\nNach eng kleng Prezisiounsfro. Dir hutt jo erkläert, wéi der konnt erfaasse bei den Impfungen, wat d'Enseignanten ubelaangt. Bei de Schüler - wéi ass et do ofgelaf? Ass dat einfach mat den Alterskategorië gekuckt ginn? Kënnt der do villäicht nach eng Kéier Detailer ginn?\nJo, d'Schüler, déi erfaasse mer iwwert d'Alterskategorien.\nDéi 55% dat ass d'Alterskategorie 12 bis 18. A mir ginn dovunner aus, datt dat sech gr��isstendeels natierlech mat der Schülerschaft am Secondaire iwwerschneit.\nOkay. Gutt an dann de Minister Meisch nach eng Kéier d'Fro: wat sinn elo spezifesch Reegele wat d'Crèchen ubelaangt? Ass dat d'selwecht wéi an de Maison-Relaisen? Kënnt der do nach eng Kéier Explikatiounen zou ginn?\nWatgelift?\nAn de Crèchen, wat do d'Spillreegele sinn.\nAn de Crèchen ass et d'selwecht wéi de Maison-relaisen, d.h. dass de ganze Beräich \"Service éducation et accueil\", wou mer de Prinzip vum Mask hunn ab ... ab 10. Woubäi dat awer nëmmen dann déi Foyeren och betrëfft, déi natierlech Kanner iwwer 6 Joer hunn.\nAlso Crèchen, fir kleng Kanner, dat gëllt ... Do ass souwisou d'Office kee Mask.\nAn do wäerte mer virun allem och "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (33).mp3", "transcription": "Sinevic fir d'Tageblatt. Un den Här Meisch: Eng vun de grousse Kriticke vum leschte Joer war, war dass d'Schoulpersonal relativ kuerzfristeg misst op Ännerunge reagéieren, och mam Homeschooling. Wiesselunterrecht - gëtt et do scho preparéiert Zenarie fir dës Rentrée, wou un d'Schoulpersonal weiderginn ass, wat a wéi engem Fall geschitt? Ab wéi engem Undeel u Klassen aus der Schoul villäicht betraff sinn. Ginn et do konkret Pläng déi schonn ausgeschafft goufen?\nAlles dat wat ech Iech elo matgedeelt hunn ass och an dëse Minutten iwwert den Instanzewee vun de Schouldirektiounen un d'Enseignantë weidergaangen.\nWoubäi dat aller-, allermeescht an der Kontinuitéit och weiderleeft. Et kommen elo eng Rei vun Oplockerungen dobäi. Et kommen déi ... en anere Rhythmus vun den Tester dobäi.\nOch de Prinzip datt ebe bei engem Kontakt mat engem oder mat 2 Positiven, da kënnen 3 Tester an der Woch gemaach gi fir awer kënne weider mat deene Schüler an der Schoul ze ... ze funktionéieren. Dat ass nei. Dat wäerte mer an deenen nächsten Deeg nach e Mol erklären. Mee et ass awer "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (34).mp3", "transcription": "Sinevic fir d'Tageblatt. Un den Här Meisch: Eng vun de grousse Kriticke vum leschte Joer war, war dass d'Schoulpersonal relativ kuerzfristeg misst op Ännerunge reagéieren, och mam Homeschooling. Wiesselunterrecht - gëtt et do scho preparéiert Zenarie fir dës Rentrée, wou un d'Schoulpersonal weiderginn ass, wat a wéi engem Fall geschitt? Ab wéi engem Undeel u Klassen aus der Schoul villäicht betraff sinn. Ginn et do konkret Pläng déi schonn ausgeschafft goufen?\nAlles dat wat ech Iech elo matgedeelt hunn ass och an dëse Minutten iwwert den Instanzewee vun de Schouldirektiounen un d'Enseignantë weidergaangen.\nWoubäi dat aller-, allermeescht an der Kontinuitéit och weiderleeft. Et kommen elo eng Rei vun Oplockerungen dobäi. Et kommen déi ... en anere Rhythmus vun den Tester dobäi.\nOch de Prinzip datt ebe bei engem Kontakt mat engem oder mat 2 Positiven, da kënnen 3 Tester an der Woch gemaach gi fir awer kënne weider mat deene Schüler an der Schoul ze ... ze funktionéieren. Dat ass nei. Dat wäerte mer an deenen nächsten Deeg nach e Mol erklären. Mee et ass awer "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (4).mp3", "transcription": "Mir hunn eis och Zäit geholl iwwert de Summer elo bis Enn August an elo Ufank September fir wierklech nach e Mol d'Situatioun iwwert de Summer z'analyséiere fir méiglechst no un d'Rentrée ze komme fir och wierklech der sanitärer Situatioun vun der Rentrée vum 15. September esou no wéi méiglech ze kommen an ech mengen Dir wësst et alleguerten, datt an deene leschte Wochen nach e Mol dat eent an dat anert sech geännert huet wat déi sanitär Situatioun ubelaangt an dat war natierlech wichteg, dat mer dat och géifen consideréieren. D'Paulette Lenert huet, zesumme mam Premier, gëschter schonn a kann et och haut op der Pressekonferenz nach eng Kéier maachen, déi Situatioun beschriwwen an där mer momentan sinn.\nDéi ass awer och gezeechent duerch d'Impfungen. Duerch d'Impfungen vun de Schüler, vun den Enseignanten, vun den Elteren, vun de Geschwëster.\nEch war frou d'lescht Woch konnten och Iech matzedeelen, datt de 15. September 90% vun de Schülerinnen a Schüler tëschent 12 \n"} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (5).mp3", "transcription": "an 18 Joer e kompletten Impfschutz wäerten hunn.\nPardon, vun den Enseignanten e kompletten Impfschutz wäerten hunn an iwwer 50%, 55% op de 15. September e kompletten Impfschutz wäerte vun de Schülerinnen an de Schüler am Secondaire, also an der Alterskategorie 12-18 Joer.\nAn dat huet sécherlech en Impakt och an dat wäert sécherlech d'Verbreedung vum Virus an der Schoulcommunautéit och hëllefen ofbremsen.\nAn awer op där anerer Säit, musse mer och wëssen, dat déi Kanner ënner 12 Joer nach net kënne geimpft ginn.\nDatt et Fuerscher gëtt, déi och viraussoen, datt de Covid riskéiert eng Krankheet vun de Kanner an deene Jonken ze ginn, well déi eben keng Immunitéit nach hunn, sief et duerch Impfung oder well se eng Kéier positiv waren an och elo gesi mer jo an der Realitéit, datt d'Inzidenz bei deene jonken Alterskategorien dach awer däitlech geklommen ass.\nTrotzdeem gëtt et "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (6).mp3", "transcription": "och Grond fir e gewëssenen, jo e virsiichtegen Optimismus. Mir hunn nämlech 2 nei Méiglechkeeten par Rapport zu der leschter Schoulrentrée am September 2020, nämlech déi nei Instrumenter, déi méiglech maachen, de Covid nach op eng aner Manéier ze bekämpfen.\nDat eent, dat si Schnelltester, déi mer schonn am Laf vun de leschte Méint am leschte Schouljoer ganz massiv agesat hunn an dat anert ass awer och d'Impfung.\nDat gëtt eis nach e Mol eng ganz nei Form vu Sécherheet an et ass e grousse Schratt och a Richtung vun enger Normalitéit an de Schoulen, an de Betreiungsstrukturen, bei alle Kanner- a Jugendaktivitéiten an dofir ass de Message vun dëser Rentrée och ganz kloer: wa mer eis impfen an teste loossen, da kënne mer och gréisstendeels normal funktionéieren an eise Schoulen an an eise Betreiungsstrukturen. Dat gëllt fir eis alleguerten. Fir déi ganz Schoul\n"} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (7).mp3", "transcription": "3 Ziler hat ech mer eigentlech virgeholl, wat dat sanitäert Konzept vun dëser Rentrée ubelaangt.\nAn dat 1., dat ass dee Message, deen ech ëmmer nees kritt hunn, wann ech gefrot hunn wat stéiert dann am meeschten oder wat sollte mer da wierklech a Fro stellen an de President vun der nationaler Elterevertriedung huet et de Moien och nach e Mol ganz kloer widderholl an eis de selwechten Temoignage gemaach, datt dat op der Agenda bei jidderengem, bei de Schüler, bei den Elteren a bei den Enseignanten dach ganz uewe stoung: Nämlech datt mer Weeër solle sichen, datt mer de Mask och nees kéinten ausdoen.\nEn anere Punkt, datt ass deen, deen eis d'lescht Joer och scho guidéiert huet, nämlech datt mer sou mann wéi méiglech Kuere sollen ausfale loossen, sou vill wéi méiglech Kueren am Presenzunterrecht solle stattfanne loossen a selbstverständlech dat 3. Zil, dat ass de Schutz vun der ganzer Schoulcommunautéit fir och datt mer de Virus aus de Schoulen, aus de Betreiungsstrukturen eraushalen, sou gutt et dach "} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (8).mp3", "transcription": "Ech hunn an deene leschten Deeg, wéi ech dat ëmmer maache virun Ännerungen, wat dat sanitäert Konzept an de Schoulen ubelaangt, virun enger Rentrée och nach e Mol en intensiven Echange gehat mat allen Schoulpartner, mat den Direktiounen, mat de Gewerkschaften, mat den Elteren, an de Schülervetrieder an natierlech ginn d'Virstellungen an eenzele Punkten do auserneen an natierlech ass ëmmer fir ze kucken datt déi Mesuren, déi mer definéieren, datt déi och gréisstendeels gedroe ginn, verstane ginn, och wann se net ëmmer vu jidderengem dach sou matproposéiert goufen an dofir hu mer och dës Kéier nees misse kucken, Brécken ze bauen tëschent ganz ënnerschiddleche Virstellungen an ech denken datt dat eis awer hei och nach eng Kéier gelongen ass.\nMir haten an deene leschten Deeg a Wochen, wéi eigentlech souwisou ëmmer, och en permanenten Austausch mat de Gesondheetsinstanzen, souwuel um politeschen Niveau, um Ministère"} +{"file_name": "mp3_files/Livestream vum Pressebriefing mam Claude Meisch a Paulette Lenert (9).mp3", "transcription": "hunn natierlech hir sanitär Roll erfëllt, hunn déi pedagogesch Aarbecht awer ganz besonnesch och entravéiert a behënnert an dofir si mer frou, datt mer elo kënne generell dorobber verzichten.\nMee mir wëssen awer datt se weiderhin och e Mol noutwenneg wäerte sinn, nämlech dann, wann een e Kontakt mam Virus hat. Dann wann een e positive Fall an enger Klass hat, ass et ganz kloer, datt d'Maskeflicht erëm do ass fir déi Klass bis dann och 6 Deeg duerno jidderee getest ginn ass an hoffentlech negativ getest ginn ass.\nSou laang muss een en dann eréischt ... nees unhalen an dat heescht et gëtt keng generell Maskeflicht méi, wäerte mer manner Maske gesinn an de Schoulen, mee awer dann dee Moment, wann e positive Fall ass, da wäert awer jiddereen erëm seng Mask undinn an ech mengen, datt dat, wa mer d'Maske cibléiert asetzen, datt dat Sënn mécht, datt dat verstane "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (1).mp3", "transcription": "an ech packen Holz un, hu mir keng Nouvellë kritt vu blesséierte Leit, keng Nouvellë kritt vu Leit, déi gestuerwe wieren. Ech héieren, dass dat hei an der Nopeschregioun eng Situatioun ass, déi awer d’Realitéit ass an eis Gedanke ginn och un d’Affer, egal wou si wunnen, vun enger Catastrophe naturelle. Déi Leit, déi mir de Moie begéint hunn, mir hunn am Gronn ugefaangen,\nmir waren dono an der Fiels, mir waren zu Rouspert, mir waren zu Iechternach. Huet ee festgestallt, dass d’Situatioun op der enger Plaz bal näischt war an op anere Plazen am Fong alles war. Alles. Keller, net eleng, Haiser, déi wierklech ënner Waasser stoungen. Leit, déi alles verluer hunn. Leit, déi hir Souvenire verluer hunn. Leit, déi grousse materielle Schued erlieft hunn. An iwwerall huet een awer eng Solidaritéit gespiert. Eng Solidaritéit tëschent den Noperen. D'Leit"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (10).mp3", "transcription": "insgesamt eng iwwer 6.300 Telefonater beim 112 agaangen. An iwwer 1.200 Interventioune goufen et gëschter... goufe gemellt eben an de verschiddene Gemengen, wou se alleguerte gefuerdert si fir eben hei kënnen da lokal ze reagéieren an eben och kënnen do virzegoen. Eise leschten Informatioune sinn ongeféier eng 400 Leit relogéiert ginn, och an den ënnerschiddleche Gemengen. Hei si jo virun allem lo mol d’Gemengen en charge. Dee Moment wann d’Leit aus den Haiser eraus mussen, wann si net méi do kënne bleiwen oder och fir eben hei d’Virkéierungen ze treffen, sinn d'Gemengen en charge ebe fir d’Leit kënnen ze relogéieren an do sinn och eng ganz Rëtsch Gemengen, déi am Virfeld och lo Initiativë geholl hunn. Wann "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (11).mp3", "transcription": " d’Situatioun sech de Moment nach sollt zouspëtzen oder déi Leit, déi net bei Famill, bei Kolleegen ënner Daach kommen, dass si dee Moment vun der Gemeng d’Méiglechkeet kréien, op enger anerer Plaz z’iwwernuechten.\n\nEch hunn et virdru gesot, d’Situatioun ass sou wäit stabiliséiert mat enger gewëssener Virsiicht an do gëllt et weiderhi vigilant ze bleiwen, nach si mir net doduerch. An domat ass och d’nächst Stéchwuert vun der Cellule de crise. Dir wësst, dass mir do gëschter fir déi éischt Kéier an der Nuecht zesumme komm sinn, nodeems eben de Plan d’intervention d'urgence en cas d’intempéries declenchéiert gouf.\n\nDat ass jo de Katastropheplang vun der Regierung an dofir kënnt jo och d’Cellule de crise zesumme mat de verschiddenen Acteuren, staatlechen Entitéite fir dass mir eis kënnen eben en Iwwerbléck vun der Situatioun "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (12).mp3", "transcription": " d’Situatioun sech de Moment nach sollt zouspëtzen oder déi Leit, déi net bei Famill, bei Kolleegen ënner Daach kommen, dass si dee Moment vun der Gemeng d’Méiglechkeet kréien, op enger anerer Plaz z’iwwernuechten.\n\nEch hunn et virdru gesot, d’Situatioun ass sou wäit stabiliséiert mat enger gewëssener Virsiicht an do gëllt et weiderhi vigilant ze bleiwen, nach si mir net doduerch. An domat ass och d’nächst Stéchwuert vun der Cellule de crise. Dir wësst, dass mir do gëschter fir déi éischt Kéier an der Nuecht zesumme komm sinn, nodeems eben de Plan d’intervention d'urgence en cas d’intempéries declenchéiert gouf.\n\nDat ass jo de Katastropheplang vun der Regierung an dofir kënnt jo och d’Cellule de crise zesumme mat de verschiddenen Acteuren, staatlechen Entitéite fir dass mir eis kënnen eben en Iwwerbléck vun der Situatioun "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (13).mp3", "transcription": "Virdrunner ass scho vun den Aidë geschwat ginn, ech wëll dann hei spezifesch déi Aiden nach erwäne vun de Gemengen, well do och zu Recht sech lo eng Rëtsch Buergermeeschteschen a Buergermeeschter lo Gedanke maachen eben duerch de grousse Schued, deen se haaptsächlech u Gebaier hunn a wann d’Assurancen net opkommen, wéi dat soll weider goen.\n\nHei wëll ech och nach eng kéier garantéieren, sou wéi och d’Gemengen dat vum Intérieur kennen, dass mir natierlech och hei wäerten déi Subsiden ausbezuelen, sou wéi dat fir d’lescht lo nach beim Tornado 2019 gemaach ginn ass, dann awer och 2016 bei den Iwwerschwemmungen, wou och ganz vill Suen ausbezuelt gi sinn an et ass och evident an dëser Situatioun hei, de Gemenge kënnen dee Moment ënnert d’Äerm ze gräifen, wéi gesot alles wat lo d’Gebailechkeete betrëfft, déi de Gemenge gehéieren an och weider Infrastrukturen, déi ebe fir d’Allgemengheet sinn.\n\nErwäne "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (14).mp3", "transcription": "wëll ech och nach hei dann eng Remark vum Aarbechtsminister, wat nämlech och d’Gemenge betrëfft. Hien huet déi... den Aarbechtsminister Kersch huet déi bal 40 Initiatives sociales, also Cigl an och anerer, huet en opgefuerdert, och hei lo Léisungen ze fanne fir d’Gemengen. Dat heescht, wann déi interesséiert sinn, dass dee Moment déi Initiativen och kënnen de Gemengen hëllefen herno bei den Opraumaarbechten, well dat wäert lo déi nächsten Etapp sinn, déi usteet, wann d’Situatioun sech hei berouegt. Da geet et weider ebe mat den Opraumaarbechten, woumat ganz vill Gemenge wäerte beschäftegt sinn an dofir ass et och gutt, dass den Aarbechtsminister dëst Initiativ geholl huet an dëst wäert selbstverständlech och nach de Gemengen iwwer Circulaire matgedeelt ginn.\n\nA wann ech schonn dobäi sinn, huet e mir nach en zweete Message matginn, an zwar dass en och bereet ass, de Regime "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (15).mp3", "transcription": "vum Chômage technique intempéries z’applizéieren, dat heescht, dass Betriber ab der 17. Stonn, wou d’Leit net méi kënne schaffen, 80% vum Salaire indemniséiert kréien. An d’Leit an dem Fall Urecht op 80% ebe vum Salaire hunn, mee dass de Patron och däerf selbstverständlech méi bezuelen. Hee wäert och heizou nach eng kéier déi néideg Explikatioune ginn, mee fir och direkt hei nach eng kéier ze soen, dass mir déi ganz Ënnerstëtzung ginn an eben als Regierung wichteg ass elo op den Niveauen, wou mir direkt och kënnen hëllefen, direkt déi Hëllef kënnen ze ginn. Ech wëll och nach lo ofschléissen, profitéieren fir alleguerten deene Leit Merci ze soen, déi am Asaz sinn an och déi gutt Zesummenaarbecht, déi mir an der Cellule de crise hunn. Genau esou soll et funktionéieren, dass mir do kënne séier a pragmatesch reagéieren. Dat eben am Interêt vum Land an dofir e grousse Merci fir déi vill Fraen a Männer, déi säit "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (16).mp3", "transcription": "Bon, gudden Owend. Am Laf vum Dag vu gëschter, wéi d’Nouvelle lues a lues era komm sinn, haaptsächlech vu Meteolux, hu mir eis am Nomëtte concertéiert, konstant mam Service d’évaluation vum Waasserwirtschaftsamt mam Direkter vum CGDIS a mam Staatsminister an et huet sech do eraus gestallt, dass de Staatsminister gesot huet, an der doter Situatioun ass et wichteg, eng Krisenzell z’aktivéieren, déi lo zënter gëschter Owend zwee mol ënnert der Présidence vun der Madamm Inneminister zesumme komm ass, déi och haut den Owend nach eemol wäert zesumme komme, ganz einfach, well et wichteg war, sech scho vu gëschter Owend un en iwwerbléck iwwert d’Situatioun ze maachen, sou wéi se sech gestëllt huet, a well et wichteg war, fir d’Acteuren sou séier wéi méiglech op en Dësch ze kréien, déi Acteure wou mir natierlech wëssen, dass si an éischter Linn gefuerdert sinn an sou engem Zenario, awer och déi Acteuren, déi sech eventuell en cours de route "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (17).mp3", "transcription": "a sou engem Zenario mussen un der Krisegestioun bedeelegen. Et huet sech ganz séier eraus gestëllt, \ndass mir duerch déi Reenmassen, déi gëschter erof komm sinn, dass mir en duebele Probleem gesinn hunn. Dat eent ass de Probleem vun den Iwwerschwemmungen, Iwwerschwemmunge laanscht verschidde Flëss, besonnescht d’Uelzecht, d’Sauer, an do d’Ënnersauer, d’Our an awer och d’Mamer.\n\nWou mir gesinn hunn, dass mir iwwer d’Nuecht wäerte ganz vill Probleemer mat Iwwerschwemmunge kréien an doriwwer raus méi lokal Probleemer duerch d'Reenmassen, net do, wou mir onbedéngt Flëss hätten, mee eben do, wou d’Kanalisatioun de Reen net méi gepackt huet oder wou de Buedem schonn duerch de Reen vun den Deeg virdrun esou gesättegt war, dass d’Waasser einfach e Wee iwwert d’Iwwerfläch gesicht huet oder an d’Kellere vun de Leit oder op aner Plazen. D’Situatioun ass lo esou, an et ass och schonn ugedeit vum Här Staatsminister an der Madamm Inneminister, dass et sech berouegt, wa mir et vun der Reenfront aus kucken, da hu mir dat Gröbst "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (18).mp3", "transcription": "iwwerstanen. Mat der Situatioun, wéi se sech lo stellt, mir hunn an de leschte 24 Stonne 60 bis 80 Liter Waasser pro Meter Cube op verschidde Plazen am Land gehat, op verschidde Plaze souguer 100 Meter Cube Waasser, wat onheemlech vill ass. Et sinn nach Schaueren an der Nuecht méiglech, huet Meteolux eis gesot.\n\nWann déi Schaueren eriwwer sinn, da misste mir fir eng gréisser Zäit vum Reen op alle Fall verschount bleiwen. Mir hunn och mam Waasserwirtschaftsamt geschwat, wat dat da fir d’Flëss heescht an den nächste Stonnen. Op verschidde Flëss, dat si lo éischter déi méi kléng Flëss, do sinn d’Peegelen, mir hunn Zouleef vu verschiddene Flëss, do sinn d’Peegelen am gaangen ze falen, op anere Plaze sinn d’Peegele stabil, se sinn op engem héijen Niveau stabil, mee si wäerte am Laf vum Dag muer falen an och wann an der Nuecht nach déi eng oder aner Schauer wäert erofkommen, da wäert dat net zu enger neier Héichwaassersituatioun féieren. Et ka vläicht dozou féieren"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (19).mp3", "transcription": "dass de Peegel e puer Stonne méi spéit fält, mee mir sinn an dem Sënn an enger stabiller Situatioun, ech soen et awer nach ee mol, mir sinn an enger stabiller Situatioun mee natierlech op engem ganz héije Peegelstand, mir hunn op 7 – 8 Plazen am Land si mir op de Peegelstänn iwwert déi 100-järeg Peegelstänn eraus komm an dat ass mengen ech eppes du jamais vu an dat ënnersträicht eigentlech och d’Envergure vun der Situatioun, wéi se sech an de lëschte Stonnen duergestallt huet. Um Niveau vun dem elektresche Reseau war d’CREOS natierlech mat an der Krisenzell. Et ware keng gréisser Probleemer, allerdéngs ass et och do esou, dass mir eng Rei Mëttelspannungsposten hunn, déi am Moment net kënnen alimentéiert ginn einfach fir dem Risiko, fir der Gefor vun enger Elektrokutioun virzebeugen. Dat betrëfft besonnescht d’Regioun Iechternach, Born an d’Stad Lëtzebuerg. Dat sinn awer lokal Probleemer, déi sech stellen, déi sech a verschiddene Stroosse kënne stellen, dat ass net flächendeckend, mee fir der Gefor virzebeuge "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (2).mp3", "transcription": "déi eis zu Iechternach gesot hunn, ech gi bei Frënn schlofen, ech gi bei Famill schlofen, ech gi bei meng Kanner schlofen. D’Gemengen, déi sech och organiséiert hunn an ech wëll och de Gemenge-Responsabelen, déi mir gesinn hunn, e grousse Merci soe fir déi direkt Reaktivitéit, déi se och haten, wéi zum Beispill zu Rouspert, wou se am Bongert Installatiounen hunn fir dass d’Leit och kënnen do schlofen, wann si et net doheem kënne maachen. Zu Iechternach, wou si sech mat Hoteller organiséiert hunn, mat der Jugendherberg, dass och Lokalitéiten zur Verfügung sinn, fir dass d’Leit och et iwwert Nuechte kënne packen. Et ass grousse Schued do. Ech denke wierklech un all déi Leit, déi sou vill verluer hunn. Materielles, Souveniren, Saachen, déi een net ersat kritt. Et gëtt dat Materiellt, wat ee kafe kann an et gëtt dat, wat een net ersetze kann. An ech muss Iech soen, dass déi Leit, déi mir gesinn hunn, awer de Kapp net hänke gelooss hunn, d’Leit au contraire gesot hunn, et ass mir näischt geschitt, dat dote geet"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (20).mp3", "transcription": "kann déi Situatioun nach e puer Stonnen duerhalen, mee d’Creos ass och mat hiren Ekippen um Terrain an huet hir Ekippe verstäerkt, fir esou schnell wéi méiglech do kënne virun ze kommen. Ponts et chaussées sinn an der Krisenzell vertrueden, hu gekuckt fir iwwert d’Nuecht d’Autobunne fräi ze kréien, fir dass déi Axen nees haut ginn. Et sinn natierlech ganz vill Spärunge gewiescht, d’Chifferen hutt Dir haut héieren. Den nächste gréissere Souci, oder déi nächst gréisser Aarbechten, déi natierlech... Ponts et chaussées huet ofgesinn, dass d’Stroossen nees musse fräi gemaach ginn ass fir d’Brécken ze kontrolléieren, déi eventuell kënnen iwwerschwemmt gewiescht sinn, dat gesäit een elo, ënnerschwemmt gewiescht sinn, dat gesäit e lo no an no, wann d’Waasser zréck geet.\n\nMee dat ass e Probleem, dee mir schonn a viregte Situatiounen haten, dat dierf een net ënnerschätzen. D’Arméi ass am Stand-by, och e Member vun der Krisenzell zesumme mat der Polizei, si sinn... si hunn Sandsäck preparéiert, wann si gebraucht ginn, si hunn sech opgestallt, dass si, wann et néideg ass, do wou Leit relogéiert gi sinn, wann Iesse muss preparéiert gi fir dat ze maachen, si hunn eng "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (21).mp3", "transcription": "Jo, villmools Merci. Jo, vun eiser Säit aus komme mir lo och an eng nei Phas. Ech mengen, bis elo war et eben esou, dass mir jo an der Urgence ware gëschter Owend natierlech virun allem mat eben och wéi mir virdru jo och scho gesot haten, dass mir eis limitéiert hunn op d’Mises à l’abrisen, Sauvetagen an d’Verdeedege vu kriteschen an strategeschen Infrastrukturen. Mir wäerte lo sécherlech an den nächste Stonnen an Deeg an eng nei Phas kommen, wou mir dann an d’propper Opraum- a Botzphas iwwerginn... do wäerte mir eis nach eng kéier nei strukturéieren. Mir haten eigentlech gëschter Owend eng regional Féierung mat den Asazabschnitter an de verschiddene Flëssleef a wäerte lo iwwergoen ab muer an eng lokal Gestioun, dat heescht, dass déi lokal "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (22).mp3", "transcription": "Asazzentren hirer Gemeng eben zur Verfügung stinn, fir ebe lokal dat ze maache wat do vun Aarbechten ufält a mir hunn natierlech och elo Gemengen an domadder och Zentren, déi lo schonn net méi sou impaktéiert sinn a mir sinn am Gaange lo dat ze rezenséieren, sou dass mir lo da kucken, wou mir Reserven hunn fir dass mir da kënnen déi lokal Unitéiten, déi ebe lo nach méi staark am Asaz si fir d’Situatioun erëm hierzestellen, da kënnen ënnerstëtzen. Et wäert natierlech och duerch déi vill Plazen, déi lo betraff sinn, dat ass lo en Ënnerscheed wa mir lo vergläiche mam Mëllerdall als Beispill. Deemools konnte mir wierklech aus anere Regioune vum Land ganz Unitéiten an dem Mëllerdall verleeë fir do eng Hand unzepaken. Dat wäert dëst kéier net sou méiglech sinn, dat heescht wéi gesot déi lokal CISe wäerte lo virun allem gefuerdert "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (23).mp3", "transcription": "sinn a wann si eben Ënnerstëtzung brauchen, respektiv d’Gemengen Ënnerstëtzung brauchen, da kënnen si dat bei eis um Nationalplang um 112 CGO ufroen an da kucke mir, dass mir hinnen déi Hëllef kënne bréngen, déi si brauchen an do wéi gesot natierlech och de Moment och eng Arméi an aner Servicer och kënne matschaffen. Do derniewent ass natierlech och ze soen, dass mir weiderhin natierlech och eis normal Missioune musse kënnen erfëllen. Och do an der Nuecht mengen... ware mir op Limitten, dass mir eigentlech keng Reserve méi haten. Wann do nach aner Noutfäll bäi komm wieren, gréisser, ech denke lo un e Groussbrand oder sou, da wiere mir do effektiv hätte mir misse kucken, fir do Unitéiten dann zesummenzeruffen, dat wier sécherlech schonn enk ginn, well mir wéi gesot alles um Terrain haten, sou dass mir och do wëllen erëm Reserve bilden, ech mengen, just als Erënnerung, am Schnëtt hu mir 160 "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (24).mp3", "transcription": "Déi 50 Milliounen Euro, wou Dir lo ugeschwat hutt, ass dat lo eng éischt Tranche vun enger méi héijer Zomm, déi bei Bedarf och kann ausbezuelt ginn, respektiv deblockéiert ginn?\nAlso, déi lescht Kris, déi mir haten, war eng Enveloppe vun 30 Milliounen, déi deblockéiert gi war an hei ass op Initiativ vum Finanzministère, dee selwer proposéiert huet, fir eng méi héich Enveloppe virzegesinn. Mir wëssen, dass d’Situatioun och eng aner ass. Dat heescht, duerch 2017 eng Rëtsch vu Leit mat den Assurancen duerch déi Verhandlunge komm si, vläicht de Montant iwwerhaapt net gebraucht gëtt, mee fir eis ass et wichteg, dass den dote Montant lo mol mobiliséiert ass als Direkthëllef fir op eng onkomplizéiert Aart a Weis de Leit direkt entgéint ze kommen.\nDat heescht, ass awer nach Loft no uewen eventuell?\nD’Situatioun ass déi, dass mir eis engagéiere ze kucken, wéi mir esou séier wéi méiglech de Leit och kënnen hëllefen. Dat hei ass eng Enveloppe, déi normalerweis misst duergoen, d’Evaluatioun vum Schued ass onméiglech am Moment ze maachen. Ech kann Iech just soen, dass de materielle \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (25).mp3", "transcription": "Schued am Moment héich ass, héich ass, héich ass an dass dofir den Appell, den ech virdru gemaach hunn, d’Assurancë wëssen dat och, dass am Moment déi sinn, déi erwaart ginn doheem, well d’Leit net kënne Saachen änneren, d’Leit net d’Saache kënnen alles doheem nees ewech huelen, well awer... oder d’Fotoe musse gemaach ginn, et war en Appell, deen ech och de Moie gemaach hunn, et war net vu Muttwëll, well ech weess, dass dat dono soss kënnen Diskussioune ginn, mee dass déi nächst Deeg déi sinn, wou d’Leit sech erwaarden, eng Äntwert ze kréien. Mir sinn der Meenung, dass déi doten Enveloppe misst duer goen, mee hei geet et net ëm Fetischist ze sinn, wann ee bei 50 ass fir ze soen, nee, et ass elo fäerdeg. Mee mir sinn der Iwwerzeegung, dass et... an op Initiativ vum Finanzminister vun 30 op 50 Milliounen erop ze goe mengen ech ass net näischt, och fir d’Symbolik, dass d’Regierung wierklech wëll de Leit hei hëllefen.\nD’Ursula von der Leyen an de Boris Johnson hunn allen zwee och ugekënnegt, dass si gewëllt sinn, Suen ze deblockéieren. Wéilt Dir do eppes unhuelen "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (26).mp3", "transcription": "vun deenen Hëllefen?\nAlso do muss een seng Servicer an Diskussioun... ech weess jo net, wat d’Propositiounen och sinn, mir wëssen, dass d’europäesch Unioun Extrafongen huet en cas de catastrophe. Mir mussen ebe kucken, wat d’Konditiounen och sinn an ech weess, dass den Ausseministère den éischten ass, deen och d‘Kontakter hëlt mat den europäeschen Instanze fir ze kucken. Wa Méiglechkeeten do sinn, an déi de Leit och kënnen ze gutt kommen, soll een se net stoe loossen. Mee et muss een och kucken, wéi eng Konditiounen et sinn. Et ass elo verfréit fir ze soen, ob mir se zéien, net zéien, a wéi vill et ass, an wéini mir se kënne kréien. Meng Suerg am Moment ass, dass mir déi nächst Stonne wierklech de Leit, sou wéi lo just d'Servicer gesot hunn, sou séier wéi méiglech entgéint kommen. Et ass keen a Liewensgefor, et ass kee Blesséierten, och bleift déi materiell... ob een eppes ka kréien... Pardon, wann ech dat lo soen, éischter secondaire.\nKann eppes gemaach ginn, fir dass d’Leit dobaussen éischter gewarnt ginn oder éischter kënne reagéiere bei esou Fäll "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (27).mp3", "transcription": "grondsätzlech just schützt. D’Leit hu vläicht méi héich Schied, wat ass mat Leit, déi keng Versécherung haten, kéint Dir do d’Modalitéiten nach eng kéier méi genau erklären?\nAlso Dir wësst, dass eng Aide am Moment de première nécessité, déi jo do ass, déi iwwert de Familljeministère och leeft. Dat heescht, et sinn eng Rëtsch vu Saachen, déi och ausgeschloss sinn aus der doter Aide. Et ass ebe lo fir de Leit direkt kënnen och ze hëllefen. De Staat ass net den Assureur fir jiddereen. Mee de Staat ass hei fir lo konkret do, wou dono eng Assurance vläicht Probleemer mécht a Besoinen do si fir verschidde Saache wou ee ka kucken, wéi de Staat och kann hëllefen. Mee de But lo ass première nécessité do entgéint ze kommen an op eng onkomplizéiert Aart a Weis, sou wéi mir et och schonn iwwert de Familljeministère bei der leschter Catastrophe naturelle lafe gelooss hunn.\nOk. Da gouf et nach d’Fro zu de Suen aus der EU. Dass Dir déi lo net direkt wësst, ass ganz kloer, mee et gëtt jo och de EU Civil Protection Mechanism, wou mir och kënnen Asazkraaft aus dem Ausland ufuerderen. Do si jo ganz vill anerer mat dran. Dir hutt grad "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (28).mp3", "transcription": "wéini, wat, a wéi enge Konditioune lo konnt gestallt gi fir eng Hëllef vu baussen ze kréien, finanzieller. Et geet mir drëms elo...\nEt geet net ëm d‘Finanziellt, et geet...\nNee, ech schwätzen elo fir d’éischt, well Dir hutt virdru vun den EU-Hëllefgelder och geschwat. Mir geet et drëms, wa mir kënnen deier... mee de But ass, lo rapidement de Leit ze hëllefen, a mir wäerten net eis Hëllefen hei Tributaire maache vu Hëllefen, déi mir vu bausse géife kréien. D'Leit kënnen net waarde bis mir vun iergendenger internationaler oder europäescher Institutioun gesot kréien, jo Dir kritt oder Dir kritt net. D'Regierung huet haut déi Verantwortung iwwerholl, déi 50 Milliounen deblockéiert an et ass, pardon nach eng kéier, Wurscht elo wéi laang et dauert, dass mir vun der EU iergendeppes zréck ze kréien. Dat ass wierklech zweetrangeg, et geet drëms hei de Leit elo rapidement ze hëllefen. Dann iwwert den EU-Alerte-System, Här Schroeder.\nJo, wat een do ka soen, dat ass éischtens emol, dass gëschter, wann ech lo d’Belsch an Däitschland kucken, déi waren net en mesure eis nach ze hëllefen, well déi ware selwer, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (29).mp3", "transcription": "soen ech, an der nämlecher Situatioun wéi mir, respektiv souguer nach zum Deel an enger méi schlëmmer Situatioun. Lo Frankräich, Département Moselle a Meurthe et Moselle waren net grad sou staark betraff, mee waren awer och betraff. Dat heescht am schlëmmste Moment vun den Nidderschléi, wou wierklech d’Waasser komm ass, waren eis direkt Noperen och lo net direkt en mesure, eis wierklech grouss Hëllef ze leeschten. Ech mengen, wat mir an der Nuecht eben och gesot hunn, dat ass, dass mir eben, soen ech déi Pompelaktiounen an sou Saachen, déi si lo sënnlos, dat muss een einfach sou soen. ech mengen, wann esou Waassermasse kommen, do hätte mir och all eis Noperlänner kënne ruffen, mir hätten déi Waassermassen net ewech gepompelt kritt. Lo an enger Opraumphas mengen ech ass et och lo, musse mir kucken, wa mir Hëllef brauchen, mir hunn och do de Mëtten nach eng kéier an eisen Nopeschlänner nogefrot, wéi gesot Rheinland-Pfalz a Wallonie, do ass sécherlech lo "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (3).mp3", "transcription": "weider.\n\nEt gesäit een um Terrain am Moment, wéi wann d’Situatioun sech géif stabiliséieren. Ech sinn och ganz frou, dass den Héiche Commissaire, an och den Direkter vum CGDIS, den Här Schroeder hei sinn an den Här Feller, fir dono eis den Topo ze maache iwwert wéi et och weider geet déi nächst Stonnen an déi nächst Deeg, nodeems wéi gesot d’Inneministesch eis och den Topo gemaach... säit gëschter an och bis elo dann och wäert kënnen hei relatéieren. Wéinst der Gravitéit vun der Situatioun hunn ech och de Moien decidéiert, e Regierungsrot haut den Owend anzeberuffe fir ze kucken, wéi een d’Urgence och kéint op dëser exzeptioneller Situatioun och exzeptionell Mesurë fannen. Mir hunn als Regierungsrot an enger extraordinärer Sëtzung decidéiert, dass d’Evenementer vun de leschte Stonnen an Deeg als Catastrophe naturelle, also als Naturkatastroph z’erklären.\n\nEt ass en Declenchement, dee wichteg ass, fir aner verschidde Konditiounen och "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (30).mp3", "transcription": "näischt dran, mee awer Saarland an och Meurthe et Moselle, Moselle, déi sinn disponibel, wa mir si brauchen, mee bei den Opraumaarbechten wéi gesot, denken ech, dass mir dat awer lo och hikréien. Ëmgedréint kann ech awer soen, an ech mengen, dat war fir eis och als Rettungsdéngschter wichteg, an dat ass och vun der Regierung esou ënnerstëtzt ginn, war eben och eng Ufro koum vun de belsche Kolleegen fir ebe Stréimungsretter, also Sauveteurs aquatiques ze kréien a jo, mir hunn d’Situatioun evaluéiert, mir waren an der glécklecher Situatioun, dass mir eise Grupp de sauvetage aquatique eigentlech en grand complet haten, do hate mir all eis Leit, déi aktiv am Grupp sinn, déi ware mobiliséiert, waren disponibel fir anzegräifen. A mir konnten d’Situatioun esou aschätzen, dass mir et konnte fäerdeg bréngen, fir eng Sektioun, dat si 6 Leit mat zwee Booter an d’Belsch ze schécken an d’Géigend vu Léck fir do eng Hand mat unzepaken an déi hunn do 12 Leit gerett "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (31).mp3", "transcription": "Iwwert déi lescht 48 Stonnen hu mir hei zu Lëtzebuerg en Reen an en Nidderschlag erlieft, deen zu dramatesche Situatioune gefouert huet. Héichwaasser a Waasserstänn, déi een esou déi lescht 100 Joer net méi am Grand-Duché gesinn hat. Mir waren de Moie mat der Inneministesch a mat de Servicer och op den Terrain fir éischt Ablécker iwwert d’Situatioun och ze kréien. D'Inneministesch wäert dono och méi op den Detail agoen. Ech wëll hir och direkt Merci soen. Wéi ech gëschter d’Decisioun geholl hunn, dass eng Cellule de crise soll aberuff ginn, wou d’Situatioun nach net sou dramatesch war, mee et wichteg war, d’Koordinatioun och z’organiséieren an d’Inneministesch bereet war, direkt déi Présidence och z’iwwerhuelen. D’Situatioun um Terrain ass eng dramatesch Situatioun. Op der enger Säit, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (4).mp3", "transcription": "kënnen z’erfëllen. D’Regierung huet och lo just decidéiert, nodeems mir mat de verschiddene Ministeren, an och mam Finanzminister gekuckt hunn, wéi mir kënnen och eng Enveloppe direkt deblockéiere fir déi Schied opzekomme fir eben de Leit och eng sou direkt wéi méiglech Hëllef kënnen och unzebidden. An et ass eng Enveloppe vu 50 Milliounen Euro, déi deblockéiert ginn ass fir elo och rapidement kënnen de Leit entgéint ze kommen. Spezifesch justement fir op déi Aiden zréck ze kommen, et gëtt eng Aide fir Privatpersounen, ënnert der Leedung vum Familljeministère, do wäert d’Regierung och fir d’Dépense de première nécessité opkomme kënnen.\n\nDa ginn et d’Aidë fir d’Betriber. D’Regierung, via de Mëttelstandsminister, wäert den Entreprisen, de Commercen an och d'Handwierksbetriber kënnen Hëllefen ubidde fir d’Käschten ze droen, och wat Materiell an och wat d’Stocken "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (5).mp3", "transcription": "ugeet. An dann d’Aiden och fir d’Landwirtschaft. Mir wëssen och, dass d’Landwirtschaft concernéiert ass an de Landwirtschaftsministère huet och eben déi selwecht Hëllef zur Verfügung fir d’Käschten kënnen opzekommen. An dann iwwert den Intérieur och fir d’Gemengen. Mir hu gesinn, dass eng Rëtsch vu Gemenge Käschte lo hunn, dat geet vum Offall, hu mir lo nach just am Regierungsrot diskutéiert, iwwer d’Infrastrukturen, och iwwert den Interieur, e Budget ze deblockéieren, fir de Gemengen hei och entgéint ze kommen. All Detailer, u wien een sech muss wenden, an d’Modalitéiten, ginn dono och an engem Communiqué resuméiert no dëser Pressekonferenz. Mir hunn och, an dat ass eben och eng Léier vu viregte Situatiounen, déi mir haten. Dir wësst jo, dass och de Pierre Gramegna 2017 mat Assurancen och Diskussiounen och haten. Dat heescht, do sinn eng Rëtsch vu Leit, déi lo och besser assuréiert si vis-à-vis vum Waasserschued, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (6).mp3", "transcription": "wéi dat virdrun och de Fall war an ech hoffen och, dass d’Assurancen och déi nächst Stonnen an Deeg, ech weess, dass si ganz vill ze dinn hunn, mee och wierklech déi Détresse och verstinn, déi d’Leit hunn. An ech weess awer, duerch den dote Schratt, deen eben och deemools negociéiert ginn ass tëschent Finanzministère an Assurance, dass ganz vill Leit eng besser Protektioun och haut hunn vis-à-vis vun der Situatioun, déi se virun e puer Joer kannt hunn.\n\nEch erlabe mir hei, den Ekippe Merci ze soen, den Ekippen um Terrain. Mir hu ganz vill Leit begéint, ganz vill Leit vu Servicer, vun Administratiounen, dat geet vun der Policeschoul, iwwert d'Police, iwwert de CGDIS, iwwer d’Arméi, iwwert den Haut-Commissaire, och de Waasserwirtschaftsamt, déi verschidde Servicer, d’Arméi, déi alleguerte mir gesinn hunn, ob dat zu Iechternach op den anere Plazen och direkt gehollef hunn an all déi Fräiwëlleg. All déi Fräiwëlleg. "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (7).mp3", "transcription": "Gudden Owend. Ech wëll fir direkt drop hiweisen, dass mir am enken an direkten a permanente Kontakt mat de Gemenge stinn, dat ass och wichteg, dass mir dat esou maachen. Dat huet gëschter ugefaangen, wou de CGDIS SMS un déi 102 Buergermeeschteschen a Buergermeeschter verschéckt huet, fir se eben direkt a Kenntnis ze setzen. Ech selwer hunn och mat de concernéierte Gemengen, also Buergermeeschteren, déi lo méi concernéiert waren, hunn ech och telefonéiert. Och scho gëschter Owend och an der Nuecht fir eben och direkt vun hinnen en éischte Feedback ze kréien, fir ze wëssen, wéi sech bei hinnen an der Gemeng eben d‘Situatioun stellt. An fir och ze wëssen, wou si gezillt och lo um Lokalen Ënnerstëtzung brauche fir direkt hei kënnen hinnen den néidegen Appui ze ginn. Vu gëschter Owend 7 Auer un koumen d’Demanden un "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (8).mp3", "transcription": "Sandsäck, u Pompelen haaptsächlech fir eben d’Waasser aus de Kelleren eraus ze kréien. Géint 8 Auer gëschter Owend war d’Majoritéit vun den CISen, also vun den Zentre waren aktivéiert an no 2 Stonne méi spéit, géint 10 Auer war souzesoe praktesch jiddereen, dee konnt mobiliséiert ginn, vum CGDIS war dee Moment a Missioun a genau an dem dote Rhythmus ass dat och déi nächst Stonne bis elo weider gaangen, wou ganz vill Leit sech engagéieren, a wéi och scho grad gesot ginn ass, och ganz vill Fräiwëlleger, wou mir wierklech kënne frou sinn, dass si eng Hand mat upaken. Wat ass dat wichtegst, wou sech lo direkt drop konzentréiert ginn ass?\n\nDo kann ee soen, do sinn u sech sou 3 Prioritéiten. Dat éischt ass d’Populatioun, d’Bevëlkerung ze schützen. Zweetens \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot opgrond vun der aktueller Wiederlag (9).mp3", "transcription": "Blesséiert ze verhënneren an drëttens präventiv Aktiounen ze huele fir eben sou nach méigleche Schued kënnen ze limitéieren, eben och ze kucken, dass d’Grondversuergung garantéiert ass, eben och mam Stroum an och weider Initiativë fir ebe kënnen déi Grondversuergung hei ze ginn. Vläicht... d’Situatioun eng kéier am Globalen, éiert mir herno nach op aner Detailer aginn. D’Lag schéngt sech allgemeng mat enger gewëssener Virsiicht ze stabiliséieren. Erliichtert ze berouegen an de leschte Stonnen. D’Peegel wäert, et ass am gaangen op ville Plazen zréck ze goen, mee net iwwerall. An zënter gëschter Mëtten 12 Auer fir sech och hei e bëssen awer d’Envergure erëm ze ginn, sinn "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_0_1689254201 (1).mp3", "transcription": ""} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_10_1689254201 (1).mp3", "transcription": "Zurzäit ass nach alles op gréng, ech hunn et gesot: souwuel an de Spideeler, si mir niddereg am Verglach mat eisen Nopeschlänner, am Taux de positivité och nach, bei den Neiinfektiounen och, och keng gréisser Clusteren. Mee et geet lues a lues erop. \nMir hunn och gesinn, dass em déi 40% vun den Neiinfektiounen, elo op déi lescht Woch gekuckt, wierklech aus der Vakanz mat heembruecht gi sinn. \nDat läit awer elo eiser Ansicht no vläicht manner un der Vakanzendestinatioun, mee einfach um Fait, dass d'Leit an der Famill a mat Frënn ënnerwee sinn, do wou se sech och hei heem vläicht, wa se Vakanz doheem gemaach hätten, och ugestach hätten. \nDee Schema bleift och nach ëmmer dee selwechten. Ech mengen, et ass eng Widderhuelung, déi mir hei maachen. \nEt ass awer ëmmer gutt se ze maachen, ech mengen, et ass do, wou een no zesummen ass, wou de Risiko am Gréissten ass. \nDat ass entretemps eng Evidenz. \nDen Hierscht wäert also net entspaant ginn, och net fir eis. \nEt bleiwe vill Inconnuen. \nMir kënne just hoffen, dass dat wat mir en place hunn, wat sech elo bewäert huet, sech och weider wäert bewäerten. \nDat Ganzt ass eng Course, eng Course géint d'Zäit, déi mir hei lafen. \nMir hunn engersäits\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_10_1689254201 (2).mp3", "transcription": "Zurzäit ass nach alles op gréng, ech hunn et gesot: souwuel an de Spideeler, si mir niddereg am Verglach mat eisen Nopeschlänner, am Taux de positivité och nach, bei den Neiinfektiounen och, och keng gréisser Clusteren. Mee et geet lues a lues erop. \nMir hunn och gesinn, dass em déi 40% vun den Neiinfektiounen, elo op déi lescht Woch gekuckt, wierklech aus der Vakanz mat heembruecht gi sinn. \nDat läit awer elo eiser Ansicht no vläicht manner un der Vakanzendestinatioun, mee einfach um Fait, dass d'Leit an der Famill a mat Frënn ënnerwee sinn, do wou se sech och hei heem vläicht, wa se Vakanz doheem gemaach hätten, och ugestach hätten. \nDee Schema bleift och nach ëmmer dee selwechten. Ech mengen, et ass eng Widderhuelung, déi mir hei maachen. \nEt ass awer ëmmer gutt se ze maachen, ech mengen, et ass do, wou een no zesummen ass, wou de Risiko am Gréissten ass. \nDat ass entretemps eng Evidenz. \nDen Hierscht wäert also net entspaant ginn, och net fir eis. \nEt bleiwe vill Inconnuen. \nMir kënne just hoffen, dass dat wat mir en place hunn, wat sech elo bewäert huet, sech och weider wäert bewäerten. \nDat Ganzt ass eng Course, eng Course géint d'Zäit, déi mir hei lafen. \nMir hunn engersäits\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_11_1689254201 (1).mp3", "transcription": "e Variant, dee vill méi schnell dréit, déi méi ustiechend ass, anersäits komme mir mat der Impfung weider, dat hält deem entgéint. \nAn dat wou mir drop spekuléieren, eis Hoffnung ass dass mir eben trotz steigenden Neiinfektiounen, doduerch dass ëmmer méi Leit lues a lues geimpft ginn, dee ganzen... déi Retombée an de Spideeler wierklech gedrosselt halen, dass een den Impakt op d'Gesondheetswiese wierklech niddereg hält. \nDat ass Zilsetzung, an dat musse mir och nach ëmmer ganz no an zäitno analyséieren, wéi dat sech huet, wéi dat sech an deenen nächste Wochen wäert hunn. \nD'Ausgangspositioun ass net déi selwecht wéi d'lescht Joer; mir kënnen eis Modelisatiounen net 1:1 benotzen. \nEt ass eng ganz aner Ausgangspositioun, mat enger Variant, déi anescht ass, déi sech anescht verhält. \nEt ass eng aner Populatioun, mir hunn e groussen Deel vun de Leit, déi geimpft sinn; alles dat muss nei berechent ginn. \nDo si mir och am Gaangen drop ze schaffen, och zesumme mat der Task Force Covid-19, déi jo och ëmmer fir eis do \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_12_1689254201 (1).mp3", "transcription": "Et ass schonn erwäänt ginn: et däerf net erstaunen, och wann ee geimpft ass, kann ee sech ustiechen. \nJo, dat ass esou! Dat ass näischt Anormales bei enger Impfung. \nE gewëssene Prozentsaz ass ëmmer ginn, deen sech nach eng Kéier kann nei infizéieren. \nDat ass hei net anescht. Dee läit, wéi virdru gesot, bei 21% am Moment. \nAn och wann ee geimpft ass, an et huet een de Virus, an och wann een net krank ass, kann een en nawell weiderginn. \nDat heescht, dat tückescht un deem Virus hei ass, dass een e scho ka weiderginn, éiert ee krank ass, éiert ee et mierkt, éier een iwwerhaapt krank gëtt. \nDat ass a bleift nach ëmmer d'selwecht. \nMir hu rezent Etuden och vum Conseil scientifique a Frankräich virleien aus dem August, wou draus ervir geet, dass de Risiko, deen een huet, fir eng Neiinfektioun, wann ee geimpft ass, also e ganzen Impfschutz huet, duebel geimpft ass, em 80% méi niddereg ass, wéi wann een net geimpft ass. \nDat ass wierklech signifikativ. \nA wa mir dann zu deene gehéieren, déi sech trotzdeem nei infizéieren, dat ass jo schonn eng Minoritéit au départ, dann ass do erëm eng Kéier de Risiko \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_13_1689254201 (1).mp3", "transcription": "fir e schwéiere Verlaf ëm 90% ongeféier méi niddereg, fir dass et e schwéiere Verlaf gëtt, wéi dat de Fall ass bei engem deen eben net geimpft ass. \nDat heescht, och déi, déi nach Zweifelen hunn, sinn ech zouversiichtlech, dass mat deenen Zuelen, déi mir hunn, mat den Erkenntnisser, déi lues a lues erakommen, dass d'Leit dach nach wierklech och verstinn, dass de Risiko, deen een huet fir eng Niewewierkung bei enger Impfung einfach nach wesentlech méi niddereg ass, wéi de Risiko fir z'erkranken u Covid. \nWann ee Covid kritt, kann een et och net oft genuch soen: dat mag nach ëmmer abstrakt schéngen, fir déi Leit, déi net domadder konfrontéiert waren, mee dat ass keng Partie de plaisir. \nEch invitéiere jiddwereen, dee wierklech do nach Zweifelen huet, en Echange ze siche mat Leit, déi krank waren, déi am Spidol waren, Temoignagen ze lauschteren. \nEt ass keng liicht Krankheet, déi ee kann einfach esou op déi liicht Schëller huelen. \nDat Ganzt ass fir dee Concernéierten net einfach, an et ass och fir eist Personal an de Spideeler net einfach. \nEt si ganz fleegeintensiv Patienten, an dat soll een net vergiessen. \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_14_1689254201 (1).mp3", "transcription": "De Motto vun der nächster Well, wa se da kënnt, a si wäert kommen, ech mengen, et wier e bësschen naiv ze mengen, dass mir hei ofgeschott géife bleiwen zu Lëtzebuerg, \ndeen wäerten déi Net-Vaccinéiert sinn. Dat ass eng Evidenz entretemps. \nEt sinn déi Net-Vaccinéiert, déi zueleméisseg dat Ganzt wäerten dreiwen. An domadder besteet ee Risiko fir vulnerabel Leit. \nSi sinn déi, déi am meeschten exposéiert sinn, an et besteet och e Risiko vu Mutatiounen weider. \nWat et méi dréint, wat sämtlech Risiken méi héich sinn. \nMir hunn alleguerten wierklech do e kollektiven Interêt drun ze schaffen, dass mir sou vill wéi méiglech geimpft sinn; et ass just esou wéi mir erauskommen. \nEch géif och gären drop verweisen, dass den Directeur régional vun der Weltgesondheetsorganisatioun fir Europa, den Dr Kluge, déi selwecht Mise en garde gemaach huet, wéi mir se hei elo gemaach hunn: \nEt ass e Risiko do vun Neiinfektiounen, an et geet wierklech drëms eng Acceleratioun ze kréien, sou schnell wéi méiglech virun ze kommen mat der Impfung. \nOch hien huet am Fong geholl eis Strategie bestätegt, ech wor frou \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_15_1689254201 (1).mp3", "transcription": "dat ze héieren an ze liesen, \ndass ee sech soll drop konzentréieren, ze verstoen, firwat d'Leit sech nach net impfe loossen. \nEch mengen, dat ass dat, wat zielt, dass mir kucke ginn, dass mir verstinn: wat sinn d'Froen, déi d'Leit nach hunn? \nWat sinn déi Zweifelen, déi do sinn? Wéi eng falsch Informatiounen zirkuléiere vläicht nach? \nAn dass ee wierklech op d'Informatioun setzt, op d'Iwwerzeegung setzt fir d'Leit mat u Bord ze kréien. \nEch bleiwen iwwerzeegt, an ech mengen 't ass och d'Positioun vun der Regierung, dass dat dee beschte Wee ass: informéieren a verstoen firwat et net klappt. \nAn da wierklech geziilt mat der Impfcampagne weiderfueren, dat ass op alle Fall eis Ambitioun, fir dat esou ze pushen, dass mir dohinner kommen, wou d'Leit d'Impfung siche ginn an dass mir och hoffentlech déi Erklärunge prett hunn, déi d'Leit nach brauchen. \nEt interesséiert eis firwat d'Leit sech net impfe loossen, dat ass eis net egal. Wat mir et besser verstinn, wat mir besser kënnen doropper awierken, an d'Informatiounen och esou opbereeden, dass mir wierklech déi Froe kënnen adresséieren, déi do nach am Raum stinn. \nEch géif och jiddwereen, dee sech fir Zuelen \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_16_1689254201 (1).mp3", "transcription": "interesséiert, invitéieren eng Kéier Frankräich ze kucken, wann Dir Zuele gesitt, an den Territoires d'outre-mer, wou eng ganz niddereg Quote ass vun de Leit, déi sech impfe gelooss hunn. \nEt läit bei 25-30%. Do ass d'Situatioun komplett aus dem Rudder am Moment. Do si mir an der Situatioun, wou Triage muss gemaach ginn, wou Leit erëm erausgeflu ginn, well d'Spideeler et net méi packen. Et ass en immens krassen Ënnerscheed zu Frankräich selwer. \nAlles dat weist, dass déi Impfung awer en Impakt huet. \nAlso et sollt am Fong geholl vu Woch zu Woch ëmmer aliichtend ginn, mat den Zuelen, déi virleien, dass ee sech souwuel individuell, fir sech selwer en Interessi huet, sech impfen ze loossen, wéi och als Gesellschaft. \nEt ass System-relevant. \nEt huet en Impakt. Et stierwe Leit, et spigelt sech direkt an de Spideeler rëm. Wann et do erop geet, dat ka ganz séier goen, dann ass dat zu eiser aller Desavantage. \nWann d'Spideeler iwwerfuerdert sinn, ech géif gären drun erënneren, dat ass net nëmme fir de Covid-Patient relevant, mee och fir all déi aner Patienten. \nD'Personal ass \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_17_1689254201 (1).mp3", "transcription": "Eis Campagne huet als Zil natierlech esou héich wéi méiglech ze kommen. \nMir wäerte probéieren, iwwert déi nächst Wochen, an dofir och déi kuerz Dauer elo, ech mengen 't ass Rentrée, vill Leit wore fort, et komme vill nei Informatiounen, mir hu wierklech d'Hoffnung, dass mir nach vill Leit erreechen. \nMir gesinn och, dass déi Offeren, déi mir en place gesat hunn fir ouni Rendez-vous sech impfen ze loossen, zéien. \nD'Leit kommen dohinner, stinn oft laang Schlaang bei eisen Impf-Busser. Ech hunn dat selwer gesinn, an der Sonn, .... Bon... Mir gesinn, dass dat effektiv wierkt, a mir ginn ons Méi fir do nach méi geziilt wierklech op d'Plazen ze goen, wou d'Leit sinn, wou mir se kënnen erreechen. \nMir sinn och mat de Betriber, mat der Union des entreprises, am Gespréich, wéi mir kënnen och an de Betriber d'Impfung weiderbréngen, wéi mir an de Schoulen dat kënnen am Hierscht organiséieren. \nEt geet wierklech drëms, ëmmer méi no bei d'Leit ze kommen, also och wierklech se z'iwwerzeegen, dass et esou ass wéi een et ka packen. \nMir brauchen en attendant selbstverständlech nach e bësschen Ausdauer. Ech wier frou eppes anescht kënnen ze soen, mee nach si mir net doduerch. \nMir mussen nach iergendwou d'Moral halen. \nMir kënnen et awer packen. Mir gesinn wat funktionéiert. \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_18_1689254201 (1).mp3", "transcription": "Den neien Text. Voilà! Ech hat deen elo ganz vergiess. \nWell s Du deen normalerweis sees...Den neien Text: 't ass en gros de Status quo. Et ergëtt sech e bësschen aus dem wat ech gesot hunn, wat mir en place hunn. \nEt funktionéiert gutt. Mir kënne keng aner Conclusioun zu dësem Zäitpunkt zéien. \nMir hunn eng kleng oppe Flank vläicht nach gesinn, dat ass ronderëm d'Spideeler, an et ass och do, wou mir elo proposéieren nozerëschten. \nMir hunn dee Cordon sanitaire, dee mir, wann een esou wëll, gesat iwwert de CovidCheck-Regimm an den Alters- a Fleegeheemer an och an de Spideeler. \nDeen hat am Fong geholl als Visée, de CovidCheck do anzesetzen, wou een an d'Haus erakënnt an a Kontakt mat enger vulnerabeler Persoun kënnt. \nDat heescht mat engem Resident an engem Alters- a Fleegeheem, oder eben engem Patient deen hospitaliséiert ass. \nEt ass awer esou, dass an de Spideeler och aner Leit an an aus ginn, déi elo net onbedéngt bei e Patient op Visitt ginn, \nmee déi bei hiren Dokter ginn, déi op eng Visite médicale ginn. \nAn do huet u sech den Text net gespillt. \nMir sinn zur Conclusioun komm, dass et besser wier, dës Sitten, also d'Spidol-Sitten wierklech \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_19_1689254201 (1).mp3", "transcription": "komplett ze sécheren iwwert de CovidCheck-Regimm, \ndass een am Fong geholl, à quelque titre que ce soit, wann een do era geet, sief et op Besuch bei eng Persoun, sief et op eng Visite médicale bei säin Dokter, \ndass een de CovidCheck-Regimm muss respektéieren, dat heescht, et muss ee virweisen, dass een entweder getest ass, oder geimpft ass, \noder eben e Schnelltest da sur place maachen, dat fir e Maximum u Sécherheet wierklech an de Spideeler ze hunn. \nFir de Rescht, kënne mir nëmme feststellen, dass de CovidCheck-Regimm gutt funktionéiert huet hei zu Lëtzebuerg. \nA mir wäerten en wëlle bäihalen. Also dat ass u sech déi eenzeg Ännerung, déi virgesinn ass. \nNach e puer kleng minim Textännerungen, mee ech mengen, dat sprengt hei de Kader fir drop anzegoen. \nA voilà... Jo fir d'Educatioun, dat wäerte mir muer am Detail presentéieren. \nAn dann eng Lafzäit, déi beschränkt ass, firwat? \nWell ganz vill Inconnuen am Raum sinn, well mir wierklech op Daten waarden, vun der Rentrée, fir ze gesinn, wéi dat sech rëmspigele wäert um sanitäre Plang. \nAn do wëlle mir net riskéieren, ze vill laang ze goen. Mir wëlle wierklech e kuerze Rendez-vous hunn\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_1_1689254201 (1).mp3", "transcription": "wéi déi lescht Méint mat enger Presenz awer vum Virus, déi ongeféier d'selwecht war. \nDat heiten ass e positiven Effekt vun der Impfung. \nDat weist och, dass dat wat mir dès le départ gesot hunn, dass een net eleng kann d'Infektiounszuelen analyséieren, an als Haaptelement huele fir Mesuren ze huelen, an d'Spideeler weider deen Haaptfacteur musse sinn, well Dir wësst jo, dass mir eis och engagéiert hunn; de But vun deene ganze Restriktiounen war fir dass och keng Iwwerlaaschtunge vum Secteur hospitalier sollt kommen, fir dass een och normal Soinen kann hunn, an dass mir ni an där ethescher Fro hu musse kommen hei zu Lëtzebuerg, iwwert Choixen vu Patienten, déi ee kann traitéieren oder net. \nDat war dat, wat mir dès le départ gemaach hunn. Mir gesinn och Nopeschlänner, déi och an déi Richtung elo ginn. \nAn dat beweist och wierklech, dass d'Infektiounszuelen..., déi schwanke kënnen vun haut op muer – an ech kann Iech elo \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_20_1689254201 (1).mp3", "transcription": "Dani Schumacher vum Wort. Ech hätt nach eng Fro. \nDir hutt gesot, an Aussiicht gestallt, wa wierklech d'Situatioun erëm sech verschlechtert, kann de CovidCheck ausgeweit ginn. \nAner Fro: wéi ass et, bleift Dir beim 3G, oder wier den 2G eng Optioun? \nZ. B. den Hamburger Modell, wou dann elo déi Geteste ganz ewech falen, mee dann dierfen déi Aner, déi Geimpft an déi Gesond, dann dierfen déi méi. \nAss dat eng Optioun, dass Dir op dee Wee géift goen? \nAn dann an Enchainé eng 2. Fro, dat ass eng reng praktesch Fro. \nDe brittesche Pendant zu eisem CovidCheck, mam Ziedel, mam QR-Code, gëtt hei zu Lëtzebuerg net unerkannt. \nAss do iergend eppes.... kënnt do... ? Well komescherweis a Frankräich oder a Polen, gëtt en unerkannt. \nA wann Dir dann do eng Kéier de Stempel hutt, dann dierft Dir dann awer erakommen. \nAlso mir haten déi Diskussioun iwwerhaapt mat Groussbritannien, well Dir wësst jo och, dass d'Konditioune fir eranzefléien an zeréckzefléien, mir zu Lëtzebuerg méi streng sinn z. B. am Moment och mat Groussbritannien, fir d'Areesen, \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_21_1689254201 (1).mp3", "transcription": "virun deene Plazen, wéi d'Plazen zouzemaachen. \nDat heescht, dass ech duerch de CovidCheck evitéiere kann, alles zouzemaachen, wéi.... \nDass d'Alternativ vum CovidCheck mengen ech eng ass, wou ee kann am Fong mat der Schrauf an déi eng oder an déi aner Richtung och goen. \nDir hutt deen däitsche Modell och ugeschwat vun deem 2G. \nAm Moment si mir der Meenung, dass d'Testen och nach zu deem Ensembel gehéiert. \nMir wëssen, dass eng Rëtsch vu Leit net kënne geimpft ginn, d. h., da wieren eng Rëtsch vu Leit och exclu vu verschidde Fräiheeten, an dowéinst si mir op deem 3G nach ëmmer do. \nDe Gro vun de Leit huelen awer d'Impfungen, dat gesi mir jo och; vun deem Ganzen, vun deene Leit, déi haut e gréngen CovidCheck hunn, ass de Gro jo duerch d'Impfung och komm, an dann duerch Genesen, an dann eben och duerch d'Testen, wat déi 3. Fakultéit och ass. \nEch fannen am Moment, wou een net jiddwerengem konnt d'Méiglechkeet ginn geimpft ze ginn, oder op jiddwer Fall, net Reegelen huet, wou ee seet, ënner 12 \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_22_1689254201 (1).mp3", "transcription": "An dowéinst ass dat, mee dat MUSS op europäeschem Niveau diskutéiert ginn, dass eng Zuel vun Anticorpsen eng vun de Méiglechkeete kéinte sinn, fir op jiddwer Fall an engem G-System, fir kënnen ze reesen, kéint erakommen. \nFait ass awer: on est loin de là. \nWann d'Leit elo mengen, dat géif elo d'nächst Woch kommen, ... \nMir hunn nach gëschter mat eise belsche Kolleegen driwwer geschwat, wou si sech selwer och iwwert déi dote Fro de Kapp zerbriechen, well eleng an der Belsch et eng Abberzuel vu Systemer ginn, fir d'Berechnung vun den Anticorps-Tester ze maachen. \nDat heescht, déi eng hunn een wou een iwwert 10 muss hunn, deen aneren huet een, wou ee muss iwwert 100 hunn, an d. h. da gëtt et schwéier, fir en europäeschen Niveau ze kréien, fir ze soen: et ass ab deem do, wann et souwisou zeg verschidde Systemer gëtt. \nDe Virdeel vum Test ass, et ass ee positiv oder et ass een negativ. \nAlso dat heescht, \"il y a du boulot sur la planche\", mee d'Fro déi ee gestallt kritt huet: ass en Anticorps eng Méiglechkeet? \nEt soll net ausgeschloss ginn, mee mir sollen do evitéieren, als Lëtzebuerger Land Cavalier seul ze maachen, well dono\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_23_1689254201 (1).mp3", "transcription": "Wien huet nach Froen? \nJo, Fanny Kinsch vun RTL Radio. \nSouwäit mir dat gesinn hunn, geet aus de Statistiken net ervir, wéi vill Leit an den Dokteschpraxisse geimpft goufen. \nGinn déi Zuelen net erfaasst? Wéi gesäit dat aus? \nDach, mir wäerten déi och erfaassen, et ass jo lues a lues elo ugelaf iwwert d'Wochen, wou all Woch nach Dokteren dobäi komm sinn. \nMir hunn 1.600 Rendez-vousen bis elo, déi geholl gi sinn, mee mir wäerten déi och elo reegelméisseg opbereeden. \nEt ass eng Ulaf-Phas gewiescht, an ... \n1.600.... 1.646, voilà. \n1.646 Persounen, déi bis elo an den Dokteschpraxisse geimpft gi sinn, an am Moment kann ee sech bei 210 Generalisten, 23 Pediateren, 5 Internisten an 3 Médecins du monde impfe loossen. \nOk. Merci. An dann nach eng 2. Fro: et war elo an der däitscher Press, dass an Däitschland, wann ee sech z. B. an der Schoul oder op der Uni infizéiert, kann dat als Aarbechtsaccident \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_2_1689254201 (1).mp3", "transcription": "schonn awer bal mat Garantie soen, dass och déi nächst Deeg a Wochen, d'Zuelen net wäerten drastesch erofgoen, well d'Leit aus der Vakanz erëmkommen, a mir och an den Analyse gesinn, dass vill Leit aus der Vakanz mam Virus zeréckkommen – d'première cause d'infection am Moment. \nAn och d'Schoulen, déi uginn, dat heescht, dass d'Zuele vun den Infektiounen nach wäerten kënnen an d'Luucht goen. \nNet direkt panikéieren! D'Zuel vun de Spideeler muss am Fokus bleiwen a wierklech déi wichtegst Zuel och bleiwen. \nMir gesinn awer, dass mat den Impfungen ëmmer e bësschen méi Normalitéit kënnt. \nDe CovidCheck – an d'Madamm Gesondheetsministesch wäert och e Bilan maachen, iwwert déi ganz Evenementer, déi mam CovidCheck-System och déi lescht Wochen a Méint konnten organiséiert ginn – hu mir et fäerdeg bruecht, awer méi Normalitéit am Alldag ze kréien, \na mir dierfen net elo op deenen Erfolleger, oder mengen dass d'Normalitéit d'Reegel fir ëmmer ass, mee au contraire, mir dierfen och mat deene Succèsen, mat deenen Zuelen, déi mir am Moment hunn, mat deem... eng Situatioun, déi awer... – an d'Gesondheetsministesch\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_3_1689254201 (1).mp3", "transcription": "nach eng Kéier, wäert drop agoen – komparéiert zu anere Länner, éischter zu Lëtzebuerg niddereg ass, point de vue Zuelen, net mengen dass dofir elo de Match gewonnen ass fir déi nächst Wochen a Méint. \nDat heescht, mir sinn an enger Situatioun, wou mir Zuelen hunn vun Infektiounen, déi wäerten an d'Luucht goen, d'Zuel vun den Hospitalisatiounen, déi éischter stabel och sinn, \nan dofir wäerte mir och der Chamber proposéieren, am Fong, d'Gesetzgebung mat liichten Ännerungen, wou d'Mme Lenert och wäert drop agoen, bis den 18. Oktober ze verlängeren. \nDir wësst jo, dass och eng Rëtsch vu Punkten am Schoulberäich och sinn. \nDen Här Meisch huet eng Pressekonferenz fir muer och ugekënnegt. \nEch hunn och schonn de Moien a gëschter jo och an der Press gelies, dass ganz vill Informatiounen och schonn dobausse sinn, mee mir hunn eis engagéiert, dass den Här Meisch muer och dann op all déi Froen, déi d'Educatioun concernéieren, wäert och kënnen Iech Ried an Äntwert stoen. \nAn dofir wäerte mir haut net op deen dote Punkt agoen. \nStand haut hu mir 74,2% vun der Populatioun, déi op d'mannst \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_4_1689254201 (1).mp3", "transcription": "d'Offer vun enger éischter Impfung ugeholl hunn. \nDat ass e gudde Tëschebilan. Gëschter huet d'Mme Von der Leyen gesot, dass een an der Moyenne an Europa am Moment bei 70% läit. \nMat 74%, si mir iwwert der EU-Moyenne, mee mir sollen net mengen, dass domadder alles gewonne wier, an dass een sech dorops zefridde sollt ginn a soen: hei, t'ass alles an der Rei zu Lëtzebuerg. \nMir wëssen dat Alleguerten, dass d'Impfung de beschte Schutz, am Fong, géint de Virus ass, a mir kruten elo just... – an dofir hu mir déi puer Minutte Verspéidung, mir waren elo just nach connectéiert mat der Chamber, fir eben, sou wéi mir dat depuis le départ gemaach hunn hei zu Lëtzebuerg, dass d'Regierung d'Chamber duerch Gesetzer, Reglementer, also Dispositioune geholl huet, an net duerch extra oder duerch Urgencen, de Gros vun der Zäit, ausser ganz am Ufank wou mir den État d'urgence och haten, mee, an d'Chamber och informéiert eben doriwwer hunn, an du krute mir d'Fro gestallt: \"Jo, mee et kann ee geimpft sinn, mee et kann een awer nees krank ginn?\" \nJo! Et kann een \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_5_1689254201 (1).mp3", "transcription": "Jo, gudde Mëtteg. Ech ka mech deem nëmmen uschléissen. \nMir hunn de Summer hannert eis. Eis Indicateuren stinn nach ëmmer gréng, mee et kann een net verheemlechen, dass et och hei am Land ufänkt lues a lues unzezéien. \nEch menge, wann Dir d'Aktualitéit suivéiert an de Länner ronderëm eis, ass et kee Geheimnis, dass mir eis wierklech mussen op eng 4. Well gefaasst maachen. \nDass déi anescht wäert sinn, wéi déi, déi mir bis elo kannt hunn, steet och ausser Fro; awer wéi se genau wäert sinn, dat wësse mir net mat honnert-prozenteger Sécherheet. \nMir hunn och, wa mir de Woche-Rapport kucke vun der leschter Woch, en Ustieg um Niveau vun den Neiinfektiounen ëm 23%. \nDomadder leie mir nach ëmmer relativ niddereg, wann ech elo direkt mat eisen Nopeschlänner vergläichen, mee trotzdeem gesäit een, dass d'Leit aus der Vakanz zeréckkommen, an dass et ufänkt hei ze dréinen. \nWéi deelt dat sech op? Dat interesséiert jo am Moment ganz vill an ass och wierklech relevant fir d'Gestioun vun der Kris. \nA Leit, déi schonn e ganze Schéma vaccinal hunn, also déi ganz duerchgeimpft sinn, an déi déi net geimpft sinn: \nMajo vun deene 542,\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_6_1689254201 (1).mp3", "transcription": "sinn der op der leschter Woch 428 gewiescht, déi sech nei infizéiert hunn, déi net geimpft waren, géint 114, déi e ganze Schema haten. \nDat sinn 21% vun de Leit, déi sech nei infizéiert hunn, déi schonn eng Kéier geimpft waren. \nDat mag erschrecken, ass awer an a fir sech net vill. \nEng Impfung ass ni zu 100% sécher. Dat muss ee wëssen, keng Impfung, och déi heiten net. \nA mat 80% Sécherheet, ass dat relativ héich, dat ass méi héich wéi z. B. eng klassesch Grippenimpfung, sou dass dat näischt ass wat eis Experten erstaunt. \n't ass éischter d'Normalitéit, déi hei confirméiert gëtt, dass déi Vaccinen, déi am Ëmlaf sinn, gutt Vaccinen sinn, déi dach ee ganz groussen Impakt op de Risiko vun Neiinfektiounen hunn. \nUm Niveau vun den Hospitalisatiounen, ech mengen et ass scho gesot ginn: och do ass et relativ roueg. \nEt ass net näischt, wat sech deet; mir gesinn dass et liicht eropgeet. Mir waren elo am Woche-Rapport bei 21 Leit, déi op de Soins normaux sinn, géint 6\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_7_1689254201 (1).mp3", "transcription": "Leit am Wocherapport – bon, haut sinn et der 8, hu mir héieren –, déi op Intensiv sinn. \nOch do, nach eng Kéier, wéi gesot, wéineg Leit, déi ganz duerchgeimpft sinn. \nAll déi, déi op der Intensiv leien, sinn net geimpfte Leit, déi dee ganz schwéiere Verlaf hunn. \nD'Altersmoyenne, vläicht och nach eng Kéier: bei den neiinfizéierte Leit, bei 31 Joer; d'selwecht wéi fir déi Woch virdrun. \nUm Niveau vun den Hospitalisatiounen ass se liicht erofgaangen. Do war se déi viregt Woch nach bei 51, an do ass d'Moyenne elo bei 47. \nDat weist, dass och jonk Leit, virun allem effektiv wa se net geimpft sinn, hei wierklech net ausgespuert sinn. \nMir gesinn also dass de Virus do ass, dass de Virus dréit. En dréit definitiv. \nD'Neiinfektiounen ginn erop, d'Kontakter ginn och erop, a mir stellen och fest, dat ass eng Erkenntnis, dass och Leit, déi geimpft sinn, de Virus nach weiderdroen. \nA wéi engem Mooss genau, ass nach net wierklech wëssenschaftlech zu 100% ënnermauert, mee et ass eng Tatsaach, dass et esou ass. \nMir gesinn dat och an eisem Woche-Rapport. Wann Dir kuckt, den\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_8_1689254201 (1).mp3", "transcription": "Wat de CovidCheck-Regimm ugeet, do si mir u sech ganz zefridden. \nDat war eng grouss Inconnue wou mir et lancéiert hunn am Juni. \nDir kënnt Iech erënneren, mir hu gesinn \"Mir mussen et probéieren, fir ze gesinn wat et bréngt\". \nMa d'Resultat ass gutt. Mir hunn insgesamt eng ronn 7.000 Eventer gehat. \n6.700, déi notifizéiert gi sinn, wat Evenementer ënner 300 Leit waren, an dann och nach eng Kéier eng 233 Demande fir Evenementer, déi iwwer 300 Leit erausginn, déi quasi all akzeptéiert goufen. Dir wësst, o huet missen e Concept sanitaire bei eis hannerluecht ginn an akzeptéiert ginn. \nMir hu ganz wéineg Refuse gemaach, also et gesäit een, dass dee Regimm hei zu Lëtzebuerg verstane ginn ass, dass en applizéiert ginn ass. \nA virun allem sinn ech ganz frou kënnen ze soen, dass mir um Niveau vun der Inspection sanitaire näischt ze vermellen hunn, wou ee géif soen dass do Saache schif gelaf sinn. \nMir hunn iwwert de ganze Summer duerch een oder deen anere klenge Cluster gehat, awer guer net spezifesch elo mat CovidCheck-Eventer. \nDat ass \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_8_1689254201 (2).mp3", "transcription": "Wat de CovidCheck-Regimm ugeet, do si mir u sech ganz zefridden. \nDat war eng grouss Inconnue wou mir et lancéiert hunn am Juni. \nDir kënnt Iech erënneren, mir hu gesinn \"Mir mussen et probéieren, fir ze gesinn wat et bréngt\". \nMa d'Resultat ass gutt. Mir hunn insgesamt eng ronn 7.000 Eventer gehat. \n6.700, déi notifizéiert gi sinn, wat Evenementer ënner 300 Leit waren, an dann och nach eng Kéier eng 233 Demande fir Evenementer, déi iwwer 300 Leit erausginn, déi quasi all akzeptéiert goufen. Dir wësst, o huet missen e Concept sanitaire bei eis hannerluecht ginn an akzeptéiert ginn. \nMir hu ganz wéineg Refuse gemaach, also et gesäit een, dass dee Regimm hei zu Lëtzebuerg verstane ginn ass, dass en applizéiert ginn ass. \nA virun allem sinn ech ganz frou kënnen ze soen, dass mir um Niveau vun der Inspection sanitaire näischt ze vermellen hunn, wou ee géif soen dass do Saache schif gelaf sinn. \nMir hunn iwwert de ganze Summer duerch een oder deen anere klenge Cluster gehat, awer guer net spezifesch elo mat CovidCheck-Eventer. \nDat ass \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (01092021).wav_chunk_9_1689254201 (1).mp3", "transcription": "wierklech näischt Signifikatives gewiescht, dat heescht, also mat der Ausnam vun deem Ausrutscher, dee mir direkt am Ufank hate ronderëm Nationalfeierdag, ass et u sech... kann een zur Konklusioun kommen, dass dëse Regimm, dee mir en place hunn op alle Fall gutt funktionéiert, e gudde Sécherheetsgurt ass, zumindest op alle Fall mat enger Zuel un Neiinfektiounen, wéi mir se elo haten. \nEt weess een net wat dat elo bréngt. \nNatierlech wat mir méi Neiinfektiounen hunn, wat och de Rescht-Risiko ëmmer nach do ass, an dat zueleméisseg sech natierlech wäert erëm spigelen. \nMee am Moment, op alle Fall, ass et zu eiser Zefriddenheet. \nDat hätt och kënnen anescht sinn; mir sinn op alle Fall frou dass dee Regimm sech bewäert huet a mir kënnen och weider dorop setzen. \nWie sinn elo déi Leit, déi net geimpft sinn? \nDat ass och eng Fro, déi vill gestallt gëtt. Mir gesi virun Allem, ass dat an der Alterskategorie eben 18-50-Järeger. \nDéi sinn eréischt zu 50-65% geimpft zu dësem Zäitpunkt. \nNatierlech och déi Jugendlech an d'Kanner, déi nach net kënne geimpft sinn. \nMir maachen do e Suivi. Dat sinn Analysen, déi mir maache fir besser ze verstoen: \nWie sinn \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_0_1689940231.mp3", "transcription": "Schéine gudde Mëtteg!\nMir gesinn dass d'Situatioun substantiell besser ginn ass an och d'Tendenz an déi richteg Richtung gaangen ass an och nach weider geet, dat heescht en Trend wierklech no ënnen.\nWann ech z. B. Woche vergläichen iwwert d'Moyenne journalière vu Neiinfektiounen, hate mir den 12. Abrëll nach 203, a mir leie bei der Woch vum 24. Mee op 70.\nA wann ech de Large Scale Testing vun der leschter Woch kucken: bei ronn 30.000 Tester bei Residenten, sinn nach 18 positiver fonnt ginn.\nDëse Méindeg war bei 7.200 Tester am Large Scale Testing guer kee positiven dobäi.\nDat heescht, dass et een awer kann d'Conclusioun zéien, dass mir eng kontrolléiert Situatioun hunn.\nDen Dag vu gëschter - déi Zuelen déi haut kommunizéiert ginn - do hu mir "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_10_1689940231.mp3", "transcription": "an ech menge legitim, et ass normal an et ass méiglech mat där Situatioun, déi mir hunn, mat deenen Zuelen, déi mir hunn,...\nDir wësst jo dass déi 1. Prioritéit, déi d'Regierung sech ginn hat, keng Iwwerlaaschtunge vun de Capacitéiten an de Spideeler.\nFir eis wor et ëmmer wichteg, dass d'Soine kënne prodiguéiert ginn.\nMir hunn dat fäerdeg bruecht - also ech paken Holz un an ech hoffen dass dat och esou weidergeet -, dass ee wierklech keng Iwwerlaaschtung hat, mir hunn esouguer Leit aus dem Ausland matbruecht.\nAn ech wor jo gëschter zu Paräis, wou ech och rappelléiert kritt hunn, dass mir 11 Patienten am Ganzen aus Frankräich och geholl hunn, wat och Solidaritéit beweist.\nMir hunn dofir de Moien am Regierungsrot och eng Rëtsch vu Prinzippie festgehalen, déi och e Freideg an engem Text ugeholl ginn, wou den nächste Regierungsrot ass.\nMir hunn elo just d'Chamber och informéiert iwwert déi verschidden Dispositiounen, déi mir géifen huelen.\nEt geet dorëms wierklech a ganz ganz ville Beräicher méi Normalitéit ze fannen am Alldag, am Liewen, an Interaktiounen, an et gi verschidden Haaptpunkten.\nAn erlaabt mir déi ganz kuerz ze resuméieren."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_11_1689940231.mp3", "transcription": "Fir d'éischt gëtt de Couvre-feu ganz opgehuewen. Deen ass dann nom 12. Juni net méi Realitéit hei zu Lëtzebuerg.\nAn elo, fir ganz ze resuméieren, wéi d'Madamm Gesondheetsministesch mir eng Kéier gesot huet: 10 gëtt déi nei 4.\nDat heescht, dass do wou och virdru 4 war, ass elo 10. Dat heescht am Privaten, geet d'Zuel, déi am Moment jo op 4 limitéiert war och op 10 erop.\nAn ausser et wier nees en Haushalt, dee méi wéi 10 Leit huet, dat heescht dass deen och dann do zesumme géif zielen.\nAm Horeca, wa mir scho vun den Zäite schwätzen, an ech hunn elo just vum Couvre-feu geschwat, sinn och keng Spärstonnen no 22:00 Auer.\nDir wësst jo, dass déi och bis elo Realitéit war, dass um 22:00 Auer d'Restauranten zougemaach hunn.\nDat heescht, déi maachen normalerweis um 01:00, da wéi déi normal Zäit ass, och dann zou.\nAn dann, déi aner Etablissementer, dann, et hänkt eben of wéi eng Autorisatiounen se hunn.\nDéi nei 10"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_12_1689940231.mp3", "transcription": "Geimpft oder Getest\".\nTatsächlech, ass de CovidCheck.... huet ee QR-Code.\nDee QR-Code gëtt vun deem Contrôleur dann ebe verifiéiert, deen dann eng gréng Luucht kritt, wann en an der Rei ass, oder eng rout Luucht kritt, wann en net an der Rei ass.\nAn dee QR-Code gëtt da gescannt.\nWéi eng Certificate gëlle fir de CovidCheck?\nD'Madamm Gesondheetsministesch wäert méi an den Detail och goen, wéi do genau d'Reegelung ass.\nMee et ass eng Kéier, getest, dat ass de PCR, deen et jo elo schonn am Moment gëtt, dee jo 72 Stonnen och gülteg ass.\nMee Nouveautéit, wat mir och de Moien decidéiert hunn, dat ass eben och déi Schnelltester, oder déi Autotester, déi och gemaach ginn.\nA bei de Schnelltester, Autotester, déi certifiéiert sinn, certifiéiert sinn, wou am Moment den Delai jo op 24 Stonne war, gëtt verlängert op 48 Stonnen, wat och eng Nouveautéit och ass, op jiddwer Fall hei "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_13_1689940231.mp3", "transcription": "fir zu Lëtzebuerg.\nBei \"Geimpft\", do ass et, wann een déi 2. Impfung kritt huet, oder bei Johnson, no engem Delai de carence, mee d'Madamm Gesondheetsministesch wäert dono och méi Erklärungen dozou ginn.\nMee dat heescht, déi Leit déi geimpft sinn, kréien och déi Méiglechkeet am CovidCheck dee grénge QR-Code ze hunn, wat och, mengen ech wichteg ass.\nMee dee grénge Certificat gëtt et net, ausser beim Johnson, no enger Impfung. Et mussen 2 Impfungen och gemaach ginn.\nDa gëtt et bei \"Genesen\" och de QR-Code, dee gréng ass, an do wäert d'Gesondheetsministesch och erklären, wéi dat um europäeschen Niveau an och hei zu Lëtzebuerg dann a Kraaft wäert trieden.\nDe CovidCheck-System trëfft awer net nëmmen - nom 12. Juni fänkt en un - mee trëfft net nëmmen den Horeca-Secteur.\nEt ass wichteg nämlech z'ënnerscheeden: fir deen Eenzelen gëtt et, dat ass déi éischt Saach, keng App.\nEt ass net dass een eng App "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_14_1689940231.mp3", "transcription": " huet; et huet een ee QR-Code.\nDe QR-Code kritt Dir jo och an der 2. Impfung vum Dokter, vum Infirmier, kritt Dir jo och ee Pabeier, wou de QR schonn drop ass.\nBei \"Genesen\" a bei den Tester, wäert d'Madamm Gesondheetsministesch erkläre wéi dat och geet.\nAn dat heescht, dee QR-Code ass oder digital um Handy, well dee kritt ee jo och iwwert den MyGuichet.lu, oder iwwert Pabeierversioun, déi een dann och huet.\nEch hunn Iech just vun deenen 10 geschwat. Bei de Rassemblementer ginn et och keng Restriktioune bis 10 Leit.\nTëschent 10 a 50 Leit bei Rassemblementer, zielt déi 2-Meter-Distanz, an d'Mask.\nAusser de CovidCheck-Certificat.\nDe CovidCheck ass nees eng Kéier... erlaabt Dispensen ze hunn vun deene Mesurë vun 2 Meter oder vun de Masken.\nBei 51 bis 300 Leit, dat heescht do gëtt och nees eng Ouverture gemaach, dass ee ka bis 300 Leit eppes zelebréieren.\nEch denken un Hochzäiten. Ech denken u "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_15_1689940231.mp3", "transcription": "déi eng vun deenen 3 Konditiounen erfëllen, brauch een net déi 2 Meter, et brauch een net Mask an et brauch een och net ze sëtzen.\nDat heescht och, wann ech Iech dat elo soen, dass ab dem 13. Juni zu Lëtzebuerg och een neien - net eppes Neies opgeet, mee eppes wat elo zou ass, nees opgeet -, dat ass och d'Nuetsliewen, wou et dann d'Méiglechkeet gëtt duerch de CovidCheck och nees en Depart am Nuetsliewen ze hunn, mat där Limitt vun deenen 300 Leit an net driwwer.\nDa gëtt et nach eng Méiglechkeet fir iwwert 300 Leit Evenementer kënnen z'organiséieren, mee dat si Konzepter, déi dann och musse validéiert ginn duerch d'Santé.\nAm Sport: bis 10, och keng Restriktioun.\nIwwert 10 Leit, ass et entweder 2 Meter, oder Mask, oder de CovidCheck.\nAn dat muss dann och der Santé notifiéiert ginn. De Prinzip vum CovidCheck: do gëtt d'Santé och informéiert, well et gi Kontrolle gemaach.\nEt geet net duer dass mir ee CovidCheck maachen. Et ginn och Kontrolle gemaach.\nDat heescht, deen dee wëll mam CovidCheck "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_16_1689940231.mp3", "transcription": " kënnen derogéieren, zum generelle Prinzip, muss dat dann och der Santé notifiéieren.\nSportveranstaltunge bis 300, ass wéi bei de Rassemblementer, also 2 Meter, plus Distanz, plus am Sëtzen, ausser och de CovidCheck gëtt hei gemaach.\nWat och mat engem Concept sanitaire erlaabt ass, ass dass ee bis op 2.000 kann och bei Manifestatiounen, do, Spectateuren och empfänken.\nOch an der Kultur, déi selwecht Reegelen, déi och zielen. Dat heescht, mam CovidCheck, dass een do och nei Ouverturë ka kréien.\nBeim Commerce, do sinn... déi Reegel vun 1 Persoun pro 10 Meterkaree gëtt ofgeschaaft.\nBannen am Commerce bleift d'Mask och obligatoresch. Och an de Grande-surfacen, awer de Verbuet fir z'iessen...\nWa mir d'Restauranten och bannen ophunn, an do ësst och net jiddweree mateneen, mee do ass och d'Erlabnis da nees fir kënnen dobannen och z'iessen.\nMee, wann een op Plazen ass, déi zou sinn, dat ass am Commerce, dat ass och am ëffentlechen "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_17_1689940231.mp3", "transcription": "Transport, ass d'Mask nach ëmmer obligatoresch.\nMir sinn eis och bewosst, dass et am Moment eng Kategorie vu Leit gëtt, déi nach keng Méiglechkeet haten, fir geimpft ze ginn.\nMir hunn... Fakultativ kann een ab 30 Joer geimpft ginn a bis 55, z. B. mam AstraZeneca.\nEch hunn Iech virdru gesot, dass ee bis 39... 39,5, et ass, ech mengen tëschent 42-43 an 39,5 deen elo erausgeet, oder déi nächst Deeg erausgeet, dat heescht dass mir weider erofginn.\nMir wëllen och fir déi Leit, déi tëschent 6 Joer, an dat ass eben och ganz oft international eng Obligatioun, fir kënnen... dass een da muss en Test hunn.\nDass et och d'Méiglechkeet gëtt, dass all Persoun tëschent 6 an 30 Joer e Bong kritt, fir am Large Scale Testing och kënne gratis getest ze ginn.\nMir wëssen, dass déi nächst Wochen a Méint, déi sinn, wou och vill Leit wäerten sech deplacéieren, wou vill Leit kënne profitéieren, am Fong, vun der Impfung,\net awer eng Kategorie vu Leit gëtt, déi nach net konnte geimpft ginn.\nA mir mengen, dass et och wichteg ass, un déi "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_18_1689940231.mp3", "transcription": "ze denken, an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, net nach mussen de Surcoût vun engem Covid-Test kënne ze maachen,\nvis-à-vis vun anere Leit, déi en dann eben duerch d'Impfung gratis hunn.\nMir hunn nach niewent all deene Punkten zum Covid, well et indirekt och mam Covid liéiert ass, d'Verlängerung vun den Aide vun de Classes moyennes decidéiert.\nDe Regierungsrot huet och decidéiert, dass 2 Aideregimmer an de Classes moyennes ëm 4 Méint, dat heescht bis Oktober 2021, verlängert ginn.\nDat ass d'Aide Coûts non couverts an d'Aide de relance.\nMir sinn hei an enger klorer Logik vun engem Phasing out, d. h., et sinn nëmmen nach déi weiderhi staark vun der Pandemie touchéiert Secteuren, déi och eligibel sinn,\ndat ass virun allem de Secteur an der Horeca an och de Secteur vum Evenementiel, well déi fänken elo un, awer nach mat Limitatiounen, déi och festgehale gi sinn.\nAn och d'Intensitéit vun den Aiden gëtt no ënnen ugepasst, dat wéi gesot an enger Logik vu Phasing Out, fir dass deene betraffene Betriber de Wee an eng Normalitéit "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_19_1689940231.mp3", "transcription": "De Choix, och vun engem Etablissement, dass en, wann en der Meenung ass \"Ech wëll léiwer mat 4 ouni Test\", dass dat säi Choix ass.\nWann e wëll aner... dass en do de CovidCheck-System selbstverständlech kann och féieren. Et ass wichteg, dass de Client och Vertrauen huet op där Plaz, wou e geet.\nEch hunn Iech virdrun och gesot, well dat eng grouss Ännerung ass, och dass de Minister Delles mat der Horesca schonn do eng Diskussioun hat,\nan eben och elo déi nächst Deeg gebrauch ginn, fir ebe mat hinnen ze kucken, wéi d'Visibilitéit vun där Saach och an enger Vitrinn...\nWell et ka jo och méiglech sinn, dass e Restaurant z. B. Mëttes, wou een nëmmen eng Stonn Paus huet, fir kënne ee Menu du jour ze hunn, z. B. decidéiert 4 Leit ze maachen, well ee mam Test soss eng Véierelsstonn verléiert, mee dass een dann z. B. Owes seet, Owes kann ee méi grouss Dëscher maachen, an dann awer mam CovidCheck dat da muss maachen.\nEt ass fir eis wichteg, dass de Message och duerchkënnt, dass getest, genesen a geimpft net kumulativ sinn.\nEt ass dat "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_1_1689940231.mp3", "transcription": " 6.665 Tester déi gemaach gi sinn.\nDo si 44 Positiver déi eraus komm sinn, dat ass en Taux de positivité vun 0,66%.\nA wann ech d'Situatioun och an de Spideeler analyséieren, gesi mir dass mir am Moment nach 16 Patienten op de Soins normaux hunn, a 5 Patienten op de Soins intensifs, dat heescht nach eng Baisse och am Verglach zu den aneren Deeg.\nD'Analyse vun de Kläranlage ginn och weider an déi richteg Richtung, also bleiwen och gréng.\nDen Taux de positivité, wann ech deen z. B. och vergläiche mat där Woch déi ech virdrun och geholl hunn, vum 12. Abrëll, do louch den Taux de positivité général bei 2,09%. Dee läit fir de 24. Mee op 0,81%.\nWann ech d'Analys och maache vun den Alterskategorien"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_20_1689940231.mp3", "transcription": "eent oder et ass dat anert.\nEt ass kee verflicht an deem Land, et gëtt keng Obligation de vaccination an dësem Land.\nEt ass awer deen einfachste System, am Fong, fir dee grénge QR-Code kënnen ze kréien, mee et ginn Alternativen.\nDéi Alternativen hu mir och elo virdru vum Antigene-Test op 48 Stonnen, dat heescht, facilitéiert fir d'Alternativen.\nMir sinn och weider an den Diskussiounen, an d'Gesondheetsministesch hat gëschter nach och ee Rendez-vous mat hiren europäeschen Kolleegen, fir dass wierklech och d'Summervakanz reiwungslos sollt verlafen, fir dass eise CovidCheck och dat gëtt, wat mat de Nopeschlänner an och mat den aneren europäesche Länner, am Fong, pardon, mee déi nächst Normalitéit fir déi nächst Méint wäert och sinn, fir eben déi Ouverturen och kënnen ze garantéieren.\nWell déi Garantië sinn och Garantië fir déi aner.\nEt ass eng Garantie fir Iech, mee et ass och eng Garantie fir déi Aner....\nAn dës Schrëtter, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_21_1689940231.mp3", "transcription": "Madamm Gesondheetsministesch \nMerci!\nGudde Mëtteg alleguerten!\nMir sinn natierlech frou haut kënnen déi dote Matdeelungen ze maachen.\nDen Defi, dee mir eis ginn haten, war ofzewaarden ob d'Situatioun wierklech an deem Trend bleift, dee sech ugezeechent huet iwwert déi lescht Wochen.\nDat ass kloer de Fall. Ech mengen d'Zuele schwätze fir sech. Mir hu wierklech réckleefeg Infektiounszuelen.\nMir hunn... dat bestätegt sech duerch en \"R\"-Wäert, deen ënner 0 ass, schonn iwwert e puer Wochen; dat weist wierklech, dass mir zerécklafen.\nMir hunn en Taux de positivité, dee ganz niddereg ass mëttlerweil.\nA virun allem, an dat ass dat Wichtegst, mir gesinn och eng Réckleefegkeet um Niveau vun de Spideeler.\nDat huet e bësselche gebraucht, éier een et erkannt huet, mee et ass awer entre-temps kloer: mir hu manner Admissiounen.\nEt gesäit een, d'Zuele gi wierklech erof, och op den Intensivbetter, an dat ass am Fong geholl déi Situatioun, déi mir gären hätten fir wierklech kënnen dann nei Schrëtt ze goen.\nMir sinn, wéi ëmmer, beméit am Fong geholl e Maximum u Fräiheet ze ginn, och wierklech all Moyennen anzesetzen, déi nei zur Verfügung stinn.\nDat wäerten déi nei "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_22_1689940231.mp3", "transcription": "CovidCheck sinn, déi mir kënne maachen, an och breet an den Asaz bréngen.\nSou wäit wéi méiglech Fräiheeten, an trotzdeem awer kucken, dass mir e minimum u Garantien hunn.\nDo si mir nach wie vor op Jiddwereen ugewisen, et gëtt kee System, dee sech selwer dréit.\nDat Ganzt steet a fält domadder dass d'Leit matmaachen, dass si déi puer Restriktiounen déi bleiwen, déi Obligatiounen, déi se hunn, wierklech och respektéieren.\nMir wäerten net kënnen niewent all Restaurant, niewent all Stull ee Polizist setzen, dat heescht, et baut ganz vill och op Vertrauen op.\nMir hunn hei eng Rei Mechanismen, déi mir spille doen an dëser dach nach kritescher Zäit, et däerf een et net vergiessen.\nD'Pandemie ass net eriwwer. Si ass nach ëmmer do. Wa mir international Nouvellë kucken, gëtt een och ganz uerg domat konfrontéiert.\nMir hunn d'Chance, dass et hei stabel ass, réckleefeg ass och, mee d'Pandemie ass nach net eriwwer an dee grousse \"Fragezeichen\", et ass nach ëmmer ee Bémol an dëser Situatioun, an dat ass zu dësem Zäitpunkt wierklech déi indesch Variant.\nDir wësst, dass déi ufänkt méi zouzehuelen a verschiddene Länner, och bei eis.\nDat wat kloer ass, ass dass se "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_23_1689940231.mp3", "transcription": "méi schnell ass, alt erëm eng Kéier; et ass méi eng schnell Variant.\nOb se elo méi pathogene ass, méi schlëmm am Krankheetsverlaf, dat weess een haut nach net.\nAn dat ass eben dat Fragezeichen, wat mir hunn. Dat muss een nach observéieren iwwert déi nächst Wochen.\nDo gëtt een ebe wéi ëmmer vu Woch zu Woch e bësselche méi do ronderëm gewuer.\nMee et ass eppes, wann ech elo misst resuméieren, wou läit eis grouss Suerg, dann ass et dat: wat reservéiert eis déi indesch Variant?\nSe ass méi schnell, an aller Logik misst se dann och lues a lues dominant ginn, a mir wëssen nach net zu 100% wat se eis reservéiert.\nDofir eben nach Virsiichtsmoossnamen zu dësem Zäitpunkt, an dach awer ganz vill nei Fräiheeten.\nMir hunn d'Ambitioun elo wierklech e Modell ze lancéieren, deen erëm eng Kéier seng Eegenaart huet, an d'Hoffnung ass, dass sech no engem Mount erausstellt, dass dat alles esou klappt, wéi mir eis et erwaarden.\nDat wier dann de Go fir iwwert de Summer och wierklech rassuréiert ze sinn.\nGanz villes huet mat deem neie CovidCheck eben ze dinn, deen och op europäeschem Plang ugestrieft ass.\nDat Reglement wat dat virgesäit, dass een do eng gewëssen Unerkennung huet tëschent de Länner, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_24_1689940231.mp3", "transcription": "wäert mam 1. Juli a Kraaft trieden.\nDono ass en Delai nach, deen d'Länner hu fir et ëmzesetzen.\nMir hunn d'Ambitioun éischter prett ze sinn...\nWéi et ausgesäit, misste mir dat hikréien fir d'Akraafttriede vun deem nächste Gesetz.\nAn ech géif villäicht eng Kéier just vun der Geleeënheet profitéieren, well ganz vill Diskussiounen am Detail ronderëm déi Certificate sinn.\nDo sinn och nach bis gëschter Moien nach Gespréicher gelaf fir sech sou wäit wéi méiglech wierklech z'alignéieren op europäeschem Plang.\nD'Grondiddi ass déi, dass een en Certificat kritt a verschiddene Fäll, eben dee fälschungssécher ass; dat ass ganz wichteg!\nMir schwätzen hei mat Schrëftstécker, déi eng gewësse Sécherheet solle ginn an dann ass eent vun den éischten Ziler, dass een e standardiséiert Dokument huet, wat eng gewësse Sécherheet huet, wat ee QR-Code huet, dee net kann einfach gefälscht ka ginn.\nDat ass eng grouss Suerg am Moment. Dat Ganzt steet a fält och mat der Éierlechkeet vun de Leit, dass se sech wierklech un d'Reegelen halen an net fuddelen.\nDat misst méi einfach ginn, wa mir wierklech mat deenen neie Certificate schaffen, déi ee gesécherte "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_25_1689940231.mp3", "transcription": "QR-Code hunn.\nDann huet dee Certificat eng Rei standardiséiert Informatiounen, déi een huet, déi liesbar sinn an den eenzele Länner.\nA minimal Standarde musse garantéiert ginn, wa mir déi Interoperabilitéit, dat heescht, dass wann ech iwwert d'Grenz ginn,\nwann ech mäi Certificat och do wëll benotzen an unerkannt kréien, da musse mir eng Rei minimal Garantie setzen.\nAn déi hu mir elo wäitgoend hei, proposéiere mir déi elo schonn hei bei eis afléissen ze loossen.\nMir hunn... wa mir ufänken: wat versteet een drënner, wann ech geimpft sinn?\nEe Certificat dass ech geimpft sinn, brauch ech éischtens net unzefroen, dee wäert Dir automatesch kréien iwwert d'Direction de la Santé.\nMir hunn déi Donnéeë jo, an d'Leit wäerten dat dann och kréien.\nDat ass ee Certificat, deen een entweder op Pabeier huet oder digital. Op MyGuichet a sengem Espace personnel, wäert deen ofgeluecht ginn.\nDo ass, wéi schonn erkläert ginn ass, ee QR-Code drop, deen da kann vun deem dee kontrolléiert, do wou ech higinn, ofgelies ginn an deementspriechend agestuuft "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_26_1689940231.mp3", "transcription": "ginn.\nWéi eng Vaccine kommen do a Fro?\nDo ass de minimale Standard, dee virgesinn ass am Reglement, ass dass mir déi Vaccine consideréieren, déi vun der EMA zougelooss sinn, vun der europäescher Medikamentenagence.\nDonieft kann een och nach aner Vaccinen unerkennen, dat ass eng Lëscht, déi vun der WHO provisoresch festgehale ginn ass.\nEt kann een eventuell och Vaccinen unerkennen, déi vun anere Memberstaate bei sech reng national zougelooss gi sinn.\nAn et kann een och bilateral Accorde fanne mat anere, mat Drëttstaaten, zum Beispill.\nDo wor Stand gëschter nach keng gemeinsam Linn wierklech erkenntlech op europäeschem Plang, sou dass mir, à ce stade, proposéieren,\nde Certificat, den Impf-Certificat ze beschränken op déi Vaccinen, déi vun der europäescher Medikamentenagence zougelooss sinn.\nDat sinn och déi, déi mir hei am Ëmgang hunn, an am Asaz hunn.\nDann... kënnt d'Fro: wéini gëllt een als geimpft?\nDo ass e grousse Konsens, dee sech weist, dass ee seet, et ass ee "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_27_1689940231 (1).mp3", "transcription": "geimpft...\nMir ënnerscheeden 2 Situatiounen:\nDat eent ass: wann et en Impfstoff ass, deen 2 Mol verofreecht gëtt, dann ass et am Prinzip um Datum vun der 2. Impfung. Ab deem Dag selwer gëllt een als geimpft.\nAss et awer elo een Impfstoff wou ee just eng Dosis kritt, wéi den Johnson am Moment, da kënnt nach en Delai de carence drop.\nDat heescht, do rechent een nach eng Kéier 14 Deeg dobäi, well de Kierper eng Zäit brauch, éier en ufänkt op deen Impfstoff ze reagéieren.\nDat heescht, bei 1 Dosis, wann ech den Impfstoff kréien, wou just 1 Dosis ass, da gëllen ech als geimpft 14 Deeg no där Impfung.\nWann et een ass, deen 2 Dosisse verlaangt, dann ass et ab dem Dag wou ech déi 2. kritt hunn, direkt gëllen ech als geimpft.\nAn da kënnt nei dobäi, dat ass eng nei Kategorie, wou een och als geimpft gëllt.\nDéi hate mir bis dato nach net hei am Land. Eng Rei Memberstaaten hunn dat schonn a mir wäerten eis do och drop alignéieren.\nDat ass an deem Fall, wou ech schonn eng Kéier Covid hat bannent deene leschte 6 Méint, also ee positive PCR-Test hat, da sinn ech no 1 Impfung scho fäerdeg geimpft.\nDat heescht, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_27_1689940231.mp3", "transcription": "geimpft...\nMir ënnerscheeden 2 Situatiounen:\nDat eent ass: wann et en Impfstoff ass, deen 2 Mol verofreecht gëtt, dann ass et am Prinzip um Datum vun der 2. Impfung. Ab deem Dag selwer gëllt een als geimpft.\nAss et awer elo een Impfstoff wou ee just eng Dosis kritt, wéi den Johnson am Moment, da kënnt nach en Delai de carence drop.\nDat heescht, do rechent een nach eng Kéier 14 Deeg dobäi, well de Kierper eng Zäit brauch, éier en ufänkt op deen Impfstoff ze reagéieren.\nDat heescht, bei 1 Dosis, wann ech den Impfstoff kréien, wou just 1 Dosis ass, da gëllen ech als geimpft 14 Deeg no där Impfung.\nWann et een ass, deen 2 Dosisse verlaangt, dann ass et ab dem Dag wou ech déi 2. kritt hunn, direkt gëllen ech als geimpft.\nAn da kënnt nei dobäi, dat ass eng nei Kategorie, wou een och als geimpft gëllt.\nDéi hate mir bis dato nach net hei am Land. Eng Rei Memberstaaten hunn dat schonn a mir wäerten eis do och drop alignéieren.\nDat ass an deem Fall, wou ech schonn eng Kéier Covid hat bannent deene leschte 6 Méint, also ee positive PCR-Test hat, da sinn ech no 1 Impfung scho fäerdeg geimpft.\nDat heescht, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_28_1689940231.mp3", "transcription": "et ass een neie Cas de figure vu kompletter Impfung, fir Leit, déi, zeréckgekuckt, an deene leschte 6 Méint positiv waren iwwert ee PCR-Test,\nnet e Schnelltest, iwwert ee PCR-Test! Déi sinn ab der 1. Impfung... gëllen se als geimpft,\nplus awer erëm eng Kéier deen Delai vu 14 Deeg, vu que dass et jo da just 1 Impfung ass, déi gi gëtt.\n't ass keng 2. Impfung, dat heescht mir sinn an der Hypothees vun 1 Sprëtz, an do kënnt da nach eng Kéier déi 14 Deeg dobäi.\nDat ass eppes wat mir elo och wäerte selwer ausstellen. Mir hunn déi Donnéeën alleguerten.\nEt ass elo eis Erausfuerderung dat beieneen ze brénge fir deene Leit déi concernéiert sinn um Moment vun der Entrée en vigueur vum Gesetz, fir hinnen och wierklech de Certificat dann zoukommen ze loossen.\nDann deen 3. Certificat, dat ass: wéini sinn ech geheelt?\nDat ass deen \"Geheelt\". Dat heescht, ech hat eng Kéier schonn de Covid, an ech ginn dovunner aus, dass ech eng Immunitéit opgebaut hunn.\nDo gëtt et iwwert de Reglement ee relativ klore "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_29_1689940231.mp3", "transcription": "Mindeststandard, an 't ass och deen, dee mir proposéieren hei unzehuelen.\nDo si mir u sech dann och direkt konform mat deem wat gefuerdert ass.\nEch gëllen als geheelt, do ass och erëm eng Kéier: de Point de départ ass ee positive PCR-Test.\nDann ass een 11 Deeg dono, ab 11 Deeg dono ass ee consideréiert dass ee geheelt ass. An dat gëllt da fir 6 Méint à partir vum PCR-Test.\nDat heescht, de Point de départ ass de positive PCR-Test. Ab dem 11. Dag gëllen ech als geheelt.\nAn dat Ganzt gëllt 180 Deeg, also am Fong geholl 6 Méint ab dem PCR-Test.\nDat ass de Maximum, deen ee kann huelen, à ce stade, um Niveau vum Reglement, fir eben herno déi Unerkennung ze hunn, an 't ass och dat, wat wäert gëllen.\nDo ass et esou, dass een och dat wäert automatesch kréien. Et ass jo gekoppelt un de PCR-Test, kënne mir also och automatesch ausstellen.\nDeemno dierft dat keng gréisser Suerg sinn.\nDa kënnt den Test. Den Test-Certificat. Do sinn nach ganz vill Diskussiounen."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_2_1689940231.mp3", "transcription": ", gesäit een och, dass do, z. B. déi Woch vum 15. Februar elo, déi ech géif huelen, den Taux de positivité z. B. an der Tranche d'âge iwwer 80 Joer bei 1,2% louch, a läit an der Woch vum 24. Mee bei 0,1%.\nVu 70-79 Joer, louch en bei 1,3%, läit elo bei 0,1%.\nTëscht 60 a 69, louch en bei 1,2% a läit elo bei 0,3%.\nAn tëschent 50 a 59 Joer, louch en bei 1,6% a läit elo bei 0,6%.\nDat heescht et ass eng Diminutioun, déi mir gesinn, an den Alterskategorië vun... wann ech 1,2% am Februar, 1,4% am Mäerz, 2% den 22. Mäerz, 1,1% de 5. Abrëll, 0,6% den 19. Abrëll, 0,2% den 3. Mee, den 10. Mee 0,2%, de 17. Mee 0,1%, an elo déi lescht Woch och 0,1% fir déi Leit iwwert 80 "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_30_1689940231.mp3", "transcription": "Länner erkennen e Schnelltest nach net un. Mir hunn déi Optioun, mir hunn dat jo och elo schonn.\nWat d'Duree ugeet, also als \"getest\" gëllt een an 2 Cas de figuren:\nDat éischt ass, wann ech ee PCR-Test hunn. Deen ass dann 72 Stonne gülteg. Dat hu mir och haut schonn.\nFir de Schnelltest, dee certifiéierte Schnelltest, sinn et neierdéngs dann 48 Stonnen.\nDo si vill Diskussioune gewiescht, dat war och ee vun deene Punkten, wou vill Diskussiounen tëscht dem Europaparlament an der Kommissioun waren, wou vum Parlament ënnert anerem ebe 24 Stonnen ugestrieft war. Dat ass dat wat mir och bis elo haten.\nEt ass awer gëschter dunn eng Recommandatioun komm vu Säite vun der Kommissioun, dass een sech soll an Europa op déi 48 alignéieren.\nWéi gesot, vill Diskussiounen.\nMir hunn d'Decisioun och elo geholl, dass mir eis da wäerten alignéieren op 48, dass mir do op alle Fall deem Opruff gerecht ginn, dee gëscht gemaach ginn ass.\nD'Länner sinn awer fräi fir dat bei sech anzestufen, wéi si dat fir richteg fannen.\nDat heescht, de Certificat, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_31_1689940231.mp3", "transcription": "dass ech getest sinn, deen drëtten \"G\":\nPCR, deen dann 72 Stonne gülteg ass, oder e certifiéierte Schnelltest, deen 48 Stonne wäert gülteg sinn.\nDat ass dat wat mir haut scho kennen, dee certifiéierte Schnelltest, deen eben am Moment just nach 24 Stonne gülteg ass.\nEt kënnt eng Nuance dobäi, dat ass nach eng kleng Couche u Komplikatioun, déi bäi kënnt...\nMir si jo... op nationalem Plang hu mir eis ganz breet opgestallt fir déi Certificatioune vun de Schnelltester, well mir dat wierklech wëlle favoriséieren.\nEt kënnen och Beamte certifiéieren, déi agreéiert sinn vum Direkter vun der Santé.\nDat wäert awer net goe fir d'Interoperabilitéit. Dat heescht, do kënnt eng Zousaz-Prozedur dobäi.\nWann een sech elo spezifesch wéilt sengem Schnelltest-Certificat bedénge fir an d'Ausland, dann ass et méi en enke Krees u Persounen, déi dat kënne certifiéieren.\nMir wäerten awer do am Detail natierlech driwwer kommunizéieren.\nDat mussen opgrond vum Reglement da Professionnels de santé sinn.\n't ass e bësselche méi restriktiv, deen europäesche Kader, sou dass mir do mussen eng extra Demarche en place "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_3_1689940231.mp3", "transcription": "gesäit een, dass wierklech d'Impfung och wierklech wierkt an och wierklech hëlleft, dass den Taux wierklech esou niddereg wéi méiglech bleift.\nWa mir bei d'Vaccinatiounen, justement, kommen, an dofir och nach en Appell...\nBei de Vaccinatiounen an zur Informatioun, sinn haut d'Invitatiounen erausgaangen, wou schonn een Deel vun de Leit bei 39,5 Joer invitéiert gi sinn.\nDat heescht, mir komme wierklech erof, mir si bei ënner 40, am Moment, déi invitéiert ginn.\nMir hunn ugefaangen, hein, mir hunn ugefaangen a mir si bei 39,5 Joer, déi wäerten och an deenen nächsten Deeg nach weider verschéckt gi fir weider erofzegoen.\nBis den 1.Juni sinn zu Lëtzebuerg 413.000 [sic: 413.320] Dosen Impfstoff geliwwert ginn.\nDëst si Vaccine fir am Ganzen 210.560 Leit, déi sech zesummesetzen aus: Pfizer 283.520, AstraZeneca 79.200"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_4_1689940231 (1).mp3", "transcription": ", Moderna 32.400 a Johnson & Johsnon 13.000.\nMir hu bis gëschter Owend ronn eng 357.000 Impfunge kënnen hei am Land maachen.\n232.400 Leit hunn eng 1. Dosis kritt an 124.000 Impfungen als 2. Dosis sinn och gemaach ginn.\nEt ass... Haut - wann d'Zuelen, déi mat den Invitatiounen déi komm sinn, och den Owend, wäerte stëmmen -wäerte mir och déi 1. Kéier haut de Chiffer vun iwwert 8.000 Impfungen den Dag knacken.\nDir wësst, dass mir jo nach méi Capacitéiten och hätten, mat deenen Zenteren, déi mir opgemaach hunn.\nDéi Zuel hu mir Iech jo virun e puer Woche scho bekannt gemaach.\nMee mir hunn de Vaccin, deen och eng Denrée rare ass, nach ëmmer eng Realitéit ass, dass en rare ass.\nMir hunn am Moment 37,12% vun de Residenten, oder 46,2% vun de Leit iwwer "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_4_1689940231.mp3", "transcription": ", Moderna 32.400 a Johnson & Johsnon 13.000.\nMir hu bis gëschter Owend ronn eng 357.000 Impfunge kënnen hei am Land maachen.\n232.400 Leit hunn eng 1. Dosis kritt an 124.000 Impfungen als 2. Dosis sinn och gemaach ginn.\nEt ass... Haut - wann d'Zuelen, déi mat den Invitatiounen déi komm sinn, och den Owend, wäerte stëmmen -wäerte mir och déi 1. Kéier haut de Chiffer vun iwwert 8.000 Impfungen den Dag knacken.\nDir wësst, dass mir jo nach méi Capacitéiten och hätten, mat deenen Zenteren, déi mir opgemaach hunn.\nDéi Zuel hu mir Iech jo virun e puer Woche scho bekannt gemaach.\nMee mir hunn de Vaccin, deen och eng Denrée rare ass, nach ëmmer eng Realitéit ass, dass en rare ass.\nMir hunn am Moment 37,12% vun de Residenten, oder 46,2% vun de Leit iwwer "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_5_1689940231 (1).mp3", "transcription": " 18 Joer, déi bis elo eng 1. Kéier konnte geimpft ginn.\nMir hunn am Moment en Usage vun de Vaccinen, dat heescht vun all deem wat ukomm ass, vu 87%, déi och versprëtzt gi sinn, d. h. déi geliwwert gi sinn.\nA mir hunn nach am Stock 56.000 Dosen, déi am Stock sinn.\nAn dës Dosisse brauche mir fir ronn 53.000 Impfungen - déi 1. an 2. Administratioun -, déi bis de 9. Juni och gemaach ginn.\nDat heescht, mir benotzen also an den nächste 7 Deeg all de Vaccin, dee mir am Stock och hunn.\nDe Ratio vun de verimpften Dosisse variéiert. Dir wësst jo, dass mir 75% jo och als Basis geholl haten. Am Ufank 50, dunn 75%.\nDo louche mir elo an deene leschte Wochen tëschent 82% an 92%,\nfir nach eng Kéier déi Legend, dass den Impfstoff stockéiert gëtt an net benotzt gëtt, wierklech net der Realitéit entsprécht.\nMee et ass eis ëmmer wichteg virsiichteg ze sinn. Mir kënnen eis net erlaben, dass eng 2. Dosis net garantéiert kéint ginn"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_5_1689940231.mp3", "transcription": " 18 Joer, déi bis elo eng 1. Kéier konnte geimpft ginn.\nMir hunn am Moment en Usage vun de Vaccinen, dat heescht vun all deem wat ukomm ass, vu 87%, déi och versprëtzt gi sinn, d. h. déi geliwwert gi sinn.\nA mir hunn nach am Stock 56.000 Dosen, déi am Stock sinn.\nAn dës Dosisse brauche mir fir ronn 53.000 Impfungen - déi 1. an 2. Administratioun -, déi bis de 9. Juni och gemaach ginn.\nDat heescht, mir benotzen also an den nächste 7 Deeg all de Vaccin, dee mir am Stock och hunn.\nDe Ratio vun de verimpften Dosisse variéiert. Dir wësst jo, dass mir 75% jo och als Basis geholl haten. Am Ufank 50, dunn 75%.\nDo louche mir elo an deene leschte Wochen tëschent 82% an 92%,\nfir nach eng Kéier déi Legend, dass den Impfstoff stockéiert gëtt an net benotzt gëtt, wierklech net der Realitéit entsprécht.\nMee et ass eis ëmmer wichteg virsiichteg ze sinn. Mir kënnen eis net erlaben, dass eng 2. Dosis net garantéiert kéint ginn"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_6_1689940231.mp3", "transcription": "well mir d'Dosissen alleguerte versprëtzt haten.\nDen Duerchschnëttsalter vun de geimpfte Leit läit am Moment bei 58,35 Joer.\nD'Zuel vun de Liwwerungen, déi nach wäerte kommen....\nEch muss leider nees eng Kéier confirméiere wat ech och schonn déi lescht Wochen a Méint gesot hunn, dass et nach ëmmer grouss Incertitudë ginn, och bei de Liwwerunge vun Impfmaterial.\nEsou huet Pfizer eis gëschter matgedeelt, dass d'Liwwerung vun der nächster Woch och gekierzt wäert ginn.\nJohnson huet eis matgedeelt, dass d'Europäesch Unioun net déi versprache 55 Milliounen Dosisse fir dat 2. Trimester geliwwert kritt.\nD'Liwwerungen an der EU leien elo an enger Fourchette tëschent 18 a 34 Milliounen, aplaz déi 55 Milliounen, déi do versprach gi waren.\nFir den Ament gesäit d'Situatioun bei de previsionelle Liwwerunge fir d'Period vun haut bis Enn Juni folgendermoossen aus:\nMir missten normalerweis nach 132.210 Dosisse "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_7_1689940231.mp3", "transcription": " vu Pfizer kréien.\nMir misste bis den 20. Juni 30.200 Dosisse vun AstraZeneca kréien.\nA mir misste bis de 15. Juli nach 36.000 Dosissen och vu Moderna kréien.\nVun Johnson, wësse mir net wat kënnt.\nAn dës Liwwerungen, déi elo nach misste kommen, wäerten eis erlaben eng 99.000 Leit kënnen ze impfen.\nAn... do feelen awer nach bis Juli och d'Dosissen, oder bis Enn Juni, d'Dosissen nach vun AstraZeneca an Johnson.\nDat heescht, mir kéinte bis Ufank Juli ronn 310.000 Leit geimpft hunn.\nWat Schued ass, ass dass, mat deene Moins-Value fir Lëtzebuerg, esou am Juni eng Moins-Value tëschent 29.000 an 53.000 Dosissen hunn.\nDat heescht, dass mir konkret bal tëschent 50.000 - 55.000 Leit manner kënnen impfen, wéi dat wat virgesinn och war"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_8_1689940231.mp3", "transcription": ", an dass déi manner an deene 4 Woche kënne geimpft ginn.\nBis elo, dir wësst jo och dass mir déi Doses résiduelles jo gemaach hunn, wou mir jo och wossten, dass wa méi geimpft géif ginn, och méi Doses résiduelles kéinten iwwereg bleiwen.\nMir sinn am Moment vun haut op en Total vun 145 Leit, déi och konnten invitéiert gi bei den Doses résiduelles.\nVun der AstraZeneca fräiwëlleger Lëscht hate mir jo eng ronn 34.000 Leit, déi sech gemellt hunn.\nEt bleiwen am Moment nach ongeféier 4.500 Leit z'invitéieren.\nDat heescht, mir sinn do och gutt weiderkomm.\nMir sinn also, a mir kënnen dee Constat maachen, dass mir allgemeng gutt stinn an dass mir och...dat wéinst den Impfungen, dat wéinst dem Behuelen, mee awer och saisonal bedéngt...\nEch kann Iech net soen, wéi et am Hierscht oder am Wanter wäert lafen, mee am Moment gesi mir op jiddwer Fall, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (02062021).wav_chunk_9_1689940231.mp3", "transcription": " dass mir positiv Entwécklungen hunn.\nMee dee falschste Message, dee mir haut kéinte ginn, ass: d'Kris ass fäerdeg, et gëtt kee Corona méi a mir sinn aus der Situatioun eraus.\nDat wier dee falschste Message, deen een haut kéint soen.\nDir gesitt dass, wann een de Globus vun der Welt kuckt, op verschidde Plazen op der Welt nees esou guer Couvre-feuë kommen, also net nëmme Couvre-feuen, mee Lockdowne kommen, op der anerer Säit vum Globus.\nDir gesitt dass a Groussbritannien sech ee Suerge mécht, och iwwert d'Zukunft, wéi et mat de Varianten och weidergeet.\nDofir sinn am Fong nach vill Inconnuen haut vu verschidde Varianten.\nAn awer och nach verschidde Leit nach net vaccinéiert gi sinn an awer och e komplizéierte Verlaf gëtt vun der Krankheet, net nëmme bei eelere Leit, mee och bei méi jonke Leit, och bei Leit ouni Virerkrankungen.\nDe Message: d'Kris ass net fäerdeg, a wa mir wëllen aus der Kris erauskommen, ass d'Impfung am Moment de Wee fir erauszekommen.\nEt ass awer"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_0_1689945655.mp3", "transcription": "Voilà, schéine gudde Mëtteg.\nMir hate Regierungsrot, sou wéi schonn ugekënnegt, wou mer d'Analys vun der Situatioun och gemaach hunn.\nMir hunn nom Regierungsrot och d'Chamber informéiert iwwert déi Propositiounen, déi d'Regierung de Moie festgehalen huet an déi dann och sollen an der Chamber gestëmmt ginn.\nAlso, déi mir hinne géife proposéieren an der Chamber ze stëmmen an de nächsten Deeg.\nSelbstverständlech ass dat e Bild wat mer hunn, wat och op haut nach ëmmer Realitéit ass an och op deenen Analysen, déi mer lescht Deeg gemaach hunn.\nEch wëll net Spillverdierwer sinn, mee, selbstverständlech, wann an deenen nächsten Deeg elo awer géif eng Hausse exponentielle kommen, da muss eng nei Analys d'Urgence gemaach ginn, mee et gesäit net esou aus.\nOch mat deene leschten Analysen, déi mer vun de Kläranlage kritt hunn, déi éischter nees an déi richteg Richtung ginn.\nMir"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_10_1689945655.mp3", "transcription": "Punkt fir d'Personal, et ass e wichtege Punkt och fir de Client, dass e weess, dass wann e rageet, och déi aner Leit, déi selwecht Konditiounen ze erfëllen hunn, wéi hie selwer.\nEch hunn Iech virdrun och erkläert, dass mer géifen bei ... Pilotprojeten, och am Kulturberäich oder an anere Beräicher, wou d'Leit jo kënne bis op 1.000 eropgoen, géife jo och testen.\nDofir wäert och d'Ausgangsspär, déi am Moment jo op 11 Auer ass, op Mëtternuecht verluecht sinn.\nMir kënnen net Concerten z.B. organiséieren, déi um hallwer 11 oder um 10h45 fäerdeg sinn an dann awer e Couvre-feu um 11 Auer hunn, wou mer dann d'Leit géifen an Infraktioun setzen, wann se selwer bei engem Test-Projet géife matmaachen.\nDofir wäert de Couvre-feu vu Mëtternuecht bis 6 Auer nach weider bestoe bleiwen.\nBeim Sport: den Huis clos gëtt opgehuewen, d.h. de Public ass erëm acceptéiert,\nmat deene Konditiounen, déi ech virdru gesot hunn, och vun deenen 1.000 Leit maximum, wann dat an deem Fall organiséiert gëtt a mat deem \"Concept sanitaire\" och deen da muss validéiert ginn.\nD'Restriktioune fir "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_11_1689945655.mp3", "transcription": "déi jonk Sportler ënner 19 Joer, déi an engem Veräi sinn, ginn och fale gelooss.\nBei de Piscinne gëllt an Zukunft d'Reegel: minimum 10m2 pro Schwëmmer.\nVirdru war dat agedeelt a Couloiren, dat war e bësse komplizéiert. Dofir mat der Metercarré-Zuel ass et méi einfach.\nD'Distanz-reegel vun 2 Meter gëllt ab 4 Sportler, wou virdrun och eng Limitatioun vun 2 Sportler war an och d'Reegel fir de Sport an der Policeschoul gi preziséiert, wat och eng Demande vun do war.\nAn der Kultur gëtt och déi Distanzreegel vun 2 Meter, gëllt ab 4 Museker elo an net méi ab 2 Museker, wéi dat virdrun och d'Situatioun och war.\nAn an der Kultur ginn et och Ouverturen - eng weider Ouverture, pardon, - Do dierfen z.B. bis 40 Musikanten zesummen dobaussen och spillen.\nDat ass ebe fir dass och eng Fanfare oder eng Harmonie kann och Musek maachen an \"en plein air\", wann och déi Distanz vun 2 Meter agehale gëtt.\nVoilà, dat do sinn déi Mesuren, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_12_1689945655.mp3", "transcription": "déi mer haut festgehalen hunn.\nEt si Mesuren, wéi mer schonn ugekënnegt haten, wou bei verschidden Restriktiounen am Privatliewen, wéi z.B. mat der Zuel vun de Leit, déi ee konnt Doheem empfänken, mat der Spärstonn, wou mer déi eben, mam Couvre-feu, wou mer do geännert hunn,\nEt sinn Ännerunge fir den Horeca-Secteur.\nMir hunn wierklech d'Zuelen \"à l'appui\", de Beweis, dass d'Ouverture vun der Horeca elo net eng Hausse bruecht huet vun den Infektiounen.\nEt ass och d'Méiglechkeet fir nees banne kënnen ze kommen.\nMir sinn och Tributaire vun der Météo.\nDat muss een sech jo och bewosst sinn, dass mer zu Lëtzebuerg och aner Wiederkonditiounen hunn, wéi am Ausland.\nAwer keng Ouverture einfach esou, wou ee seet, et gëtt einfach opgemaach an da kucke mer, ob dat een Impakt huet.\nNee, mat virsiichtege Moossnamen, déi fir eis wierklech \"Condition sinequanone\" sinn, fir kënnen déi doten Ouverturen och kënnen ze maachen, am Sport, an der Kultur, och Ouverturë fir sech z'adaptéieren an sou wéi mer \"dès le départ\" och gemaach hunn, schrëttweis "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_13_1689945655.mp3", "transcription": "nees méi Normalitéit an eisen Alldag kënnen ze kréien.\nDéi Mesurë géifen och bis den 12. Juni gëllen an dann hoffe mer, dass mer duerno, nei gutt Nouvellen hunn.\nEch hunn Iech virdru gesot, mat de Varianten a mat deenen aneren Developpementer kann een keng Kaffissazlieserei maachen, mee am Moment ass nach d'Akzeptatioun vun de Reegele bei de Bierger och do an dofir hinnen och e grousse Merci.\nWell wa mer déi Schrëtt kënne maachen, ass et och, well de Gros vun de Leit sech och un d'Reegelen halen, well mer gesinn, dass mer keng exponentiell Haussë kréien, well jiddwereen sech bewosst ass, dass e matmëscht fir dass mer de Virus an de Grëff kréien, well eng grouss Akzeptanz ass, och bei den Impfungen, soss kéinte mir haut dës Schrëtt net och proposéiere fir gestëmmt ze ginn.\nMir kënnen net alles ophiewen.\nEt wier verfréit fir ze mengen, dass d'Kris eriwwer wier an dass een haut an enger Situatioun wier, wou "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_14_1689945655.mp3", "transcription": "Et gëllt also weider mam Risiko ëmzegoen an déi néideg Moossnamen ze huele fir dat ganzt am Zonk ze halen.\nAn dat Ganzt an der Erwaardung, déi Tendenz, déi mer gesinn an der Stabilitéit elo accentuéiert ze kréien.\nWat mengen ech domadder?\nMa mir gesinn an där Stabilitéit, dass mir eng Ëmlagerung hunn um Niveau vun der Altersstruktur bei den Neiinfektiounen.\nAn dat ass dat wat weist, dass d'Impfung wierklech hei e groussen Deel vun der Léisung ass.\nMir gesi ganz kloer, dass bei de Leit iwwer 60 Joer d'Neiinfektioune richteg gutt zeréckginn, wann der d'Courbe kuckt , déi der haut kritt am wëchentleche Rapport, da gesitt der dat.\nDat steet ausser Fro. Am Ufank konnt een sech froen: Ass dat stabiliséiert oder net?\nMee, Stand haut, kënne mer mat enger gewësser Sécherheet wierklech soen: et ass keen Zoufall, dat steet an engem ganz kloren Verhältnis zu der Impfung.\nAn dat ass jo wat mer ustriewen. Dat ass dat wat eis ëmmer gefeelt huet.\nWa mer op e Joer zeréckkommen, war ëmmer d'Introduktioun \"Mir hunn nach kee Vaccin\".\nHaut hu mer de Vaccin a mir kënne wierklech och dorop bauen - mir wësse jo dass et virugeet mam impfen.\nAn haut kënne mer "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_15_1689945655.mp3", "transcription": "dass déi positiv Tendenz, deen Inversement, dee mer do gesinn, dass dat sech och wäert iwwert déi nächst Woche bestätegen.\nDat heescht, manner eeler, vulnerabel Leit, déi sech infizéieren.\nDorausser schléisse mer natierlech, dass dat sech och wäert an eise Spideeler erëmspigelen.\nDat sinn déi Leit, déi haaptsächlech Komplikatioune gemaach hunn an an d'Spidol hu misse goen.\nNet ze vergiessen, dass dat net eng 1:1 Relatioun ass. Ech géif dat och gären ëmmer erëm rappelléieren.\nDen Impfschutz ass eng gutt Saach. Et gesäit ee statistesch, dass en een Effet huet.\nEt bleift trotzdeem ëmmer nach ee Reschtrisiko. Dat soll een net vergiessen. Ech géif Iech déi Zuelen och villäicht haut eng Kéier ginn.\nMir hunn, Stand haut, no der éischter Injektioun nach eng Kéier 727 Leit gehat, déi sech trotzdeem nach infizéiert hunn.\nNo der 2. Impfung waren et Stand haut 217.\nAn no deene 14 Deeg, no der 2. Impfung, dat ass am Fong geholl, déi Kategorie, wou een da wierklech vun engem \"Échec vaccinal\" schwätzt, wou se net wierklech gegraff huet, do sinn ëmmerhin awer nach 139 "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_17_1689945655.mp3", "transcription": " déi zirkuléieren.\nD'Symptomer si méi staark, d'Leit si méi krank, wann se ageliwwert sinn, also se sinn uerg krank, kann ee wierklech soen.\nAn et sinn och wierklech méi jonker, also et ass am Fong geholl kee befreit do dergéint, jiddweree kann et treffen an et ass net angeneem.\nD'Admissioune ginn erof, de Risiko bleift, ronderëm de COVID selwer, ech hunn et ugeschwat, deen ass e bësselche méi aggressiv.\nDat ass eben dat, wat wierklech fir Virsiicht nach ëmmer schwätzt.\nDéi gëllt och nach an dëser Phas.\nGläichzäiteg hu mer awer och bei de Net-Covid-Leit oder wa mer elo Abstraktioun vum Virus maachen, wësse mer dass d'Pandemie och ëmmer méi laascht op de Schëllere vun de Leit. Et kommen ëmmer méi Temoignagen, dass et wierklech net méi gutt z'erdroen ass fir eis jonk Leit. Ech hunn nach net méi spéit wéi haut de Moien een ... dramateschen Temoignage och kritt vun enger Famill, wou eng Persoun sech d'Liewe geholl huet, och an dësem Kontext.\nEt sinn nach villäicht Eenzelfäll, mee et kann een dat net niéieren, et wäert an eisem Land net anescht sinn, wéi am Ausland.\nMir hunn iwwert ee Joer Pandemie "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_18_1689945655.mp3", "transcription": "Wa mer vu Schutzmoossname schwätzen, sinn d'Schnelltester e neien \"Gamechanger\" vun deem mer eis ganz vill erwaarden.\nMir hunn eng Rei Pilot-Projete gemaach gehat an der leschter Phas, déi ons optimistesch gestëmmt hunn.\nD.h. nieft de klassesche Geste-barrièren, déi beschte Waff géint de Virus ass nach ëmmer d'Distanz, ganz kloer, wann een dat fäerdeg bréngt, déi anzehalen, ass dat ëmmer nach dat bescht.\nMee et läit eis wierklech um Häerz, dass d'Leit elo ufänken an hir Gewunnechten eppes Neies mat eran ze huelen an zwar déi Autotester, déi elo disponibel sinn.\nEt muss een och do wëssen: Si ginn net eng 100%-Sécherheet.\nDéi gëtt et net. Och ee Schnelltest an och ee PCR ass keng 100%-Sécherheet an een Auto-Test och net.\nMa nawell ass et eng Zousazsécherheet.\nWann ech wierklech an eng Situatioun ginn, wou een an engem \"Contact étroit\" ass,\ndat huet een, wann een op Besuch geet bei Leit, wann een zesummen iesse geet, wann ee matenee schwätzt.\nDir kennt déi Situatiounen. Dann ass et sécherlech e Plus, wann ee virdrun ee Schnelltest gemaach huet an deen ass negativ.\nDat ass dat wat mer elo wierklech ustriewe mat deenen nächste Schrëtt, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_19_1689945655.mp3", "transcription": "déi mer huele fir wierklech nach vill méi breet an den Asaz ze kréien, dat iwwert déi nächste Méint bis mer dann wierklech mat der Impfung nach méi wäit sinn.\nWat bedeit dat genau?\nA mir wäerte mat de Schnelltester weiderfueren do wou mer scho si säit enger Rei Méint am Gesondheets- an am Fleegesecteur, au sens large.\nWou vun der Direktioun aus wierklech ganz vill Paletten hin geliwwert ginn, do.\n\"À destination\" vu wiem? Vum Personal engersäits, vun de Visiteuren, mee och vun de Residanten a vun de Leit, déi an den Alters- a Fleegeheimer wunnen.\nOch hei Zesummenaarbecht ebe mat de Spideeler, déi do bei der Distributioun hëllefen: d'COPAS an och d'FEDAS fir de ganze Secteur vum Handicap.\nDann och weiderhin an der Schoul eng breet Presenz mat dëse Schnelltester, wou versichen op eng Kadenz lues a lues vun 2x d'Woch ze kommen.\nD'Héichschoul wäert och couvréiert ginn. Dat dauert nach e puer Wochen. Den Deploiement ass geplangt iwwert déi nächst Wochen."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_1_1689945655.mp3", "transcription": "gesinn, dass d'Impfung wierkt.\nMir gesinn dat beim Alter vun de Leit, déi am Moment krank ginn.\nMir gesinn dat och bei de Leit, déi an d'Spideeler ageliwwert ginn, ob dat an de Soins normaux ass, ob dat och an de Soins intensifs ass.\nMir hunn den Impakt, deen ee gesäit mat deene Variatiounen, déi mer kennen an de Soins normaux - an éischter souguer wéi an de Soins intensifs - an de Soins intensifs hu mer eng Situatioun, déi éischter stabel ass mat Variante vu pro Woch plus 5, minus 5, mee elo keng exponentiell Haussen am Moment a bei de Soins normaux ginn et grouss Schwankungen.\nMir hunn elo just déi Zuel kritt, déi am Moment am Dashboard steet.\nEt wieren 11 Leit, déi haut manner an de Soins normaux wieren.\nDir gesitt, d'Schwankunge kënnen do wierklech vun deem engen Dag op deen aneren sech entwéckelen.\nMir hunn weider nach ëmmer eng Suerg, déi vun de Varianten, wou een och eng Inconnue huet, wéi déi Varianten "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_20_1689945655.mp3", "transcription": "An da wat zousätzlech elo nei ass, dat ass dass de soziale Secteur, do hu mer eng ganz Rei, do hu mer 20 Organisatioune mat deene mer schaffen, déi wäerten och beliwwert ginn, iwwerall op deene Plaze wëlle mer an ee Rhythmus komme vun 2x d'Woch, och do erëm eng Kéier mam Zil d'Visiteuren an och d'Benevollen, déi do schaffen iwwert dëse Wee nach eng Kéier zousätzlech ze sécheren an d'Geschehe vum Virus gutt am A ze behalen.\nDann, et ass scho gesot ginn, d'Betriber an d'Independante wäerten och eng ganz Rei Tester zur Verfügung gestallt kréien.\nEt ass och berechent erëm eng Kéier op 2x d'Woch en Test iwwert den Daum geholl.\nWéini leeft dat un? Dat gëtt organiséiert vum Aarbechtsministère zesumme mat der UEL an och mat de Gemengen an Deels mat der Post, wou de Vetrieb gemaach gëtt.\nDat wäert de 17. Mee ugoen, wou do déi Liwwerunge wäerte kommen.\nAn da streckt sech dat iwwer e puer Wochen.\nAn der Fonction publique, och do mam Centre informatique zesummen wäert ausgeliwwert ginn, dat ass viraussiichtlech ab dem 10. Mee.\nAm Gemengesecteur wäert et ab "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_21_1689945655.mp3", "transcription": "dem 12. Mee sinn.\nAn da fir eis Leit, déi net méi aktiv sinn, déi schonn an der Pensioun sinn oder aus aneren Ursaachen net an engem Aarbechtsverhältnis sinn, do wäert dat ganzt iwwert e Bong lafen, dee verschéckt gëtt do ass den Envoi virgesi fir den 12. Mee, da wäerten déi Bongen eraus goen, iwwert d'Post an dann ass d'Distributioun eben esou ugeduecht, dass een dee Bong an der Apdikt kann aléise fir eng Këscht Tester ze kréien.\nD'Distributioun do, déi wäert ulafe viraussiichtlech géint dem 19./20. Mee an den Apdikten.\nDann, méi spezifesch, et ass schonn erwäänt ginn, hu mer och eng ganz Rei Tester elo virgesinn, do wou se obligatoresch sinn iwwert d'Gesetz, dat ass de Sport, do hu mer der scho ganz vill am Asaz gehat iwwer déi lescht Wochen a Méint.\nDonieft dann awer och den Horeca. Et ass gesot ginn am Horeca, fir bannen z'iessen, wäert een Test verlaangt sinn, an dëser Phas, wou et nach eng ganz kriddeleg Phas ass.\nOch do ass virgesinn, dass fir de Start eng hallef Millioun Tester wierklech geliwwert "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_22_1689945655 (1).mp3", "transcription": "gëtt.\nDat leeft iwwert d'Chambre de Commerce an do misst dat am Prinzip ëm de 7. Mee dann ukommen.\nVun do aus gëtt et dann zesumme mam Mëttelstandsminister organiséiert un déi eenzel Interessente weidergeleet.\nFir d'Kultur ass schonn erwäänt ginn:\nAm Kader vum Gesetz ass virgesinn, dass mer kënne Pilotprojete maachen. Mir hate schonn 1. Pilot-Projeten an der viregter Phas elo mat der Rockhal, wou mer mat Schnelltester geschafft hunn, hei ass elo d'Iddi wierklech nach e Schrëtt méi wäit ze goen, an eng Rei Eventer ze maachen, wou ee mat méi groussen Zuelen un ... Public ka schaffen an och do sinn natierlech d'Tester ganz wichteg, dovunner hu mer eng ganzer Rei och dofir och elo reservéiert fir dann sou Projeten och vun eiser Direktioun aus ganz enk ze begleeden an idealerweis ënnerschiddlech Konzepter villäicht duerchzetesten. Dat alles fir dann, wann déi nächst Phas kënnt, erëm e bësselche besser gerëscht ze sinn a Punkto Erfarung fir da kënnen op déi Erfarungen opzebauen an nächst Schrëtter ze huelen.\nWéi gesot, den Auto-Test ass e "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_22_1689945655.mp3", "transcription": "gëtt.\nDat leeft iwwert d'Chambre de Commerce an do misst dat am Prinzip ëm de 7. Mee dann ukommen.\nVun do aus gëtt et dann zesumme mam Mëttelstandsminister organiséiert un déi eenzel Interessente weidergeleet.\nFir d'Kultur ass schonn erwäänt ginn:\nAm Kader vum Gesetz ass virgesinn, dass mer kënne Pilotprojete maachen. Mir hate schonn 1. Pilot-Projeten an der viregter Phas elo mat der Rockhal, wou mer mat Schnelltester geschafft hunn, hei ass elo d'Iddi wierklech nach e Schrëtt méi wäit ze goen, an eng Rei Eventer ze maachen, wou ee mat méi groussen Zuelen un ... Public ka schaffen an och do sinn natierlech d'Tester ganz wichteg, dovunner hu mer eng ganzer Rei och dofir och elo reservéiert fir dann sou Projeten och vun eiser Direktioun aus ganz enk ze begleeden an idealerweis ënnerschiddlech Konzepter villäicht duerchzetesten. Dat alles fir dann, wann déi nächst Phas kënnt, erëm e bësselche besser gerëscht ze sinn a Punkto Erfarung fir da kënnen op déi Erfarungen opzebauen an nächst Schrëtter ze huelen.\nWéi gesot, den Auto-Test ass e "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_23_1689945655.mp3", "transcription": "plus u Protektioun, et ass keng 100%-Protektioun.\nEch géif et och gären hei erwänen: Mir wäerten do och kommunizéieren, et wäert Flyeren dozou gi fir d'Leit, dass se verstinn, wou se se sollen asetzen.\nMir mussen awer och op verschidde Saachen oppassen, wann een a sou engem Test, deen een sech selwer mëscht positiv ass, déi alleréischte Reegel ass, dass een dann an Isolatioun geet. Wann een do positiv ass, ass d'Chance wierklech ganz grouss, dass een et ass.\nAlso recommandéiere mer de Leit dann sech schnellstens vun deenen anere Leit zeréckzezéien an sech och ze mellen.\nDo gëtt et e System, deen ass elo schonn en Place. Dat gesitt der och am Rapport hebdomadaire. D'Leit benotzen dat och, wou si hiert positiivt Resultat da bei eis deklaréieren.\nSi wäerten an Zukunft dann op dee Wee dann och eng Ordonnance kréien, fir dann hannendrun ee PCR-Test ze maachen.\nAn dann an de ganzen, normalen ...\nAn déi ganz normal Routine ze kommen, déi mer alleguerten elo kenne säit deene leschte Méint.\nWat ass wichteg ze wëssen, wann een negativ ass? Do kann een sech freeën - soll een sech natierlech och freeën - wann een negativ ass bei "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_25_1689945655.mp3", "transcription": "Eng aner Prezisioun, wa mer vun Tester schwätzen, elo am Horeca,\nwou se obligatoresch sinn, wann een an de Restaurant erageet.\nDo gëtt et e puer Tester: et gëtt den normale PCR, deen ee ka virweisen, dee mer alleguerte kennen.\nDee muss manner wéi 72 Stonnen al sinn, wann een sou een huet. Da gëtt et awer och den zertifiéierte Schnelltest, dat ass dee wou vu qualifizéiertem Personal gemaach gëtt, dee kann een och virweisen, dee muss da manner wéi 24 Stonnen al sinn.\nAn dee wäert och an dat ass eng gutt Nouvelle och elo deemnächst an eisen Apdikte kënne gemaach ginn. Mir hunn do en ... wäerte mer kommunizéieren, dat misst am Prinzip ab dem 12. Mee ulafen, dass een a verschiddenen Apdikten, dozou wäert nach e Communiqué kommen, wann et sou wäit ass, mir wäerten och déi op eisem Site matdeelen, wéi eng dat sinn. Da kann een an d'Apdikt goen an sech e Schnelltest maache loossen, wou een e Certificat kritt, dat evitéiert engem, dass ee Schlaang steet virum "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_26_1689945655.mp3", "transcription": "Jo, dat ass wat ech virdrun erwäänt hunn, mir wäerten dat nach observéieren, well am Moment awer, gesi mer nach, dass Leit infizéiert ginn, wann se bis geimpft ginn. Mir wëllen dat nach méi genau suivéieren eng Zäitchen.\nWann een do eng gewësse Sécherheet huet. Dir wësst, dass och beim Green Certificate ugeduecht ass, dass et en ... an dat wäerte mer selbstverständlech och hei am Land ëmsetzen, dass een och en Certificat, deen eng Impfung beleet, dass een dee à même titre ka benotzen, wéi z.B. een Test-Certificat.\nMee zu dësem Zäitpunkt ass et eis nach e bësselche frei. Mir waarde léiwer of.\nDir wësst och, dass eng Enquête ronderëm d'Altersheemer am Moment leeft.\nOch do wäerte mer nach eng Kéier verdéiwen, wéi hat et sech mam Impfschutz? Wat ass genau geschitt? Wéi krank sinn d'Leit nach duerno ginn?\nMir sinn der Meenung, dass et besser ass, nach e bëssen ofzewaarden, mee ausgeschloss ass dat natierlech net. Mir sinn natierlech ganz frou, wann een do déi néideg Assurancen huet, wann een an enger nächster Phas do och kann eben mat sou engem Certificat, ... dann eben eng Alternativ huet zu engem Test z.B.\nWéi ass et mat den Diskussioune fir Impfunge"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_27_1689945655.mp3", "transcription": "bei den Hausdokteren ze maachen?\nDo ass d'Äntwert nach wie vor déi selwecht. Am Moment feelt et eis un Impfstoff a mir hunn e Maximum un Effizienz, wa mer iwwert eis zentral Impfzentere schaffen. Déi funktionéiere gutt. Mir hunn wierklech gudde Feedback a mir hunn nach extrem gutt Kapazitéiten, déi mer vun haut op Muer, ech menge bannent 24 Stonne kënne mer déi eropfueren.\nD.h. sou laang mer den Impfstoff Mangelwuer ass, wäerte mer de préférence mat eisen Impfzentere schaffen.\nGanz einfach, well dat vun der Logistik hier dat effizientst ass, wann een net genuch Impfstoff huet.\nEt ass awer näischt wat ausschléisst, wa mer eng Kéier méi Impfstoff hunn, dass ee selbstverständlech méi breet erageet, mee am Moment ass dat do och eisen Experten no kloer, dat effizientst wat mer hei kënnen ubidde fir schnell weider ze kommen.\nD'Ausstellungshal ass nach zou um Kierchbierg. Dir wësst jo, dass dat och nach ee Site ass, wou mer ganz vill Leit kënnen mateneen impfen.\nD.h. mir sinn nach net an där Situatioun, wou mer dann op eng Kéier nach missten Alternative sichen fir de Surplus, dee mer selwer och net kéinten an den Impfzentere verimpfen.\nMee, wéi d'Gesondheetsministesch gesot huet, et ass näischt "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_28_1689945655.mp3", "transcription": "Schnelltest vun enger zertifiéierter ... net zertifiéiert - wéi heeschen déi Léit, déi spezialiséiert Leit oder?\nZertifiéierte Schnelltest huet.\nJo, de Restaurateur huet d'Recht dann ze kucken, net dass e Certificat herno 100 Mol fotokopéiert gëtt, huet d'Recht dat dote kënnen ze froen.\nEt ass nämlech och ... et ass jo am Interêt vun der Clientel. D.h. dass dat do gemaach gëtt.\nDéi aner Fro, déi der lo, menger Meenung no, géift stellen, wann ech Iech elo schonn dat dote geäntwert hunn ass: Wéi gëtt dat organiséiert mat den Autotester am Restaurant? \n[Journaliste] Jo.\n[Xavier Bettel] Gesitt der, ech hu mer dat bal geduecht. Also do sinn nach Diskussiounen och mat der Horeca.\nDo ginn et Méiglechkeete fir z.B. eng kleng Struktur, déi een da virun der Dier ka maachen, ier een erageet.\nEt gëtt awer och d'Méiglechkeet, dass z.B. een Test um Dësch läit, d.h. dass d'Leit do era ginn, do den Test maachen an dann eréischt kënne bestellen, an zerwéiert ginn, och wann den Test do \nDo sinn Diskussiounen, déi nach amgaange sinn mat der Horeca, dofir ass et och gutt, dass mer elo bis de 15., jo och Zäit hunn fir déi weider Diskussiounen ze hunn, mee et sinn déi 3 Alternativen.\nMee et ass eng Kéier den Test, dee kéint virun der Dier gemaach ginn, deen aneren ass, dass e ka bannen och gemaach "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_29_1689945655.mp3", "transcription": "Ech weess net genau. Mir hunn sou vill Froen. Ech weess net genau, wéini déi do erausgaangen ass. D'lescht Woch?\n Am Abrëll.\nDa war et Stand deen Dag, wou se rausgaangen ass.\nWat mer hunn, dat ass, mir gesinn effektiv, dass déi Leit, déi d'Geleeënheet kréien, sech nodréiglech nach eng Kéier ze mellen, awer ëmmer méi vun där Geleeënheet och profitéieren.\nWéi vill hate mer do d'leschte Kéier? 1000, ech mengen? Iwwer 1.000, déi sech im Nachhinein nach gemellt hunn.\nDat ass Eppes wat mer weider encouragéieren. Dir wësst d'Campagnë fir d'Impfe lafe weider.\nDéi adresséieren sech jo och elo \"au fur et à mesure\" méi u méi jonk Leit, well mer elo an déi Phasë kommen.\nMir ginn dovunner aus, dass mer nach vill Leit wäerten zeréck kënne fëschen, déi villäicht am Ufank skeptesch waren.\nSi ware bei deenen 1. déi ugeschwat gi sinn. Do kann een och novollzéien, dass do villäicht méi eng grouss Skepsis nach ass, wéi elo entre-temps, wou awer och wierklech ganz vill Informatioune méiglech sinn. Ech hunn elo awer keng méi aktuell Zuele fir Iech hei, falls der déi wéilt.\nHuet een eng Erklärung wisou nëmme 55% vun de Clienten, dat si jo Leit, déi fleegebedierfteg sinn, déi Doheem behandelt ginn, wisou där just sou wéineg "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_2_1689945655.mp3", "transcription": "sech entwéckelen.\nDir wësst, dass zu Lëtzebuerg déi brittesch Variant, déi ass, déi wierklech pre-dominant ass, op enger ekrasanter Majoritéit och present ass, mee dass déi awer net den Impakt huet, deen ee gefaart huet, hätt kënnen hunn op d'Entwécklung vun de Spideeler, also d.h. vun den Occupatiounen an de Spideeler.\nDir wësst, dass et och aner Variante ginn. Do ginn et nach ëmmer Inconnuen.\nDofir, et soll kee mengen, wa mer haut verschidde Schrëtt an eng Richtung ginn, dass et heescht, dass mer definitiv aus enger Situatioun sinn, wou ni méi eng Kéier eng Handbrems muss och gezu ginn.\nD'Situatioun am Moment ass, dass mer déi lescht Woch bei 100.000 Leit eng Inzidenz vun 176,30 haten par Rapport zu där Woch virdrun, wou mer bei 194,10 louchen, d.h. och eng Richtung, déi wierklech wichteg ass.\nMir hunn an deenen Erklärungen, déi mer Iech och schonn d'leschte Kéier "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_30_1689945655.mp3", "transcription": "An ech ... et ass elo eng riseg Polemik iwwert Site oder net Site, a wat geschriwwe ginn ass oder net geschriwwe ginn ass, op gewësse Sitten. Wann ech dat richteg verstanen hunn, huet d'Madamm Wickler sech do zeréckgezunn.\nWann ech d'Press ... Iergendwou hunn ech et gelies - bei Iech, oder ech weess net méi bei wiem hunn ech et gelies.\nEt ass och hire perséinleche Choix, mee ech mengen dass d'Kompetenzen dofir vun der Madamm Wickler, fir deen dote Posten net a Fro gestallt ginn ass.\nWann si \"entre parenthèses\" an niewelaanscht op engem Site bedeelegt wat, deen da villäicht Meenunge vertrëtt an enger Demokratie, déi een och muss respektéieren.\nWësst der, ech hunn virdrun d'Zuelen zitéiert vun de Leit, déi geimpft ginn.\nEt si Leit, déi wëllen net geimpft ginn, dat hu mir ze respektéieren. Mir kënnen ...\nMir dierfen d'Leit net verdamen an och net stigmatiséieren, déi e Refus hunn vis-à-vis vun enger Vaccinatioun oder Leit, déi eng aner Meenung hunn. Mir sinn an enger Demokratie an do ass d'Recht vu jiddwerengem Eenzelen och eng aner Meenung kënnen ze hunn.\nMee de "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_31_1689945655.mp3", "transcription": "Diskussiounen hunn iwwert Prioritéiten. Mee bei eis ass et elo déi éischt Fro, de CNE ze kontaktéieren, wéi si dat och gesinn, mir hunn hei mat der CGFP Diskussioune gehat, well et sinn awer speziell Situatiounen.\nSi soen z.B. eleng d'Police muss kënne geimpft ginn, mee wann ech z.B. de Fluchhafe kucken, do steet d'Douane direkt niewendrun.\nDann hunn se mer gesot, d'Douane misst och geimpft ginn, mee da steet awer och eng Stewardess niewendrun oder z.B. wann der an de Fluchhafe gitt, da steet do eng Sécherheetsfirma, déi nach méi enke Kontakt mat Iech huet, well dat sinn déi, déi Iech oftaaschten, d'Bagagë kontrolléieren oder d'Schong ausdinn.\nAn et huet ee 4 Leit an enger Rei. Deen een ass geimpft, deen aneren ass net geimpft.\nDat si Froen, do muss een d'Ethikkommissioun froen ob eng Prioriséierung méiglech ass a wa jo, fir wéi eng Kategorie si dat géife gesinn.\nDat ass e Punkt, dee schonn d'Commission natinale d'éthique jo dès le départ och gesot hat, datt een sech déi Fro kéint stellen.\nA mir wäerten se dann och nach dës Woch saiséiere fir dass se eis do eng "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_32_1689945655.mp3", "transcription": "Villäicht, Madamm Gesondheetsministesch, just iwwert de Fait, dass een awer elo net ... dass mer elo nach Altersméisseg nach mussen awer weider fueren.\n[Paulette Lenert] Jo, et ass insofern op onser Strategie sou wéi se am Ufank och recommandéiert ginn ass vum Ethikrot, d.h. mir sinn nach matten an där Phas dran, wou mer d'Prioritéit deene Leit ginn, déi selwer ebe riskéieren entweder ze stierwe statistesch gesinn oder méi oft ze stierwen, wéi anerer, an eben och duerch den Alter engem méi grousse Risiko ausgesat ginn. Dat ass déi Strategie, déi mer hei zu Lëtzebuerg festgehalen hunn.\nAn dat ass un sech de roude Fuedem. Ofgesi vun där éischter Phas, wou mer dee Cordon sanitaire ronderëm déi vulnerabel Leit gemaach hunn. Dat wat mer elo maachen, dat ass wierklech no Vulnerabilitéit fueren.\nDat ass keng Approche par Catégorie professionnelle, wou ee seet, déi an déi Beruffsgruppen si systemrelevant. Et ass Eppes Anescht. Hei geet et wierklech dorëms, déi Leit selwer fir wierklech d'Gravitéit vum Krankheetsverlaf fir déi Leit selwer sou ... sou schnell wéi méiglech ebe gedrosselt ze kréien."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_33_1689945655.mp3", "transcription": "Et war souwisou beim Ethikrot schonn ugeduecht, dass wann een eng Kéier sou wäit ass, dass een dat duerch huet oder dass mer vill méi Impfstoff hunn.\nDann muss een sech natierlech eng aner Fro stellen: wéi prioriséiert een eventuell weider? Fiert een dann no Alter oder no Kategorien?\nAn do komme mer elo lues a lues hin, sou dass mer effektiv, well mer relativ gutt weiderkommen - mir sinn elo bei an déi 50 schonn ukomm, ech mengen dat ass de Moment fir d'Fro ze stellen, wou ee seet, wéi geet et weider an der Hypothees, dass mer wierklech duerch sinn, dass bei 45, 40 iergendwou ukomm sinn, dass een also net méi vun enger spezifescher Vulnerabilitéit schwätzt. Wéi fiert een do weider? Differenzéiert een? Differenzéiert een net?\nEch mengen dat ass Eppes wat och den Ethikrot a sengem 1. Avis opgelooss hat an dofir wäerte mer effektiv elo deemnächst dann nach eng Kéier froen, wéi een sech do soll positionéieren, well einfach ass et net.\nEt gëtt ganz vill Beruffssparten, wou et Argumenter gëtt fir de virzehuelen an do fanne mer et scho wichteg, dass een effektiv "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_3_1689945655.mp3", "transcription": "matgedeelt hunn, dass d'Impfung wierklech intensiv och weidergeet an do erlaben ech mer Iech och, déi lescht Zuele matzedeelen iwwert d'Impfungen, well déi si wierklech een Deel vun der Léisung och fir aus dëser Situatioun ze kommen.\nBis haut, de 5. Mee, sinn 283.130 Dosen Impfstoff op Lëtzebuerg geliwwert ginn.\nDovunner Pfizer 182.130, AstraZeneca 72.000, Moderna 21.600 a Johnson 8.400.\nDéi Impfungen, déi bis elo gemaach gi sinn, bis haut de Mëtteg, waren 216.279 Impfungen, déi gemaach gi sinn.\nEt sinn 157.897 Leit, déi eng 1. Dosis kritt hunn an 58.339, déi hir 2. Dosis kritt hunn.\n\nDofir, mir hunn haut, am Stand vum Mëtteg, 76% ongeféier vun de Vaccinen, déi mer och "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_4_1689945655.mp3", "transcription": "à disposition hunn, gebraucht.\nDir wësst, dass mer jo gesot hunn, mir géifen do ronderëm 75% och bleiwen.\nAn mir hunn fir déi nächst 9 Deeg och en Total vun 58.800 Rendez-vousen, déi fir eng 1. oder 2. Dosis och geholl gi sinn.\nFir d'Zuele vun de Liwwerungen, déi nach komme wäerten, déi bis Enn Juni sou ausgesinn, do géife mer nach 243.360 Dose vu Pfizer kréien.\nMir géife bis Enn Juni vu Moderna 40.800 Dose kréien a mir géife bis Enn Mee fir Johnson 9.400 Dose kréien, a fir AstraZeneca bis Mëtt Mee, well Dir wësst dass do ëmmer den Delai méi kuerz ass vun der Previsibilitéit, 8.600.\nDéi Liwwerunge géifen eis erlaben och nach eng 155.680 Leit z'impfen.\nAn deenen Zuele feelen awer d'Liwwerunge vun AstraZeneca an och vu Johnson.\nDen AstraZeneca bis Enn Mee an dann awer "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_5_1689945655.mp3", "transcription": "och vu Johnson a vun AstraZeneca fir de Mount Juni.\nDen Här Breton, dee war jo dës Woch bei eis op Visitt, dee war éischter optimistesch, dass mer géifen nach grouss Livraisounen och kréien a wann AstraZeneca a Johnson och hir Engagementer géife respektéieren, géifen dat zousätzlech Dose vun AstraZeneca, eng 60.000 ginn, déi sollte geliwwert ginn, an och eng 60.000 Dose vu Johnson.\nDat wieren dann 90.000 weider Leit, déi keinte geimpft ginn.\nEng Kéier 60.000 mat Johnson an eng Kéier déi 60.000 Dose mat AstraZeneca gedeelt duerch 2, 30.000, da géif een op 90.000 Leit kommen, déi nach kéinte méi geimpft ginn.\nDir hutt gesinn, ech hunn se awer separat geholl, well ech nach keng Confirmatioun kritt hunn an ech wollt dès le Départ mech net engagéieren op Zuelen, déi nach net confirméiert gi vun de Fabriquanten.\nD'Waardelëschte vun AstraZeneca, gëschter Owend, ware mer bei 32.200 Leit, déi op de Leschte vun AstraZeneca ageschriwwe waren."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_6_1689945655.mp3", "transcription": "Ech gehéieren zu deenen, déi Muer de Moien och hir éischt Dosis AstraZeneca wäert kréien a mir sinn zouversiichtlech, dass mer och am Laf vun de nächsten Deeg nach e Mol nei Invitatioune kënne verschécken.\nDir wësst, dass eng 17.000, ech hunn d'Zuel elo net méi am Kapp, Invitatiounen direkt konnten d'lescht Woch verschéckt ginn an dass elo déi nächst Deeg och nach nei Invitatioune kënne verschéckt ginn.\nDann hu mer jo och dee Projet lancéiert fir d'Doses résiduelles, wou ech dès le départ gesot hunn, dass et net sécher wär, wéini Doses résiduelles géife kommen. Do hunn sech 20.100 Leit schonn ageschriwwen.\nMee an deene leschten Deeg sinn 0 Doses résiduelles och gewiescht.\nAlso dofir, ech hat gewarnt, dass do d'Zuel ganz kleng riskéiert ze sinn.\nMee wa méi geimpft ka ginn an deenen nächste Wochen a Méint, kann déi Zuel selbstverständlech nëmmen an d'Luucht goen, well bei 0 kann se net vill méi déif sinn,\nMee de Fait ass, dass mer einfach net wëllen, dass eng eenzeg Dosis souguer an den nächsten Deeg oder Woche "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_7_1689945655.mp3", "transcription": "wechgeheit géif ginn.\nDen Taux de participation vun de Couvertures vaccinales läit am Moment insgesamt fir all déi Invitatiounen, déi mer an d'Impfzentere verschéckt hunn bei 76%. Wat ee gudden Taux ass an ech wëll de Leit och do Merci soe fir déi, déi sech och ageschriwwen hunn an déi och den Taux d'adhésion sou héich bruecht hunn.\nD.h. d'Couverture vaccinale, de Prozentsaz, déi an enger bestëmmter Alterstranche sech och impfen gelooss ginn, läit bei de Leit iwwer 80 Joer bei 81,8%, bei 75 bis 79 bei 79,7%, bei 70 bis 74 bei 77,7%, bei 65 bis 69 bei 73,7%.\nD.h. mir gesinn och, dass den Impakt vun Impfungen eben de Corollaire huet, dass d'Zuelen och erofginn an déi lescht Tranche, bei 60 bis 64 bei 73,6%.\nDen Impakt vun deene Leit gesi mer och duerno an de Soins intensifs an an de Soins normaux, dass déi erofginn.\nDat ass eng "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_8_1689945655.mp3", "transcription": "Exceptioune gemaach ginn op där Limitatioun vun 150 bei verschidde Projets pilote, déi vun der Santé och musse validéiert ginn, wou ënnert verschidde Konditiounen och déi Zuel bis op 1.000 Leit kënnen erop goen.\nMat strikte Protocoles sanitaires, déi vun der Santé och dann definéiert ginn.\nAm Horeca-Secteur hu mer jo och festgestallt déi lescht Wochen, dass wéi et opgaangen ass, verschidde Leit gemengt hunn, et géif direkt e groussen Impact sanitaire mat sech bréngen.\nDeen hu mer wierklech net festgestallt - au contraire - sou wéi mer och festgehalen hunn, dass do wou am Fong een Außenstehender, aner Aen, kontrolléieren, d'Leit sech méi un d'Reegelen halen, wéi dat de Fall ass, wann ee kee bei sech huet.\nDofir hu mir och nach weider Ännerungen am Horeca-Secteur geplangt.\nD'Fermeture, déi am Moment jo och op 6 Auer geplangt ass, gëtt op 22 Auer geréckelt an et dierfen och banne Clienten empfaange ginn"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (05052021).wav_chunk_9_1689945655.mp3", "transcription": "mat deem Maximum vu 4 pro Dësch, awer och mat der Konditioun, dass en Test gemaach gëtt.\nD.h. bannen ass een Test, bausse bleift et esou wéi et ass, 4 Leit, ob se zesumme schaffen, ob se zesumme Famill sinn - kënnen se méi sinn -, oder 4 Leit déi beienee kommen, ouni Konditioun vun Tester, mee mat der Distanciation, mat all deene Punkten, déi bis elo zielen.\nAwer, Bannen, sinn déi Konditiounen och vun Distanciation oder vun deem Plexiglas, mee en plus vun engem Test.\nFir d'Betriber, déi am Horeca-Secteur och do täteg sinn, gëtt et e Starter-kit un Tester, do si 500.000 Tester, déi och wäerten deene Betriber, d.h. dem Horeca-Secteur, zur Verfügung gestallt ginn an déi ginn eben ugepasst un der Unzuel och vu Personal, déi se an de verschidde Betriber hunn.\nDat heescht eng virsiichteg Approche. Et geet keen eran an de Restaurant wann en awer net getest ginn ass.\nEt ass e wichtege "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_0_1689679631.mp3", "transcription": "Sou, Dir Dammen an Dir Hären, ech géif Iech ganz häerzlech zu dëser Pressekonferenz begréissen, wou mer Iech matdeele wat d'Regierung de Moien no ganz interessanten Diskussioune beschloss huet, wéi et an der Covid-Gesetzgebung sollt weidergoen. Fir d'éischt géing ech awer gären ee Gedanken un eise Premier verwenden. Normalerweis ass dat heiten net meng Plaz. De Premier mécht un der Säit vun der Madamm Lenert, wou en d'Land informéiert iwwert dat wat d'Regierung decidéiert huet. Haut kann en dat aus bekannte Grënn net maachen.\nEch wollt awer menger Freed Ausdrock verleihen fir Iech kënne bekannt ze ginn an ech menge vill Leit wëssen et schonn dass en haut de Moie konnt aus dem Spidol erauskommen, sou dass mer alleguerte kënnen dovun ausgoen, dass hien um gudde Wee vun der Besserung ass a mir wënschen eis alleguerten, dass hien de nächste Regierungsrot erëm ka presidéieren, sou wéi hien dat och an der Vergaangenheet ëmmer mat Exzellenz "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_10_1689679631.mp3", "transcription": " positiv Aspekter: mir hunn an eisen Alters- a Fleegeheemer ass et ganz roueg, ganz wéineg Neiinfektioune gehat iwwert d'lescht Woch: 2 bei Residanten, 3 um Niveau vum Personal.\nAn dann dat wat eis och alleguerten ëmmer ganz vill intresséiert: d'Situatioun an de Spideeler ass a bleift wierklech ganz roueg. Déi 2 Woche verglach ass et quasi stabel - 3 op \"Soins normaux\", dat war dat selwecht wéi déi Woch virdrun, \"Soins intensifs\" 1 Persoun a wann ech d'Zuele vun haut kucken, déi haut wäerten erauskommen, si mer am selwechten Trend, also 131 Neiinfektioune wäerten dat si mat engem Taux de positivité vun 1,85 dës Kéier.\nOp \"Soins normaux\", Stand haut, wäerte 4 Leit sinn, nach ëmmer eng Persoun op Intensiv an och kee weideren Decès ze verbuchen.\nWéi huet sech dat elo am Verglach mat eisen Nopeschlänner? Bon, mir stieche ganz kloer, dat kann een net niéieren, ervir, wat Neiinfektiounen ugeet.\nEt muss een natierlech soen, doduercher dass mer \"nach wie vor\" och déi sinn, déi am meeschten testen, hu mer "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_11_1689679631.mp3", "transcription": "ëmmer eng Nues vir.\nMir gesinn da relativ schnell, wann Eppes hei geschitt.\nMir fannen och vill Leit. Do si mer kloer vir.\nAllerdéngs si mer um Niveau vun de Spideeler am Verglach ganz gutt zu eisen Nopeschlänner.\nAn do ass d'Situatioun scho méi ugespaant a wann der déi international Aktualitéit kuckt - ech menge mir sinn net eleng an deem Fall, wou d'Zuelen erop ginn. \nVill Länner sinn do schonn an enger anerer Etapp, wou ee wierklech och erëm muss Moossnamen huele fir zouzemaachen a wou och an de Spideeler sech d'Situatioun schonn erëm lues a lues uspaant.\nBei ons ass dat net.\nMir sinn och, wéi der kënnt ahnen aus de Mesuren, déi elo graff proposéiert ginn, relativ zouversiichtlech. Firwat, kann een sech froen.\nMir sinn zouversiichtlech well mer e gudden Effet vun der Impfung kënnen hei am Land feststellen.\nMir hunn \"entre-temps\" eng 600.000 Impfunge gemaach.\nA mir hunn 236.000 Leit, déi schonn eng 2. Dosis kritt hunn.\nDomadder si mer am Peloton vun den europäesche Länner zimmlech vir.\nMir sinn op 5. Plaz, wann een dat haut kuckt, mat dem Deel vu Leit, déi wierklech ganz "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_12_1689679631.mp3", "transcription": "duerchgeimpft sinn a mir wëssen, et huet sech hei erëm eng Kéier bestätegt, et ass extrem wichteg, dee ganzen Impfschutz ze hunn. Virdrun huet een awer nach ëmmer méi een héije Reschtrisiko sech erëm unzestiechen an och krank ze gi mat just enger Dosis.\nDann och ganz positiv, dass mer do ebe gutt weiderkommen - mir hunn gëschter Owend net méi wéi 688.560 Dosen zousätzlech geliwwert kritt.\nDat heescht déi si schonn hei. Dat wäert eis erlaben, weider 353.180 Leit ze impfen.\nD.h. déi Ängschten, déi mer hate mat de Liwwerungen, déi sinn am Moment net aktuell - et kënnt vill Impfstoff un a steet och nach a mer kucke wat elo nach net confirméiert ass, mee wat an Aussiicht steet, wär dat dann nach eng Kéier 100.000 Dosen, relativ kuerzfristeg. Dir gesitt, mir sinn do gutt opgestallt a wäerten och gutt kënne weiderkomme mat eiser Impfcampagne.\nNach eng Kéier als Rappell: mir hunn déi 6 Zentren, déi lafe mat 114 Impfstroossen "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_14_1689679631.mp3", "transcription": " säit dem leschte Méindeg, dass jiddwereen dee wëll, sech kann op eng Lëscht androen. Dat gëllt fir d'Residanten, déi sech nach net impfe gelooss hunn.\nDéi sech dat villäicht nach wollten e bëssen iwwerleeën an nodréiglech et wëlle maachen, dat gëllt fir d'Frontalieren, an et gëllt och fir Lëtzebuerger Bierger, déi am Ausland géife wunnen.\nEt sinn dräi Waardelëschten. Dat sinn 3 ënnerschiddlech Waardelëschten déi mer hunn. Mir hunn eng fir AstraZeneca, eng fir Johnson an dann nach eng 3. fir déi 2 mRNA-Vaccinen - de Pfizer an de Moderna.\nDéi funktionéieren och ganz gutt.\nEt hunn sech an dëser Woch scho 4.295 Leit op dës Leschten agedroen\nan dovunner si 36%, déi net hei am Land wunnen. Mir gesinn also, dass och do nach vill Leit nodréiglech op ons zeréckkomme fir dach awer eng Impfung ze kréien.\nDat sinn un sech gutt Nouvellen.\nDen Duerchschnëttsalter och vun de geimpfte Leit läit mëttlerweil bei 49 Joer.\nDann ... villäicht e Wuert zu der \"Prise de rendez-vous\"."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_15_1689679631.mp3", "transcription": "Déi ass e bësselche réckleefeg déi Woch. Wou mer jo am Ufank nach 74% - et ass elo bei 65%. Et muss een awer soen, dass mer zouversiichtlech sinn, dass dat sech nach wäert änneren iwwert déi nächst Wochen, well vill Leit hire Rendez-vous ofsoen, well se an der Vakanz sinn a se verschiben en.\nEt ass net datt d'Leit net kommen, mee wierklech e verschiben an dat hu mer och bei deene Jonken, wou mer un sech e ganz gudden \"Taux de prise de Rendez-vous\" hunn.\nDee läit am Moment bei 48,3%. Dat ass héich fir Jugendlecher och am Verglach mam Ausland, hunn ech mer soe gelooss.\nAn och do hu mer och dee Phänomen, dass och bei deene Jonke vill eng Verschibung vum Rendez-Vous ...\nSou dass mer do och zouversiichtlech sinn, dass mer déi gutt Tauxen, déi mer hunn och weider kënnen halen iwwert den Summer.\nDann elo: wéi geet et weider um Terrain?\n1. Hallschent vum August wäerte mer och an deenen éischten Dokteschcabineten ufänken.\nDir wësst, mir hunn do een Opruff gemaach, wien interesséiert ass matzemaachen.\nDo hunn sech 180 Doktere gemellt, déi prinzipiell hir Bereetschaft dofir matgedeelt "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_16_1689679631.mp3", "transcription": "hunn.\nAn dat wäert dann och kënnen uleien eben an der éischter Hallschent vum Mount August.\nOch do erwaarde mer eis nach eng Kéier Leit, déi villäicht nach Zweiwel hunn, déi wierklech e Gespréich brauche mat hirem Dokter, dass mer se op deem Wee kënnen erreechen an och do dann nach zousätzlech Impfunge gemaach kréien.\nDann nei am Moment - et ass scho gesot ginn - de sougenannte Mix&Match. Wat ass dat?\nDat ass par Rapport zum Vaccin AstraZeneca.\nEt ass jo schonn an enger Rei Länner d'Méiglechkeet en anere Vaccin als 2. ze huelen. Mir haten do een 1. Avis kritt vun eisem Conseil supérieur des maladies infectieuses.\nDee war parallel gelaf mat enger Annonce vun der europäescher Medikamentenagence, déi och géif dozou Stellung huelen. Dat hu mer ofgewaart gehat.\nElo koum awer keng gréng Luucht. Do ass erëm verwise ginn op déi national Autoritéiten an doropshin hu mer och nach eng Kéier de CSMI mat der Fro befaasst, wéi et sech da mam Moderna hätt, well si haten eng Stellungnam, déi sech just op Pfizer bezunn huet an dee leschten Avis, dee mer elo kritt hunn, dee mer haut och dann ugeholl hunn an sou wäerte suivéieren an "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_17_1689679631.mp3", "transcription": " afléisse loossen, dee bréngt mat sech, dass Leit ënner 50 Joer, déi mam AstraZeneca geimpft gi sinn, ab Muer kënnen, wann se dat wëllen - et ass fräiwëlleg - en aneren Impfstoff kréien an zwar entweder e Moderna oder e Pfizer.\nDat ass hire Choix.\nAlso dat ass hire Choix een aneren ze kréien. Se kënnen awer net tëscht dem Moderna a Pfizer dee Moment wielen.\nIwwer 55 Joer ass dat net recommandéiert vum CSMI an och net bei Leit, déi speziell Vulnerabilitéiten hunn.\nDa gëtt et donieft Eenzelfäll, mee dat hu mer och elo scho gemaach, wou eppes Medezinesches dogéint schwätzt, wou Leit Komplikatiounen hate par Rapport zum Astra. Déi hu souwisou schonn en anere kritt.\nMee dee \"Mix&Match\", wéi een en aus enger Rei europäesche Länner kennt, wäert dann och elo ab Muer bei eis aktivéiert si par Rapport zum Astra,\nDann och nach eng aner, eng separat Recommandatioun, déi vum Conseil supérieur des maladies infectieuses komm ass betrëfft d'3. Dosis, wou si dat recommandéieren, awer net generell, mee bei "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_18_1689679631.mp3", "transcription": " den \"Immuno-déprimé\".\nEch ginn do net op de medezineschen Detail an. Dat sprengt hei villäicht de Kader.\nDat ass eng Recommandatioun, déi och public wäert gemaach ginn. D'Doktere wëssen do Bescheed, wann se dat virleien hunn.\nD.h. dat ass eng Méiglechkeet, déi och hei wäert kënne gëllen.\nAn dann ... jo, villäicht fir zeréckzekommen op d'\"Situation générale\". Mir hunn eis natierlech mat der Fro befaasst, wat ass dann elo geschitt? Wéi koum et zu deene bal ... awer bal dach 800 Neiinfektiounen, déi ganz schnell hei komm sinn.\nDéi 1. Fro, déi een sech gestallt huet: Ass eise Lëtzebuerger CovidCheck-Regime dicht?\nKann een deen esou bäihalen? Dat ass Eppes wat fir eis wichteg war.\nWell dat ass sougenannte Pilotphas, souzesoe gewiescht, déi mer hei lancéiert hunn.\nDo si mer zur Conclusioun komm, dass en dat séier wuel ass.\nMir haten insgesamt, säit dee CovidCheck-Regime ageféiert ginn ass 782 Notifikatioune kritt fir sou Evenementer, d.h. dat hat grousse Succès. Et ass ganz ënnerschiddleche Beräicher zum Asaz komm a "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_1_1689679631.mp3", "transcription": "gemaach huet.\nWat d'Land awer haut interesséiert, ech mengen dat ass ganz kloer, wéi geet et virun opgrond vun awer kontroverse Meldungen, déi mer kréien, och wat ronderëm Lëtzebuerg geschitt an ech mengen et kann een direkt am Virfeld soen, dass d'Regierung decidéiert huet, dass mer weder wat d'Lockeren ugeet, nach wat méi streng Mesuren ugeet, elo grouss revolutionär Decisioune geholl hätt. Mir sinn éischter hei an enger Situatioun vum Status quo, mat punktuellen Upassungen, och opgrond vun deem wat an deene leschte Wochen diskutéiert ginn ass a wat och geschitt ass.\nÉischt Decisioun, vläicht ganz kloer ze soen: Mir hätte gären eng Harmonisatioun vun de Konditioune wat d'Rassemblementer ugeet tëschent deem wat am private Beräich ofleeft an deem wat am Ëffentlechen, am Horesca-Beräich geschitt.\nKonkret heescht dat, dass et an Zukunft wäert méiglech sinn, dass och méi "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_20_1689679631.mp3", "transcription": " oder awer virun der Dier, wou sech manifestement net un d'Distanzreegelen och gehale ginn ass.\nWou zesumme gedronk, gedanzt ginn ass an enger Proximitéit, wéi se eigentlech eis Mesuren net hierginn, wann een eis Rassemblement-Reegelen kuckt.\nWéi schnell et ka goen hu mer och festgestallt.\nMir hunn a verschiddenen Etablissementer iwwer 60 bis zu 70 Neiinfektiounen déi lassgetrëppelt gi sinn.\nDat weist, dass et ganz schnell ka goe wann een e puer \"Spreaderen\" dobannen huet.\nEt sinn och privat Feieren hannendrun, mee Nummer 1 mat de Sourcen, déi mer wierklech kënne kloer ausmaachen an ass dës Kéier wierklech d'Fräizäit an zwar ganz spezifesch d'Fräizäit ronderëm d'Feieren.\nEch hat virdru gesot, d'Moyenne d'âge ass niddereg - 26 Joer. Et ass awer absolut net fir just op déi Jonk mam Fanger ze weisen. Si ware sécher vill ënnerwee.\n43% vun den Infektioune mécht dat aus. Mee déi Eeler waren och gutt mat dobäi.\nBei de 45 bis 60-Järegen z.B. war et awer och nach ëmmerhin awer 16%.\n30 bis 44-Järeger - 28% "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_21_1689679631.mp3", "transcription": " vun de Neiinfektiounen. Dofir soll een elo net hei een apostrophéieren.\nEch menge mir hunn alleguerten heirauser ze leieren an ze verstoen, dass och wann alles gutt ausgesinn huet, de Risiko net z'ënnerschätzen ass an dass wa mer eis Fräiheeten, eis bedéngte Fräiheeten, déi mer duerch de Covid-Regime hunn, wëllen ausnotzen, dass et extrem wichteg ass, dass dat seriö gemaach gëtt a jiddwereen sech dorunner hält.\nEis Conclusioun, also nach eng Kéier, dass de System un sech OK ass. Mir kënnen nëmme feststellen, dass do wou ... an et ass vill gemaach ginn. Et ass net dass mer keng Ufroen haten, mir hate vill där Eventer, dass dat an der Reegel klappt. Eng 100%-Sécherheet gëtt et ni. Et ass och ni gesot ginn. Et bleift ëmmer e Reschtrisiko.\nMir hunn Sécherheetsfilteren an et ass ganz kloer dass e Certificat wann ee voll duerchgeimpft ass, huet een natierlech méi een héije Schutz, wéi wann ee just getest ass.\nPCR ass sécherlech méi fiabel wéi e Schnelltest, zemools wann en 48 Stonne gutt ass an den Auto-Test, deen een sech selwer mécht, dat ass natierlech dat schwächst Glidd an der Ketten. Do ass, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_22_1689679631.mp3", "transcription": "De Risiko dee mer haaptsächlech gesinn, ass also dee vum Net-Respekt.\nEt ass wierklech déi Solidaritéit déi gefuerdert ass, d'Responsabilitéit vu jiddwerengem, och vun den Organisateuren fir dat dote seriö ëmzesetzen, fir et seriö ze maachen. Mir mussen dovunner ausgoen, dass wann et seriö gemaach ass, dass mer e gerénge Reschtrisiko hunn, an domadder eng ganz gérabel Situatioun behalen, déi eis wierklech vill flott, nei Fräiheete gëtt.\nMir wëssen och, dass de Risiko sech mat spéider Stonn ëmmer steigert, d'Barrièrë falen.\nMir wëssen, dass wa mer Owes ënnerwee sinn, dass een eben e Mol net just Waasser a Limonad drénkt. Dat ass net esou.\nEt brauch een sech näischt virzemaachen an Alkohol ... suergt nun eben e Mol dofir, dass een sech méi no kënnt, dass d'Barrièrë falen an dofir ass eis Risiko-Aschätzung ab Mëtternuecht einfach méi héich an do hu mer iwwerluecht, wat ee kéint maache fir dann do de Risiko generell e bësselchen ze drosselen an do kënnt dann eben déi Propositioun fir dat schwächsten Element am CovidCheck-Regime, nämlech den Auto-Test sur place, wierklech net gëllen ze loossen no Mëtternuecht."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_23_1689679631.mp3", "transcription": "Fir einfach deem dote Risiko entgéintzewierken. Dat heescht net, dass deen per se oder selwer elo net gutt wär oder elo géif méi schlecht ginn ab där Auerzäit. Et ass just en Zesummespill.\nMir wëssen eben dass ab där Auerzäit méi lass, dass méi gedronk gëtt, dass eng Tendenz do ass, sech méi no ze kommen, villäicht manner opzepassen an och warscheinlech um Niveau vun de Kontrolle villäicht net méi sou opgepasst gëtt an dofir eben déi dote Propositioun.\nDat gëllt also bannent dem CovidCheck-Regime an ech géif dat just gäre preziséieren, et ass net dass just nach Eventer am CovidCheck-Regime duerfe stattfannen no Mëtternuecht, just, wann een deen huet, de CovidCheck-Regime, wann dat d'Optioun ass, dat ass jo just eng Optioun, donieft gëtt et jo nach déi normal Reegelen am Horesca, vun Dëscher vu 4. Déi kënne weider lafen.\nDann ass eben eng Neierung, dass an deem CovidCheck-Regime ab Mëtternuecht den Auto-Test net méi gëllt.\nD.h. also, ganz kloer, een dee wëlles huet eraus ze goen, deen ... bis spéit an d'Nuecht ënnerwee sinn, ass gutt beroden, sech e zertifiéierten "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_24_1689679631.mp3", "transcription": "Dann hunn mer, wéi gesot, och wéinst der Vermuddung, datt eben den Net-Respekt vun de Mesuren eng Haaptursaach ass, d'Strofen eropgesat. Ech mengen et huet eng ... eng Symbolik fir sech. Déi sinn un sech fir den Organisateur haut scho bei engem Maximum vu 4.000 Euro. Wann dat op 6.000 eropgeet, dat deet scho wéi. Bei der Recidive verduebelt et sech.\nEch mengen datt jiddwereen Interêt huet dat dote seriö ze maachen. Et si keng kleng Strofen. Do muss een och scho vill Béier verkafe fir dat nees gutt ze maachen.\nOch nach eng kleng Ännerungen, déi ech géif signaléieren, dat ass, dass mer bei der Zertifizéierung vu Schnelltester -\nDir wësst, déi kënnt der op verschiddene Plaze maachen - eng Auswäitung nach gemaach hunn vun de Beruffskategorien, déi dat kënne maachen. Do kënnt den \"Assistant technique médical\" proposéiere mer dobäi ze huelen an och den \"Infirmier gradué\".\nDat war net esou preziséiert. Dat gëtt nach eng Kéier eng Méiglechkeet fir dat e bësse méi breet opzestellen.\nDonieft si jo och Beamten, Fonctionnairen, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_25_1689679631.mp3", "transcription": " déi dat kënne maachen an ech mengen Dir wësst datt iwwert déi lescht Wochen eng ganz Rei Offeren an deem Sënn och op lokalem Plang en Place wou een dat op eng einfach Aart a Weis ka maachen.\nDann elo zu de Mesuren \"hors CovidCheck\" - also de CovidCheck-Regime ass eng Saach, dee muss ugefrot ginn, ganz wichteg, och wa Privatleit dat elo kënnen ufroen, et ass eng Obligatioun en unzefroen, well eng Strof drop steet.\nEt muss scho seriö gemaach ginn. Mir musse wëssen, wou déi Eventer sinn, soss kann een sech keng Kontrolle virstellen.\nBei deenen anere Regimmer, also do wou net de CovidCheck-Regime ass, déi normal Rassemblementsreegelen, hu mer eng kleng ... eng kleng Adaptatioun, déi mer proposéieren an zwar, do hu mer jo relativ streng Distanzreegelen - also bis zu 10 Leit si keng Reegelen - an dann hu mer vun 10 bis 50 an där Kategorie ass et 2 Meter ausernee bleiwe mat Mask, ab 50 bis 300 ass et 2 Meter, Mask a setzen. Do hate mer bis elo just eng Ausnam zur Distanz fir déi kleng Bulle vun der Famill selwer, déi konnte beienee setzen an ech denken "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_26_1689679631.mp3", "transcription": " am Kino oder an engem Concert oder sou, dat gëtt elo ausgeweit op Gruppe vu 4 fir do parallel ze si mat deem wat och an engem Restaurant méiglech ass, wou een zu 4 Kolleege kann op engem Dësch setzen.\nSou soll dat och an den normale Reegelen elo méiglech sinn, dass een ebe kann seng Plazen dann zesumme reservéiere bis zu 4 Leit.\nDat erlaabt bei verschidde Säll ebe méi Leit an am Kino oder a Concertssäll e bëssen een aneren Amenagement ze maachen, wou een an de Gruppe vu 4 ouni d'Distanz ka placéieren.\nDann och nach eng kleng Ännerung, déi mer maachen, wat d'Impf an ... also déi 3 Certificaten am Fong, déi een ufreet, betrëfft.\nMir hunn eng Rei Leit, déi am Ausland an an europäesche Länner geimpft gi sinn, déi Schwieregkeet haten, do hire Certificat ze kréien, déi un ons erugetruede gi sinn, an eng Basis ginn, fir deenen, wann dat vun der EMA zougeloossen Impfstoffer sinn, dass een deenen dann hei och kann hire Certificat ausstellen. Eis Direktioun wäert dat maachen. Dat wäert an Zukunft elo kee Problem méi sinn.\nMat verschiddene Länner huet sech dat och esou gereegelt. Déi maachen dat "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_27_1689679631.mp3", "transcription": "entre-temps fir eis Studenten.\nMee un sech ass jo all Land zoustänneg fir déi Impfungen, déi ee bei sech mécht. Also dat funktionéiert. Mee hei maache mer effektiv de Service da fir eis Leit, déi am Ausland sinn, wann se elo geimpft gi sinn an se hätte Schwieregkeeten, kënnen se bei eis dee Certificat kréien an eben och dann op déi méi praktesch Aart a Weis hei dovunner Gebrauch maachen.\nVilläicht just nach kuerz e Wuert zu den Infektiounen no de Vaccinen. Ech weess dat Iech ëmmer interesséiert. Mir hunn dat eng Kéier gekuckt.\nDat kënnt ëmmer nach vir, awer et ass geréng, wann een elo kuckt op déi Ronn 600.000 Impfungen, déi gemaach gi sinn, hu mer 1.915 Leit, déi no enger 1. Dosis nach eng Kéier positiv gi sinn. Dat ass e ganz gerénge Prozentsaz, also ass 0,3%.\nDann mat enger 2. Dosis sinn der och nach, datt sinn der dann awer just nach 433 déi mer verbucht hunn an déi, déi 14 Deeg no der 2. Dosis nach eng Kéier dann "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_28_1689679631.mp3", "transcription": " infizéiert waren, do si mer just nach bei 298.\nDir gesitt, d'Probabilitéit ass geréng, mee se ass net null. De Risiko ass do an sécherlech - dat hu mer gesinn elo am Detail vun deene ganzen Neiinfektiounen - vill Leit, déi eng 1. Dosis haten, hunn sech nach eng Kéier nei infizéiert iwwert déi lescht Deeg.\nDat ass net ze ënnerschätzen.\nAn och wann een jonk ass, an d'Probabilitéit fir e schwéiere Verlaf villäicht net héich ass, géif ech dorop hiweisen, dass et net ausgeschloss ass, datt jonk Leit kënnen e schwéiere Verlaf kréien an donieft gi mer ëmmer méi domadder konfrontéiert mam \"Long Covid\", deen och net z'ënnerschätzen ass. Mir kennen nach net dat ganz Ausmooss dovunner. Mir faassen eis ëmmer méi intensiv. Do kommen all Dag nei Erkenntnisser an déi sinn och net esou berouegend.\nOch Leit, déi souguer ganz asymptomatesch waren oder e liichte Verlaf haten, déi villäicht net mat schwéiere Komplikatiounen Problemer haten, bon, déi kënnen awer ganz kloer och e \"Long Covid\" kréien an dann domadder geplot sinn,\nsou dass ech wierklech géif den Appell maachen - hei jiddwereen huet Interesse "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_29_1689679631.mp3", "transcription": " wierklech säi ganzen Impfschema duerchzemaachen. Et ass dee beschte Schutz, dee mer, Stand haut, kënnen hunn an donieft bleiwen natierlech ëmmer Mesuren, déi ze respektéiere sinn, respektiv wa mer an engem Covid-Regime sinn, wierklech den Appell un déi, déi organiséieren: haalt Iech dorun, maacht dat seriö, et ass an aller Interesse, dass dat klappt, a mir sinn wierklech rassuréiert iwwert déi Erfarungen, déi mer gemaach hunn, dass wann dat och seriö gemaach gëtt, dass do wierklech e Reschtrisiko ass. Mat engem Reschtrisiko muss ee kënnen ëmgoen, dat ass villäicht och net fir jiddwereen esou einfach. Dat ass an där Zäit hei ginn an ech sinn och vill frou, dass dat effektiv lues a lues an d'Gewunnechten iwwergeet, dass mer leieren, domadder ëmgoen. Mir mussen och erëm kënne liewen alleguerten zesummen.\nVoilà, dat war et vu menger Säit.\n[Dan Kersch] Merci, Madamm Lenert.\nVilläicht, wann der erlaabt, éier mer zur Froestellung kommen,\nwollt ech nach am Numm vun der Regierung nach eng Informatioun weiderginn: Dir wësst, dass mer mat Spannung alleguerte waarden op de sougenannte Bericht Waringo, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_2_1689679631.mp3", "transcription": "wéi 10 Leit Doheem kënnen zesummekommen.\nSelbstverständlech dann, sou wéi et och am ëffentleche Beräich ass, nëmme mat CovidCheck.\nDéi 2. Mesure, déi mer wëlle presentéieren, ass déi, dass mer wëllen an Zukunft Abusen, Frauden oder Fuddelen - wéi een et ebe wëll nennen - verhënneren an och besser Kontrollméiglechkeete schafe vun deem, wat mer decidéiert hunn.\nDofir wëlle mer an dat neit Gesetz aschreiwen, dass no 24 Auer eng Zesummekonft nëmme méi ka stattfanne mat CovidCheck.\nDat heescht also geimpft, genesen oder PCR-getest.\nOder - an da kënnt nach d'Alternativ - mat engem zertifiéierten an d'Betounung läit hei ganz kloer \"zertifiéierte Schnelltest\". Dat ass dann och déi grouss Ännerung par Rapport zu deem wéi et haut leeft.\nAm Kloertext heescht dat also, no Mëtternuecht zielen déi fräiwëlleg Autotester, déi net zertifiéiert sinn "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_30_1689679631.mp3", "transcription": " deen d'Situatioun vun der Gerance vun der Kris soll analyséieren an den Alters- a Fleegeheemer. Mir ginn dovun aus, dass deen an deenen nächsten Deeg, Stonnen, iwwert de Weekend, wäert kommen.\nEt war der Regierung en Uleies, och no Diskussioune mat verschidde Vertrieder aus der Chamber, dass kee vis-à-vis vun deem anere sollt een Informatiounsvirsprong kréien.\nAm Kloertext heescht dat, dass also d'Regierung dee Rapport net kritt, éier d'Chamber e kritt. Mir ginn dovun aus - dat muss d'Chamber dann am Detail decidéieren, dass dee Rapport an enger vergréisserter Kommissiounssitzung, a wéi enger Form, wéi gesot, muss d'Chamber decidéieren, wa méiglech souguer ëffentlech. Mee nach eng Kéier, dat huet d'Regierung net ze decidéieren, dat muss d'Chamber decidéieren. Nächste Méindeg de Moien wäert presentéiert ginn. Et war eis een Uleies, dass hei wierklech jiddweree vun deem nämmlechten, och wann d'Regierung selwer den Opdraggeber vun där Etüd war, mee dass esouwuel Regierung a Chamber an och Ëffentlechkeet zum nämmlechte Moment da gewuer ginn, wat an där Etüd steet, sou dass also keen "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_31_1689679631.mp3", "transcription": " Lynn Cruchten fir RTL Radio an Tele.\nEch knäppen un där leschter Fro eng Kéier un.\nEt geet ee jo dovun aus, dass et ëmmer 2 Wochen dauert no enger Infektioun, bis een e bësse méi schlëmm krank ass. Wéi ass et dann elo - wat erwaart der Iech an de Spideeler an ass dat net dann och e Punkt fir erëm de Status quo opzehiewen?\nEch mengen ier ech d'Wuert weiderginn un d'Madamm Gesondheetsministesch – selbstverständlech ass d'Situatioun an de Spideeler ëmmer eng, déi determinant ass, och fir déi Mesuren, déi d'Regierung hëlt. Mee ech mengen d'Gesondheetsministesch hat virdrun d'Zuele genannt, vun deene Leit, déi nach an de Spideeler sinn.\nEch mengen, Paulette, du kanns villäicht dat nach ausféieren.\nJo, et ass sécherlech eng Inconnue, déi bleift. Ma wann een den Datum kuckt, den Zäitënnerscheed kuckt, kann haut soen, dass déi Neiinfektiounen, déi wierklech ronderëm Nationalfeierdag stattfonnt hunn, sech\nvun deene Leit selwer, déi sech infizéiert hunn, net wierklech sech erëmgespigelt hunn an de Spideeler, well dat kënnt "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_32_1689679631.mp3", "transcription": " relativ zu engem kloren Zäitpunkt, wou d'Komplikatiounen asetzen.\nMir hunn awer nach ëmmer e Fragezeichen. Mir wëssen net, wéi vill Leit hunn si elo selwer erëm nach ugestach, villäicht Eelerer.\nDo bleift eng Inconnue. Dat ass ganz kloer an dat ass Eppes wat mer mat ganz vill Suerg an Interessi suivéieren.\nNach ass et roueg.\nDat huet sécher domadder ze dinn, dass mer effektiv ganz vill Leit wierklech duerchgeimpft schonn hunn.\nMee mat absolutter Sécherheet kann een net soen, wat déi nächst Woche geschitt. Mir gesi Länner, wou et do och eropgaangen ass. Huet dat elo domadder ze dinn, dass villäicht manner geschützte Leit concernéiert waren oder net. Dat wäert d'Zukunft eis weisen.\nMee et ass sécher eng Suerg. Ech mengen eng gewëssen Entspanung par rapport elo zu deenen ganz ville Neiinfektiounen. Do hätt een eigentlech elo schonn an deene leschten zwee, dräi Deeg méi misse gesinn, wa Komplikatioune komm wieren. Schéngt net ze sinn, mee et gëtt een ëmmer erëm iwwerrascht.\nEch menge mir wëssen och, dee Virus ännert sech och lues a lues. Et si nei Varianten ënnerwee.\nAm Moment hu mer all Ursaach elo e Mol optimistesch "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_33_1689679631.mp3", "transcription": "Gudde Moien. Tom Haas fir d'Tageblatt.\nDir hutt ëmmer soss 25% vun den Impfstoffer, déi geliwwert goufen zeréckgehalen fir kënnen all d'Leit duebel z'impfen. Duerch de \"Mix&Match\" ännert sech dorunner elo Eppes?\nHu mer genuch Impfstoff, dass mer dat eis einfach elo esou erlabe kënnen?\nJo mir hunn genuch Impfstoff an eben ënner anerem duerch déi Méiglechkeet och de Moderna nieft dem Pfizer do unzebidden, dierft dat elo keen Impakt hunn. Mir ginn dovunner aus, dass mer ganz normal weider kommen. Mee bon, et war elo e bëssen ... natierlech huet een dat do am Virfeld och missen organiséieren um Niveau vun dass déi Saachen och do sinn.\nMee mir rechnen net domadder, dass dat en negativen Impakt wäert hunn. Ech hat Iech virdru gesot, mir hunn relativ vill Impfstoff elo, Gottseidank, sou dass dat misst eigentlech reiwungslos kënne goen.\nOkay, Dir hutt elo haut ugekënnegt datt ab August och Dokteren an de Praxisse kënnen impfen.\nAss och eng weider Ausweitung vun den Impfungen ugeduecht. An Däitschland gouf elo diskutéiert fir an Akafszenteren oder sou weider z'impfen, wéi dat ... ben, vu dass een domat déi jonk Leit offenbar besser erreecht.\nNee, Stand "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_34_1689679631 (1).mp3", "transcription": "elo net. Et sinn d'Dokteschpraxen an och d'Pediatere fir d'Kanner, fir déi Jugendlech, déi wäerte mat an den Asaz kommen.\nMee mir bleiwen op. Mir si flexibel, mir suivéieren dat. Bis elo hu mer wéi gesot relativ eng gutt Adhesioun.\nMir ginn dovun aus, dass dat doten nach eng Kéier eng Couche bäibréngt. Et ass ëmmer eng Balance tëschent Effikassitéit, Proximitéit och.\nDat heiten ass dat wat ugeduecht ass. Aner Pisten ... Mir schéissen näischt aus. Ech menge mir si fir alles op.\nMir kucken dat och genau, wat am Ausland leeft an da kucke mer wat fir eis\ndéi beschten Effikassitéit bréngt. Dat war bis elo eben och wou den Impfstoff rar war, konnt dat sech wierklech optimal organiséiere loossen, duerch d'Impfzenteren.\nLo hu mer es vill méi, lo ass dat do eng nei Méiglechkeet, déi eis eben och erlabe wäert u Leit erunzekommen.\nDat ass dorobber wou mer elo zielen, dass mer do villäicht awer déi déi zécken iwwert deen dote Wee besser kënnen erreechen.\nOkay. Déi Entscheedung elo den Auto--Schnelltest ab 12 Auer just nach gëllen ze loossen, leet dat net erëm enorm vill Verantwortung och op d'Schëllere vun de Gastronome fir dat an "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_34_1689679631.mp3", "transcription": "elo net. Et sinn d'Dokteschpraxen an och d'Pediatere fir d'Kanner, fir déi Jugendlech, déi wäerte mat an den Asaz kommen.\nMee mir bleiwen op. Mir si flexibel, mir suivéieren dat. Bis elo hu mer wéi gesot relativ eng gutt Adhesioun.\nMir ginn dovun aus, dass dat doten nach eng Kéier eng Couche bäibréngt. Et ass ëmmer eng Balance tëschent Effikassitéit, Proximitéit och.\nDat heiten ass dat wat ugeduecht ass. Aner Pisten ... Mir schéissen näischt aus. Ech menge mir si fir alles op.\nMir kucken dat och genau, wat am Ausland leeft an da kucke mer wat fir eis\ndéi beschten Effikassitéit bréngt. Dat war bis elo eben och wou den Impfstoff rar war, konnt dat sech wierklech optimal organiséiere loossen, duerch d'Impfzenteren.\nLo hu mer es vill méi, lo ass dat do eng nei Méiglechkeet, déi eis eben och erlabe wäert u Leit erunzekommen.\nDat ass dorobber wou mer elo zielen, dass mer do villäicht awer déi déi zécken iwwert deen dote Wee besser kënnen erreechen.\nOkay. Déi Entscheedung elo den Auto--Schnelltest ab 12 Auer just nach gëllen ze loossen, leet dat net erëm enorm vill Verantwortung och op d'Schëllere vun de Gastronome fir dat an "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_35_1689679631.mp3", "transcription": " deem Moment dann absolut kënnen ze kontrolléieren a quasi um 12 Auer d'Leit nach eng Kéier vollkommen duerchtesten ze mussen fir ze kucken - si hunn jo net onbedéngt am Bléck, wien ass elo mat wéi engem Test erakomm. Ass do dann net eng Verantwortung och? Wier et net méi einfach gewiescht den Auto-Test vollkommen ofzeschafen? Well ...\nDat wär eng Méiglechkeet gewiescht. Wär natierlech vill méi restriktiv. Ech muss Iech soen, mir hunn ons natierlech och schlau gemaach, wéi déi Auto-Tester benotzt gi sinn an déi si ganz vill benotzt ginn an ech hunn de Kontext grad wou Jugendlecher sinn, Theateren an sou weider, wou jonke Public ass, ass immens vill gebraucht gemaach gi vun deenen Auto-Tester sur place. Et ass och gutt acceptéiert ginn. Am Ufank war et e bësse Gedäischs, mee Dir wësst wann dat bis e puer Deeg etabléiert ass, et ass Eppes wat vill benotzt ginn ass an an sou fern gëtt et eng Flexibilitéit awer, déi de Leit erlaabt spontan anzwousch hin ze goen.\nNet virdrun dat z'organiséieren.\nDir frot ob den Organisateur - ech mengen deen, deen d'Auto-Tester virun der Dier organiséiert, huet schonn eng Iddi wéi vill därs Public dobannen huet, well mir kruten awer do Informatiounen op eng "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_36_1689679631.mp3", "transcription": " informell Aart a Weis, mee et war relativ einfach. Ech mengen een Etablissement weess schonn ob en 5% oder 70% esou Leit bei sech huet. Et ass eng Saach vu Kommunikatioun. Ech menge mir sinn och elo gefuerdert natierlech de Leit dat do nozebréngen an ech denken, dass dat do och eng Informatioun ass, déi gutt ... wann d'Leit erakommen an en Etablissement, dass se dat wëssen.\nEch mengen datt dat net esou wëll an der Praxis wäert sinn, wéi een et villäicht mengt. Ech mengen dat geet wäert sech schonn abiergeren.\nDir hutt jo selwer gesot, dass zu spéider Stonn jo awer z.B. den Alkohol-Konsum och zouhëlt an dass d'Leit dann och villäicht sech méi no kommen, mee dat ass jo dann och am Fong erëm e Potential fir Aggressivitéit an deem Moment, wa mer soen, d'Hallschent vun Iech muss elo rausgoen, dass et da wierklech och zu Reiwereie kéint kommen. Ass dat net wierklech e Risiko deen der domat agitt?\nEt muss een nach dobäi soen, d'Alternativ, an d'Madamm Lenert huet dat jo scho gesot, an Dir hutt et zum Deel och selwer scho gesot, d'Alternativ wär gewiescht, mir hätten d'Schnelltester queesch duerch d'Land ofgeschaaft. Mir wëssen, awer op där anerer Säit, dass a ganz ville Fäll déi Schnelltester do hire vollen Sënn erfëllt hunn, dass se mat grousser Disziplin vu Sportsveräiner, vu "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_37_1689679631.mp3", "transcription": " Kulturveräiner ëmgesat gi sinn an et kann net si well Eenzeler sech net drun halen, dass d'ganzt Land muss drënner leiden. Ech mengen dat war d'Appreciatioun vun der Regierung an dofir hu mir dëse Choix gemaach. An ech ginn dovun aus, dass en och vun der grousser Majoritéit vun de Leit gedeelt gëtt an ech menge wann een op där enger Säit als, wéi der et elo gesot hutt, als Exploitant vun engem gréissere Betrib, dann huet en natierlech an dësem Fall eng Verantwortung, ech erënneren dorops, dass mir och ee vun deenen 1. Länner waren, déi iwwerhaapt méiglech gemaach huet, datt déi Betriber konnte schaffen an d'Betriber vun sech selwer ,\nhunn ëmmer sech bereet erkläert Verantwortung z'iwwerhuelen. Hei kréien se, do hutt der Recht, een Deel vun der Verantwortung. Déi meescht si gerëscht fir dat ganz gutt ze maachen an eis Mesure zielt ganz kloer dorops aus fir déi, déi sech net wëllen drun halen, fir déi auszeschalten.\n[Journalist] Okay. Den Dr. Skupin aus der Task Force sot vis-à-vis vum Tageblatt, dass 2 bis 10% vun de Leit, déi Covid haten u Long Covid géifen erkranken.\nSinn dat déi Zuelen, déi sech fir Iech och mateneen decken?\nA wéi riskant ass dat och elo en vu vun de neien ... neier Well, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_38_1689679631.mp3", "transcription": " déi sech quasi amgaangen ass unzelueden. Ass dat grad bei deene jonke Leit da jo awer Eppes wat da problematesch ass?\nMusse mer da lo do villäicht e bëssen dorobber kucken an net just op d'Krankenhaus-Better?\nAlso et muss een op Béides kucken an et kann een et net oft genuch soen. Mir sinn nach ëmmer an där Pandemie an alles wat mer maachen ass spille mat Risiko.\nMir kucken de Risiko anzedämmen, Liewe méiglech ze maachen, wat och immens vill Kollateralschued huet. Ech menge mir wësse wéi vill grad och déi jonk Leit drënner gelidden hunn ënnert deene Mesuren. De Mënsch brauch och e soziaalt Liewen an dat ganzt ass e Balance-Akt. Et gëtt hei keng Wonnerléisung. Déi hu mer net.\nAn et ass och ganz kloer an dat soll effektiv och gutt verstane sinn, et huet een net null Risiko a Long Covid ass och e Risiko.\nEt si Schätzungen - Dir hutt et richteg gesot. Ech menge mir hate gëschter och Pressekonferenz iwwert de \"Long Covid\". Mir hunn och selwer Schätzunge gemaach am Austausch mat anere Länner.\nD'Praxis wäert eis weisen, wéi et wierklech ausgesäit, wa mer elo déi prise en charge méi ... Mir hunn déi jo wierklech gutt zentral dokumentéiert, do gesi mer wat erakënnt. Am Moment sinn et Schätzungen.\nKee weess et an et si jo och laang net wierklech Krittäre ginn: wat ass \"Long Covid\"? Dat huet sech "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_39_1689679631.mp3", "transcription": "Dani Schumacher vum Wort.\nEch hätt fir d'éischt eng Verständnisfro. Ech mengen ech hat do net richteg héieren.\nD'Alterslimitt bei de Kräizimpfungen - ass et 50 oder 55?\n[Paulette Lenert] 55.\n[Journalistin] 55 Joer. Fir bei den Impfungen ze bleiwen,\nDir sot elo ganz stolz, mir si bei 70% vun deenen déi invitéiert sinn, Dir sidd zefridden, ech dréinen et ëm, da soen ech, et ass bal 1/3 net geimpft.\nVu dass mer eng Delta-Variant ënnerwee hunn, dat geet net duer fir eng Herdenimmunitéit.\nWat wëll der do maache fir do nach un déi awer 30% erunzekommen?\nMa d'Campagne weider bäihalen. Mir hunn eng Campagne, déi variéiert huet, an der Zäit ëmmer a Funktioun vum Public, dee mer uschwätzen. Mir gesinn dass dat och ... Natierlech, et kéint ëmmer besser sinn, wann ech soen \"zefridden\", dat ass relativ geduecht. Wann een an anere Länner kuckt, do sti mer net esou schlecht do, effektiv mat där Couverture. Et hat een natierlech Angscht, datt et schlëmmer kéint sinn.\nAm allgemenge gesi mer, dass groussen Uklang ass, och "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_3_1689679631.mp3", "transcription": "4. Leit, déi \"en situation irregulière\" hei zu Lëtzebuerg liewen, an där gëtt der jo och leider awer trotzdeem eng Rei, wäert och an Zukunft kënne geimpft ginn, an dat a Kooperatioun mat verschiddenen ONGen an och iwwert eis \"Équipe mobile\".\nEch mengen et ass müßeg och nach weider z'erklären, dass selbstverständlech den Anonymat vun deene Leit dann och wäert gewaart bleiwen.\nAm Sport soll an Zukunft all lizenzéiert Sportaart méiglech sinn.\nDir wësst datt do nach eng kleng Restriktioun war, déi elo opgehuewe gëtt. Fir de Recht bleift et am Sportberäich beim Status quo.\nKompetitioune kënnen nëmmen ënner CovidCheck-Bedingungen oder mat Schnelltest ofgehale ginn.\nOch ass decidéiert ginn, eng Verlängerung vum \"Congé pour raisons familiales\" ze maache bis de 14. September.\nA wann ech den Datum vum 14. September elo schonn eng 1. Kéier genannt hunn, well ech och ganz kloer soen, dass geplangt ass, dass dat Gesetz eng Lafdauer huet bis de 14. September "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_40_1689679631.mp3", "transcription": " bei deene Jonken, eben, an et ass nach um lafen a mir wäerten dat genau suivéieren, wéi dat elo iwwert de Summer mat deene Verschibungen, ob d'Leit sech wierklech elo no-impfen.\nDa kommen déi fräiwëlleg Leschten, wou och erëm Leit nozéien, et kommen d'Dokteren dobäi.\nMir wäerte weider Campagne maachen. Déi wäert net noloossen iwwert de Summer an och fir den Hierscht dann natierlech erëm geziilt a Funktioun vun deem wat mer gesinn, wéi eng Leit bleiwe retizent, dat kënne mer jo ëmmer reevaluéieren.\nWäerte mer eis Kommunikatiounscampagne deem upassen. Am Moment wësst der, dass mer ebe méi a Richtung och vun deene Jonken Campagnë lafen hunn. Am Ufank war et éischter fir déi Eelerer.\nDat ass am Fong dee Moyen, dee mer hunn: iwwerzeegen, iwwerzeegen, iwwerzeegen.\nAn dann eben hoffen, dass ... dass déi Leit, déi einfach e bësse méi Zäit gebraucht hunn, och lues a lues awer déi Iwwerzeegung fannen.\nEt ass jo och ... ech mengen d'Situatioun gesäit een, wann een am Moment d'Aktualitéit kuckt, villäicht ass et och ënnerschat gi vu ville Leit, mir sinn déi Pandemie nach ëmmer net lass an och "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_41_1689679631.mp3", "transcription": " dat dréit sécherlech dozou bäi, dass villäicht Leit, déi méi retizent waren, sech dann awer nach villäicht anescht iwwerleeën, mee wéi gesot, als Moyen hu mer och net e Wonnermëttel.\nMir setzen do op eis Campagne an ... hoffen dass déi hir Friichte wäert droen, dass mer do kreativ genuch wäerte si fir d'Leit z'erreechen.\nDavid Marques fir de Quotidien.\nEch géif nach eng Kéier op de CovidCheck am private Beräich zeréckkommen.\nWéi gesot, wann do elo méi wéi 10 Leit invitéiert ginn, da mussen se et notifiéieren, mee wann dat elo eng privat Feier Doheem ass, da si mer nees bei der Kontroll, do kann d'Police net esou einfach erakommen. Kënnt Dir do nach eng Kéier Prezisioune gi wgl?\nJo, et ass esou, wann ee wëll dann ebe privat en Evenement organiséieren ënnert deem CovidCheck-Regime, d.h. een Evenement, wou just Leit duerfen deelhuelen, déi entweder geimpft sinn, also een Impfcertificat hunn, e Certificat hunn, dass se geheelt oder en Test-Certificat oder e zertifiéierte Schnelltest um Pabeier, da muss een dat notifiéieren, d.h. bei "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_42_1689679631.mp3", "transcription": " der Direction de la santé matdeelen. Mir wäerten och nach eng Kéier doriwwer kommunizéieren. Dat fënnt ee bei eis um Site. Dat gëtt matgedeelt, dat ass eng Lëscht, déi accessibel ass fir eis, awer och fir d'Police direkt.\nEt geet dorëms, dass mer eng Iwwersiicht hunn, wéi vill Evenementer sinn, dat war jo och hei ganz wichteg fir eis, ze wëssen, jo, wéi vill sou Saachen hunn stattfonnt a wat kënne mer dorausser zéien. Ech hat Iech gesot, mir ware bei iwwer 800 Stéck, wann een do gesäit, do ass weider näischt Signifikatives geschitt. Mat Klammer elo natierlech Nationalfeierdag, dann ass dat eng Informatioun, déi fir eis wichteg ass. D'Leit mussen dat matdeelen. Kontrollen - natierlech gi mer net bei d'Leit eran, mee dat ass och haut schonn de Fall, och all Restriktiounen, déi mer am Privaten haten um Niveau vum Besuch ass ëmmer dee Bemol. Ech mengen d'Police geet net einfach esou an de Leit hiert Privathaus eran, mir zielen op de gesonde Mënscheverstand vun de Leit a ginn och dovun aus, dass sech awer \"en gros\" dodrunner gehale gëtt.\nSchléisst natierlech net aus, wann een elo e gréissert Fest huet mat CovidCheck, et ass \"Tapage nocturne\", d'Police kënnt dohinner, ech mengen et ass relativ einfach festzestellen ob dat Evenement notifiéiert war. Wann et dat schonn net war, bon, dann ass schonn deen 1. Protokoll fälleg, well "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_4_1689679631.mp3", "transcription": "2021.\nDat ass och net ganz onschëlleg gewielt.\nDir wësst dass de 15. September d'Schoul ugeet an d'Regierung wëll sech einfach d'Méiglechkeet einfach hei oprecht erhalen fir gegebenenfalls och nach am Schoulberäich hei kënnen eng Kéier nei ze reglementéieren.\nAusserdeem ass decidéiert ginn, dass mer fir déi Betriber, déi an Zukunft Léierjongen oder Léiermeedecher astellen, nei Aiden wäerte ginn, déi datéiert si bis op den Oktober 2022.\nAusserdeem hu mer eis Gedanke gemaach iwwer eng verstäerkt Roll vun de Kontrollen, déi mer zu Lëtzebuerg maache fir dass dat wat mer um parlamentareschen Niveau decidéieren, och an der Praxis ëmgesat ginn.\nDofir wäerten an Zukunft Action-coup-de-poinge vun der Police gemaach ginn an den zoustännege Policeminister wäert Muer an enger gesonderter Pressekonferenz och soen, wéi dat wäert oflafen.\nJiddwereen am Land sollt also wëssen"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_5_1689679631.mp3", "transcription": "dass dat wat d'Chamber decidéiert och muss agehale ginn. Dat ass am Interêt vu jiddwerengem.\nAm Beräich vun de Kanner a Summeraktivitéiten, déi elo awer gläich ufänken, ass och decidéiert ginn, dass déi an Zukunft, wann se dobausse sinn, ouni Mask kënne stattfannen an och ouni Distanz.\nDat nämmlecht zielt fir d'Schoulaktivitéiten, déi och wärend der Summervakanz sinn - Dir wësst dass et eng Rei vun Nohëllefkuere ginn - do ass also net néideg, dass een eng Mask unhuet an och net d'Distanz agehale gëtt.\nDat zielt awer net fir aner Aktivitéiten, déi dobanne sinn, wann déi méi wéi 10 Kanner beienee vereenegen, muss d'Mask ugedoe ginn a muss och d'Distanz agehale ginn oder selbstverständlech och do zielt dat. D'Alternativ wär dann e CovidCheck, deen also do bei de Kanner awer nach méi schwéier ass, dat wësse mer, wat d'Impfung ugeet, wéi bei aneren.\nMir maachen och eng ganz kloer Recommandatioun un d'Gemengen.\nGanz genau ze kucken, wat an hire Gemengen "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_6_1689679631.mp3", "transcription": " ofleeft, wéi déi nei Konditiounen agehale ginn, notamment am Beräich vun de Bistroen, am Beräich vun den Discoen, an sech och net ze scheien am gegebene Fall och déi Mesuren ëmzesetzen, déi d'Gemengen an hire Kompetenzen hunn, nämlech och Nuit-Blanchen ze verweigeren, wann e mierkt, dass effektiv verschidde Leit mengen d'Gesetzer géife just fir aner Leit zielen.\nOch do wëll ech awer ganz kloer soen, dass dat selbstverständlech viraussetzt, dass d'Police dann och déi Buergermeeschteren, déi a Fro kommen, informéiert an dass do och eng Kooperatioun stattfënnt, déi selbstverständlech schonn organiséiert ass, mee déi hei am ganz besonnesche sollt zielen.\nMir wollten och nach soen, datt verschidde Verschäerfunge vun de Strofbedingunge virgesi sinn, wéi gesot den Detail vun all deene Bestëmmungen, do wäert d'Paulette Lenert elo dorops agoen. Si ass vill besser ekipéiert fir dat ze maachen, wéi ech dat kann. Dir wësst, si ass "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_7_1689679631.mp3", "transcription": "ëmmer um leschte Stand. Kann och eng ganz Rei Erklärunge ginn, déi ech net ka maachen, well ech net esou do dra sinn, wéi si an dofir ginn ech och d'Wuert direkt weider un d'Madamme Lenert.\n[Paulette Lenert] Jo, gudde Mëtteg a Merci.\nEt war allerdéngs scho ganz komplett. Mee trotzdeem elo villäicht nach een Iwwerbléck wat d'\"Situation générale\" ugeet.\nDat ass jo och ëmmer op eisem traditionellen Rendez-vous eng gutt Geleeënheet fir dat ze maachen, nodeems mer wochelaang e ganz kloren a gudden Trend haten a Richtung Besserung, si mer elo rezent Eppes bessere beléiert ginn an zwar dass deen Risiko vun deem mer och ëmmer geschwat hunn, deen am Raum war, net just theoretesch war, mee dass en sech wierklech hei am Land veranschaulecht huet. Wat war dee Risiko? Et war engem scho bewosst mat där Delta-Variant: déi ass méi schnell, et gëtt keen 100%-Schutz, et ass nach ëmmer e Risiko do, dass et erëm eng Kéier erop geet um Niveau vun den Neiinfektiounen a genau dat hu mer gewisen. Dat leiert eis: de Virus ass nach net fort.\nMir sinn nach an enger "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_8_1689679631.mp3", "transcription": " Pandemie an et ass wichteg, dass en d'Virsiichtsmoossname bäibehält. Mir hunn och gesinn, wéi schnell et ka goen, wéi schnell dee Virus sech weiderverbreet an en aneren Enseignement, deen ee rezent hei kann zeien, dat ass wéi wichteg et ass e vollen Impfschema ze hunn. Mir wäerten herno nach drop zeréckkommen.\nEt huet ee sécherlech e bessere Schutz wann ee ganz duerchgeimpft ass, wéi wann dat nach net de Fall ass an alles dat si Saachen, déi sech hei eng Kéier elo an deene leschten Deeg eng Kéier ganz konkret gewisen hunn, duerch eben en Rei Neiinfektiounen, déi sech bemierkbar gemaach hunn.\nWou geet de Virus weider? Dat ass allerdéngs näischt Neies. Dat wësse mer vun Ufank un: do wou een zesummekënnt, do wou een no beieneen ass, wou haart geschwat gëtt, dat ass normalerweis do wou haart Musek ass, also am private Krees.\nDomadder och ganz kloer am Nuetsliewen, wat doduercher charakteriséiert ass, dass een sech nun eben e Mol e bësselche méi no kennt an dat wat d'Stonn méi spéit gëtt eben och verstäerkt.\nGanz konkret elo op de Wocherapport zeréckgekuckt vun der leschter Woch: hu mer misse feststellen op eng Woch "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_9_1689679631.mp3", "transcription": "gekuckt, dass d'Neiinfektioune vun 107 eropgaange sinn op 787 - dat sinn der vill - mat enger Altersmoyenne vu 26 Joer.\nD'Kontakter selbstverständlech och, wann d'Neiinfektiounen eropginn, a mir gesinn herno de Kontext, wou se geschitt sinn, da bréngt dat mat sech, datt eise Contact Tracing erëm direkt extrem gefiddert gëtt. Mir haten op déi lescht Woch gekuckt 2.228 Kontakter. Déi Woch virdru waren et der nach 353, wou hu missen \"getraced\" ginn.\nDat ganzt mat souguer liicht manner Tester. D.h. mir hunn hei eng reell Recrudescence u Neiinfektiounen.\nWat d'Schnelltester betrëfft, déi deklaréiert ginn, do ass et stabel, si mer bei enger Ronn 200, 221 fir genau ze sinn op d'lescht Woch, déi eis deklaréiert gi sinn, déi eis och erlaabt hunn da Leit awer eraus ze filteren, zousätzlech zu deenen normalen Tester an dann awer villäicht e puer "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_0_1689673006.mp3", "transcription": "aus enger Chamber-Reunioun, wou mir hinnen och matgedeelt hunn, wéi eng Propositiounen d'Regierung der Chamber wäert ënnerbreeden.\nD'Infektiounszuele sinn am Moment stabel zu Lëtzebuerg, mat enger liichter Tendenz awer, déi ee constatéiert huet, no uewen.\nGëschter ware 77 Tester op 3.715 positiv hei am Land. Dat ass en \"Taux de positivité\" vun 2,67%.\nBesonnesch an de Klinicke gesi mir eng däitlech besser Situatioun, wann een déi vergläicht mat der Situatioun déi mir d'läscht Joer kannt hunn em des Zäit.\nUm Dag vun haut leie just nach 5 Patienten op der Intensivstatioun.\nMir gesinn nach ëmmer ganz däitlech, an dat ass e Constat dee net nëmmen hei gemaach gëtt, dass d'Impfung wierkt.\nDéi grouss Majoritéit vun de Leit di hospitaliséiert ginn, sinn net geimpft.\nDe Gros vun de Leit di op der Intensivstatioun "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_10_1689673006.mp3", "transcription": "Dann bei de Rassemblementer proposéiere mir e klengen \"Allègement\" an dem Sënn, wou eise CovidCheck-Regimm sech prinzipiell ganz gutt hei zu Lëtzebuerg bewäert huet.\nMir géifen do proposéieren deen Tëschepallier dee mer hate vun 300 ze suppriméieren, dat heescht, konkret kënne bis zu 2.000 Leit un engem Event funktionéieren iwwert de CovidCheck-Regimm. \nBis zum 1.November den aktuelle CovidCheck-Regimm, an ab dem 1.November dee bëssi méi strenge CovidCheck-Regimm, deen da muss gemellt ginn, einfach deklaréiert ginn.\nAn ab 2.000, an dann ouni iewescht Limitt soll et ab der Entrée en Vigueur vum Gesetz méiglech sinn mat engem \"Concept sanitaire\" Eventer ze maachen.\nDat hate mir elo eben ab 300, wou e speziellen \"concept sanitaire\" gefrot war.\nAn dat wäert elo mam Auslafe vum ale Gesetz an der \"Entrée en vigueur\" vun deenen neie Bestëmmungen, esou wéi se proposéiert sinn, méiglech sinn doriwwer eraus ze goen, ouni Limitt no uewen, d.h. ab 2.000 muss e "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_11_1689673006 (1).mp3", "transcription": "vum Radio 100,7.\nDe Rappell fir Impfungen ab 65 Joer.\nWéi leeft dat? Hutt Dir do Echoen?\nAn a Frankräich, och an Däitschland, hunn se elo gesot datt - a Frankräich do maachen se dat schonn - fir Leit déi mat Janssen geimpft gi sinn, déi sollen dann och ee Rappell kréien. Déi krute jo just eng.\nDo wier d'Delta-Variant jo net esou effizient.\nWéi ... Hutt Dir do eventuell eng Decisioun getraff oder ... ?\nVoilà.\nJo, fir déi éischt Fro: do si jo Bréiwer erausgaangen nach eng Kéier un déi ganz Populatioun iwwer 60 Joer, well dat déi sinn déi mir ganz besonnesch eben am A hunn.\nDo ass et ons besonnesch wichteg datt den Impftaux héich gëtt.\nDo hu mir nach keng Auswäertung. Dat dauert ëmmer bëssi ewéi d'Leit Rendez-vous huelen.\nMir wëssen och net ob si bei den Dokter ginn oder an en Impfzentrum.\nEt ass elo nach ze fréi fir ze soen ob dat gefruchtet huet.\nMir erwaarden eis natierlech iwwert dee personaliséierte Courrier deen nach eng Kéier erausgaangen ass, datt déi Leit an där Alterskategorie déi nach net geimpft sinn, dach elo de Wee wäerte fannen.\nAn dofir och "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_11_1689673006.mp3", "transcription": "vum Radio 100,7.\nDe Rappell fir Impfungen ab 65 Joer.\nWéi leeft dat? Hutt Dir do Echoen?\nAn a Frankräich, och an Däitschland, hunn se elo gesot datt - a Frankräich do maachen se dat schonn - fir Leit déi mat Janssen geimpft gi sinn, déi sollen dann och ee Rappell kréien. Déi krute jo just eng.\nDo wier d'Delta-Variant jo net esou effizient.\nWéi ... Hutt Dir do eventuell eng Decisioun getraff oder ... ?\nVoilà.\nJo, fir déi éischt Fro: do si jo Bréiwer erausgaangen nach eng Kéier un déi ganz Populatioun iwwer 60 Joer, well dat déi sinn déi mir ganz besonnesch eben am A hunn.\nDo ass et ons besonnesch wichteg datt den Impftaux héich gëtt.\nDo hu mir nach keng Auswäertung. Dat dauert ëmmer bëssi ewéi d'Leit Rendez-vous huelen.\nMir wëssen och net ob si bei den Dokter ginn oder an en Impfzentrum.\nEt ass elo nach ze fréi fir ze soen ob dat gefruchtet huet.\nMir erwaarden eis natierlech iwwert dee personaliséierte Courrier deen nach eng Kéier erausgaangen ass, datt déi Leit an där Alterskategorie déi nach net geimpft sinn, dach elo de Wee wäerte fannen.\nAn dofir och "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_12_1689673006.mp3", "transcription": "fir déi éischt Fro: natierlech si mir am Austausch.\nGrondsätzlech maachen si net vill aneres wéi mir och.\nSi kommunizéieren, si setzen eng Offer en Place, et ass vill ... jo, kulturell warscheinlech bedéngt. Wéi ass d'Attitüd an engem Land par rapport zu enger Impfung?\nEt muss een och soen et si verschidde Länner déi extrem uerg getraff ware vun der Kris - Dir erwäänt Portugal oder Italien. Ech mengen dat sinn natierlech Länner wou Zoustänn ware wärend der Kris - an dat net nëmmen ee Mol - déi wierklech dramatesch waren, déi do iwwer d'Telé gaange sinn an dat ass ëmmer nach eppes anescht wann dat am eegene Land ass, wéi wann dat an engem anere Land ass.\nMir kennen déi Biller och vun Triagen, déi gemaach gi sinn, vu Läichen déi sech gestapelt hunn, mee et war net bei eis an ech denke perséinlech datt dat bei verschiddene Länner sécherlech matgespillt huet, well einfach d'Dramatik eng aner awer nach war, wéi bei eis.\nObwuel ech dat och guer net wëll erofspillen, mir haten och elle Momenter hei am Land awer net an deem Ausmooss wéi anerer et kannt hunn.\nAn einfach villäicht och, jo, generell d'Kultur? \nAss d'Kommunikatioun anescht? Ech kann Iech net soen.\nSi hunn op alle Fall kee Wonnermëttel, wou mir elo gesot hätten \"ah, dat do ass eppes wat mir nach net "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_13_1689673006.mp3", "transcription": "D'Stad Esch huet ons gesot, datt si een extraen Impfzenter wéilten installéieren.\nDir hutt elo vu Belval geschwat, wéi et schéngt wosst de Buergermeeschter do net Bescheed.\nOch aner Stied wéilten esou een Impfzenter asetzen.\nWësst Dir do Bescheed a wéi gitt Dir domadder ëm?\nMir hunn eng ganz Campagne geplangt mat enger Rei Gemengen.\nMir fuere prioritär elo bei déi Gemengen, oder huele mer de Kontakt op, déi ënnert der Moyenne leie vum \"Taux national de vaccination\" fir mat hinnen ze kucken, lokal Aktiounen ze maachen.\nDo wäerte lues a lues Aktioune kommen. Si kënnen awer och gären ... Et sinn awer och Gemengen déi eis spontan kontaktéieren.\nMee déi op déi mir elo zou ginn ass am Fong no enger gewësser Reiefolleg. Dat ass bedéngt duerch hiren \"Taux de vaccination\", deen se hunn.\nDat sinn Aarbechten déi elo lafen. Déi Leit wäerte schonn informéiert ginn.\nAlso ech weess datt dat leeft, datt dat d'nächst Woch lues a lues uleeft. Iwwert déi nächst Woche wäerte mir effektiv lokal méi present si mat dëse Gemengen"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_1_1689673006.mp3", "transcription": "Wat mir zwar nach méi Suerge mécht, ass datt ronn 17% vun de Leit iwwer 60 Joer net geimpft sinn.\nDat sinn déi Leit, déi de gréisste Risk hunn fir e méi grave Krankheetsverlaf och kënnen ze hunn, oder esou guer mat Komplikatiounen oder den Dout wann se sech mam Virus infizéieren - ganz dramatesch Folgen also kënnen hunn.\nMir hunn et an de leschte Woche schonn e puer Mol widderholl, wéi wichteg et fir all Eenzelen ass, awer och fir onst Land, en héijen Impftaux och hei am Land kënnen ze erreechen.\nMir hunn et de Leit esou einfach ewéi méiglech gemaach. Mir hu séier an onkomplizéiert Impfunge proposéiert.\nEgal op oder mat Rendez-vous an der Hal Victor Hugo, am Impfbus oder och beim Dokter.\nLeider huet deen Appell nëmmen ee ganzt limitéiert "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_2_1689673006.mp3", "transcription": "Liewen ouni ze vill sanitär Moossnamen och kënnen ze hunn. Jo, d'Impfung!\nMir sinn dofir haut op e Punkt ukomm wou d'Regierung net weider nokucke kann, a mir hu mussen nei Mesuren decidéiere fir d'Wuel a Gesondheet vun eiser Bevëlkerung och ze schützen.\nDëst betrëfft virun allem d'Zesummekommen dobannen, wou ee jo och weess, an dat ass jo och bewisen, sech de Virus vill méi séier verbreet.\nDofir huet d'Regierung decidéiert de CovidCheck-Regimm z'erweideren.\nDe CovidCheck gëtt obligatoresch fir de ganze Banneberäich am Horeca, also an de Restauranten, an de Caféen an an den Diskoen.\nMir ginn och den Employeuren d'Méiglechkeet de CovidCheck op der Aarbechtsplaz anzeféieren.\nAll Betrib ass ënnerschiddlech, dofir soll all Employeur kënnen decidéieren, ob a wou hien de CovidCheck aféiert.\nEt kann een de ganzen Accès op d'Aarbechtsplaz z.B. kontrolléieren, oder just "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_3_1689673006.mp3", "transcription": "Do wou de CovidCheck net agefouert gëtt, gëllen déi aktuell sanitär Mesure dann weider, also d'Droe vun enger Mask an och d'Anhale vun engem Sécherheetsofstand.\nFir ganz vill Leit wäert d'Aféierung vum CovidCheck op der Aarbechtsplaz also méi Fräiheete bedeiten.\nEch kann Iech soen, datt mir och ganz, ganz vill Demande kritt hunn, fir de CovidCheck anzeféieren.\nA vun 2 Kategorië vu Leit: vun de Patronen, sou wéi vun de Salariéeën, vu Beamten, sou wéi vu \"Responsables de service\", déi gesot hunn, dass et hinne wichteg ass, datt et déi Méiglechkeet an Zukunft sollt ginn.\nJo, d'Leit wënschen sech méi Fräiheeten. Dat ass eng Realitéit. si sinn es midd, besonnesch wann se geimpft gi sinn.\nA si verstinn net firwat si sech nach ëmmer u sanitär Mesure mussen halen, a Restriktiounen am Alldag hunn, obwuel si am Fong hiren Deel zur Léisung bäigedroen a sech impfe gelooss hunn.\nMatt deem neie Gesetz gi mir hinnen d'Méiglechkeet eben op e méi normaalt Liewen, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_4_1689673006.mp3", "transcription": " méi Normalitéit, och am Alldag, ob dat elo privat ass - do geet och d'Gesondheetsministesch méi wäit duerno an - sou wéi awer och op der Aarbechtsplaz, mat deem heite Regimm.\nGläichzäiteg musse mir déi néideg Precautiounen huelen, fir datt de CovidCheck sech net och als falsch Sécherheet erausstellt.\nLeit, déi net geimpft oder geheelt sinn, musse wéi bis elo e negativen Test virweise kënnen.\nMir wëssen awer datt et och Abuse gi sinn, bei Auto-Tester, bei Selbsttester, déi op der Plaz och gemaach gi sinn.\nDofir wäerte mir dës Selbsttester net méi beim CovidCheck akzeptéieren.\nDat gëllt esouwuel fir de Fräizäitberäich, wéi och op der Aarbecht.\nMat Ausnam vun de Klinicken, Alters- a Fleegeheemer, a Schoulen, ginn ab dem 1. November just nach zertifiéiert Schnelltester akzeptéiert, déi vu qualifizéiertem, mdezineschem Personal duerchgefouert goufen.\nMir schafe soumat d'Méiglechkeet of, datt agreéiert "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_5_1689673006.mp3", "transcription": "Mir vergiessen awer dobäi net déi, déi sech net kënnen impfe loossen, dofir setze mir och d'Alterslimitt vum CovidCheck vu 6 op 12 Joer erop.\nA Leit, déi sech aus gesondheetleche Grënn net kënnen oder däerfen impfe loossen, kréie Bonge fir sech weiderhi gratis kënnen testen ze loossen.\nMir sinn ons bewosst, datt mir mat dëse Mesuren d'Liewe vun net-geimpfte Leit manner agreabel wäerte maachen. Mee mir hu kee Choix.\nMir kënnen eis keng Iwwerlaaschtung vun onse Gesondheetssystemer leeschten.\nD'Alternativ zum CovidCheck ass näischt maachen a riskéieren e Lockdown an e puer Wochen oder Méint mussen ze hunn.\nMir kënnen och net d'Fräiheete vun enger Majoritéit vun de Leit aschränken, well eng Minoritéit sech weigert vun der Léisung och Gebrauch ze maachen, déi et ons erlaabt de Virus hannert eis ze loossen.\nD'Pandemie kéint "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_6_1689673006.mp3", "transcription": " zu Lëtzebuerg eriwwer sinn, wa genuch Leit sech impfe loossen.\nMir wëllen de Leit d'Méiglechkeet ginn sech op dee neie CovidCheck-Regimm ze preparéieren, dofir wäerten och déi méi streng CovidCheck-Mesure eréischt ab dem 1.November sinn, d.h. an dräi Wochen.\nMir wäerten och exzeptionell Moossnamen nach e Mol fir eng kuerz Zäit huelen an dat sinn 2 Impfzentren, déi mir wäerten opmaachen.\nDat ass mat relativ groussem Opwand verbonnen, mee et ass ons wichteg et deene Leit déi nach net geimpft sinn, et esou einfach wéi méiglech och ze maachen. An déi, déi an der Tëschenzäit sech och anescht iwwerluecht hunn, hinnen och d'Méiglechkeet ze ginn, sech esou einfach wéi méiglech an sou onkomplizéiert wéi méiglech an ouni vill Formalitéiten, dat och kënnen ze maachen.\nNieft dem Victor Hugo, deen um Lampertsbierg jo nach ëmmer funktionéiert, wäerten d'Impfzentren zu Ettelbréck an zu Esch-Belval nach e Mol fir 2 Méint, d.h. vum 16. Oktober "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_7_1689673006.mp3", "transcription": " bis de 16. Dezember och nees opgoen.\nWat erlaabt déi éischt an déi zweet Dosis och an där doter Phase kënnen ze maachen.\nWéi schonn an der Hal Victor Hugo, kënnen d'Bierger op eng onkomplizéiert Aart a Weis sech dohinner presentéiere kommen, ouni Rendez-vous fir kënnen - wann et hinne passt - geimpft ze ginn.\nFir déi, déi wëllen awer e Rendez-vous huelen, well se keng Waardezäiten och wëllen hunn an ebe méi séier wëllen duerchkommen, kënnen d'Bierger sech ab dem nächsten Dënschdeg, d.h. den 12.Oktober iwwert de Site impfen.lu och aschreiwen an dann eben och de Rendez-vous kënnen dann huelen.\nFir e Rendez-vous ze kréien, muss e Resident just seng Matricule aginn an dann eben sech déi fräi Plage an deem Impfzenter, deen dann do och proposéiert gëtt, sech dann och eraussichen.\nMir wäerten och zousätzlech Impfméiglechkeeten an deene Gemengen,wou bis elo am mannste Leit geimpft sinn, och offréieren, Do si mer och amgaangen"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_8_1689673006.mp3", "transcription": "Dofir och haut nach eng Kéier den Opruff: un der Offer feelt et net, mir hunn immens vill en Place.\nEt huet een de Choix vum Impfstoff, mir wäerte weider aktiv bleiwe mat de Busser op Plazen, och elo am Hierscht, déi ënner Daach wäerte sinn, an de \"centres commerciaux\", a \"zones commerciales\", bei de Betriber, an de Gemengen. Et ass wierklech nach eng Kéier den Opruff: Jiddereen, fir sech selwer: loosst Iech impfen. Wann Dir nach Bedenken oder Froen hutt, zéckt net bei eis Leit ze goen. D'Ekippe sinn och do fir Är Froen ze beäntwerten.\nEt ass net well Dir bei de Bus gitt, datt Dir zwangsgeimpft gitt. Dir kënnt Iech et ëmmer nach anescht iwwerleeën.\nMee d'Leit sinn och do fir Är Froen entgéint ze huelen, Är Suergen ze héieren, Iech vläicht nach déi Erklärungen ze ginn, déi iech feelen.\nAn och an Ärem Ëmfeld.\nEch géif och een Opruff maachen u jiddwereen a sengem Ëmfeld eng Kéier ze kucken, wien ass dann do villäicht nach net geimpft.\nMir hu gesinn, datt vill eeler Leit déi doheem wunnen, déi eleng sinn, hu vläicht net déi néideg Berodung.\nOch do wier et gutt, wa jiddweree kéint eng Kéier bësse ronderëm kucken,et si bestëmmt nach Leit, déi villäicht aus verschidde Grënn, de Wee net fonnt hunn, an "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (08102021).wav_chunk_9_1689673006.mp3", "transcription": "Ech géif dofir och nach eng Kéier déi nei Mesuren nach eng Kéier rappelléieren.\nEt si verschidde Saachen, déi wäerten eréischt mat Effet op den 1. November a Kraaft trieden.\nFirwat? Fir de Leit eben och nach eng Kéier eng Chance ze ginn sech impfen ze loossen.\nDee neie CovidCheck-Regimm ...wat mécht deen aus?\nDat ass am Fong de Regimm wéi mir en haut kennen, awer ouni déi Schnelltester sur place.\nMir hunn dat an enger Zäit en Place gesat fir de Leit entgéint ze kommen, wou mir och nach villäicht net grad esou vill Offer en Place haten, wou een de Leit nach Bedenkzäit ginn huet.\nMee déi Facilitéit fir och einfach e Schnelltest ze maachen, déi soll generell ewech falen.\nD.h. iwwerall do am Gesetz wou de CovidCheck-Regimm virgesinn ass, wäert et ab dem 1.November dee bëssi méi strenge CovidCheck-Regimm sinn, deen u sech just nach mat deem QR-Code funktionéiert. D.h. dat si Leit déi entweder geimpft sinn, déi geheelt sinn oder getest sinn iwwert e PCR-Test oder awer en zertifiéierte Schnelltest hunn.\nOch dat geet nach ëmmer, mee déi zertifiéiert "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_0_1689670954.mp3", "transcription": "Mëtteg.\nMir haten de Moie Regierungsrot, wou ech mat den Regierungsmemberen een Echange hat, selbstverständlech iwwert d'Covid-Situatioun an erlaabt mer domadder och unzefänken iwwert d'Situatioun am Moment.\nMir kommen, wann een d'Woche kuckt an d'Moyennen, déi ëmmer méi erofginn.\nDe generellen Taux de Positivité läit an dëser Woch an der Moyenne bis elo bei 0,59%.\nEch mengen et muss e bal d'lescht Joer am Summer sou een Taux siche goen.\nD'Parametere sinn op 100.000 Awunner gerechent ginn.\nD'Unzuel vun de Leit an de Spideeler geet och erof.\nDat ass éischter, wéi gesot, positiv a mir maache Fortschrëtter an déi richteg Richtung.\nEch sot \"mir maache Fortschrëtter an déi richteg Richtung\", ech hunn et d'lescht Woch scho gesot: mir sinn nach net aus der Situatioun eraus.\nMir gesinn och, dass "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_10_1689670954.mp3", "transcription": "Mir sinn eis awer bewosst, dass déi Leit zum Beispill do mat AstraZeneca geimpft ginn oder och mat Pfizer oder mat Moderna, dee net e \"One-Shot\" ass, dass awer do nach e ganzen Delai ass, deen et net erméiglecht gréng ze sinn duerch d'Impfung.\nAlso duerch d'Impfung gréng ze ginn oder ze sinn an dass een dann eben nach ëmmer rout ass, wann een am Moment net déi Méiglechkeet hat.\nDowéinst wäerte mer ab dem 20. Juni och den LST net méi sou funktionéieren hunn, wéi en am Moment funktionéiert. De Large Scale Testing gëtt ëmfunktionéiert.\nDéi Iddi vun deem Bong gëtt fale gelooss, well mer eis bewosst sinn, dass eng Kéier villäicht net duergeet, mee virun allem well mer och Leit iwwer 30 Joer hunn, déi hier 2. Impfung nach net kritt hunn.\nAn eben duerch deen Delai, deen se musse waarden, dann am Fong penaliséiert géife ginn oder wann se wëlle Fräiheete kréien, dann och nach missten dofir bezuelen.\nWell de Prinzip ass, dass mer keng Impfflicht hunn.\nA well mer der Meenung sinn, dass d'Leit mussen awer hir Fräiheete "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_11_1689670954.mp3", "transcription": "ach net ganz geimpft sinn, d'Méiglechkeet ze ginn, kënnen dann och 72 Stonne gréng ze sinn.\nDann nach 2 Punkten, déi eng Rëtsch vun eisen Frontalieren concernéiert. Et ass en ...\nVum Här Schneider krut ech matgedeelt, dass den .. mat Däitschland a Frankräich en informellen Accord ass, fir bis den 30. September 2021 a Verhandlunge lafe fir dëst offiziell ze kréien, resp. och hei op den 31.12.2021 kënnen ze goen a mat der Belsch ass een Accord och fonnt ginn.\nAn um Niveau vum Teletravail fir d'belsch Frontalieren, huet och de Pierre Gramegna mer matgedeelt, dass eng Tolérance administrative fir d'Matière fiscale fir déi Aarbechtsdeeg, déi vun de Frontalieren aus der Belsch zu Lëtzebuerg och prestéiert ginn, ass verlängert gi bis den 30. September 2021.\nEt ass eng wichteg Informatioun och fir "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_12_1689670954.mp3", "transcription": "Haut e puer Avisen. D'Madamme Gesondheetsministesch wäert nach drop agoen, och virun allem beim CSMI, déi mer ugeholl hunn.\nDe Fait, dass mer keng Vaccinë wëlle stockéieren. Mir probéiere wierklech Vaccinen sou vill wéi méiglech ënnert d'Leit ze bréngen. Mir gesinn d'Resultat vun der Vaccinatioun. Mir gesinn et mat den Zuelen. Mir gesinn et mat den Intensivbetter.\nSauf erreur de ma part, hu mer haut, am Moment, nach 1 Persoun op der Intensivstatioun.\nEng Persoun, wat wierklech en encourageant Resultat ass.\nOch mat deem CovidCheck: nei Fräiheeten, neit Liewen.\nMir hunn et d'lescht Woch scho gesot: et ass eng Saach vu Responsabilitéit, et ass eng Saach vun Eegeverantwortung.\nMir mussen eis alleguerte bewosst sinn, dass et déi ... wa Reegele sinn, dann ass et ebe fir kënnen déi Fräiheeten och kënnen ze kréien an dat lescht wat mer eis wierklech net géife wënschen, ass nees mussen d'Handbrems zéien an nees \"Marche arrière\" mussen ze maachen.\nAn dat kënne mer verhënneren. Dat kënne mer verhënneren, wa mer eis "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_13_1689670954.mp3", "transcription": " zesummen un déi Reegelen halen.\nWann et ... ech hunn matkritt, déi eng soen \"jo, mee muss dat da kontrolléiert ginn?\", \"muss dat gekuckt ginn?\", \"Kann ech...\", ech hat Iech d'Beispill ginn vun den PCR-Tester, déi gefälscht gi sinn. Dat geet elo vill méi schwéier, well do de Lien jo direkt och ass mam CovidCheck, mee da kann ech jo Eppes scannen, Eppes fotograféieren an Eppes fotokopéieren.\nDe But ass dee concernéierten an déi Persoun mat deenen ee féiert, mat deenen ee lieft, mat deenen een zesumme kënnt, mat deenen een iesse geet net a Gefor ze stellen.\nE Restaurateur, deen acceptéiert, dass bei him Schmu gedriwwe gëtt, muss sech bewosst sinn, dass si déi Plaz, wou keng Maske sinn, déi éischt sinn, wann nees Restriktioune musse geholl ginn, déi nees drënner wäerte leiden.\nEt ass am Interêt vun ons alleguerten, dass mer eis drun halen an ech wëll just dorun erënneren, dass och Strofen virgesinn sinn, fir déi Leit, déi mengen"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_14_1689670954.mp3", "transcription": "Jo, gudde Mëtteg alleguerten.\nEt ass eng Evidenz entre-temps, dass d'Vaccinatioun dat ass wat eis hëlleft am schnellsten hei aus der Kris erauszekommen.\nDofir si mer beméit, déi sou schnell wéi méiglech och ze deploiéieren an all nei Schrëtt, déi och do kënne geholl ginn fir méi Leit den Zougang ze gi si gutt geholl.\nDat ass wierklech dat effikasst, wat mer hunn an do gesäit een och wéi jiddereen en Deel vum Ganzen ass.\nEt ass eréischt wa mer alleguerten zu genuch wierklech geimpft sinn, wou mer deen Effet hunn an och alleguerten zesummen erëm an eis Fräiheete kënne kommen.\nMir hunn haut - et ass scho gesot ginn - en Avis kritt vum Conseil supérieur des maladies infectieuses zu engem Thema, wat an deem Kontext och vill intresséiert.\nDat ass d'Impfung bei Kanner a Jugendlechen.\nDir wësst dass d'Europäesch Medikamentenagence schonn \"feu vert\" ginn huet fir de BionTech/Pfizer-Impfstoff fir Kanner bis zu 12 Joer, also ab 12 Joer an den Asaz ze huelen.\nOch dat deelt de Conseil supérieur des maladies infectieuses als Aschätzung. Dat ass Eppes, wat mer dann och elo wäerte kënne maachen "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_15_1689670954.mp3", "transcription": " an absehbarer Zukunft.\nFirwat? Majo well Kanner och eben dozou bäidroen de Virus ze dreiwen. E gëtt duerch Kontakter gedriwwen an d'Kanner sinn e groussen ... Kanner a Jugendlecher stellen e groussen Deel vun der Bevëlkerung duer.\nWa mer eis aktiv Infektioune kucken, maachen si entre temps 1/3 aus. Forcement geet dat an d'Luucht, well bei deenen eelere Leit, déi geimpft sinn, manner Infektiounen ze fannen sinn.\nEt ass also e Fakt, dass hei een Deel vun eiser Bevëlkerung ass, deen nach wie vor dann deen Impfgeschehen ausgesat ass an och ka weider ginn. \nSécher ass et esou, dass Kanner a Jugendlecher keng grouss Probabilitéit fir Komplikatiounen hunn, grad Kanner net, bei Jugendlechen e bësselche méi. D.h. et ass och vum individuelle Standpunkt e Risiko, deen een iwwert d'Impfung, där ee kann entgéintwierken, mee et ass virun allem mam Bléck op déi ganz Pandemie e wichtege Baustee fir och hei mat der Impfung unzesetzen.\nWéi gesot, et ass net wéi wann "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_16_1689670954.mp3", "transcription": "Deen 2. Avis, dee mer virleien haten, haut de Moie vum Conseil supérieur des maladies infectieuses, dee concernéiert déi Hypothees wou een elo neierdéngs hei zu Lëtzebuerg als ganz geimpft wäert gëllen, nämlech déi, wou een e Mix huet vun eng Kéier krank gewiescht sinn, also e positive PCR-Test an duerno just eng Impfdosis an net déi 2.\nOch do huet den Conseil supérieur des maladies infectieuses dat favorabel gesinn.\nAls eng Méiglechkeet. De Plus, deen elo duerch dësen Avis komm ass, dat si Richtlinne fir de Leit ze hëllefen anzeschätzen, ob se dann elo awer sollen eng 2. Impfung maachen oder net.\nDen Impf-Schäin.\nDee kritt ee mat enger. Dat ass kloer determinéiert am Gesetz, deen elo zum Vott steet, mee doriwwer eraus, kann awer all Eenzelen sech natierlech d'Fro stellen, ob et fir hien elo sënnvoll ass, dach nach eng 2. Impfung ze maachen an hei si kloer Virgaben elo komm vum Conseil supérieur des maladies infectieuses, déi mer och kënnen mat den Dokteren elo deelen.\nDat ass indiquéiert, wann ech et resuméiere fir Leit, déi eng speziell Vulnerabilitéit hunn.\nDo ass dat sécher eng Indikatioun awer "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_17_1689670954.mp3", "transcription": " fir den normalen Stierflechen éischter net.\nDat sinn Detailer, dat geet haut elo ze vill an dat medezinescht eran, mee wéi gesot, do kommen elo kloer Richtlinnen un ons Dokteren, dass se och de Leit do déi richteg Berodung kënnen ginn, fir ze kucken, ob et am Eenzelfall Sënn mëscht oder éischter net Sënn mëscht fir eng 2. Impfung ze maachen.\nAn dësem Avis gouf och eng Richtlinn ginn, wéi laang een soll ofwaarden, nodeem ee Covid-positiv war.\nDo ass och elo eng Richtlinn vu 4 Wochen uginn. D.h. wann ee positiv war an et huet een elo net speziell Problemer domadder, dann wäerten se recommandéieren, dass een eréischt no 4 Woche soll déi 1. Impfung maachen, op alle Fall do net virdrun.\nDat ass och eppes Neies.\nDat ass bis elo ëmmer au cas par cas mat den Doktere gekuckt ginn. Hei ass elo eng Richtlinn, déi hëlleft dat Ganzt méi z'alignéieren a méi verständlech ze maachen.\nEch géif villäicht grad betreffend dee spezifeschen nei Fall, wou een als komplett geimpft gëllt, ouni eng 2. Dosis kritt ze hunn"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_18_1689670954.mp3", "transcription": ", nach eng Kéier eng Prezisioun ginn och zu gëschter.\nMir haten vill iwwert d'Impfschäiner geschwat, déi elo entre temps disponibel sinn op MyGuichet an déi een och geschéckt kritt huet iwwer d'Post. Dat si wuelverstane just déi duebel Impfungen, déi klassesch, wéi mer se bis elo haten. Hei ass elo e neie Moment.\nD.h. et gëllt een als voll geimpft, mat deem Mix vun eng Kéier krank gewiescht sinn an enger Impfung, un sech eréischt mat der Definitioun vum Gesetz wat elo a Kraaft trëtt.\nDo sinn natierlech elo Leit, wa mer no hanne kucken, déi elo do wäerten drënner falen, ab elo, wann dat déi nei Definitioun ass, déi kréie mer esou net erfaasst an eiser Datebank. Do ass d'Recommandatioun, mir wäerten och haut nach e spezielle Communiqué dozou erausginn.\nDéi Leit kënnen sech un d'Hotline wenden an da gëtt am Eenzelfall gekuckt, wéi et sech mat hirem 2. Rendez-vous huet. Do war jo schonn een 2. Rendez-vous, deen ausgemaach gi war an do ass elo d'Linn, déi mer huelen, dass dat wierklech am Eenzelfall beschwat gëtt, d.h. déi Leit sollen sech wgl un d'Hotline wenden. Dat ass den 247-65"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_19_1689670954.mp3", "transcription": "-533, eis normal Vaccinshotline.\nEt wäert, wéi gesot, och nach eng Kéier e Communiqué fir Iech am Detail dozou kommen.\nDa gëtt mat hinnen zesumme gekuckt, ob se eng 2. Impfung wëllen oder net. Dat muss jo och gekläert ginn. Verschidde Leit, grad op Grond vun där Recommandatioun, déi elo haut erauskomm ass vum Conseil supérieur des maladies infectieuses, wäerten trotzdeem hir 2. Impfung wëlle wouer hunn, anerer net an dofir ass dat doten dee beschte Wee.\nMir hunn nach net déi genau Zuel, dat wäert elo villäicht de klenge Rush an deenen éischten Deeg d'nächst Woch ginn op déi Hotline. Ech bieden dofir ëm e bësselchen Gedold.\nMee mir sinn der Meenung, dass dat doten dat effikasst ass fir déi Situatioun ofzedecken, dat mer dat wierklech Fall fir Fall kucken.\nAn d'Zukunft era wäert dat bei der 1. Impfung da beschwat ginn, wann d'Leit an den Impfzentrum kommen, gëtt dat do de Standard, wann se e positive PCR hunn, wäerten se dee matbréngen an da gëtt zesumme mam Dokter gekuckt, ob d'Konditioune gi si fir just mat engem Rendez-vous ze fueren. Also fir d'Zukunft ass dat ganz onproblematesch a "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_1_1689670954.mp3", "transcription": "déi indesch Variant present ass am Grand-Duché, mee d'Zuele weisen awer dass virun allem d'Impfe wierklech hëlleft.\nMir gesinn nämlech bei de fäerdege geimpften Alterskategorien läit den Taux de Positivité tëschent 0,1 bis 0,3%, wat wierklech och encourageant ass.\nA mir gesinn, dass an deem selwechte Fall, dass d'Zuel vun den Leit, déi sech nei ustiechen, d'Neiinfektiounen, och däitlech méi niddereg ass bei deene Leit, déi och geimpft gi sinn.\nWann een vun den Impfunge schwätzt: Bis gëschter Owend si 466.140 Dosen an de Grand-Duché geliwwert ginn.\nDëst sinn Vaccinë fir 239.570 Leit a mir hunn bis gëschter Owend Ronn 423.000 Impfunge gemaach, fir ganz präzis ze sinn: 423.119.\nEt sinn "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_20_1689670954.mp3", "transcription": "Dat ass wierklech déi Sécherheet, déi mer elo gär hätten, och an deem och an deem CovidCheck fir déi nei Ouverturen, déi mer hunn, déi vill Fräiheeten, déi mer hunn, sou gutt wéi méiglech ze begleeden.\nD.h. mir wäerten am Large Scale Testing nach en Echantillon behale vun eng Ronn 3.000 Invitatiounen d'Woch\nfir eis Vue globale ze halen. Dat ass wichteg fir déi Daten, déi mer do entgéinthuelen.\nMir wäerten och eis Équipes mobiles natierlech bäihalen. Se sinn am Moment an den Altersheemer, an de Fleegestrukturen nach ëmmer mat enger gewësser Reegelméissegkeet aktiv.\nMee donieft wäerte mer wierklech ganz geziilt ...\nDéi 1. Approche war fir geziilt Invitatiounen erauszeginn. Mir sinn elo zu Conclusioun komm: et ass méi einfach mir ginn a Richtung vun enger ... vun engem \"first come, first served\", wou een esou wëllt, d.h. ab ab Ufank Juli, spéitstens wann d'Schoul eriwwer ass, wäert de System dee sinn, dass een sech einfach kann e Rendez-Vous huelen am Large Scale Testing, do brauch ee just seng Matricule.\nEng \"Open Bar\" hate mer dat ee Moment genannt. Dass ee wierklech géif switchen, ewech "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_21_1689670954.mp3", "transcription": "vun den Invitatiounen op d'Méiglechkeet fir jiddwereen, dee wëll getest ginn, sech iwwert dee Wee testen ze loossen. Mir ginn dovunner aus, dass déi Leit, déi geimpft ginn, dat souwisou net méi wéi maachen an da si mer bei deem Public, dee mer eigentlech wëlle getest hunn an dat sinn all déi, déi eben och nach net d'Impfung konnte maachen.\nD.h. den Model, dee ugeduecht ass, ass e System-Switch. De genauen Datum wäerte mer Iech nach kommunizéieren, sou dass dat e fléissenden Iwwergang wäert ginn op de Summer hin, wou een sech da kann säi Rendez-vous sou huelen, wéi et ebe passt mat enger relativ einfacher Prozedur, mee ouni déi Tëschenetapp vun der Invitatioun.\nDann och nach ganz wichteg: am Kader vum Large Scale Testing maache mer jo och déi Blutttester fir d'Anti-corpse festzestelle bei de Leit.\nDat wäerte mer weider maachen. Dat ass extrem wichteg dat ze suivéieren.\nDo bleiwe mer elo iwwert de Summer bei deem Rhythmus, dee mer haten. Dat ass eng Ronn 1.000 pro Woch, déi mer hunn fir do d'Evolutioun hei am Land ze gesinn.\nEt ass virgesinn, dass mer fir d'Rentrée, also virun der "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_22_1689670954.mp3", "transcription": " Rentrée dat wäerte verstäerkt maachen.\nD.h. do wäerte mer eng Kéier vill méi héich fuere mat den Invitatioune fir déi doten Tester.\nEch géif och gäre virgräifen - mir hunn vill Froe gestallt kritt ebe justement an deem Kontext, wéini gëllt een als geheelt.\nFirwat mer do just de PCR-Test unerkennen als een Indicateur, dass een eng Kéier déi Krankheet schonn hat an net d'Anti-Corpsen.\nEt muss een wëssen, dass do d'Experten sech nach net 100% schlësseg sinn zu den Anti-Corpsen. Dat waren laang Diskussiounen och tëscht dem Europaparlament an den EU-Länner.\nDe Moment ass nach net do, fir do Konsequenzen drun ze setzen. Et ass awer extrem wichteg, dass mer weider drop schaffen, dass mer dat weider suivéieren.\nMee am Moment ass den Konsens gewiescht, par rapport zum europäesche Reglement, fir een als geheelt ze consideréieren, dass dat den PCR-Test ass, deen ausschlaggebend ass, de positive PCR-Test, schaffen nach net mat den Anti-Corpsen. Dat kënnt warscheinlech eng Kéier.\nDo feelt et nach e bësselchen un Informatioune fir déi Krittäre "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_23_1689670954.mp3", "transcription": "Just dann nach ... Zwou kleng Prezisiounen. Déi eng Prezisioun ass: eng Rëtsch vu Leit mellen sech an deem se soen d'App geet net.\nEt ass de QR-Code, deen d'Leit elo geschéckt kritt hunn, dee geet mat CovidCheck, net mam GouvCheck. De GouvCheck war jo deen, dee mer bis elo haten, mee et ass de CovidCheck, deen och mam neien Code fonctionéiert a wéi mir d'Pressekonferenz d'lescht Woch an de CovidCheck huet ee schonn um App Store, e puer Deeg duerno d'Applikatioun fonnt. Déi Applikatioun war eng Test-Applikatioun, d.h. fir elo sécher ze sinn, well eng Rëtsch vu Leit hunn gëschter Owend getest an da soen se \"hei et ass net gaangen\".\nAm einfachsten: läschen an déi nei Applikatioun dann nach eng Kéier ze telechargéieren, well déi muss am Fong geupdated ginn. Dat éischt war eng Testphas, déi dunn awer schonn ... déi e konnt schonn telechargéieren, mee wann et net geet, einfach eng Kéier d'App frësch lueden. An déi 2. Saach ass: just, de CTIE, iwwert de Large Scale Testing, dat war elo Juli, si kucke fir den 20. Juni scho kënnen en marche ze sinn. Dat ass dat wat op jiddwerfalls de CTIE probéiert ze maachen"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_24_1689670954.mp3", "transcription": "Also mir sinn am Moment mat deenen Zuelen, déi ech, wéi gesot, et sinn elo puer Krittären.\nDeen 1. Krittär ass mellen d'Leit sech fir mat, elo fräiwëlleg, fir mat deenen aneren Impfstoffer geimpft ze ginn.\nDéi normal Lescht geet jo dem Alter weider erof bei Moderna a bei Pfizer.\nWat méi Leit sech elo mellen, fir mat AstraZeneca, mat Johnson geimpft ze ginn, wat mer méi séier kënnen erofgoen.\nWann elo déi Saache gesprutzt ginn an d'Liwwerungen och kommen, hoffe mer, dass mer fir de 15. Juli d'Leit bis 18 Joer invitéiert hunn.\nAn da fänke mer mat der Kategorie ënner 18 Joer an do fänke mer wéi bei deenen anere Kategorië fir d'éischt mat deene Vulnerabelen un.\nAn där Kategorie an da geet et dem Alter erof: 18, 17, 16, etc. an etc.\nMee et heescht virum 15. Juli net.\nAusser et wier elo e Rush op den AstraZeneca vu ganz, ganz ville Leit, wat erméigleche géif, méi séier jonk Leit och ze impfen. Et ass och en Akt vu Solidaritéit am Fong, sech ze soen, wann ech elo den Astra huelen, da weess ech, dass e jonken, méi séier ka geimpft ginn."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_25_1689670954.mp3", "transcription": "Bis de 15. Juli soll jiddwereen, iwwer 18, invitéiert, op mannst eng Kéier invitéiert gi sinn, dass mer kënnen ufänken, nom 15. Juli, \"Scénario optimiste\".\n\"Scénario pessimiste\" verléiere mer 2 bis 3 Wochen.\n\"Scénario pessimiste\" ass, dass d'Liwwerungen net sou kommen, wéi geplangt an dass kee Mënsch elo de Johnson oder den AstraZeneca géif huelen.\nWat méi Leit elo de Johnson oder den AstraZeneca huelen, wat mer méi séier mat de Moderna a Pfizer ...\nWell do geet et dem Alter weider no.\nEch hunn Iech gesot, mir wäerten d'nächst Woch elo ënner 30 ufänken, mat Pfizer a mat Moderna, an dat sinn déi, déi dann normal weider ginn an deenen nächste Wochen, an déi aner, dat gëtt op fräiwëlleg Basis gemaach an do kann et vill méi séier goen. Mir wäerten eleng fir d'nächst Woch fir déi Leit, déi sech elo iwwer de Weekend melle fir op deene Leschten, bei Johnson eleng, sinn eng 12.000 oder 14.000 Leit, déi d'nächst Woch, wann se sech ugemellt hunn, schonn d'Invitatioun kënne kréien an och scho villäicht nächst Woch kënne geimpft ginn.\nAn ech wëll just drun erënneren, dass déi Leit 2 Wochen drop gréng sinn."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_26_1689670954.mp3", "transcription": "Gudde Moien, Tom Haas vum Tageblatt.\nDéi 1. Fro: De Site fir déi Leit ënner 30 Joer, ab wéini ass deen dann elo genau verfügbar mat der Auerzäit an ass de CTIE och virbereet, dass den Site net zesummebrécht?\nWéi der gemierkt hutt, hunn ech Iech keng Auerzäit ginn.\nEch hunn Iech keng Auerzäit ginn, an dee Site ass net fir Leit ënner 30 Joer, dee Site ass fir d'Leit ab 18 Joer bis \"no limit\".\nD.h. all déi Leit, déi elo nach net geimpft gi sinn, oder net wollten oder net konnten,\negal wéi al se sinn, wann se méi wéi 18 Joer al sinn, kënnen se sech op de Site mellen. De Site ass impfen.lu.\nE wäert Muer de Moien online goen.\nOkay. Dann eng aner Fro, déi ass ... déi ass vun enger Lieserin bei eis komm, et ass Folgendes: Wann ech een Impftermin hunn, an ech sinn awer wéinst enger anerer Saach deen Dag noutgedrongenerweis an der Klinik, kann dowéinst mäin Impftermin net wouer huelen.\nWéi eng Méiglechkeeten hunn d'Leit fir dat ze änneren?\nDat hei ass an dësem Fall e Kriibspatient, deen op der Onkologiestatioun ass"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_2_1689670954.mp3", "transcription": " 263.000 Impfungen als 1. Dosis bis elo gemaach ginn an 160.000 Impfungen och als 2. Dosis.\nMir hunn bis elo et fäerdeg bruecht, dass mer ongeféier bei der Populatioun 18+ 52% vun der Populatioun och mat enger 1. Dosis konnten impfen.\nMir hunn och d'lescht Woch e bësse méi wéi 43.000 Leit kënnen impfen a mir wäerten dës Woch, mat de Samschdeg den Owend inclus, bei Ronn 50.000 Impfungen dës Woch och kommen.\nDir wësst dass mer méi Potential och hunn fir Leit ze impfen, mee wann net méi Impfstoff do ass, da geet et leider net.\nAm Moment hu mer 91,5% och vun den Impfungen, déi mer geliwwert kritt hunn, versprëtzt.\nEt geet awer ëmmer op. D.h. mir haten nach ni d'Situatioun, wou mer op eng Kéier keng Impfstoffer méi haten a mir hunn am Moment, wann der de Calcul maacht, Ronn 40.000 "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_3_1689670954.mp3", "transcription": " Dosen op Reserve.\nDéi ginn an de nächsten Deeg all verbraucht. Mir hunn der schonn eleng 16.000 déi Haut a Muer wäerte verbraucht ginn.\nDen Duerchschnëttsalter vun de Leit, déi geimpft gi si läit bei Ronn 56 Joer an an dëser Woch kruten och d'Bierger tëscht 39 an 33,5 eng Invitatioun.\nMir sinn domadder zouversiichtlech, dass och déi éischt Invitatioune fir d'Leit ënnert 30 Joer wäerten eraus goen.\nBei de previsionnele Liwwerungen, déi mer bis elo bestätegt kritt hunn, hu mer eng Kéier vu Pfizer bis de 5. Juli eng 131.040 Dose versprach kritt.\nBei AstraZeneca 39.800 bis Enn Juni.\nBei Moderna 32.400 bis de 15. Juli a bei Johnson 12.000 bis Enn Juni.\nAm Mount Juni ass eng grouss Chute virun allem bei Johnson ze gesinn, vun deem wat engagéiert "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_4_1689670954.mp3", "transcription": " gi war.\nDo sinn ongeféier 47.000 Dose manner, déi geliwwert ginn.\nDat ass ganz vill.\nDat ass ganz vill. Et muss ee wëssen, dass Johnson jo och e \"One-Shot\" ass, d.h. dass bal 10% am Fong vun eiser Populatioun iwwer 18 Joer, déi manner ka geimpft ginn, dëse Mount, wéinst deem Manque vu Livraisoun vu Johnson.\nMir hunn am Moment nach keng Vuen iwwert d'Liwwerungen déi elo am Juli wäerte stattfannen.\nVilläicht kann e gewëssene Retard nees opgeschafft ginn, mee mir krute matgedeelt, dass och Problemer bei der Produktioun an Amerika sou Retarde géife mat sech bréngen.\nAn engem optimisteschen Zenario kéinte mer dovunner ausgoen, dass mer d'Leit iwwer 18 Joer ronderëm de 15. Juli alleguerten invitéiert kéinte sinn.\nBis de 15. Juli - d'Leit iwwert 18 Joer kéinten alleguerten eng éischt Invitatioun kréien.\nWa mer e pessimisteschen Zenario kréien, d.h. dass mer manner Impfungen awer géifen geliwwert kréien, da wier dat éischter "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_5_1689670954.mp3", "transcription": " Enn Juli dann de Fall.\nWa mer bei den Impfunge schwätzen, e Puer Punkten: deen 1. ass, dir wësst jo dass den Avis vun der nationaler Ethikkommissioun och erauskomm ass iwwert eng eventuell Impf- Prioriséierung an deen hunn mer och de Moien am Regierungsrot diskutéiert an analyséiert a sinn zur Conclusioun komm, dass eng Prioriséierung fir verschidde Beruffsgruppen sech à ce stade och wierklech net imposéiert.\nBei den Waardelëschten, wësst der jo, dass den AstraZeneca bis elo jo och d'Leit d'Méiglechkeet hate vun 30 bis 55 Joer deen och kënnen ze kréien a mir gesinn eleng, dass vum, wann een de Total vun den Impfunge vun AstraZeneca kuckt, eng 46% vun deene Leit, déi geimpft gi si mat AstraZeneca duerch déi volontaire Méiglechkeet, duerch déi Waardelëscht och domadder geimpft gi sinn. D.h. dat si 27.000 Leit, déi sech gemellt hunn an déi och geimpft "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_6_1689670954.mp3", "transcription": "hunn haut de Moien och am Regierungsrot decidéiert, well mir sinn eis bewosst, dass am Moment an d'Madamm Ministesch wäert dorops agoen iwwert den Avis vum CSMI, wéi et och mat de méi Jonken duerno sollt goen, dass am Moment den AstraZeneca en Impfstoff ass, deen eben och villäicht net vu jidderengem den allerbeléifsten Impfstoff ass, awer e wierkt, e funktionéiert an och hei zu Lëtzebuerg Preneurs fonnt huet.\nMir hunn dofir de Moien decidéiert, datt fir 2 Impfstoffer, fir den AstraZeneca a fir de Johnson.\nDass déi ... ab Muer wäert d'Lëscht och opgoen, op impfen.lu\nDéi 2 Vaccinen ab 18 Joer ouni Alterslimitt no uewe wäerte volontaire kënne benotzt ginn.\nD'Leit kënnen sech Muer mellen.\nDat ass am Fong ... huet een dann de Choix oder et waart een säin Tuer an da kritt een de Moderna ... mat Garantie datt een de Moderna oder "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_7_1689670954.mp3", "transcription": " de Pfizer kritt oder et mellt een sech op de Lëschten an déi zielt fir den Johnson, sou wéi fir den AstraZeneca ab 18 Joer.\nAn net méi limitéiert op bis 55 - \"open End\" fir déi Impfstoffer.\nEt erlaabt e puer Saachen.\nDéi 1. Saach, ech hunn Iech et virdru gesot, mir hunn am Moment d'Autorisatioun vun der EMA jo och fir méi jonk Leit ze impfen, awer mat der Recommandatioun fir ënner 18, deen eenzegen ass den ... Pfizer, deen am Moment kann dofir benotzt ginn.\nAll déi Leit déi sech elo hei mellen, erlaben dass am Fong méi Dose Pfizer kënne benotzt ginn, och fir jonk Leit. Erlaabt och datt den AstraZeneca an de Johnson benotzt gëtt.\nAn mir hunn jo an deem 1. Jet gesinn, datt d'Demande ganz grouss war an dass d'Sitten och alleguerten iwwerlaascht gi sinn.\nDen Virdeel ass, mir hunn och eng Rëtsch vu Leit, déi eis matgedeelt hunn, dass si den Tuer verpasst hunn.\nDass se deemools net wollte "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_8_1689670954.mp3", "transcription": " geimpft ginn. Haut awer wëlle geimpft ginn, well se gesinn, dass duerch d'Impfung awer d'Léisung ass vis-à-vis vun der Sortie vun der Kris fir déi eng, fir déi aner, dass d'Liewe méi einfach mëscht fir kënnen ze reesen, fir kënnen an de Restaurant ze goen an dowéinst eng Demande och kënnt vu Leit, déi elo net Retardataire, mee villäicht enger anerer Meenung waren oder déi Leit, déi wéinst enger Indisponibilitéit wärend dësen Zäiten net konnten geimpft ginn, all déi Leit sech ab Muer de Moie kënnen op impfen.lu mellen an et gëtt och \"first come, first served\" an d'Leit hunn de Choix.\nUm Site impfen.lu fënnt een déi 2 Vaccinen. Et gëtt eng Kéier den AstraZeneca an et gëtt eng Kéier den Johnson.\nD'Leit kënnen sech bei engem mellen.\nSi kënnen sech bei deenen 2 mellen an et gëtt een net penaliséiert, selbstverständlech, wann een och eng Invitatioun géif kréie fir mat engem anere Vaccin an et géif een sech et nach aneschters iwwerleeën, kann ee selbstverständlech dann och déi doten Invitatioun unhuelen.\nDeen 1., deen da versprëtzt gëtt annuléiert dann automatesch och déi aner Demande "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (11062021).wav_chunk_9_1689670954.mp3", "transcription": " fir kënnen op déi Lëscht ze kommen.\nAlso, 2 Lëschten ab Muer op fräiwëlleger Basis - eng Kéier de Johnson, eng Kéier den AstraZeneca.\nEt kann een op déi eng, et kann een op déi aner an dat ab 18 Joer.\nEt ass och wichteg deene jonke Leit ...\nHei si Recommandatioune vun der EMA. Also d'EMA seet ab 18 Joer kann een déi dote Vaccinen och benotzen.\nEt erlaabt och deene jonke Leit, déi am Moment sech d'Fro stellen, wéini komme mer endlech drun? Iwwer 18.\nTatsächlech. Well dat ass eben déi Limitt, déi och vun der EMA festgehale ginn ass.\nDass een deenen och eng Perspektive ka gi fir elo net an 2 oder 3 Méint eréischt geimpft kënnen ze ginn oder an e puer Wochen, mee elo direkt an och beim Johnson e \"One-Shot\", d.h. 2 Wochen duerno och gréng kënnen zertifiéiert ze sinn.\nDat sinn déi Punkten, déi fir eis och wichteg sinn fir dass een och weiderkënnt mat der Impfung fir dass een och fir déi Leit, déi bis elo net wollten, net konnten, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_0_1689686064.mp3", "transcription": "D'Wëssenschaft huet eis matgedeelt datt am Moment de Constat wier, datt d'Omikron-Variant 10 Mol méi sech verbreede géif an och méi ustiechend wier, wéi dat wat mir bis elo kannt hunn.\nD.h. De Facteur 10 wier hei d'Realitéit wéi am Verglach zum Delta, dee schonn am Verglach zu deem wat mir virdru kannt hunn, och méi héich war.\nD.h. datt am Fong d'Zuele vun den Infektiounen duerch d'Omikron-Variant sech all 2 bis 3 Deeg verduebelen.\nDat ass e Constat deen een och matgedeelt kritt huet aus dem Ausland.\nMir brauchen et net ze verstoppen, d.h. d'Omikron-Variant wäert och a kuerzer Zäit zu Lëtzebuerg dominant ginn.\nEt ass ze fréi , an do si mir och ganz éierlech, fir kënnen ofschléissend ze soen, wéi geféierlech d'Omikron-Variant ass.\nEt ass duerchaus méiglech datt bei der Omikron-Variant de Krankheetsverlaf méi mëll verleeft, dat "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_10_1689686064.mp3", "transcription": " kloer, datt wat d'Impfung méi wäit zréck läit, wat den Impfschutz méi niddreg ass.\nDofir och do den Appell: wann dir d'Invitatioun kritt fir iech ze boosteren, gitt, maacht et.\nHuelt iech de Rendezvous oder gitt an d'Pop-up Store wou dir kënnt ouni Rendezvous goen.\nDat ass zu dësem Zäitpunkt wierklech dat wat mir jidderengem kënne recommandéieren, fir hei beschtméiglech geschützt ze sinn.\nZweet Prioritéit: dat betrëfft eis alleguerten, geimpft oder net geimpft, mat deem wat hei virausgesot gëtt, mat där Vitesse déi dëse Variant huet fir sech ze verbreeden, ass déi zweet Prioritéit wierklech op d'Brems trëppelen.\nAn do ass e kollektiven Effort gefuerdert, dat kënne mir nëmmen als Gesellschaft packen.\nDofir den Appell an och déi Mesure, déi mir elo d'Urgence probéieren en Place ze kréien, déi ginn a Richtung elo eng Kéier lues ze trëppelen iwwert d'Feierdeeg.\nEch weess et ass genau net dat wat mir eis dëst Joer gewënscht haten.\nMir hate schonn en ellent Enn des Jores d'lescht Joer, mee leider si mir an der Situatioun wou och dat, dat ass "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_11_1689686064.mp3", "transcription": "natierlech och net den Expert selwer, mee Dir wësst datt mir eis hei un eis Experte-Gremien an Europa halen.\nEch ginn och dovunner aus, datt eis Situatioun e bëssi eng aner ass.\nMir hu jo och nach eng aner Hoffnung.\nDat ass datt mir an den éischte Méint vum nächste Joer vläicht och nach nei Vaccinen hunn.\nVaccinë vun enger 2. Generatioun, déi méi effikass sinn.\nEch géif do de Laascht komme loossen.\nEt ass wéi de Xavier Bettel et sot: eis Suerg ass elo mol, bëssi wéi an engem Tennismatch, \"une balle après l'autre\".\nElo geet et drëms déi Primovaccination ze kréien, déi Leit ze boosteren, déi am Delai si fir geboostert ze ginn.\nAn alleguerten opzepassen. An dat anert, do si mir natierlech hannendrun.\nEsou bal nei Erkenntnisser komme wäerte mir déi afléisse loossen.\nMee wéi gesot och do besteet jo och nach eng Hoffnung datt een eventuell nei Moyene kritt, fir hei dogéint virzegoen.\nEch menge wa mir eppes geléiert hunn, dann datt d'Fuerschung hei extreem aktiv ass a mir sollen dorobber vertrauen, dat suivéieren, an dat esou schnell wéi méiglech afléisse loosse wat un neien Erkenntnisser "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_12_1689686064.mp3", "transcription": "déi mir zoumaachen z.B. Diskoen déi zou sinn, do ginn et jo Fermeturen.\nAn dann hu mir déi déi net méi kënnen normal schaffen, d.h. wann een um 11 Auer muss zou maachen, wou een awer bis 1 Auer konnt schaffen.\nDofir hu mir all déi Aiden, déi verschidde Moossnamen déi mir haten, wou och d'Seuilen an d'Luucht ginn.\nAn d'aide non-couverts, dat war fir déi di duerch all déi aner Rastere falen, datt een do och nees weider kënnt.\nDe Mëttelstandsminister, de Lex Delles, wäert och driwwer kommunizéieren, en huet och scho Kontakt opgeholl mat der Horeca, well dat ass dee Secteur deen am meeschte concernéiert ass, vun de Fermeturen oder de Restriktiounen.\nMee Dir sollt och net vergiessen, datt eng Rëtsch vun anere Secteuren, wéi z.B. d'Kultur, och impaktéiert gëtt, wou Concerten oder aner Saache sinn.\nAn z.B. hunn ech Iech virdrun och vun den Organisatiounen, déi elo Baler oder aner Saachen organiséieren, gezielt do ginn et normalerweis Assurancen.\nA mat där "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_13_1689686064.mp3", "transcription": "déi mir och am Regierungsrot hate fir de \"Plan de maintien\" vun den Aktivitéiten ze hunn.\nD'Arméi ass eng Méiglechkeet, mee d'Arméi ass och net inepuisabel.\nWa mir d'Arméi elo schonn huele fir d'Schnelltester a fir den Tracing ze maachen....mir hunn eng Arméi déi limitéiert ass, mat 900 bis 1.000 Leit.\nEt soll een net vergiessen datt si och am Ausland Missiounen huet, an déi Leit och eng Preparatioun musse maachen.\nEch hu keng Loscht duerno Kanounefudder ze hunn. Well wou Missioune sinn an och Risk ass....datt d'Leit null Formatioun hunn.\nDat heescht et ass scho wichteg datt si och déi Formatioun hunn.\nEt muss een de richtegen Equiliber fannen.\nMir hunn och gëschter driwwer diskutéiert an da kann ech direkt dovunner profitéiere fir hei en Appell ze maachen, datt Leit déi am Moment an der Fonction publique sinn, wëllen z.b. am Tracing hëllefen, well mir och mat der Adem oder mat anere Leit gekuckt hu fir Hëllef ze kréien, mee wann do Leit sinn déi volontaire och bereet sinn ze hëllefen, kënne sech och gäre mellen.\nAll Persoun, déi do mat mécht fir am Tracing méi séier weider ze kommen, hëlleft.\nMir sinn am Moment an enger Situatioun wou "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_14_1689686064.mp3", "transcription": "mir duerch d'Hausse vun de Fäll nees op de System zeréckkommen wou d'Leit informatesch d'Prozedur maachen, d.h. datt een e Mail kritt, datt een dat kann ausfëllen.\nMee dann net méi de Contact telephonique, deen awer net onwichteg ass.\nA mir sinn eis och am gaangen d'Fro stellen, wa Studenten..well mir wëssen datt iwwer Chrëschtdag Studenten och bereet si fir als Volontaire ze schaffen, fir am Tracing,....datt och tëschent der Santé an der Fonction publique gekuckt gëtt wéi een dat kéint organiséieren.\nWell hei ass all main d'oeuvre wichteg.\nA wann der ewech falen, am Tracing wier dat schrecklech wann iwwerhaapt keen Tracing kéint organiséiert ginn.\nMee de Fait ass, d'Arméi kann net alles ganz eleng. Mir sinn awer am gaangen ze kucken, duerch d'Cellule de crise, wou d'Santé mam HCPN zesumme sëtzt, fir eeben e Plang weider ze hunn am Fall\nwou eng Administratioun net méi kéint funktionéieren.\nMee, ech sinn elo ganz direkt mat Iech. Ech hunn d'Chance datt mir hei zu Lëtzebuerg och fräiwëlleg Pompjeeën hunn"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_15_1689686064.mp3", "transcription": "De But ass dofir Mesuren ze huele fir ze evitéieren datt mir eng Kéier an eng Situatioun kommen, wou verschidde Servicer net méi kënne funktionéieren.\nAn ech hu virdrun d'Beispill geholl: de Pompjee, deen duerno krank doheem ass, dee ka kee Feier läschen.\nEn Educateur, e Proff dee muer krank ass, ka sech net em d'Kanner këmmeren.\nEn Dokter dee muer net do ass, oder eng Infirmière, ka sech net e Kranke këmmeren.\nAn dat sinn all déi Fäll, wou an onsen Aen et wichteg ass haut eebe Mesuren ze huelen, fir datt mir kucken datt dee Impakt esou kleng ewéi méiglech bleift, och vun deem Omikron, duerch déi Interaktiounen déi awer elo an deenen nächste Woche riskéieren ze kommen.\nMee de Plang....Dir hutt mir eng Fro gestallt an ech hunn elo laang erkläert...gëtt zesummen an der Cellule de crise nach weider thematiséiert.\nMee ech profitéieren dovunner fir en Appell: wa Beamten...also et kënnt nach eng intern Kommunikatioun,...wa Beamte wëllen hëllefen, awer mat enger gewëssener Flexibilitéit, well dat heescht och Owes méi spéit schaffen an och de Weekend schaffen.\nDat sinn all déi Saachen, déi eis och Suerge maachen.\nMee den Appell ass do: all déi Leit déi wëllen hëllefen, si wëllkomm."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_16_1689686064.mp3", "transcription": "Dir hutt elo de Contact Tracing ugeschwat. Ginn et do elo scho Pläng fir deen opzestocken, wann dee Virus méi infektiéis ass.\nWann do esou vill méi Infektiounen den Dag eventuell komme kënnen, gouf do scho preventiv opgestockt, d'Personal?\nJo mir sinn am gaange säit Wochen opzestocken, säit Méint bal mëttlerweil, well ee sech awer op den Hierscht preparéiert huet, dat leeft.\nMir sinn awer och am gaangen ze berechne bis wou hinner mécht den Tracing Sënn.\nDir erënnert iech vläicht, et ass laang hir, mee wou mir déi lescht méi akut Phas haten an der Pandemie, hu mir och dat berechent: bis wouhinner mécht dat Sënn?\nAb enger gewësser Zuel vun Neiinfektiounen, wann dir iech virstellt dir huelt e Modell wou der sot, wéi vill Kontakter huet een am Schnëtt, do kënnt ee ganz séier op ee Mol op eng Situatioun wou een d'ganz Land geläämt hätt.\nOch déi Berechnunge si mir am gaangen ze maachen.\nDo komme jo elo nei Elementer.\nAn déi Rechnung war relativ einfach ier mir eng Impfung haten, well ee konnt Hypotheese maachen: et seet een eng Persoun huet am Schnatt eisen Erfarungen no z.B. 6 Kontakter, da kann een dat rechnen."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_17_1689686064.mp3", "transcription": "Jo d'Testwoch hu mir en éischt Bilan effektiv kritt, dat war gutt.\nMir hu bal 3x esou vill positiv Resultater wéi soss déi deklaréiert gi sinn.\nFir genau ze sinn 379 waren dat déi elo op déi Woch zeréckzeféiere sinn.\nMir wëssen awer och datt donieft eng ganz Rei Leit et net deklaréiert hunn.\nDat ass eng Formalitéit, dat ass net jidderengem senges, dat wësse mir awer iwwert de Feedback dee mir kréien.\nEt sinn esou guer nach zousätzlech eeben duerch dës Campagne Leit déi einfach direkt e PCR maache gaange sinn.\nEsou datt dat an onsen Aen e Succès war, do hu vill Leit matgemaach.\nAn dat huet eis erlaabt awer dach wierklech Neiinfektiounen ze orten, dat alles Fräiwëllegkeet.\nDat war eng gutt Saach a mir sinn och am plangen, de Bilan ze maachen, et war grad gesot ginn, mir hu grouss nei Bestellungen.\nEt ass sécherlech eng Iddi dat nach eng Kéier am Januar ze maachen.\nMir schaffe grad dorobber.\nWann Dir erlaabt. Ech hunn och hei d'Zuele vun den Impfungen déi gemaach gi sinn:\nMir hate jo d'Impfwoch, d'Woch vum Kleeschen, dunn huet se opgehalen.\nMee z.B. den "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_18_1689686064.mp3", "transcription": "Vaccinatiounen déi gemaach gi sinn.\nDat heescht do ass och vill geboostert ginn.\nDen Dag drop z.B. hate mir der 818, mee bei 7.348, do ass et beim Boosten och erop gaangen.\nDir wësst jo datt mir och beim Booste jo Delaien erofgaange sinn.\nAn och bei Johnson jo enge gewëssen Ouverture komm ass.\nAn elo just z.B. d'Zuele vum 21.12. Do si 966 éischt Dosisse gemaach ginn, bei engem Total vun 8.300 déi deen Dag geimpft gi sinn.\nD.h. beim Booster kënnt een och gutt weider.\nAm Moment hu mir och eng Capacitéit vu Vaccinatioune vun ongeféier 45.000 Impfungen déi een d'Woch kéint maachen.\nA mat der Ouverture vun der Luxexpo wäerte mir bei 54.000 och kommen.\nEt sinn eng Rëtsch vun Invitatioune verschéckt ginn. Et sinn der leschte Freideg 15.000 verschéckt ginn.\nA Virgëschter sinn der nach eng Kéier 75.000 verschéckt ginn.\nDofir invitéieren ech och d'Leit déi d'Invitatioune kritt hunn, fir d'Rendezvousen och ze huelen, wat d'Situatioun och méi einfach mécht.\nAn och sech gutt ze informéiere "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_19_1689686064.mp3", "transcription": " wéi et geet, well et sinn eng Rëtsch vu Leit déi hu kee Rendezvous an da komme se dohinner an da kréie se am Impfzenter gesot: et geet awer just iwwer Rendezvous.\nNet datt si enttäuscht sinn, do gëtt et nach ëmmer Ënnerscheeder tëschent engem Impfzenter, engem Pop-up oder engem Dokter.\nDofir ass et och wichteg datt d'Leit sech do informéieren.\nMee mir gesinn dat awer d'Zuel vun de Boostere wierklech héich bleift, a bei den Éischtimpfungen,...wann ech mech net ieren hunn ech en Artikel gëschter an der belscher Press gelies, datt an der Wallonnie tëschent 600 an 800 Leit éischt Impfungen den Dag géife kréien.\nMir leien hei bal driwwer, an d'Populatioun ass méi kleng.\nDofir gesi mir datt d'Éischtimpfungen hei zu Lëtzebuerg och säit de leschte Woche méi héich ginn ass.\nDat ass immens wichteg well dat sinn déi di wierklech och am vulnerabelste sinn an där ganzer Ketten.\nDann hätt ech nach eng Fro zur Impfflicht.\nDir hutt gesot et géifen nach juristesch Etude gemaach ginn.\nDir hutt och gesot et ass eng nei Dimensioun vun der Pandemie.\nVill Stëmmen aus dem Gesondheetssecteur schwätze sech fir eng Impfflicht aus, an dat zum Deel däitlech.\nLo sot Dir mir mussen nei Etude "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_1_1689686064.mp3", "transcription": "Dat ass eng Tatsaach, dat sinn alles Geforen déi mir mam Omikron hunn, déi mir nieft dem potentiellen, och méi schwéiere Krankheetsverlaf kënnen hunn, an déi mir net dierfen aus dem A verléieren.\nDowéinst, aus all dëse Grënn, ass de Regierungsrot och zu de Conclusioune komm, datt een d'Covid-Gesetz muss esou séier wéi méiglech och adaptéieren.\nMir hunn de Moien de Projet de Loi och op den Instanzewee bruecht a mir hu mam Staatsrot a mat der Chamber, an ech hunn och do Kontakt gehat mat där enger an där anerer Institutioun, fir ze kucke wéi si och kéinte fäerdeg bréngen, fir datt mir nach deem ganze System dee mir hunn, wou d'Chamber d'Gesetzer stëmmt, wou mir zesumme mam Staatsrot och do en Avis kënne kréien, fir datt dësen Text scho kéint dëse Freide gestëmmt ginn, a kéint e Samschden a Kraaft trieden.\nDëst fir ze ënnersträiche wéi wichteg a wéi urgent et ass Upassungen ze huelen.\nMir wëllen am Fong "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_20_1689686064.mp3", "transcription": "Mir schafen eis eng Basis fir eng politesch Decisioun ze huelen.\nEt gëtt eng Rei Optiounen et muss een ëmmer bis hannenhin duerchdenken.\nD'Avantage vun enger sektorieller, mécht dat Sënn esou ee Schrëtt ze huelen, oder mécht et méi Sënn wann een op eng allgemeng Solidaritéit geet, fir op eng allgemeng direkt ze goen?\nDo muss een d'Optioune propper duerchschaffen. Juristesch Etüd an deem Sënn... dat ass eng Basis déi ee sech gëtt fir ze soe wat si genau eis Optiounen.\nMir sinn am gaangen eeben dat vu vir bis hannen duerch ze denken: Wat bedeit dat? Et gëtt ëmmer gesot Impfflicht, mee domadder ass et net gedoen.\nWann der eng Impfflicht hutt, musst dir awer nach reegelen: wat däerfen dann elo déi geimpften an net geimpfte Leit maachen am Liewen?\nDat ass net automatesch matgereegelt, d.h. et muss een dat schonn duerchspillen.\nDat ass Backoffice-Aarbecht déi een um Lafen huet.\nMeng Positioun ass relativ kloer vum Ufank vun der Pandemie un: ech fannen et net gutt, net glécklech wa mir dat musse maachen.\nEt ass déi ultimativ Schrauf un där een dréine geet.\nAn där Situatioun wou mir haut sinn, kann ee soen datt d'Situatioun sech wierklech dramatiséiert "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_21_1689686064.mp3", "transcription": "Ech hätt do gären eng Positioun Mëtt Januar.\nEch hätt gären eng kloer Positioun Mëtt Januar.\nMir kënnen net waarde bis all d'Emotioune fort sinn.\nMir mussen eng Decisioun huele Mëtt Januar.\nDofir déi Fro a si ass och berechtegt: Wat sinn d'Konsequenze vun net-geimpften/geimpft sinn, wat kann een dann nach maachen.\nDéi Äntwerte musse mir hunn, dofir wëll ech nach déi 3 Wochen do hunn, mee Mëtt Januar musse mir eng Decisioun huelen.\nEt muss ee kucken op esouguer nach d'Chamber consultéiert virdrun, ier een do en Text decidéiert.\nDe But ass jo net ze splécken, mee zesumme Léisungen ze sichen.\nDir wësst datt et ni de preferabelsten Auswee war vun enger Regierung, mee wann dat eng vun de Léisungen ass, da hu mir eis Verantwortung och ze iwwerhuelen.\nMee erlaabt eis all Informatiounen doriwwer ze hunn an och mat de concernéierten Acteuren, mir hunn do d'Spideeler an och d'COPAS déi dat gefrot hunn, dat och wichteg ass fir ze wëssen datt déi och dofir plaidéieren.\nMee et geet net duer dat eent ze decidéieren, wann een net weess wat d'Konsequenzen do hannen dru sinn"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_2_1689686064.mp3", "transcription": "Ausgankssituatiounen déi mir hunn, hu mir als Regierungsrot dës Mesurë festgehalen.\nAm Horeca-Secteur gëtt et eng Spärstonn vun 11 Auer Owes un.\nDat bedeit datt all Restaurant, all Café, all Disko, oder soss Etablissementer mussen um 11 Auer seng Dieren zoumaachen.\nZousätzlech dozou gëllt an Zukunft fir den Horeca-Secteur den 2G mat Exceptioun fir Leit déi och geboostert sinn.\nDat bedeit datt jiddereen deen net geboostert ass, zousätzlech e Schnelltest op der Plaz muss maachen, ier en an e Restaurant oder an e Café geet.\nDëst ass am Fong eng zousätzlech Sécherheet fir geimpften a genese Leit op Plazen, wou een d'Mask net kann unhalen, wou mir wëssen datt hire Schutz géint den Omikron net méi esou grouss ass.\nAn des Mesure ass och en Incitatif fir de Booster ze huelen.\nFir all aner Rassemblementer "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_3_1689686064 (1).mp3", "transcription": "An den Text wäerten och an de Schoulen nees d'Maskeflicht kommen fir d'Kanner a fir d'Enseignantë fir d'Rentrée, wann déi bis kënnt.\nAn d'Regierung huet och a Concertatioun mam CSMI decidéiert, datt d'Impfe fir d'Kanner alleguerten\ntëschent 5 an 11 Joer opgemaach gëtt.\nDo kënnen d'Leit iwwert impfen.lu de Rendezvous huelen.\nA mir hunn och iwwert \"Procédure d'urgence impérieuse\" Schnelltester déi mir kafe wëllen.\nMir wëllen datt de System vum 2G+ och funktionéiert an do hu mir et fäerdeg bruecht, mir hate gëschter d'Mandat kritt, an ech kann iech haut matdeelen datt mir iwwer 7,5 Mio. zousätzlech Schnelltester kafe kënnen, wat wichteg ass wa mir dat dote mat deene Schnelltester wëllen imposéieren.\nMir befannen eis hei kloer an enger Approche vun der Precautioun par rapport zu enger neier Variant vum Virus, wou mir och net, sou wéi ech virdru gesot "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_3_1689686064.mp3", "transcription": "An den Text wäerten och an de Schoulen nees d'Maskeflicht kommen fir d'Kanner a fir d'Enseignantë fir d'Rentrée, wann déi bis kënnt.\nAn d'Regierung huet och a Concertatioun mam CSMI decidéiert, datt d'Impfe fir d'Kanner alleguerten\ntëschent 5 an 11 Joer opgemaach gëtt.\nDo kënnen d'Leit iwwert impfen.lu de Rendezvous huelen.\nA mir hunn och iwwert \"Procédure d'urgence impérieuse\" Schnelltester déi mir kafe wëllen.\nMir wëllen datt de System vum 2G+ och funktionéiert an do hu mir et fäerdeg bruecht, mir hate gëschter d'Mandat kritt, an ech kann iech haut matdeelen datt mir iwwer 7,5 Mio. zousätzlech Schnelltester kafe kënnen, wat wichteg ass wa mir dat dote mat deene Schnelltester wëllen imposéieren.\nMir befannen eis hei kloer an enger Approche vun der Precautioun par rapport zu enger neier Variant vum Virus, wou mir och net, sou wéi ech virdru gesot "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_4_1689686064.mp3", "transcription": "och datt déi Mesuren déi mir huelen net där einfachster sinn, mee mir wëllen awer och evitéieren datt d'Situatioun total derapéiert.\nAm Januar wäerte mir och méi e kloert Bild hunn iwwert d'Situatioun, wat genee och d'Auswierkunge vum Omikron zu Lëtzebuerg sinn.\nMir wäerten dee Moment och gesinn, ob des Mesuren duer ginn, ob se musse verlängert ginn, ob se weider ugepasst musse ginn.\nD'Texter lafen am Moment bis den 28. Februar, dat ass och virgesinn am Text, mee mir engagéieren eis, an dat geet an zwou Richtungen, wann et sech verschlëmmert, nei Mesurë mussen ze huelen, wa mir z.b. awer gesinn, datt et manner pathogen ass, datt mir och deng eng oder aner Mesure kënnen zeréckzéien.\nEch hunn dat schonn hei puer Mol gesot, an dat ass och net eidel, mir wëssen net wat an 2 oder 3 Woche ka sinn, an dofir ass et wichteg datt ee probéiert e Maximum u Sécherheet op seng Säit ze zéien.\nMir sinn eis och bewosst dat déi nei Mesuren och eng ganz "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_5_1689686064.mp3", "transcription": "Betriber an hirer Aarbecht wäerten impaktéieren.\nWéi déi sanitär Restriktioune fir verschidden Aktivitéitssecteuren och wäerten en Impakt hunn.\nDofir war et eis och wichteg déi néideg Covid19-Hëllefen och ze erhéijen.\nDat heescht konkret datt mir nees op déi al Berechnungsmethoden zeréckkommen fir d'Aides non-couverts a fir d'nouvelles aides de relance.\nEsou wéi dat och schonn de leschte Wanter hei am Grand-Duché de Fall war.\nWat d'aides non-couverts betrëfft ass et néideg ginn duerch déi net Hausse vun de positive Covid19-Fäll och hei am Land déi en Impakt op Firmen aus den eligibele Secteuren huet, de Prozentsaz vun de Charges d'exploitation déi a Kont geholl ginn erop ze setzen.\nAn d'charges d'exploitation déi fir d'Berechnung vun de genannten Hëllefen a Kont geholl ginn, gi vu 75%, wéi se am Moment sinn, erëm op 100% erop, sou wéi dat schonn an der Vergaangenheet de "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_6_1689686064.mp3", "transcription": "wéi schnell dat geschitt ass.\nDofir och e schnellt Handele vun eiser Säit, well mir mat all Dag nei Erkenntnisser, nei Informatioune kréien an deene Länner wou dëse Variant als éischt war.\nEch denken un Dänemark, Portugal oder England.\nEt gesäit ee mëttlerweil mat wéi enger Wucht, mat wéi enger Geschwindegkeet en sech multiplizéiert huet.\nEn ass extreem séier dominant ginn.\nAn och wann eisem offizielle leschte Bilan no eréischt 5 Fäll hei geortet gi sinn am Sequensage, musse mir dovunner ausgoen datt dat bei eis net wäert anescht sinn.\nDeen doten Typ u Variant huet dat u sech fir sech esou schnell ze verbreeden.\nDe Xavier Bettel huet et gesot: am Moment ass d'Schätzung datt en an 2 Deeg sech verduebelt.\nAll déi di Freed um Rechenunterrecht hate kënnen sech rechne wat dat bedeit: eng Verdueblung am Schnëtt bannent 2 Deeg.\nFir déi di net esou gär rechnen: et muss een einfach dovunner ausgoen, datt e ganz schnell wäert hei am Land och dominant sinn.\nMat alle Konsequenz déi datt huet. Eng éischt Konsequenz ass datt mir doduercher vill méi Neiinfektioune wäerte "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_7_1689686064.mp3", "transcription": "Eng Rei Saache wësse mir entretemps, \"entretemps\" ass gutt gesot, well d'Informatioune komme quasi am Stonnentakt.\nMir wëssen, an dat si keng esou positiv Nouvellen, datt déi geheelte Leit an déi geimpfte Leit manner gutt geschützt sinn, wéi dat beim virege Variant de Fall war.\nMir haten duerch den Impfschutz beim Delta ronn duebel esou vill Risiko neiinfizéiert ze ginn, fir een deen net geimpft ass, z.B. wéi een dee geimpft ass.\nBei de Geheelten, also déi di elo just de Covid eng Kéier haten an net geimpft sinn, ginn déi rezent Schätzungen a Richtung datt een 3 bis 5 Mol méi eng héich Probabilitéit huet eng Neiinfektioun ze kréien.\nDat ass vill. Dat ass ganz vill.\nDofir och do en neie Risiko.\nEt gehat hunn eleng ass net en optimale Schutz.\nAn och leider muss ech soen: datt wann d'Leit geimpft sinn, wann d'Impfung wäit zeréckläit, d.h. méi wéi 4 bis 5 Méint"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_8_1689686064.mp3", "transcription": "An dësen Taux ass dat wat mir mussen ustriewen, datt mir wierklech weider un dëser Front schaffen.\nMir hunn dofir, fir et ze resuméieren, 3 grouss éischt Prioritéiten, normalerweis huet een eng, mir hunn der 3 an dëser Situatioun an do maachen ech e ganz groussen Appell u jiddereen:\nDéi éischt Prioritéit sinn déi vulnerabel Leit.\nMir wëssen datt eng Rei Leit sech net richteg kënne schützen, datt si duerch hire Gesondheetszoustand anescht exposéiert si wéi aner.\nSi wäerten natierlech an dëser Zäit an enger besonnescher Gefor sinn.\nHei wierklech den Appell u jiddereen, u si selwer: Passt op Iech op.\nAn un déi Leit ronderëm: Passt op si op.\nDrot Masken, maacht Schnelltester virdrun, evitéiert dës Leit mat op Plazen ze huelen, oder op Plazen ze goen, wann Dir selwer concernéiert sidd, wou vill Gedrécks ass, wou wierklech eng grouss Ustiechungsgefor ass.\nEt ass wierklech net ze ënnerschätzen.\nA fir dës Leit hu mir säit Ufank vun der Pandemie nach net wierklech eng optimal Alternativ.\nWa se net geschützt sinn, besteet nach d'Hoffnung op Medikamenter.\nEch mengen dir wësst alleguerten datt mir och do"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (22122021).wav_chunk_9_1689686064.mp3", "transcription": "weider kommen, mee lues a lues. Mir sinn net do, datt mir e Wonnermëttel hätten.\nZweet éischt grouss Prioritéit ass d'Primovaccinatioun.\nEen deen net geimpft ass, ass hei engem extreem héije Risiko ausgesat.\nDe Virus zirkuléiert schnell, ass extreem ustiechend iwwert d'Aerosolen.\nDofir nach eng Kéier den Appell, an ech si frou datt déi lescht Wochen awer Friichte gedroen hunn, datt nach ganz vill Leit de Wee bei d'Impfung fannen, d'Primovaccinatioun ass wichteg, fir déi di nach guer net et haten, och fir déi di genese sinn.\nGanz groussen Appell, ech hat et virdru gesot: Hire Risiko sech unzestiechen ass och wesentlech méi héich mat deem heite Variant ageschat wéi virdrun.\nOch do den Appell: wann ee geheelt ass, et ass wierklech vill besser trotzdeem eng Impfung dobäi ze maachen.\nDat gëtt e wesentlech bessere Schutz.\nAn déi drëtt éischt Prioritéit, wann ech esou ka soen, dat ass d'Boosteren.\nDat kritt nach wierklech méi eng Urgence wéi mir dat souwisou schonn ugeduecht haten ier dëse Variant opgetaucht ass.\nDat ass wierklech net ze ënnerschätzen. Et ass entretemps "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_0_1689600845.mp3", "transcription": "gläich 2 Joer mam Corona-Virus liewen mussen alleguerten.\nD'Aktualitéit an de leschten Deeg huet eis nach eng Kéier virun Ae gefouert, wéi onberechenbar dëse Virus ass.\nDéi nei Omikron-Variant, vun där een nach d'lescht Woch nach näischt héieren hat, suergt fir vill Onsécherheet an och fir ganz vill Opreegung.\nAn dat net nëmmen hei, net nëmmen an Europa, mee och weltwäit.\nDir wësst datt mir als Land direkt och d'Recommandatiounen ugeholl hu vun der EU-Kommissioun, an déi Precautiounsmesure decidéiert hunn fir d'Verbreedung vun dëser neier Variant iwwert d'Grenzen anzeschränken esou vill et och méiglech ass.\nEt ass am Moment ze wéineg iwwert den Omikron gewosst fir den Impakt op di sanitär Situatioun net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och weltwäit kënnen anzeschätzen."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_10_1689600845.mp3", "transcription": " och schonn eng nächst Reunioun muer virgesi fir nees en Echange mat hinnen ze hunn wéi et do sollt weidergoen.\nDir verstitt och datt ech dowéinst net méi an den Detail wäert goen, iwwert wéi de CovidCheck op der Aarbechtsplaz sollt lafen, well och do déi Diskussioune mat de Sozialpartner nach lafen.\nWat och nei ass am Kader vun deem CovidCheck-Regime 2G an 3G ass datt Identitéitskontrolle kënne gemaach ginn, d.h. datt een net méi mat engem QR-Code ka goe vun enger anerer Persoun oder mat engem Phantasie-QR-Code.\nEt ass wierklech geduecht datt déi Kontrolle kënne gemaach gi vun där Persoun déi do ass fir d'Kontroll ze maachen, ob dat 3G oder 2G ass, d.h. och am Loisir sou wéi am Beruff huet een dann déi Méiglechkeet dat doten ze maachen.\nAn dat ouni Presenz vun der Police.\nWell am Moment huet ee jo d'Police gebraucht fir kënnen Identitéitskontrollen ze maachen.\nDat kann an Zukunft déi Persoun maachen déi d'Kontroll mécht.\nWann dee refuséiert eng "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_11_1689600845.mp3", "transcription": " Pièce d'identité ze weisen, kritt se einfach den Acces refuséiert.\nDat heescht si kann net era goen, wa et rout uweist oder wann di Persoun refuséiert en Pièce d'identité ze weisen.\nMir wëllen dës Mesure bis Enn Februar an deen neien Test soll och bis Enn Februar gëllen.\nDir wësst jo och dass mir Dauer vun den Tester erofgesat hunn.\nEn Antigentest ass just nach 24 Stonne gutt am Plaz vun 48.\nAn de PCR ass 48 Stonne gutt am Plaz vun 72 Stonne wéi dat de Fall bis elo war.\nMir hunn eis am Fong och alignéiert vis-à-vis vun de Nopeschlänner, déi och déi selwecht Dispositioune geholl hunn.\nSoss wier Äre QR-Code vum Test och am Ausland net valabel.\nDa wier Dir hei gréng, mee soubal Dir iwwert d'Grenz gitt ass en net méi valabel.\nDës Mesure vun de 24 an 48 Stonnen, déi kéinte schonn dës Woch "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_12_1689600845.mp3", "transcription": " a Kraaft trieden, well do ass jo och en amendéierten Text, an dee kéint scho vun der Chamber dës Woch gestëmmt ginn, d.h. datt dës Mesure elo scho rechtskräfteg kéint ginn, virum Vott vun deem Text deen ech Iech elo just virdru beschriwwen hunn.\nOch an de Schoule gëtt méi getest.\nEch mengen d'Kommunikatioun vum Educatiounsministère ass och gemaach ginn.\nMir wäerten och déi besonnesch vulnerabel Leit an den Altersheemer a Spideeler zousätzlech wëlle schützen, an deem mir am neien Text virgesinn, datt d'Visiteuren nieft dem CovidCheck och e Schnelltest an der Entrée musse maachen an e Mask mussen undoen.\nAn der Cafeteria zielt dann och déi 2G-Reegel.\nSelbstverständlech gëtt och an de Spideeler, ausser bei den Urgencë wou all Minutt wichteg ass, bei all deenen anere Leit en Antigentest gemaach, wou dann d'Resultat gebraucht gëtt fir kënnen eran ze goen.\nMir recommandéieren awer schonn haut, an den Alters- a "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_13_1689600845.mp3", "transcription": " Fleegeheemer an an de Spideeler, datt net gewaart gëtt, bis d'Mesuren déi an deem heiten Text virgesi si gestëmmt ginn, mee mir recommandéieren dat och schonn direkt ze maachen.\nMir hunn och aner Recommandatioune geholl als Regierung: den Télétravail.\nWa méiglech soll wann et machbar ass och vun doheem aus geschafft ginn.\nDat ass fir d'Kontakter och op der Aarbechtsplaz ze limitéieren.\nMir hunn och z.B. als Regierung decidéiert d'Limite vun den Deeg, op deenen an der Fonction Publique kann Télétravail gemaach ginn, vun 3 op 4 Deeg erop ze setzen.\nA mir sinn och a Gespréicher mat den Nopeschlänner fir Accorde fir d'Frontaliere kënnen ze kréien.\nAllgemeng recommandéiere mir jidderengem, egal op geimpft oder net geimpft, well ech kennen elo schonn déi Diskussiounen: testen ass besser wéi geimpft, net geimpft,....\nMir kënne just recommandéieren: wann ee weess datt ee bei Leit geet, wann ee weess datt ee vulnerabel Leit geet, wann ee "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_14_1689600845 (1).mp3", "transcription": " weess, datt ee bei d'Famill geet, virun allem virun de Chrëschtdeeg, e Mask ass ëmmer e gudde Schutz an e Schnelltest ass och méi Sécherheet wéi weder dat eent nach dat anert.\nEt geet drëms fir sech ze schützen, mee et geet och drëms fir seng Matmënschen ze schützen.\nD'Gesondheetsministesch wäert och méi am Detail agoen iwwert déi Impfwoch déi mir wëllen organiséieren, wou mir och der Meenung sinn, datt de Schnelltest komplementar zu deem Ganzen ass, wann der wësst datt dir mat Leit zesumme kommt, wann der wësst datt Dir d'Gestes barrières net kënnt respektéieren, awer eng Garantie ass fir Iech an och fir aner.\nMir hunn och de Boost wou mir gesinn, datt dee gutt funktionéiert.\nDir wësst datt do jo een Delai vu 6 Méint tëschent der 2.Impfung an dem Boost gebraucht gëtt.\nMir gesinn datt bei de Leit iwwer 75 Joer déi geboost gi sinn, och d'Inzidenz esou guer erofgeet, d.h. datt de Boost och wierklech "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_14_1689600845.mp3", "transcription": " weess, datt ee bei d'Famill geet, virun allem virun de Chrëschtdeeg, e Mask ass ëmmer e gudde Schutz an e Schnelltest ass och méi Sécherheet wéi weder dat eent nach dat anert.\nEt geet drëms fir sech ze schützen, mee et geet och drëms fir seng Matmënschen ze schützen.\nD'Gesondheetsministesch wäert och méi am Detail agoen iwwert déi Impfwoch déi mir wëllen organiséieren, wou mir och der Meenung sinn, datt de Schnelltest komplementar zu deem Ganzen ass, wann der wësst datt dir mat Leit zesumme kommt, wann der wësst datt Dir d'Gestes barrières net kënnt respektéieren, awer eng Garantie ass fir Iech an och fir aner.\nMir hunn och de Boost wou mir gesinn, datt dee gutt funktionéiert.\nDir wësst datt do jo een Delai vu 6 Méint tëschent der 2.Impfung an dem Boost gebraucht gëtt.\nMir gesinn datt bei de Leit iwwer 75 Joer déi geboost gi sinn, och d'Inzidenz esou guer erofgeet, d.h. datt de Boost och wierklech "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_15_1689600845.mp3", "transcription": " gutt funktionéiert.\nMir hunn och haut decidéiert fir déi Leit déi mat AstraZeneca geimpft gi sinn, wou ee jo matgedeelt kritt huet dat och no der 2.Impfung, awer d'Wierkung vum Impfstoff méi séier erofgaangen ass wéi bei aneren Impfstoffer, datt mir do géifen op 4 Méint erofgoe fir da säi Boost gemaach ze kréien.\nEt sinn eng 45.000 Leit déi AstraZeneca kritt hunn, d.h. déi elo e Booster kënne kréien.\nEch géif wierklech de Leit recommandéieren, well wann si elo Schlaang stoe ginn ouni Rendezvous gëtt dat komplizéiert.\nEt kann een och Rendezvous huelen, selbstverständlech wann een elo ab Méinden dat dote wëll maachen, kann een dat.\nMee ech ginn Iech keng Garantie datt elo Dausende vu Leit zesumme wëllen de Booster-Shot maache goen.\nDofir géif ech just de Leit recommandéieren, fir déi di Zäit hunn, déi kënne spontan goen, mee deenen anere géif ech recommandéieren e Rendezvous ze huelen.\nDat mécht d'Liewen och manner komplizéiert.\nLoosst Iech impfen, loosst Iech boosteren."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_16_1689600845.mp3", "transcription": "Mir maachen et esou einfach wéi méiglech.\nDir wësst jo mir hunn 3 Impfzenteren:\nVictor Hugo, Esch Belval an och zu Ettelbréck.\nAn der Groussgaass gëtt et d'Méiglechkeet sech impfen ze loossen.\nMir hu mobil Equippen an de Gemengen, an de Galeries Commercialen, et si ronn 300 Dokteren déi och impfe kënnen.\nMir hunn d'Apdikten, wou den Text och schonn an der Chamber läit, datt een an Zukunft och kann do geimpft ginn.\nMir probéieren et wierklech esou einfach ze maache wéi et nëmme geet, esou datt Dir net musst wäit fueren, datt Dir kënnt an eng Apdikt oder an en Impfzenter goen, oder an d'Groussgaass oder bei déi mobil Equippen.\nDéi Impfzentre bleiwen och weiderhi 6 Deeg an der Woch op.\nA fir déi Leit déi och eng éischt Impfung wëllen, déi kënne sech och mat hirer Matricule um Site impfen.lu Rendezvous huelen.\nD'Leit kënnen och spontan kommen, mee d'Waardezäite riskéieren an den nächsten Deeg, elo mat der Noriicht vun AstraZeneca, mam Booster, dee mir jo opgemaacht "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_17_1689600845.mp3", "transcription": " hunn, datt een do een Delai d'attente huet.\nAn de leschte Woche ware mir och an den 12 Gemengen an deenen den Taux de vaccination ënnert der Moyenne loung, mir ginn och dës Woch an d'Belle Etoile, an de Cora, Auchan op d'Cloche d'Or, Auchan Kierchbierg, Cactus Beetebuerg a City Concorde.\nMee d'Madamm Ministesch huet nach méi Detailer iwwert déi Impfwoch.\nNieft den Impfzentren si mir di ganz Woch och op folgende Plaze present, dat si Galerien, dat si Gemengen.\nEch mengen datt mir wierklech kucke fir alles ze evitéiere fir datt d'Distanz net eng Ursaach ka si fir sech net impfen ze loossen.\nDann huet de Regierungsrot och, op Propositioun vum Lex Delles, decidéiert d'Aide coûts non couverts an d'Aide de Relance bis 2 Méint, also bis den Dezember 2021 inclus ze verlängeren.\nPour "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_18_1689600845.mp3", "transcription": " rappel d'Aide coûts non couverts an d'Aide relance sinn 2 net remboursabel Direkthëllefen, déi sech un d'Entreprisen aus dem Tourismus, dem Horeca, der Kultur an dem Secteur vum Evènementiel riichten.\nD'Konditiounen an d'Héicht vun den Indemnitéite bleiwen onverännert am Verglach zum leschte Gesetz.\nMir maachen dat wëll et ons bewosst ass, datt vill kleng a mëttel Entreprisen et nach ëmmer schwéier hu mat deem sanitäre Kontext op hiren alen Niveau zeréck ze kommen.\nResumé: 2G, 3G gëtt eng Realitéit zu Lëtzebuerg.\nD'Kontrolle vun de QR-Coden, d'Identitéit vun de Kontrollen gëtt och gemaach.\nEt kann net sinn datt ee mat falsche QR-Code geet oder mat \"ausgeléinte\" QR-Code geet.\nDir hutt jo och matkritt, datt d'Police Kontrolle mécht.\nD'Police wäert och déi nächst Woch Kontrolle weider maachen,\nan déi Wochen drop och Kontrolle maachen.\nEt ass eng Strofdot eng falsch Identitéit ze benotzen, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_19_1689600845.mp3", "transcription": "Nieft de Mesuren déi agesat gi sinn, dréit zu engem Plus u Schutz och déi Reduzéierung vun der Validitéit vun den Tester bäi.\nWat mir déi Validitéit méi erofsetzen, wat mir méi eng héich Sécherheet hunn iwwer d'Tester.\nFir de PCR 48 Stonnen am Plaz 72 a fir de Schnelltest 24 am Plaz 48 Stonnen.\nMir hunn ons engersäits ugepasst, mee do schwätzt och e Plus u Sécherheet dofir.\nAn de neie Standard soll den 2G ginn. Dat ass de neie Standard vum CovidCheck.\nD'Ausname si virdrun erwäänt ginn an ech ginn dovunner aus, datt et duerno Froen dozou ginn.\nJust nach eng Kéier fir d'Rassemblementer: och do bleift d'Approche wéi mir se elo hunn vum Prinzip hir déi selwecht d.h. bis zu 10 Leit si keng Restriktiounen an da gëtt et gestaffelt, da kann een eng Optioun huelen: fir normal Distanzmesure wéi mir se och elo kannt hunn: tëschent 10 a 50 Leit wier dat op 2 Meter Distanz halen an d'Mask droen.\nTëschent "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_1_1689600845.mp3", "transcription": "Mir solle vu Spekulatiounen zréckhalen.\nEt geet vun deem engem, dee seet datt bal eng gutt Saach ass an net esou geféierlech ass.\nWärend aner Leit soen: et ass eng Katastroph.\nDofir frot eis net haut e Jugement ze maachen, wat den Impakt vum Omikron ass, net nëmmen hei am Land, mee och Europa- oder weltwäit.\nDofir ass et fir eis wichteg, datt een déi Zäit ofwaart, datt Spezialisten och hir Aarbecht maache kënnen.\nOnofhängeg vun dëser Variant, hu mir all Grond virsiichteg ze sinn.\nIwwert de Weekend hu mir nees ze vill Doudeger ze vermellen.\nD'Infektiounszuele klammen am europäeschen Ausland.\nMir gesinn eng Rëtsch vu Nopeschlänner mat enger ganz staarker Hausse, mee mir dierfen net mengen, datt dat hei net och de Fall ass, datt d'Zuelen och klammen.\nMir haten déi lescht Woch ronn 80 Infektioune méi den Dag, wéi déi Woch virdrun.\nMir gesinn déi Situatioun och an de Kläranlagen, wou och eng liicht Hausse ass.\nAn datt de "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_22_1689600845.mp3", "transcription": " maachen, datt wann een etwa huet an nach net gemierkt hätt, dann nach en temps utile sech zréckhält an et net weidergëtt.\nMir wëssen datt de Virus extreem ustiechend ass am Moment, et geet wierklech schnell weider, do wou keng Maske gedroe ginn a keng Distanz observéiert ass.\nWann Dir Iech erënnert hate mir an eiser Teststrategie virgesinn eng Reserve vu Schnelltester ze maachen, wann nees eng Situatioun kéim wéi mir se elo hunn, wou et nees extreem unzitt. Och dat wäerte mir lancéieren.\nOch wärend der Impfwoch wäert all Stot e Bong kréien, fir nach eng Kéier gratis Tester kënne sichen ze goen.\nAn da wäerte mir en Opruff maachen nom Motto \"Lëtzebuerg test sech\", wou mir frou wiere wa jidderee géif matmaachen a sech déi selwecht Woch eng Kéier schnelltesten.\nDat gëtt eis op ee Coup eng ganz gutt Vue wat leeft.\nEt muss een sech dat virstelle wéi een Netz mat deem een eng Kéier derduerch fiert.\nMir erhoffen eis doduercher datt mir nach eng Kéier virun de Feierdeeg duerch eng action coup de poing um Schnelltesten, wou jidderee bëssen "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_23_1689600845.mp3", "transcription": ""} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_24_1689600845.mp3", "transcription": "wat d'Konditioune si vun deem engem a vun deem aneren.\nD.h. déi zou sinn dann drop.\nEt klickt een op et fir Loisirs oder fir Aarbecht ass.\nFir Aarbecht ass 3G fir dat anert ass 2G.\nDann iwwert d'Sanktiounen: Dir sot fir d'Betriber déi et net respektéieren.\nD'Sanktioune komme jo da réischt wann och obligatoire ass, d.h. déi ganz Saache sinn elo nach verfréit fir Iech ze soe wéi dat soll ausgesinn.\nDéi Punkte gesi mir mat de Sozialpartner dës Woch.\nDen Text, wéi ech gesot hunn soll jo réischt fir den 3G ab dem 15.Januar a Kraaft trieden, fir eeben och déi Zäit ze loossen datt d'Leit bis dann och geimpft ginn.\nAn dann d'Sanktiounen: wann et bis obligatoire ass, da wäert et och déi Méiglechkeet ginn.\nAm Moment waren d'Sanktioune jo éischter am Kader vum droit du travail vis à vis vum Salarié.\nDann sinn eeben och Negociatiounen déi mat de Sozialpartner wäerte si fir wéi mir do e Modus vivendi fannen fir datt jiddereen och domadder liewe kann.\nDat gëtt de But och vun deenen Diskussiounen déi muer nach mat hinne wäerte stattfannen."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_26_1689600845.mp3", "transcription": " bis elo status quo.\nDurée do muss ech nach em e bëssi Gedold bieden.\nDir wësst do ass en neie Moment ass.\nEt ass net grad déi selwecht Leier déi Dir héiert.\nWell eng Propositioun vun der Kommissioun elo um Dësch läit fir déi Durée op 9 Méint ze adaptéieren.\nDat war u sech net eis Positioun.\nMir sinn éischter op der Positioun gewiescht 12 Méint oder e bëssi méi laang.\nMee dat ass e ganz neie Moment. Dat ass elo mol eng Propose do, an et gëllt elo mol ze kucke wéi déi eenzel Länner sech positionnéieren.\nMir wäerten och hei beméit sinn ze kucken, datt mir an der Groussregioun eng änlech Reegelung ze fannen.\nEch kann dat awer wierklech net garantéieren.\nMee et wäert nach e bëssi dauere bis sech jiddereen dozou positionnéiert huet\nWéi gesot, et ass scho gutt, datt iwwerhaapt mol eppes um Dësch ass.\nMir hate gefaart datt dat eventuell net de Fall wier.\nLo gëllt et ze gesinn, wéi déi Eenzel sech wäerte positionéieren.\nDat wat ee muss wëssen, Mme Schimmer, ass datt et national Kompetenze sinn, an och deenen hir Validitéit.\nDat wat net gutt wier ass wann een duerno zu 27, 27 verschidden Delaien huet.\nDofir d'Beméiungen och vun eis fir, elo "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_27_1689600845.mp3", "transcription": " net eng unilateral Decisioun ze huelen, déi mir dann an 3 Wochen nees mussen änneren.\nDofir waarde mir och bis do eppes kënnt wou mir gemeinsam mat anere Memberlänner eis eenege kënnen.\nA virun allem ass fir eis wichteg och wat ronderëm geschitt.\nWell Dir hutt virdrun d'Situatioun och erkläert: et wier katastrophal wann een op 20 km 4 verschidde Systemer hätt.\nBeim Areesen ass dat jo och eng Fro.\nBeim Omikron: D'Tester, sinn déi nach adaptéiert fir déi nei Variant oder net?\nWësst Dir do eventuell scho méi dozou?\nPar Rapport zu de Bongen:\nd.h. déi kritt een dann automatesch heem huelen ech un.\nDat anert ass mat der Kontroll vun der Identitéit, dat ass normalerweis eng Policegewalt, d.h. dat muss natierlech iwwert d'Chamber gemaach ginn.\nWat riskéiert dann elo e Restaurateur wann deen d'Identitéit net "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_28_1689600845.mp3", "transcription": "Mee dat wat mir hoffen ass datt mir all Mesure kënnen huele fir datt den Impftaux zu Lëtzebuerg awer esou héich gëtt, fir datt mir net mussen op eng Impfflicht goen.\nDat ass wat mir eis virgeschriwwen hunn, mee ausschléisse kann een ni eppes.\nMir hu bis elo probéiert all Kéiers nei Mesuren zu huele fir datt d'Leit versti firwat et wichteg ass en Impftaux ze hunn.\nHei geet et drëms mat deene Mesure déi mir haut hunn, méi Sécherheet ze hu fir déi geimpften an och fir déi net geimpften, fir datt d'Zesummeliewe wierklech nach kann eng Realitéit sinn, awer mat der gréisster méiglecher Sécherheet.\nA reng sektoriell ass et och net virgesinn?\nDat ass nach eng aner Diskussioun déi ee ka féieren, déi sécherlech méi einfach ze justifiéieren ass.\nNach hu mir relativ héich Tauxen an och keng Problemer, mee dat ass nach eng aner Diskussioun wéi eng generaliséiert an der Bevëlkerung.\nBis elo gi mir dovunner aus, datt mat deene Mesure déi mir en place hunn, mat deene Sécherheetsstandarden déi gëllen, e gudde cordon sanitaire hunn....mam testen a esou weider."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_29_1689600845.mp3", "transcription": "reagéieren an deem mir och antizipéieren.\nd.h. Dir gesitt mir kënnegen haut Mesuren un obwuel d'Zuelen an de Spideeler net katastrophal sinn.\nMee mir wëssen awer mat der Augmentatioun vun de Fäll, mat deem neie Virus, mat, mat, mat,...datt dee Risiko do ass, an dee Risiko wëlle mir net agoen.\nMir wëllen de Risiko net agoen, datt verschidde Leit, déi Kriibs hunn, déi mussen traitéiert ginn, déi Operatiounen hunn, einfach gesot kréien, et geet elo net well mir keng méi Plaz hunn.\nDat muss ee sech och bewosst sinn, eng Iwwerlaaschtung vun de Spideeler bréngt mat sech, dat Leit déi op besser Perspektive waarden annuléiert ginn.\nDofir si mir bereet Chrëschtdag, Januar, oder wann et esou wäit ass, nei Decisioune musse geholl ginn, déi ze huele wann et muss sinn.\nDat hei wäert och...hoffe mir wann elo vill méi Leit geimpft ginn, an och mat deene Recommandatiounen déi mir hunn, mat deem Schnelltest, mat där Woch...probéieren datt mir net "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_2_1689600845.mp3", "transcription": "Virus och staark am Ofwaasser present ass.\nOch wann een dee lien de causalité, deen een virun e puer Méint konnt maachen haut villäicht verfälscht wier, well tatsächlech eng Rëtsch vu Leit geimpft sinn, an e bessere Verlaf kënnen hunn.\nAn dowéinst de lien de Causalité directe tëschent Kläranlagen an Infektiounszuelen, net méi esou etabléiert ass wéi dat am Ufank war.\nMee d'Zuelen vun Infektiounen ginn an d'Luucht, d'Zuel vun der Inzidenz geet och an d'Luucht.\nOch wa mir ënnert der EU-Moyenne leien.\nOch wa mir, wann ee mat aneren EU-Länner vergläicht, haut eng Situatioun hunn, an där mir net am Peleton de tête sinn, vun deene Länner déi di meeschten Infektiounen hunn.\nMir leien do éischter ënnert der Moyenne.\nMee et muss een och wëssen, datt mir ni all sanitär Mesuren opgehuewen hunn."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_30_1689600845.mp3", "transcription": " grad tëschent Chrëschtdag an dem 10.Januar hei zu Lëtzebuerg nees e Lockdown hunn.\nDat ass dat wat mir alleguerte kënnen evitéiere wa mir elo eis druginn.\nVläicht nach kuerz e puer Präzisiounfroen:\nDéi Leit, déi den Johnson kruten, behalen déi hire CovidCheck och wa si d'Boosterimpfung net maachen oder musse si se maachen?\nAm Moment ass se nach net obligatoresch.\nA fir déi mam AstraZeneca? Kënnen déi di elo scho maachen oder musse si waarde bis d'Gesetz gestëmmt ass?\nNee dat ass kee Gesetz. Dat ass haut vum Prinzip decidéiert.\nEch géif just ofwaarden. Ech hunn Iech gesot et si 45.000 Leit,\na wa muer 45.000 Leit an den Impfzenter ginn, a soen de Bettel an d'Lenert hunn eis dat gëschter gezielt. \nElo hätte mir gären de Booster, \nDofir ass et besser et hëllt een e Rendez-vous.\nMee Decisioun ass haut geholl ginn.\nD'Zentre sinn och informéiert ginn.\nAn dat Bescht ass, datt si sech och elo kënnen organiséieren, d.h. datt och méi Stock sur place muss sinn.\nWell dat do riskéiert och nees eng Augmentatioun vun de Leit mat sech ze bréngen, déi hir 3. Dosis wëlle kréien.\nA wat elo d'Evenementer ugeet:\nDir hutt gesot "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_31_1689600845.mp3", "transcription": "David Marques fir de Quotidien\nEng éischt Fro zum AstraZeneca. Dat ass jo elo en \"off label\", wou dann den Dokter d'Reschtresponsablitéit dr��it.\nHutt Dir scho Kontakt mat der AAMD gehat datt dann och déi Responsabilitéit gedroe gëtt dee Moment?\nDee Moment wou mir dat als Santé recommandéieren, switcht déi Responsabilitéit eriwwer bei de Staat.\nEt ass engem Dokter individuell ëmmer méiglech \"off label\" ze handelen, dann engagéiert hien seng perséinlech Responsabilitéit.\nHei ass dat doten eppes wat mir vu staatlecher Säit recommandéieren an dee Moment sinn déi eenzel Dokteren hirer Responsabilitéit prinzipiell entbonnen.\nOk an dann zu de CovidCheck-Evenementer:\nDe Joel Mossong sot am Lëtzebuerger Land d'lescht Woch datt awer scho gréisser foyers d'infection waren.\nAn Ärer Kommunikatioun gouf net dovunner riets.\nKënnt Dir eis do en Iwwerbléck ginn oder war dat eng falsch Ausso? Merci\nNee et ass keng falsch Ausso. Ech menge mir hunn all Woch, déi eng oder aner Infektiounsherden, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_32_1689600845.mp3", "transcription": "an ech hoffen, datt mir muer zu engem Accord kommen.\nDir verstitt, datt ech Iech elo net soen iwwert wat mir diskutéieren a wou nach Punkte sinn déi musse gekläert ginn.\nDat maache mir net op der place publique, dat sinn Diskussiounen déi och muer wäerte stattfannen.\nEch hoffen datt mir zu engem Accord kommen, a wa mir eis net eenege kënnen, dann ass et eis Responsabilitéit et ze maachen, mat oder ouni Zoustëmmung oder Applaus oder liichter Approbatioun vun de Sozialpartner.\nDir hutt Iech elo nach eng Kéier géint eng Impfflicht ausgeschwat, kéint Dir Iech awer virstellen eng Ausweisflicht anzeféieren, d.h. datt d'Personal aus dem Gesondheetssecteur muss uginn\nob se geimpft sinn oder net?\nDat huet jo e groussen Impakt op d'Prise en charge.\nEch hunn nach ee Punkt vergiess, deen iwwert d'Impfen.\nPardon. Mir sinn do am gaangen ze kucken, Dir wësst jo datt d'Base de données-texter jo och virgesinn datt mir net kënne soe mat Lëschte wien geimpft a wien net geimpft ass.\nAn op deem wichtege Punkt wäerte mir och den "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_33_1689600845.mp3", "transcription": "Eng kuerz Réckfro zum contact Tracing:\nStëmmt et dat em di 50% vun de Neiinfektioune vum Contact Tracing mussen identifizéiert gi fir d'Well kënnen anzedämmen?\nDat ass en Informatioun déi eis esou zougedroen ass.\nKënnt Dir dat confirméieren?\nEch kann Iech déi Ziffer elo net genau soen.\nEch weess, datt virun 2 Woche wou et esou séier eropgaangen ass e klenge Retard war dee elo am gaangen ass ofgedroen ze ginn.\nEch kann Iech dat awer elo net mat där Zuel prezis beäntwerten.\nDann nach eng Personaltechnesch Fro:\nMir hunn elo puer Froen un de Gesondheetsministère gestallt, déi 2 Wochen drop, resp. 1 Mount drop nach net beäntwert goufen.\nWësst Dir u wat dat vläicht ka leien?\nDat leit drun datt mir iwwerschwemmt gi mat Ufroen.\nMir hunn heiansdo bis zu 40 Ufroe pro Dag.\nGanz oft déi selwecht Saachen déi an enger klenger Nuance gefrot ginn.\nMir konzentréieren eis och drop fir e gudde Wocherapport hinzekréien.\nDozou hu mir eis engagéiert fir d'Informatiounen ee Mol d'Woch der Ëffentlechkeet opzebereeden "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_34_1689600845.mp3", "transcription": ""} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_35_1689600845.mp3", "transcription": "eng Inzidenz hunn déi erofgeet bei de Leit iwwer 75 Joer, dat ass dat bescht Beispill.\nAn ech mengen dat wat Madamm Lenert virdrun och beschriwwen huet mam Baseng....\nMir hunn haut... also wann een d'Zuele kuckt, da kréien ech direkt gesot: \"Gesitt Dir et sinn esou vill Leit déi geimpft si wéi net geimpft am Spidol\".\nMee déi Leit déi net geimpft sinn, sinn 20% vun der Populatioun.\n20% representéieren d'Hallschent vun deene Leit déi an de Spideeler sinn, tandis que 80% vun der Populatioun representéieren déi aner, d.h. et ass vill méi Risk net geimpft am Spidol ze lande wéi all déi aner.\nMee Applaus erwaarden ech mir keen, ech hoffe just datt mir de Respekt ee vis-à-vis vun deem aneren hunn.\nEch respektéieren hir Positioun, mee ech hunn eng Responsabilité générale vis-à-vis vun der Protektioun vun de Bierger hei, a wou mir zesummen der Meenung sinn, datt déi Mesuren déi sinn déi d'Allgemengheet och protegéieren.\nAn dann elo einfach Sanktiounen ze huele vis-à-vis vun alles zoumaache well mir soss keen anere Wee gesinn, ass dat Lescht wat mir wëlle maachen.\nDat hätte vläicht verschidde Leit \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_3_1689600845.mp3", "transcription": "Dat huet och een Impakt, dee mir kënne gesinn.\nMir hunn an de Spideeler iwwer 60 Patienten, a mir solle net vergiessen, datt mir der virun engem Mount der 37 haten.\nMir gesinn an der Analys och eng gewësse Stabilitéit bei de soins intensifs.\nMir schwanken tëschent 10 a 15 Leit op de Soins intensifs.\nMee mir mussen eis bewoost sinn, datt dat zu all Moment kann änneren.\nMir w��ssen, datt hei mat deenen Zuelen déi mir hunn, 3 méi oder 3 manner, e groussen Impakt och huet am Verglach zu anere Länner.\nDe Wee fir Schlëmmeres ze verhënneren huet sech nach ëmmer net geännert, mir soen dat säit Wochen a säit Méint.\nMir mussen dofir weider suergen, datt méi Leit geimpft ginn, well d'Impfung wierkt.\nMir gesinn z.B. am Moment, datt mir déi héchsten Inzidenz am Alter ënner 12 Joer hunn.\nDat sinn déi di net geimpft sinn.\nMir gesinn "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_4_1689600845.mp3", "transcription": "awer de Contraire z.B. bei deenen iwwer 75 Joer.\nDo hu mir esouguer déi niddregsten Inzidenz, souguer en Inzidenz déi erof geet.\nAn dat ass och déi Kategorie vu Leit, wéi mir jo och wëssen, déi scho geboostet gi sinn.\nAm Resumé: do wou Leit zesumme kommen, ass de Risiko manner grouss wann d'Leit geimpft sinn.\nDéi Leit déi geimpft sinn, hunn e manner grousse Risiko sech unzestiechen.\nAn déi Leit déi geimpft sinn, hunn och e manner grousse Risiko am Spidol ze landen.\nEisen Impftaux geet nach ëmmer net duer, fir eng Iwwerlaaschtung vun de Spideeler kënnen à moyen Terme och auszeschléissen.\nOch wéi ech virdru gesot hunn, d'Situatioun an de Spideeler eng ass, déi nach ze packen ass, kënne mir dat à moyen an a long Terme sëcher net garantéieren.\nA mir héieren, datt awer d'Situatioun och "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_5_1689600845.mp3", "transcription": "Och wann d'Situatioun wéi gesot ënner Kontroll ass, wësst Dir datt mir och nei Mesure geholl hunn.\nWat mir wëlle verhënneren ass ee Lockdown.\nEch soen Iech et ganz éierlech, mir wëllen e Lockdown verhënneren.\nFir eis war dee Prinzip dee mir di läscht Méint schonn haten, an deen haut nach ëmmer dee Richtegen ass: ass esou vill Sécherheet wéi néideg, an esou vill Fräiheet wéi méiglech.\nDofir annoncéiere mir haut och net, datt Schoulen zouginn, mir annoncéieren haut net datt Restauranten zouginn mir annoncéieren och net datt Restauranten um 5 oder 7 Auer zoumaachen, wéi dat a verschidde Länner de Fall ass zoumaachen.\nMir annoncéiere net datt eng Rëtsch vu sektoriellen Aktivitéiten hir Diere mussen zoumaachen.\nMir annoncéieren och net datt Ausgangsspäre kommen, oder soss Limitatiounen, datt Saache mussen ofgeblose ginn annoncéiere mir haut net.\nEch wëll preziséieren datt mir dat haut net annoncéieren, ech kann "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_6_1689600845.mp3", "transcription": "et net ausschléissen, datt mir iergendwann nees nei Restriktioune brauchen, mee am Moment wëlle mir alles maache fir datt mir net zu neie Restriktioune kommen.\nWell eppes hu mir och geléiert déi lescht Méint an dat ass: bei dëser Pandemie kann ee beim beschte Wëllen näischt ausschléissen.\nEt ginn esou vill Inconnuen an et ass d'Pandemie déi, wa mir net oppassen, decidéiert wéi et weidergeet.\nAn dat musse mir packen, datt mir matdecidéiere kënne wéi et weidergeet an net d'Pandemie eis Saachen imposéiert.\nDéi Mesuren déi ech elo wäert annoncéieren hunn en duebele But: deen éischten ass fir den Impftaux weider an d'Luucht ze kréien, an och den Infektiounsrisiko ze limitéieren, a besonnesch och fir vulnerabel a net geimpfte Leit och ze schützen.\nWell mir gesinn dat virun allem net geimpfte Persounen sech mam Virus infizéieren a riskéieren e schwéiere Krankheetsverlaf ze hunn.\nDofir hu mir decidéiert de Covid-Regime däitlech \net net ausschléissen, datt mir iergendwann nees nei Restriktioune brauchen, mee am Moment wëlle mir alles maache fir datt mir net zu neie Restriktioune kommen.\nWell eppes hu mir och geléiert déi lescht Méint an dat ass: bei dëser Pandemie kann ee beim beschte Wëllen näischt ausschléissen.\nEt ginn esou vill Inconnuen an et ass d'Pandemie déi, wa mir net oppassen, decidéiert wéi et weidergeet.\nAn dat musse mir packen, datt mir matdecidéiere kënne wéi et weidergeet an net d'Pandemie eis Saachen imposéiert.\nDéi Mesuren déi ech elo wäert annoncéieren hunn en duebele But: deen éischten ass fir den Impftaux weider an d'Luucht ze kréien, an och den Infektiounsrisiko ze limitéieren, a besonnesch och fir vulnerabel a net geimpfte Leit och ze schützen.\nWell mir gesinn dat virun allem net geimpfte Persounen sech mam Virus infizéieren a riskéieren e schwéiere Krankheetsverlaf ze hunn.\nDofir hu mir decidéiert de Covid-Regime däitlech "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_7_1689600845.mp3", "transcription": "ze verschäerfen.\nMir ënnerscheeden an Zukunft tëschent der Fräizäit an der Aarbecht.\nDofir wäerte mir z.B. op den 2G-System iwwergoe fir alles wat am Loisir ass.\nDorënner falen d'Restauranten, d'Caféen, Kinoen, d'Kultur, Sport an all aner Aktivitéiten déi net zum Beruff gehéieren.\nDen 2G gëllt esou wuel fir Aktivitéiten déi banne stattfannen, wéi och déi di bausse stattfannen.\nChrëschtmäert an Terrasse sinn also elo net op fir Ongeimpfter.\nDat hate mir jo bis elo, datt een awer sech konnt op enger Terrasse installéieren.\nDat geet elo net méi an déi kënne just nach op si fir geimpften oder geheelte Leit.\nOch net professionell Sportler iwwer 19 mussen an Zukunft geimpft oder geheelt si fir hirem Sport am Veräin kënnen nozegoen.\nEgal op bannen oder baussen.\nWéi gesot déi Mesure vum 2G zielen do wou d'Loisirs stattfannen."} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_8_1689600845.mp3", "transcription": "Mir maachen dës Mesuren och fir net geimpfte Leit ze schützen, well de Risiko, datt déi Leit sech och an de nächste Wochen ustiechen ass eng Realitéit.\nDe Risiko datt si e schwéiere Verlaf hunn ass och eng Realitéit.\nAn de Risiko datt d'Klinicken iwwerlaascht kënne ginn ass och eng Realitéit.\nDen 2G-System soll esou séier wéi méiglech och gëllen.\nMir wäerten net bis den 18.Dezember waarden.\nDir wësst jo datt den alen Text bis den 18.Dezember leeft.\nMir wäerten dëse Projet de Loi nach dës Woch an der Regierung adoptéieren, fir en op den Instanzewee ze bréngen.\nFir eis wier et d'Hoffnung datt dee schonn d'nächst Woch vun der Chamber, wann de Vott vum Staatsrot nach kéint kommen,\ndatt dee schonn d'nächst Woch kéint a Kraaft trieden.\nDat heescht mir waarden net bis den 18.\nMir sinn Demandeur fir deen esou fréi wéi "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (29112021).wav_chunk_9_1689600845.mp3", "transcription": "Enn Januar, Mëtt Januar kommen.\nDo kommen nach déi genau Detailer am Text.\nFirwat?\nWell mir de Leit och Zäit wëlle ginn, fir kënne geimpft ze ginn.\nDat heescht datt wann een elo Ugangs Dezember geimpft gëtt, datt en och d'Méiglechkeet huet, déi 5 Wochen zesummen ze hunn fir kënnen och geimpft ze ginn.\nDëst ass fir hinne kënnen d'Méiglechkeet ze gi fir dat kënnen ze maachen.\nMee wéi gesot, den Detail wäert dann am Text sinn, deen dës Woch nach wäert ugeholl ginn.\nD'Regierung ass och a Gespréicher mat de Sozialpartner.\nMir haten déi de Moien um 8 Auer gesinn, fir ze kucke wéi mir dat en Pratique och kënnen ëmsetzen.\nNo enger éischter Reunioun sinn ech optimistesch an ech hoffen datt mir och eng Léisung fannen déi och vun den Employeure kann ënnerstëtzt gëtt an och vun de Vertrieder vun den Employéeën.\nEt ass "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_0_1689675281.mp3", "transcription": "Ech wëll Iech haut ee kuerzen Iwwerbléck ginn, wou mir am Moment bei deenen Dossieren och dru sinn, a wat fir eng Schrëtt d'Lëtzebuerger Regierung geholl huet, respektiv an den nächsten Deeg a Wochen och wäert huelen. \nDir wësst jo, dass beim Punkt Afghanistan och den Defense-Minister a Vize-Premier, den Här Bausch an den Ausseminister, den Här Asselborn, dann, no dëser Pressekonferenz Iech wäerten erklären, wéi do déi lescht Evenement sinn, mee ech wollt awer och dozou selbstverständlech eppes soen. \nZum Covid, ass d'Situatioun nach net fäerdeg. \nMir musse mam Virus liewen, dat ass och eng Realitéit. \nD'Infektioune sinn zanter där Well, déi mir haten fir Nationalfeierdag, konstant zeréckgaangen, bis Mëtt August; do hate mir 50 Infektiounen, de 14. August. \nMir erkennen awer, déi lescht Deeg, eng liicht, awer, eng Hausse, och wa se liicht ass: aktuell, plus ou moins 70 "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_11_1689675281.mp3", "transcription": "De Problem ass am Moment... do sinn Diskussiounen am gaangen. \nDir wësst dass mir do och mam CSMI och do méi Informatioune wëllen, well et ass jo déi selwecht Fro wéi mat der 3. Impfung, wéi geet et do och weider, ... \nDen CSMI ass befaasst vun enger Rëtsch vu Froen an deem dote Kontext. \nD'Antikierper... mir musse just oppassen, dass et och europäesch koordinéiert gëtt. \nWa mir dono e 4G maachen, an déi aner Länner erkennen dann du coup eisen 3G net méi, well si soen, dass eisen 3G net déi selwecht Konditiounen erfëllt wéi déi aner, hu mir e Problem. \nDofir... dat heite si Froen, déi am Beschte um europäeschen Niveau sollten och geléist ginn, an dass een och fäerdegbréngt do dann eben och en... \nDen Delai, z. B. vun 180 Deeg, ass jo elo z. B. bei Genesen, mee dass een do och eng Uniformitéit huet. \nAn dat ass eben de But. \nMee wéi gesot, den CSMI ass permanent befaasst mat neie Froen, wou mir eis ... \nAm Moment gi jo déi Leit, déi eng Immunodefizienz hunn, oder déi wierklech ganz ganz al sinn... \nalso am Moment ass d'Immunodefizienz, mee elo kënnt d'Fro ob och nach eng 3. Impfung muss kommen oder net. \nDo hu mir de "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_12_1689675281.mp3", "transcription": "Dee wierklech probéiert huet – déi lescht Joren op jiddwer Fall wou ech och an dëser Regierung sinn... \nD'COP 21 zu Paräis, ech mengen, mir haten... d'Carole Dieschbourg hat d'Presidence och vun den Ëmweltministeren, huet do d'Delegatioun och gefouert, – ëmmer gekuckt fir ambitiéis Ziler ze hunn. \nDat schlëmmst wat mir kéinten hunn, ass dass just ee Land oder zwee Länner géifen elo soen: \"Mir wëlle méi ambitiéis Ziler hunn\", an dann déi aner net nozéie géifen. \nWell am Moment hu mir et fäerdeg bruecht, dass, duerch d'COP 21 an duerch de President Biden, nees Amerika bäikomm ass, China ass am Moment dobäi, dass mir awer eng Unitéit hunn weltwäit, déi sech Ziler gesat hunn. \nEisen nationale Plang ass an onsen Aen ambitiéis, ass an onsen Aen deen deen et fäerdeg bréngt op jiddwer Fall an déi richteg Richtung och ze goen, andeems mir eis... et ass net vun haut op muer, Dir gesitt jo och z.B. beim Tanktourismus, Dir gesitt och beim Bauen, Dir gesitt... et si Contrainten, déi bäikommen, déi vläicht net jiddwerengem gefalen, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_13_1689675281.mp3", "transcription": "Sujet kommen, deen eis iwwert de Summer beschäftegt huet: dem Vizepremier Kersch seng Propose fir eng Corona-Steier. \nDir hat Iech schonn am Juni, mengen ech, Enn Juni relativ kritesch geäussert, d'Thema ass awer nach ëmmer do. \nWéini wëllt Dir do tranchéieren? Oder wéi geet déi Diskussioun weider ganz ronderëm d'Bezuele vun der Kris, Steiergerechtegkeet, etc. ? \nWéini kann een do mat engem produktiven Enn vun der Diskussioun rechnen? \n[Xavier Bettel]\nDir musst en Ënnerscheed maachen tëscht der Steiergerechtegkeet – Dir wësst, dass mir jo och eng réforme fiscale wollte maachen, ebe fir do verschidden Inegalitéiten och aus der Welt ze schafen, dass déi awer duerch d'Pandemie schwiereg ka gemaach ginn. \nDo muss ee kucken, ob een do verschidden Modussen huet, fir Steiergerechtegkeeten vläicht méi no beieneen ze bréngen, dat ass dat wat d'Regierung och an deenen nächste Méint wäert maachen, well d'Steiergerechtegkeet eis och wichteg ass. \nAn ech géif awer net d'Steiergerechtegkeet mat enger Corona"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_1_1689675281.mp3", "transcription": " Fäll den Dag. \nMir gesinn och, dass eng Hausse do ass duerch d'Retours de vacances, dat heescht d'Leit, déi an d'Vakanz gefuer sinn, a mir wäerten och, dat brauch een net ze verstoppen, an deenen nächste Wochen nees eng Hausse kréien, och well de Retour des vacances jo och méi grouss och gëtt. \nMir hunn dat och schonn 2020 kannt, an dat solle mir eis och bewosst sinn. \nD'Zuel vun den Tester pro Dag ass och déi lescht Woch erofgaangen, esou dass déi.... aktuell op tëscht 4.000 a 5.000 Tester och den Dag sech esou stabiliséiert hunn. \nTrotzdeem läit de Positivitéits-Taux vun den Tester weider niddereg. Mir leien nach ëmmer ënnert 2%. \nWann een dat zum Beispill vergläicht mat eisen Noperen, leie mir do zimmlech gutt. \nMee trotz deene Mesuren, ass, wéi gesot, trotz där Situatioun, trotz deenen Zuelen, ass et net de Moment fir ze soen, dass alles sollt nees "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_2_1689675281.mp3", "transcription": "Infektiounen hunn, déi eng Realitéit och ass, mir gesinn awer och am \"Stringency index\", am Verglach zum Ausland, dass mir hei och nach vill Fräiheeten hunn, an dir wësst, dass dat eng Suerg ass vun dëser Regierung, dès le départ, dass ëmmer gekuckt gëtt, Fräiheeten a Restriktiounen mateneen op ee gemeinsamen Nenner ze bréngen. \nEt bleift wichteg z'ënnersträichen, dass d'Impfung wierkt. \nWa mir keng Impfung hätten, hätte mir haut wierklech och eng ganz aner Situatioun, an dat spigelt sech och am Fong bei den Infektiounen erëm. \nWann ee kuckt: am Moment sinn d'Kategorien 15-29 an d'Kategorie 30-44, déi déi am meeschte betraff sinn bei den Infektiounen, an dat sinn och déi Kategorien, déi am mannste geimpft gi sinn. \nËmgedréint gesäit een, dass deen niddregsten Inzidenz-Taux bei de Leit ass iwwert 70 Joer, an dat ass och déi Tranche vu Leit, déi am meeschte geimpft gi sinn. \nDe Contacttracing weist weider, dass déi meescht Ustiechungen och am familiäre Kader stattfannen, an "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_3_1689675281.mp3", "transcription": "dee ka geimpft ginn iwwert 12, ob dat Residente sinn oder och d'Frontalieren sinn. \nA Stand haut, kruten zu Lëtzebuerg 407.272 Persounen eng éischt Dosis vum Vaccin an 387.107 Persoune si komplett geimpft. \nBei de Persounen iwwert 40 Joer hu mir eng Couverture vaccinale, déi no bei 79,9% läit, a mir hunn och 2.140 Frontalieren, déi decidéiert hunn hei zu Lëtzebuerg geimpft ze ginn. \nEt ginn och nei Méiglechkeete jo fir geimpft ze ginn. Mir hu jo am Ufank d'Leit jo an d'Impfzentere geruff, dunn, elo kënnen d'Leit spontan, och ouni Rendez-vous an d'Hal Victor Hugo goen. \nDir hutt jo gesinn, déi éischt Deeg hat dat och ee grousse Succès. De Succès ass nach ëmmer do, et sinn nach ëmmer ganz vill Leit, déi sech spontan presentéieren. \nDen Impf-Bus, dee fiert op déi verschiddenste Plazen. Ech hunn den Agenda gekuckt, wou den Impf-Bus elo déi nächst Wochen och w��ert fueren: dat geet vun \"Fun um Glacis\" bis de Fussballmatch, bis "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_4_1689675281.mp3", "transcription": "Héichwaasser, also, ass ee Punkt, deen eis alleguerten markéiert huet, virun e puer Wochen, \na mir sinn eis bewosst, dass den Covid all Dag eis markéiert, all Dag dës Noriichten mat en Element sinn, mee mir kënnen net vergiessen, wat virun e puer Wochen och hei geschitt ass. \nMir gesinn, de Klimawandel ass och eng Realitéit hei zu Lëtzebuerg. Mir hunn... säitdeem ech Premier sinn, hate mir Tornadoen..., \nAlso et huet net de Lien de causalité, mee mir gesinn, dass de Klimawandel eng Realitéit och hei ass, zu Lëtzebuerg, déi Tornadoen, déi Iwwerschwemmungen... mir mussen agéieren. \nMir mussen agéieren, an Dir wësst, dass fir eis och mat alle Mëttelen, d'Limitatioun vun der Äerderwiermung muss en Combat commun sinn, net nëmme fir déi nächst Generatiounen, mee och iwwerhaapt fir d'Liewensqualitéit och kënnen ze garantéieren. \nAn dofir ass et och ganz ganz wichteg, dass mir weider preventiv Mesuren ergräifen, fir d'Bierger virun Naturkatastrophen och besser ze schützen, dat ass en anert Element wat ganz ganz "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_5_1689675281.mp3", "transcription": "de concernéierten Verwaltungen den Optrag ginn, fir am Fong d'Gestioun vun der Kris och opzeschaffen, ënnert der Leedung vum Haut-Commissaire à la protection nationale. \nHaut hu mir deen éischte virleefegen Bilan och gezunn, wat gutt funktionéiert huet a wat mir am Fong nach kënne verbesseren, do wou nach Nachholbedarf och gëtt. \nAn déi involvéiert Acteuren hunn an hirer Analys am Fong Elementer och analyséiert, wou et ze verbessere gëtt. \nSi hunn och kloer Piste mat verschidde Recommandatioune och schonn ervirgehuewen. \nEis Verwaltunge schaffen, an dat wësse mir, och op Héichdrock, um Traitement vun den Demanden, déi d'Privatleit, d'Entreprisen an d'Gemengen och eragereecht hunn ,fir hire Schued ze deklaréieren an eng staatlech Aide unzefroen. \nWéi bei de leschte Katastrophen, huet och d'Regierung séier d'Decisioun geholl fir déi néideg Suen hei zur Verfügung ze stellen, fir den Affer séier an och onkomplizéiert kënnen ze hëllefen. \nMir hunn direkt eng Enveloppe vu 50 Milliounen "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_6_1689675281.mp3", "transcription": "D'Estimatioun vun de Schied aus alle Beräicher, déi der IGF am Moment virleien, leie bei 49 Milliounen Euro. \nWéi gesot, dat ass eng virleefeg Estimatioun, déi souwuel no uewen, wéi och no ënne ka variéieren. \nIwwert 14 Milliounen sinn elo schonn engagéiert. \nMat deenen doten Zuelen, kënnt Dir Iech virstellen... \nMir haten haut de Moien och eng Diskussioun, an dunn huet den Här Gramegna eis d'Propose gemaach, dass d'Enveloppe och sollt fir d'Besoinen ugepasst ginn op 100 Milliounen, d.h. dass mir vu 50 op 100 Milliounen eng weider Enveloppe fräistellen. \nMir hunn am Moment vun de Privatleit eng 143 Demanden, déi erakomm sinn. \nAll Dag kommen do weider Demanden eran. \nDéi Leit wunnen an enger ganzer 30 Gemengen, wat nach eng Kéier déi national Ausmooss am Fong vun dëser Katastroph och weist. \nAn de Montant vun dësen Demanden ass am Moment nach net méiglech z'estiméieren. \nEppes ass awer scho kloer, dat ass wann een d'Zuel vun den Demanden och kuckt an och eben de Montant "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_7_1689675281.mp3", "transcription": " vun de Schied, d.h. d'Unzuel vun de Schied, déi och komm sinn, dass nach ni sou eng Naturkatastroph zu Lëtzebuerg virdrun eng Realitéit war. \nD'Direction des classes moyennes huet insgesamt eng 150 Demanden vu Betriber erakritt, oft och nëmmen em Rot gefrot, \nhaaptsächlech aus dem Horeca-Beräich, dem Artisanat an och dem Commerce. \nBei den Aiden fir d'Betriber si 16 Betriber, déi och schonn en Acompte ausbezuelt kruten an enger Gesamthéicht vu 600.000 Euro. \n17 Demande sinn och nach en Cours de traitement am Moment. \nAn der Landwirtschaft sinn eng 153 Demanden erakomm fir finanziell Hëllef. Estimatioun: 1,65 Milliounen Euro. \nBei den ëffentlechen Gebaier, ginn d'Schied op ronn 10 Milliounen Euro estiméiert an d'Schied un den ëffentleche Stroossen a Vëlosweeër ginn op 16 Milliounen chiffréiert. \nD'Schied vun de Kläranlagen a Kanalisatioune gëtt aktuell op knapp 4,8 Milliounen Euro geschätzt. \nBei "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_8_1689675281.mp3", "transcription": "D'Bierger sollen nämlech an Zukunft – et ass jo eng App, d.h. a mir wësse wéi de Succès vun der App och war... – d.h. an Zukunft ass de But dass een eng SMS och ka kréien, oder mam \"Cell broadcast\" gewarnt ginn. \nSou kënne mir nach méi séier eng grouss Mass u Leit erreechen, ouni dass si eng App mussen eben installéieren. \nEng aner Prioritéit ass och d'Versuergung mat Elektrizitéit, och bei gr��isseren Iwwerschwemmungen, och ze garantéieren. \nD'Zil ass et, dass mir bei enger nächster – an ech hoffe selbstverständlech, dass mir keng hunn – mee bei enger méiglecher nächster Katastroph besser opgestallt sinn, fir nach Schied villäicht kënnen ze verhënneren, an nach eng Kéier, Mënscheliewen ze schützen. \nMir dierfen an deem Dossier och keng Zäit verléieren. \nDéi ausgeschafften Analys wäerte mir och mam Haut-Commissaire, deen de Lead hei geholl huet, finaliséieren, a mir wäerten déi dann och der Chamber presentéieren, fir d'Analys vun der Situatioun, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing nom Regierungsrot (25082021).wav_chunk_9_1689675281.mp3", "transcription": "Gemeinschaft huet et net fäerdegbruecht e stabillen an nohaltege Projet fir eng Zukunft vu senge Bierger, vun deem Land och kënnen ze realiséieren. \nA mir hunn alleguerten, an och Lëtzebuerg, eng Verantwortung vis-à-vis vun deene Leit, \ndéi och hiert Liewe riskéiert hunn, fir d'NATO-Missiounen och am Afghanistan z'ënnerstëtzen, \na mir hunn och eng Verantwortung vis-à-vis vun eise Staatsbierger a Residenten och am Afghanistan. \nAn Dir wësst, dass mir déi lescht Deeg och alles ënnerholl hunn, fir dës Leit esou séier wéi méiglech sécher zeréck op Lëtzebuerg ze bréngen. \nMir stoungen all Moment a Kontakt mat den Autoritéiten aus eisen Nopeschlänner, wou mir konnten Hëllef kréien. \nMir hu mat de Belsch, mat den Hollänner, mat de Fransousen, mat den däitsche Kolleegen ganz ganz vill Echange gehat, och mat den Englänner hate mir vill Echangen, fir ze kucke wéi mir kéinten am Fong d'Leit sécher op de Fluchhafe bréngen an dann zeréck an Europa. "} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (1).mp3", "transcription": "deen, dass mer zanter der leschter Tripartite awer ëmmer méi an eng ganz schwéier Kris gerutscht sinn. \nEch mengen et ass déi schwéierste Kris, déi mir hunn zanter Joerzéngten. Se ass e Sträppche méi schwéier wéi d'Finanzkris 2009 an mir hunn et hei ... fir eis war et hei immens wichteg dass mer d'Inflatioun hei zu Lëtzebuerg bremse kënnen. \nMir hunn fir d'Leit d'lescht Joer am September decidéiert e Plafonnement vun den Energiepräisser ze maachen.\nDat ass bei de Leit ukomm. Dat huet och gutt funktionéiert. Bei de Betriber huet de Plafonnement, huet deen ... dee war jo net fir déi virgesinn. Do gouf et d'\"Aides énergies\" an do ass gesi ginn, dass déi awer haaptsächlech fir ganz grouss Betriber do waren an net fir kleng a mëttel Betriber ukomm sinn, d.h. dee Betrib huet net nëmmen seng normal \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (10).mp3", "transcription": "klimafrëndlech Strukturen investéieren an dofir d'Fotovoltaik um Daach, kënnt der am Moment 10 Kilowatt sinn och steierfräi. Dat wäert verdräifacht ginn op 30 Kilowatt, d.h. dass och Leit méi incitéiert gi fir d'Saachen anzespeisen, well dorëms geet et jo, och an de Reseau, wat eis och alleguerten hëlleft.\nAn deem Ganze solle mer och net vergiessen, dass mer gekuckt hunn, beim REVIS och den RPGH an och bei den Altersheemer, mir mussen evitéieren, dass bei den Altersheemer, dat hu mer jo scho fir dëst Joer decidéiert, dass och d'Präisser vun den Altersheemer net explodéieren, dofir ass och déi selwecht Hëllef, déi dëst Joer virgesi war och fir d'nächst Joer virgesinn. D'\"Prime énergie\" gëtt och weidergefouert bis Enn 2024 an och dass e \"Crédit d'impôt\" CO2-Steier fir déi nidderegst Akommes - do wäert den Här Bausch dann och méi an den Detail goen.\nAn dann ass och nach eng Mesure, déi gewiescht war, déi am Moment am europäesche Kader ass, dat ass bei den Energiehëllefen, wou mir och déi selwecht \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (11).mp3", "transcription": "Dispositioune wäerten huelen, déi um europäeschen Niveau och decidéiert gi sinn.\nDir gesitt, et ass mat deene Moyenen, déi mer hunn, mat deene Mesuren, déi mir hunn, Eppes, wou mir wierklech gekuckt hunn, och dass d'Sozialpartneren sech zesummefannen an ech wëll wierklech net d'Equatioun maachen, wat deen een oder deen anere kritt huet, well de But ass, dass mer onst Land, eis Wirtschaft, an déi Leit, déi hei schaffen, weider stäerken.\nEt ass am Interêt vun ons alleguerten, mee mir kënnen et net maachen och an deem mer géife soe mir maachen et op Kredit fir déi nächst Generatiounen.\nEch mengen et gëtt ëmmer eng \"Contrainte budgetaire\", déi do ass a mir hunn et fäerdegbruecht zesummen an engem Accord an dofir wëll ech d'Sozialpartner Merci soen.\nEch wëll net soen, dass dat dee schéinste Kaddo ass, deen ech bis elo kritt hunn haut, mee et ass awer dass mer et fäerdegbruecht hunn, dass mer zesummen een Accord ze fannen, et ass fir mech een Zeechen, dass wann et wierklech dorëms geet zesumme Léisungen ze sichen, a Situatioune wou et awer kritesch ass a ganz vill Bierger sech d'Fro stellen, wéi geet et Muer weider?\nMer gemeinsam Léisunge fannen\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (12).mp3", "transcription": "Merci Här Premier an, jo, vu menger Säit och ... Ech sinn immens frou iwwert den Accord, dee mir haut hei konnte fannen.\nEch mengen déi Gespréicher, déi mer haut hei haten, déi hu wierklech an enger exzellenter Atmosphär och stattfonnt.\nSou Negociatiounen, dat ass dann ëmmer e Kompromëss vu mengem Point de vue an ech mengen, do si mer eis alleguer Eens, ass dat heite wierklech e ganz gudde Kompromëss.\nEn ënnerstëtzt d'Leit. En ënnerstëtzt d'Stéit. En hëlleft den Entreprisen och.\nEch mengen eis Wirtschaft an dass déi sech weider och kompetitiv an attraktiv bleift, ass eis extrem wichteg.\nMir hu Mesuren am Logement geholl. Mir wëssen dass mer e Logementsprobleem hunn, och dat ass ganz wichteg.\nVilläicht nach eng Kéier ganz kuerz de Constat, dee mer hei musse maachen, well mir sinn trotzdeem nach a ganz onsécheren Zäiten.\nMir kënne glécklecherweis soen, dass mer net méi vu Rezessioun schwätzen. Mir schwätzen net \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (13).mp3", "transcription": "méi vun \"Stagflation\".\nMir sinn an engem Zenario, wou trotzdeem mer gesinn, dass mer eng gewësse Croissance hunn an do si mer natierlech ganz frou doriwwer. Mir gesinn, dass déi Mesuren, déi mer mat de Solidaritéitspäk 1 an 2 geholl hunn, fir d'Leit a fir d'Entreprisen, och wierklech gegraff hunn.\nWéi de Premier gesot huet: mir hunn déi nidderegst Inflatioun an Europa an ech mengen dat ass och wierklech, well déi Mesuren, déi mer geholl hunn, och zesumme gegraff hunn.\nD'Mesuren adresséieren eng Partie wierklech vun den Defien, déi mer an dësem Land hunn.\nFir mech ass an deem Ganze wat mer hei gemaach hunn ganz wichteg, dass d'Dette trajectoire, dass mer an där Trajectoire bleiwen, déi mer eis och ginn hunn an der Koalitioun.\nDir wësst am Koalitiounsaccord steet, dass dat net däerf méi héich wéi 30% par Rapport zum PIB goen.\nDat ass mat deem heiten \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (14).mp3", "transcription": "Accord voll a ganz respektéiert. mir wëllen eis Zukunft net hypothekéieren.\nMir bleiwen do drënner. Dat ass fir mech ganz wichteg.\nDéi grouss Mesure, déi mer dann elo hei effektiv geholl hunn, ass d'Barèmesupassung un d'Inflatioun ab 2024 2 an eng hallef Tranche.\nEng Komplettupassung ass net méiglech. Dofir ass effektiv kee Sputt. Dat ass a bleift effektiv wouer.\nMee mat dëser Mesure a mat dëser Upassung bréngt et natierlech ganz kloer Entlaaschtungen - fir d'Leit nohalteg z'entlaaschten. D'Leit kréie méi Kafkraaft D'Leit kréie méi Kafkraaft. Et kënnt natierlech och de Betriber ze gutt.\nDat ass dann eng deelweis Upassung oder Berengegung vun der Inflatioun an ech mengen dat ass wierklech eng ganz, ganz wichteg Mesure \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (15).mp3", "transcription": "kafe wëllen.\nEt muss ee bemierken, dass hei de Montant effektiv wärend 20 Joer net ugepasst ginn ass.\nDofir ass dat och eng Mesure, déi eis wichteg ass.\nEng 2. Logementsmesure: wat d'Scholdzënsen ugeet. D'\"Intérêts hypothécaires\".\nVu d'Evolutioun effektiv vun den Zënsen, gëtt de Plaffong vun den Zënsen, déi een dann ofsetze kann, dee Plaffong vun 2.000 op 3.000 Euro eropgesat. \nDat ass also 50% erop gesat, de Maximum vun deem wat een hei ofsetze kann.\nDës Mesure wäert dann och retroaktiv op den 1. Januar zielen.\nEt kann also op der Steiererklärung fir dëst Joer, also 2023 scho geltend gemaach ginn.\nDëst ass dann och wéi gesot eng direkt Reaktioun op d'Augmentatioun vun den Zënsen a kënnt \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (16).mp3", "transcription": "Eng 4. Mesure an ech mengen d'Ministere wäerten dann och villäicht méi am Detail do drop agoen: op der Fotovoltaik. De Premier hat et och mentionéiert.\nHei geet et dorëms déi energeetesch Transitioun konkret z'ënnerstëtzen an z'acceleréieren. \nEch mengen dës Mesure ass wierklech och eng Vereinfachung fir d'Leit, wa mer da vun 10 op 30 Kilowatt dee fräie Betrag dann eropsetzen.\nWat dann d'Tripartite-Mesuren ugeet, ech mengen de Premier huet dat schonn erkläert: d'Energiemesuren, déi mer dann ëm 1 Joer weiderféieren. Ech mengen dat ass wierklech extrem wichteg, well de But hei natierlech och ass a bleift, dass mer déi Inflatioun am Grëff behalen a mat där Mesure laut Statecsberechnungen dann och d'Inflatioun vu 4,8 op 2,8%"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (17).mp3", "transcription": "kënnen niddereg halen oder erof bréngen an domadder wär dann och eng Indextranche reportéiert, well déi Mesuren dann eben an deem Sënn och solle gräifen.\nD'Kompensatioun vum 3. oder vum Index, deen da soll am Hierscht fale fir d'Entreprisen, déi Mesure leeft dann iwwert d'Mutualitéit vun den Employeuren.\nDat ass dee Wee, deen am einfachsten ass fir dat ze maachen.\nMir hunn dann och an der Tripartite decidéiert, dass och fir de Januar nach ee Mount da weider kompenséier gëtt an ech mengen dat ass wierklech am Interêt vun den Entreprisen. Dofir ass dat och ganz wichteg.\nD'Altersheimer ginn dann och weider ënnerstëtzt fir d'Energiekäschten am Grëff ze halen.\nDe Premier hat dat och mentionéiert\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (18).mp3", "transcription": "D'Primm Energie gëtt weidergefouert.\nDëst an d'nächst Joer. Den Equivalent REVIS an RPGH fir d'\"Personnes handicapées\" gëtt dann och weidergefouert fir dëst an d'nächst Joer.\nDéi Mesuren, de Pak, dat ass natierlech elo alt nees kee bëllege Pak, mee mir wëllen natierlech hei wierklech konkret awierken dann am Interêt vun de Leit, am Interêt vun den Entreprisen.\nMir schwätzen hei vu Ronn eng hallef Milliard Euro, déi mer dann all Joers an d'Hand huele fir dat heiten ze maachen.\nFir mech, ech stinn absolut hannert dësem Accord.\nMir maachen hei Eppes wat responsabel ass. \nMir maachen Eppes wat realistesch ass. \nMir maachen Eppes wat solidaresch ass an ech mengen dat ass wichteg fir d'Zukunft \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (19).mp3", "transcription": "Jo, Merci. Ech faasse mech ganz kuerz. Den Detail vun de Mesuren hutt Dir héieren an dee gréisste Succès a mengen Aen haut den Owend ass, dass mer hei gemeinsam stinn, dass mer et fäerdegbruecht hunn an et muss ee soen, a ganz schwieregen Zäiten. \nOch wann mer eng liicht Verbesserung gesinn, duerf een net aus den Ae verléieren, dass mer matten an enger ongewësser Zäit si mat extrem ville Suergen op de Säite vun de Bierger, ma och vun de Betriber an do ass et un sech dat wat zielt, dass mer zesummefannen, dass mer kënne räsonabel diskutéiere wat mer mat deene Méiglechkeeten, déi mir hunn am beschte kënne maachen.\nDir hutt et héieren: Mir hunn hei souwuel kuerzfristeg Mesurë geholl fir dem Kafkraaftverloscht entgéintzewierke fir d'Inflatioun och weider ze drosselen.\nDat ass dat wat de Succès war vum leschten Accord, dee mir fonnt hunn, wou mer et fäerdegbruecht hunn an enger Situatioun ze sinn, déi awer hiresgläichen an Europa am Moment sicht, an awer och en 1. Schrëtt ze maachen a Richtung vun enger struktureller Reform um Niveau vun de Steieren.\nEng Upassung, déi eben der kaler Progressioun entgéintwierkt , déi längst iwwerfälleg \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (2).mp3", "transcription": "choc inflationniste - mer géifen nees zesummekommen oder wann eng drëtt Indextranche och Enn dës Joers géif erfalen, dass mer och géifen zesummekommen. Déi Konditioune waren erfëllt an dowéinst ass och dës Reunioun organiséier ginn.\nMir haten 2 Bipartitten op Demandë vun de Sozialpartner. Vun där enger, vun där anerer Säit.\nEch muss Iech awer och soen, dass bei de Conclusioune vun de Bipartite komm ass, dass et besser ass, dass mer an Tripartitten zesummen diskutéieren, well d'Experienze vun de Bipartitten hunn awer och eng Vertrauensbasis erschüttert, déi net onbedéngt gutt ass wann ee wëll zesummen och een Accord fannen.\nDofir sinn ech och ganz frou, dass mer et fäerdegbruecht hunn déi Tripartite och sou z'organiséieren.\nEch weess, dass Dir Iech direkt d'Fro stellt \"Wat war dann elo alles um Ordre du jour nieft deenen 2 Punkten, déi jo waren?\"\nEch hunn och de Sozialpartner de Moien erkläert, dass fir d'Éischt \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (20).mp3", "transcription": "da gi mer jo e Signal, datt fir dëst Joer a fir d'nächst Joer, déi Leit, déi z.B. decidéieren, an hiren Haiser Saachen ze maachen, z.B., um Niveau vun hirem Heizsystem an iwwerzeschwenken op en méi nohaltegen Heizsystem z.B. datt déi sech fir dëst Joer a fir d'nächst Joer net brauche grouss Suergen ze maachen, datt se eng grouss Stabilitéit hunn op de Präis an dat ass extrem wichteg natierlech fir datt mer d'Leit weider uspornen, datt d'Leit och déi Garantien hunn.\nDat huet awer och e groussen Impakt op eis Ekonomie. \nWell wann ech dat soen, da soen ech dat, well ech den Ament weess, datt an der Baubranche an an der Handwierksbranche, d'Demande richteg explodéiert ass an deene Beräicher an datt d'Leit ufänke richteg matzemaachen. Datt d'Handwierksbetriber an d'Baubranche nach dovunner profitéieren an domadder gi mer natierlech och duerch de Fait, datt mer dat dote maachen, eng ganz grouss Garantie, datt an der Baubranche an am Handwierk, an deene Beräicher, wou dat dote muss kënnen installéiert ginn, datt déi, déi nächst 2 Joer gutt kënne schaffen.\nAlso e wichtegt Instrument niewent natierlech all aneren, déi \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (21).mp3", "transcription": "Dat wat mer hei gemaach hunn, dat ass un sech näischt Neies, well mir hunn dat jo decidéiert gehat deemools, wéi mer d'CO2-Steier agefouert hunn, datt 50% vun de Recettë vun där Steier missten obligatoresch genotzt ginn fir deenen ënneschten op der Lounskala, deene Leit, deenen et manner gutt geet, fir datt déi Suen och zeréckkréien, dat deene gehollef gëtt. \nDat hu mer gemaach, wéi mir et agefouert hunn, an der 1. Phas. Dat ass bei der 2. Phas gemaach ginn an et ass och dëst Joer dran.\nDat ass verschafft an deem \"Crédit énergie\", deen et haut scho gëtt, deen am Abrëll ausleeft. Mee de Montant, deen do dran ass, deen ass esou héich, datt d'ganzt Joer ofgedeckt ass. Mee fir datt mer eng besser Visibilitéit dovu kréien, wäert d'nächst Joer am Budget dat e separate Kredit ginn an dat ass och wichteg fir an Zukunft, wann eng nächst Regierung weider Schrëtt wëll maachen, datt jiddweree kann novollzéien, ëmmer ka kucke goen a kontrolléiere goen, ob d'Regierung och hiert Verspriechen hält, datt 50% vun deene Recetten, déi do erakomme musse fir sozial Zwecker \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (22).mp3", "transcription": "Dat wat mer hei gemaach hunn, dat ass un sech näischt Neies, well mir hunn dat jo decidéiert gehat deemools, wéi mer d'CO2-Steier agefouert hunn, datt 50% vun de Recettë vun där Steier missten obligatoresch genotzt ginn fir deenen ënneschten op der Lounskala, deene Leit, deenen et manner gutt geet, fir datt déi Suen och zeréckkréien, dat deene gehollef gëtt. \nDat hu mer gemaach, wéi mir et agefouert hunn, an der 1. Phas. Dat ass bei der 2. Phas gemaach ginn an et ass och dëst Joer dran.\nDat ass verschafft an deem \"Crédit énergie\", deen et haut scho gëtt, deen am Abrëll ausleeft. Mee de Montant, deen do dran ass, deen ass esou héich, datt d'ganzt Joer ofgedeckt ass. Mee fir datt mer eng besser Visibilitéit dovu kréien, wäert d'nächst Joer am Budget dat e separate Kredit ginn an dat ass och wichteg fir an Zukunft, wann eng nächst Regierung weider Schrëtt wëll maachen, datt jiddweree kann novollzéien, ëmmer ka kucke goen a kontrolléiere goen, ob d'Regierung och hiert Verspriechen hält, datt 50% vun deene Recetten, déi do erakomme musse fir sozial Zwecker \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (23).mp3", "transcription": "Ech maachen et och ganz kuerz. Ganz, ganz kuerz. Versprach. An ech zielen och keng Mesurë méi op.\nEch soen Iech e grousse Merci fir Är Presenz nach an Är Gedold de ganze laangen Dag. Dat ass eis jo och wichteg, dass mer kënne matdeelen, firwat mir Accorde fannen a wat déi Prämisse sinn, déi dann elo fir meng Organisatioun sinn, déi erfëllt gi sinn a firwat mer da kënne soe mir deelen deen Accord.\nEch wëll awer virausschécken, dass mer natierlech an et gëllt och fir d'Kolleegen, nach bei eis Gremie ginn, de prinzipiellen Accord huelen e Méindeg, awer mir hunn e \"Projet d'accord\" virleien.\nDräi Prämissen ware fir eis erfëllt. Dat 1. an dat huet de Premierminister direkt am Ufank gesot, dat war wichteg, do iwwerraschen ech Iech elo net, den Index spillt erëm normal, och 2024.\nDat war fir eis natierlech e ganz grousse Succès, dass hei an engem Accord dräi Parteien sech bekennen dozou, dass den Index-Mechanismus och am Joer 2024 normal spillt \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (24).mp3", "transcription": "an dass mer e bësse Rou kréien, wann alles gutt leeft op deem Punkt bis 2025 an dat ass eng vun eise ganz wichtege Fuerderungen, déi erfëllt war.\nZweet grouss Fuerderung, dat sinn d'Energiehëllefen.\nDo ass jo méi wéi e Phasing out. Mir si carrement bei enger Verlängerung ëm e ganzt Joer.\nDat ass gutt.\nDat erfëllt och dat wat mir am Fong och d'lescht Joer an der Tripartite ëmmer gesot hunn.\nEt hëlleft de Leit, et bremst d'Inflatioun of an dat ass och e Succès vun dësen Diskussiounen an deen 3. Punkt ass déi Diskussioun ronderëm de Barème.\nJo, do wësst der, mir haten d'Adaptatioun vum Steierbarème un d'Inflatioun gefuerdert an haut de Moie war et Mol nach net ganz sécher, ob et op der Dagesuerdnung wier.\nDat heescht mir hunn hei och e Succès.\nMir hunn een Ufank vun där Adaptatioun un de Steierbarème deen elo do ass. \nDat war ganz, ganz laang Joren net de Fall a mir hunn ëmmer vill dofir gestridden an et ass och Dank dem Drock vun de Gewerkschaften, muss ee soen, dass mer hei \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (25).mp3", "transcription": "Merci. Mir hunn en Resultat vun der Tripartite haut virleien, wat en ligne ass mat deenen Accorden, déi mer d'lescht Joer am Mäerz geholl hunn, an och am September vum leschte Joer.\nMir hunn ëmmer erëm Léisunge vis-à-vis vun de Situatioune fonnt. Mir sinn - an dat ass schonn e puer mol gesot ginn - an enger schlëmmer Kris, warscheinlech der schlëmmster Kris insgesamt gesinn an de leschten 3 Joer, duerch déi Lëtzebuerg gaangen ass zanter laangem. Ech wëll direkt hei soen, dass den LCGB dat hei als ee gudden Accord gesäit, dee mir och d'nächst Woch Méindeg eise Gremie wäerte virleeën. Niewent deene Mesuren am Logement ass natierlech besonnesch den Energiepräisdeckel bis den 31. Dezember 2024, deen un sech ... déi Verlängerung.\nDat bréngt an enger imprevisibeler Situatioun eng grouss Previsibilitéit fir d'Leit, déi hei am Land mussen ënnert deene Konditioune liewen.\nMir kréien d'Inflatioun erëm gedeckelt, et ass deen eenzegen Deckel, wou mir un sech frou sinn, dass mer e kréien, wann ech dat \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (26).mp3", "transcription": "sou dierf soen a mir hunn an dësem Accord kloergestallt, dass eisen Indexsystem ofgeséchert ass a voll ka spillen. Mir kréie strukturell Verbesserungen am Steierbarème, déi op den 1. Januar 2024 a Kraaft trieden, an der Héicht vun 2,5 Indextranchen, déi adaptéiert ginn a mir hunn fir dëst Joer e \"Crédit d'impôt\" an der Héicht vun 2 Indextranchen, deem dëser Adaptatioun dann entsprécht an deen direkt de Leit dann ze gutt kënnt.\nNiewent eng Rei vun anere Mesuren, déi elo scho genannt gi sinn, wéi de Crédit d'impôt CO2, well ech un sech soen, dass d'Prioritéite fir den LCGB an dëser Tripartite erreecht sinn: dat ass d'Kafkraaft vun de Leit stäerken an duerch déi Hëllefen, déi och a Richtung vun de Betriber ginn d'Existenzen, d'Aarbechtsplazen ofsécheren.\nEch wëll domadder ophalen, dass ech haut soen, dass mer haut eisem Premier konnte felicitéiere fir seng 50 Joer an ech och nach eng Kéier Villmools Merci fir säin Engagement wëll soen \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (27).mp3", "transcription": "Jo, ech hunn et einfach. Ech kommen als Leschten. Et ass schonn alles gesot.\nEch widderhuelen da just, awer net ganz vill.\nJo, mir liewen natierlech an enger ganz spezieller Zäit. Dat ass ganz kloer.\nMir hunn et och fäerdegbruecht dës Kéier als 3 Gewerkschaften eng Fuerderung ze stellen. Keng 36.\nEch mengen déi Upassung vum Steierbarème un d'Inflatioun, dat ass Eppes wat eis ganz wichteg ass. Déi Upassung, déi kënnt elo jo.\nSouwäit ech Iech virdru verstanen hunn, sinn dat 6,16%, also iwwer 6%, déi den 1. Januar d'nächst Joer, 2024, kommen. Dëst Joer natierlech déi Steierkreditter.\nWat eis och ganz wichteg ass, natierlech och datt Dir d'Festschreiwe vum Index fir d'Joer 2024, datt dat och erëm normal da soll funktionéieren. Dat ass fir eis och vu ganz grousser Wichtegkeet an och déi aner Mesuren, déi natierlech hei mat dra sinn, notamment natierlech och déi Gas, Energie-Präisdeckelung bis Enn \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (3).mp3", "transcription": "wou eng Situatioun ass an ech hunn Iech de Logement genannt, ech hunn Iech awer och d'Kafkraaft vun de Leit och erwäänt, wou et awer och wichteg ass, dass mer kënnen drop reagéieren.\nDowéinst hu mer ugefaangen awer, wann ech chronologesch aginn, mat deem 1. Punkt, dat war déi Kompensatioun vun där Indextranche, déi jo laut dem Statec géif am Oktober an engem \"Scénario central\" och falen.\nDo wäerte mer iwwer d'Mutualitéit och fueren. Den Här Haagen huet do och dee Modell ausgeschafft an do ass och d'Approbatioun vu Patronssäit, déi wäerten sech och elo nach gesi fir dat eben och nach ganz festzemaachen, dass e Montant vun ongeféier 120 Milliounen, mee dee war schonn am Accord och virgesinn. Et ass elo net, dass dat nei ass. Dat doten ass am Fong d'Applikatioun vun deem Accord, dee mer och d'leschte Kéier ënnerschriwwen hunn.\nBeim Phasing out vum elektreschen a vum Gas-Deckel, also Präis: Mir hunn \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (4).mp3", "transcription": "d'Analys gemaach. Et ginn eng Rëtsch vu Modeller bei engem Phasing out.\nEt kéint ee jo dann z.B. soen, dass mer ab Januar géifen 10% erof goen, dann 20% erof goen an dann 30% erof goen.\nDen Energieminister, de Claude Turmes, huet eis ganz genau erkläert, dass wa mer den 1. Januar just déi 10%, wa mer deen Deckel jo dann net méi hunn, an da geet et erof, de Risk besteet, dass den Elektreschpräis sech verduebelt. Fir jiddweree verduebelt.\nDat ass eng Realitéit um Terrain, sou wéi d'Situatioun am Moment um Marché ass, dass wann déi Mesure den 1. Januar net integral weider geet, dass dann den 1. Januar d'Präisser vum Elektresch riskéieren ze verduebelen. Dee Risk wëll keen.\nDee Risk wëll keen a mir hunn och als Regierung, wa mer decidéiert hunn, no deene laange Gespréicher mat de Sozialpartner, dass mer dowéinst déi Mesuren am Fong, déi mer dëst Joer geholl hunn, d'nächst Joer verlängeren. Fir d'ganzt Joer.\nWat mat sech bréngt, dass mer vun 2,"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (5).mp3", "transcription": "Mir mussen drop reagéieren. Dofir ass deen Accord zesumme fonnt ginn, deen am Interêt ass vun enger niddreger Inflatioun, mee virun allem och am Interêt vum Contribuabel, deen dann den 1. Januar op eng Kéier mat sou Rechnunge konfrontéiert wär.\nBei deem ganze Kader wëll ech awer och erënneren, dass der jo wësst, dass mer verschidde Prämissen hunn.\nDéi 1. Prämiss ass - ech mengen d'Finanzministesch huet dat och an deene leschte Woche schonn ugekënnegt - dass de Sputt net onendlech ass, dass mer och eis een Zil gesat hunn am Koalitiounsaccord fir net iwwer 30% Schold och wëllen ze maachen. Dat sinn déi Prämissen, déi och wichteg sinn an et ass och am Accord mat deem wat Dir déi lescht Wochen och gesot hutt, wou déi verschidde Pisten hei konnten och zeréckbehale ginn.\nD'Upassung vum Barème ass eng Realitéit, wou vill diskutéiert ginn ass a wou mer zur Conclusioun och komm sinn, zesumme mat de Sozialpartner, dass mer géifen eng Adaptatioun vun der Steiertabell ab dem 1. Januar 2024 \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (6).mp3", "transcription": "2006 ass den Text mengen ech. Wann een dee géif applizéieren, wier 2,5 Mol och eng Indextranche gefall.\nDat ass déi eenzeg Kompensatioun, déi am Fong legal, wann een deen Text kuckt, deen et am Moment net gëtt.\nDeen et am Moment net gëtt! Mee awer op Drock vun de Gewerkschaften, déi och déi Adaptatioun och gefrot hunn, an nodeems mer eis wierklech och consultéiert hunn, dass den Text, wann een dee géif applizéieren, dat och 2,5 Indextranchë wieren.\nDowéinst... Ech weess dass aner Zuelen zitéiert gi sinn, mee hei ass den Text, deen dee leschten Text war, deen hei zu Lëtzebuerg och gegollt huet, deen hätt dann 2,5. Dat ass och d'Demande, déi komm ass vun de Gewerkschafte fir déi dann och an der Steiertabell och z'adaptéieren.\nFir dëst Joer kënne mer net. Dat wësst der jo. Mee dëst Joer ass och mat deem Sputt, dee mer hunn op 2 Mol eng Indextranche, wou d'Adaptatioun dann och stattfënnt.\nWou se ongeféier plus ou moins gekuckt an \n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (7).mp3", "transcription": "där Richtung och ass wat awer eng Adaptatioun vum Steierbarème och mat sech bruecht huet.\nAn dat wier dann och de Steierkredit, deen ass fir 2023, géif deen dann och réckwierkend ab dem 1. Januar och schonn zielen.\nWat fir eis och wichteg war an och wichteg war fir d'Gewerkschaften an awer och fir d'Patronat an engem gewëssenen Deel, ass wa mer deen doten Accord maachen, an ech hunn nach aner Punkten, wou ech drop wäert agoen, ass et awer wichteg dass d'Leit wëssen, dass 2024 den Index nees normal funktionéiert.\n2024 si keng Manipulatiounen etc. an etc.\nDen Index leeft nees normal. Et gëtt keng Manipulatioun vum Index gemaach.\nD'Clause de Rendez-vous ass, an dat ass ebe well am Moment mat deene Mesuren, déi mir geholl hunn, eng Indextranche jo... \nDat ass jo déi vun Oktober vun dësem Joer, déi jo op den ... Well dat ass och am Accord elo dran, dann ausbezuelt gëtt ... \nAm Oktober, déi gëtt net manipuléiert, mee déi gëtt kompenséiert bis an de Januar och vu Regierungssäit.\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (8).mp3", "transcription": "D.h. och nees iwwer d'Mutualitéit, mee da gëtt déi ausbezuelt, och am Oktober, wéi geplangt, an dass d'Patronat sech awer och engagéiert, dass déi nächst Indextranche 2024 net nees an d'Diskussioun kënnt.\nMir mussen eis awer engagéieren - dat verstinn ech och - vis-à-vis vum Patronat, dass wann awer d'Situatioun, well mir hunn och e \"Scénario catastrophe\".\nEt gëtt jo e \"Scénario bas\", et gëtt e \"Scénario central\", mir baséieren eis ëmmer op de \"Scénario central\", an et gëtt och de \"Scénario haut\", dee mer kengem wënschen, mee wou dann eng Situatioun eng ganz aner wär, dass da selbstverständlech eng nei \"Clause de rendez-vous\" muss och garantéiert ginn.\nMir sinn der Iwwerzeegung, dass d'Kafkraaft stäerken am Interêt vun ons alleguerten ass.\nNet vun hei, net vun do, mee vun ons alleguerten. Et ass am Interêt vun ons alleguerten, wann et dem Bierger och besser geet.\nBei de Mesuren, déi nach komm sinn, war ... an ech hunn Iech virdru gesot: de Logement, ee vun deene Punkten, déi awer net onwichteg sinn, an d'Madamm Ministesch wäert méi an den Detail drop agoen, mee Dir hutt dee Punkt vum\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressebriefing_no_der_Reunioun_vum_Koordinatiounscomité_Tripartite (9).mp3", "transcription": "bëllegen Akt, wou et och fir eis wichteg ass, dass eng Upassung gemaach gëtt, déi scho ganz laang net méi war, mee d'Madamm Ministesch wäert méi an den Detail goen.\nMir wäerten och bei den Zënsen, déi ee kann ofsetzen, agéieren. Do wäert ech elo och net méi an den Detail goen, Madamm Backes, da kënnt Dir dat och erklären, an och an der \"Location sociale\". Am Moment hutt Dir jo och eng Exoneratioun vu 50%.\nDee géife mir och eropsetzen. Firwat? Fir d'Leit z'encouragéieren och bei der \"Location sociale\" méi aktiv ze ginn.\nMir sinn eis bewosst, dass d'\"Location sociale\" gebraucht gëtt an dowéinst, wa mir d'\"Attraits\" vun der \"Location sociale\" méi grouss maache kënnen, virun allem well et Leit sinn, déi och da privat eng ...\nEt sinn net vill grouss Promoteuren déi dat maachen, mee awer Privatleit, déi dat doten och gäre maachen.\nDofir mengen ech, datt dat doten och wichteg ass a wa villäicht deen een oder deen aneren awer och domadder den Incentive fënnt fir méi, och als méi grousse Proprietär et ze maachen, dann tant mieux.\nNonobstant dat Ganzt, si mer och der Meenung\n"} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012022).mp3", "transcription": "kritt hunn fir verschidden Regime d'Aiden. \nEt muss een awer natierlech der Fairness halber dozou soen, dass déi Aiden, déi elo ugefrot ginn, nach kënne bis Mäerz ugefrot ginn, d.h. wann een am November, Dezember Perten hat, oder am Oktober, da kann een déi nach bis Mäerz ufroen. \nTrotzdeem, wat mer an deenen héijen Zäite gesinn hunn, wann komplett Fermeturë waren oder sou, sinn d'Aiden direkt eng, zwou, dräi Wochen nom Ofschloss vun deem Mount um Ministère erakomm fir sou séier wéi méiglech kënne Liquiditéiten an d'Betriber ze kréien.\nDo gesi mer elo, dass d'Aiden ganz staark zeréckgaange sinn. D'Demande d'Aiden. \nDass ganz vill Betriber, ausser d'\"Aides coûts non couverts\", déi gräift bei enger Perte vu 40% vum \"Chiffre d'affaires\", erofgaange sinn op eng \"Aide relance\", déi gräift bei enger Perte vu 25% vum \"Chiffre d'affaires\" an dass mer souguer an där Aide vill manner Betriber hunn. Dat heescht dass och eng ganz Rëtsch Betriber guer keng Aide méi kënnen ufroen, well se d'Perten net hunn, sou dass mer do an enger gewëssener "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012023).mp3", "transcription": "Merci Georges. Och e schéinen, gudde Mëtteg vu menger Säit.\nEch mengen ier ech ufänken, Iech e bëssen z'erziele wéi de Chômage partiel elo soll iwwert déi nächst Méint ausgesinn, ass et villäicht ganz gutt e kuerze Punkt ze maachen an e klenge Rappell ze maachen, wat den aktuelle Regime ass vum Chômage partiel.\nEt ass net ëmmer evident dat genee ze suivéieren, well mir hunn effektiv, wéi de Georges Engel dat elo gesot huet, iwwert déi lescht 2 Joer, méi wéi 2 Joer geschwënn, am Mäerz ginn et 2 Joer, ëmmer erëm, kontinuéierlech de Chômage partiel adaptéiert un d'Begebenheeten, un d'Evolutioun vun der Pandemie, op den Impakt vun der Pandemie, op d'Wirtschaft, op déi verschidde wirtschaftlech Secteuren, an deem mer Avancen ausbezuelt hunn, an deem mer ëmmer nei Secteuren a Wirtschaftsbranchen erageholl hunn an sou et wierklech och fäerdegbruecht hunn eis Ekonomie op eng ganz breet Aart a Weis "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012024).mp3", "transcription": " ze stabiliséieren.\nDofir ass et net ëmmer einfach dat genee ze suivéieren an dofir ass et gutt fir et elo nach eng Kéier eng kleng \"Piqûre de rappel\" do ze maachen, wann der mer déi Expressioun hei erlaabt.\nMir hunn fir de Moment eng Situatioun, wou mer d'Industrie, de \"Manufacturier\", acceptéieren. Dat ass de klassesche Chômage partiel.\nD'Industrie ass eligibel fir de Chômage partiel.\nDat ass de Regime, dee mer säit de 70er Joren hunn, de Chômage partiel.\nEntweder op Base vun \"Chômage partiel conjoncturel\" oder \"structurel\", wann dann e \"Plan de maintien dans l'emploi\" do ass.\nDann hu mer déi sougenannten \"Secteurs vulnérables\", déi de Georges Engel schonn ugeschwat huet.\nDat sinn déi Secteuren, déi ënnert der Pandemie leiden, déi impaktéiert "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012025).mp3", "transcription": "Dat betrëfft nach eng Kéier just déi sougenannten \"Secteurs vulnérables\", déi ech elo just beschriwwen hunn, déi virun der Pandemie - ech mengen och do muss een nach eng Kéier drun erënneren - déi virun der Pandemie nach ni Accès haten zum Chômage partiel, zu der Kuerzaarbecht.\nMir kommen also dann dee Moment zeréck op d'Situatioun vu virun der Pandemie, well et ass de Constat, dass mer lues a lues mussen zeréck an eng gewëssen Normalitéit kommen an dat wäert och gutt phaséiert gi mat deenen \"Aiden\", mat deem Pak vun Hëllefen, déi de Lex Delles Iech duerno wäert presentéieren.\nEt ass wierklech Suerg gedroe ginn, dass hei de Chômage partiel an d'Hëllefen Hand an Hand gi fir de Betriber an där Iwwergangsphas wierklech nach kënne bäizestoen, awer och fir déi néideg Previsibilitéit ze ginn, déi néideg Viraussiicht ze ginn op 5 Méint bis Enn Juni a mir mengen dass dat wierklech all deene Betriber, "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012026).mp3", "transcription": "well do d'\"Fermeture administrative\" bis 23 Auer nach ëmmer en vigueur ass, kréien nach wie vor all d'Betriber aus dem Horeca-Secteur Accès op Kuerzaarbecht mat engem Maximum vun 25% vun den Aarbechtsstonnen mat der Ausnam vun den Nuetslokaler déi 100% vun hiren Aarbechtsstonne kënnen indemniséiert kréien.\nEng aner Exceptioun, déi mer am Beräich vum Horeca virgesinn, an dee betrëfft e ganz spezifesche Secteur, deen extra schwéier betraff ass vun der Pandemie, nämlech deem vum Secteur vun den Hotellen.\nDo géife mer proposéieren, dass déi fir de Mount Februar nach géife 50% Accès kréien zum Chômage partiel.\nD'Hotellerie, wéinst de Reesrestriktiounen, awer och wéinst dem Impakt vun der Pandemie weltwäit"} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012027).mp3", "transcription": "Och do wësse mer dass den Evenementiel vill méi haart betraff ass wéi all déi aner wirtschaftlech Secteuren.\nOch do hunn déi verschidde Mesuren, déi an deem leschte Covid-Gesetz geholl gi sinn, dee Secteur extra-haart getraff, iwwert déi Mesurë vun 2G+ awer och iwwert déi verschidden Eventer, déi ofgesot goufen - Dir wësst ganz gutt, dass der keng Invitatioune krut op Receptiounen, Neijoerschreceptiounen, awer och alles wat soss am Evenementiel ass, ass am Fong bal alles ofgesot ginn, sou dass och dee Secteur wierklech quasi flaach läit.\nDofir hu mer och decidéiert fir den Evenementiel, d.h. d'Federatioun LEA, awer och de FEDIL Catering an d'Liewensmëttelhandwierk fir de Mount Februar exzeptionell bis zu 50% vum Chômage partiel vun den Aarbechtsstonnen ze ginn an dann duerno awer erof ze goen op "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012028).mp3", "transcription": "Fir Mäerz/Abrëll an dat ass och wierklech eng wichteg Prämiss, fir Mäerz/Abrëll ënnert der Prämiss, dass natierlech déi Mesuren, déi aktuell nach en vigueur sinn, dass déi all opgehuewe ginn.\nDat heescht, do gi mer dovunner aus, dass dat wäert geschéien.\nDat heescht wann déi Mesuren, besonnesch de \"Couvre-feu\", elo auslafen, Enn Februar, dass déi och net wäerten erneiert ginn.\nDat ass natierlech een optimisteschen Zenario, wou mer dovunner ausginn, dass d'Pandemie sech awer elo e bëssen offlaacht an deene kommende Méint.\nAn där Hypothees géifen d'Betriber aus dem Horeca-Secteur fir d'Méint Mäerz/Abrëll just nach Accès kréie wann se Member si vun der Federatioun Horesca.\nD'selwecht wéi all déi aner Betriber vun deenen anere Federatiounen. Dat heescht do wäert erëm de \"Plan de maintien dans l'emploi\" just gëlle fir d'Membere vun deene verschiddene Federatiounen a mir géifen och proposéiere fir déi Méint op "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012029).mp3", "transcription": "hei hu mer eppes gemaach, wou mir mengen dass et en wierklech generéise System ass, wou mir de Betriber Virlaf ginn, wou mer hinnen eng Perspektiv gi bis Ufank Juli, wat hinne misst erlaben sech nei z'organiséieren.\nNo 2 Joer an 3 Méint Chômage partiel si mer der Meenung dass mer iergendwann eng Kéier do mussen erëm eraus kommen, an e normale Betrib och kommen, wat de Chômage partiel ugeet. Dir wësst dass de Chômage partiel keen Instrument ass fir all eenzel Betrib ze retten.\nDat ass guer net méiglech, mee et ass een Instrument wat do ass fir deene Secteuren ënnert d'Äerm ze gräifen, déi vulnerabel sinn, déi getraff gi vun enger \"Force majeure\", vun engem Evenement wat net viraus ze gesi war an hei si mir mat där Pandemie, ware mer do wierklech voll an där Hypothees.\nMee elo wësse mir, wat d'Pandemie mat deene verschiddene Secteure mécht. D'Betriber wëssen dat a si kënnen sech also ëmstellen. Si kënnen hiren \"Plan d'affaires\" ëmstellen a si mussen sech da gegebenenfalls och reorganiséiere fir dat alles "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012030).mp3", "transcription": "Merci villmools.\n22 Méint ass et hir, dass Lëtzebuerg huet missen an deen 1. Lockdown goen.\n22 Méint haten Héichten an Déiften a waren immens schwiereg fir eist Land, eis Gesellschaft, déi vill Salariéen an awer och natierlech fir eis Betriber.\nKaum een hätt geduecht, wat fir ee laangen Otem mir alleguer bräichten, a virun allem den Tourismus, Horeca-Secteur an Evénementiel, déi um ekonomesche Plang ëmmer erëm am stäerksten duerch déi klengste sanitär Restriktioune betraff waren an och nach ëmmer sinn.\nMir sinn nach net iwwer de Bierg vun dëser Kris an awer trotzdeem kann ee soen, dass mer mir e Liicht um Enn vum Tunnel gesinn an dofir musse mir elo den Après-Crise preparéieren.\nZanter dem Ufank vun der Pandemie setzt d’Regierung op Hëllefsmesüren fir eis Betriber z’ënnerstëtzen an Aarbechtsplazen och kënnen z‘erhalen.\nD’Regierung huet ni "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012031).mp3", "transcription": "gezéckt nozebesseren, z'adaptéieren an d’Mesuren ze verlängere wann d’Situatioun dëst och erfuerdert huet.\nDat weisen och déi 11 verschidden Hëllefsregimmer, déi mir als en place gesat hunn.\nDomadder sinn iwwer 548 Milliounen Euro un eis mëttelstänneg Betriber an och un d'Independante gaangen.\nEt héiert een heiansdo an dësem Kader Leit vun Almose schwätzen.\nEch mengen awer éischter, dass een hei muss kënne vun engem Investment schwätzen, en Investment an d’Zukunftsfäegkeet vun eise Betriber an eng Preparatioun vun engem \"Après-Crise\", fir datt mer och an Zukunft nach Betriber hunn, déi kënnen funktionéieren an déi an der \"Après-Crise\" staark do sti fir kënne weider ze funktionéieren, weider eis Ekonomie kënnen z'ënnerstëtzen an och weiderhi kënnen dat maache firwat se do sinn.\nKee Betrib wëll op staatlech Hëllefen ugewise sinn, an ech weess, dass et villen Entrepreneure schwéier gefall ass, fir iwwerhaapt esou "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012032).mp3", "transcription": "Aiden unzefroen.\nEn Entrepreneur huet a senger DNA, dass e schaffe wëll, an ech hoffen, dass mir eis och an Zukunft genau ëm dat erëm këmmere kënnen, nämlech eise mëttelstännege Betriber, dee beschtméiglechste Kader ze schafen, fir dass si hir Aarbecht maache kënnen.\nA genee fir dohinner ze kommen, ass et elo wichteg eise Betriber ze hëllefen, fir d’\"Sortie de crise\" ze meeschteren.\nEt ass souwuel vum Här Fayot, wéi vum Här Engel schonn ugeschwat ginn: dee wichtegste Punkt ass d'Previsibilitéit.\nD'Previsibilitéit dass de d'Betriber elo wëssen, wourop se sech an deenen nächste Méint kënnen astellen.\nDofir alleguerten déi Presentatioun, déi vum Här Fayot gemaach ginn ass, fir ze wëssen, wou gi mer hin mam Chômage partiel an ebe grad do ass et wichteg, de Chômage partiel an déi verschidden Aiden-Regimmer gräifen aneneen, si wichteg, dass se komplementar sinn, si wichteg dass se matenee funktionéieren.\nDofir "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012033).mp3", "transcription": "hu mer an der Regierung decidéiert fir iwwert de Februar eraus nach 4 Méint, also bis Enn Juni, eis Aiden-Regimmer ze verlängeren an dëst an der Optik vun engem \"Phasing out\".\nMir maachen dat fir de Betriber de Wee zeréck an eng Normalitéit kënnen ze vereinfachen an eng Relance kënnen ze begleeden. Mir wëlle mat dëser Annonce de Betriber Planungssécherheet ginn, fir dass si wëssen, wou mir iwwer déi nächst Méint mat den Aiden histeieren an och wësse wéi d'Aiden an de Chômage partiel an Zukunft wäert ausgesinn.\nAls klenge Rappell: eisen Hëllefsregimm baséiert am Ament virun allem op zwou Aiden.\nDat ass 1. d‘\"Aide de relance\" an 2. d’\"Aide aux coûts non couverts\".\nBéid Aiden wäerte fir 4 Méint an enger adaptéierte Form weiderlafen.\nOpgrond vun den neie sanitäre Restriktiounen, déi, Stand haut, bis Enn Februar lafen, besonnesch der Obligatioun fir d’Caféen a Restauranten d'Fermeture ëm "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012034).mp3", "transcription": "scho bis elo war, 70 oder 90% vun de Käschte vum Staat iwwerholl.\nFir dës Aide ze kréien, muss een och weiderhin nach eng Perte vu mindestens 40% vum \"Chiffre d'affaires\" vun 2019 kënne virweisen Dës Aide wäert vu Mäerz un, sech och nëmmen nach un d’Hebergementsbetriber riichten, well dëse Secteur och nach mëttelfristeg den Impakt vun der Kris wäert spieren.\nAm Businesstourismus wäert d’Reprise, sou wéi et och schonn ugeschwat ginn ass, natierlech vill méi lues gräifen, wéi och alleguerten déi international Etüden dat weisen.\nFir d’Hotellerie an déi aner bis ewell eligibel Secteuren, d.h. d'Restauranten, d'Caféen, den Evenementiel, d'Kultur, den Divertissementssecteur an d’Vente vun neien Autoen wäert d’\"Aide de relance\", weiderlafen.\nDëst och bis Enn Juni. Hei muss eng Perte vu mindestens 25% Perte vum \"Chiffre d’affaires\" virgewise ginn."} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012035).mp3", "transcription": "Mir wäerten hei e \"Phasing out\" virgesinn, fir de Betriber natierlech en doucen Iwwergang an d‘Normalitéit ouni Aiden ab 1. Juli da kënnen z‘erméiglechen. \nVu Mäerz bis Abrëll ass eng Direkthëllef vun 1.000 Euro pro Salarié, dee schafft, virgesinn.\nAm Mee an am Juni läit dëse Montant bei 500 Euro.\nD’Salariéen am Chômage partiel, wou d'Entreprise haut nach eng Aide vun 250 Euro pro Salarié am Chômage partiel ass, wäert net méi consideréiert ginn. Dat heescht, dass also wann en Salarié an der Entreprise am Chômage partiel ass, wäerten se net méi kënnen iwwert de \"Fonds de relance\" eng Aide vun 250 Euro kënne kréien. Dëst bis Juni inclus.\nEch well awer zum Schluss nach betounen, dass dëst en Zenario vun Aiden, vu Chômage partiel ass, sou wéi d'Regierung dat och an "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012036).mp3", "transcription": "Dir hutt grad gesot, datt mer aus sanit��rer Siicht aus, dem Wee aus der Kris eraus sinn.\nAwéifern ass dat da kompatibel mat de Gespréicher iwwert eng Impfflicht?\nEch hu gesot, dass mir natierlech hei eis Aiden, souwuel d'Aide-Regimmer, wéi awer och de Chômage partiel ëmmer erëm un déi sanitär Situatioun upassen. \nDat heescht an et huet een et och iwwert déi lescht Méint gesinn, ech hat virdru gesot, 11 verschidden Aide-Regimmer, déi ëmmer erëm ugepasst ginn ass. \nD'leschte Kéier nach am Mount Dezember, wou ee gesinn huet, dass nei Fermeturë komm sinn. Sief dat um 11 Auer owes d'Spärrstonn, wéi awer och Rassemblementsreegelen, déi changéiert hunn an datt et grad dowéinst wichteg ass, dass mer ëmmer erëm upassen. \nDofir hei, wa mer an där Situatioun sinn, d'COVID-Gesetz leeft den Ament nach bis den 28. Februar.\nDann sinn hei d'Aiden, déi ab Mäerz, souwuel de Chômage partiel, wéi d'Aiden, déi ab Mäerz wäerte gräifen, ëmmer erëm ënnert der Konditioun, dass natierlech näischt un der sanitärer oder dass mer dann an engem Kader "} +{"file_name": "mp3_files/Pressekonferenz vum Lex Delles Franz Fayot a Georges Engel (25012037).mp3", "transcription": "Merci villmools. Ech menge fir direkt déi 2. Fro virzegräifen, mir schwätzen hei, alles wat presentéiert ginn ass, si COVID-Aiden.\nDat heescht, sou wuel de Chômage partiel, wéi Aiden déi ausbezuelt ginn, sinn Aiden, déi ausbezuelt ginn, well mer Restriktiounen hunn, déi enger sanitärer Kris verschëllt sinn an dofir dat natierlech och just eng Äntwert sinn op Probleemer am Secteur wéinst enger sanitärer Kris.\nOp der anerer Säit, déi Zuelen déi presentéiert gi si vum Här Engel, just fir Är Fro nach eng Kéier ... Pardon.\nJo.\nMerci Villmools. Mir gesinn eben grad dass d'Demanden, déi mir erakréien, do maache mir e Screening natierlech vun all den Demanden, souwuel an den \"Aides coûts non couverts\" wéi an den \"Fonds de relance\", déi mer um Ministère erakréien, an deene leschte Méint ganz staark erof gaange sinn. Mir schwätzen hei vun 75 bis 80% manner Demanden, déi mer "}