{"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_0_1689679632.wav", "transcription": "Sou, Dir Dammen an Dir Hären, ech géif Iech ganz häerzlech zu dëser Pressekonferenz begréissen, wou mer Iech matdeele wat d'Regierung de Moien no ganz interessanten Diskussioune beschloss huet, wéi et an der Covid-Gesetzgebung sollt weidergoen. Fir d'éischt géing ech awer gären ee Gedanken un eise Premier verwenden. Normalerweis ass dat heiten net meng Plaz. De Premier mécht un der Säit vun der Madamm Lenert, wou en d'Land informéiert iwwert dat wat d'Regierung decidéiert huet. Haut kann en dat aus bekannte Grënn net maachen.\nEch wollt awer menger Freed Ausdrock verleihen fir Iech kënne bekannt ze ginn an ech menge vill Leit wëssen et schonn dass en haut de Moie konnt aus dem Spidol erauskommen, sou dass mer alleguerte kënnen dovun ausgoen, dass hien um gudde Wee vun der Besserung ass a mir wënschen eis alleguerten, dass hien de nächste Regierungsrot erëm ka presidéieren, sou wéi hien dat och an der Vergaangenheet ëmmer mat Exzellenz "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_1_1689679632.wav", "transcription": "gemaach huet.\nWat d'Land awer haut interesséiert, ech mengen dat ass ganz kloer, wéi geet et virun opgrond vun awer kontroverse Meldungen, déi mer kréien, och wat ronderëm Lëtzebuerg geschitt an ech mengen et kann een direkt am Virfeld soen, dass d'Regierung decidéiert huet, dass mer weder wat d'Lockeren ugeet, nach wat méi streng Mesuren ugeet, elo grouss revolutionär Decisioune geholl hätt. Mir sinn éischter hei an enger Situatioun vum Status quo, mat punktuellen Upassungen, och opgrond vun deem wat an deene leschte Wochen diskutéiert ginn ass a wat och geschitt ass.\nÉischt Decisioun, vläicht ganz kloer ze soen: Mir hätte gären eng Harmonisatioun vun de Konditioune wat d'Rassemblementer ugeet tëschent deem wat am private Beräich ofleeft an deem wat am Ëffentlechen, am Horesca-Beräich geschitt.\nKonkret heescht dat, dass et an Zukunft wäert méiglech sinn, dass och méi "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_2_1689679632.wav", "transcription": "wéi 10 Leit Doheem kënnen zesummekommen.\nSelbstverständlech dann, sou wéi et och am ëffentleche Beräich ass, nëmme mat CovidCheck.\nDéi 2. Mesure, déi mer wëlle presentéieren, ass déi, dass mer wëllen an Zukunft Abusen, Frauden oder Fuddelen - wéi een et ebe wëll nennen - verhënneren an och besser Kontrollméiglechkeete schafe vun deem, wat mer decidéiert hunn.\nDofir wëlle mer an dat neit Gesetz aschreiwen, dass no 24 Auer eng Zesummekonft nëmme méi ka stattfanne mat CovidCheck.\nDat heescht also geimpft, genesen oder PCR-getest.\nOder - an da kënnt nach d'Alternativ - mat engem zertifiéierten an d'Betounung läit hei ganz kloer \"zertifiéierte Schnelltest\". Dat ass dann och déi grouss Ännerung par Rapport zu deem wéi et haut leeft.\nAm Kloertext heescht dat also, no Mëtternuecht zielen déi fräiwëlleg Autotester, déi net zertifiéiert sinn "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_3_1689679632.wav", "transcription": "4. Leit, déi \"en situation irregulière\" hei zu Lëtzebuerg liewen, an där gëtt der jo och leider awer trotzdeem eng Rei, wäert och an Zukunft kënne geimpft ginn, an dat a Kooperatioun mat verschiddenen ONGen an och iwwert eis \"Équipe mobile\".\nEch mengen et ass müßeg och nach weider z'erklären, dass selbstverständlech den Anonymat vun deene Leit dann och wäert gewaart bleiwen.\nAm Sport soll an Zukunft all lizenzéiert Sportaart méiglech sinn.\nDir wësst datt do nach eng kleng Restriktioun war, déi elo opgehuewe gëtt. Fir de Recht bleift et am Sportberäich beim Status quo.\nKompetitioune kënnen nëmmen ënner CovidCheck-Bedingungen oder mat Schnelltest ofgehale ginn.\nOch ass decidéiert ginn, eng Verlängerung vum \"Congé pour raisons familiales\" ze maache bis de 14. September.\nA wann ech den Datum vum 14. September elo schonn eng 1. Kéier genannt hunn, well ech och ganz kloer soen, dass geplangt ass, dass dat Gesetz eng Lafdauer huet bis de 14. September "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_4_1689679632.wav", "transcription": "2021.\nDat ass och net ganz onschëlleg gewielt.\nDir wësst dass de 15. September d'Schoul ugeet an d'Regierung wëll sech einfach d'Méiglechkeet einfach hei oprecht erhalen fir gegebenenfalls och nach am Schoulberäich hei kënnen eng Kéier nei ze reglementéieren.\nAusserdeem ass decidéiert ginn, dass mer fir déi Betriber, déi an Zukunft Léierjongen oder Léiermeedecher astellen, nei Aiden wäerte ginn, déi datéiert si bis op den Oktober 2022.\nAusserdeem hu mer eis Gedanke gemaach iwwer eng verstäerkt Roll vun de Kontrollen, déi mer zu Lëtzebuerg maache fir dass dat wat mer um parlamentareschen Niveau decidéieren, och an der Praxis ëmgesat ginn.\nDofir wäerten an Zukunft Action-coup-de-poinge vun der Police gemaach ginn an den zoustännege Policeminister wäert Muer an enger gesonderter Pressekonferenz och soen, wéi dat wäert oflafen.\nJiddwereen am Land sollt also wëssen"} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_5_1689679632.wav", "transcription": "dass dat wat d'Chamber decidéiert och muss agehale ginn. Dat ass am Interêt vu jiddwerengem.\nAm Beräich vun de Kanner a Summeraktivitéiten, déi elo awer gläich ufänken, ass och decidéiert ginn, dass déi an Zukunft, wann se dobausse sinn, ouni Mask kënne stattfannen an och ouni Distanz.\nDat nämmlecht zielt fir d'Schoulaktivitéiten, déi och wärend der Summervakanz sinn - Dir wësst dass et eng Rei vun Nohëllefkuere ginn - do ass also net néideg, dass een eng Mask unhuet an och net d'Distanz agehale gëtt.\nDat zielt awer net fir aner Aktivitéiten, déi dobanne sinn, wann déi méi wéi 10 Kanner beienee vereenegen, muss d'Mask ugedoe ginn a muss och d'Distanz agehale ginn oder selbstverständlech och do zielt dat. D'Alternativ wär dann e CovidCheck, deen also do bei de Kanner awer nach méi schwéier ass, dat wësse mer, wat d'Impfung ugeet, wéi bei aneren.\nMir maachen och eng ganz kloer Recommandatioun un d'Gemengen.\nGanz genau ze kucken, wat an hire Gemengen "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_6_1689679632.wav", "transcription": " ofleeft, wéi déi nei Konditiounen agehale ginn, notamment am Beräich vun de Bistroen, am Beräich vun den Discoen, an sech och net ze scheien am gegebene Fall och déi Mesuren ëmzesetzen, déi d'Gemengen an hire Kompetenzen hunn, nämlech och Nuit-Blanchen ze verweigeren, wann e mierkt, dass effektiv verschidde Leit mengen d'Gesetzer géife just fir aner Leit zielen.\nOch do wëll ech awer ganz kloer soen, dass dat selbstverständlech viraussetzt, dass d'Police dann och déi Buergermeeschteren, déi a Fro kommen, informéiert an dass do och eng Kooperatioun stattfënnt, déi selbstverständlech schonn organiséiert ass, mee déi hei am ganz besonnesche sollt zielen.\nMir wollten och nach soen, datt verschidde Verschäerfunge vun de Strofbedingunge virgesi sinn, wéi gesot den Detail vun all deene Bestëmmungen, do wäert d'Paulette Lenert elo dorops agoen. Si ass vill besser ekipéiert fir dat ze maachen, wéi ech dat kann. Dir wësst, si ass "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_7_1689679632.wav", "transcription": "ëmmer um leschte Stand. Kann och eng ganz Rei Erklärunge ginn, déi ech net ka maachen, well ech net esou do dra sinn, wéi si an dofir ginn ech och d'Wuert direkt weider un d'Madamme Lenert.\n[Paulette Lenert] Jo, gudde Mëtteg a Merci.\nEt war allerdéngs scho ganz komplett. Mee trotzdeem elo villäicht nach een Iwwerbléck wat d'\"Situation générale\" ugeet.\nDat ass jo och ëmmer op eisem traditionellen Rendez-vous eng gutt Geleeënheet fir dat ze maachen, nodeems mer wochelaang e ganz kloren a gudden Trend haten a Richtung Besserung, si mer elo rezent Eppes bessere beléiert ginn an zwar dass deen Risiko vun deem mer och ëmmer geschwat hunn, deen am Raum war, net just theoretesch war, mee dass en sech wierklech hei am Land veranschaulecht huet. Wat war dee Risiko? Et war engem scho bewosst mat där Delta-Variant: déi ass méi schnell, et gëtt keen 100%-Schutz, et ass nach ëmmer e Risiko do, dass et erëm eng Kéier erop geet um Niveau vun den Neiinfektiounen a genau dat hu mer gewisen. Dat leiert eis: de Virus ass nach net fort.\nMir sinn nach an enger "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_8_1689679632.wav", "transcription": " Pandemie an et ass wichteg, dass en d'Virsiichtsmoossname bäibehält. Mir hunn och gesinn, wéi schnell et ka goen, wéi schnell dee Virus sech weiderverbreet an en aneren Enseignement, deen ee rezent hei kann zeien, dat ass wéi wichteg et ass e vollen Impfschema ze hunn. Mir wäerten herno nach drop zeréckkommen.\nEt huet ee sécherlech e bessere Schutz wann ee ganz duerchgeimpft ass, wéi wann dat nach net de Fall ass an alles dat si Saachen, déi sech hei eng Kéier elo an deene leschten Deeg eng Kéier ganz konkret gewisen hunn, duerch eben en Rei Neiinfektiounen, déi sech bemierkbar gemaach hunn.\nWou geet de Virus weider? Dat ass allerdéngs näischt Neies. Dat wësse mer vun Ufank un: do wou een zesummekënnt, do wou een no beieneen ass, wou haart geschwat gëtt, dat ass normalerweis do wou haart Musek ass, also am private Krees.\nDomadder och ganz kloer am Nuetsliewen, wat doduercher charakteriséiert ass, dass een sech nun eben e Mol e bësselche méi no kennt an dat wat d'Stonn méi spéit gëtt eben och verstäerkt.\nGanz konkret elo op de Wocherapport zeréckgekuckt vun der leschter Woch: hu mer misse feststellen op eng Woch "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_9_1689679632.wav", "transcription": "gekuckt, dass d'Neiinfektioune vun 107 eropgaange sinn op 787 - dat sinn der vill - mat enger Altersmoyenne vu 26 Joer.\nD'Kontakter selbstverständlech och, wann d'Neiinfektiounen eropginn, a mir gesinn herno de Kontext, wou se geschitt sinn, da bréngt dat mat sech, datt eise Contact Tracing erëm direkt extrem gefiddert gëtt. Mir haten op déi lescht Woch gekuckt 2.228 Kontakter. Déi Woch virdru waren et der nach 353, wou hu missen \"getraced\" ginn.\nDat ganzt mat souguer liicht manner Tester. D.h. mir hunn hei eng reell Recrudescence u Neiinfektiounen.\nWat d'Schnelltester betrëfft, déi deklaréiert ginn, do ass et stabel, si mer bei enger Ronn 200, 221 fir genau ze sinn op d'lescht Woch, déi eis deklaréiert gi sinn, déi eis och erlaabt hunn da Leit awer eraus ze filteren, zousätzlech zu deenen normalen Tester an dann awer villäicht e puer "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_10_1689679632.wav", "transcription": " positiv Aspekter: mir hunn an eisen Alters- a Fleegeheemer ass et ganz roueg, ganz wéineg Neiinfektioune gehat iwwert d'lescht Woch: 2 bei Residanten, 3 um Niveau vum Personal.\nAn dann dat wat eis och alleguerten ëmmer ganz vill intresséiert: d'Situatioun an de Spideeler ass a bleift wierklech ganz roueg. Déi 2 Woche verglach ass et quasi stabel - 3 op \"Soins normaux\", dat war dat selwecht wéi déi Woch virdrun, \"Soins intensifs\" 1 Persoun a wann ech d'Zuele vun haut kucken, déi haut wäerten erauskommen, si mer am selwechten Trend, also 131 Neiinfektioune wäerten dat si mat engem Taux de positivité vun 1,85 dës Kéier.\nOp \"Soins normaux\", Stand haut, wäerte 4 Leit sinn, nach ëmmer eng Persoun op Intensiv an och kee weideren Decès ze verbuchen.\nWéi huet sech dat elo am Verglach mat eisen Nopeschlänner? Bon, mir stieche ganz kloer, dat kann een net niéieren, ervir, wat Neiinfektiounen ugeet.\nEt muss een natierlech soen, doduercher dass mer \"nach wie vor\" och déi sinn, déi am meeschten testen, hu mer "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_11_1689679632.wav", "transcription": "ëmmer eng Nues vir.\nMir gesinn da relativ schnell, wann Eppes hei geschitt.\nMir fannen och vill Leit. Do si mer kloer vir.\nAllerdéngs si mer um Niveau vun de Spideeler am Verglach ganz gutt zu eisen Nopeschlänner.\nAn do ass d'Situatioun scho méi ugespaant a wann der déi international Aktualitéit kuckt - ech menge mir sinn net eleng an deem Fall, wou d'Zuelen erop ginn. \nVill Länner sinn do schonn an enger anerer Etapp, wou ee wierklech och erëm muss Moossnamen huele fir zouzemaachen a wou och an de Spideeler sech d'Situatioun schonn erëm lues a lues uspaant.\nBei ons ass dat net.\nMir sinn och, wéi der kënnt ahnen aus de Mesuren, déi elo graff proposéiert ginn, relativ zouversiichtlech. Firwat, kann een sech froen.\nMir sinn zouversiichtlech well mer e gudden Effet vun der Impfung kënnen hei am Land feststellen.\nMir hunn \"entre-temps\" eng 600.000 Impfunge gemaach.\nA mir hunn 236.000 Leit, déi schonn eng 2. Dosis kritt hunn.\nDomadder si mer am Peloton vun den europäesche Länner zimmlech vir.\nMir sinn op 5. Plaz, wann een dat haut kuckt, mat dem Deel vu Leit, déi wierklech ganz "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_12_1689679632.wav", "transcription": "duerchgeimpft sinn a mir wëssen, et huet sech hei erëm eng Kéier bestätegt, et ass extrem wichteg, dee ganzen Impfschutz ze hunn. Virdrun huet een awer nach ëmmer méi een héije Reschtrisiko sech erëm unzestiechen an och krank ze gi mat just enger Dosis.\nDann och ganz positiv, dass mer do ebe gutt weiderkommen - mir hunn gëschter Owend net méi wéi 688.560 Dosen zousätzlech geliwwert kritt.\nDat heescht déi si schonn hei. Dat wäert eis erlaben, weider 353.180 Leit ze impfen.\nD.h. déi Ängschten, déi mer hate mat de Liwwerungen, déi sinn am Moment net aktuell - et kënnt vill Impfstoff un a steet och nach a mer kucke wat elo nach net confirméiert ass, mee wat an Aussiicht steet, wär dat dann nach eng Kéier 100.000 Dosen, relativ kuerzfristeg. Dir gesitt, mir sinn do gutt opgestallt a wäerten och gutt kënne weiderkomme mat eiser Impfcampagne.\nNach eng Kéier als Rappell: mir hunn déi 6 Zentren, déi lafe mat 114 Impfstroossen "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_13_1689679632.wav", "transcription": " an dat erlaabt eis 90.000 Leit d'Woch ze impfen.\nZanter leschtem Dënschden, sinn ech dann och frou kënne matzedeelen, dass mer 70% vun de Leit iwwer 18 ... konnte schonn eng 1. Dosis ginn. Dat ass e ganz gudde Seuil, wou mer do leien.\nEt muss een awer soen, dass déi heite Berechnung elo wäert änneren. \n\"Entre-temps\" komme jo dann och Leit ab ..., also Kanner oder Jugendlecher ab 12 mat dobäi.\nDa wäert déi Ratio änneren, mee bei den iwwer 18-Järege leie mer do, 1. Dosis, bei 70%, wat ganz gutt ass. Et ass dat wat mer viséiert hate fir dësen Zäitpunkt an dat hu mer och erreecht.\nUm Niveau vun den Invitatiounen da sinn och elo déi lescht Invitatiounen, déi no Alter nach funktionéiert hunn, also no enger Prioriséierung, si gëschter erausgaangen.\nDat heescht konkret, dass säit gëschter jiddwereen, dee méi wéi 12 Joer al ass, eng Invitatioun misst kritt hunn.\nAn mir hunn elo dann d'Méiglechkeet fir "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_14_1689679632.wav", "transcription": " säit dem leschte Méindeg, dass jiddwereen dee wëll, sech kann op eng Lëscht androen. Dat gëllt fir d'Residanten, déi sech nach net impfe gelooss hunn.\nDéi sech dat villäicht nach wollten e bëssen iwwerleeën an nodréiglech et wëlle maachen, dat gëllt fir d'Frontalieren, an et gëllt och fir Lëtzebuerger Bierger, déi am Ausland géife wunnen.\nEt sinn dräi Waardelëschten. Dat sinn 3 ënnerschiddlech Waardelëschten déi mer hunn. Mir hunn eng fir AstraZeneca, eng fir Johnson an dann nach eng 3. fir déi 2 mRNA-Vaccinen - de Pfizer an de Moderna.\nDéi funktionéieren och ganz gutt.\nEt hunn sech an dëser Woch scho 4.295 Leit op dës Leschten agedroen\nan dovunner si 36%, déi net hei am Land wunnen. Mir gesinn also, dass och do nach vill Leit nodréiglech op ons zeréckkomme fir dach awer eng Impfung ze kréien.\nDat sinn un sech gutt Nouvellen.\nDen Duerchschnëttsalter och vun de geimpfte Leit läit mëttlerweil bei 49 Joer.\nDann ... villäicht e Wuert zu der \"Prise de rendez-vous\"."} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_15_1689679632.wav", "transcription": "Déi ass e bësselche réckleefeg déi Woch. Wou mer jo am Ufank nach 74% - et ass elo bei 65%. Et muss een awer soen, dass mer zouversiichtlech sinn, dass dat sech nach wäert änneren iwwert déi nächst Wochen, well vill Leit hire Rendez-vous ofsoen, well se an der Vakanz sinn a se verschiben en.\nEt ass net datt d'Leit net kommen, mee wierklech e verschiben an dat hu mer och bei deene Jonken, wou mer un sech e ganz gudden \"Taux de prise de Rendez-vous\" hunn.\nDee läit am Moment bei 48,3%. Dat ass héich fir Jugendlecher och am Verglach mam Ausland, hunn ech mer soe gelooss.\nAn och do hu mer och dee Phänomen, dass och bei deene Jonke vill eng Verschibung vum Rendez-Vous ...\nSou dass mer do och zouversiichtlech sinn, dass mer déi gutt Tauxen, déi mer hunn och weider kënnen halen iwwert den Summer.\nDann elo: wéi geet et weider um Terrain?\n1. Hallschent vum August wäerte mer och an deenen éischten Dokteschcabineten ufänken.\nDir wësst, mir hunn do een Opruff gemaach, wien interesséiert ass matzemaachen.\nDo hunn sech 180 Doktere gemellt, déi prinzipiell hir Bereetschaft dofir matgedeelt "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_16_1689679632.wav", "transcription": "hunn.\nAn dat wäert dann och kënnen uleien eben an der éischter Hallschent vum Mount August.\nOch do erwaarde mer eis nach eng Kéier Leit, déi villäicht nach Zweiwel hunn, déi wierklech e Gespréich brauche mat hirem Dokter, dass mer se op deem Wee kënnen erreechen an och do dann nach zousätzlech Impfunge gemaach kréien.\nDann nei am Moment - et ass scho gesot ginn - de sougenannte Mix&Match. Wat ass dat?\nDat ass par Rapport zum Vaccin AstraZeneca.\nEt ass jo schonn an enger Rei Länner d'Méiglechkeet en anere Vaccin als 2. ze huelen. Mir haten do een 1. Avis kritt vun eisem Conseil supérieur des maladies infectieuses.\nDee war parallel gelaf mat enger Annonce vun der europäescher Medikamentenagence, déi och géif dozou Stellung huelen. Dat hu mer ofgewaart gehat.\nElo koum awer keng gréng Luucht. Do ass erëm verwise ginn op déi national Autoritéiten an doropshin hu mer och nach eng Kéier de CSMI mat der Fro befaasst, wéi et sech da mam Moderna hätt, well si haten eng Stellungnam, déi sech just op Pfizer bezunn huet an dee leschten Avis, dee mer elo kritt hunn, dee mer haut och dann ugeholl hunn an sou wäerte suivéieren an "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_17_1689679632.wav", "transcription": " afléisse loossen, dee bréngt mat sech, dass Leit ënner 50 Joer, déi mam AstraZeneca geimpft gi sinn, ab Muer kënnen, wann se dat wëllen - et ass fräiwëlleg - en aneren Impfstoff kréien an zwar entweder e Moderna oder e Pfizer.\nDat ass hire Choix.\nAlso dat ass hire Choix een aneren ze kréien. Se kënnen awer net tëscht dem Moderna a Pfizer dee Moment wielen.\nIwwer 55 Joer ass dat net recommandéiert vum CSMI an och net bei Leit, déi speziell Vulnerabilitéiten hunn.\nDa gëtt et donieft Eenzelfäll, mee dat hu mer och elo scho gemaach, wou eppes Medezinesches dogéint schwätzt, wou Leit Komplikatiounen hate par Rapport zum Astra. Déi hu souwisou schonn en anere kritt.\nMee dee \"Mix&Match\", wéi een en aus enger Rei europäesche Länner kennt, wäert dann och elo ab Muer bei eis aktivéiert si par Rapport zum Astra,\nDann och nach eng aner, eng separat Recommandatioun, déi vum Conseil supérieur des maladies infectieuses komm ass betrëfft d'3. Dosis, wou si dat recommandéieren, awer net generell, mee bei "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_18_1689679632.wav", "transcription": " den \"Immuno-déprimé\".\nEch ginn do net op de medezineschen Detail an. Dat sprengt hei villäicht de Kader.\nDat ass eng Recommandatioun, déi och public wäert gemaach ginn. D'Doktere wëssen do Bescheed, wann se dat virleien hunn.\nD.h. dat ass eng Méiglechkeet, déi och hei wäert kënne gëllen.\nAn dann ... jo, villäicht fir zeréckzekommen op d'\"Situation générale\". Mir hunn eis natierlech mat der Fro befaasst, wat ass dann elo geschitt? Wéi koum et zu deene bal ... awer bal dach 800 Neiinfektiounen, déi ganz schnell hei komm sinn.\nDéi 1. Fro, déi een sech gestallt huet: Ass eise Lëtzebuerger CovidCheck-Regime dicht?\nKann een deen esou bäihalen? Dat ass Eppes wat fir eis wichteg war.\nWell dat ass sougenannte Pilotphas, souzesoe gewiescht, déi mer hei lancéiert hunn.\nDo si mer zur Conclusioun komm, dass en dat séier wuel ass.\nMir haten insgesamt, säit dee CovidCheck-Regime ageféiert ginn ass 782 Notifikatioune kritt fir sou Evenementer, d.h. dat hat grousse Succès. Et ass ganz ënnerschiddleche Beräicher zum Asaz komm a "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_19_1689679632.wav", "transcription": " mir hunn do wierklech keng schlecht Erfarungen domadder gemaach.\nEn général, huet dat ganz gutt funktionéiert. Also wann dat generell e Probleem gewiescht wär, hätt dat misse visibel ginn.\nDe Probleem de mer hunn, dee kënne mer ganz kloer ausmaachen. Dat ass e Mol eng Kéier Eppes Positives.\nOft ass et vage - da wësse mer net richteg wou d'Leit sech ugestach hunn. Dës Kéier \"ça crève les yeux\" - dat ass wierklech a Rapport ze setze mat Nationalfeierdag an de Festivitéiten do ronderëm, mat engem Nuetsliewe wat ganz eropgefuer war zu där Zäit.\nMir hunn eng Ronn 300 Fäll, wou et ganz kloer ass, dass et do geschitt ass an awer och nach eng Rei Fäll, wou et wierklech unzehuelen ass - et kéint dass déi Leit villäicht net genau kënne soen \"wéi, wat wou\", mee et war awer iergendwéi ëm deen Hoff, ronderëm déi Deeg, an dat si Leit, déi einfach ënnerwee waren zu spéider Stonn.\nSouwuel an Etablissementer wou mer och Informatiounen och hunn, dass eben Deels déi Reegelen net respektéiert waren, dass d'Leit vill ze vill einfach villäicht eragelooss gi sinn, ouni eng seriö Kontroll "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_20_1689679632.wav", "transcription": " oder awer virun der Dier, wou sech manifestement net un d'Distanzreegelen och gehale ginn ass.\nWou zesumme gedronk, gedanzt ginn ass an enger Proximitéit, wéi se eigentlech eis Mesuren net hierginn, wann een eis Rassemblement-Reegelen kuckt.\nWéi schnell et ka goen hu mer och festgestallt.\nMir hunn a verschiddenen Etablissementer iwwer 60 bis zu 70 Neiinfektiounen déi lassgetrëppelt gi sinn.\nDat weist, dass et ganz schnell ka goe wann een e puer \"Spreaderen\" dobannen huet.\nEt sinn och privat Feieren hannendrun, mee Nummer 1 mat de Sourcen, déi mer wierklech kënne kloer ausmaachen an ass dës Kéier wierklech d'Fräizäit an zwar ganz spezifesch d'Fräizäit ronderëm d'Feieren.\nEch hat virdru gesot, d'Moyenne d'âge ass niddereg - 26 Joer. Et ass awer absolut net fir just op déi Jonk mam Fanger ze weisen. Si ware sécher vill ënnerwee.\n43% vun den Infektioune mécht dat aus. Mee déi Eeler waren och gutt mat dobäi.\nBei de 45 bis 60-Järegen z.B. war et awer och nach ëmmerhin awer 16%.\n30 bis 44-Järeger - 28% "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_21_1689679632.wav", "transcription": " vun de Neiinfektiounen. Dofir soll een elo net hei een apostrophéieren.\nEch menge mir hunn alleguerten heirauser ze leieren an ze verstoen, dass och wann alles gutt ausgesinn huet, de Risiko net z'ënnerschätzen ass an dass wa mer eis Fräiheeten, eis bedéngte Fräiheeten, déi mer duerch de Covid-Regime hunn, wëllen ausnotzen, dass et extrem wichteg ass, dass dat seriö gemaach gëtt a jiddwereen sech dorunner hält.\nEis Conclusioun, also nach eng Kéier, dass de System un sech OK ass. Mir kënnen nëmme feststellen, dass do wou ... an et ass vill gemaach ginn. Et ass net dass mer keng Ufroen haten, mir hate vill där Eventer, dass dat an der Reegel klappt. Eng 100%-Sécherheet gëtt et ni. Et ass och ni gesot ginn. Et bleift ëmmer e Reschtrisiko.\nMir hunn Sécherheetsfilteren an et ass ganz kloer dass e Certificat wann ee voll duerchgeimpft ass, huet een natierlech méi een héije Schutz, wéi wann ee just getest ass.\nPCR ass sécherlech méi fiabel wéi e Schnelltest, zemools wann en 48 Stonne gutt ass an den Auto-Test, deen een sech selwer mécht, dat ass natierlech dat schwächst Glidd an der Ketten. Do ass, "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_22_1689679632.wav", "transcription": "De Risiko dee mer haaptsächlech gesinn, ass also dee vum Net-Respekt.\nEt ass wierklech déi Solidaritéit déi gefuerdert ass, d'Responsabilitéit vu jiddwerengem, och vun den Organisateuren fir dat dote seriö ëmzesetzen, fir et seriö ze maachen. Mir mussen dovunner ausgoen, dass wann et seriö gemaach ass, dass mer e gerénge Reschtrisiko hunn, an domadder eng ganz gérabel Situatioun behalen, déi eis wierklech vill flott, nei Fräiheete gëtt.\nMir wëssen och, dass de Risiko sech mat spéider Stonn ëmmer steigert, d'Barrièrë falen.\nMir wëssen, dass wa mer Owes ënnerwee sinn, dass een eben e Mol net just Waasser a Limonad drénkt. Dat ass net esou.\nEt brauch een sech näischt virzemaachen an Alkohol ... suergt nun eben e Mol dofir, dass een sech méi no kënnt, dass d'Barrièrë falen an dofir ass eis Risiko-Aschätzung ab Mëtternuecht einfach méi héich an do hu mer iwwerluecht, wat ee kéint maache fir dann do de Risiko generell e bësselchen ze drosselen an do kënnt dann eben déi Propositioun fir dat schwächsten Element am CovidCheck-Regime, nämlech den Auto-Test sur place, wierklech net gëllen ze loossen no Mëtternuecht."} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_23_1689679632.wav", "transcription": "Fir einfach deem dote Risiko entgéintzewierken. Dat heescht net, dass deen per se oder selwer elo net gutt wär oder elo géif méi schlecht ginn ab där Auerzäit. Et ass just en Zesummespill.\nMir wëssen eben dass ab där Auerzäit méi lass, dass méi gedronk gëtt, dass eng Tendenz do ass, sech méi no ze kommen, villäicht manner opzepassen an och warscheinlech um Niveau vun de Kontrolle villäicht net méi sou opgepasst gëtt an dofir eben déi dote Propositioun.\nDat gëllt also bannent dem CovidCheck-Regime an ech géif dat just gäre preziséieren, et ass net dass just nach Eventer am CovidCheck-Regime duerfe stattfannen no Mëtternuecht, just, wann een deen huet, de CovidCheck-Regime, wann dat d'Optioun ass, dat ass jo just eng Optioun, donieft gëtt et jo nach déi normal Reegelen am Horesca, vun Dëscher vu 4. Déi kënne weider lafen.\nDann ass eben eng Neierung, dass an deem CovidCheck-Regime ab Mëtternuecht den Auto-Test net méi gëllt.\nD.h. also, ganz kloer, een dee wëlles huet eraus ze goen, deen ... bis spéit an d'Nuecht ënnerwee sinn, ass gutt beroden, sech e zertifiéierten "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_24_1689679632.wav", "transcription": "Dann hunn mer, wéi gesot, och wéinst der Vermuddung, datt eben den Net-Respekt vun de Mesuren eng Haaptursaach ass, d'Strofen eropgesat. Ech mengen et huet eng ... eng Symbolik fir sech. Déi sinn un sech fir den Organisateur haut scho bei engem Maximum vu 4.000 Euro. Wann dat op 6.000 eropgeet, dat deet scho wéi. Bei der Recidive verduebelt et sech.\nEch mengen datt jiddwereen Interêt huet dat dote seriö ze maachen. Et si keng kleng Strofen. Do muss een och scho vill Béier verkafe fir dat nees gutt ze maachen.\nOch nach eng kleng Ännerungen, déi ech géif signaléieren, dat ass, dass mer bei der Zertifizéierung vu Schnelltester -\nDir wësst, déi kënnt der op verschiddene Plaze maachen - eng Auswäitung nach gemaach hunn vun de Beruffskategorien, déi dat kënne maachen. Do kënnt den \"Assistant technique médical\" proposéiere mer dobäi ze huelen an och den \"Infirmier gradué\".\nDat war net esou preziséiert. Dat gëtt nach eng Kéier eng Méiglechkeet fir dat e bësse méi breet opzestellen.\nDonieft si jo och Beamten, Fonctionnairen, "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_25_1689679632.wav", "transcription": " déi dat kënne maachen an ech mengen Dir wësst datt iwwert déi lescht Wochen eng ganz Rei Offeren an deem Sënn och op lokalem Plang en Place wou een dat op eng einfach Aart a Weis ka maachen.\nDann elo zu de Mesuren \"hors CovidCheck\" - also de CovidCheck-Regime ass eng Saach, dee muss ugefrot ginn, ganz wichteg, och wa Privatleit dat elo kënnen ufroen, et ass eng Obligatioun en unzefroen, well eng Strof drop steet.\nEt muss scho seriö gemaach ginn. Mir musse wëssen, wou déi Eventer sinn, soss kann een sech keng Kontrolle virstellen.\nBei deenen anere Regimmer, also do wou net de CovidCheck-Regime ass, déi normal Rassemblementsreegelen, hu mer eng kleng ... eng kleng Adaptatioun, déi mer proposéieren an zwar, do hu mer jo relativ streng Distanzreegelen - also bis zu 10 Leit si keng Reegelen - an dann hu mer vun 10 bis 50 an där Kategorie ass et 2 Meter ausernee bleiwe mat Mask, ab 50 bis 300 ass et 2 Meter, Mask a setzen. Do hate mer bis elo just eng Ausnam zur Distanz fir déi kleng Bulle vun der Famill selwer, déi konnte beienee setzen an ech denken "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_26_1689679632.wav", "transcription": " am Kino oder an engem Concert oder sou, dat gëtt elo ausgeweit op Gruppe vu 4 fir do parallel ze si mat deem wat och an engem Restaurant méiglech ass, wou een zu 4 Kolleege kann op engem Dësch setzen.\nSou soll dat och an den normale Reegelen elo méiglech sinn, dass een ebe kann seng Plazen dann zesumme reservéiere bis zu 4 Leit.\nDat erlaabt bei verschidde Säll ebe méi Leit an am Kino oder a Concertssäll e bëssen een aneren Amenagement ze maachen, wou een an de Gruppe vu 4 ouni d'Distanz ka placéieren.\nDann och nach eng kleng Ännerung, déi mer maachen, wat d'Impf an ... also déi 3 Certificaten am Fong, déi een ufreet, betrëfft.\nMir hunn eng Rei Leit, déi am Ausland an an europäesche Länner geimpft gi sinn, déi Schwieregkeet haten, do hire Certificat ze kréien, déi un ons erugetruede gi sinn, an eng Basis ginn, fir deenen, wann dat vun der EMA zougeloossen Impfstoffer sinn, dass een deenen dann hei och kann hire Certificat ausstellen. Eis Direktioun wäert dat maachen. Dat wäert an Zukunft elo kee Problem méi sinn.\nMat verschiddene Länner huet sech dat och esou gereegelt. Déi maachen dat "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_27_1689679632.wav", "transcription": "entre-temps fir eis Studenten.\nMee un sech ass jo all Land zoustänneg fir déi Impfungen, déi ee bei sech mécht. Also dat funktionéiert. Mee hei maache mer effektiv de Service da fir eis Leit, déi am Ausland sinn, wann se elo geimpft gi sinn an se hätte Schwieregkeeten, kënnen se bei eis dee Certificat kréien an eben och dann op déi méi praktesch Aart a Weis hei dovunner Gebrauch maachen.\nVilläicht just nach kuerz e Wuert zu den Infektiounen no de Vaccinen. Ech weess dat Iech ëmmer interesséiert. Mir hunn dat eng Kéier gekuckt.\nDat kënnt ëmmer nach vir, awer et ass geréng, wann een elo kuckt op déi Ronn 600.000 Impfungen, déi gemaach gi sinn, hu mer 1.915 Leit, déi no enger 1. Dosis nach eng Kéier positiv gi sinn. Dat ass e ganz gerénge Prozentsaz, also ass 0,3%.\nDann mat enger 2. Dosis sinn der och nach, datt sinn der dann awer just nach 433 déi mer verbucht hunn an déi, déi 14 Deeg no der 2. Dosis nach eng Kéier dann "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_28_1689679632.wav", "transcription": " infizéiert waren, do si mer just nach bei 298.\nDir gesitt, d'Probabilitéit ass geréng, mee se ass net null. De Risiko ass do an sécherlech - dat hu mer gesinn elo am Detail vun deene ganzen Neiinfektiounen - vill Leit, déi eng 1. Dosis haten, hunn sech nach eng Kéier nei infizéiert iwwert déi lescht Deeg.\nDat ass net ze ënnerschätzen.\nAn och wann een jonk ass, an d'Probabilitéit fir e schwéiere Verlaf villäicht net héich ass, géif ech dorop hiweisen, dass et net ausgeschloss ass, datt jonk Leit kënnen e schwéiere Verlaf kréien an donieft gi mer ëmmer méi domadder konfrontéiert mam \"Long Covid\", deen och net z'ënnerschätzen ass. Mir kennen nach net dat ganz Ausmooss dovunner. Mir faassen eis ëmmer méi intensiv. Do kommen all Dag nei Erkenntnisser an déi sinn och net esou berouegend.\nOch Leit, déi souguer ganz asymptomatesch waren oder e liichte Verlaf haten, déi villäicht net mat schwéiere Komplikatiounen Problemer haten, bon, déi kënnen awer ganz kloer och e \"Long Covid\" kréien an dann domadder geplot sinn,\nsou dass ech wierklech géif den Appell maachen - hei jiddwereen huet Interesse "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_29_1689679632.wav", "transcription": " wierklech säi ganzen Impfschema duerchzemaachen. Et ass dee beschte Schutz, dee mer, Stand haut, kënnen hunn an donieft bleiwen natierlech ëmmer Mesuren, déi ze respektéiere sinn, respektiv wa mer an engem Covid-Regime sinn, wierklech den Appell un déi, déi organiséieren: haalt Iech dorun, maacht dat seriö, et ass an aller Interesse, dass dat klappt, a mir sinn wierklech rassuréiert iwwert déi Erfarungen, déi mer gemaach hunn, dass wann dat och seriö gemaach gëtt, dass do wierklech e Reschtrisiko ass. Mat engem Reschtrisiko muss ee kënnen ëmgoen, dat ass villäicht och net fir jiddwereen esou einfach. Dat ass an där Zäit hei ginn an ech sinn och vill frou, dass dat effektiv lues a lues an d'Gewunnechten iwwergeet, dass mer leieren, domadder ëmgoen. Mir mussen och erëm kënne liewen alleguerten zesummen.\nVoilà, dat war et vu menger Säit.\n[Dan Kersch] Merci, Madamm Lenert.\nVilläicht, wann der erlaabt, éier mer zur Froestellung kommen,\nwollt ech nach am Numm vun der Regierung nach eng Informatioun weiderginn: Dir wësst, dass mer mat Spannung alleguerte waarden op de sougenannte Bericht Waringo, "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_30_1689679632.wav", "transcription": " deen d'Situatioun vun der Gerance vun der Kris soll analyséieren an den Alters- a Fleegeheemer. Mir ginn dovun aus, dass deen an deenen nächsten Deeg, Stonnen, iwwert de Weekend, wäert kommen.\nEt war der Regierung en Uleies, och no Diskussioune mat verschidde Vertrieder aus der Chamber, dass kee vis-à-vis vun deem anere sollt een Informatiounsvirsprong kréien.\nAm Kloertext heescht dat, dass also d'Regierung dee Rapport net kritt, éier d'Chamber e kritt. Mir ginn dovun aus - dat muss d'Chamber dann am Detail decidéieren, dass dee Rapport an enger vergréisserter Kommissiounssitzung, a wéi enger Form, wéi gesot, muss d'Chamber decidéieren, wa méiglech souguer ëffentlech. Mee nach eng Kéier, dat huet d'Regierung net ze decidéieren, dat muss d'Chamber decidéieren. Nächste Méindeg de Moien wäert presentéiert ginn. Et war eis een Uleies, dass hei wierklech jiddweree vun deem nämmlechten, och wann d'Regierung selwer den Opdraggeber vun där Etüd war, mee dass esouwuel Regierung a Chamber an och Ëffentlechkeet zum nämmlechte Moment da gewuer ginn, wat an där Etüd steet, sou dass also keen "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_31_1689679632.wav", "transcription": " Lynn Cruchten fir RTL Radio an Tele.\nEch knäppen un där leschter Fro eng Kéier un.\nEt geet ee jo dovun aus, dass et ëmmer 2 Wochen dauert no enger Infektioun, bis een e bësse méi schlëmm krank ass. Wéi ass et dann elo - wat erwaart der Iech an de Spideeler an ass dat net dann och e Punkt fir erëm de Status quo opzehiewen?\nEch mengen ier ech d'Wuert weiderginn un d'Madamm Gesondheetsministesch – selbstverständlech ass d'Situatioun an de Spideeler ëmmer eng, déi determinant ass, och fir déi Mesuren, déi d'Regierung hëlt. Mee ech mengen d'Gesondheetsministesch hat virdrun d'Zuele genannt, vun deene Leit, déi nach an de Spideeler sinn.\nEch mengen, Paulette, du kanns villäicht dat nach ausféieren.\nJo, et ass sécherlech eng Inconnue, déi bleift. Ma wann een den Datum kuckt, den Zäitënnerscheed kuckt, kann haut soen, dass déi Neiinfektiounen, déi wierklech ronderëm Nationalfeierdag stattfonnt hunn, sech\nvun deene Leit selwer, déi sech infizéiert hunn, net wierklech sech erëmgespigelt hunn an de Spideeler, well dat kënnt "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_32_1689679632.wav", "transcription": " relativ zu engem kloren Zäitpunkt, wou d'Komplikatiounen asetzen.\nMir hunn awer nach ëmmer e Fragezeichen. Mir wëssen net, wéi vill Leit hunn si elo selwer erëm nach ugestach, villäicht Eelerer.\nDo bleift eng Inconnue. Dat ass ganz kloer an dat ass Eppes wat mer mat ganz vill Suerg an Interessi suivéieren.\nNach ass et roueg.\nDat huet sécher domadder ze dinn, dass mer effektiv ganz vill Leit wierklech duerchgeimpft schonn hunn.\nMee mat absolutter Sécherheet kann een net soen, wat déi nächst Woche geschitt. Mir gesi Länner, wou et do och eropgaangen ass. Huet dat elo domadder ze dinn, dass villäicht manner geschützte Leit concernéiert waren oder net. Dat wäert d'Zukunft eis weisen.\nMee et ass sécher eng Suerg. Ech mengen eng gewëssen Entspanung par rapport elo zu deenen ganz ville Neiinfektiounen. Do hätt een eigentlech elo schonn an deene leschten zwee, dräi Deeg méi misse gesinn, wa Komplikatioune komm wieren. Schéngt net ze sinn, mee et gëtt een ëmmer erëm iwwerrascht.\nEch menge mir wëssen och, dee Virus ännert sech och lues a lues. Et si nei Varianten ënnerwee.\nAm Moment hu mer all Ursaach elo e Mol optimistesch "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_33_1689679632.wav", "transcription": "Gudde Moien. Tom Haas fir d'Tageblatt.\nDir hutt ëmmer soss 25% vun den Impfstoffer, déi geliwwert goufen zeréckgehalen fir kënnen all d'Leit duebel z'impfen. Duerch de \"Mix&Match\" ännert sech dorunner elo Eppes?\nHu mer genuch Impfstoff, dass mer dat eis einfach elo esou erlabe kënnen?\nJo mir hunn genuch Impfstoff an eben ënner anerem duerch déi Méiglechkeet och de Moderna nieft dem Pfizer do unzebidden, dierft dat elo keen Impakt hunn. Mir ginn dovunner aus, dass mer ganz normal weider kommen. Mee bon, et war elo e bëssen ... natierlech huet een dat do am Virfeld och missen organiséieren um Niveau vun dass déi Saachen och do sinn.\nMee mir rechnen net domadder, dass dat en negativen Impakt wäert hunn. Ech hat Iech virdru gesot, mir hunn relativ vill Impfstoff elo, Gottseidank, sou dass dat misst eigentlech reiwungslos kënne goen.\nOkay, Dir hutt elo haut ugekënnegt datt ab August och Dokteren an de Praxisse kënnen impfen.\nAss och eng weider Ausweitung vun den Impfungen ugeduecht. An Däitschland gouf elo diskutéiert fir an Akafszenteren oder sou weider z'impfen, wéi dat ... ben, vu dass een domat déi jonk Leit offenbar besser erreecht.\nNee, Stand "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_34_1689679632.wav", "transcription": "elo net. Et sinn d'Dokteschpraxen an och d'Pediatere fir d'Kanner, fir déi Jugendlech, déi wäerte mat an den Asaz kommen.\nMee mir bleiwen op. Mir si flexibel, mir suivéieren dat. Bis elo hu mer wéi gesot relativ eng gutt Adhesioun.\nMir ginn dovun aus, dass dat doten nach eng Kéier eng Couche bäibréngt. Et ass ëmmer eng Balance tëschent Effikassitéit, Proximitéit och.\nDat heiten ass dat wat ugeduecht ass. Aner Pisten ... Mir schéissen näischt aus. Ech menge mir si fir alles op.\nMir kucken dat och genau, wat am Ausland leeft an da kucke mer wat fir eis\ndéi beschten Effikassitéit bréngt. Dat war bis elo eben och wou den Impfstoff rar war, konnt dat sech wierklech optimal organiséiere loossen, duerch d'Impfzenteren.\nLo hu mer es vill méi, lo ass dat do eng nei Méiglechkeet, déi eis eben och erlabe wäert u Leit erunzekommen.\nDat ass dorobber wou mer elo zielen, dass mer do villäicht awer déi déi zécken iwwert deen dote Wee besser kënnen erreechen.\nOkay. Déi Entscheedung elo den Auto--Schnelltest ab 12 Auer just nach gëllen ze loossen, leet dat net erëm enorm vill Verantwortung och op d'Schëllere vun de Gastronome fir dat an "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_35_1689679632.wav", "transcription": " deem Moment dann absolut kënnen ze kontrolléieren a quasi um 12 Auer d'Leit nach eng Kéier vollkommen duerchtesten ze mussen fir ze kucken - si hunn jo net onbedéngt am Bléck, wien ass elo mat wéi engem Test erakomm. Ass do dann net eng Verantwortung och? Wier et net méi einfach gewiescht den Auto-Test vollkommen ofzeschafen? Well ...\nDat wär eng Méiglechkeet gewiescht. Wär natierlech vill méi restriktiv. Ech muss Iech soen, mir hunn ons natierlech och schlau gemaach, wéi déi Auto-Tester benotzt gi sinn an déi si ganz vill benotzt ginn an ech hunn de Kontext grad wou Jugendlecher sinn, Theateren an sou weider, wou jonke Public ass, ass immens vill gebraucht gemaach gi vun deenen Auto-Tester sur place. Et ass och gutt acceptéiert ginn. Am Ufank war et e bësse Gedäischs, mee Dir wësst wann dat bis e puer Deeg etabléiert ass, et ass Eppes wat vill benotzt ginn ass an an sou fern gëtt et eng Flexibilitéit awer, déi de Leit erlaabt spontan anzwousch hin ze goen.\nNet virdrun dat z'organiséieren.\nDir frot ob den Organisateur - ech mengen deen, deen d'Auto-Tester virun der Dier organiséiert, huet schonn eng Iddi wéi vill därs Public dobannen huet, well mir kruten awer do Informatiounen op eng "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_36_1689679632.wav", "transcription": " informell Aart a Weis, mee et war relativ einfach. Ech mengen een Etablissement weess schonn ob en 5% oder 70% esou Leit bei sech huet. Et ass eng Saach vu Kommunikatioun. Ech menge mir sinn och elo gefuerdert natierlech de Leit dat do nozebréngen an ech denken, dass dat do och eng Informatioun ass, déi gutt ... wann d'Leit erakommen an en Etablissement, dass se dat wëssen.\nEch mengen datt dat net esou wëll an der Praxis wäert sinn, wéi een et villäicht mengt. Ech mengen dat geet wäert sech schonn abiergeren.\nDir hutt jo selwer gesot, dass zu spéider Stonn jo awer z.B. den Alkohol-Konsum och zouhëlt an dass d'Leit dann och villäicht sech méi no kommen, mee dat ass jo dann och am Fong erëm e Potential fir Aggressivitéit an deem Moment, wa mer soen, d'Hallschent vun Iech muss elo rausgoen, dass et da wierklech och zu Reiwereie kéint kommen. Ass dat net wierklech e Risiko deen der domat agitt?\nEt muss een nach dobäi soen, d'Alternativ, an d'Madamm Lenert huet dat jo scho gesot, an Dir hutt et zum Deel och selwer scho gesot, d'Alternativ wär gewiescht, mir hätten d'Schnelltester queesch duerch d'Land ofgeschaaft. Mir wëssen, awer op där anerer Säit, dass a ganz ville Fäll déi Schnelltester do hire vollen Sënn erfëllt hunn, dass se mat grousser Disziplin vu Sportsveräiner, vu "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_37_1689679632.wav", "transcription": " Kulturveräiner ëmgesat gi sinn an et kann net si well Eenzeler sech net drun halen, dass d'ganzt Land muss drënner leiden. Ech mengen dat war d'Appreciatioun vun der Regierung an dofir hu mir dëse Choix gemaach. An ech ginn dovun aus, dass en och vun der grousser Majoritéit vun de Leit gedeelt gëtt an ech menge wann een op där enger Säit als, wéi der et elo gesot hutt, als Exploitant vun engem gréissere Betrib, dann huet en natierlech an dësem Fall eng Verantwortung, ech erënneren dorops, dass mir och ee vun deenen 1. Länner waren, déi iwwerhaapt méiglech gemaach huet, datt déi Betriber konnte schaffen an d'Betriber vun sech selwer ,\nhunn ëmmer sech bereet erkläert Verantwortung z'iwwerhuelen. Hei kréien se, do hutt der Recht, een Deel vun der Verantwortung. Déi meescht si gerëscht fir dat ganz gutt ze maachen an eis Mesure zielt ganz kloer dorops aus fir déi, déi sech net wëllen drun halen, fir déi auszeschalten.\n[Journalist] Okay. Den Dr. Skupin aus der Task Force sot vis-à-vis vum Tageblatt, dass 2 bis 10% vun de Leit, déi Covid haten u Long Covid géifen erkranken.\nSinn dat déi Zuelen, déi sech fir Iech och mateneen decken?\nA wéi riskant ass dat och elo en vu vun de neien ... neier Well, "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_38_1689679632.wav", "transcription": " déi sech quasi amgaangen ass unzelueden. Ass dat grad bei deene jonke Leit da jo awer Eppes wat da problematesch ass?\nMusse mer da lo do villäicht e bëssen dorobber kucken an net just op d'Krankenhaus-Better?\nAlso et muss een op Béides kucken an et kann een et net oft genuch soen. Mir sinn nach ëmmer an där Pandemie an alles wat mer maachen ass spille mat Risiko.\nMir kucken de Risiko anzedämmen, Liewe méiglech ze maachen, wat och immens vill Kollateralschued huet. Ech menge mir wësse wéi vill grad och déi jonk Leit drënner gelidden hunn ënnert deene Mesuren. De Mënsch brauch och e soziaalt Liewen an dat ganzt ass e Balance-Akt. Et gëtt hei keng Wonnerléisung. Déi hu mer net.\nAn et ass och ganz kloer an dat soll effektiv och gutt verstane sinn, et huet een net null Risiko a Long Covid ass och e Risiko.\nEt si Schätzungen - Dir hutt et richteg gesot. Ech menge mir hate gëschter och Pressekonferenz iwwert de \"Long Covid\". Mir hunn och selwer Schätzunge gemaach am Austausch mat anere Länner.\nD'Praxis wäert eis weisen, wéi et wierklech ausgesäit, wa mer elo déi prise en charge méi ... Mir hunn déi jo wierklech gutt zentral dokumentéiert, do gesi mer wat erakënnt. Am Moment sinn et Schätzungen.\nKee weess et an et si jo och laang net wierklech Krittäre ginn: wat ass \"Long Covid\"? Dat huet sech "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_39_1689679632.wav", "transcription": "Dani Schumacher vum Wort.\nEch hätt fir d'éischt eng Verständnisfro. Ech mengen ech hat do net richteg héieren.\nD'Alterslimitt bei de Kräizimpfungen - ass et 50 oder 55?\n[Paulette Lenert] 55.\n[Journalistin] 55 Joer. Fir bei den Impfungen ze bleiwen,\nDir sot elo ganz stolz, mir si bei 70% vun deenen déi invitéiert sinn, Dir sidd zefridden, ech dréinen et ëm, da soen ech, et ass bal 1/3 net geimpft.\nVu dass mer eng Delta-Variant ënnerwee hunn, dat geet net duer fir eng Herdenimmunitéit.\nWat wëll der do maache fir do nach un déi awer 30% erunzekommen?\nMa d'Campagne weider bäihalen. Mir hunn eng Campagne, déi variéiert huet, an der Zäit ëmmer a Funktioun vum Public, dee mer uschwätzen. Mir gesinn dass dat och ... Natierlech, et kéint ëmmer besser sinn, wann ech soen \"zefridden\", dat ass relativ geduecht. Wann een an anere Länner kuckt, do sti mer net esou schlecht do, effektiv mat där Couverture. Et hat een natierlech Angscht, datt et schlëmmer kéint sinn.\nAm allgemenge gesi mer, dass groussen Uklang ass, och "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_40_1689679632.wav", "transcription": " bei deene Jonken, eben, an et ass nach um lafen a mir wäerten dat genau suivéieren, wéi dat elo iwwert de Summer mat deene Verschibungen, ob d'Leit sech wierklech elo no-impfen.\nDa kommen déi fräiwëlleg Leschten, wou och erëm Leit nozéien, et kommen d'Dokteren dobäi.\nMir wäerte weider Campagne maachen. Déi wäert net noloossen iwwert de Summer an och fir den Hierscht dann natierlech erëm geziilt a Funktioun vun deem wat mer gesinn, wéi eng Leit bleiwe retizent, dat kënne mer jo ëmmer reevaluéieren.\nWäerte mer eis Kommunikatiounscampagne deem upassen. Am Moment wësst der, dass mer ebe méi a Richtung och vun deene Jonken Campagnë lafen hunn. Am Ufank war et éischter fir déi Eelerer.\nDat ass am Fong dee Moyen, dee mer hunn: iwwerzeegen, iwwerzeegen, iwwerzeegen.\nAn dann eben hoffen, dass ... dass déi Leit, déi einfach e bësse méi Zäit gebraucht hunn, och lues a lues awer déi Iwwerzeegung fannen.\nEt ass jo och ... ech mengen d'Situatioun gesäit een, wann een am Moment d'Aktualitéit kuckt, villäicht ass et och ënnerschat gi vu ville Leit, mir sinn déi Pandemie nach ëmmer net lass an och "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_41_1689679632.wav", "transcription": " dat dréit sécherlech dozou bäi, dass villäicht Leit, déi méi retizent waren, sech dann awer nach villäicht anescht iwwerleeën, mee wéi gesot, als Moyen hu mer och net e Wonnermëttel.\nMir setzen do op eis Campagne an ... hoffen dass déi hir Friichte wäert droen, dass mer do kreativ genuch wäerte si fir d'Leit z'erreechen.\nDavid Marques fir de Quotidien.\nEch géif nach eng Kéier op de CovidCheck am private Beräich zeréckkommen.\nWéi gesot, wann do elo méi wéi 10 Leit invitéiert ginn, da mussen se et notifiéieren, mee wann dat elo eng privat Feier Doheem ass, da si mer nees bei der Kontroll, do kann d'Police net esou einfach erakommen. Kënnt Dir do nach eng Kéier Prezisioune gi wgl?\nJo, et ass esou, wann ee wëll dann ebe privat en Evenement organiséieren ënnert deem CovidCheck-Regime, d.h. een Evenement, wou just Leit duerfen deelhuelen, déi entweder geimpft sinn, also een Impfcertificat hunn, e Certificat hunn, dass se geheelt oder en Test-Certificat oder e zertifiéierte Schnelltest um Pabeier, da muss een dat notifiéieren, d.h. bei "} {"chunk_name": "chunks\\Pressebriefing nom Regierungsrot (08072021).wav_chunk_42_1689679632.wav", "transcription": " der Direction de la santé matdeelen. Mir wäerten och nach eng Kéier doriwwer kommunizéieren. Dat fënnt ee bei eis um Site. Dat gëtt matgedeelt, dat ass eng Lëscht, déi accessibel ass fir eis, awer och fir d'Police direkt.\nEt geet dorëms, dass mer eng Iwwersiicht hunn, wéi vill Evenementer sinn, dat war jo och hei ganz wichteg fir eis, ze wëssen, jo, wéi vill sou Saachen hunn stattfonnt a wat kënne mer dorausser zéien. Ech hat Iech gesot, mir ware bei iwwer 800 Stéck, wann een do gesäit, do ass weider näischt Signifikatives geschitt. Mat Klammer elo natierlech Nationalfeierdag, dann ass dat eng Informatioun, déi fir eis wichteg ass. D'Leit mussen dat matdeelen. Kontrollen - natierlech gi mer net bei d'Leit eran, mee dat ass och haut schonn de Fall, och all Restriktiounen, déi mer am Privaten haten um Niveau vum Besuch ass ëmmer dee Bemol. Ech mengen d'Police geet net einfach esou an de Leit hiert Privathaus eran, mir zielen op de gesonde Mënscheverstand vun de Leit a ginn och dovun aus, dass sech awer \"en gros\" dodrunner gehale gëtt.\nSchléisst natierlech net aus, wann een elo e gréissert Fest huet mat CovidCheck, et ass \"Tapage nocturne\", d'Police kënnt dohinner, ech mengen et ass relativ einfach festzestellen ob dat Evenement notifiéiert war. Wann et dat schonn net war, bon, dann ass schonn deen 1. Protokoll fälleg, well "}